Podcast by Speakeasy
Where's the money, Kohnen? Wéisou si mer net all scho laang ultra-räich? Trotz Zënsen, Kapital a Spuerbuch ginn et nach ëmmer Armer a Räicher. Déi Räich ginn ëmmer méi räich – an déi Aarm ëmmer méi vill. Dobäi sinn eis Gesellschaften nach ni esou produktiv gewiescht, an de weltwäite Räichtum war nach ni esou grouss wéi haut. Wat leeft schief? Oder wat hu mir net verstanen? Haut geet de Philosoph bei d'Economisten – an eraus kënnt de Triple K fir eisen Podcast: En Interview mam Mich a mam Paul Kohnen.
Wat seet den Doud iwwert eis aus? D'Art a Weis, wéi mir iwwert den Doud schwätzen oder nodenken, seet dacks méi iwwert eis selwer aus wéi iwwer den Doud selwer. Ech diskutéieren an dëser Episod mam Marc Schoellen doriwwer, wat eis Approche zum Doud iwwert eis Approche zum Doud verroden – doppelt hält besser! Léisunge ginn et wéi gewinnt keng, mee dofir bleiwe mir entspaant an diskutéieren eng läschte Kéier iwwert den Doud.
Konsens – Wéi geet dat? Geet en Nee duer, oder muss et ëmmer e kloren Jo sinn? Wéi gesäit dat an der Praxis aus? A wou läit d'Grenz tëscht Mëssverständnis a Verstouss? Dës Froen hunn ech mam Claire Schadeck an mam Esin Göksoy vum CID Fraen a Gender diskutéiert.
Firwat gouf den Donald Trump erëm gewielt? Wat huet hie wëlles? Gëtt et e System hannert sengem Chaos? A wat bedeit dat fir eis an der EU? Déi Froen diskutéieren ech mam Journalist Petz Bartz.
Wou spukt et zu Lëtzebuerg ? Wee spukt ? Firwat iwwerhaapt ? D'Land ass voll mat Geschichten iwwert Geeschter, den Däiwel, mee Zombies, Vampiren, asw. Fënnt een keng. Haut schwätze mer net mat Léit, di am Beräich „Doud a Stierwen“ schaffen, mee haut schwätze mer iwwert di Ondoudeg. Den Historiker Marc Schoellen erkläert eis, wou et hei am Land -angeblech – spukt Wou spukt et zu Lëtzebuerg? Wee geet als Geescht ëm? A firwat iwwerhaapt? Eis kleng Land ass gefëllt mat Geschichten iwwert Geeschter an den Däiwel – mee wou sinn d'Zombien a Vampiren? An dëser Episod schwätze mer net mat Leit, di professionell mam Beräich „Doud a Stierwen“ ze dinn hunn, mee iwwer dat, wat net sollt do sinn: di Ondoudeg. Den Historiker Marc Schoellen hëlt eis mat op eng Rees duerch déi lëtzebuergesch Spukgeschichten – vun de bekanntste bis bei déi vergiess. Lauschtert eran, fir erauszefannen, wou et am Land angeblech keng Rou angeblech spukt!
Erklärungen zum Fach "Questions Philosophiques" fir d'Première Générale (GSO, GSN, A3D, ...) Wat ass Philo, wat muss ech do maachen? An firwat ass et gutt?
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Épistémologie les sciences“ geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Philo des sciences, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 - Em wat geet et? 02:09 - Konzepter an Notiounen 16:41 - Offiziell Froen vum Programm 19:45 - Aner philosophesch Froen
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Karl Popper geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro 02:05 – Irrwege 02:50 – Deduktioun 04:15 - Induktioun 06:12 – Induktiounsproblem 11:32 - Examensfroen
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Rudolf Carnap geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:00 – Intro a Biografie 02:32 – Experimentell Method 05:50 – Naturwëssenschaften 07:55 – Sozialwëssenschaften 10:30 – Tipp: Informed Consent 15:07 – Résumé
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier „Esthétique - au-delà de la beauté" geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat ass Ästhetik, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng philosophesch Froen stelle sech héi am Dossier? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Intro 01:45 – l'art 02:55 – l'artisanat 04:23 – l'oeuvre d'art 08:06 – la nature 09:39 – le quotidien 11:05 – la morale 14:00 – Résumé 14:50 – Examens-Froen 15:17 – Ass an der Konscht alles erlabt? 20:45 – Mat wat däerf ech Konscht hierstellen? 22:50 – Ënnerscheed art-artisanat
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Benjamin geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Em wat geet et? 02:45 – Biographie 05:30 – Textanalyse 09:18 – Ausfluch “Massen-Kultur” 11:10 – Reproduzéierbarkeet 12:20 – Konsum vu Konscht 13:23 – Ausfluch “Entfriemung” 14:39 – Film 17:15 – Zerstreuung 19:10 – Résumé 20:00 - Prüfungsfroen
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Walter Biemel geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:00 – Rond-Point 01:24 – Biographie 02:39 – Texterklärung 03:05 – Trivia “Pop-Art” 04:45 – Trivia „Abstract Art“ 05:52 – Revolutioun an der Konscht 09:50 – Präsenz an der Distanz 11:56 – Trivia „Kitsch“ 14:49 – Résumé vum Text 16:15 – Examens-Froen
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Anthropologie geet? Wat ass Anthropologie iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:00 - Intro 08:01 - Froen vum Dossier 08:16 - Iwwerbleck iwwert d'Froen 10:05 - Staat an Muecht vum Staat 19:03 - Konzepter 19:08 - Mënsch 20:47 - Staat 23:55 - Gesellschaft 26:00 - Fräiheet 29:13 - Natur an Kultur
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Thomas Hobbes geet ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Video! 00:20 – Biographie 04:30 – Staat, Muecht an Batman 08:08 - Textanalyse 22:15 - Fro 1: Brauche mer de Staat? 23:30 - Fro 2: Muss d'Gesellschaft d'Muecht vum Staat aschränken? 26:27 - Prüfungsfroen
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Sartre ? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:30 – Biographie 02:35 – Textanalyse 08:20 – Beispill vum Handy 10:29 - Prüfungsfroen 13:53 - Fro 1: Wëlle mer wierklech fräi sinn? 16:02 - Fro 2: Ass de Staat Frënd oder Feind vu menger Fräiheet?
Du bass op der 1e GSO, GSN, A3D ? An du wëlls wëssen, em wat et am Dossier Ethik geet? Wat ass Ethik iwwerhapt? Wéi eng Froen ginn am Dossier behandelt? Wat fir Konzepter muss de kennen? Dat kucke mer an dësem Video! 00:47 - Wat ass Ethik? 07:57 - Froen vum Dossier 08:20 - Qui est autrui? 13:37 - Déieren an der Ethik? 16:25 - Verantwortung fir d'Ëmwelt? 17:37 - Wat ass Verantwortung? 19:09 - Verantwortung fir meng Nächst? 21:03 - Grouss Muecht, grouss Verantwortung? 23:50 - Konzepter vum Dossier 23:52 - Morale 25:18 - Éthique 27:28 - Autrui 28:34 - Animal 32:47 - Devoir 34:00 - Responsabilité 34:45 - Pouvoir 35:43 - Résumé 10:05 - Staat an Muecht vum Staat 19:03 - Konzepter 19:08 - Mënsch 20:47 - Staat 23:55 - Gesellschaft 26:00 - Fräiheet 29:13 - Natur an Kultur
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Peter Singer? Oder du wëlls einfach méi zum Thema léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:35 – Biographie 01:02 - Wat ass Utilitarismus? 01:45 - Biographie Part 2 04:28 – Textanalyse 14:42 – Iwwerbléck 18:19 - Prüfungsfroen
Du bass op der 1e GSO ? An du wëlls wëssen, em wat et am Text vum Hans Jonas? Oder du wëlls einfach méi zum Prinzip Verantwortung léieren? Da bass de héi richteg ! Wat steet am Text, wéi eng Konzepter muss de kennen, a wéi eng Froen waarden op dech an der Prüfung? Dat kucke mer am Vidéo! 00:32 – Biographie 01:50 - Textanalyse Abschnitt 1 07:44 - Heuristik der Furcht 14:20 - Abschnitt 3 & 4 17:03 - Imperativ 19:33 - Schluss vum Text 23:42 - Prüfungsfroen 25:15 - Résumé
Extremismus, Terrorismus, Konspirationismus - mir kennen all Léit, déi "ë bësse méi komesch Iddien”. Mee et schéngt der ëmmer méi ze ginn. A et schéngt, wéi wann se ëmmer manner Problemer hätten, hir komesch Iddien als eppes ze verkafen, wat eigentlech guer net komesch méi ass...Wee wees, vläit ass ee jo esouguer selwer ee vun deenen. Wat maachen ech, wa meng Famill oder Frënn op emol schéngen sech ze radikaliséieren? Oder wann ech et bei mir selwer mierken? Firwat passéiert dat? Muss ech mer Suergen maachen? En Gespréich mam Karin Weyer an mam Nicolas Hirsch vun Respect.lu
Wéini däerf ech op Kanner schéissen ? Wéini däerf ech op Fraen schéissen ? Am Krich stellen sech vill Froen, am modernen Krich nach vill méi. Sinn Zivilisten haut de facto legitim Zieler ? Däerf ech Massevernichtungswaffen asëtzen, a wa jo, wéini? Wat däerf ech maachen, wann den Feind keng Uniform unhuet? Déi Froen diskutéieren ech mam Norbert Campagna, Philosoph, Professer an Auteur zu e puer Wierker zum gerechte Krich.
D'Krise am Noen Osten werft vill Froen op. Och bei Schüler. Dofir hunn ech d'Froen vun mengen Primaner vun der Optioun "sujets d'actualité" aus dem Lycée Classique d'Echternach mat bei en Expert geholl. En Interview mam Journalist Petz Bartz.
Geet et an der Formel 1 ëm Sport, ëm Competitioun, ëm Geld? Wéi eng Wäerter fënnt een an der F1? Firwat fënnt een keng Fraen am Cockpit? Kann ech F1 kucken, an en gutt Gewëssen hunn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Ass Formel 1 en fairen Sport? A wann jo, firwat gëtt dann net all Pilot oder Écurie gläich belouhnt. An dëser Episod gi mer méi am Détail op di berühmt-berüchtegt Course zu Abu Dhabi 2021 an…wéi fair war dat, an kann een sech Weltmeeschter nennen, wann een den Titel quasi geschenkt kritt? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Haut si mer dobaussen, an maachen eng Wanderung mam Pascale Worré vun Philo-Life. Hatt proposéiert säit kuerzen dat Konzept, an mir froen no, wat sech dohannert verstoppt!
Formel 1 - Wéi steet et mat der Chancëgläichheet? Ass Formel 1 en fairen Sport? A wa jo, firwat gewënnt dann net ëmmer de beschte Pilot? Ass de cost cap fair? Schützt een domat net di schlecht Écurien? An hunn ech och eng Chance an d'F1 ze kommen, wann ech net an enger räicher Famill gebuer ginn? Déi Froen stellen ech dem Serge Pauly, Journalist an Co-Moderator vun der Formel 1 bei RTL Lëtzebuerg
Wat waren di wichtegst international Events vum Joer 2022? A selbstverständlech firwat? E Gespréich mam Petz Bartz
Firwat si manner Fraen an der Regierung wéi Männer? Wëll kee Fraen wielen? Oder trieden der manner un? An ass dat e Problem, dee behuewen muss ginn? Déi Froen kläre mer mam Milena Steinmetzer
Israel, Gaza, Gewalt am Noen Osten. Business ass usual, kéint ee mengen, wann do net den 7 Oktober gewiescht wär. Wat passéiert grad tëscht Israel a Gaza, an firwat? Op wat leeft d'Situatioun eraus? Gëtt et eng sortie de crise? Oder gëtt et en regionalen Krich? A wat ass de geopoliteschen Kontext? Respektiv, wien huet Recht, a wien sinn di béis? Dat sinn Froen, di ech mam Petz Bartz diskutéieren, fir en Iwwerbléck zum Problem ze kréien.
Punition, réinsertion ou pardon ? Nous poursuivons notre exploration du monde carcéral avec la seconde partie de l'interview. Comment la prison gère-t-elle les prisonniers ? Faut-il les punir ? Ou les tenir à l'écart de la société pour la protéger ? Que se passe-t-il une fois que leur peine est purgée ? Sentence purgée, faute pardonnée ? Je vais poser ces questions à Karim Elkhmlichi, un psychologue et philosophe qui travaille pour le SPF Justice. Il a également travaillé dans l'administration de plusieurs prisons, dont celle de St. Gilles à Bruxelles.
Aujourd'hui, explorons le monde carcéral avec une question intrigante : Qui choisit d'aller volontairement en prison ? Le directeur, bien évidemment, l'un des rares à se trouver volontairement derrière les barreaux ! Qu'est-ce qu'être directeur de prison ? Quelles missions et quelles personnes embrassent cette carrière unique avec des détenus au quotidien ? Je vais parler de cela avec Karim Elkhmlichi, un psychologue et philosophe qui travaille pour le SPF Justice. Il a également travaillé dans l'administration de plusieurs prisons, dont celle de St. Gilles à Bruxelles. Préparez-vous à plonger dans le monde carcéral avec le premier épisode d'une mini-série qui décortique les méandres de cette réalité. (N.b.: Il ne s'agit pas d'une discussion officielle avec le SPF Justice. Karim Elkhmlichi s'exprime ici à titre personnel.)
Ass et banal, Worksheets iwwert di Verstuerwen z'erstellen? Wéi ginn di Leit vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé mat hirem Arbeschtsmaterial eens. Veränneren Zuelen an Zifferen den Rapport, deen een zu senger eegener Stierflechkeet huet? Lauschtert eran, fir et eraus ze fannen! Am Gespréich den Guy Weber, d'Claudia Bors, d'Jill Pütz an d'Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html
Wat bedeit “mort de cause inconnue” oder “mort sans témoin”? Wat verstoppt sech hannert den diversen an zum Deel beonrouegenden Coden an Bezeeschnungen vun den Statistiken iwwert den Doud vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé verstoppt. Dat fannt der nëmme eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d'Claudia Bors, d'Jill Pütz an d'Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html
Wann een stierft, kënnt een net nëmmen op der Kierfech, mee och an d'Statistik. An dëser Episod kucke mer, wat den Job vum Service épidémiologie et statistique vun der Direction de la Santé ass. Firwat sammelt si Statistiken iwwert di Doudeg? Wéi mécht se dat? A wat gëtt mat deenen Daten gemaach? Dat fannt der eraus, wann der eran lauschtert! Am Gespréich den Guy Weber, d'Claudia Bors, d'Jill Pütz an d'Stéphanie Saleh. Hei geet et zum Rapport vun 2021: https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-de-deces-2021.html
Stellt Iech fir, dier wäert Journalist a misst en Walkampf ofdecken. Wéi maacht der dat? Wéi eng Froen stellt der? Wiem stellt der se? Muss all Politiker di selwecht Froen gestallt kréien? Wéi verhënnert een, vun der Politik als Werbe-Plattform mëssbraucht ze ginn? Bref: Wéi leet een sech un, fir en Walkampf neutral an sachlech ze managen. Déi Froen diskutéieren ech mam Guy Weber, Informatiouns-Direkter bei RTL Lëtzebuerg.
Suizid ass en Tabu-Thema. A genau dofir schwätze mer driwwer. Ween hëllt sech d'Liewen? Firwat? Wéi? Wat muss, kann oder soll een ënnerhuelen? Muss een iwwerhaapt? Wéi geet Suizid-Präventioun? A wat mécht dat mental oder emotional mat Léit, di an dem Beräich schaffen? Déi Froen stellen ech dem Dr. Fränz D'Onghia, dem Direkter vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène Mentale.
An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft ass Praxis méi komplizéiert wéi d'Theorie...
An der Serie „Äddi a Merci – E Liewen mam Doud“ gi mer haut kucken, wéi de Pompjee mam Doud confrontéiert gëtt. Et ass jo e Beruff, wou een ni weess, wat op een duer kënnt. A wou een och mol Schlëmmes muss gesinn. Wat erwaart een iwwerhaapt? Wéi gëtt een domat eens? Déi Froen diskutéieren ech mam Béatrice Kabers, mam Pit Gries a mam Jeff Gotting.
Wat mécht en Doudegriewer eigentlech? Wéi geet een mental domat am, um Kierfecht ze schaffen? An dëser Episod vun “Äddi a Merci – E Liewen mam Doud” geet et op de Märeler Kierfecht, wou ech mam Luc Theis a mam Marc Conradt iwwert hiren professionellen Alldag schwätzen.
Dag 500 vun der russescher Spezial-Militär-Operatioun: Wéi verleeft de Krich? Wat huet Wagner a Russland gezwafft? Wéi een Afloss huet dat op de Krich ? Wéi steet de Putin do? A wou bléift di ugekënnegt ukrainesch Grouss-Offensiv? Dat sinn di Froen, di ech mam Petz Bartz an dëser Episod diskutéieren.
Ech diskutéieren haut mam Marc Schoentgen, dem Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung, doriwwer, ob e Walrecht ab 16 sënnvoll ass, wat dofir an dogéint schwätzt, an och iwwert di „80%“, di virun 8 Joer dogéint waren.
Wéi seet een Äddi? Wat denkt oder fillt een als Paschtouer, wann een eng Doudemass hält oder en Begriefnis begleet? Wéi leeft dat ganzt iwwerhaapt of? Dat sinn e puer vun den Froen, déi ech mat bei den Francis Erasmy geholl hunn, den Dekan vun der Iechternacher Basilika.
Den zweeten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod diskutéieren ech mam Véronique Jaeger doriwwer, wéi en Véidokter am Job mam Doud vu sengen Patienten ëmgeet.
Den eischten Interview an der Serie "Äddi a Merci - E Liewen mam Doud". An dëser Episod treffen ech mech mam Dr. Romain Stein, fir iwwert seng Erfahrungen mat Euthanasie ze schwätzen.
De Schluss vun menger Promenade duerch den Doud mam Félix Koch. We put the fun in funeral - or do we? Däerf een iwwert Doud laachen, oder ass dat Thema dout-eescht? Dat hei ass den drëtten Deel vun der Serie iwwert den Doud.
Eng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op den däitsche Militär-Kierfecht zu Sandweiler. Mir schwätzen doriwwer, wat een nom Doud hannerléisst, oder hannerloossen wëll (an och natierlech iwwert de Krich). Dat hei ass den zweeten Deel vun der Serie iwwert den Doud.
Eng Promenade duerch den Doud, bei den Doudegen. An dëser Episode ginn ech mam Félix Koch op de Kierfecht zu Clausen. Mir schwätzen doriwwer, wéi mir dem Doud begéint sinn. Dat hei ass den éischten Deel vun der Serie iwwert den Doud.
Wien war de Loschi? Respektiv, ween ass de Loschbuer-Mann? Ass hien deen eelste Lëtzebuerger? Wat kënne mer vun him léieren? Wéi eng Bedeitung huet de Loschi fir eis haut? E Gespréich mam Patrick Michaely, dem Direkter vum Natur-Musée
Gëtt et eng eenheetlech Methode oder Struktur fir all d'Wëssenschaften? A wat ass eng soirée de feu? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Paul Feyerabend an den epistemologeschen Anarchismus.
Wéi entwéckelen sech d'Wëssenschaften? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Thomas Kuhn an d'Revolutiounen an den Wëssenschaften.
Sinn wëssenschaftlech Aussoen ëmmer nëmmen Hypotheesen? Dat hei ass eng Erklärung zum Philo-Cours vun der 1e classique, zum Kapitel Wëssenschaftsphilosophie. An dëser Episod erklären ech den Karl Popper an den Falsifikationismus. Link zur Episod iwwert UFOs : https://soundcloud.com/speakeasylux/episod124
Unidentified flying object, unidentified aerial phenomenon – wat verstoppt sech hannert deenen Ofkierzungen? 2021 verëffentlecht de Pentagon den UAP Rapport, 2023 schéissen divers Länner UFO'en of. Mee dat bedeit net onbedéngt, dass d'Aliens do sinn! Oder awer dach? Wéi kënne mer mat Phänomener ëmgoen, di mer net verstinn ? E Gespréich mam Mario Pleimling