Den RTL-Podcast fir Kanner. De Loïc beäntwert d'Froe vu Kanner liicht verständlech an informativ. Mat oder ouni Expert, awer all Kéiers mat engem Kand wat seng Froe stellt. D'Aktualitéit einfach erkläert: Well esou mécht Wësse Spaass.
De Loïc schwätzt an dësem Episod iwwert de Feierdag op Päischten a wat mir do iwwerhaapt feieren.
De Eurovision Song Contest zu Malmö ass d'Thema an dësem Episod vum Kannerpodcast.
De Loïc erkläert am Podcast firwat d'Waasser op eisem Planéit sou wichteg ass a firwat mir gutt mussen drop oppassen.
De Konflikt am Noen Osten huet sech weider ausgebreet. An dësem Episod geet et ëm den iraneschen Ugrëff d'leschte Weekend.
Den neie Migratiounspak vun der EU an d'Iwwerschwemmungen a Kasachstan a Russland sinn Thema am Kannerpodcast.
m Kannerpodcast zielt de Loïc de Kanner wisou de Mound elo erëm sou intressant fir d'Astronauten an Astronautinne ginn ass.
De Kannerpodcast vun RTL zum Thema Ouschteren.
De 7. Oktober huet d'Terrorgrupp Hamas Israel ugegraff. Vun dem Ament u reagéiert Israel mat Géigenugrëffer. Dëst ass d'Thema am Kannerpodcast.
Eis RTL-Kannerreporter ënnerhalen sech iwwert d'Schoul an schwätzen iwwert hiren Interview mam Claude Meisch,
Eis RTL-Kannerreporter erklären alles ronderëm d'Walen an informéieren eis driwwer wat op Walsonndeg passéiert ass.
D'Rentereform suergt a Frankräich fir Protester, de Loïc erkläert de Kanner wat et bei eisem Noper lass ass.
Den 8. Mäerz ass Weltfraendag. En Dag fir op d'Rechter vu Fraen a Meedercher opmierksam ze maachen. De Loïc erkläert de Kanner am Podcast wisou sou en Dag och haut nach wichteg ass a wéisst hinnen unhand vun Afghanistan, datt Fraen net iwwerall déi selwecht Rechter hunn wei d'Männer.
De Lee stellt seng Froe ronderëm d'Thema Äerdbiewen a mir ginn op d'Situatioun an der Tierkei an a Syrien an.
De Loïc erkläert de Kanner wisou et Kënschtlech Intelligenz gëtt a wat een domadder alles ka maachen.
Den Alex huet vill Froe ronderëm d'Fréijoersfest a China a kritt am Kannerpodcast och seng Froe beäntwert.
D'Lori an de Loïc schwätzen an dësem Episod iwwer Depressiounen.
An dësem Episod stellt d'Guliana seng Froe ronderëm Dräikinneksdag an den Doud vum Post Benedikt de 16ten.
An dësem Podcast geet et ëm de Schnéistuerm am Dezember 2022 an Amerika.
De Kannerpodcast mam Loïc Juchem beschäftegt sech dës Woch mat Chrëschtdag.
D'Ella stellt seng Froe ronderëm d'Skandaler vum EU-Politiker an och den Avatar 2 ass e Sujet.
D'Blue stellt am Kannerpodcast dem Loïc puer Froen ronderëm de Schokela.
Den David stellt seng Froen iwwert d'Protester a China.
D'Kyara stellt dem Loïc an dësem Episod Froen iwwert Europa.
Am Kannerpodcast vun dëser Woch stellt de Loïc de Kanner de Katar vir an zielt hinne wisou d'Land an der lescht vill kritiséiert gëtt.
An Ägypten gëtt op der Klimakonferenz verhandelt . De Luca vun Draufelt stellt seng Froen a kritt vum Loïc erkläert wat eng Klimakonferenz ass.
De Loïc erkläert de Kanner wien déi zwee Präsidentschaftskandidate waren, wisou de Präsident Lula da Silva am Prisong souz an zielt Fakten iwwer Brasilien.
De Charel stellt seng Froen iwwert de politesche Chaos a Groussbritannien an de Loïc erkläert him och wat op Allerhellege gefeiert gëtt.
Den Dennis stellt seng Froen iwwert den Iran, well do gëtt den Ament protestéiert.
De Gabriel stellt seng Froen iwwert d‘Zuchvillercher.
De Kannerpodcast ass zeréck aus der Summerpaus an de Loïc erkläert de Kanner wisou den Ament alles méi deier gëtt.
Dës Woch geet dorëms wisou, datt an den USA d'Benotze vu Waffen eigentlech kee Problem ass, mir schwätzen iwwer Chrsti Himmelfahrt an iwwert d'WM am Kata
Mir Mënschen dierfen eis an déi Persoun verléiwe wou mer wëllen, egal ob Jong oder Meedchen. D'Thema Léift ass Sujet am Kannerpodcast an awer och d'NATO.
An dësem Episod dréint sech allem ëm d'Zockerfest. Ee vun de wichtegste Feierdeeg am Islam. De Brieuc deen huet des Woch seng Froen zu dem Thema gestallt.
Alles ronderëm d'Wandrieder an erneierbar Energie gëtt am neien Episod vum Kannerpodcast. De Loïc erkläert de Kanner dat op eng einfach Manéier.
Am Episod vun dëser Woch geet de Loïc drop an wisou ee muss kräische wann een eng Ënn schielt a mir kucke wat soss nach an der Welt lass ass. Eemaischen, Iwwerschwemmungen a Südafrika an eng immens Dréchent am Oste vun Afrika an de Walkampf a Frankräich.
E Sonndeg ass déi éischte Walronn am Kader vun de Presidentiellen a Frankräich an an dem Kader huet Dana och puer Froen zu dem Thema gestallt.
De Liam stellt seng Froe ronderëm d'Thema Pollenallergie an um Schluss ginn dann och d'Äerdbier ugeschwat.
De Fritz stellt dem Loïc an dësem Episod Froe ronderëm d'Thema Alldagsrassismus.
An eisem Kannerpodcast "Firwaaat?" geet et och des Woch nees ëm de Krich an der Ukrain. D'Journalistin Annick zielt wat sie vrun 2 Wochen erlierft huet. D'RTL Journalistin Annick zielt dem Loïc iwwert seng Andréck, déi et un der polnesch-ukrainescher Grenz virun 2 Woche konnt maachen. D'Annick war am Bus mat dobäi wou ee versicht huet Leit aus der Ukrain ze retten an op Lëtzebuerg ze bréngen.
De Ben stellt seng Froe ronderëm d'Nato. Dernieft erkläert de Loïc an dësem Episod wien de Wladimir Putin ass.
De Loïc äntfert an dësem Episod op dem Pit seng Froen.
Den Episod 22 vum Kannerpodcast setzt sech mat der Europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 auserneen. D'Christane an de Loïc beäntwerten seng vill Froen.