POPULARITY
Sex fannen ass haut net méi schwéier, well et gi jo Appe dofir. Op Quickie oder Bezéiung – an der schéiner net méi esou neier Online-Welt gëtt et fir jiddereen*t eppes. Oder op d'mannst wierkt et esou. De Joël an den Elie schwätzen an dëser Episod doriwwer, wisou déi Appe dacks esou ugeluecht sinn, datt et méi ëm d‘Swipe geet wéi ëm d‘Persounen op de Profiller. Si erziele vun Iwwerangebot, vun Déieren op Profilfotoen an schwätzen doriwwer, wéi een*t sech méiglechst sécher op esou Plattforme beweege kann. An der Rubrik erklärt eis d‘Ella, wat et mam „Male Gaze“ op sech huet. Shownotes: Artikel iwwer AI-Companions an der woxx
D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...
Am Rebound stinn haut zwou Persounen am Mëttelpunkt. Engersäits d'Esmeralda Skrijelj, déi zanter dëser Saison zu Konter spillt. Anersäits de Bob Melcher, dee sech un ee ganz spezielle Match vu virun 10 Joer erënnert. De Rebound gëtt Iech haut vum Rich Simon presentéiert.
Sozial Ongläichheeten duerch d'Corona-Pandemie, politesch Aflëss an der Educatiounsfuerschung an net kohärent Leitsysteemer fir blann Persounen an der Stad sinn haut Theemen an der nationaler Press.
Sozial Ongläichheeten duerch d'Corona-Pandemie, politesch Aflëss an der Educatiounsfuerschung an net kohärent Leitsysteemer fir blann Persounen an der Stad sinn haut Theemen an der nationaler Press.
De Kampf géint d'Wäisswäsche vu Gelder bréngt mat sech datt de Client vun enger Bank vill a schwéierfälleg Formalitéiten erfëlle muss. Dat stéisst op vill Onverständnes. An dëser Carte Blanche gëtt d'Fro opgeworf, ob et wierklech néideg ass bei klengen a bescheidenen Persounen an Associatiounen esou genee ze reglementéieren. Misst do net de Prinzip vun der Proportionalitéit gëlle wéi en och an anere Fäll ugewant gëtt.
Mëssbrauch an der Famill aus ënnerschiddleche Perspektiven op d'Bün bréngen: Dat ass der Autorin Mandy Thiery mat hire Stécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" gelongen. Mä wat fir e perséinlechen a professionelle Prozess stécht do dohannert? Hefteg, gewot, ze vill: Mat dësen Adjektiver hunn ënnerschiddlech Persounen dem Mandy Thiery seng Theaterstécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" an der Vergaangenheet kommentéiert. Dobäi beschreiwen si Mëssbrauchserfarungen ënnerhalb vun enger Famill, wéi se dagdeeglech stattfanne kënnen. 2018 huet de Monodrama "Escher Meedchen" Premiere gefeiert, 2023 dunn d'Theaterstéck "Escher Bouf" - eng drëtt Episod vun der Geschicht ass geplangt. Säit 2018 huet sech vill fir d'Autorin Mandy Thiery verännert. Si huet duerch d'Theaterstécker net nëmmen hir eege Familjengeschicht opgeschafft, mä och materliewt, wéi de Kultursecteur mat engem Sujet wéi Mëssbrauch ëmgeet. Zesumme mam Isabel Spigarelli vun der woxx deelt d'Mandy hir Erfarungen an denkt haart doriwwer no, ab wéi engem Alter eng Sensibiliséierung fir de Sujet Mëssbrauch eigentlech sënnvoll ass. Lauschtert eran!
Theemen haut: Konflikt am Noen Osten, Associatioun Behënnert Persounen, Charel Weiler am Portrait an nei Waffe fir d'Arméi.
Theemen haut: Konflikt am Noen Osten, Associatioun Behënnert Persounen, Charel Weiler am Portrait an nei Waffe fir d'Arméi.
Zu Gaascht an dëser Episode vu KulturPur ass d'Sandra Biewers vun Inktologie. Hat ass säit 20 Joer Tattooartistin an huet déi ganz Entwécklung vun der lëtzebuergescher Tattoo-Scene matgemaach. Dat heiten ass eng mega informativ Episode, lauschtert onbedéngt era falls dir méi iwwert d'Tattoowelt gewuer wëllt ginn. Dat heiten sinn d'Themen déi mir an dëser Episode uschwätzen: ➡ Wéi huet d'Tattoowelt zu Lëtzebuerg viru 20 Joer ausgesinn an ginn et grouss Ënnerscheeder zu Haut? ➡ Burnout bei Kënschtler:innen - D'Wichtegkeet "Nee" zu Opträg kënen ze soen. ➡ Gesetzer déi Tattoofaarwen verbidden: Wat ass genau do lass? ➡ Instagram Q&A: D'Sandra beäntwert är Froen! ➡ Medizinesch Tattoos:
E Buch iwwer Persounen, déi wierklech gelieft hunn, muss net onbedéngt eng reng Biographie sinn. De Schwäizer Auteur Alex Capus huet sech als Virlag fir säin neie Roman eng Fra gesicht, déi mam Kënschtlernumm Caroline Weldon an den USA als Molerin vum berüümten Häuptling « Sitting Bull » bekannt war. Als jonkt Meedchen war se mat hirer Mamm Mëtt vum 19te Joerhonnert aus der Schwäiz an d'USA op New York ausgewandert. D'Christiane Kremer huet d'Buch gelies.
An deene leschte Jore war Lëtzebuerg ëmmer op der drëtter Plaz, wat de Ranking vu LGBTIQ-Rechter an Europa ugeet. Dëst Joer huet sech dat geännert – dat heescht awer net onbedéngt, datt d'Situatioun vu queere Mënschen zu Lëtzebuerg sech verschlechtert
D'Tageblatt deckt d'"Schwurbel-Zeen" op a presentéiert néng Persounen, déi d'Antivax-Demoen an hir verschwörungsideologesch Agitateuren ufeieren.
D'Tageblatt deckt d'"Schwurbel-Zeen" op a presentéiert néng Persounen, déi d'Antivax-Demoen an hir verschwörungsideologesch Agitateuren ufeieren.
E klengt gréngt Bichelchen, mat de Secreten vu 5 Mënschen, wat déi Persounen um Enn genee dohinner bréngt, wou se solle sinn. Dat ass d'Kuerzfaassung vun enger Geschicht déi engem reegelrecht d'Häerz opmécht, an och eist Buch vun der Woch. "Montags bei Monica" heescht de Roman a gouf geschriwwe vun der Autorin Clare Pooley. D'Michèle Schons huet e gelies a kann e just wäermstens recommandéieren:
Ronn 76 Prozent vun den Awunner vu méi wéi 12 Joer si komplett géint de Covid-19 geimpft. Elo leeft d'Kampagne fir eng zousätzlech Impfung fir eeler Persounen. Aus wéi enge Grënn bal ee Véierel vun der Populatioun sech net impfe léisst, a wéi een an der Impfcampagne soll kommunizéieren, doriwwer diskutéieren ënner anerem den Dr. Jean-Paul Schwarz an de Psychiater Jean-Marc Cloos. Moderatioun: Carole Schimmer
276 Milliounen Euro fir 5 nei Flüchtlingscampen op de griicheschen Inselen huet d'Europäesch Unioun deblockéiert. D'lescht Woch gouf deen éischte Camp op Samos ageweit. 3.000 Persounen, déi aus hirem Heemechtsland geflücht sinn, sollen hei kënnen ënnerkommen. E Camp, deen e battere Bäigeschmaach hannerléisst an d'Flüchtlingspolitik vun der EU oppe leet, fënnt d'Monica Camposeo am Commentaire.
Den däitsche Filmregisseur Roland Emmerich ass 65 Joer al an ass eng vun deene Persounen, déi et zu Hollywood gepackt huet. Eisen Hollywood Reporter Pit Biver werft e Bléck op dem Emmerich seng Karriär.
D'Situatioun an Afghanistan ass och fir eng Réi Persounen mat Lien op Lëtzebuerg net einfach. Wéi schafft Lëtzebuerg drun, déi Leit aus Kabul erauszekréien? Ausserdeem: Wat mécht eigentlech eise Premier a wat huet d'Lydie Polfer mat der aarmer Schueberfouer gemaach?
Déi Gréng wiere Meeschter dran, parteino Persounen op héich Posten ze placéieren, an de President vun déi gréng gesäit d'Kris als Chance.
Am 21. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Dentzer iwwert den Impakt um Large Scale Testing geschwat a gefrot, wéi dëse matgehollef huet d'Mesuren ze gestallten. Op Basis vun engem wëssenschaftlechen Artikel deen hien zesumme mam Prof. Paul Wilmes vun der uni.lu an dem Dr. Joël Mossong vun der Gesondheetsdirektioun verfaasst huet, huet den Dr. Dentzer eis och erkläert, wéi een dank dem Large Scale Testing virausrechne konnt, wéi vill infizéiert Persounen et géif hei zu Lëtzebuerg ginn.
Europäesch Wirtschaftspolitik, Virdeeler fir geimpfte Persounen an Engagement fir Gewerkschaften: Theemen an der Press presentéiert vum Jacques Ganser.
TRIGGERWARNUNG: THEMA VERGEWALTEGUNG & SEXUELL MËSSHANDLUNG ‼️ Den Ivan Leal Martins huet sech bei mir gemellt, fir seng Geschicht z'erzielen. Hien ass vu sengem Hausdokter sexuell mësshandelt ginn a schwätzt oppen iwwert dat Thema. Vergewaltegungen, sexuell Mësshandlung an alles wat mat dem Thema ze dinn huet duerfen NET mei zu Lëtzebuerg tabuiséiert gi. Zemools well et leider an eisem Rechtssystem laut dem Ivan a villen aneren Opfer eng „Rape Culture“ herrscht. Dat heecht, dass eise Rechtssystem pro Täter ass, wat sou Affären erschwéiert an a ville Fäll net fir Gerechtegkeet gesuergt gett. Dat heiten ass gläichzäiteg een Opruff un Affekoten, Polizisten a weider Persounen déi gären oppen iwwert dat Thema schwätzen wëllen fir transparent z'erklären, wéi sou ee Cas vun der aanerer Säit ofleeft a wisou et u Gerechtegkeet feelt. Falls dir ee kennt, da mellt iech gären bei mir. Merci @ivanlealmartins, dass de dir Zäit geholl hues deng Geschicht z'erzielen an Initiativ z'ergräife fir dem Thema Opmierksamkeet ze ginn.
Soll ech mech trotz raren Niewewierkunge mat AstraZeneca impfe loossen? Déi Fro hu sech an der Lescht bestëmmt vill Leit gestallt. Och déi iwwer 25.000 Persounen, déi sech bis de leschte Weekend fräiwëlleg op d'Lëscht ageschriwwen hunn. Déi éischt 16.000 kruten hir Invitatioun, ënnert hinnen och d'Carine Lemmer.
Eeler Leit gehéieren zur Haapt-Risiko-Populatioun wat de Coronavirus ugeet. Wei gesäit d'Situatioun aktuell aus fir Persounen am 4. Alter? Wéi geet Een an den Altersheemer an an der Geriatrie mam Coronavirus ëm? Wéi een Effekt hat de Confinement op déi eeler Leit? An wéi wichteg ass de Beruff vum Geriater? Dat froe mer de Moien den Dr. René Dondelinger. De Geriater an President vun der Société Médicale Luxembourgeoise de Gériatrie et Gérontologie ass um 10 op 8 eisen Invité vun der Redaktioun.
Och 51 Joer no Stonewall gëtt et ëmmer nach vill Diskriminéierung géint Membere vun der LGBTIQA-Communautéit. Dat läit net nëmmen, mä awer och, un der Representatioun an de Medien. Déi huet sech vir Schwuler a Lesben an deene leschten Dekade gebessert, mä bei trans Persoune gëtt et nach vill ze maachen. Mir ënnerhalen eis dës Woch am Podcast iwwert […]
D'Suerge vun de vulnerabele Persounen, "ze niddreg" Staatsscholden, an e Boykott am Lëtzebuerger Futtball-Championnat sinn d'Haaptthemen de Moien an den Zeitungen.
Zënter dem Lockdown hei am Land huet den Alldag vu jidderengem geännert. Grouss Feieren mat Frënn oder Famill si weiderhi verbueden a bis ewell sinn och d’Visitten an den Alters-a Fleegeheemer grad wi an de Spideeler nëmmen ageschränkt bis guer net erlaabt. Dobäi wiere grad di eeler a krank Leit an dëser Situatioun op hir Famill ugewisen. Ma grad si ginn awer isoléiert a kréien den noë Kontakt mat hire Léifsten verweigert. D’Betreiung duerch d’Gesondheets- a Fleegepersonal kann d’Famill awer net ersetzen. Vill vulnerabel Persounen spiere sech dofir eleng gelooss a musse souguer eleng stierwen. Dat dierft net sinn, fënnt d’Lynn Cruchten a sengem Commentaire.
105.000 Persounen sinn dem Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg ausgesat. Dat sinn iwwert 18 Prozent vun der Populatioun. Zuelen, déi mir dëse Samschden an der Emissioun Background beliichten. Ass d’Strategie vun der Regierung déi richteg. Kënnen eng Erhéijung vum Mindestloun, den gratis ëffentlechen Transport oder gratis Schoulbicher eppes géint den Aarmutsrisiko an d’Aarmut ausriichten. Dat kucke mir zesummen mam Marc Wagener vun der Chambre de commerce, dem Frederic Krier vum OGBL an dem Paul Galles vun der CSV. De Background am Gespréich héiert dir wéi gewinnt, tëscht 12 an 1 Auer hei op der Antenne an op der rtl App.

Zënter dem leschten Donneschdeg leeft d'Campagne "1 vu 4" an där et ëm Mënsche geet mat psychesche Krankheeten. Mat dësem Slogan lancéiert ATP, d'Ateliers Thérapeutiques et Protégés de Luxembourg, eng Sensibiliséierungscampagne. Op 4 Sitten hei am Land kréie Leit, déi eng psychesch Krankheet hunn, vun der ASBL zanter 30 Joer ënnert d'Äerm gegraff. 1 vu 4 Persounen ass am Laf vun hirem Liewen vun esou enger Krankheet betraff. De President vun ATP Jean-Paul Reuter ass haut am Gespréich.

Wat ass queere Sex? Hu queer Persounen ëmmer queere Sex an hetero Leit nie? Deene Froen sinn d'Tessie an d'Kelly nogaangen.
"Veiller sur mes parents" heescht e Service, deen déi franséisch Post ubitt. De Bréifdréier mécht op senger Tournee eng Visite bei eelere Persounen, déi dacks eleng wunnen, a kuckt, wéi et hinne geet. Domat ginn déi eeler Leit berouegt, an awer och hier Famill. Déi Leit, déi d'Famill fréier entlaascht hunn, belaaschten se haut, mengt de Guy Seyler am Apropos :
Den 20. November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn. Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen. Besonnesch tragesch ass d'Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi Joer, deen am Stot gelieft huet, Zeie vun der Gewaltwell gouf, déi sengem “Bopa” zum Verhängnis ginn ass.

Ewéi de Jos Emmerich Enn November 2010 mat sengem Hond säin Tour duerch de Bësch zu Haler gemaach huet, huet hien eng fierchterlech Decouverte gemaach. Am Bësch loung d'Läich vun engem Awunner vun Haler. De Mann war d'Affer vun engem Verbrieche ginn. Op Uerder vun de Justizautoritéite si véier Persounen am Zesummenhang mat dësem Mord festgeholl ginn.