POPULARITY
Ouni Doudesfäll geet et dann awer net: Nom Erfolleg vun den zwou Saisone vu "Capitani" ass et net méi um Luc "Capitani" Schiltz, mee um Albert Henrotin (Jules Werner) un um Léon Clemens (Timo Wagner), Fäll ze léisen. Anescht wéi bei "Capitani" interesséieren sech déi zwou fiktional Figuren awer fir Fäll, déi wierklech passéiert sinn - an eis an d'Lëtzebuerg vum fréien 20. Joerhonnert zeréckféieren. De Jeff Schinker huet de Realisateur a Showrunner Loïc Tanson esou wéi d'Schauspiller Marie Jung a Philippe Thelen bei sech an de Studio agelueden, fir sech iwwer d'Serie ze ënnerhalen.
E Freideg de Moie war de Chômage Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir si bei Kultur um 5 permanent op der Sich no originelle Kläng a Geräischer, déi mir da fir Iech op- an ausenaner huelen, bal verfriemen, an an e Kontext setzen, fir op eventuell Lienen zur Konscht, Alldagskultur, a souguer der Wëssenschaft hinzeweisen. Fir fir d'Rentrée e Knuppert op Lager ze hunn, waren d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen extra op de virleschte Schueberfouerdag. Do hu si effektiv genuch Material fir e puer Soundatlas-Episoden agefaangen. Wéi sinn déi Zwee vum Radio bis op de Glacis gereest? Natierlech mam Tram, dee jo och schonn eppes vun engem faarwege Karussell fir Kanner huet. An doriwwer eraus hat d'Bunn op der Héicht vun der Fouer e spezielle Sound ze bidden.
De Kampf géint d'Wäisswäsche vu Gelder bréngt mat sech datt de Client vun enger Bank vill a schwéierfälleg Formalitéiten erfëlle muss. Dat stéisst op vill Onverständnes. An dëser Carte Blanche gëtt d'Fro opgeworf, ob et wierklech néideg ass bei klengen a bescheidenen Persounen an Associatiounen esou genee ze reglementéieren. Misst do net de Prinzip vun der Proportionalitéit gëlle wéi en och an anere Fäll ugewant gëtt.
Fir säin zweete Film hannert der Kamera deelt sech de Viggo Mortensen d'Affiche mat der Vicky Krieps. Wärend dem leschte Luxfilmfest hat de Michel Delage sech mam dänesch-amerikanesche Cineast an Acteur iwwer säi Western "The Dead don't die" ënnerhalen. De Film leeft de Moment an eise Kinoen.
D'Kafkraaft ass am Virfeld vun de Chamberwalen ee vun den Haaptsujeten. Statistiken no ass d'Kafkraaft vun de Leit am Duerchschnëtt déi lescht Joren awer eropgaangen, dank de Mesurë vun den Tripartitten. Anescht gesäit et natierlech aus, wann een op der Sich no der éischter Wunneng ass. Am Commentaire haut freet sech de Francois Aulner: "ëmmer méi Kafkraaft fir jiddereen, muss dat sinn?"
Häerzlech Wëllkomm zréck bei der Russland-Krim-Bréck vun de lëtzebuergesche Podcasts! Mir sinn zréck aus der Summerpaus a bidden Iech endlech nees gratis Intelligenz-Immodium. Dat ënnert anerem mat engem Bléck op eise verstëpsten Insta-Kanal, dem Baschti senge kulinareschen Aventuren, an engem Joe, deen lo alles anescht maache wëll wéi fréier... C'est n'importe quoi géif de Belsch soen, mee je kiffe.
"Kapital" a "Casino" ginn normalerweis zesummen. Anescht ass et, wann et sech beim Casino ëm eng Konschthal fir zäitgenëssesch Konscht handelt, déi eng Konscht-Expo ënner dem Titel "The Everted Capital", also d'ëmgedréit Kapital, presentéiert. Responsabel dofir sinn déi franséisch Kënschtler a Realisateure Fabien Giraud a Raphaël Siboni, mat deenen de Casino schonn zanter zéng Joer zesummeschafft. D'Kerstin Thalau am Gespréich mam Fabien Giraud
Déi russesch Invasioun an der Ukrain ass d'Haaptthema bei HAM, FRITTEN & ZALDOT. Mir kucken natierlech besonnesch op Lëtzebuerg: d'Reaktioun vum Grand-Duché, d'Auswierkunge vun de Sanktiounen op Lëtzebuerg, dat laangt Zécken vun zwee fréiere Ministeren. Ausserdeem: En Appell, sech trotz - oder grad wéinst - de schreckleche Biller och e Moment vun der Rou z'erlaben a no senger eegener mentaler Gesondheet ze kucken.
Anescht wéi um éischten Spilldag konnten an der BGL-League um 2te Spilldag d'Partien alleguer gespillt ginn. An der Éierepromotioun rullt de Ball dann och nees. Den FLF-Magazin mam Gilles Tricca.
E Freideg de Moie war d'Ëmweltministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Wärend dem leschte Joer huet sech villes am Liewe vun eise Matmënsche geännert. Eisen Alldag leeft anescht of, d'Zesummeliewen ass verännert an ageschränkt, mir hunn aner Gewunnechten op der Aarbecht, d'Schoul an d'Veräinsliewe krut drastesch Aschränkungen operluecht. Wéi geet de Mënsch mat esou Verännerungen ëm? Wéi eng bleiwend Schied brénge Verännerunge mat sech? Wou kann de Mënsch eng Stäip fannen, fir besser duerch esou schwéier Zäiten ze kommen? Sinn dës Verännerungen och eng Chance, nei Weeër ze sichen an ze goen? Op dës an aner Froe versichen d'Intervenanten Äntwerten ze fannen. Moderatioun: Pit Bouché, Caritas a Member vum Verwaltungsrot vun der Erwuesse Bildung, (ze héieren an der Online-Versioun!) Et diskutéiere mat: Milly Hellers, Oktav-Priedegerin 2021 Marcia Dechmann, Mamm vun 3 Kanner, Infirmière Enseignante Martine Kemp, Ingénieure Paul Galles, ënnert anerem, Politiker, Member vum Verwaltungsrot vun der ErwuessenBildung Norry Schneider, Centre for Ecological Learning Luxembourg / CELL Enregistrement: Centre de formation diocésain Jean XXIII / Montage: Carlo Link Online-Versioun: Lauschtert déi ganz Gespréichsronn Video-Versioun: https://www.youtube.com/watch?v=8uPqaZTpB7Y
En Donneschdeg de Moien war de President vun der Autosfederatioun Fedamo eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Gesondheetsministesch war eis Invitée e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.
Déi zweet Covid-Well ass definitiv ukomm a se gëtt méi hefteg ewéi déi éischt. Op der anerer Säit misst d'Land dës Kéier preparéiert sinn. Oder et hätt et kënne sinn, sou de François Aulner am Commentaire.
Am Kloertext goung et e Mëttwoch den Owend ëm d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel. Et hu Vertrieder vun de 7 Parteien diskutéiert.
De Staatsminister war e Samschdeg eisen Invité am Background am Gespréich.
Anescht ewéi déi aner Kinoen am Land, déi erëm de 17. Juni opmaachen, huet déi Stater Cinemathéik bis elo nach keen Datum fir hir Reouverture genannt. De Michel Delage huet den Direkter vun der Cinemathéik Claude Bertemes gefrot, wéini een dann nees ka Filmklassiker um groussen Ecran gesinn.
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet jo decidéiert des Saison kee Futtball méi hei am Land spillen ze loossen an deen Dossier gouf haut vun der UEFA ugeholl, deemno ass déi aktuell Saison offiziell gestoppt. E Champion gëtt et awer des Saison net. Anescht hoffen se, datt dat an der Däitscher Bundesliga de Fall ass. Mam Laurent Jans an mam Leandro Barreiro sinn jo zwee Lëtzebuerhger Nationalspiller do an der éischter Liga. Am FLF-Magazin vun haut, kuckt de Franky Hippert fir eis, wei dem Barreiro, Profi zu Mainz, seng Zait während der Coronakris ausgesait:
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet jo decidéiert des Saison kee Futtball méi hei am Land spillen ze loossen an deen Dossier gouf haut vun der UEFA ugeholl, deemno ass déi aktuell Saison offiziell gestoppt. E Champion gëtt et awer des Saison net. Anescht hoffen se, datt dat an der Däitscher Bundesliga de Fall ass. Mam Laurent Jans an mam Leandro Barreiro sinn jo zwee Lëtzebuerhger Nationalspiller do an der éischter Liga. Am FLF-Magazin vun haut, kuckt de Franky Hippert fir eis, wei dem Barreiro, Profi zu Mainz, seng Zait während der Coronakris ausgesait:
Déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet jo decidéiert des Saison kee Futtball méi hei am Land spillen ze loossen an deen Dossier gouf haut vun der UEFA ugeholl, deemno ass déi aktuell Saison offiziell gestoppt. E Champion gëtt et awer des Saison net. Anescht hoffen se, datt dat an der Däitscher Bundesliga de Fall ass. Mam Laurent Jans an mam Leandro Barreiro sinn jo zwee Lëtzebuerhger Nationalspiller do an der éischter Liga. Am FLF-Magazin vun haut, kuckt de Franky Hippert fir eis, wei dem Barreiro, Profi zu Mainz, seng Zait während der Coronakris ausgesait:
En Zuch, dee Verspéidung huet oder ausfält - dat gëtt et leider méi dacks. An Zukunft solle Passagéier an esou Fäll méi héich Kompensatioune kréien. D'Europaparlament setzt sech fir eng däitlech Verbesserung vun de Passagéier-Rechter an, déi an der ganzer EU gëlle sollen. Anescht wéi bis elo wier och de grenziwwergräifende Zuchverkéier betraff. Vëlos-Plaze missten iwwerdeems an all Zuch zur Verfügung gestallt ginn. En Dossier vum Danièle Weber.
Villes, wat fréier richteg war, ass haut iwwerholl. Villes, wat een eis an eiser Jugend agetriichtert huet, gëllt haut als falsch.De Guy Seyler ass duerfir och e bësse veronséchert.
Och déi 2t Hallschecht vum Mount Januar war alles Anescht wéi langweileg, an do mécht sech eis Equipe hire Reim drop.Beim Christiane Kremer am Studio sinn de Roland Kalté, Lucien Czuga a Jemp Schuster
Och déi 2t Hallschecht vum Mount Januar war alles Anescht wéi langweileg, an do mécht sech eis Equipe hire Reim drop.Beim Christiane Kremer am Studio sinn de Roland Kalté, Lucien Czuga a Jemp Schuster