Podcasts about virfeld

  • 16PODCASTS
  • 62EPISODES
  • 9mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • May 13, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about virfeld

Latest podcast episodes about virfeld

Presserevue
Editioun 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later May 13, 2025 3:45


D'Zeitunge maachen sech am Virfeld vum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun Gedanken iwwert d'Theemen, déi mussen ugeschnidde ginn an dozou gehéiert de Kampf géint Aarmut.

premier kampf lag ried editioun virfeld
Kultur
Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 14, 2025 7:02


D'Edith Haller ass eng bekannt Wagner-Interpretin, déi international vill gefrot ass. Si stoung schonn zu Bayreuth am Festspielhaus op der Bün an 2019 huet si hiren Debut an der Metropolitan Opera zu New York gefeiert. Den 19. Abrëll kann een d'Südtirolerin elo fir eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg erliewen, am Mierscher Theater. Do interpretéiert d'Edith Haller dräi Wagner-Arien zesumme mam Orchestre National des Jeunes du Luxembourg. De Christophe Mirkes huet am Virfeld e Gespréich mat der Edith Haller geféiert, an deem si eis mathëlt an d'Déifgrënnegkeet vun de Wagner-Operen. Si verréit och, datt et hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg a mat engem Jugendorchester ass. Dofir freet si sech op hiren Optrëtt zu Miersch ganz besonnesch.

Invité vum Dag
Tom Dominique

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 19, 2025 11:11


Den Direkter vun der IGSS erkläert d'Projektiounen iwwer déi finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem, déi seng Verwaltung am Virfeld vun der Pensiounsdebatt gemaach huet.

Invité vum Dag
Tom Dominique

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 19, 2025 11:11


Den Direkter vun der IGSS erkläert d'Projektiounen iwwer déi finanziell Ofsécherung vum Pensiounssystem, déi seng Verwaltung am Virfeld vun der Pensiounsdebatt gemaach huet.

Kultur
Den “Noise” ass iwwerall

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 9, 2025 8:07


De Soundatlas kritt am neie Joer eng nei Plaz: Vun elo u kënnt Dir och sonndes moies um 9:20 en Episod am Joé Birchen senger Emissioun “Am Buedmantel” lauschteren. Fir déi, déi eis Soundserie nach net kennen: Am Soundatlas ginn d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen de verschiddensten Téin op d'Spuer. Dobäi analyséieren si d'Kläng bis an den Detail a fannen och ëmmer nees Verbindungen zur Alldagskultur, Konscht a souguer der Wëssenschaft. Ob dat haut wuel och geléngt? Déi zwee haten am Virfeld iergendeppes vun “Noise”, also Kaméidi, gefuebelt ...

Kultur
Elysian Fields am Gudde Wëllen

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 9, 2024 9:01


Déi New Yorker Band Elysian Fields hu vun hirem algriicheschen Numm bis hin zu hire literareschen Aflëss schonn ëmmer eng staark europäesch Identitéit gefleegt. De Samschde spillt d‘Band am Gudde Wëllen, an am Virfeld huet de Marc Clement mat der Sängerin Jennifer Charles iwwert de Concert, hir nei Plack "What The Thunder Said" an altertümlech Musek geschwat.

Kultur
Ouverture vum CinEast-Festival

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 2, 2024 8:06


De mëttel- an osteuropäesche Film steet erëm am Mëttelpunkt: déi 17. Editioun vum CinEast-Festival fänkt dësen Donneschdeg un. De Michel Delage huet sech am Virfeld mam Direkter vum Festival Radek Lipka ënnerhalen.

Kultur
Weltoppene Postpunk vu Berlin

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 8, 2024 4:30


Oum Shatt sin eng Post-Punk Band vu Berlin, gi vu laut.de mat Talking Heads a Franz Ferdinand an een Dëppe geheit. Hiren Numm hunn si sech bei enger Plaz an der tunesescher Wüüst geholl, an domat gläichzäiteg d'Oum Kalthoum referenzéiert, déi grouss ägyptesch Sängerin, dei nieft anerer mëttel-ëstlecher an arabescher Musek schonns laang beim Frontmann Thomas Poppe an dem Batteur Chris Imler um Plackenteller läit. Hir zweet Plack koum éischter dëst Joer eraus an heescht “Opt Out”. Mat deem Programm sinn si den Owend an de Rotonden am Kader vum Congés annulés-Festival z'erliewen. De Jonas an de Chris hunn sech ënnerwee op enger Autobunnraststätt Zäit geholl, dem Marc Clement am Virfeld vum Concert den Owend iwwert déi nei Plack, an hir Musek, z'erzielen.

Kultur
Impressioune vum Vernissage vum Lëtzebuerger Foto-Projet zu Arles

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 11, 2024 19:46


Op Initiativ an Engagement vun der ASBL Lët'z Arles ass Lëtzebuerg, zanter dem 3. Juli a bis Enn September, fir déi 7. Kéier op de renomméierte Rencontres d'Arles vertrueden; dës Kéier mat der Foto-Expo “L'odre des choses” vum Michel Medinger. De Michel Medinger, Joergang 1941, gehéiert hei am Land, mat senge schwaarzwäissen Nature-mortes-Inszenéierungen, zu de bekanntste Fotokënschtler, a war och erfollegräiche Liichtathleet. Aus gesondheetleche Grënn konnt hien awer virun enger Woch net beim Vernissage mat dobäi sinn, och am Virfeld keen Ausstellungsprojet entwéckelen. D'Kerstin Thalau am Gespréich mat der Duechter Isabelle Medinger, déi hire Papp zu Arles vertrueden huet.

Kultur
Faux Real - Zwee franko-amerikanesch Bridder zeréck an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 5, 2024 7:53


An de Rotondë spillen den Owend Faux Real. Leit, déi scho méi laang an der Lëtzebuerger Musekszeen dra sinn, kennen d‘Gebridder Eliott a Virgile Arndt vu Glitter an d'Trauma an Natas Loves You, zwou Bands, déi am viregte Joerzéngt hei an iwwer d‘Grenzen eraus Erfolleg haten. Mat Faux Real geet et vum Rock an den decaléierte Pop. Zanter der Covid-Pandemie ass de Projet opgaange wéi eng Blumm. De Marc Clement huet sech am Virfeld vum Concert den Owend (5.6.) zu Bouneweg mat Faux Real ënnerhalen.

Invité vum Dag
Danielle Filbig, Fernand Kartheiser, Athanase Popov a Joe Thein

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later May 31, 2024 27:57


Diskussiounsronn zum Theema Migratioun am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun LSAP, ADR, d'Bréck an déi Konservativ. Moderatioun: Maurice Molitor

Kultur
Library Card - Rockmusek a Vers-Dichtung

Kultur

Play Episode Listen Later May 30, 2024 7:04


2021 zu Rotterdam gegrënnt, spille Library Card eng Musek, déi een sech soss éischter aus dem Vereenegte Kinnekräich erwaart. Bäissend Sozialkritik trëfft op zackege Rocksound. Den Owend ass d'Band am Gudde Wëllen op der Bün an am Virfeld hat sech de Marc Clement mat der Frontfra Lot van Teylingen ënnerhalen.

Presserevue
Editioun vun 8:16

Presserevue

Play Episode Listen Later May 30, 2024 3:31


An den Zeitunge fënnt een haut ë.a. Interview mam Nicolas Schmit a mam Alexandra Schoos am Virfeld vun den Europawalen. Ee weidere Sujet bleift d'Bank ING, déi Clienten hir Konten zoumécht.

Presserevue
Editioun vu 7:16

Presserevue

Play Episode Listen Later May 30, 2024 3:29


An den Zeitunge fënnt een haut ë.a. Interview mam Nicolas Schmit a mam Alexandra Schoos am Virfeld vun den Europawalen. Ee weidere Sujet bleift d'Bank ING, déi Clienten hir Konten zoumécht.

Invité vum Dag
Fabricio Costa, Charles Goerens, Christophe Hansen an Alexandra Schoos

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later May 17, 2024 26:36


Diskussiounsronn am Virfeld vun den Europawalen, mat Vertrieder vun déi gréng, DP, CSV an ADR. Theema: Landwirtschaft. Moderatioun: Maurice Molitor

RTL - Rebound
Rebound: Virschau op d'Halleffinallen vum Championnat, 05/04/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Apr 5, 2024 2:58


Am nationalen Basket ginn de Weekend déi éischt Matcher vun den Halleffinallen bei den Dammen an den Hären gespillt. Am Rebound vun dëser Woch huet de Sam Rickal sech am Virfeld d'Matcher bei den Hären méi genau ugekuckt. Et kann ee sech spannend Dueller erwaarden.

RTL - Sprint Magazin
Sprint, 21/03/2024

RTL - Sprint Magazin

Play Episode Listen Later Mar 21, 2024 2:28


Am Sprint dréit sech haut alles em d'Indoor Weltmeeschterschaft zu Glasgow. D'Jana Peters huet mat den Athleten iwwert hier Erwardungen am Virfeld an hir Resultater geschwat.

Invité vum Dag
Sergio Ferreira

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 18, 2024 13:03


Mam politeschen Direkter vun der ASTI schwätzt d'Christiane Kleer iwwer d'Aktualitéit an der Lëtzebuerger Migratiounspolitik a rietspopulistesch Tendenzen am Virfeld vun den Europawalen.

Kultur
Angela Aux an der Kulturfabrik

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 11, 2024 9:24


De Florian Kreier trëtt als Angela Aux a wiesselende Rollen als Museker a Performance-Lyriker op. Donieft schreift de studéierte Politolog ënner dem Pseudonym Heiner Hendrix Kuerzgeschichten a Gedichter. Op sengem neien Album bleift hien de Sujeten Digitaliséierung, Raumfaart a Kënschtlecher Intelligenz trei. Musikalesch besteet hien aus experimentelle Kompositiounen tëschent Ambient, LoFi-Hip-Hop a Filmmusek. D‘Claudia Klasen aus der Museksredaktioun hat d‘Geleeënheet, him am Virfeld e puer Froen ze stellen.

RTL - Commentaire
Maxime Gillen: Méi Kloertext wannechgelift, Här Ausseminister!, 20/02/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 20, 2024 2:59


Déi 27 EU-Memberstaaten reprochéieren dem russesche President Vladimir Putin, responsabel ze sinn, fir den Doud vu sengem politesche Géigner Alexej Nawalny. An dat wäert Konsequenzen hunn, ënnert anerem a Form vu weidere Sanktiounen. Dat war eng vun de Conclusioune vum Conseil vun den EU-Ausseminister e Méindeg zu Bréissel. Wann een de Lëtzebuerger Chefdiplomat am Virfeld vum Conseil héieren huet, kann ee wierklech frou sinn, dass hien um Enn wuel op seng Homologe gelauschtert huet, fënnt d‘Maxime Gillen a sengem Commentaire.

Kultur
Den Dekor an d'Kostümer vun "The Crown" kënne gesteet ginn

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 7, 2024 3:46


De Wee vun der Fiktioun an d'Realitéit passéiert seelen, ouni dass sech de Kapitalismus aschalt. Eis London-Korrespondentin Marie Billon interesséiert sech fir déi ongewéinlech Stee, zu där et am Virfeld och eng Expo gouf.

Presserevue
Editioun 8h16

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 29, 2024 5:35


Kritik an oppe Froe beim Luxembourg Song Contest, de Premier Luc Frieden zum Heescheverbuet an d'Nora Back am Virfeld vun de Sozialwalen, dat sinn Theemen an der Presserevue.

kritik froe editioun virfeld
RTL - Commentaire
François Aulner: Méi Bescheidenheet an dat Wesentlecht ofsécheren, 19/09/2023

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Sep 19, 2023


D'Kafkraaft ass am Virfeld vun de Chamberwalen ee vun den Haaptsujeten. Statistiken no ass d'Kafkraaft vun de Leit am Duerchschnëtt déi lescht Joren awer eropgaangen, dank de Mesurë vun den Tripartitten. Anescht gesäit et natierlech aus, wann een op der Sich no der éischter Wunneng ass. Am Commentaire haut freet sech de Francois Aulner: "ëmmer méi Kafkraaft fir jiddereen, muss dat sinn?"

sich statistiken leit joren wunneng virfeld anescht aulner
RTL - Background
Ben Streff, Carole Hartmann, Chantal Gary, Léon Gloden, Robi Beissel, Daniel Frères: Schéinen Osten oder Stéifkand Osten?, 09/09/2023

RTL - Background

Play Episode Listen Later Sep 9, 2023 56:54


D'Mobilitéit am Oste war e Samschdeg ee vun de Sujeten am Background am Gespréich am Virfeld vun de Chamberwalen den 8. Oktober.

osten robi hartmann oste daniel fr sujeten samschdeg virfeld
Kultur
E ronne Gebuertsdag an en ëmstriddene Biopic

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 26, 2023 9:15


Dem Leonard Bernstein seng Villsäitegkeet war legendär. Hie war Komponist, Dirigent, Museker an huet fréi d'Méiglechkeete vun der Tëlee entdeckt, fir dem Public klassesch Musek méi nozebréngen. De 25. August hätt hie säin 105. Gebuertsdag gefeiert. Aus deem Ulass kënnt dëst Joer och e Film iwwer de Kënschtler eraus, deen am Virfeld fir Diskussioune gesuergt huet. D'Claudine Muno faasst zesummen.

Kultur
Wou kënnt de Qwinn hier?

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 22, 2023 13:17


Begrëffer wéi "Kuff d'Schmull", "Gampes" oder "Kitten" gehéieren haut zum gängege Sproochgebrauch. Am Fong komme se awer aus dem Jéineschen, enger Zort Geheimsprooch, déi vun Händler geschwat gouf. Muer (23.8.) steet d'Jéinescht am Zentrum vun engem Owend mat Texter a Musek, deen am Haff nieft der Kathedral stattfënnt. D'Claudine Muno huet sech am Virfeld mat den Organisateuren ënnerhalen.

Kultur
Elektronesch Signaler an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 4, 2023 5:47


D'Affiche vun de Congés annulés ass haut um Freideg (4.8.) eemol ganz elektronesch. Mam belsche Museker Niels Orens, Sapphire Slows vun Tokyo, an der Lëtzebuerger DJ Gurl versprécht et e gudde Concert ze ginn. Mam Headliner Niels Orens huet de Marc Clement sech am Virfeld vum Concert ënnerhalen.

tokyo concerts mam cong signaler virfeld freideg sapphire slows
Kultur
Frësch Téin an ale Maueren

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 4, 2023 12:25


De Site vum ale Pëttener Schlass wier perfekt fir eng Festival-Bün opzeriichten. Dat fënnt op alle Fall den Tun Van Beest vun der ASBL Kultur 21, déi vun haut bis e Sonndeg d'Pëttener Summer Nights organiséiert. D'Programmatioun geet vun Jazz iwwer Hip-Hop bis Folk, etabléiert Acts sinn derbäi, awer och Newcomer. D'Claudine Muno huet sech am Virfeld mam Michèle Duchscher an dem Tun Van Beest vu Kultur 21 ënnerhalen.

Kultur
Elektronesch Signaler an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 3, 2023 10:27


D'Affiche vun de Congés annulés ass muer um Freideg (4.8.) eemol ganz elektronesch. Mam belsche Museker Niels Orens; Sapphire Slows vun Tokyo an der Lëtzebuerger DJ Gurl versprécht et, ee gudde Concert ze ginn. Mam Headliner Niels Orens huet de Marc Clement sech am Virfeld vum Concert ënnerhalen.

tokyo concerts mam cong signaler virfeld freideg sapphire slows
RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 12/03/2023 12:15

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Mar 12, 2023


Alles steet am Zeeche vun den Oscaren. De Pit Biwer huet sech am Virfeld mat Lëtzebuerger Film-Leit ënnerhalen.

Kultur
Literatur aus Lëtzebuerg - gäre gelies?

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 11, 2023 3:03


Am Kader vum nationale Kulturentwécklungsplang 2018-2028 organiséiert de Kulturministère sektoriell Assisen. Elo war et um Buch, der Literatur an der Editioun. An der Nationalbibliothéik gouf am Virfeld vun den Table-rondë mat de betraffenen Acteure vum Buchsecteur en Etat des lieux presentéiert, deen d'Wëssenschaftlerin Fabienne Gilbertz zesummegestallt huet. D'Valerija Berdi wollt vun der Fabienne Gilbertz wëssen, wéi eng Roll d'Lieserinnen a Lieser an deem ganzen Debat spillen a wéi een iwwerhaapt d'Leit dozou motivéiert kritt, sech mat der Literatur aus Lëtzebuerg ze befaassen.

table buch literatur elo etat debat editioun am kader virfeld
Kultur
Berlioz an der Philarmonie a live op Antenn

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 9, 2022 2:30


Et war wärend enger Partie Kaart, wou den Hector Berlioz déi éischt Skizze vu sengem Oratorium "L'enfance du Christ" gemaach huet. 1854 war d'Uropféierung vun dësem Wierk tëschent Intimitéit an Theatralik, dat de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg an d'Gächinger Cantorey gëschter Owend ënner der Direktioun vum Hans-Christoph Rademann opgeféiert huet. De radio 100,7 huet zesummen mat SR2 KulturRadio de Concert live iwwerdroen, an de Guy Engels hat sech am Virfeld mam Dirigent Hans-Christoph Rademann ënnerhalen.

jesus christ concerts intimit berlioz hector berlioz skizze philarmonie theatralik owend antenn hans christoph rademann virfeld
Kultur
Siwe Paarten an ee phenomenale Concert

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 2, 2022 1:44


Gëschter Owend stoung an der Philharmonie ee Concert op der Affiche, dee méi wéi ee gudden Zweck huet. Virop war et de 46. Galaconcert vun der Associatioun "SOS Villages d'enfants Monde" - eng Associatioun déi schonn eng laang Concertstraditioun mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg deelt. Mam Orchester op der Bün stoung och déi 24-Joer-jonk Cellistin Hayoung Choi. An een aneren Highlight vum Owend war datt de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Weltpremière vum Luc Grethen senger Kreatioun "Seven Gates" gespillt huet. D'Marie Schockmel war fir eis live an der Philharmonie dobäi, an huet am Virfeld och ee spannend Gespréich mam Luc Grethen gefouert - dobäi war gëschter net nëmmen ee besonneschen Owend fir de Lëtzebuerger Komponist, mä och nach wéinst engem anere Grond.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Tom Wirion: Wat kann d'COP27 bewierken?, 11/11/2022 17:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 11, 2022


Dat ass eng Fro, déi sech vill Leit am Virfeld vun der 27. UN-Klimakonferenz, déi zu Sharm el-Sheikh an Ägypte vum 6. bis den 18. November organiséiert gëtt, stellen. Et geet drëms, endlech Neel mat Käpp ze maachen, seet déi ägyptesch Presidence. Mä wéi realistesch ass dat?

Kultur
De Siren's Call an de jonke Public

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 27, 2022 5:02


De 25. Juni war am Gronn de Siren's Call. Den Indie-, Rock-, Pop-Festival, bei deem och kulturell Aktivitéite gebuede ginn, huet - den Organisateuren no - eng 7.000 Leit ugezunn. Dorënner d'radio 100,7-Museksredaktioun mat Live-Interventioune vun der Plaz. D'Ekipp hat zousätzlech e Radio-Workshop fir Jonker proposéiert. Den Yves Stephany wollt am Virfeld vun den Organisateure Vicky Zeimetz a Fabienne Dimmer vum Atelier plus vum Max Hochmuth, den artisteschen Direkter vum Siren's Call, gewuer ginn, wéi interesséiert Jonker aktuell u Museksfestivaller sinn.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Anne Brasseur: Mëssbrauch vum Sport, 28/02/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 28, 2022


D'Olympesch Wanterspiller vu Peking hu leider eng ganz Rei Froen opgeworf. Froen, déi eigentlech hätte missen am Virfeld gekläert ginn, wéi et drëm goung, wou déi Spiller da solle stattfannen.

Kultur
Felicitas Hoppe am Gespréich

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 29, 2021


Déi renomméiert däitsch Schrëftstellerin war virun engem Mount am Institut Pierre Werner (IPW) fir hiren neie Roman "Die Nibelungen. Ein deutscher Stummfilm" virzestellen. De Michel Delage hat sech am Virfeld mat der Laureatin vum Büchner-Präis 2012 ënnerhalen.

Invité vum Dag
André Hoffmann

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 22, 2021 14:49


E Gespréich vum Maurice Molitor mam COSL-President um Enn vun engem grousse Sportsjoer an am Virfeld vun den Olympesche Wanterspiller vu Peking

hoffmann peking enn virfeld maurice molitor
Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Oct 21, 2021 3:31


D'"Haas-Pandemie" erreecht Lëtzebuerg, dat stellt den Dhiraj Sabharwal de Moien am Tageblatt-Editorial fest: hie schreift iwwer d'Hannergrënn vun engem "toxesche Klima". Net ëm d'Corona-Pandemie mee ëm d'"Pirouettë vun der CSV" a Saache Verfassung, geet et am David Marques sengem Editorial am Quotidien. Iwwer d'"Stonn vun der Wourecht" schreift dann den Diego Velazquez am Wort-Leitartikel: hei geet et ëm den Ëmgang vun der Europäescher Unioun mat Polen, dat am Virfeld vum Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen.

europ klima editorial polen quotidien sommet csv eu staats diego velazquez stonn moien david marques unioun virfeld
Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Oct 21, 2021 3:35


D'"Haas-Pandemie" erreecht Lëtzebuerg, dat stellt den Dhiraj Sabharwal de Moien am Tageblatt-Editorial fest: hie schreift iwwer d'Hannergrënn vun engem "toxesche Klima". Net ëm d'Corona-Pandemie mee ëm d'"Pirouettë vun der CSV" a Saache Verfassung geet et am David Marques sengem Editorial am Quotidien. Iwwer d'"Stonn vun der Wourecht" schreift den Diego Velazquez am Wort-Leitartikel: hei geet et ëm den Ëmgang vun der Europäescher Unioun mat Polen, dat am Virfeld vum Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen.

europ klima editorial polen quotidien sommet csv eu staats diego velazquez stonn moien david marques unioun virfeld
Kultur
Danz : "Zesummen eppes ukucken"

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 6, 2020 3:08


Am Kader vum 3 du TROIS gëtt de Centre de création chorégraphique - TROIS-CL all Joer dem Public Geleeënheet den Danz duerch de Prisma vun anere Konschtformen ze entdecken. Mam Moritz Ostruschnjak war dëst Joer mat Sécherheet eng vun den interessantste Stëmmen vum zäitgenësseschen Danz vertrueden. De Frédéric Braun huet hien am Virfeld begéint.  

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Jul 14, 2020 3:19


Zwou Lëtzebuerger Dageszeitungen thematiséieren den Aviatiounssecteur haut grouss op hiren éischte Säiten: "Angst um Arbeitsplätze", esou d'Schlagzeil vum Lëtzebuerger Wort. An "Anleitung zum Durchstarten", dat ass den Titel, deen de Lëtzebuerger Journal gewielt huet, am Virfeld vun der sektorieller Tripartite vun haut. D'Loftfaart-Branche géif an enger déiwer Kris stiechen, esou de Journal. Déi sektoriell Tripartite vun haut, soll de Wee aus den Turbulenze festleeën. D'Normaliséierung wäert Joren daueren. Schwéier erwëscht hätt et och de Grupp Luxair: dem Lëtzebuerger Journal no, wier eng nei Strategie fir d'Gesellschaft néideg. Dem Lëtzebuerger Wort no, géif wéineg geflu ginn, vill Fligere stéingen u Buedem. An dësen Zoustand kéint nach laang daueren. E Sozialplang hätt bis elo nach keng vun den dräi Gesellschafte Luxair, Cargolux a Luxairport ugekënnegt, an dat soll och esou bleiwen. Wann néideg, misst de Staat intervenéieren, esou gëtt d'OGBL-Vertriederin Michelle Cloos am Wort zitéiert. Et misst alles gemaach gi, fir datt et keng sozial Kris am Loftfaart-Secteur gëtt, seet d'Gewerkschaftlerin.

RTL - Automag
Automag: Citroën Ami , 02/03/2020 10:45

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Mar 2, 2020


Den Autosalon vu Genève fällt dëst Joer an d’Waasser, ma Citroën huet schon am Virfeld ënnert dem Motto „Electric 4 All“ op eng Avant-Première op Paräis invitéiert. Den Akim Schmit aus der Automag Equipe war mat dobäi, an huet éischt Andréck vum Citroën „Ami“ matbruecht.

RTL - Automag
Automag: Citroën Ami, 02/03/2020 10:45

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Mar 2, 2020


Den Autosalon vu Genève fällt dëst Joer an d’Waasser, ma Citroën huet schon am Virfeld ënnert dem Motto „Electric 4 All“ op eng Avant-Première op Paräis invitéiert. Den Akim Schmit aus der Automag Equipe war mat dobäi, an huet éischt Andréck vum Citroën „Ami“ matbruecht.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter , 09/02/2020 08:45

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Feb 9, 2020


De Pit Biwer liwwert aktuell Informatiounen am Virfeld vun der grousser Oscar-Nuecht  

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 09/02/2020 08:45

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Feb 9, 2020


De Pit Biwer liwwert aktuell Informatiounen am Virfeld vun der grousser Oscar-Nuecht  

RTL - BD vun der Woch
BD vun der Woch: Astérix T.38 - La fille de Vercingétorix, 24/10/2019 08:40

RTL - BD vun der Woch

Play Episode Listen Later Oct 24, 2019


Zanter haut de Moien gëtt et deen neien Astérix, "La fille de Vercingétorix" ze kafen. Et ass, wéi all Kéiers, een Evenement, bei deem een am Virfeld net vill i Zanter haut de Moien gëtt et deen neien Astérix, "La fille de Vercingétorix" ze kafen. Et ass, wéi all Kéiers, een Evenement, bei deem een am Virfeld net vill iwwert dat gewuer gëtt, wat an deem Album geschitt. Elo gitt Dir et awer gewuer: Et ass deen 38. Album aus der Serie, an dee 4. vum Jean-Yves Ferri a vum Didier Conrad.

RTL - Automag
Automag: Oltimer Dag Lëtzebuerg , 18/09/2019 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Sep 18, 2019


Dëse Sonndeg ass hei zu Lëtzebuerg den offiziellen Oldtimer Dag, an do gëtt et déi Kéier e ganz besonnesche Bonbon fir Proprietären an d‘Frënn vun alen Autoen.En Hommage un de Grand-Prix de Luxembourg, organiséiert vum British Sportscar Owners Club, ënnert dem Patronage vum Lëtzebuerger Automobil Club.De Christian Schmit huet sech am Virfeld mam Goy Feltes doriwwer ënnerhal.

RTL - Automag
Automag: Oltimer Dag Lëtzebuerg, 18/09/2019 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Sep 18, 2019


Dëse Sonndeg ass hei zu Lëtzebuerg den offiziellen Oldtimer Dag, an do gëtt et déi Kéier e ganz besonnesche Bonbon fir Proprietären an d‘Frënn vun alen Autoen.En Hommage un de Grand-Prix de Luxembourg, organiséiert vum British Sportscar Owners Club, ënnert dem Patronage vum Lëtzebuerger Automobil Club.De Christian Schmit huet sech am Virfeld mam Goy Feltes doriwwer ënnerhal.

RTL - Rebound
Virschau op d'Schwamm WM , 12/07/2019 18:15

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Jul 12, 2019


An ronn enger Woch gi 5 Schwëmmer vun der FLNS un den Depart vun der Weltmeeschterschaft zu Gwangju a Südkorea. Fir Lëtzebuerger Athlete leit de Fokus nieft dem opstelle vun neie perséinleche Beschtzäiten dann och op der Qualifikatioun fir d'Olympesche Spiller zu Tokyo nächst Joer. De Fränz Schneiders huet sech am Virfeld vun der WM mam Raphael Stacchiotti a Julie Meynen iwwert hier Ambitiounen ënnerhalen.

RTL - Rebound
Virschau op d'Schwamm WM, 12/07/2019 18:15

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Jul 12, 2019


An ronn enger Woch gi 5 Schwëmmer vun der FLNS un den Depart vun der Weltmeeschterschaft zu Gwangju a Südkorea. Fir Lëtzebuerger Athlete leit de Fokus nieft dem opstelle vun neie perséinleche Beschtzäiten dann och op der Qualifikatioun fir d'Olympesche Spiller zu Tokyo nächst Joer. De Fränz Schneiders huet sech am Virfeld vun der WM mam Raphael Stacchiotti a Julie Meynen iwwert hier Ambitiounen ënnerhalen.

Ee Mount, een Thema
Portugal: Wirtschaftswonner op wackelege Been

Ee Mount, een Thema

Play Episode Listen Later May 8, 2019 15:09


Portugal gëllt als neit europäescht Wirtschaftswonner. Mat enger Croissance iwwer der EU-Moyenne, engem Chômagetaux, dee staark fält, an engem Boom am Tourismus. Dat südeuropäescht Land schéngt sech vun den Nowéie vun der europäescher Finanzkris ze erhuelen. Mee d'Realitéit um Terrain ass méi nuancéiert. Dat weist eise Reportage vu Lissabon, am Virfeld vun den Europawahle vum 26. Mee. Eng Episode vu Queesch duerch Europa, mam Maxi Pesch.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Commentaire, 29/11/2018 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 29, 2018


D'Europäesch Unioun soll bis 2050 klimaneutral sinn, dat huet den zoustännege Kommissär gëschter am Virfeld vun der UNO-Klimakonferenz déi nächst Woch a Polen annoncéiert. D'Memberstaate sinn opgeruff eng, Zitat „éiergäizeg Strategie“ auszeschaffen. Dat dierft net evident ginn  a léisst  d'Dieren op fir alles an näischt, och wann d'Konsequenzen vum Klimawiessel antëscht net méi z'iwwersi sinn. E Commentaire vum Claude Zeimetz

RTL - Background
RTL-Waltournee: Regionale Background vun Iechternach, 15/09/2018 12:03

RTL - Background

Play Episode Listen Later Sep 15, 2018


An der Abteistad hu Carole Dieschbourg (Gréng), Nicolas Schmit (LSAP), Françoise Hetto (CSV), Lex Delles (DP), Robert Mehlen (adr) an Adela Fuentes (Lénk) iwwert den Osten, Mobilitéit, Tourismus, Logement a Soziales am Virfeld vun de Chamberwalen diskutéiert

RTL - Background
RTL-Waltournee: Regionale Background vun Iechternach , 15/09/2018 12:03

RTL - Background

Play Episode Listen Later Sep 15, 2018


An der Abteistad hu Carole Dieschbourg (Gréng), Nicolas Schmit (LSAP), Françoise Hetto (CSV), Lex Delles (DP), Robert Mehlen (adr) an Adela Fuentes (Lénk) iwwert den Osten, Mobilitéit, Tourismus, Logement a Soziales am Virfeld vun de Chamberwalen diskutéiert

RTL - Sportclub
Radio Sport Club: Jimmy Wagner , 27/04/2018 13:30

RTL - Sportclub

Play Episode Listen Later Apr 27, 2018


Den Jimmy Wagner ass ee vun den Initiateuren vum sougenannten „Andy Schlecks Cycles Women Project“.D'Zil ass et, fir méi jonk Meedercher an Damme bei de Vëlossport ze kréien andeems een si mat Workshops an Trainingsstagen motivéiert fir eng Lizenz ze ënnerschreiwen an esou méi Dammen un den Depart vun de Coursë kritt.Een ambitiéise Projet, deen de Jimmy Wagner eis am Virfeld vum Festival Elsy Jacobs am Detail presentéiert. Hien ass den Invité am Radio Sport Club um hallwer 2.

Economicus
Stuerm am Jughurtsbecher

Economicus

Play Episode Listen Later Feb 1, 2018 11:00


D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hat a Saache Jughurt-Fabrick zu Beetebuerg hiren Homolog, de Wirtschaftsminister Etienne Schneider net nëmmen op den héije Waasserverbrauch vu sou enger Fabrick opmierksam gemaach, wat och hire Rôle als Ëmweltministerin wier, mä och drop opmierksam gemaach, dass e Betrib wéi de Jughurt-Produzent Fage net konform zur Rifkin-Strategie ass. Et huet en an der Koalitioun anscheinend geléiert: An Zukunft wëllt scho wäit am Virfeld vun Industrie-Projete nach besser tëscht de Ministère kommunizéieren.

zukunft minist virfeld homolog betrib
Economicus
E positive Bilan

Economicus

Play Episode Listen Later Jan 11, 2018 10:35


D'Polemik am Virfeld war grouss, zënter engem Mount fiert den Tram. D'Leit appreciéieren deen neie Zerwiss vum ëffentlechen Transport. Den Transportminister François Bausch zitt elo schonn e positive Bilan. Den Tracé vun der Luxexpo bis bei déi Rout Bréck ass eréischt den Ufank, schlussendlech soll den Tram vum Findel bis op Leideleng fueren. Mä den Tram ass nëmmen een Deel vum Verkéierskonzept.

RTL - FLH 7 Meter
Handballmagazin 7 Meter , 15/09/2015 18:20

RTL - FLH 7 Meter

Play Episode Listen Later Sep 15, 2015


Um Dag vun der Schoulrentrée ass och d’Rentrée vun ärem 7 Meter.De Weekend fänkt di nei Saison am Handball un esouwuel bei Dammen an Hären.Et gouf am Virfeld scho Coupe d’Europe gespillt an dat fir de Champion  a fir de Coupegewënner bei den Häeren.D’Géigner aus Skandinavien waren wéi erwaart ze staark.Bei engem vun de Géigner aus Nordeuropa war eng richteg Handball-Legend hei zu Land. Detailer GillesTricca a Serge Olmo…

RTL - FLF Goal
FLF Magazin, 20/04/2015 18:20

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 20, 2015


Diddeleng géint Käerjeng war am Virfeld net déi grouss Affiche. Elo gëtt iwwer dee Match awer méi geschwat wéi iwwer déi 6 aner aus der BGL Ligue. Och am FLF Magazin vu Franky Hippert a Rich Simon ass dës Partie natierlech en Thema. A wéi ëmmer gëtt et och nees een Trikot vun der Nationalequipe ze gewannen.

thema match magazin elo trikot affiche diddeleng virfeld rich simon franky hippert
RTL - FLF Goal
FLF Magazin , 20/04/2015 18:20

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Apr 20, 2015


Diddeleng géint Käerjeng war am Virfeld net déi grouss Affiche. Elo gëtt iwwer dee Match awer méi geschwat wéi iwwer déi 6 aner aus der BGL Ligue. Och am FLF Magazin vu Franky Hippert a Rich Simon ass dës Partie natierlech en Thema. A wéi ëmmer gëtt et och nees een Trikot vun der Nationalequipe ze gewannen.

thema match magazin elo trikot affiche diddeleng virfeld rich simon franky hippert
RTL - Sportclub
Radio Sport Club , 14/03/2014 13:35

RTL - Sportclub

Play Episode Listen Later Mar 14, 2014


E Sonndeg ass den Depart fir déi nei Saison an der Formel 1 mam Grousse Präis vun Australien zu Melbourne. De Lëtzebuerger Automobilsportfotograf an Organisateur vun der Roadshow op Belval Jerry André war am Virfeld bei 2 vun 3 Tester virun der Formel 1 Saison zu Jerez an am Bahrain derbäi. Zanter 8 Joer suivéiert hien d'Formel 1 intensiv um Circuit an huet och Leit wéi Schumacher a Vettel kenne geléiert.