Podcasts about feierdeeg

  • 14PODCASTS
  • 22EPISODES
  • 33mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Jan 8, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about feierdeeg

Latest podcast episodes about feierdeeg

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Vum Pascale Engel: De schéinste Kaddo: Wéi een d'Feierdeeg an d'Zäit dono richteg genéisse kann, 08/01/2025

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 8, 2025


An dëser Carte Blanche kuckt d'Pascale Engel op de Stress vun de Feierdeeg zeréck a reflektéiert doriwwer, wéi Uechtsamkeet eis hëllefe kann, eis op dat Wesentlecht ze konzentréieren: d'Presenz am elo an hei - an dat net nëmme wärend de Feierdeeg.

Ceci, Do You Love Me?
#56 LOIVOS - E Bléck an d'Band

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Dec 25, 2024 43:22


Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek - dofir schwätze mir an dëser Episode iwwert d'Entwécklung vun der Bandscene zu Lëtzebuerg, wat Challenges hautdesdaags sinn, wat si vum Musekspräis halen a wéi d'Distanz tëschent hinnen si mental trëfft. An dat natierlech alles an engem cozy vibe! Dir hut Loscht si kucken ze goen? Da schreift iech follgend Datumer op: 30.12.2024 Rocas (Luxembourg) 25.01.2025 La Chouée (Metz) 05.03.2025 MK Bar (Belval) 09.08.2024 Klierf Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch! Mir gesinn eis nächst Joer mat neien Episode rëm. Maachen awer bësse méi lues mat den Episode well ech net méi wierklech vill Zäit dofir hunn. Hoffen trotzdeem, dass dir weider ralauschtert! Kussi

Buvette - De Fussballpodcast
Episod 132 - Geschmacksprobe an der Buvette

Buvette - De Fussballpodcast

Play Episode Listen Later Dec 13, 2023 33:50


An der leschter Episod Buvette fir dëst Joer ass net nëmmen de Fussball Gespréichsthema, mee och d'Gedrénks vu verschidde Veräiner. Natierlech gëtt de Rousperter Match ënnert d'Lupp geholl a sech gefrot: Firwat ass de Match iwwerhaapt ugepaff gi. Da kucke mir nach op d'Auslousung vum DFB-Pokal, froen eis firwat de Niki Süle jubelt wéi de Luca Toni a wënschen iech natierlech all schéi Feierdeeg!

Kultur
Hors d'oeuvre: déi aktuell Expo am Cercle Cité

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 7, 2023 7:30


“All you can eat”: fir verschiddener ass dat eventuell de Motto vu Feierdeeg an dëse Breedegraden, mee dobäi handelt et sech och ëm eng Expo am Lëtzebuerg City Museum, déi aus enger historescher Perspektiv d'Ernärung vum Mënsch thematiséiert. Op déi kënschtleresch Perspektiv kënnt Dir Iech bis den 21. Januar am Ratskeller vum Cercle Cité aloossen. D'Kerstin Thalau ass vun der Anastasia Chaguidouline, déi artistesch Directrice vum Cercle Cité, méi zu der Expo “Hors d'oeuvre”gewuer ginn.

Kultur
Residenze fir Lëtzebuerger Kënschtler am Ausland

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 6, 2023 6:43


2020 huet de Kulturministère den Arts Council Kultur:LX an d'Liewe geruff, deem seng Haaptmissioun d'Bekanntmaachen an d'Promotioun vu Lëtzebuerger Konscht a Kultur am Ausland sollt ginn. Virun de Feierdeeg war et d'Nouvelle, datt de Yann Annicchiarico fir eng Residenz am Berliner Künstlerhaus Bethanien, de Julien Hübsch fir eng Residenz an der Paräisser Cité des Arts selektionéiert gi wieren. Allebéid si plastesch Kënschtler. Fir hiren Domaine ass d'Hélène Doub bei Kultur:LX zoustänneg. Fir si kënnt den Hype ronderëm d'Kënschtlerresidenzen net vun ongeféier, kënnen d'Effete vun esou engem Openthalt sech nohalteg an extreem positiv auswierken.

Invité vum Dag
Ute Heinz

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jan 6, 2023 14:25


No de Feierdeeg am Dezember drénke verschidde Leit am Januar iwwerhaapt keen Alkohol. Bréngt dat eppes? De Rick Mertens freet eng Psychologin vum Suchtverband.

Kultur
Residenze fir Lëtzebuerger Kënschtler am Ausland

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 5, 2023 12:54


2020 huet de Kulturministère den Arts Council Kultur:LX an d'Liewe geruff, deem seng Haaptmissioun d'Bekanntmaachen an d'Promotioun vu Lëtzebuerger Konscht a Kultur am Ausland sollt ginn. Virun de Feierdeeg war et d'Nouvelle, datt de Yann Annicchiarico fir eng Residenz am Berliner Künstlerhaus Bethanien, de Julien Hübsch fir eng Residenz an der Paräisser Cité des Arts selektionéiert gi wieren. Allebéid si plastesch Kënschtler. Fir hiren Domaine ass d'Hélène Doub bei Kultur:LX zoustänneg. D'Kerstin Thalau wollt méi konkret gewuer ginn, wat fir Effeten esou en Openthalt am Idealfall huet.

Ceci, Do You Love Me?
CECI PRESENTS: Sarah Bergdoll - Der Gesellschaft eppes zréckginn

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Dec 22, 2022 36:34


D'Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d'Fondatioun leescht an wéi d'Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d'EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer. Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!

RTL - Sproochmates
Sproochmates: ëm d'Päischten, 29/05/2022 15:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later May 29, 2022


Déi lescht Schoulvakanz virun der grousser Vakanz ass sou gutt wéi gelaf. Meeschtens ass dat jo eng Vakanz mat Feierdeeg; de Päischtsonndeg an de Päischtméindeg, déi falen dës Kéier awer aus der Péngschtvakanz eraus. Wéi och ëmmer den Alain Atten ass déi richteg Persoun fir d'Traditioune ronderëm dës Deeg z'erklären.

Firwaaat? - De Kannerpodcast
Epsiod 30 - Firwat gëtt e Ramadan an en Zockerfest?, 07/05/2022 10:00

Firwaaat? - De Kannerpodcast

Play Episode Listen Later May 7, 2022


An dësem Episod dréint sech allem ëm d'Zockerfest. Ee vun de wichtegste Feierdeeg am Islam. De Brieuc deen huet des Woch seng Froen zu dem Thema gestallt.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: Léinesonndeg, 18/03/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Mar 18, 2022


Mam Sproochmates gi mir dës Kéier léinen. Méi wat oder wien? Um Léinesonndeg war et laanscht d'Musel Usus, datt all Duerfmeedchen e Borscht fir de Schutz zougewise krut, gekoppelt mat der Verflichtung fir sech op bestëmmte Feierdeeg géigesäiteg ze beschenken. De Rescht erkläert den Alain Atten.

HAM, FRITTEN & ZALDOT
#95 Until The Fat Lady Sings

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Play Episode Listen Later Dec 22, 2021 38:38


Ass HFZ dëst Kéier méi séier wéi de Virus? Gutt méiglech. D'Regierung muss kuerz virun de Feierdeeg d'Mesuren unzéien. Ausserdeem: D'Schwurbler waren op der Télé an hu geschwurbelt. Dobäi hu se sech virun allem awer selwer entlarvt a bewisen, datt mat hinne net ze schwätzen ass.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: ëm d'Päischten, 21/05/2021 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later May 21, 2021


Déi lescht Vakanz virun der grousser Vakanz steet virun der d'Dier. Eng Vakanz mat Feierdeeg; de Päischtsonndeg an de Päischtméindeg. Do kënnt den Alain Atten natierlech wéi geruff, fir d'Traditiounen ronderëm dës Deeg z'erklären.

deeg vakanz feierdeeg
Hannerzeg No vir
Pizzagate

Hannerzeg No vir

Play Episode Listen Later Jan 4, 2021 67:23


Hannerzeg No Vir ass och am neie Joer ukomm an start direkt eng Grondatzdiskussioun: Wéivill Kéis gehéiert op eng Pizza a wéini ass et zevill? Doniewt schwätzen de Rik an de Pit iwwert hier Feierdeeg an diskutéieren ënnert anerem iwwert den Netflix Documentaire zum Dominique Strauss-Kahn. Zum Schluss geet et och nach ëm Lëtzebuergeschen Hip-Hop an wisou hir Lidder net op Eldoradio laafen.  Mir wënschen Iech e schéint neit Joer an Vill Spaass mat eiser neier Episode. Bis nächst Woch!

Erklär&Laach
Ep.50: 'Christmas Special'

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later Dec 21, 2020 77:52


Hohoho! Déi dräi mannerbemëttelt Kleesescher sinn do, fir Iech d'Chrëschtgeschicht aus dem Joer 2020 ze verzielen! Ausserdeem an dësem Späschel: Liicht Esoterik, de Podcastkrich, an dem Pippo seng Verwandlung vum Grinch hin zum empatheschen Darling. An elo scho mol: Schéi Feierdeeg, loosst et iech gutt goen.

Paus.
Dee mat den Challenges

Paus.

Play Episode Listen Later Apr 18, 2020 75:47


An Zäiten ewéi dësen verdreiwen sech d'Leit nach méi ewéi soss d'Zäit mat Challenges an ähnlëche Geschichten. Mir opferen eis op a probéieren der e puer fir iech aus. Enner anerem këmmere mir eis nach em essentiell Themen ewéi Polizisten op TikTok a Lieblingsmemes. PLUS: latäinamerikanesch Feierdeeg, traumatesch Besich beim Schouldokter a firwat de Yannick onbedéngt beim Marie Antoinette sengem Doud hätt wéilten dobäi sinn.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche, Anne-Marie Hanff , 09/01/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 9, 2019


D‘Feierdeeg sinn eriwwer. Eng Zäit wou een d‘Joer Revue passéiere léisst an sech besënnt op dat wat wichteg ass. Mä wat ass wichteg? An dëser Carte Blanche deelt d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin, hir Erfarungen aus dem Beruffsalldag.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche, Anne-Marie Hanff, 09/01/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 9, 2019


D‘Feierdeeg sinn eriwwer. Eng Zäit wou een d‘Joer Revue passéiere léisst an sech besënnt op dat wat wichteg ass. Mä wat ass wichteg? An dëser Carte Blanche deelt d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière an Fleegewëssenschaftlerin, hir Erfarungen aus dem Beruffsalldag.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Am Bistro mat der woxx #029 – Algorithmen mat Viruerteeler (04.01.2019)

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jan 4, 2019 11:05


No enger klenger Paus iwwert Feierdeeg ass d’woxx am néie Joer erëm do. Net nëmme mat enger Print-Editioun, mä och mat engem Podcast. Nieft engem Iwwerbléck iwwert déi aktuell Nummer schwätze mir dës Woch iwwert de Phänome vum algorithmic bias, also Algorithmen, an deenen sech Viruerteeler verstoppen. Mir erklären, wéi dat zustane kënnt a wisou grad Machine Learning dovunner betraff ass. Nieft […]

RTL - 5vir12
5 vir 12, 22/05/2016 11:20

RTL - 5vir12

Play Episode Listen Later May 22, 2016


Wéinst de Feierdeeg an der Vakanz hu se sech laang net gesinn an dofir ass 1 Mount opzeschaffen. Rondrëm d'Mikroen sëtzen haut de Roger Leiner, Roland Kalté, Jemp Schuster, Jos Kockelmann an d'Christiane Kremer

RTL - 5vir12
5 vir 12 , 22/05/2016 11:20

RTL - 5vir12

Play Episode Listen Later May 22, 2016


Wéinst de Feierdeeg an der Vakanz hu se sech laang net gesinn an dofir ass 1 Mount opzeschaffen. Rondrëm d'Mikroen sëtzen haut de Roger Leiner, Roland Kalté, Jemp Schuster, Jos Kockelmann an d'Christiane Kremer

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecken an der Rentrée

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Sep 16, 2008 4:35


En Joer ass definéiert doduerch, daat déi Kurrel op der mir setzen (d’Erd) eng Kéier rondrem eng aaner Kurrel (d’Sonn) dréint. Aus irgendwelchen mytholgeschen Grenn ass den Datum fir daat ze féiren op genee eng Woch nom Gebuertsdaag vun irgendengem Drogenverreckten geluecht ginn. Och schon deemols wollten d’Leit hier Feierdeeg hunn.