Den "Houfrëgmount" ass amgaang an är problematic faves sinn am Asaz – mat Aarullen a GANZ ville Ligen! Kenne mir de Bachelor an d'Hanni? Lafe mir den "ING"-Marathon beim Opernsangen? Muss ee vun eis no enger Hochzäit auswanderen? Live aus dem Hondskuerf ginn et (opgewiermten) Köln-Gossip, schéint Aanrullen an eng Diskussioun iwwer Iwwerkompensatioun. Fouteuses de merde, Schlager (halb Fisch, halb Arielle) an e mysterious Girl zu Klierf sinn och mat um Start. Et gi vill Froe beäntwert an der nach méi gestallt... Wéini kritt d'FLF endlech eng rout Kaart? Si mir gutt fir d'Gen Z? Ass Lëtzebuerg ze kleng fir grouss Geschichten? An hätt de Gandhi Rammstein gutt fonnt?
Mir huelen de Fisher-Price-Kassetterekorder eraus a leeë lass mat "Jills & Yannicks Radioshow"! Haut gi seriö Themen ewéi Gewalt géint Fraen, Pädophilie-Skandaler, Cancel Culture a Rassismus ugeschwat. An typescher Paus-Manéier kommen awer och Gossip an Dommheeten net ze kuerz: Et gëtt Maskottchen-Drama an Drammänner aus dem Backstage, Punk-Sirenen op TikTok a Beauty Blenders beim ESC. En plus stinn nach a story about a Boy named Benny, Fashion-Magazin-Cover-Dreem an Tattoos am Schluechthaus um ordre du jour.
D'Sue Sylvester a säin héich beschäftegte Kolleeg hunn haut eng jett dufte Themen fir iech parat: al Männer am Fliger, marokkaneschen Ueleg an den RTP si just d'Spëtzt vum Äisbierg. Mir fuere mat iech op Divatown, bei Warner Brothers an an d'Disneyland fir Autoleit. Ausserdeem gi prominent Doudesfäll, brennend Plantagen an en Tennisaarm beschwat. Nieft enger (Prä-)Analys vum ESC ginn et och nach Norichte vum Verona, Tacos an der Mass a Schweinebackenrücken mit Honigkuchenpferdkartoffeln. Ach du meine Nase!
D'Marlene Dietrich sëtzt am Donkelen, d'Liza vu Lëtzebuerg hëlleft beim Charitydinner an d'Musiksdiven ginn ënnert d'Lupp geholl – dat a villes méi erwaart iech haut an ärem Liblingspodcast! Mir äusseren eis zwar net iwwert de Poopst, dofir awer iwwer e Mierschwéngche mat Gittar, Kolleeginne vum Tennis an Toilettëpabeier aus dem Cactus. Ausserdeem geet et ëm d'Catcalling Season, Stage Moms op der Päischtcroisière an eng Dokterthees iwwer eng gutt amerikanesch Famill. Mir streeën nach e puer verletzend Poschen, e Libesgedicht, eng Telenovela an d'Tante Tina an de Mix a wënschen iech e schéine Sonnde mat "Paus."!
Oh Lord(e) have mercy! Um Ouschtersonnde sinn de Johannes den Täufer an d' nei BFF vum Bibél-Timur nees fir iech do an hunn net nëmmen Easter Eggs am Gepäck, mee och Foreshadowing. Mir feieren e Familientreffen am "Verso", Frëndschaftsoofbroch um "Coachella" a Musical-Ikonen bei "Drag Race". Et gëtt eng Wiederauferstehung mam Missy, Landflucht op de Cap Vert an eng Schnitzeljagd aus dem Jenseits. Mat dobäi sinn haut ënner anerem den Til Schweiger an d'Charlotte Gainsbourg, Gruppeleit, UK-Idiotien a Feminismus op der falscher Plaz. Den Ouschtermenu besteet aus bloem Matcha, Bärlauch a Kamellen-ASMR (méi oder manner). An och um Feierdag ginn sech natierlech eng jett Froe gestallt: Wat ass eng Tyrolienne? Wisou leie Batterien an der Vase? A ween ass den Härgottsblieschen? Abracadabra!
D'Bibi an d'Tina aus der Podcastwelt sprange fir iech vun der Frank Elstner-Maschinn a klammen an hier travelling Pilates pants, well haut steet villes um Programm. Ee vun eis ass a senger Bus-Ära, deen anere mëscht e Stage am "Foot Locker". An dëser Folg si crazy Girls ewéi d'Claudia an d'Bettina, d'Mme vu Singapur an d'Sylvie Vartan mat dobäi. Niewt Spotify-Geräischer, engem drëtte Member-Reveal a Sträit an der Podcast-Welt geet et ënner anerem ëm d'"Kotzende Tulpen", propper Récksäiten an eng Serie ewéi e Spice Girls Video.
D'fei Madämmchen aus der Staat an dee Mann, deen sech am Summer gären emol selwer invitéiert, kommen haut éierlech an transparent em den Eck: Trennungen an Dating-Opriff, de Roger Dahm op Reddit, schnéiwäiss Enttäuschungen a Späizattacken vu Schauspiller (mat Techno) si just e puer vun de Punkten um Ordre du jour. Hairspray-Probleemer, sech fir Lëtzebuerg schummen, Macaron-Mafiabusiness, MAGA-Mausen an onneideg Sexzeenen – viirun heiklen Theme gëtt sech och an dëser Episod net gescheit. Duercherneen a confused ewéi eh und je ginn sech nees wichteg Froe gestallt: Wiem vun eis gehéiert d'Éislek? Sollt den Harald Glööckler op d'Wallëscht? A ween der Däiwel ass d'Ruth? Mir hu net just Relatioune mat Spuenien, Frae mat Schankebrëller an Halluzinatiounen an de Bierger, mee glowen och vu bannen a baussen! Eist Geheimnis? Boo-dhism (an en Touch probiotesch Bakterien).
Wëllkomm an der coincéierter Adele-Ära! Haut geet et vun der Kathedral duerch de Security-Check bei der Kierch an den Atelier a bei de Baby-Papst. D'Thermomixmuddis an Edith Piaf-änlechen Australier waarde schonn a si mat ënnerwee fir d'Patriarchat ze stierzen. Et gi Wuertwitzer mat Eeërstäck, e grousse Béier a kleng Gesten. Nieft Momfluencer, déi de Verstand verluer hunn, Schlager aus de 70er a schéine Männer vun haut sinn haut och schicksalshaft Concerten, Wumms aus de fréien 2000er an en iconic Trio dobäi. A l'amour et l'amitié!
Lëtzebuerg ass zeréck aus der obligatorescher Schivakanz - an et ass Zäit fir gouda Laune! Är petty 1987 babies hunn haut e waghalsege Slalom aus däitsche Roboter, thailännesche Schieter a Kölner Geldschäiner dobäi. Et gi Lawine vu Männerhaass, Mobbing unter Palmen a Make-up by Lalalala ausgeléist. Mir waarde gespaant op d' Resultater vun der Bundestagswal (Bei Gott sogar!) a verdreiwen eis d Zäit mat expressege gemini-Aktiounen op grousse Bünen a bei roude Luuchten (Spice up your life!), dem Comeback vun Hollywoodikonen an apokalyptesche Spaassgedrénkser. Wéi geet Intimrasur am Gesiicht?Sinn d' Renée Zellweger an d Jennifer Coolidge eng Persoun? A ween ass iwwerhaapt d' Felicity Joyman?
Silencio! Äre Liblingspodcast ass nees do an huet alles dobäi, wat iech gutt duerch de Februar bréngt: SNL-Comedians an Haaptrollen, onzourechnungsfäeg Leit am Stroosseverkéier a Witzegrenzen zu Lëtzebuerg. Mir sichen e joedennewaldesken Typ mat enger Jeep, liwwere Cottage Core an en Touch Männerhaass. Beschwat ginn esou wuel e Film-Epos, deen engem op der Broscht läit, ewéi och eng perfekt Serie (trotz Fussball) a creepy Filmer mueres um 8. Ënnert dem Motto "Wow! Hä?" gëtt vill diskutéiert a just wéineg verstanen – also alles ewéi ëmmer. Och dës Kéier gi Froe gestallt, ewéi zum Beispill: A wéi engem Julia Roberts Film spillt de Joachim Llambi mat? Gëtt et en Happy End mat der Krankekeess? Ween hat Koks am Kuerf? A firwat schwätzt hei jidderee Spuenesch?
Är Grande-Duchesse begréissen iech am Joer 2025 mam Motto "We listen and we judge" – ënner anerem mat blanner Léift a polished trash, Geböllers an dem Anne Hinged. Hei ginn et fun facts ouni fun, e Western an der Stuff an e Wok op der Autobunn. D'Zousatzkeess-Nancy Drew, wat Gemeinsamkeete mam Trump huet, an e Booktok-Fan, dee mat senger Kaffismaschinn reest, këmmeren sech haut och em Themen ewéi fast fast fashion, Meta-Money an d'grouss Fësch zu Fëschbësch. Et gëtt spannend, well ewéi heescht et esou schéin: "Net all Tennisball gewënnt de Wimbledon."
Zwischen den Jahren ass äre Guilty Pleasure Podcast zwar dout vu bannen, mee liwwert trotzdeem alles, wat ee virum Joreswiessel wësse muss: Weie Fussballveräin ass sympathesch? Kann ChatGPT d'Zukunft viraussoen? A wisou gëtt um 26.12. guer net gestuerwen? No enger Chrëschtdags-Recap an zukünfteg Feierdags-Iddie erlaabt d'"Professionell und seriös GmbH" sech esouwuel e Bléck op d'vergaangent Joer ewéi och op dat, wat schonn an de Startlächer steet. Et geet ënner anerem ëm eng Dram- an eng Loserkoppel, en Adoptiounsantrag, de Raoul an d'Julie, Beemchen-Inspo, d'Seitan-Kontrovers, Veloskapen a Gespréicher vum Jesus sengem Gebuertsdag – mee och ëm méi seriö Themen ewéi Mëssbrauchsvirwërf, Schmiercampagnen an eis Heldin vum Joer. Mir wënschen iech all e gudde Rutsch an d'neit Joer – ganz nom Motto: "Ween als éischt kënnt, ass als éischt do."
Mir sinn erëm do an hunn alles dobäi, wat dir fir d'Feierdeeg braucht: Trüffelpasta, d'Kussespill an eng gutt op den Aarsch. D'Lisa Left Eye Lopes an en Engel mat BBL präsentéieren iech haut Beef mat der Krankekeess 2.0, skandaléist Security-Behuelen an de Mustard of Disaster. Äre Bitcoin-Helpdesk verséisst iech d'Adventszäit mat de beschte Recommandatioune fir de Schluss vum Joer: ënner anerem gëtt eng Reportage iwwer eist Liblings-Zirkuspferd, eng lourd Telenovela-Obsessioun, e wonnerschéine Country-Album an en dramhafte Restaurant. D'Taylor Swift ënnert de Podcasts bitt iech zwar eng Folleg mat ganz ville Cuts, mee dofir och mat engem léiwe Flic, Prominenz bei der OKF an alternativ Konzepter zu Chrëschtdag. Happy Quikanja!
Et ass eng Schank laang Zäit fir eng nei Episod – also gëtt direkt lassgeluecht. Alles geet bei der Däiwel a mir mat: Et gëtt Neies vun der Police hirem Etablissement, RTL geheit sech aus der Fënster an et herrscht Weltschmerz no de Walen. "Loyalität vor Kompetenz" am Wäissen Haus, zukünfteg Tattoo-Projeten an Urban Legends mat Nimm sinn haut mat vun der Partie... genee esou wéi ganz vill Geraschels, Gequiitschs a Gebills. Et ginn Organisatiounstipps mam Contessa Venezuela, eng Hexejuegd, Emarmungen an en Touch Martha Stewart. Boyband-Rabbitholes, Verräter oder och Oscar Buzz... an natierlech ginn och nees fundamental Froe gestallt: How does she do it? Ass schonn Zäit fir "Paus. - die Abrechnung"? A ween ass de Paul?
Evacuate the Liichterketten, et ass Zäit fir Chrëschtdag! Ënnert dëm Motto "Huiuiui...heute wird's anders!" présentéiert äre Liblingspodcast iech kuerz no Halloween net just "passiv-aggressive Szenen einer Freundschaft", mee och allerhand aner spooky Saachen ewéi Zukunftsängscht duerch Jugendfilmer, Morde fir de Glow, den DJ Ötzi als Stripper a Läiche bei der Schoul. E Film iwwer Jeans an Dance Moms steet och um Programm, genee ewéi d'Téléréalité française aus den 2000er a "Bitzen Doheem". D'Cl-AI-re Luxlait, d'Podcast-Wanderhure an e multilinguaalt Pianogenie sinn o nach mat vun der Partie. Wéi ëmmer, ginn och brennend Froen opgeworf... ënner anerem: Wee war am Hitler senger Bidden? Ween ass d'Sonia in Paris? A wee vun eis spillt Triangel an der Philharmonie?
Den heiligen St. Chickenfinger ass aus dem Marianengraben operstanen a prett fir d'Bear-Week! Mam Porno-Halsduch, Schimmel un der Mauer a bad Allies starte mir an déi nei Woch. Et gëtt ënnert dem Pentagramm gejaut, eng Jesus-Obsessioun aus der Primaireschoul nees ausgepak a géint e Kand gepöbelt. Mat dobäi sinn och d'Rihanna, dem Ryan seng It-Boys an en Touch Gebills. Et gi Lidder fir aus der Dusch ze sprangen, Frae-Flops an e Kanister Theaterblutt. Blame it on the rain!
Am Lëtzebuerger été indien gëtt et dach näischt méi Schéines ewéi plakeg Loverboys um Daach, her royal cuntiness op der Bün an de Frankie Valli op wat och ëmmer. Herrgott erhéier eis, well et gi schwéier Froen ze beäntweren (merci Tristan) a vill Reliéises ze beschwätzen: Poopst, Kardinol, e sexy Rabbi a Ketamin-Mormonen? Mir hunn se all mat am Pausa-Mobil. Mee och cineastesch Epiphanië sinn dobäi! Am CNA ass et extra flott, am Kinepolis awer net (well do viru Geriicht gesonge gëtt). Am Delirium gëtt o nach iwwer lëtzebuergesch Musiktalenter, skandaléis Zoustänn bei der Krankekeess an d'Sommerhaus der Mörder diskutéiert. Kyrie Eleison!
Endlech ass et esouwäit! The internet's favorite boyfriend, Lausbouf, Pädagog an ally huet et an de Podcast gepackt... an ass a senger healing era. De "Cis Gars" (neie Kënschtlernumm?!) huet net nëmmen LX-Rapper, nostalgesch Gefiller an e grousse Coup mam Yung Hurn matbruecht, mee och fragil Männeregos a Basketstrainerinnen. Liebesgeständnisser, Perspektivewiessel an eng Wäikinnigin op Konfrontatiounskurs si genee esou mat dobäi ewéi den "Hide the pain Raab", den Dave Grohl, d'Zelda an d'Schrondweiler Jugend (feat. AnnenMayKantereit). Wou sinn d'Festivals zu Lëtzebuerg? Wou ginn d'Boomer un? A wat steet op der leschter Säit am Opklärungsbuch?
Häerzlech wëllkomm beim Dschungel Camp Lëtzebuerg! Haut gëtt et déi klengst Generatioun vun der Welt an de längste Gedoldsfuedem, Wäikinniginnen an tea vum Steieramt, Action zu Malle an Hollywood Marketing Fails. Manner Larifari an zum Deel ongewinnt seriö Theme stinn um Programm: Et gëtt e Misogynie-Selbsttest, Neies vum Mockridge a gesellschaftlech Probleemer, déi keng méi sollte sinn. Mat dobäi sinn awer o nach d'Serienempfehlungen vum Summer, erotesch Angscht, japanescht Gegoogels an d'Glenn Close. Wee vun eis wär bal 20 Joer mat der "Anaconda" gefuer? Wär "Jiddereen aneren in Paris" eng besser Serie ewéi d'Emily? An ass Tennis wierklech d'Sprooch vum Sport?
Et geet elo duer! Är OGs sinn erëm do an hunn alles mat dobäi, wat d'summerlecht Häerz héich schloe léisst: Wirschtercher, Hënn mat Goldketten an iwwerdeiert Birkenstocks. D'Vakanzevibes gi komplettéiert duerch eng vegan Metzlerduechter, Mansplaining, Melodramatik an d'Môme herself. Vill "almost 40"-excitement, eng gebrache Lanz fir Kuelenhydrater an d'grouss Speedo-Kontrovers sinn och mat dobäi. Et gi gratis Geschäftsiddie mat der Lëtzebuerger Sprooch an Decisiounen, ouni virdrun eng Fra ze froen (GANZ schwiereg, dat ze soen). Huet de Claude Monet tatsächlech bei engem Diddelenger Café ofgekuckt? Wisou sollte mir all nom Motto "Read the street" liewen? A so mol googelt et nach??
Treffen sech dräi Labertaschen am "Quai" zu Maacher... Nee, et ass kee Witz, mee eis aktuell Summerepisod mam Gilles Reuter, dee vill iwwer Naturwäin, seng Dadaen an Éisträich (wou onsympathesch sinn an Haass en Deel vun der Kultur sinn) ze zielen huet. Tëscht Wiener Baren an engem feelende Kölner Stadzentrum geet et och ëm TV-Entspanung fir Leit mat rouden Aen, Serië fir d'Häerz an ugepisste Kanner (literally). Et gëtt wëll an onfiltréiert, well mat dobäi sinn ënner anerem d'Martine an den (toxic) René, e Lausbouf-Igel, dee vill drénkt, petty Polizisten an d'punkegt Chappell Roan. Äert biodynamescht Trio beschwätzt verjärte Strofdoten, Terrorverdacht beim Taylor, Autosgeschichten tëscht "Arts et Métiers" an "ECG" an de Lëtzebuerger Vocabulaire. Wat ass e PetNat? Gi mir no dësem Podcast vum Kai Pflaume verklot? Wéi gesäit et am Backstage bei "Rammstein" aus? A ween huet mat de "No Angels" Schampes op der "Päischtcroisière" gedronk?
It's a Susy Lentz Summer! Äre Liblingspodcast kritt 5 Joer a wéi kéint een dat besser feieren, ewéi mam (M)arielle, dat eis beim "Télévie" ersteet hat?! Herbert, Karen, Guy, Riccardo, Joel a Bill – dat si nëmmen e puer Nimm, déi an dëser Episod falen. Das literarische Quartett zu dräi schwätzt iwwer dem Frida Kahlo säi Mann beim "Lëtzebuerger Wort", "Fada's Family" am Bioskuer a Podcasts. De Pink Pony Club who peaked in High School thematiséiert ënner anerem "close friends", Anglizismen an d'"Poterkëscht". Et geet och ëm méi eescht Themen ewéi Barrierefräiheet, Ableismus, Diversitéit a Reclaiming. Wat ass eigentlech e Waassermann? Ween ass de Bädädädädäm? A wee vun eis ass eng richteg Jangli-Prominenz?
E Roadtrip duerch all Bundesländer, Maracujaschorle an den Toni – dat sinn nëmmen e puer Sujeten, déi haut ofgedeckt ginn. Et gëtt och gebouldert, Ruder-Tutorials gekuckt a (bal) Parchim besicht. Eng onqualifizéiert Olympia-Recap tëscht Aznavour, Snoop Dogg an dem Petit Jésu si genee esou dobäi ewéi d'Knëppendacker Grillfest an d'Drew Barrymore. Nieft e puer Fake News (Stéchwuert Chico a Yusuf Dikec) ginn et o nach Film- a Serientipps vum "Fuß der Zeit" – diet culture an tätowéiert Beebeeën inklusive. An dat alles op engem Mëttwoch!
Haut ass alles anescht! Tëscht "Galerie Arschgeweih" an dem Mentos-Rapper begréisst äre Liblingspodcast haut d'Diversitéit a Persoun. Eise Gaascht kennt den Johnny Chicago a zielt zu de Royals, deelt sech neierdéngs en Tribe mam Yannick an ass d'Beyoncé aus dem LCD. Hien huet net op e Wonner gewaart, mee säi Schicksal selwer an d'Hand geholl an et esou aus der Kierch quasi direkt op den CSD gepackt. Eng Diskussioun iwwer d'faméis Petitioun 3198 dierf natierlech net feelen. Dobäi geet et net just ëm Identitéit a Bildungsmangel, mee och ëm Islamophobie a Mënscherechter. Riets geet och iwwer ESC-Enttäuschungen a -Wourechten, nei eras an Zukunftsmusek. Mat dobäi sinn ausserdeem d'Stella, d'Phänomen "Bobrisky", dem Claude Monet seng Schwëster an en Hemsworth-Kickes. Wéi ass et, tëscht zwou Kulturen ze existéieren? Wéi steet et ëm Relioun a Spiritualitéit? Gëtt "I wish I was a pink lady" de neien Eurovisiouns-Hit? An zerbrécht Männlechkeet un engem rouden T-Shirt?
Är zukünfteg Maacher Wäikinniginne sliden haut mat 100 à l'heure an de Schwimmteich an engem Politiker an d'dms. Et geet ënner anerem ëm emotional Männer, historesche Gossip a naass Ënnerwäsch zu Düsseldorf. Et gi wichteg Froen opgeworf, wéi zum Beispill: Ween ass de neien Joy Hoffmann? Wéi geet onironeschen Horror 2024? Gëtt ee vun eis Portier vun der Ambassade? A wat ësst ee beim Dinner mam Ötzi? Et ginn Dommheeten an Highlights vun der Pride, ongewéinlech vill Shoutouts an Diskussiounen iwwer d'EM (net dm). D'Pläng fir den Abschid a verbal Konschtënnerstëtzung fannen eben esou hier Plaz ewéi oscarräif Hausfraen, Coming-Outs, d'Hogwarts-Hypnoseschoul a Rechtsrockbros. Inch Alain!
Willkommen, bienvenue, welcome! Aner Podcasts hu Summerbreaks, mee mir handelen entgéint eisem Numm a schenken iech eng XXL-Episod. Fuert mat eis d'"Rue Joseph II de la résistance" erof an erlieft eng Parad aus Tréinen, Police-Autoritéit an am Donkele molende Yolandas. Theme sinn ënner anerem d'"Fashion Week", den "Te-Dayum", d'Pub-Quiz mam Sam an Tam (an der Prinzessin) an en iconic (a leider ëmmer nach aktuelle) Film, deen esou impressionant ass, dass een dofir an d'Bibliothéik geet. D'Kaulitz-Famill an "Germany's Next Margaret Thatcher" sinn och mat vun der Partie, genee esou ewéi de Luca beim Halligalli, de shady Edsun an den "Elle"-Launch-Event am Mudam. Mir beschwätzen de Soundtrack vun eisem Liewen (vun "Air" iwwer "Lily Allen" bis "Schlumpfen" an "Dulce Pontes") a froen eis, wat eigentlech mat de Claudette geschitt ass, ob een am Auto kachen dierf a mat weem mir beim "Oberweis" en Hühnchen rupfen mussen. Yoleau!
Mir si Kultur... an nees do! Deen Anere vu Wham! an d'Mandy vun Ibiza bréngen iech haut JetSet, Kannererzéiung, Féiwerdreem vum "Usina" a ganz vill queer icons. Ee vun eis lauschtert Fraen no (awer just op Mammendag) an deen anere pöbelt an enger Bar. Niewt dem Nicki an dem Sandy, dem Tenor vun 3sat an "Tüll und Tränen mit vier Hochzeiten" ginn et nach epuer Hot Takes an en Touch Selbsthass. Et gëtt politesch, poetesch, kulturell héichtrabend a chaotesch – also alles ewéi ëmmer. Firwat sinn d'Nazis am Osten? Wou bleift de Spaass? A wat ass "Wagon Wheel Watusi"?
Bedéngt duerch den Jetset-Lifestyle gëtt et eng Episod, déi zwar ganz fréi opgeholl gouf, mee awer mat gewinnt vill Traumatainment©! Mir fuere mam Zecken-Hop on-Hop off-Bus a Richtung Broadway an hunn de Gregor Samsa (inklusive Death Drop), den amerikanesche Schoulsystem (but make it funny) an iconic Merch (fir Teenies) mat dobäi. Niewt Gossip-Schäiss aus dem Culture Forest a vum "Usina", feelenden Haushaltstipps an Tattoos vum Xavier Dolan ginn et zwee extra däreg Dossieren. Beim éischte gëtt et "fremdenfeindlich toujours" mam Justus a Marie (D) a nervös Männer kämpfe mat Fuchtelfanger vermeintlech fir Fraerechter (L). Beim zweete ginn et Meetings, Meetings, Meetings a Leit, déi mueres um 10 zu Esch d'queer Nationalhymn sangen. Wéi ëmmer ginn och ganz vill Froen opgeworf: Gëtt "Paus Clone Wars" de näechsten "Dune"? Huet de Felix Lobrecht eng Verbindung zu Engelszuelen? A sinn de Cosmo an d'Wanda heemlech bei deene Gréngen op der Lëscht? Love wins! Gidd wielen! FCK NZS!
Eng Woch nom "Eurovision Songcontest" gëtt et natierlech eng kleng Analys vum Event – oder vun deem, wat mir matkritt hunn. Thematiséiert ginn ënner anerem awer o nach Politprominenz an der Pizzaschlaang, a boy named Cornichon an eng Leidensgeschicht am Kölner Nuetsliewen. Tëscht pick me-Hypnose, engem antiken Cello am "Trifolion" a Standup-Recommandatioune gëtt et eng Alerte Rouge – net nëmme fir d'Wieder, mee och fir den Intelligenzquotient an de Facebook-Kommentarer. D'Faass ass iwwergelaf... dofir ginn et haut ganz vill Emotiounen. Et gëtt iwwer homophob Attacke geschwat an d'Mario-Barthiséierung vun der Gesellschaft gëtt aktiv-aggressiv bekämpft. Sinn d'Hobbits aus Idaho? Dierfe just Mamme méi fréi danze goen? Wat huet SAR Louis mam Musical "Wicked" ze dinn? A wat mécht den David Goldrake eigentlech hei?
We put the tea in charity, well haut liwwere mir iech e Bléck hannert d'Kulisse vum "Télévie"! Nieft geairbrushte Gesiichter an dem nationalen "Who is who" geet et nach ëm Männerdokteren, de Blummejesus (mat Fleur de Sel) an e Liewen ouni Pool-Leeder. Mat dobäi sinn o nach skandinavesch Pappen a Festival-Jalousie. Et gi nees Froen iwwer Froen gestallt, wéi zum Beispill: Wéini sponsert d'Spuerkeess eis? Si mir de reporter.lu vun de Podcasts? A weieng RTL-Ikon verdéngt hier eege Sendung?
Wéi laang ware mir eigentlëch fort? Eng vu fille Froen, déi beschwat (mee zum Groussdeel net beäntwert) ginn: Wisou si Mammen elo beige? Ween huet nach Nerve fir d'J.Lo? A lauschtere mir eis iergendwann géigesäiteg no? Mat dobäi sinn haut Blogger-OGs, Real Life Paus-Konfrontatiounen, schéi Supermarché-Stories an eng lëtzebuergesch (Grammaire-)Affaire. Et geet em e verschassene Reebou, Grillzwang, dat deierst Brout vun der Welt (Dat ass d'Staat!) an d'Buchrecommendatioun vum Joerdausend (inklusive TED-Talk). Fir d'Extraportioun Musik gëtt et Country mat Metaebene, franséischsproocheg Artiste-Verwirrung an eng Emaarmung als Lidd. Mir schécken e Stéck Taart iwwer Facebook a gruschelen iech ganz häerzlech!
Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Caroline an de Lieblingsbob stinn och um Ordre du jour. Wéi penibel behuelen sech RTL-Leit am Theater? Wéieng Frae leien der ADR um Häerz? A wéi wäit kann d'Laun nach an de Keller goen? Diana has left the chat!
Mein Gott, Leute! Et ass nees Sonnden an de Podcast eures Vertrauens schlittert mat iech queesch duerch den Themegaart: Et geet em d'glamouréist Liewen zu Bréissel a Köln, unskippable Serienintros an ënnerschaten däitsch Witzbolder. Mat dobäi sinn och de Maz mat der Pandamask, eng Lueweshymn op "Hunnegstrëpp" a grouss "Paus. and friends"-Dreem. D' (onfräiwëlleg) witzëgt J.Lo, Iwwersetzungs- a Schreiffeeler an de Strugglebus "Drag Race Belgique" gi gewinnt sachlech a professionell diskutéiert. Dir braucht nach méi Grënn, fir eranzelauschteren? D'"Alpe d'Huez", d'Skandal-Marie, d'Olivia Colman an de schéinste Film vun der leschter Zäit. Yippie!
Hey oh! Halt op mat Schifueren a schwätzt mat eis iwwer Kamelott an der Ladies Night, den Zupperbowl mat engem echte Country Girl an dem Xav säi granzege Kolleeg. Mat dobäi sinn haut o nach Rugby-Kannibalen, de Merv the perv, Marvel-Dreem an d'Hüller. Apropos Hitler: Et geet o nach ëm eng verjuppte Schmis, de Michael Schumacher um Knuedler a Mobbing am Asia-Restaurant. You go, Griselda Coco!
Haut dréit sech natierlech alles em den LSC (oder och nach "Désirée and Friends"). 50 Prozent vun dësem Podcast hunn d'Spektakel virum Fernseh verfollegt an déi aner Hallschent live an der "Rockhal" – freet iech also iwwer eng ëmfaassend Berichterstattung mat One Direction, diva-liken Dänzer an Drama vun der Afterparty. Nieft dégoutéierte Gesiichter, Verschwörungstheorien an online-Haass gëtt et awer och vill Israeelesch, en Touch Medienrummel an e bësse Keelebunn beim "Kueb". Ofgesi vu Musik a Kontroverse geet et o nach em maximal onangeneem Männer a krass Frae mat wichtege Messagen. Ausserdeem mat dobäi: multilingual (mee schei Leit) bei Panels an um Brunch, feelend Aueren um Kierchbierg a Cocktaile mat Pizza-Goût.
De Fanger an d'Luucht an d'Aen zougepëtzt, well elo gëtt et wichteg! Ären nischege Podcast ass a senger Kebab-Ära an diskutéiert alles, wat am neie Joer wichteg ass: e Periodendrama (literally), Broadway-Dreem, Basketsmammen op der Musel an After Work am Musée. Mir fueren a Richtung22 a begéinen Doktere mam Sailor Moon Stab, de Gossip Guy vum ESC a popkulturell Ignoranz. Huelt äre siwente Sënn eraus a maacht iech prett fir total verhexte Fernsehsrevolutionärinnen, d'Daisy Jones Universum an emotional Macher. D'Bier ass nach net geschielt, mee den Drops ass gelutscht!
Och um leschten Dag vun 2023 ass nees Zäit fir eng "Paus.". Mir kucken zeréck op e Joer voll Ups and Downs an deelen Erkenntnisser a Virsätz. Mat dobäi sinn d'Häipie vum Joer, Filmdiskussiounen, "Baccara" 1 an 2 an dem Luc seng Fritten. Ob den George Michael oder den George Fedder, Schnéi an Afrika oder Gucci-Flipflops am Krichsgebitt – et ass nees Spaass fir d'ganz Famill ugesot. Fir net an de sougenanntenen opportunisteschen Teller ze trëppelen, gëtt et o nach Kacka an der Chamber, Panik am Karussell an e bëssen Dschungelcamp. Rutscht gutt, awer net ze wäit – höhö!
Sitting, waiting, wishing... Wärend mir all op d'Chrëschtkëndche waarden, gëtt et eng speziell Folg fir de 4. Advent: Ënnert dem Motto "Podcasttausch – jetzt wird geweihnachtet" huet äre Bildungspodcast eng Episod vun den "Happy Hippos" opgeholl. Tëscht Crossfit, NBA an Eggnog bleift nach genuch Zäit fir News, Snacks a (Fulle-)Facts. Op der Arrière-Scène am Pafendall ginn et zum Scheitern verurteilt Chrëschtkaddoen, de penibele Monni Gégé an d'Préizerdauler Gilmore Girls. Juppelt mat eis an d'Feierdeeg tëscht Trauma a Microaggressiounen, well an der schéinster Zäit vum Joer leie Virstellung a Realitéit oft wäit auseneen. Et gëtt iwwer d'Joer vun der Luucht geschwat, iwwer Intervallfasten fir Pinguinen a falsch Kolleege beim Pudderzocker. Mir sinn dout vu bannen – dofir gëtt et och nach e Spill, bei deem dir doheem matroode kënnt! Merry Crisis!
Nodeems "the big C" 50% vun ärem Lieblingspodcast niddergerongen huet, ass um 3. Advent nees Zäit fir Luxusprobleemer an Interventiounen! Den Hoer-Bebe an de Wuerm vun "Dune" liwweren onbegrenzt Dommheet, Räps-Inkompetenz a bunnbriechend Froen. Tëscht Disney-Rassismus a Slayer op der Pride gëtt et delulu am "Plaza" an eng (temporär) nei Kategorie bréngt Aggressiounen un d'Dagesliicht.
Sidd dir prett fir "Paus. 2 – Jetzt wird geheiratet!"? Um 1. Advent gëtt et ganz klassesch festlech: E problematesche Moderator, d'Mute-Challenge a brasilianesche Rap si mat virum Chrëschtbeemchen. Nieft engem futtisse Broschtkuerf, Mammen um Drag Bingo a 90's Techno geet et och ëm "Saltburn" mat den Olsen Twins, Prominenz an der Groussgaass a Gratispopcorn am Liewen. Et gëtt en plus en onmoralescht Angebot fir d'"Lotterie Nationale", de sketchy Knuedler a schmalzeg Sängerinnen. Stellt iech net esou!
Haut ass dem Yannick seng Sendung! Ënnert dem Motto "en attendant Madonna" bidde mir Paroli a gehaben eis wohl. Et geet et ëm süß Leit, de "Club Med" an enger klenger Këscht a "We are Sven". Mir si mam Péckvillchen um Fliger a liwweren alles ënnert dem Rimm – vum Filmpräis bis zu rockende Brëscht. D' Viergestirn vun 1958 ass genee esou mat dobäi ewéi e gay feverdream (ouni Stëmmung) an italieenesch Prinzessinnen (mat Steng). Kebab a keng Mamm. Zerrissen, aber doch elegant. Wieso nicht?
Mir stellen eis haut (net) a Fro an zerwéiere kulinaresch Geheimtipps fir Leit mat ze vill Suen! Kommt mat an d'Gay Matrix an op eng Afterparty, déi anescht war, wéi erhofft. D'Marion vun der Croisière ass mat dobäi, genee esou ewéi en trauregen Abschied vun engem Kolleeg, simuléierend Hënn a schottesch Junkien. Et geet ausserdeem em ugepisste Payconiq-Leit (not sponsored), CSI Köln-Ehrenfeld an de Mojo Dojo Casa Justin. En plus fanboyen a kräische mir an der Kichen, well et ass nees Zäit fir e bëssen Eurovisioun!
Happy Mantelsonnden, Lëtzebuerg! Äre Geschwësterduo huet op dësem héije Feierdag eng relativ vulgär a streidereg Episod fir iech. Et geet virun allem em topeg Leit, déi een an de Wansinn dreiwen – ob am Musée oder bei de Walen. Mat dobäi sinn och e Boxemännchen an de Merlin an d'Vivianne. Et geet haut ëm e Concert zu New York um Flughafen, Backstage Vibes vum Nicool sengem Release a Sträit iwwert e Buttek. Wichteg Themen ewéi d'Christina Aguilera-Diagnos, den Adonis a säin iPad an eisen Zapfenstreich si natierlech o nach mat dobäi. Schönen Gruß, auf Wiederseh'n!
Et ass Walsonnden an är favorite Bettwanzen si mat Zäit op, fir iech beim Kräizer-Maachen ze ënnerstëtzen. Haut gëtt et Neies vun den Apenhoer, Leit, déi eis unfollowed hunn a Parteimemberen, déi an hire Videoe räpsen. Den Hades an de Louis XV vun Instagram befaassen sech mat essentielen Themen ewéi Spätmaht, modernem Geméis an zweiwelhaften online-Aussoen. Et geet em "How I met your mother", d'Place(s) to be vum nächste Weekend a Geheimnisser vun der Staat Wien. D'Vir- a Nodeeler vum pittoresk-provënzielle Lëtzebuerg ginn analyséiert, Surfschoulen opgemaach a Mécken aus dem Béier gefëscht. Et gi vill Froe gestallt a souguer e puer dovu beäntwert: Wee verléisst d'Land, wann d'ADR gewielt gëtt? Ween ass de Feierstëppler vum lëtzebuergesche Rap?A wisou synchroniséiert den Howard Carpendale en Horrorfilm? Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Eng Episod mat enger Missioun: Är lieblings Zimtzicken kontrolléieren am "Atelier" op der 2000er Party net nëmmen, ob d'Outfits bei d'Thema passen, mee och, ob d'Party People wierklech Anung vun deem Joerzéngt hunn. D'Jessica Night an de Kölner Indieboy hunn sech dofir an de Camouflage gehäit, d'Creolen ausgepaakt a souguer géint Hannergrondgeräischer a sonsteg Verständnisschwieregkeeten gekämpft. Disclaimer: Fir d'Energie am éischten Deel vun der Folge ass dem Jill säin hausgemaachenen Espresso zoustänneg. Nieft moudeschen Hits wéi Schlaangecostumer, Glitzer-Nippel-Tiger-Tops an Skinny Leggings Jeans ginn et geféierlech Messerdänz vun haut an déi bescht Filmer vun deemools. Ausserdeem gëtt sech em skandaléis A-Promis am "Action" a Geständnisser aus der Hollerecher Strooss gekëmmert. Ganz sécher NET mat dobäi sinn d' "Google"-Kategorie an "Daylight in your eyes", mee dofir awer Lausbouwen zu New York, eng rout Valiss a Party-Atmosphär fir d'Oueren. Leit mat Froen zu Napster, Fallout Boy an Taille Basse Boxen ze belästegen an den DJs iwwer d'Schëller kucken, stoung och um Programm – dobäi gëtt och endlech gekläert, wouhier déi hiren Numm hunn. Maacht iech prett fir eng Achterbunnfahrt voller Gebläers, Gesang an Emotiounen... inklusive Fritten a Burger!
RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos. Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f"), well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat iech op Lourdes (oder an d'Cinemathéik) a mutéieren zum "Automag". Ass dëse Podcast den "Eck plus ultra"? Warscheinlech net. Mee ee vun eis ass den Al Bundy an deen aaneren ass "wäiss mat e bësse Spice". Who's that girl? It's "Paus.". Dofir kläre mir och Froen, déi änlech philosophesch si wéi d'"Hung oder Ee"-Debatt: Wéi ass et, am Téi ze trëppelen? Wou war de Noutausgang am "Wham"? A wien applaudéiert, wann een an der Dusch friemgeet? ech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Psssscht... D'Danzmaus an de Weird Al sinn nees do fir eng spéitsummerlëch Episod tëscht Fräizäitpark a Fouer! Haut geet et ëm Bridgerton mat Nazis, Privatbusser fir Leit mat Standard a Feine Sahne Fischfilet. Niewebäi gi nach Parkhaus-Präisënnerscheeder beliicht an Dermatologie-Diplomer verdeelt. Äre Snob-Podcast beschwätzt Schampes, Villeroy & Boch an Hermès aus dem Zeitungsbuttek. Wou kritt ee Flammkuchen mat Nieren? Wei éng nei Spuerkeess-Interna ginn et ze zielen? A wat der Däiwel ass e Beréng?
Och Bierger an e Séi halen är Charity-Ladies net dovun of, eng Episod opzehuelen. Ee vun eis ass d'Opfer vum Podcast an huet d'Lydie op der Fouer am Stach gelooss fir am "White Lotus" ze leiden. Deen aneren danzt der Spuerkeess säi Misär vir an hält Diddeleng fir d'Schweden vu Lëtzebuerg. Nieft alkoholfräien Hochzäiten mat Burka an enger Kopfhörer-Katastroph ginn et haut och Fraen, déi sech Päerd kafen a Verschwörungstheorien zum Walt Disney. Huet de Mark d'Apenhoenhoer erfonnt? Gehéiere Sardinnen op d'Pizza? A wat huet Lëtzebuerg zum Thema Seezeit-Lodge ze soen? All dat gëtt am groussen Vakanze-Special live vum Gehaansbierg aus dem Piemont gekläert. De gudden an de béise Kéis, Mëller aus Hollywood a Rechtschreiwungsstruggles vun de 90's Kids hunn et och mat an dës Folg gepackt, eben esou wéi d'Sandriné, d'Kunigunde an d'Tamandoline. Arrivederci amici! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.) Insta vum Pit Reding: @rp.p._ @klick.creativestudio
Et ass August (och wann d'Wieder dat nach net matkritt huet) an äre Lieblingspodcast bréngt iech Vakanzestëmmung tëscht Piccadilly-Mobber a fragwürdegen Tätegkeeten mat Banannen. Dir sicht eng perfekt Episod fir an d'Vakanz ze fueren? Say no more! Summerlach ass fir déi aner, well hei gi nëmme wichteg Themen beschwat: Ginn et Leit, déi "Twilight" nach net gesinn hunn? Wéini soll ee Moien soen? A wat ass en "Dëppegay"? Maacht iech et bequeem mat falsche Lëtzebuerger Wierder, faszinéierenden Geo-Fakten a royaler Romantik!
Hi Barbie! Haut viru 4 Joer koum déi éischt Folg "Paus." eraus an dofir schwätzt äre favorite Philosophie-Duo an enger Spezialepisod iwwer alles anescht ewéi de Podcast: Backstorys, Tampons an den Zänn, kleng Schnittercher an der Villa Vauban a kee Bock méi op d'Christentum. De Götte, d'Annette Frier an d'Taylor Jenkins-Menkins sinn och mat dobäi. D'Spice Girls si verluer gaangen, genee esou ewéi dem Esmeralda seng Schellen. Mee dofir hunn d'Big CC aus der DJ Szeen an d'Spelling Bee Marie Clement hire groussen Optrëtt. Ass et Sendung mat engem schmalzege Ken a mat Laachen op den denkbar schlechtste Plazen? Gëtt et eng Frëndschaftsprouw an akustescher Form? Peut-être.
Haut ass Bommestëmmung an der Paus.-Gruppentherapie! Dës Summerepisod ass relativ kuerz – ënner anerem och, wëll mir de "Gossip Schäiss" einfach vergiess hunn. Dofir ginn d'ESC-Pläng awer méi konkret, et gëtt e Prêt fir d'Heidi Klum opgeholl an de komplette Glawen un d'Mënschheet ass verluer (well Drag Queens eis Kanner schwul maachen). Nieft dem Gugenhauer Wassertower, dem oscarverdächtege Barbie-Marketing-Team an dem Kaweechelchen Roger ginn et och nach stëbseg Macarons, e verhënnert Date mam Marteria an eng Aladin-Glitzer-Aura zu Wien.