POPULARITY
Zu Lëtzebuerg gëtt et ee Mangel u Plazen a Strukture fir Leit, déi geflücht sinn. Zesumme mat dem extrem iwwerlaaschte Wunnengsmaart feiert dat zu Situatiounen, datt Leit aus de staatleche Strukturen expulséiert ginn. Hir eenzeg ëffentlech Alternativ ass dann déi sougenannt Maison de retour – oder d’Wanteraktioun. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wéi et zu dëser Situatioun komm ass a wéi se sech warscheinlech entwéckele wäert. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Politique d'asile : Signaux d'alerte.The post Wann den Dierwiechter an d'Flüchtlingsheem kënnt … first appeared on Radio ARA.
Dir kennt Vangelis? Wéi wier et dann elo mat Vargelis: deen éischten hat musikalesch fir Feier gesuergt, den Nicholas Vargelis réckelt Situatiounen an dat richtegt Feier, besser: Liicht. Momentan zum Beispill duerch seng Luucht-Installatioune bei der Expo “Boogie” am Casino an der Ënneschtgaass. Konscht ouni Faarf a Pinsel, mee quasi just mam Schäi vun ale Luuchtenampullen? An dat en plus an enger Expo, déi als rhythmescht Experiment geduecht an deemno ni d'selwecht ass? D'Kerstin Thalau huet d'Boogie-Curatrice Stilbé Schroeder an de Studio invitéiert, fir Liicht an d'Däischtert ze bréngen.
Am zweeten Episod vum Podcast “Hanner den Téin” huet de Pit Brosius d'Lëtzebuerger Pianistin Cathy Krier invitéiert. Si erzielt vun hiren Erfarungen an der Wichtegkeet vun neier Musek. Am Gespréich léisst d'Pianistin eis materliewen, wéi eng amüsant oder skurril Situatiounen zäitgenëssesch Musek mat sech ka bréngen.
Poetesch-witzeg Momenter, onheemlech Situatiounen, glécklech Zoufäll. A senger Textsammlung "A Pint of fish fingers. Tales of a wonderer" (Black Fountain Press) faasst de Robbie Martzen Reesandréck aus engem Liewen, hannert deene méi stécht, wéi ee mengt, zesummen.
Poetesch-witzeg Momenter, onheemlech Situatiounen, glécklech Zoufäll... A senger Textsammlung "A Pint of fish fingers. Tales of a wonderer" (Black Fountain Press) faasst de Robbie Martzen Reesandréck aus engem Liewen, hannert deene méi stécht, wéi ee mengt, zesummen.
An der Pandemie ass et fir verschidde Studenten net einfach iwwerhaapt an dat Land eranzekommen, wou si studéieren. Mir froen déi nei ACEL-Presidentin, wéi eng Ënnerstëtzung den Daachverband vun de Studentecercelen an esou Situatiounen ubitt. Moderatioun: Rick Mertens
Den internationale Kontext ass fir dëse Secteur besonnesch wichteg: Leit musse reesen, touren a gesinn sech mat verschiddene Situatiounen a Reegelen a verschiddene Länner konfrontéiert. Wat fir een Ausbléck erlaabt dës Situatioun? Een Iwwerbléck mat Vicky Zeimetz (Atelier), Luka Heindrichs (De Gudde Wëllen), René Penning (Kulturfabrik), Jerôme Reuter (Rome) um Mikro vum Marc Clement.
Mat sougenannte « feelgood »-Bicher wéi « Mieses Karma », « Jesus liebt mich » oder « Muh » ass den David Safier bekannt ginn. Hei gerode ganz gewéinlech Mënschen a witzeg bis absurd Situatiounen mat um Enn ëmmer engem Happyend. Op dëser Schinn fiert och « Aufgetaut », dem Safier säin neit Buch, an deem et ëm eng Fra aus der Steenzäit geet, déi 33.000 Joer an engem Äisblock agefruer wor an elo opgedeet gëtt. Wou dëst Experiment hi féiert verréit eis elo de Lucien Czuga.
Um Programm vun eise Kritiker Michel Delage, Martine Reuter a Misch Bervard: PINOCCHIO (Matteo Garrone), CHAMBRE 212 (Christophe Honoré) an THE OUTPOST (Rod Lurie).
Et ass mëttlerweil 10 Deeg hier, dass den afro-amerikaner George Floyd gestuerwen ass. Dat well e wäisse Polizist him bei engem Asaz minuttelaang de Knéi op den Hals gedréckt huet. An den USA an och soss iwerall op der Welt huet déi onnéideg Police-Gewalt Protester géint Rassismus ausgeléist. Et sinn dacks banal Situatiounen am Alldag, déi d’Diskriminatioun siichtbar maachen, och bei eis am Land. Am Commentaire vun haut héiere mir nëmme e puer vun de villen Anekdoten, déi betraffe Leit ze zielen hunn.
Zanter 35 Joer gëtt et d'Alupse, d'Lëtzebuerger Associatioun vun der Sozialer Pediatrie. All Joer kréie ganz vill Kanner a Famillje gehollef. Bal d'Halschent vun hinnen gëtt mat sexueller Gewalt konfrontéiert, iwwer 20% mat kierperlecher Mësshandlung. D'Asbl ass spezialiséiert an der Preventioun an der prise en charge vun alle Situatiounen an deene Kanner a Jugendlecher bis 21 Joer Affer sinn. Och d'Eltere kënne sech un de Service wenden, Familljememberen oder soss Leit aus dem Entourage. 'Alupse-Bébé' ass e weidere Volet: hei kréie jonk Fraen gehollef, déi an aneren Ëmstänn sinn oder accouchéiert hunn fir se bei de Soinen an der Educatioun vum Kand ze ënnerstëtzen. Den Dr. Seligmann ass zanter der éischter Stonn dobäi, mat him hu mer iwwer dës wichteg Associatioun och hire neiste Projet 'Bébé-Box' geschwat.
Zanter 35 Joer gëtt et d'Alupse, d'Lëtzebuerger Associatioun vun der Sozialer Pediatrie. All Joer kréie ganz vill Kanner a Famillje gehollef. Bal d'Halschent vun hinnen gëtt mat sexueller Gewalt konfrontéiert, iwwer 20% mat kierperlecher Mësshandlung. D'Asbl ass spezialiséiert an der Preventioun an der prise en charge vun alle Situatiounen an deene Kanner a Jugendlecher bis 21 Joer Affer sinn. Och d'Eltere kënne sech un de Service wenden, Familljememberen oder soss Leit aus dem Entourage. 'Alupse-Bébé' ass e weidere Volet: hei kréie jonk Fraen gehollef, déi an aneren Ëmstänn sinn oder accouchéiert hunn fir se bei de Soinen an der Educatioun vum Kand ze ënnerstëtzen. Den Dr. Seligmann ass zanter der éischter Stonn dobäi, mat him hu mer iwwer dës wichteg Associatioun och hire neiste Projet 'Bébé-Box' geschwat.
Wou sinn sou Situatiounen am Alldag, wou ee wierklech vun anere Leit genervt ass? Wat hale mir vun Elektroautoen, géife mir eis selwer een zouleeën an hunn déi iwwerhaapt eng Zukunft? A wéi gesi mir d'Investéieren an Auere wéi zum Beispill Rolex?All déi Themen an dëser Episod vu Letz Talk.
Et gi Situatiounen, an déi versetzt een sech als Gonzojournalist absichtlech. Et geet een op en Plaatz, fir herno kennen ze berichten, wéi et war an wat sech do alles sou gedoen huet. An da ginn et aner Situatiounen, do gereit een duerch Zoufall eran, ouni et ze wëllen. Dat si meeschtens déi interessanteste Geschichten. Mä och déi, déi am meeschten Angscht a Schrecke biergen.