POPULARITY
Déi gréng Justiz- a Kulturministesch war e Samschdeg eis Invitée an der Emissioun Background am Gespréich.
Fir dës Episod konnte mir d'Europa-Deputéiert Monica Semedo gewannen, wat eis immens frou gemaach huet. Engersäits well et am Moment e gutt Stéck méi ze dinn huet wéi fréier bei RTL, anerersäits well mir eis an dëser Zäit kee bessere Gaascht konnte virstellen. Wéi bei engem richtege Radiosender huet d'Monica sech bei eis LIVE vu Bréissel era gemellt a mir hu mat him iwwert déi traureg Aktualitéit awer deelweis schockant Erliefnisser aus sengem Liewe geschwat. Mir warne vir: Verschidde Saache sinn nëmme schwéier ze verdauen! Donieft erkläert eis d'Monica awer och iwwert dat konkret Virgoe vum EU-Parlament, an och vun him als Politikerin, géint Rassismus an Diskriminatioun. Dës Episod weist awer och wéi schéin d'Liewe ka sinn a wéi vill Chancen een zu Lëtzebuerg kann hunn a kréien, d'Monica ass eent vun de Musterbeispiller. Ausserdeem hu mir ganz dringend d'Fro misste klären op et e Comeback beim Picco Bello wäert ginn oder net...
Zanter zwanzeg Joer steet d'Fro vun der Ongläichheet am Zentrum vun de Geeschteg- an Sozialwëssenschaften, fir d'Nokrichsgesellschaft ze beschreiwen. Mee schonn eleng an dësem Zäitraum hu sech d'Bedingunge vum Aarbechtsliewen erëm verännert an nei Forme vun Onsécherheet sinn entstanen, trotzt engem gutt funktionéierende Sozialstaat. Zur selwechter Zäit fanne radikal Changementer statt, déi déi sozial Verbindungen innerhalb vun der Famill oder der Allgemengheet betreffen. Nei Formen a Funktiounen entstinn. Begrëffer wéi "Solidaritéit", "Risikogesellschaft", "Ausgrenzung", "Vulnerabilitéit" beschreiwen dës sozial Verännerungen. Akommes a Wunnen, Gender, Bildung, Migratioun a kulturell Diversitéit waren Themen, déi den 2. Oktober an der Maison du Peuple zu Esch-Uelzecht, debattéiert goufen. Organiséiert ënner anerem vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) vun der Uni Lëtzebuerg a Kooperatioun mam radio 100,7 - opgeholl a verschafft vum Carlo Link. Keynote: "Soziale Ungleichheit in Europa" vum Professer Dr. em. Hartmut Kaelble, Humboldt-Universität, Berlin. © Université du Luxembourg Diskutéiert hunn: André Roeltgen (OGBL-President), Nicolas Schmit (Minister fir Aarbecht, Emploi a Solidarwirtschaft), Anik Raskin (Conseil national des Femmes au Luxembourg), Charel Schmit (Caritas Lëtzebuerg), Dr. Sophie Schram (Historikerin), Dr. Antoine Fischbach (Uni Lu), v.l.n.r.. Montage: Carlo Link / Fotoen: © Université du Luxembourg Forum Z vum 2. Oktober 2018: Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg? © Université du Luxembourg Forum Z, eng kritesch an oppen Debatt iwwer aktuell Themen an der Perspektiv vun der lëtzebuergescher an der europäescher Zäitgeschicht: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z
Wat ass Heavy Metal? Wat bedeit et? Wou kënnt et hier? Firwat ass et verbonnen mat Aggressivitéit, dem Doud oder aneren Trieber? Huet Metal aus gedéngt, oder ass et inhaltlech nach pertinent? Déi Froen an nach méi diskutéieren 3 Metalheads...pardon, nee, en Dokter an der Sozialpsychologie, en Germanist an en Philosoph. Am Deel 1/5 ginn mer op d'Fro an, wat Metal dann elo eigentlech fir eis bedeit. Diskussiounspartner: Den Alain Herman an den Josy Jacoby
Leschte Freideg den 8. Mäerz war Weltfraendag. An dem Kontext goufe weltwäit Demonstratiounen-, Flashmobben-, a Konferenzen organiséiert, et goufe laang Riede gehalen an och op de sozial Medie gouf vill iwwer Fraerechter, Gläichberechtegung an gesellschaftlech Verännerung geschwat. An awer huet een den Dag an och déi Deeg duerno ganz dacks d'Fro héieren: „Ass dat wierklech néideg?“ „JO DAT ASS ET!“, fënnt d'Annick Goerens
Wien oder wat ass Borgward? Vill Leit wäerte sech d'Fro stellen wann elo op emol déi däitsch Autosmark no laanger Abstinenz nees erëmkennt. De Paul Origer huet mat der neier Chef-Etage geschwat.
Wien oder wat ass Borgward? Vill Leit wäerte sech d'Fro stellen wann elo op emol déi däitsch Autosmark no laanger Abstinenz nees erëmkennt. De Paul Origer huet mat der neier Chef-Etage geschwat.
An der Ouschtervakanz waren d'U-Kaderen vun der FLF am Ausland op sougenannten Kompetitiounswochen, an koumen mat richteg gudde Resultater nees Heem.An der BGL-Ligue ass d'Fro ëm d'Meeschterkroun esou gutt wéi gekläert. Den F91 schéngt speitstens zanter der Victoire gëscht op der Fola, säin Titel kënnen ze verdeedegen. Ee Mann, deen an de leschte Wochen richteg opgedreit huet, an e grousse Undeel un de positive Resultater huet, ass den Diddelenger Stiermer Dave Turpel. Den FLF-Magazin vun haut mat Rich Simon an Franky Hippert:

Wat mëscht mech aus? Oder Iech? An wouhier weess ech, dass ech nach ëmmer ech sinn, och wann ech 10 Joer méi aal sinn wei ech virun 10 Joer war? Klengt abstrakt? Ass et och! D'Fro vun der Identitéit ass eng ganz aal, an mir ginn eis emol ukucken, wat dohannert stécht! Schiff ahoi! Diskussiounspartner: François Wirion
D'Fro vun der Identitéit geeschtert haut duerch dem Roland Kalté seng Gedanken. Hien illustréiert et mat enger Geschicht.
D'Wieder ass heiansdo onberechenbar, heescht et ëmmer sou schéin. Heiansdo ass et awer och berechenbar. Gëscht waren ronn 15 Zentimeter Schnéi annoncéiert, an esou koum et dann och. Doduerch huet och de komplette Spillprogramm am nationale Football missen ofgesot ginn. Lo ass Wanterpaus, an d'Fro stellt sech natierlech wei et duerno viru geet, Franky Hippert:

Säin Dag war gëschter an déi lescht Deeg a Wochen hat de Kleesche vill ze dinn fir op de ville Rendez-vouse präsent ze sinn an all déi kleng a grouss Kannerwënsch an Erwaardungen z'erfëllen. Elo ass en nees am Himmel, soen déi Erwuessenen, ma d'Fro stellt sech, ob en och nächst Joer nach komme wäert oder duerf. D'Christiane Kremer spillt bewosst en anachronistescht Spill am Apropos vun haut, dem Dag nom Kleeschen.
Haut stelle mer eis d'Fro, op mer eleng am Universum sinn, oder op et och aner (intelligent) Liewensformen op aneren Planéiten gëtt. Diskussiounspartner: de Franz Hei d'Links zu den Punkten, dei mer am Podcast uschwätzen: Drake Equation https://en.wikipedia.org/wiki/Drake_equation Dyson Sphere https://en.wikipedia.org/wiki/Dyson_sphere Tabby's Star https://en.wikipedia.org/wiki/KIC_8462852
De nächste Weekend fänkt am Lëtzebuerger Football de Championnat an der BGL League nees un. De leschten Dënschdeg ass d'Transfertsperiode an der Wanterpaus op en Enn gaangen. E richteg spektakuläre Wiessel war hei am Land net dobäi. Et kann een sech deemno d'Fro iwwer Sënn an Zweck vun deem Mercato stellen, Franky Hippert:

De Weekend waren am Futtball d'Aachtelsfinallen vun der Coupe programméiert. Déi grouss Iwwerraschungen sinn ausbliwwen. Am FLF Magazin vun haut ass dat een Thema an d'Fro gëtt opgeworf, ob een deene Veräiner déi méi déif klasséiert sinn ee Goal-Avantage sollt ginn. Den FLF Magazin gëtt iech haut presentéiert vum Jhang Mathes a Rich Simon.....

D'Fro, wou d'Éislek ufänkt, ass vläit méi politesch, wéi een mengt. Mir erklären, wou d'Éislek da lo wirklech ufänkt an wat dat mat dem Referendum vum läschte Joer ze dinn huet.