POPULARITY
D'EU a China haten op dat amerikanescht Freedefeier vu Stroftaxe reagéiert, China däitlech méi kräfteg wéi d'Europäesch Unioun. Wéi eng Approche ass besser? Eng Verhandlungsbasis muss bleiwen, mengt d'Carine Lemmer a sengem Commentaire.
D‘Méiglechkeet sech bannent dem Schenge-Raum fräi ze beweegen, ass eng vun de Grondfräiheeten a warscheinlech ee vun de gréisste Meritte vun der Europäescher Unioun.
Déi lescht Woch ass vill iwwer d'Lëtzebuergesch als Sprooch vun der Europäescher Unioun diskutéiert ginn. Als Soziolinguist a Kenner vun onser Sproochegeschicht wollt de Fernand Fehlen och säi Pefferkär dozou bäidroen.
An der Europäescher Unioun, sinn d‘Mënsche mat engem Handicap net genuch an de regulären Aarbechtsmaart integréiert, obschonn der vill eng ganz gutt Ausbildung kruten.
Aus Bosnien ass d'Schrëftstellerin Sladjana Nina Perkovic, an hire Roman “Dans le fossé” ass mat enger Mention spéciale vum Literaturpräis vun der Europäescher Unioun belount ginn. D'Buch, dat a franséischer Iwwersetzung bei Editions Zulma erauskoum, zeechent mat ganz vill Humor an Authentizitéit déi aktuell Gesellschaft um Balkan.
Bei den EU-Walen e Sonndeg entscheet sech déi zukünfteg Ausriichtung vun der europäescher Unioun. Kann eis Groussregioun e Model si wéi eng gutt a staark europäescht Zesummenaarbecht funktionéiere kann? Dozou Iwwerleeungen vum Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce.
Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.
Am Kloertext erkläre 5 Spëtzekandidate fir d'Europawalen hir Visioun fir d'Unioun.
D'Wale fir d'EU-Parlament de 9. Juni sinn déi lescht vun de Superwaljoren 2023-2024. Och wann d'Europäesch Unioun dacks wäit ewech schéngt, sou ass se an eisem Alldag ganz present. Schonn eleng dowéinst ass et derwäert, sech fir déi Walen z'intresséieren, mengt d'Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
Gehéieren d'Länner vum Westbalkan an d'Europäesch Unioun? Ë. a. dat freet de Maurice Molitor den Auteur vum Buch "Pulverfass Balkan".
E Samschdeg war den EU-Kommissär vun der LSAP eisen Invité am "Background am Gespréich.
D'Kyara stellt dem Loïc an dësem Episod Froen iwwert Europa.
D'Europäesch Unioun gesäit sech als Virreider am Kampf géint de Klimawandel. Mee ass dat och esou? De Rick Mertens freet d'Europa-Deputéiert vun déi gréng.
An dëser Episod gett et - an aussergeweinlechen Ëmstenn - em d'Thema Europadag an d‘europäesch Unioun. Mir kucken eis d'Entstehungsgeschicht vun der EU aus der Perspektiv vun hieren Kisen un, analyseieren hier Legitimatioun an probeieren produktiv un Leisungen ze schaffen. Musik: Bilderbuch – Europa 22 Referenzen – Lies mol!: - Costas Lapavitsas, The Left Case against the EU - The Brexit Crisis, a Verso Report - Edward Said, Orientalism - Sternstunde Philosophie: Europa (Youtube, SRF) - Nicole Schöndorfer, Darf Sie Das - Adam Hanieh, Lineages of Revolt, Issues of Contemporary Capitalism in the Middle East
20 Joer Euro - 19 vu 27 Memberstaaten aus der europäescher Unioun notzen haut eng gemeinsam Wärung. Am Alldag huet den Euro eis d'Liewen a villen Hisiichte vereinfacht, mee wéi vill Europa si mir bereet z'ënnerstëtzen? Eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
D'"Haas-Pandemie" erreecht Lëtzebuerg, dat stellt den Dhiraj Sabharwal de Moien am Tageblatt-Editorial fest: hie schreift iwwer d'Hannergrënn vun engem "toxesche Klima". Net ëm d'Corona-Pandemie mee ëm d'"Pirouettë vun der CSV" a Saache Verfassung, geet et am David Marques sengem Editorial am Quotidien. Iwwer d'"Stonn vun der Wourecht" schreift dann den Diego Velazquez am Wort-Leitartikel: hei geet et ëm den Ëmgang vun der Europäescher Unioun mat Polen, dat am Virfeld vum Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen.
D'"Haas-Pandemie" erreecht Lëtzebuerg, dat stellt den Dhiraj Sabharwal de Moien am Tageblatt-Editorial fest: hie schreift iwwer d'Hannergrënn vun engem "toxesche Klima". Net ëm d'Corona-Pandemie mee ëm d'"Pirouettë vun der CSV" a Saache Verfassung geet et am David Marques sengem Editorial am Quotidien. Iwwer d'"Stonn vun der Wourecht" schreift den Diego Velazquez am Wort-Leitartikel: hei geet et ëm den Ëmgang vun der Europäescher Unioun mat Polen, dat am Virfeld vum Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen.
Dëse Sonndeg steet Däitschland am Mëttelpunkt: Ronn 60 Millioune Wieler sinn opgeruff en neit Parlament ze wielen. Wat sinn d'Enjeue fir Däitschland, d'Europäesch Unioun an d'Groussregioun? Där Fro gi mir an engem Riicht eraus Spezial no, mat Hannergrënn, Analysen an Aschätzunge vum Max Tholl a Matthias Kirsch, eise Korrespondenten zu Berlin, an dem Danièle Weber, eiser EU-Korrespondentin zu Bréissel. Donieft huet d'Christina Heidt nogefrot, wat d'Direktkandidate vun Tréier zu Berlin a punkto Mobilitéit an der Groussregioun wëllen erreechen.
276 Milliounen Euro fir 5 nei Flüchtlingscampen op de griicheschen Inselen huet d'Europäesch Unioun deblockéiert. D'lescht Woch gouf deen éischte Camp op Samos ageweit. 3.000 Persounen, déi aus hirem Heemechtsland geflücht sinn, sollen hei kënnen ënnerkommen. E Camp, deen e battere Bäigeschmaach hannerléisst an d'Flüchtlingspolitik vun der EU oppe leet, fënnt d'Monica Camposeo am Commentaire.
An Däitschland gëtt de 26. September een neie Bundestag gewielt. Wéi een Afloss hunn dës Walen an hiert Resultat op Lëtzebuerg an op déi Europäesch Unioun? Dat analyséiert de Serge Kesseler mat senge Gäscht: den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten, de WOXX-Journalist Raymond Klein an de Publizist Pierre Lorang.
Haut kommen d'Innenministeren vun de 27 EU-Länner zesummen, fir iwwert méiglech Auswierkungen op Migratiounsbewegungen vun der Situatioun an Afghanistan ze diskutéieren. Bis elo hält sech d'EU zeréck mat Verspriechen, Refugiéën hei opzehuelen. Ee kriddelege Sujet, an deem d'Länner zanter Joeren zerstridde sinn. Wéi eng Roll soll d'Europäesch Unioun an der Kriis ronderem Afghanistan spillen? Dat froe mer dono den President vun der Aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament, den David McAllister. Den däitschen CDU-Politiker ass um halwer aacht eisen Invité vum Dag.
Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten. D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten". Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet. D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen. D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7. Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster Mastering a Montage: Carlo Link Lauschtert d'Suite vun der Diskussioun v.l.n.r.: Michael Roth (Däitsche Staatsminister fir Europa), Pia Oppel (radio 100,7), Jean Asselborn (Lëtzebuerger Ausseminister). Am Hannergrond, Schüler aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire Klassen.
Konferenz gouf den 9. Mee 2021 um Europadag lancéiert. Si ass eng Invitatioun un all d'Bierger vun Europa, iwwer d'Grenzen eraus mateneen ze schwätzen, iwwer d'Erausfuerderungen an d'Prioritéite a fir ze hëllefen d'Zukunft zesummen ze gestalten. D'Europaparlament, de Ministerrot an d'Europäesch Kommissioun verflichte sech den europäesche Bierger nozelauschteren an hir Recommandatiounen esou wäit wéi méiglech ëmzesetzen. Dëst gëtt den Europäer aus alle Schichten an alle Regioune vun der Unioun d'Méiglechkeet, Iddien iwwer d'Zukunft auszetauschen an zum Opbau vun Europa bäizedroen. Dëse Virschlag riicht sech besonnesch un déi jonk Generatioun, dëst ënner dem Moto: "Är Iddien a Wënsch sollen d'Zukunft gestalten". Bei dëser Geleeënheet hat den Institut Pierre Werner (IPW) den 21. Juni op eng tri-national Online Diskussioun, tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem däitsche Staatsminister fir Europa am Ausseministère, de Michael Roth, invitéiert. Dëst a Presenz vum franséischen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, dem Bruno Perdu, deen de franséische Staatssekretär Clément Beaune vertrueden huet. D'Ministeren hu mat jonke Leit aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen diskutéiert. D'Schüler ware invitéiert ginn, hir Froen zum Theema ze stellen. D'Diskussioun gouf moderéiert vum Pia Oppel, stellvertriedend Chefredaktesch vum ëffentleche radio 100,7. Enregistrement vum 21. Juni: IPW / Abtei Neimënster Mastering a Montage vum Resumé an der Online-Versioun: Carlo Link Online-Versioun: Lauschtert déi ganz Diskussioun "d'Zukunft vun Europa" v.l.n.r.: Michael Roth (Däitsche Staatsminister fir Europa), Pia Oppel (Radio 100,7), Jean Asselborn (Lëtzebuerger Ausseminister). Am Hanngrond, Schüler aus däitschen, franséischen a lëtzebuergesche Secondaire's Klassen.
De President vu Fairtrade Lëtzebuerg an den Direkter vun der Unioun vun den Entreprisen (UEL) diskutéieren doriwwer, ob e Liwwerkettegesetz gebraucht gëtt. Moderatioun: Rick Mertens.
D'Europäesch Unioun huet de Kaf vu Vaccine verbockt an dat och zouginn. Lëtzebuerg huet aus enger schlechter Ausgangsbasis eraus duerno och net geglänzt, fir et fein auszedrécken. D'Covid-Restriktioune ginn elo bis den 2. Abrëll verlängert. Ouni eng Minutt ze verléieren, missten d'Restriktiounen iwwerschafft ginn an d'Impfcampagne op Volltoure kommen. Am Abrëll mussen da Lockerunge kommen, sou de François Aulner an dësem Commentaire.
Mir froen de President vun der Unioun vun den Entreprisë firwat et esou schwéier ass en Ersatzgehalt fir Independanten op Been ze stellen. Moderatioun: Rick Mertens.
Froen un den neie President vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen (UEL): Wéi interpretéiert hien d'Roll vum Patron vun de Patronen? De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
Duerch d’Gesetz vum 28. Mee 2019 ass eng europäesch Direktiv vun 2016 a nationaalt Recht ëmgesat ginn, iwwer Moossname fir en héije gemeinsame Sécherheetsniveau fir Netzwierker an Informatiounssystemer an der Unioun ze garantéieren. Wéi ass et da mat der Protektioun vun den Datë vum Eenzelen ? Gëtt alles gemaach wat méiglech ass ? De Gaston Ternes geet an dëser Carte blanche der Fro no.
Duerch d’Gesetz vum 28. Mee 2019 ass eng europäesch Direktiv vun 2016 a nationaalt Recht ëmgesat ginn, iwwer Moossname fir en héije gemeinsame Sécherheetsniveau fir Netzwierker an Informatiounssystemer an der Unioun ze garantéieren. Wéi ass et da mat der Protektioun vun den Datë vum Eenzelen ? Gëtt alles gemaach wat méiglech ass ? De Gaston Ternes geet an dëser Carte blanche der Fro no.
Wouhi steiert d'Europäesch Unioun? A wéi reagéiert d'EU op déi aktuell an zukünfteg Erausfuerderungen? Doriwwer gëtt diskutéiert mat de véier Lëtzebuerger Europadeputéierte Marc Angel (LSAP), Christophe Hansen (CSV), Tilly Metz (déi gréng) a Monica Semedo (DP). No der Deklaratioun zur Lag vun der Europäescher Unioun vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen thematiséiere mir an der Emissioun d'Reaktiounen op d'Corona-Pandemie, d'Pläng fir d'Asyl- a Migratiounspolitik an déi geplangten nei Ziler an der Klimapolitik. Moderatioun: Serge Kesseler
Wéi eng Zukunft fir de Benelux? E Gespréich mam Generalsekretär vun der Dräi-Länner-Unioun. de maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
Pandemien entstinn och, well mir ëmmer méi an d‘Natur agräifen. Wéi kann een*t dogéint virgoen? D‘läscht Woch huet d‘Europäesch Kommissioun hir nei Biodiversitéitsstrategie virgestallt. 30 Prozent vun de Land- a vun den Mieresflächen an der Unioun sollen ënner Naturschutz gestallt, d‘Béie gerett an dräi Milliarde Beem geplanzt ginn. Wäert de Plang hëllefen, eis virun zukünftege Pandemien ze schützen? Wéi […]
D'Corona-Pandemie stellt d'Europäesch Unioun op eng haart Prouf - si huet bei ville Regierungen national Reflexer ausgeléist, wéi se sou nach ni an der Unioun ze erliewe waren. Zoue Grenzen, keng oder wéineg Koordinatioun iwwer Anti-Corona-Mesuren an iwwer d'Exit-Strategien ënner de 27 EU-Memberlänner, genee wéi Meenungsverschiddenheeten iwwer d'Anti-Krise-Mesuren: d'EU deet sech schwéier, sech an dëser Kris zesummenzedoen. Wéi déif stécht d'EU an der Kris? Gëtt et een Auswee, a wa jo wou muss een do usetzen? Wéi gutt gëtt d'Lëtzebuerger Regierung eens an där Kris? Dat froe mir een, deen déi lescht fënnef Joer an der EU a virdru laang zu Lëtzebuerg um Rudder war. De fréiere Lëtzebuerger Premier a Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker asseisen Invité vum Dag. D'Froe stellt d'Danièle Weber vun eisem Studio zu Bréissel aus.
Enrico Lunghi © Carlo Link De lëtzebuergesche Konschtbetrib war bis an d'1980er Jore vun éischter provënziellem Charakter. Dëst huet sech mat der Vergréisserung vun der Europäescher Unioun an dem Opschwong vum Land als Finanzplaz fundamental verännert. Der Regierung hir Decisioun fir d'Grënnung vum Centre d'art contemporain am Joer 1989, genee wéi d'Deelhuelen un de Biennalen zu Venedeg zanter 1988, steet a Verbindung mat enger wuessender internationaler Oppenheet vum Land. Am Kulturjoer 1995 an trotz dem Stëllstand am Projet Peimusée, gëtt d'Konscht ëmmer méi e feste Bestanddeel vum Liewen zu Lëtzebuerg. Eng Entwécklung, déi ugedriwwe gëtt vun der Ouverture vum Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain am Mäerz 1996. Am éischte Joerzéngt vu sengem Bestoen huet de Mudam dës Positioun weider verstäerkt. D'Konferenz vum Konschthistoriker an Auteur Enrico Lunghi verfollegt déi grouss Momenter vum aussergewéinleche Parcours vun der zäitgenëssescher Konscht zu Lëtzebuerg zeréck. Opgeholl den 10. Februar am CAPE zu Ettelbréck a verschafft vum Carlo Link. Begleedmaterial zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/12/30-joer-konschtgeschicht-enrico-lunghi_73b827.pdf Audio-Extrait Nr.1 : Ausstellungen "Casino Luxembourg - Forum d'Art contemporain" Audio-Extrait Nr.2 : Ausstellungen MUDAM Audio-Extrait Nr3 : Suite Geschicht MUDAM a Conclusiounen
Wéi ass de Corona-Hëllefspak vun der Regierung ze bewäerten?Wéi laang packen d'Entreprisen d'Confinements-mesuren nach?Wéi muss eng Exit-Strategie ausgesinn?Wéi grouss wäert de wirtschaftleche Schued wierklech sinn?Ënner anerem déi Froe stelle dem President vun der Unioun vun den Entreprisen.Den Nicolas Buck ass onsen Invité vun der Redaktioun.
Wéi ass de Corona-Hëllefspak vun der Regierung ze bewäerten?Wéi laang packen d'Entreprisen d'Confinements-mesuren nach?Wéi muss eng Exit-Strategie ausgesinn?Wéi grouss wäert de wirtschaftleche Schued wierklech sinn?Ënner anerem déi Froe stelle dem President vun der Unioun vun den Entreprisen.Den Nicolas Buck ass onsen Invité vun der Redaktioun.
"Jiddweree fir sech" - sou hu vill Leit d'Europäesch Unioun bis elo an der Corona-Kris erlieft. Wou bleift d'Solidaritéit? Amplaz sech géigesäiteg ze hëllefen, hu vill Länner fir d'éischt emol Grenzen zougemaach. D'Europäesch Kommissioun hat de Länner recommandéiert, dat net ze maachen. Misst Bréissel hei net méi duerchgräifen? Wat kann d'Kommissioun maachen, fir datt d'Länner méi op si lauschteren? Stécht d'EU an enger existenzieller Kris? Dat freet d'Danièle Weber de Lëtzebuerger EU-Kommissär fir Soziales a fir den Emploi Nicolas Schmit.
De Brexit ass sécher, par konter ass nach net sécher wéi di zukünfteg Relatioun tëscht Groussbritannien an der europäescher Unioun wäert ausgesinn. All eenzel Memberstaat huet seng rout Linnen, dorënner och Lëtzebuerg. De Chefnegociateur Michel Barnier war gëschter hei am Grand-Duché fir sech d’Positioun vun der Regierung unzehéieren.
De Brexit ass sécher, par konter ass nach net sécher wéi di zukünfteg Relatioun tëscht Groussbritannien an der europäescher Unioun wäert ausgesinn. All eenzel Memberstaat huet seng rout Linnen, dorënner och Lëtzebuerg. De Chefnegociateur Michel Barnier war gëschter hei am Grand-Duché fir sech d’Positioun vun der Regierung unzehéieren.
Viru knapps dräi Joer hunn d'Briten an engem Referendum fir en Austrëtt aus der Europäescher Unioun gestëmmt. Dee sollt dunn den 29. Mäerz vun dësem Joer sinn. Well awer déi britesch Premierministerin Theresa May keng Majoritéit am Parlament fir d'Ofkommes iwwer de Brexit krut, ass den Delai op den 31. Oktober verlängert ginn. Dat heescht an dräi Deeg wielen d'Briten hir Deputéiert fir an d'Europaparlament. De Brexit awer bleift nach ëmmer en Thema. Den André Duebbers am Gespréich mam fréieren Europadeputéierte Robert Goebbels.
Et gëllt als eng vun de groussen Errongenschafte vun der EU, datt d'Bierger sech fräi an der Unioun kenne beweegen. Mee dës Fräiheet kann och bedrohlech Ausmoossen unhuelen: A Rumänien ass d'Populatioun zum Beispill staark zeréckgaangen, zanter d'Land der EU bäigetratt ass. Wéi geet dat osteuropäescht Land domat ëm? Fir dat erauszefanne war de Rick Mertens kuerz virun den Europawahlen a Rumänien.
D'Europäesch Unioun soll bis 2050 klimaneutral sinn, dat huet den zoustännege Kommissär gëschter am Virfeld vun der UNO-Klimakonferenz déi nächst Woch a Polen annoncéiert. D'Memberstaate sinn opgeruff eng, Zitat „éiergäizeg Strategie“ auszeschaffen. Dat dierft net evident ginn a léisst d'Dieren op fir alles an näischt, och wann d'Konsequenzen vum Klimawiessel antëscht net méi z'iwwersi sinn. E Commentaire vum Claude Zeimetz
Mir brauchen eng nei Begeeschterung fir Europa! A sechs Méint sinn Europawahlen, an dat an enger Zäit, wou d'Zukunft vun der Europäescher Unioun um Spill steet. Wéi soll Lëtzebuerg domat ëmgoen? Dozou eng Carte Blanche vum Ben Fayot.
Mir brauchen eng nei Begeeschterung fir Europa! A sechs Méint sinn Europawahlen, an dat an enger Zäit, wou d'Zukunft vun der Europäescher Unioun um Spill steet. Wéi soll Lëtzebuerg domat ëmgoen? Dozou eng Carte Blanche vum Ben Fayot.
D’Europäesch Unioun ass den Ament drëm beméit no Mëttel a Weeër ze sichen fir derfir ze suergen, datt sou mann wéi méiglech Leit vu baussen un eis Dier tocke kommen. Kee schwätzt méi vun Ëmverdeelung, och wann de Lëtzebuerger Ausseminister virun enger existenzieller Kris vun der EU warnt. Ganz uewen op der Agenda steet de Schutz vun de Baussegrenzen. Spéitstens de leschte Sommet huet gewisen; d’Politik déi op Käschten vun de Flüchtlinge geet, huet sech antëscht zu Bréissel duerchgesat. Claude Zeimetz
Wien bausst der europäescher Unioun ënnerwee ass, dee brauch e Pass. Mä wéi laang nach freet sech de Yann Logelin:
Eng GroKo réckelt méi no. Um SPD-Parteidag gouf et „Jo“ fir Koalitiounsverhandlunge mat der Unioun. Ma et ass awer net wierklech fir opzeootmen, mengt de Pit Everling de Moien a sengem Commentaire. Éischtens ass d'Saach nach laang net geritzt, d'Koalitiounsgespréicher gi jo réischt un....an zweetens war den „SPD- Jo“ sou knapp, datt e bal éischter als „Nee“ ze interpretéieren wier. Um Dësch sëtze jiddefalls dräi Verhandlungscheffen, déi ferme u Glanz verluer hunn...
Ëm d’Gemengewalen, d’Ried vum Jean-Claude Juncker zur Lag vun der Europäescher Unioun an d’Schoulrentrée goung et am 1. Presseclub vun der neier Saison.
Ëm d’Gemengewalen, d’Ried vum Jean-Claude Juncker zur Lag vun der Europäescher Unioun an d’Schoulrentrée goung et am 1. Presseclub vun der neier Saison.
Haut ass den Owend ass de Lëtzebuerger Championnat vun der Elite, an den Interreg-Championnat am Judo zu Diddeleng. De Charel Stelmes ass am Judo de Papp vum Interreg, dat ass d´Ofkierzung fir d´Interregional Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg, dem Saarland an der Lorraine. Duerch dës grenziwwergräifend Collaboratioun krit een finanziell Hëllef mat Gelder vun der Europäescher Unioun. E Modell, deen och fir aner Lëtzebuerger Federatiounen duerchaus interessant misst sinn. Donieft moossen sech déi bescht Lëtzebuerger Judokaen mat Hiresgläichen aus der Groussregioun. De Charel Stelmes ass zanter 7 Joer Generalsekretär vun der FLAM, der Lëtzebuerger Federatioun vun den Arts-Martiaux.