POPULARITY
Konsens ass sexy, liest een*t op ville Plazen. Dat stëmmt, mä Konsens ass net ëmmer einfach. Sou ass den Ënnerscheed tëscht Nee heescht Nee a Jo heescht Jo vläicht op den éischte Bléck net immens grouss, mä d'Konsequenzuen dovunner si gewalteg. An dëser Episod schwätzen den Robin, d'Ella an den Elie iwwert verschidde Modeller, déi eent benotze kann, fir Konsens bei sexuellen Aktivitéite sécher ze stellen. Et geet net nëmmen dorëms, wat fir eng Philosophie déi verschidde Modeller hunn, mä och doriwwer, wat fir Nodeeler se kënnen hunn a wat een*t un hinne ka kritiséieren. An an der Rubrik erkläert eis den Elie, wat Autosexualitéit ass (Spoiler: et huet näischt mat Autoen ze dinn). Shownotes: Erklärungen zum Wheel of Consent Zine "Konsens lernen" (Learning Good Consent)
Sougenannt kënschtlech Intelligenz ass iwwerall, an de Hype ass risegrouss. Wäerte mir deemnächst Bezéiunge mat Chatbots féieren a Sex mat AI hunn? Oder wäerte mir eng Flut u Falschinformatiounen an der sexueller Bildung erliewen, déi vu grousse Sproochemodeller verbreet ginn, wärend Berodungsstelle mat richtege Mënschen hir finanziell Mëttele gestrach kréien? De Joël, Kelly an d'Ella diskutéieren iwwert Vir- an Nodeeler vu KI, erzielen iwwert hir Erfarunge beim Flirte mat ChatGPT a prognostizéieren zukünfteg AI-Geschäftsmodeller fir Datingapps. An der Rubrik erkläert d'Ella, wat et mat der Petitioun Nummer 3198 op sech huet. Shownotes: Dem Joël säin Essay iwwer AI: Der Computer bleibt dumm Nicola Döring et al.: The Impact of Artificial Intelligence on Human Sexuality: A Five-Year Literature Review 2020–2024 Nicola Döring: Jugendsexualität und Künstliche Intelligenz – Empfehlungen für die Sexual- und Medienpädagogik KI gegen Einsamkeit: Die Illusion von Gesellschaft
D'Zeitunge si pessimistesch, wat d'Klimakonferenz zu Baku ugeet, an et gëtt iwwer d'Vir- an Nodeeler vun enger Helmflicht fir Cyclisten diskutéiert.
Et ass Walsonnden an är favorite Bettwanzen si mat Zäit op, fir iech beim Kräizer-Maachen ze ënnerstëtzen. Haut gëtt et Neies vun den Apenhoer, Leit, déi eis unfollowed hunn a Parteimemberen, déi an hire Videoe räpsen. Den Hades an de Louis XV vun Instagram befaassen sech mat essentielen Themen ewéi Spätmaht, modernem Geméis an zweiwelhaften online-Aussoen. Et geet em "How I met your mother", d'Place(s) to be vum nächste Weekend a Geheimnisser vun der Staat Wien. D'Vir- a Nodeeler vum pittoresk-provënzielle Lëtzebuerg ginn analyséiert, Surfschoulen opgemaach a Mécken aus dem Béier gefëscht. Et gi vill Froe gestallt a souguer e puer dovu beäntwert: Wee verléisst d'Land, wann d'ADR gewielt gëtt? Ween ass de Feierstëppler vum lëtzebuergesche Rap?A wisou synchroniséiert den Howard Carpendale en Horrorfilm? Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
- De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z!
Raséiert, eng witzeg Form, getrimmt oder einfach wëll wuesse gelooss? Et gi vill Méiglechkeeten, fir mat intimen Hoer ëmzegoen. Mä wat fir Hoer sinn eigentlech intim, a wisou friséiere mir se? Och beim Oralsex mécht dat alles een Ënnerscheed. Kelly an de Joël schwätzen haut doriwwer – an iwwert d’Vir- a Nodeeler vun de verschiddene … „#105: Vu Krauselen, Häerzer an horegen Hënnere – Intimfrisuren“ weiterlesen
Wat ass eist Bild vun eis selwer, wa mir Sex hunn? Wéi verännere Fotoen a Videoe – vun eis, a vun anere – eist Selbstbild a Selbstwäertgefill? A wéi fillt et sech un, ee Sexvideo ze maachen? De Joël an Kelly ginn dëse Froen no an diskutéieren iwwert d’Vir- a Nodeeler vu Selfien, iwwer Thirst … „#97: Tëschen Thirst Trap, Sexvideoen a Bauch eranzéie – Selbstduerstellung a Sex“ weiterlesen
Quereinsteiger op Ministerposten ass en neien Trend, en huet awer net nëmme Virdeeler, mee och Nodeeler, do sinn sech d'Zeitungen eens. Déi national Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Mir sinn zréck aus der Summerpaus a sprange mat enger Mëschung aus Motivatioun an Existenzangscht an déi nei Staffel vun eisem kléngen Zigeiner-Podcast. Mir maachen den Debrief vum Erklär&Live, erklären fachmännesch d'Vir- an Nodeeler vun der Marche blanche, an drénken e gesond Glas Kokain mat Drëpp. Ah, schéin nees do ze sinn.
Vill Leit wäerten an den nächste Wochen erëm an onbekannte Regiounen opbriechen fir sech ze erhuelen. An de Wee weist hinnen – wa se da mam Auto oder Camper reesen - en Navigatiounssystem. An déi gëtt et fest agebaut oder als App um Handy. Den Akim Schmit huet en Iwwerbléck iwwert d’Vir- an Nodeeler.
Vill Leit wäerten an den nächste Wochen erëm an onbekannte Regiounen opbriechen fir sech ze erhuelen. An de Wee weist hinnen – wa se da mam Auto oder Camper reesen - en Navigatiounssystem. An déi gëtt et fest agebaut oder als App um Handy. Den Akim Schmit huet en Iwwerbléck iwwert d’Vir- an Nodeeler.
Déi britesch Mathematikerin Hannah Fry huet sech an enger rezenter Publikatioun mam Titel „Hello World: Was Algorythmen können und wie sie unser Leben verändern“ mat de Vir- an Nodeeler vun eiser computergesteierter Welt auserneen gesat.D'Carte blanche vun haut, vum Paul Hammelmann, geet op een Aspekt dovunner an: d’Influenz vum autonom gesteierten Auto op d‘Verkéierssécherheet.
Déi britesch Mathematikerin Hannah Fry huet sech an enger rezenter Publikatioun mam Titel „Hello World: Was Algorythmen können und wie sie unser Leben verändern“ mat de Vir- an Nodeeler vun eiser computergesteierter Welt auserneen gesat.D'Carte blanche vun haut, vum Paul Hammelmann, geet op een Aspekt dovunner an: d’Influenz vum autonom gesteierten Auto op d‘Verkéierssécherheet.
Wéi seet een esou schéin: all Medail huet zwou Säiten. Meeschtens ass gemengt, datt wann ee vun eppes mat Begeeschterung schwätzt, ee sech muss bewosst sinn, datt et och nach Nodeeler kann hunn oder mat sech bréngen. An dat geet och ëmgedréint. Eppes Negatives kann och ëmmer eng positiv Säit hunn, Christiane Kremer
Iessen d'Vegetarier der Nahrung vun den Fleeschfrësser net d'Nahrung ewech? Oder as den Fleeschkonsum iwwerhaapt net mei ze rechtfäerdegen? Wat bedeit dat iwwerhaapt, e Liewen ouni Fleeschkonsum? Eng Diskussioun mat enger Veganerin iwwert Fier- an Nodeeler vun Vegetarismus an Veganismus. Diskussiounspartneren haut: d'Pascale & en surprise-guest