POPULARITY
Iwwer méiglech Entschiedegunge fir Fluchpassagéier wéinst dem Lach ee Mëttwoch an der Pist um Findel schwätzt de Serge Kesseler mat der Konsumenteschutzministerin. D'Martine Hansen ass och Landwirtschaftsministerin: an där Funktioun stelle mir hir Froen iwwer d'Entwécklunge bei der Blozongekrankheet an iwwer ugekënnegt Verbesserunge bei den Déierepensiounen.
Um Donneschdeg war de Serge Kollwelter a senger Funktioun als Porte-parole vun der Initiativ "Ronnen Dësch" eisen Invité vun der Redaktioun.
Stroossen- a Plazennimm hunn eng laang Traditioun. Hir Geschicht geet zeréck bis an d'11., 12. Joerhonnert. Ufanks huet heefeg eng dominant Funktioun, en Handwierk oder e Metier, respektiv e besonnescht Monument, eng Particularitéit en Numm determinéiert. Persounennimm sinn eréischt vum 18. Joerhonnert un a Moud komm. An dann och meeschtens déi vu Mënsche mat Merite, keng Rebellen a scho guer keng Rockstaren. De Bréisseler ARD-Korrespondent Jakob Mayr huet deemno net schlecht gestaunt, wéi en zu Namur eppes aneres matkritt huet.
Geet et ëm Musek? Sinn déi Geien wuertwiertlech gemengt an et geet hei ëm d'Musek? Net onbedéngt. Den Alain Atten verréit a senger Funktioun als Sproochmates wéi iwwerhaapt emol un dat Wuert komm ass, wou et hierkomm ass a wéi et ze verstoen ass.
De Michel Delage huet e Bléck an déi nei Nummer vun der "Hémecht" gehäit. Behandelt gëtt ë. a. déi al Funktioun vum Ierfmarschall, déi "vergiesse Pandemie" vum Wanter 1813-14 an d'Redynamiséiere vum Clausener Schlassareal ufanks vum 19. Joerhonnert.
Kanner an Erwuessener liese gäre Comics. Mee, wat net vill beim Liese vun de faarwegen Hefter berücksichtegen, ass hir Funktioun, als Medium subliminal Informatiounen ze vermëttelen. "Transmission of information via specific media: Propagandistic messages in comics". Am Kader vum Konferenzzyklus 2021, Mankind and Media, vun der UNESCO-Kommissioun Lëtzebuerg, gouf d'Theema ëm propagandistesch Messagen a Comics beliicht, dat Ganzt an engem historeschen Iwwerbléck, wéi ënner anerem Comics an NS- oder a faschistescher Zäit, fir politesch Propaganda benotzt goufen. Och haut gi verstoppte Messagen ëmgesat, fir dem Lieser seng Meenung ze beaflossen. "Captain America" oder "Persepolis": si hu méi matzedeelen, wéi mir eis bewosst sinn! Eng Konferenz an englescher Sprooch vum 1. Juli an der Nationalbibliothék, (BNL) mat als Haapt-Spriecherin, der Dr. Manuela di Franco, Fuerscherin a populärer Kultur an a Gender-Representatiounen. D'Moderatorin vum Owend war d'Dr. Nora Schleich. Enregistrement: BNL Resumé a Montage: Carlo Link Déi ganz Konferenz "Online" lauschteren: 1 - D'Introduktioun lauschteren 2 - Konferenz lauschteren 3 - Gespréich lauschteren, Nora Schleich, Manuela di Franco a Publikum De Superjhemp, Lëtzebuerger Comicfigur aus der Comicserie mam selwechten Numm, déi vum Lucien Czuga geschriwwen a vum Roger Leiner gezeechent gouf.
Kann een enger Fra wierklech ënnert de Rack knipsen, ouni dass engem eppes geschitt? Dat gitt dir nëmmen hei am Podcast an am Code pénal gewuer!Instagram huet eng nei Funktioun. "Insta Live Rooms"An exklusiv bei eis, d'Äntwert op d'Fro vum Liewen: "Gëtt et e Liewen nom Doud?"Wat iech an der anerer Welt (wann et se da gëtt) erwaart an nach vill méi, an dëser Episod vu LetzTalk.
2x am Mount kucken Si no hannen op d'Aktualitéit vun 14 Deeg. Wéi déi 5 Fangeren un enger Hand huet jiddereen och seng eegen Funktioun, a leet de Fanger an d'Wonn. Freet Iech op d'Zesummespill vun Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Gibbes Bertolo.
2x am Mount kucken Si no hannen op d'Aktualitéit vun 14 Deeg. Wéi déi 5 Fangeren un enger Hand huet jiddereen och seng eegen Funktioun, a leet de Fanger an d'Wonn. Freet Iech op d'Zesummespill vun Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Gibbes Bertolo.
Mat der Grënnung vun der Europäescher Gemeinschaft fir Kuel a Stol am Joer 1952 stoung um Ufank eng Versammlung vun 78 Parlamentarier. Dës Versammlung hat just eng konsultativ Funktioun a Kontrollrechter vis-à-vis vum Rot a vun der Kommissioun. Nom Traité vu Lissabon am Joer 2007 ass haut d'Europaparlament nieft dem Rot Matdecideur vun europäesche Gesetzestexter.
Virun 2 Wochen huet d’Belsch de Covoiturage offiziell bis op eis Grenz agefouert an zu Lëtzebuerg gëtt sech jo elo dermat beschäftegt, wéi een déi Funktioun vun der fréierer Pannespuer och kann aktivéieren. De Camille Ney stellt sech awer nawell eng Rei vu Froen…
D'Sproochwëssenschaftlerin Judith Manzoni beschäftegt sech an hirer Aarbecht als éischte Linguistin mam Intonatiounssystem - dat heescht verschidde Muster vu Betounung - an a vun der Lëtzebuerger Sprooch. Net nëmme bestëmmt si verschidden universell Musteren an der Sprooch mee definéiert och hir Funktioun am Discours an analyséiert ob a wéini Lëtzebuerger hire Sproochrhythmus an hir Betounung am Däitschen a Franséische bäihalen a wéini net. D'Judith Manzoni schwätzt mat eis iwwert Sprooch, Betounung an hiert Experiment an deem si mat originelle Methoden huet missen opkomme fir Resultater ze kréien.
Zanter der leschter Woch ass déi nei Regierung a Funktioun. De Koalitiounsaccord huet genau 256 Säiten. Dëse Programm soll an den nächste 5 Joer vun deenen dräi Parteien zesummen ëmgesat ginn. Den Economist Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen zum Regierungsprogramm.
Zanter der leschter Woch ass déi nei Regierung a Funktioun. De Koalitiounsaccord huet genau 256 Säiten. Dëse Programm soll an den nächste 5 Joer vun deenen dräi Parteien zesummen ëmgesat ginn. Den Economist Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen zum Regierungsprogramm.
An der Basketfederatioun hat den Hermann Paar laang Joeren eng duebel Funktioun. Hie war Directeur Technique, an zugläich Dammen Nationaltrainer.Déi als Coach sollt hien deemnächst ofginn. Iwwert den Zäitpunkt ware béid Säiten sech awer net eens, an duerfir huet den Hermann Paar seng Demissioun era gereecht. Dat huet fir e bëssen Opreegung gesuergt am Baskets-Milieu.Am Rebound vun haut hunn de Rich Simon an de Guy Seyler sech deen Dossier méi genee ugekuckt.
An der Basketfederatioun hat den Hermann Paar laang Joeren eng duebel Funktioun. Hie war Directeur Technique, an zugläich Dammen Nationaltrainer.Déi als Coach sollt hien deemnächst ofginn. Iwwert den Zäitpunkt ware béid Säiten sech awer net eens, an duerfir huet den Hermann Paar seng Demissioun era gereecht. Dat huet fir e bëssen Opreegung gesuergt am Baskets-Milieu.Am Rebound vun haut hunn de Rich Simon an de Guy Seyler sech deen Dossier méi genee ugekuckt.
Leschte Weekend sinn am Handball di lescht Decisioune gefall. No den Dammen virun zwou Wochen hunn elo d’Häre vum HB Diddeleng de Championstitel gefeiert. Stroossen spillt an der nächster Saison da rëm an der ieweschter Divisioun, a fir de Jängi Simon war et e Samschdeg de leschten Optrëtt an enger offizieller Funktioun bei engem Handballsmatch.