Podcasts about gefill

  • 7PODCASTS
  • 19EPISODES
  • 18mAVG DURATION
  • ?INFREQUENT EPISODES
  • May 16, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about gefill

Latest podcast episodes about gefill

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm Frae-Selbstschutz: Tëscht Krav Maga, Orange Week a politescher Verantwortung stellt sech d'Fro, wat esou Coursë wierklech bréngen – a wat se net kënnen. Melanie Czarnik huet mat Trainer*innen an Expert*innen geschwat, an erzielt, firwat et heiansdo e Gefill vu Sécherheet gëtt, ouni dass d’Strukturen sech änneren.The post Frae-Selbstschutz first appeared on Radio ARA.

Kultur
Eng Videoinstallatioun fir Filmbiller ze lauschteren an hiren Toun ze kucken

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 7, 2025 15:34


“Dis-Placed” ass den Titel vun enger Gruppenexpo, déi Dir nach bis den 19. Januar an d'Escher Konschthal kënnt kucke goen. Eng Dosen international an national Kënschtler:inne vun Omer Fast bis Lisa Kohl thematiséieren, a verschiddene Konschtdisziplinnen, den Deplacement, de Verloscht vum Doheem, also net just vun enger Architektur oder engem Territoire, mee och vum Gefill vu Sécherheet, vun Zougehéieregkeet zu engem Grupp an all de Konsequenzen. Mat dobäi och de Guillaume Delaperrière mat senger Videoinstallatioun “Lisboa Orchestra” op 4 Ecranen, déi esou guer net bei de Sujet ze passe schéngt. D'Kerstin Thalau ass vum Paräisser Realisateur méi dozou gewuer ginn.

Kultur
Den Taysir Batniji huet et als Kënschtler gepackt, ...

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 13, 2024 8:48


“Dis-Placed” ass den Titel vun enger Gruppenexpo, déi Dir nach bis den 19. Januar an d'Escher Konschthal kucke goe sollt. Eng Dosen international an national Kënschtler:innen thematiséieren, a ganz ënnerschiddleche Konschtdisziplinnen, den Deplacement, de Verloscht vum Heem, vu sengem Doheem, also net just vun enger Architektur oder engem Territoire, mee och vum Gefill vun der Sécherheet, der Zougehéieregkeet zu engem Grupp an all de Konsequenzen. E Curateuren-Team huet d'Crème de la Crème fir d'Expo gewanne kënnen, weist Aarbechte vum Omer Fast, vun der Marlène Dumas, vum Gregor Schneider, vun nationaler Säit vun der Lisa Kohl. An och vum Palästinenser Taysir Batniji, deen extra op Esch gereest war, an do bereet war, dem Kerstin Thalau Froen ze beäntweren.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Gilbert Pregno: Eng Mask, déi dem Mann e Gefill vu Muecht gëtt, 29/11/2024

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 29, 2024


A Frankräich suergt e Prozess fir vill Opmierksamkeet. Do ass eng Fra, d'Gisèle Pelicot, iwwert 10 Joer vergewaltegt ginn, ënner Ëmstänn, déi en Abléck ginn, wéi wäit Veruechtung vu Männer vis-a-vis vu Frae ka goen. Dozou eng Carte Blanche vum Psycholog a Mënscherechtler Gilbert Pregno.

RTL - Commentaire
Pierre Jans: Iwwer den Hierscht-Blues, 12/09/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Sep 12, 2024


D‘Schueberfouer huet hir Dieren nees zougemaach. Spéitstens elo ass de Summer och vum Gefill hir eriwwer. E Méindeg ass Rentrée an de Schoulen.

blues rentr dieren schoulen gefill pierre jans
Méi wéi Sex
#146: De Kuerf kréien an de Kuerf ginn – Ee gudden Ëmgang mat Zréckweisung

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jun 28, 2024 49:08


Et deet wéi, wa mir net gewollt ginn oder eng Persoun ënnerhalb vun enger Bezéiung eis zeréckweist. Dat Gefill ka mol méi schlëmm, mol manner grouss sinn. An dëser Episoden zielen d*e Robin an de Joël, wéi si domadder ëmginn a wat hir Tipps sinn, fir ze vermeiden, datt dat Gefill iwwerhaapt opkënnt. Mä net nëmme mir selwer kënnen ee Kuerf kréien, heiansdo si mir och an enger Situatioun, wou mir eng aner Persoun zeréckweise mussen. Och dat ass net einfach, vläicht esouguer méi schwiereg – mä och hei huet ären Liblingssexpodcast Tipps fir Iech! An an der Rubrik schwätzt den Elie doriwwer, wéi ee Business Meeting hëllefe kann, besser ze kommunizéieren. Vergiesst och net eisen Event de 6. Juli an de Rotonden, wou dir bei Workshops a bei enger Live-Opnam vun enger Episod kënnt dobäi sinn.

Kultur
Albumrezensioun: Elbow - Audio Vertigo

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 9, 2024 20:41


Déi Brittesch Band Elbow brénge mit hirer 10. Studioplack "Audio Vertigo" ee Ruff äus der Liewensmëtt eräus, dee bal wéi eng Neigebuert kléngt. Ee Frontmann, deen nach net äusgeschwat huet, an eng Band. déi all nei Iddi mat vill Gefill ausmoolt.

RTL - Commentaire
Michèle Sinner: Wou de Fred Keup Recht huet, huet e Recht, 09/10/2023

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 9, 2023 2:52


Déi Gréng goufen e Sonndeg bei de Walen ofgestrooft. Dat huet manner mat hirer tatsächlecher Politik ze dinn, déi net besser oder schlechter war, wéi déi vun den anere Regierungsparteien, mee mam Gefill, dat doduerch entsteet. Dat mengt d'Michèle Sinner an hirem Commentaire.

Méi wéi Sex
#96: D’Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Apr 22, 2022 38:39


Wéi geet een am beschte mat senger eegener Jalousie ëm? An wat ass, wann d*e Partner*in jalous gëtt?De Joël an d*e Robin beschwätzen an dëser Episod, wéi sech e gesonden Ëmgang mat deem Gefill fanne léisst. An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer dem Rihanna seng Schwangerschaft an dee politesche Statement, deen hat mat sengem … „#96: D’Jalousien erop maachen – een gesonden Ëmgang mat Eifersucht“ weiterlesen

Kultur
Noitibihoc? Net tibi tibi?

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 11, 2021 8:51


"Mäi Spillen ass Léieren, mäi Léieren ass Spillen", esou den hollänneschen Dichter Hieronymus van Alphen schonn am 18. Joerhonnert. Schéi fir hien, mee muss dofir direkt déi ganz Welt "spilleresch" ginn? Jo, onbedéngt, mengen d'Kënschtlerin Aurélie D'Incau an d'Performerin a Bünebildnerin Clio Van Aerde. D'Spill géif eis net just e Gefill vu Fräiheet ginn, well et wäit ewech vun de stressege Kategorië richteg a falsch agéiert, mee et wier och fundamental fir d'Originalitéit an der Konscht. D'Kerstin Thalau wollt wëssen, wéi originell déi zwéin tatsächlech sinn a war an de Walfer Kulturespace CAW.

RTL - Commentaire
Roy Grotz: Iwwerliewenswichteg Schéiwierder-Rhetorik, 13/10/2020 18:31

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 13, 2020


Den Zoustand vun der Natioun ass also beschriwwen - op d'mannst dem "wording" vun der Regierung no. A sengem Tëscheruff seet sech de Roy Grotz den Owend bestäerkt am Gefill, datt de Staatsminister ganz sensibel op d'Vox populi ass.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Zeréck an de Büro, zeréck bei d’Problemer vun der Aarbechtswelt

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jun 12, 2020 15:42


Net jiddereen*t hat d’Chance, konnten op den Home-Office zeréck ze gräifen. Mä fir déi, déi elo erëm mussen zeréck an de Büro, stellen sech awer eng ganz Rëtsch Problemer: Deelweis ginn d’Sécherheetsmesuren net agehalen, oder d’Aarbechtsmaterial ass deenen néien Aufgaben a Kommunikatiounsformen, déi wärend der Kris entstane sinn, net ugepasst. Verschidden Employéen hunn d’Gefill, si misste just an de […]

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invitée: Cécile Hemmen , 07/02/2020 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Feb 7, 2020


En Dënschden ass si wéi och den DP-Politiker Pim Knaff, an d’Chamber nogeréckelt. Et ass awer net déi éischte Kéier, datt d’Cécile Hemmen d’Reie vun de Sozialisten um Krautmaart komplett mécht. 2013 ass si fir den Etienne Schneider nogeréckelt, dee Wirtschaftsminister gouf. Mat wéi engem Gefill huet d’Cécile Hemmen hir Roll als Parlamentarier nees opgeholl? Wëll si un deem uknäppen, wou si virun 2 Joer opgehal huet? Dat froe mir déi fréiere Buergermeeschtesch vun der Gemeng Weiler-zum-Tuer. Si ass eis Invitée vun der Redaktioun um kuerz no 8 Auer.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invitée: Cécile Hemmen, 07/02/2020 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Feb 7, 2020


En Dënschden ass si wéi och den DP-Politiker Pim Knaff, an d’Chamber nogeréckelt. Et ass awer net déi éischte Kéier, datt d’Cécile Hemmen d’Reie vun de Sozialisten um Krautmaart komplett mécht. 2013 ass si fir den Etienne Schneider nogeréckelt, dee Wirtschaftsminister gouf. Mat wéi engem Gefill huet d’Cécile Hemmen hir Roll als Parlamentarier nees opgeholl? Wëll si un deem uknäppen, wou si virun 2 Joer opgehal huet? Dat froe mir déi fréiere Buergermeeschtesch vun der Gemeng Weiler-zum-Tuer. Si ass eis Invitée vun der Redaktioun um kuerz no 8 Auer.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Commentaire: Joel Detaille, 09/07/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jul 9, 2019


Ju-Cha…, zanter e puer Wochen e Begrëff, deen et sécherlech an all Joresréckbléck wäert packen…Wat et genee ass, ween Zougang huet, wéi dësen opgestallt ass, a wéi d’Gestioun vun däer Datebank leeft, doriwwer ginn et, trotz sëllechen Explicatiouns-Versich vu Politik a Justiz, nach ëmmer déi wëllste Spekulatiounen…An et gëtt een d’Gefill net sou richteg lass, dass hei net mat oppene Kaarten gespillt gëtt, fënnt de Joël Detaille an engem Commentaire…

Méi wéi Sex
#019 Schweessen

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jan 26, 2019 25:03


Wéivill schweessen ass normal? Wéi kann een domat ëmgoe, wann een d’Gefill huet zevill ze schweessen? D’Anne an d’Tessie hu sech doriwwer hier Gedanke gemaach. Am Kelly senger Rubrik dréit sech alles em de Sextoys.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Apropos: Mënscheverstand a Fangerspëtzegefill, 12/03/2018 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 12, 2018


Eng 150 Taaschtrezeptoren op engem Quadratzentimeter: an eise Fangerspëtze stécht vill Gefill. En Apropos vum Gibbes Bertolo

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Apropos - Ech hu keng Zäit!, 29/01/2018 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jan 29, 2018


Gehetzt vun Zäitdrock a Pläng, gequëtscht an honnerte Rendez-Vous'en... gi mer Alles a kommen awer ni wierklech un. Ouni Paus si mer ënnerwee, permanent begleet vun engem Gefill eppes ze verpassen, ech mengen ech sinn net deen Eenzegen deen dat heiansdo esou empfënnt, Michèle? 

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecken um Chrëschtmaart

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Dec 8, 2008 5:45


Eigentlech hunn ech jo schon vill ze vill iwert daat Thema geschwaat. All Joer am Dezember ass et daat selwescht. Kaum hunn sech d’Leit domadder ginn, sech opzereegen, daat „all Joer méi fréih!“ Chrëschtartikelen am Supermarché stéingen, ass och schon Advent an meng ganz perséinlech Hell deet sech op. Net nemmen an Form vun Chrëschtdaagsdekoratioun an Grande-Surfacen, ganz schrecklechen Chrëschtdaagslidder oder op Chrëschtféiren, déi schon am November sinn – nee, all Joer am Dezember hunn ech d’Gefill, daat op verschiddenen Plaatzen meng perséinlech Hell ze gesinn ass.