POPULARITY
Iwwert d'Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. En etlech fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d'Akaafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionnéieren, an domat d'Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbutték si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeléng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D'Kerstin Thalau huet mat Diddelénger Membere vun der Cooperative geschwat. Dëst Gespréich ass eng Rediffusioun aus dem Mee 2024.
An der Kultur zu Lëtzebuerg sinn d'Frae nach ëmmer ënnerrepresentéiert. Dat weist den Etat des lieux, deen de CID | Fraen an Gender wärend der Saison 2022-23 gemaach huet. D'Resultat ass erschreckend. Knapp ee Véierel vun de Plazen am kulturelle Secteur si vu Frae besat. An der klassescher Musek sinn dës Zuelen esouguer nach méi extreem: 80,9 Prozent vun de Plaze si vu Männer besat. D'Marie Trussart schwätzt mat Fraen aus dem kulturellen a feministesche Beräich iwwer dës Situatioun an iwwer hir perséinlech Erfarungen. Participanteën: • Alena Baeva, Geiistin • Chloé van Soeterstède, Dirigentin • Claire Schadeck, Chargée de projets CID | Fraen an Gender • Mariana Florea, Presidentin The Network Musek: • Helen Buchholz (1877-1953): Nocturno Marco Kraus, Piano • Lou Koster (1889-1973): Toute vie Orchestre Estro Armonico Luxembourg Jonathan Kaell, Direktioun • Catherine Kontz (geb. 1976): Murmuration Cathy Krier (Piano)
Mir huelen de Fisher-Price-Kassetterekorder eraus a leeë lass mat "Jills & Yannicks Radioshow"! Haut gi seriö Themen ewéi Gewalt géint Fraen, Pädophilie-Skandaler, Cancel Culture a Rassismus ugeschwat. An typescher Paus-Manéier kommen awer och Gossip an Dommheeten net ze kuerz: Et gëtt Maskottchen-Drama an Drammänner aus dem Backstage, Punk-Sirenen op TikTok a Beauty Blenders beim ESC. En plus stinn nach a story about a Boy named Benny, Fashion-Magazin-Cover-Dreem an Tattoos am Schluechthaus um ordre du jour.
Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft. Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d'Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam “GG“, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechterstereotypen opmierksam maachen. Datt Fraen a Männer, Jongen a Meedercher dat kënne gi wat se wëllen. An net dat wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt.
Geschlechtsspezifesch Ënnerscheeder an der Medezin a Gesellschaft. Fraen a Männer ticken eben anescht. Och a Saache Gesondheet. Am PiSa haut och zwou Fuerscherinnen an ee Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg déi doru schaffen, dass d'Ongläichgewiicht an der medezinescher Behandlung méi kleng gëtt. An dat bei Demenz, Alzheimer an Autismus. A mam “GG“, dem Gender Game vum LISER wëll een op Geschlechterstereotypen opmierksam maachen. Datt Fraen a Männer, Jongen a Meedercher dat kënne gi wat se wëllen. An net dat wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt.
En Dënschdeg de Moie war den neie Poopst Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et ass den 29. Januar 2025, kuerz virun 9 Auer owes. Iwwert dem Floss Potomac an der amerikanescher Haaptstad Washington, kréie sech e Passagéierfliger an en Helikopter ze paken a falen erof an d'Waasser. Fir déi 67 Männer a Fraen u Bord kënnt all Hëllef ze spéit.
FESTIVAL SEASON IS ON!Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d'Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun.De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8. Juni zu Haut-Maarteleng statt. Zu Gaascht am Studio fir iwwert de Festival ze schwetzen hunn ech de Goerges vum Booking Team an d'Audrey vum Volunteers Team. Mir diskutéieren iwwert verschidden Themen zum Beispill, wisou et hinne wichteg ass, Fraen op der Bün an hannert der Bün méi z'ënnerstëtzen an och wat sou d'Challenges si beim Opbau vun engem Festival. natierlech verroden si eis och wéi eng Acts dëst Joer dobäi sinn a wourop een sech nach alles freeë kann. Lauschtert erann a loosst gären eng Bewertung do! Fir de Recht: Mir gesinn eis um Festival :)
Si si 4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen. Rieds geet vu Los Bitchos, déi dëse Weekend um Out of The Crowd spillen. D'Claire Barthelemy huet mat der Lead-Gittaristin geschwat.
Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten. An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Monogamie eppes wier een*t ass. An der Episod erwähnt d*e Robin e Buch: D Buch heescht "Amerikas Gotteskrieger: Wie die Religiöse Rechte die Demokratie gefährdet" a gouf 2021 (net 2018) vun der däitscher Amerika Wëssenschaftlerin Annika Brockschmidt publizéiert.
“inVISIBLE Women” ass de Motto vun engem Concert, deen d'Commission d'égalité du genre vun der Uni Lëtzebuerg den 22. Mäerz am MUDAM organiséiert. Net nëmmen de Grupp deen optrëtt, ass 100 Prozent weiblech, mee et stinn och nëmme Komponistinnen um Programm. Ze héieren ass ënner anerem Musek vun der Lili Boulanger an dem franséischen Impressionismus, bei déi grouss Lëtzebuerger Musekerin Lou Koster, bis bei déi zäitgenëssesch belsch Komponistin Line Adam. D'Skerdi Zanaj huet dëse Concert op d'Bee gestallt. Si ass net nëmme Professorin fir Ekonomie op der Uni Lëtzebuerg, mee och nach Deleguée vun der Commission d'égalité du genre. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si ënnert anerem verroden, wéi wichteg et ass esou Concerten net nëmmen den 8. Mäerz ze organiséieren, a wéi d'Onvisibilitéit vun de Fraen net nëmmen an der Wëssenschaft siichtbar ass, mee och an der Welt vun der klassescher Musek.
Nom Internationalen Dag vun de Frae widmet d'Jessica Lopes hir Carte Blanche deene Fraen, deenen hir Aarbecht oft onsiichtbar bleift an net richteg valoriséiert gëtt, obwuel si eng fundamental Roll an eiser Gesellschaft spillen.
Eis Sujete vun haut: Fraen an der Arméi, EU-Sommet zu Bréissel, e Bléck op d'Jugend vun haut, 75 Joer Hotelschoul a LuxFilmFest.
Eis Sujete vun haut: Fraen an der Arméi, EU-Sommet zu Bréissel, e Bléck op d'Jugend vun haut, 75 Joer Hotelschoul a LuxFilmFest.
Theemen haut: Policeasaz op der Stater Gare, Dagesstruktur Marga fir drogenofhängeg Fraen, Auschwitz, Euromeet a Kaderrevisioun COSL.
Theemen haut: Policeasaz op der Stater Gare, Dagesstruktur Marga fir drogenofhängeg Fraen, Auschwitz, Euromeet a Kaderrevisioun COSL.
Am Kader vun der Orange Week werfe mir haut ee Bléck op digital Gewalt géint Fraen. Villes, wat dorënner fält, léisst sech mat Cyberstalking an Iwwerwaachung zesummefaassen. Frae gi vun hire Partneren oder Expartner elektronesch iwwerwaacht. Dat geet net just mat engem Smartphone, mä mëttlerweil och mat dem Auto. D’Melanie Czarnik erkläert am Podcast, wat fir Methoden et ginn, mat deenen d’Täter hir Affer iwwerwaachen a stalken – an awer och, wéi een sech dogéint ka wieren. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Digitale Gewalt: Das Handy als TatwaffeThe post Wat ass digital Gewalt géint Fraen? first appeared on Radio ARA.
Wéini däerf ech op Kanner schéissen ? Wéini däerf ech op Fraen schéissen ? Am Krich stellen sech vill Froen, am modernen Krich nach vill méi. Sinn Zivilisten haut de facto legitim Zieler ? Däerf ech Massevernichtungswaffen asëtzen, a wa jo, wéini? Wat däerf ech maachen, wann den Feind keng Uniform unhuet? Déi Froen diskutéieren ech mam Norbert Campagna, Philosoph, Professer an Auteur zu e puer Wierker zum gerechte Krich.
Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?
Et ginn ëmmer méi Fäll vun haislecher Gewalt. Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?
Et ginn ëmmer méi Fäll vun haislecher Gewalt. Läit dat just drun, dass sech méi Fraen trauen Doten ze denoncéieren, oder hëlt den Haass zou?
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.
An enger Serie stellt d'Kulturredaktioun allkéiers ee vun den 13 Romaner, déi et op d'Longlist vum prestigiéise Booker Prize gepackt hunn, vir. "Wild Houses" vum ireschen Auteur Colin Barrett an "Headshot" vun der Rita Bullwinel goufe scho beschwat, genee esou wéi "Stone Yard Devotional" vun der Charlotte Wood an "The Safekeep" vun der Yael van der Wouden - déi zwee lescht hunn et op eng Shortlist gepackt, op där fënnef Fraen a just ee Mann stinn. Haut beschwätze mer zwee weider Bicher vun der Shortlitst: mat knapp iwwert 400 Säiten ass "Creation Lake" vun der Rachel Kushner dee längsten, mat eppes iwwert 100 Säiten ass der Samantha Harvey hiren "Orbital" dee kierzste Roman vun der Shortlist. Mir fänke mam villschichtegen, donkel-witzegen Thriller-Pastiche "Creation Lake" vun der Rachel Kushner un - dat dem Jeff Schinker immens gutt gefall huet.
Leider ass et net seelen, dass gemellt gëtt, dass bekannte Sportler* hir Fraen oder Frëndinne schloen oder accuséiert goufen, no enger Party-Nuecht Frae vergewaltegt ze hunn.** Och zu Lëtzebuerg si mer do keng Ausnam, seet d'Annick Goerens a sengem Commentaire.
E Freideg den 18. September spillt d'Militärmusek ee Concert am Kultursall zu Steesel. Um Programm steet ee "Lëtzebuergesch-Éisträicheschen Owend", bäi deem déi jonk Lëtzebuerger Klarinettistin an Dirigentin Véronique Bernar an de Lieutenant Jean Thill dirigéieren. Am Gespréich huet eis d'Dirigentin Véronique Bernar Detailer zum Programm verroden an erzielt, wat et hir perséinlech bedeit, als eng vun den eenzege weiblechen Dirigentinnen d'Militärmusek ze leeden. Zudeem schwätzt si am Gespréich mam Lex Kauffmann iwwert hir perséinlech Beweeggrënn, Direktioun ze studéieren a wéi Fraen an der Fonctioun vun enger Dirigentin generell akzeptéiert sinn.
Geet et an der Formel 1 ëm Sport, ëm Competitioun, ëm Geld? Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1? Firwat fënnt een keng Fraen am Cockpit? Kann ech F1 kucken, an en gutt Gewëssen hunn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Zwou Fraen aus sozial ënnerschiddleche Milieuen, doduerch verbonnen, datt hir respektiv Männer am Prisong sëtzen, zwou Fraen, verbonnen duerch d'Aarmut an d'Einsamkeet an eng Grupp vu sozial Getéckten - wärend den Emmanuel Macron déi lescht Wochen d'Victoire vun der Gauche ignoréiert huet, beschäftege mir eis am Grousse Kino mat “La prisonnière de Bordeaux” vun der Patricia Mazuy, “Fêlés” vum Christophe Duthuron an “Une vie rêvée” vum Morgan Simon - dräi franséisch Filmer, déi sozial Ongläichheeten an d'Schéier tëschent Räich an Aarm duerstellen an deenen hir Figure just um Rand déi sozial Ugepasst, wéi de Macron se gär huet, filmt, mee de Schwéierpunkt op déi leet, déi duerch d'Masche vum System gefall sinn.
Zwou Fraen aus sozial ënnerschiddleche Milieuen, doduerch verbonnen, datt hir respektiv Männer am Prisong sëtzen, zwou Fraen, verbonnen duerch d'Aarmut an d'Einsamkeet an eng Grupp vu sozial Getéckten - wärend den Emmanuel Macron déi lescht Wochen d'Victoire vun der Gauche ignoréiert huet, beschäftege mir eis am Grousse Kino mat “La prisonnière de Bordeaux” vun der Patricia Mazuy, “Fêlés” vum Christophe Duthuron an “Une vie rêvée” vum Morgan Simon - dräi franséisch Filmer, déi sozial Ongläichheeten an d'Schéier tëschent Räich an Aarm duerstellen an deenen hir Figure just um Rand déi sozial Ugepasst, wéi de Macron se gär huet, filmt, mee de Schwéierpunkt op déi leet, déi duerch d'Masche vum System gefall sinn.
Zwou Fraen aus sozial ënnerschiddleche Milieuen, doduerch verbonnen, datt hir respektiv Männer am Prisong sëtzen, zwou Fraen, verbonnen duerch d'Aarmut an d'Einsamkeet an eng Grupp vu sozial Getéckten - wärend den Emmanuel Macron déi lescht Wochen d'Victoire vun der Gauche ignoréiert huet, beschäftege mir eis am Grousse Kino mat “La prisonnière de Bordeaux” vun der Patricia Mazuy, “Fêlés” vum Christophe Duthuron an “Une vie rêvée” vum Morgan Simon - dräi franséisch Filmer, déi sozial Ongläichheeten an d'Schéier tëschent Räich an Aarm duerstellen an deenen hir Figure just um Rand déi sozial Ugepasst, wéi de Macron se gär huet, filmt, mee de Schwéierpunkt op déi leet, déi duerch d'Masche vum System gefall sinn.
Mir si Kultur... an nees do! Deen Anere vu Wham! an d'Mandy vun Ibiza bréngen iech haut JetSet, Kannererzéiung, Féiwerdreem vum "Usina" a ganz vill queer icons. Ee vun eis lauschtert Fraen no (awer just op Mammendag) an deen anere pöbelt an enger Bar. Niewt dem Nicki an dem Sandy, dem Tenor vun 3sat an "Tüll und Tränen mit vier Hochzeiten" ginn et nach epuer Hot Takes an en Touch Selbsthass. Et gëtt politesch, poetesch, kulturell héichtrabend a chaotesch – also alles ewéi ëmmer. Firwat sinn d'Nazis am Osten? Wou bleift de Spaass? A wat ass "Wagon Wheel Watusi"?
A senger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker eng Rëtsch vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am néngte Bäitrag beschwätzt hien iwwer "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieusecq, ee Buch, an deem d'Auteurin eng Jugendfrëndschaft vun zwou jonke Fraen an den 80er beschreift, déi duerch déi fréi Schwangerschaft vun der 15-järeger Solange chambouléiert gëtt.
A senger Kuerzserie rezenséiert de Jeff Schinker eng Rëtsch vun de Favoritte vun der franséischer Rentrée littéraire - a verréit eis, op den Hype gerechtfäerdegt ass. Am néngte Bäitrag beschwätzt hien "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieussecq, ee Buch, an deem d'Auteurin eng Jugendfrëndschaft vun zwou jonke Fraen an den 80er beschreift, déi duerch déi fréi Schwangerschaft vun der 15-järeger Solange chambouléiert gëtt.
En Interview mat der Vicky Krieps ze kréien ass net evident - wier net de Bernard Michaux vu Samsa, deen dem Jeff Schinker um Lëtzebuerger Dag zu Cannes ee spontane Creneau organiséiert hätt, wier trotz sëllege Mailen un der Schauspillerin hir Agenten näischt doraus ginn. Am Interview dobäi war d'Nora Schloesser vum Wort - mee och een e bësse culottéierte Kärel, deen den Interview hijacke wollt an einfach de Mikro nieft eise gehalen huet. Wéi d'Schauspillerin op de culottéierte jonke Mann reagéiert huet - a wat si eis erzielt huet iwwer hir Aarbecht als Jury-Member an der Selection Un certain regard, iwwer d'Positioun vun de Fraen am Kino an um Festival de Cannes, mee och iwwer den Dréi vum neie Jim Jarmusch Film, dee scho fäerdeg ass, ouni datt iergend een eppes dovu wousst: dat gitt Dir am (bal) exklusiven Interview gewuer.
Iwwert d'Konscht- a Kulturoffer zu Lëtzebuerg kann ee sech haut wierklech net bekloen. Eng etlech Leit fannen, nieft hirem eegenen alldeegleche Programm, just keng Zäit dofir. Dach, fir eng schonn: fir d'Akafskultur. Viru knapps 10 Joer hate 7 Fraen sech an de Kapp gesat, déi ze revolutionéieren, an domat d'Gesellschaft nohalteg ze veränneren. Si hate séier Succès: fir hiert Konzept vum Null-Verpackungsbuttek si si mam Innovatiounspräis ausgezeechent ginn, hu kuerz drop den éischten “Ouni” op der Gare opgemaach. Viru 5 Joer ass en 2. “Ouni” zu Diddeleng annoncéiert ginn. Zanter 2 Joer ass Lëtzebuerg elo ouni “Ouni”. D'Kerstin Thalau huet mat Diddelenger Membere vun der Cooperative geschwat.
Laang Zäit goufe si vu méi lukrative Gottheeten an de Schiet gestallt - Gottheeten, déi mat vill Testosteron an décken Himmer op groussen Ecranen d'Keese vun den Hollywood-Boîtte gefëllt hunn. Dobäi sinn et si, déi Schicksaler wiewen - an ouni déi den Thor an de Loki net wéissten, wiem si den Hummer op d'Poute solle schloen. Rieds ass vun den Nornen, dräi Gëttinnen, déi ronderëm ee Buer Geschichte flechten. No enger Plongée an der Sarah Kane hiren donkelen Universum iwwerleet de Kollektiv ILL, wat et heescht, haut Geschichten ze erzielen - a verréckelt de Schwéierpunkt, deen nach ëmmer um Held, dem Gott au masculin läit, op dräi Fraen. Am Studio ass awer ee Mann - de (Ko-)Regisseur Jacques Schiltz.
Déi geschriwwe Press analyséiert d'Sozialwalen, grad wéi d'Situatioun vun elengerzéiende Fraen. D'CMCM ass ee weidert Theema haut.
Déi geschriwwe Press analyséiert d'Sozialwalen, grad wéi d'Situatioun vun elengerzéiende Fraen. D'CMCM ass ee weidert Theema haut.
D'Claire Schadeck schwätzt an dëser Carte Blanche iwwer d'Benodeelegung an den Ausschloss vu Fraen a queere Mënschen an der Kultur, iwwer déi feelend Zuelen zu Lëtzebuerg an iwwer den éiwege Virworf, dach endlech keng méi opzeféieren.
Gewerkschaftlerinne beliichten d'Evolutioun vun der Positioun vun de Fraen an de Gewerkschaften. Tageblatt huet d'Eurovision Song Contest Kandidatin Tali am Interview, an d'Wort huet d'Stater Botzekipp als Opmaacher.
Bis den 12. Mäerz kënnen d'Salariéen zu Lëtzebuerg bei de Sozialwale matmaachen. De Fabien Grasser erkläert eis, wat dëst Joer um Spill steet, wat déi Walen esou besonnesch mécht a fir wéi eng Gewerkschaften d'Prognose gutt sinn. Mir schwätzen awer och iwwert Roll vun de Fraen an der CSL, déi sech an deene leschte Joren gewandelt huet.
E Samschdeg waren déi véier nei Deputéiert Barbara Agostino, Claire Delcourt, Françoise Kemp a Joëlle Welfring an der Emissioun Background am Gespréich.
Theemen haut: Kavalkad, Fraen an der Wëssenschaft, Aarbechtsvisitt Laos an de Film vun der Woch.
Theemen haut: Kavalkad, Fraen an der Wëssenschaft, Aarbechtsvisitt Laos an de Film vun der Woch.
Firwat si manner Fraen an der Regierung wéi Männer? Wëll kee Fraen wielen? Oder trieden der manner un? An ass dat e Problem, dee behuewen muss ginn? Déi Froen kläre mer mam Milena Steinmetzer
Servais-Präis, Batty-Weber-Präis, Lëtzebuerger Buch-Präis: mam Valerija Berdi kucke mir op déi literaresch Highlights vun 2023 zeréck. Also mat enger Kulturjournalist:in op d'Laureat:innen an hir Wierker, well ausser beim Servais-Präis stoungen 2023 Fraen, déi schreiwen, an der éischter Rei. Mee éier mir si feieren, wëllt d'Valerija Berdi un eng eenzegaarteg Poetin mat enger eenzegaarteger Stëmm erënneren.
In this episode, Wellington and Savon discuss the Broncos' major upset on Monday Night vs. Buffalo, thoughts on how the Bengals and Ravens are doing in the AFC North and a preview of the Eagles-Chiefs' intriguing matchup coming up. Next up, they discuss Michigan's win vs. Penn St., Florida St. looking shaky and a preview of Week 12 matchups. For their basketball analysis, they start off with Draymond Green choking Rudy Gobert and his 5-game suspension, Anthony Edwards ascending as one of the best players and the Sixers' excellent start plus initial thoughts on how the In-Season Tournament is playing out. For their first album review, they start off with Chris Brown's 11:11, Brent Faiyaz's Larger Than Life and Fraen's debut EP Everything Has A Silver Lining. Next up, they review Meek Mill & Rick Ross's collab album Too Good To Be True and Jay Rock feat. Ab-Soul's new single "Blowfly".In the second half, Wellington is joined by guest and longtime friend of the show, Trenton Morales, to review the new action thriller film The Killer, directed by David Fincher and starring Michael Fasbender, Arliss Howard, Charles Parnell and Tilda Swinton. They start off by discussing the stylistic nature and unpredictable feel of the movie. Finally, they analyze how this movie was a different version of Man on Fire, if it'll still be a watchable film a decade from now and the interesting ending to the movie.
Theme vun haut: Attack op Israel, Jean Asselborn am Interview, CSV-Nationalrot, Fraen an der Chamber, Fraktiounsstäerkt, Circuit Foil, Cargozenter.
Eis Sujete vun haut: Walen an der Tierkei, Fraerot fuerdert méi Fraen an der Politik, Maniff Logement a 75 Joer Damplok 5519.
Eis Sujete vun haut: Diskrepanz tëscht Fraen a Männer beim Temps partiel, Suivi Incident Zuch-Tunnel an Artemis-Missioun a Richtung Mound gouf verréckelt.
Sujeten haut waren: Léiffrawëschdag zu Käerjeng, Wéi e Stand op der Fouer eng Plaz kritt an 1 Joer Taliban-Regime ënnerdréckt Fraen a Meedercher.