Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

Follow Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19
Share on
Copy link to clipboard

Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen.

Ministère de la Santé Luxembourg


    • Jul 9, 2021 LATEST EPISODE
    • infrequent NEW EPISODES
    • 24m AVG DURATION
    • 25 EPISODES


    Search for episodes from Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19 with a specific topic:

    Latest episodes from Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

    25. Podcast vun der Santé mam Dr. Thomas Dentzer, André Hansen an Dr. Stéphane Tholl

    Play Episode Listen Later Jul 9, 2021 26:41


    Am läschte Podcast vun der Santé hu mir mat 3 Invitéë geschwat, déi all am Large Scale Testing implizéiert sinn: Den Dr. Thomas Dentzer ass als strategesche Koordinator op der Gesondheetsdirektioun um Projet täteg, den André Hansen, Direkter vun Ecolog Luxembourg, ass ënnert anerem staark un der Logistik bedeelegt an den Dr. Stéphane Tholl ass als deputy CEO a COO vu Laboratoires Réunis mat den Tester selwer befaasst. Se ginn eis e Réckbleck an en Ausbléck, erzielen eis wéi de Large Scale Testing sech als Projet ëmmer weider entwéckelt huet a wéi se déi ganz Evolutiounen erlieft hunn.

    Podcast 24 mam Dr. Jean-Claude Schmit an Dr. Thomas Dentzer

    Play Episode Listen Later Jun 25, 2021 17:17


    Am 24. Podcast vun der Santé hu mer mam Dr. Jean-Claude Schmit a mam Dr. Thomas Dentzer iwwert den neie CovidCheck System geschwat. Mir hunn awer och nogefrot wat fir Neierungen et am Large Scale Testing gëtt: am Large Scale Testing hutt Dir elo nieft serologeschen Tester a PCR-Tester op Invitatioun och d'Méiglechkeet en Rendezvous fir e PCR-Test ouni Invitatioun ze huelen.

    Podcast 23 mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert

    Play Episode Listen Later Jun 10, 2021 19:21


    Am 23. Podcast vun der Santé hate mir d'Geleeënheet eis mat der Gesondheetsministesch, Paulette Lenert ze ënnerhalen. Sie huet eis erzielt wei si d'Pandemiezäit bei der Aarbecht an och privat erlieft huet an huet eis en Ausbléck op déi Lockerunge ginn, déi eis all wäerten a grousse Schrëtter Richtung Normalitéit bréngen.

    Podcast 22 mam Dr. Jean-Paul Schwartz

    Play Episode Listen Later May 28, 2021 25:00


    Déi meescht Leit kenne mëttlerweil een dee COVID-19 hat. An dofir weess een och, dass déi Krankheet ganz verschidde verlafe kann. Et ka symptomlos sinn, et kann awer och mëtteleschlëmm sinn oder a schlëmmste Fäll ka COVID-19 zu Hospitatlisatioune mat Beootmung féieren. An alle Fäll kënne Sequellen optrieden déi ganz verschidde kënne sinn. Dat alles kéint een als "long COVID" bezeechnen. Doriwwer hu mir am 22. Podcast vun der Santé mam Generalist a Member vum Conseil supérieur des maladies infectieuses Dr. Jean-Paul Schwartz geschwat.

    Podcast 21 mam Dr. Thomas Dentzer

    Play Episode Listen Later May 14, 2021 15:56


    Am 21. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Dentzer iwwert den Impakt um Large Scale Testing geschwat a gefrot, wéi dëse matgehollef huet d'Mesuren ze gestallten. Op Basis vun engem wëssenschaftlechen Artikel deen hien zesumme mam Prof. Paul Wilmes vun der uni.lu an dem Dr. Joël Mossong vun der Gesondheetsdirektioun verfaasst huet, huet den Dr. Dentzer eis och erkläert, wéi een dank dem Large Scale Testing virausrechne konnt, wéi vill infizéiert Persounen et géif hei zu Lëtzebuerg ginn.

    Podcast 20 mam Dr. Robert Goerens

    Play Episode Listen Later Apr 30, 2021 21:19


    Am 20. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Robert Goerens, dem Chefdokter um Impfzenter Hall Victor Hugo geschwat. Mir hunn nogefrot wei e klasseschen Aarbechtsdag am Impfzenter ausgesäit, wéi eng Zort vu Leit do schaffe mee awer och wéi hien a säin Team mat de verschiddene Meenungen zu de COVID-19 Impfungen an der Dynamik vun der Impfcampagne ëmginn.

    Podcast 19 mam Dr. Jean-Claude Schmit

    Play Episode Listen Later Apr 23, 2021 17:51


    Wat sinn déi läscht Updaten zu de verschiddenen Impfungen? Wéi soll a muss ech mech schütze wann ech mat anere Léit am Auto sëtzen? Wéi laang dauert et bis genuch Léit geimpft sinn? Wéi laang musse mir nach eng Mask undoen an eis teste loossen? Am 1. Podcast vun der Santé no der Ouschtervakanz, gi mir mam Dr. Jean-Claude Schmit, dem Direkter vun der Santé op vill verschidde Froen an déi Dir eis op alle Kanäl stellt.

    Podcast 18 mam Dr. Thomas Dentzer

    Play Episode Listen Later Apr 2, 2021 25:07


    Am 18. Podcast vun der Santé schwätze mir am Dr. Thomas Dentzer, Virolog a coordinateur stratégique op der Gesondheetsdirektioun, iwwert de Large Scale Testing. Wat huet déi 2. Phas bruecht a wat gëtt et elo neits an der 3. Phas? Mir hunn awer och nogefrot wat et mat de Selbsttester op sech huet, wéi een domat ëmgoe soll a wat ee maache soll wann de Selbsttest positiv ausfält.

    Podcast 17 mam Sandra Sidon

    Play Episode Listen Later Mar 26, 2021 19:38


    Am 17. Podcast vun der Santé hu mir eis mam Sandra Sidon ënnerhalen. Sie mécht d'Koordinatioun vum Contact tracing an ass responsabel fir d'Hotline Santé, wou vill vun Iech vläicht schonn eemol ugeruff hunn mat enger Fro zum COVID-19. Mir hunn nogefrot wéi de Contact tracing an d'Hotline organiséiert sinn a wéi d'Aarbechtsdeeg a béide Strukturen ausgesinn. Mir ginn och nach eemol drop a wisou de Contact tracing esou e wichtegen Element ass a wéini een iwwerhaapt als Risikokontakt gëllt.

    Podcast 16 mam Dr. Jean-Claude Schmit

    Play Episode Listen Later Mar 19, 2021 18:42


    Mam Dr. Schmit, dem Direkter vun der Santé, hu mir iwwert den AstraZeneca Vaccin geschwat fir Är Froen zu dësem Vaccin ze beäntweren. Mir hunn nogefrot wat et mat den Thrombosen op sech huet, wéi heefeg esou eppes ass a wéi et elo virugeet. Nieft Informatiounen zu AstraZeneca, brénge mir Iech awer och nach a punkto Virusvarianten op de leschte Stand. Dëse Podcast gouf en Donneschdeg opgeholl.

    Podcast 15 avec Dr. Françoise Berthet

    Play Episode Listen Later Mar 12, 2021 22:22


    Dans ce quinzième podcast, le Dr Françoise Berthet, Directrice adjointe de la santé et secrétaire du conseil supérieur des maladies infectieuses, revient sur différentes recherches internationales menées à propos du virus, de sa transmission et de l'efficacité du vaccin contre la COVID-19. Découvrez également les démarches à suivre pour vous faire vacciner en tant que personne vulnérable.

    Podcast 14 mam Dr. Thomas Dentzer

    Play Episode Listen Later Mar 5, 2021 30:32


    Am Podcast vun der Santé informéieren mir Iech all Woch zu Themen a Relatioun mat der Pandemie an iwwert de Large Scale Testing. Dir lauschtert eis no, mee mir lauschteren awer natierlech och Iech no a mir héieren, dass Dir eis ganz vill Froe stellt. Fir méiglechst vill vun dëse Froen ze beäntweren, bidde mir Iech des Woch eng Podcast Episod mam Virolog a strategesche Koordinator vun der Gesondheetsdirektioun Dr. Thomas Dentzer, wou mir op verschidden Themen aginn, déi den Ament aktuell sinn: et geet em déi verschidden disponibel Impfstoffer, em Impfstoffer déi geschwënn wäerten disponibel sinn, Masken, Aerosole mee awer och em de Verlaf vun der Pandemie selwer.

    Podcast 13 with John Ryan

    Play Episode Listen Later Feb 26, 2021 24:13


    In the 13th episode of our health Podcast we talked to John Ryan, the Director Public Health at the Directorate-General for Health and Food Safety (DG Santé). We asked him about European coordination work in the pandemic, DG Santé's role in it and how it is involved in the vaccination against COVID-19.

    Podcast 12 avec Dr. Sébastien Français

    Play Episode Listen Later Feb 20, 2021 20:42


    Dans ce 12ème podcast, le Dr. Sébastien Français, médecin à la Direction de la santé, nous donne de précieuses explications quant à l'organisation et à la logistique autour de la vaccination et de la distribution actuelle. Découvrez comment se déroule une visite au centre de vaccination et comment se décide l'attribution d'un vaccin selon les patients.

    Podcast 11 avec Dr. Françoise Berthet

    Play Episode Listen Later Feb 12, 2021 33:06


    Dans le 11e Podcast de la santé, Dr Françoise Berthet, directeur adjoint à la Direction de la santé et secrétaire du Conseil supérieur des maladies infectieuses, nous explique les critères de vulnérabilité qui rythment les phases de la campagne de vaccination au Luxembourg, en évoquant notamment le travail du Conseil supérieur des maladies infectieuses dans ce cadre. Elle revient aussi sur l'évaluation de l'efficacité des vaccins et plus particulièrement du vaccin AstraZeneca.

    Podcast 10 mam Dr. Martine Trauffler & Dr. Anne-Cécile Vuillemin

    Play Episode Listen Later Feb 5, 2021 33:30


    Wéi a vu wiem gëtt den Dossier vun enger Firma evaluéiert déi en Impfstoff oder e Medikament wëllt lancéieren? Wéi gëtt d'Sécherheet vum Impfstoff zu Lëtzebuerg suivéiert wann en um Marché ass? Wat ass d'Roll vun der Pharmacovigilance a wat mécht d'European Medicines Agency iwwerhaapt? Am 10. Podcast vun der Santé gi mir nees op d'COVID-19-Imfpung an. Mir schwätze mam Dr Martine Trauffler a mam Dr Anne-Cécile Vuillemin, allen zwee vun der Gesondheetsdirektioun, iwwert d'Zouloossungsprozeduren an de Suivi vum COVID-19-Impfstoff.

    Podcast 9 mam Dr. Charles Benoy

    Play Episode Listen Later Jan 22, 2021 29:21


    Wéineg Facteure wierken sech op d'Psyche aus elo an der Pandemie a wat kann ech an och mäin Ëmfeld maache fir besser mat de Belaaschtungen ëmzegoen. Héiert och dëse Samschdeg (23.1) bei eis eran. Am 9. Podcast vun der Santé schwätze mir mam Psycholog a Psychotherapeut Dr. Charles Benoy iwwert Santé mentale am Kader vun der Pandemie.

    Podcast 8 mit Prof. Markus Ollert

    Play Episode Listen Later Jan 16, 2021 28:14


    Die COVID-19-Impfungen Wie genau verhindern die COVID-19-Impfungen die Verbreitung des Virus? Wieso ist es nötig zwei Dosen zu impfen und wie lange hält die Wirkung? Wann erreichen wir Herdenimmunität? Worin liegt der Unterschied zwischen einer mRNA und einer Vektorimpfung? Haben die möglichen Mutationen des Virus einen signifikanten Impakt auf die Wirksamkeit der verfügbaren Impfstoffe? Im 8. Large Scale Testing Podcast haben wir mit Prof. Markus Ollert vom Luxembourg Institute of Health über die COVID-19-Impfungen gesprochen.

    Podcast 7 mam Dr. Thomas Dentzer

    Play Episode Listen Later Jan 8, 2021 31:18


    Am 7. Podcast vun der Santé maache mir Iech mam Virolog Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun de Point zu verschiddene Sujeten am Kader vum COVID-19. Hien erzielt Iech méi iwwert déi nei Virusmutatiounen, erkläert den Ënnerscheed tëschen Antigentester an Antikierpertester a kuckt wéi de Large Scale Testing bis elo zur Kontroll vun der Pandemie bäigedroen huet.

    Podcast 6 mam Dr. Jean-Claude Schmit

    Play Episode Listen Later Dec 11, 2020 14:54


    Am 6. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Jean-Claude Schmit iwwert d'Impfstrategie géint de COVID-19 geschwat. Hien erkläert wéi, wou a wien geimpft gëtt a geet och op d'Fro vun der Herdenimmunitéit an.

    Podcast 5 mam Prof. Michel Pauly

    Play Episode Listen Later Dec 4, 2020 26:43


    An dëser Episode kucke mir wäit zeréck an d'Geschicht. Mir schwätze mam Prof. Michel Pauly iwwert Epidemien an der Vergaangenheet. Wat war déi gréissten Epidemie? Wéi huet een sech Deemools geschützt, wéi war dat mat der spuenescher Gripp a wat hunn Impfungen un der epidemiologescher Situatioun geännert?

    Podcast 4 mam Prof. Bernard Weber a mam Dr. Stéphane Tholl

    Play Episode Listen Later Nov 27, 2020 29:05


    An eisem 4. Podcast froe mir beim Prof. Bernard Weber a beim Dr. Stéphane Tholl vun de Laboratoires réunis no wéi hire Labo sech opgestallt huet fir déi vill Tester an der Pandemie ze bewältegen a wéi sech fir de Large Scale Testing organiséiert gouf. Mir wollten och wësse wat et mam sougenannte Pooling op sech huet a wéi sécher déi verschidden Tester sinn.

    Podcast 3 avec Dr. Anna Chioti

    Play Episode Listen Later Nov 20, 2020 30:43


    Quel est le processus de la genèse d'un vaccin ? Quels sont les différents types de vaccins et comment fonctionnent-ils ? En ce moment, l'on parle beaucoup de vaccination. Voilà pourquoi, dans notre 3e podcast, Dr. Anna Chioti, Chef de Division de la pharmacie et des médicaments à la Direction de la santé, explique le développement des vaccins en général et aborde également les questions d'approbation dans le contexte européen. Cet épisode sera en français.

    Podcast 2 mam Dr. Thomas Dentzer

    Play Episode Listen Later Nov 13, 2020 37:22


    Ass d'COVID-19 Pandemie mat anere Pandemien an der Vergaangenheet ze vergläichen? Wat hu mir zum Beispill aus der spuenescher Grippe geléiert? Wéi gi Mesuren determinéiert ? Wat bréngt de Large Scale Testing an der Bekämpfung vun der Pandemie ? A wat huet et mat der Mutatioun vum Virus an der Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch op sech? An eiser 2. Podcastepisod schwätze mir mam Virolog Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun ënnert anerem iwwert verschidde virologesch Aspekter vun der COVID-19 Pandemie an iwwert d'Lëtzebuerger Large ScaleTesting Strategie.

    Podcast 1 mam Dr. Jean-Claude Schmit

    Play Episode Listen Later Oct 30, 2020 17:25


    Säit Mäerz bestëmmt d'Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net onbedéngt weess. Stéck fir Stéck wëlle mir mat eisem Podcast dëse Puzzle zesummebauen. Dëse Samschdeg fänke mir mam Dr. Jean-Claude Schmit dem Direkter vun der Santé un. Deux fois par mois, nous vous proposons d'écouter un de nos experts de la santé autour d'une thématique liée à l'actualité de la COVID-19 et du Large Scale Testing. Ce premier podcast porté par Dr. Schmit traite du virus et de son traitement au Luxembourg et dans le monde, de l'infection et de la période d'incubation de la grippe par rapport à la COVID-19.

    Claim Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel