POPULARITY
De Pim Knaff, de Georges Mischo, de Xavier Bettel, d'Elise Schmit an de Jean Portante - am Guy Helminger sengem "kuerze Monolog iwwer eng laang Zäit" kritt bal jiddwereen eng op den Deckel, déi heftegst Kritik gëllt awer dem Auteur selwer - wien och ëmmer hien ass. De Guy Helminger, oder en Alter Ego vun him, lieft am Kasemattentheater, bedrénkt sech mat schlechtem Wäin, wiedert géint Politik, d'Literaturzeen, Europa a Cancel Culture - an erënnert sech a kuerze Fragmenter u seng oder engem anere seng Vergaangenheet. Well wann all Autobiografie eng Ligen ass, kann ee souwisou soen, wat engem grad an de Sënn kënnt. Knapp dräi Stonne virun der ausverkaafter Première am Kasemattentheater empfänkt de Jeff Schinker d'Metteure en scène Liss Scholtes an de Schrëftsteller Guy Helminger am Studio.
De Gust Graas, vu Formatioun Jurist, war deene meeschte wahrscheinlech als Generaldirekter vun der CLT e Begrëff, als Grënner vun RTL-Télévision an der Luxair, kuerz als Medie-Manager mat Visiounen. Gëtt ee säin Numm bei wikipedia an, steet do “Gust Graas, lëtzebuergesche Moler a Manager”. Effektiv hat hie sech, zwar als Autodidakt, mee awer och als Kënschtler en Numm gemaach. “Hat”, “war”... dat ass Vergaangenheet? Eng Madamm setzt sech schonn dat ganzt Joer dofir an, datt d'Erënnerung un de Moler Gust Graas waakreg gehale gëtt: seng Duechter, d'Journalistin Christiane Graas. An déi huet d'Kerstin Thalau an de Studio invitéiert.
Mëssbrauch an der Famill aus ënnerschiddleche Perspektiven op d'Bün bréngen: Dat ass der Autorin Mandy Thiery mat hire Stécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" gelongen. Mä wat fir e perséinlechen a professionelle Prozess stécht do dohannert? Hefteg, gewot, ze vill: Mat dësen Adjektiver hunn ënnerschiddlech Persounen dem Mandy Thiery seng Theaterstécker "Escher Meedchen" an "Escher Bouf" an der Vergaangenheet kommentéiert. Dobäi beschreiwen si Mëssbrauchserfarungen ënnerhalb vun enger Famill, wéi se dagdeeglech stattfanne kënnen. 2018 huet de Monodrama "Escher Meedchen" Premiere gefeiert, 2023 dunn d'Theaterstéck "Escher Bouf" - eng drëtt Episod vun der Geschicht ass geplangt. Säit 2018 huet sech vill fir d'Autorin Mandy Thiery verännert. Si huet duerch d'Theaterstécker net nëmmen hir eege Familjengeschicht opgeschafft, mä och materliewt, wéi de Kultursecteur mat engem Sujet wéi Mëssbrauch ëmgeet. Zesumme mam Isabel Spigarelli vun der woxx deelt d'Mandy hir Erfarungen an denkt haart doriwwer no, ab wéi engem Alter eng Sensibiliséierung fir de Sujet Mëssbrauch eigentlech sënnvoll ass. Lauschtert eran!
Zanter ugangs dës Joers sinn d'Reklammsbliedercher a Folderen, déi an eise Bréifkëschte verdeelt goufen, Vergaangenheet. Natierlech war dësen Trend virauszegesinn.
De BENU-Village zu Esch ass Vergaangenheet, oder awer vläicht net? 20 fréier Mataarbechter wëllen de Projet relancéieren an haten och schonn eng Reunioun mam Schäfferot
De Logementsproblem ass net mat steierlechen Avantagen fir Investisseuren ze léisen. Dat huet an der Vergaangenheet näischt bruecht an ass och kee Modell fir d'Zukunft. A senger Carte blanche proposéiert de Gilles Hempel eng aner Approche, fir där Saach endlech Meeschter ze ginn.
Wien gëtt den nächsten US-President? Et gëtt schonn äifreg Walkampf bedriwwen. De Pit Biwer notzt d'Geleeënheet aus, fir emol iwwer déi Acteuren ze kucken, déi an der Vergaangenheet d'Roll vum amerikanesche President gespillt hunn. Nimm wéi Morgan Freeman oder Gina Davis wat am Film Commander and Chief eng Presidentin gespillt huet.
Froe vum Maurice Molitor un déi nei DP-Deputéiert, déi de 27. Juni vereedegt gouf. An déi eng Vergaangenheet am Fussball huet: Dat passt um Dag, op deem d'Frae-WM ufänkt.
Zanter e Samschdeg sinn déi komplett Lëschte vun deene 4 grousse Parteie fir d'Chamberwale bekannt. Opfälleg ass dobäi, datt CSV, DP, LSAP an déi Gréng den 8. Oktober, anescht wéi an der Vergaangenheet, keng Journaliste mat an d'Course schécken. Och fréier Sportler sinn éischter rar geséint, dofir spille Medezinner a Lokalpolitiker dëst Joer eng méi prominent Roll. Eng Entwécklung, déi nëmmen op den éischte Bléck positiv ass, wéi de Marc Hoscheid an engem Tëscheruff mengt.
© Chantal Maquet Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung ... An hirer neier Graphik-Novell ënnersicht d'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet d'Verbindung vu Lëtzebuerg zum Kolonialismus an de strukturelle Rassismus, fir dëse Phenomeen a Fro ze stellen an ze bekämpfen. An de verschiddene Kapitele vun dësem Grafikroman benotzt d'Chantal Maquet hir Familljegeschicht fir Froen iwwer d'Lëtzebuerger kolonial Vergaangenheet, de Postkolonialismus a Rassismus am Allgemengen ze beäntweren. Fir Äntwerten op hir Froen ze fannen, hat Si Experte befrot: Régis Moes, Historiker a Curator am Musée national d'histoire et d'art Luxembourg (MNHA). Jean-Louis Zeien, President vu Fairtrade Lëtzebuerg. Myriam Abaied an Antónia Ganeto vum IKL Intercultural Education Center. "Kolonialismus, Rassismus, Diskriminéierung - Dat huet jo näischt mat mir ze dinn", e Virtrag opgeholl de 4. Juni 2023 am CUBE 521 zu Maarnech. Enregistrement a Montage: Carlo Link Panorama "Wou stees du? aus der Ausstellung: "dat huet jo näischt mat mir ze dinn" vum Chantal Maquet an der Galerie Nei Liicht zu Diddeleng, 2021. © Mike Zenari Perséinlech Fro: Sinn ech rassistesch? D'Lëtzebuerger Kënschtlerin Chantal Maquet, Gewënnerin vum Prix Pierre Werner 2022, lieft a schafft zu Hamburg, si ass de Moment fir e Projet an der Kënschtlerresidenz, den Ermitage zu Klierf. D'Graphik-Novell vum Chantal Maquet, ass ze kréien an all gutt Bichergeschäft
Zu hirer 5 paken se elo nees de Réckspigel an d'Spektiv aus, well bis Mëtteg kucke se an déi jéngst Vergaangenheet, awer och d'Zukunft interesséiert si ferm. Wien ass hinnen - wann ee sou wëll - an de Frack getrëppelt, a wiem trëppele si op d'Féiss, well en sech net ganz no de Reegelen vun der Konscht beholl huet? Oder aneschter gesot, wien gëtt geliked a wou weist den Daum no ënnen? Bis Mëtteg wäerte mer et wëssen. Beim Christiane Kremer sinn et den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius.
Eng vun de gemeinsamen Aktiounen tëscht den zwou Kulturhaaptstied Esch 2022 a Kaunas? Si échangéiere Kënschtler. De Filip Markiewicz ass deemno vun der Escher Konschthal a Litaue geschéckt ginn, Litauen huet ee vun hire bekannste Kënschtler a Filmemaacher, den Deimantas Narkevicius, an de Fliger op Lëtzebuerg gesat. D'Rekonstruktioun vun der Geschicht, d'Weidergi vu Mémoire, de bizarren Ëmgang mat Monumenter sinn dem Narkevicius seng Thematiken, déi hien a senge Filmer op eng intelligent, déifgrënneg, an technesch och villschichteg, Manéier montéiert. Dat zanter Mëtt der 1990eger, zum Deel och fir di sowjetesch Vergaangenheet anescht konstruktiv ze verschaffen. Ass dat mat Konscht méiglech?
Am Gespréich iwwer säi Roman "Terra Alta" huet de spuenesche Schrëftsteller Javier Cercas net just iwwer de spuenesche Biergerkrich, de Wäert vun der Literatur, d'Bedeitung vun der Vergaangenheet an der Géigewaart geschwat, mee hien huet dem Valerija Berdi och verroden, wéi eng Plaz d'Lieserinnen a Lieser fir hien hunn.
Op Entdeckungsrees an de Kasematten an den ale Schifergrouwen Mir entdecken déi riseg ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwen zu Uewermaartel a gesinn am Büro vum fréiere Chef wat haut nach iwwert dem Buedem un déi al Zäiten erënnert. An um Kierchbierg kënnt een ënnert d'Schinne vum Tram. An en Deel vun de Kasematten an deem ee keng regulär Visitte ka maachen.
Op Entdeckungsrees an de Kasematten an den ale Schifergrouwen Mir entdecken déi riseg ënnerierdesch Welt vun de Schifergrouwen zu Uewermaartel a gesinn am Büro vum fréiere Chef wat haut nach iwwert dem Buedem un déi al Zäiten erënnert. An um Kierchbierg kënnt een ënnert d'Schinne vum Tram. An en Deel vun de Kasematten an deem ee keng regulär Visitte ka maachen.
De Michel Delage an de Jeff Schinker schwätzen iwwer: "En roue libre" (Didier Barcelo), "Entre la vie et la mort" (Giordano Gederlini) an "The Gray Man" (Joe & Anthony Russo).
D'Vertriederin vun der Associatioun Lëtz Rise Up setzt sech an géint de strukturelle Rassismus an der Gesellschaft a fuerdert ënner anerem, datt Symboler vun der kolonialer Vergaangenheet vu Lëtzebuerg net demonstrativ am ëffentleche Raum gewise ginn. Si war d'lescht Woch eng vun den Intervenante bei enger Konferenz, déi den Nationalmusée organiséiert huet, an déi éischter turbulent op een Enn gaangen ass. D'Theema war folgend Fro: "Lëtzebuerg, ee koloniale Staat?". Mir komme mat der Sandrine Gashonga op déi Konferenz an hiert Engagement ze schwätzen. Moderatioun: Christiane Kleer
De Staatsmusée beliicht vun haut un "déi kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg". De Rick Mertens freet den zoustännegen Historiker, wéi eng nei Aspekter d'Ausstellung opdeckt.
D'Wëssenschaft huet an der Vergaangenheet schonn oft als Bréck tëscht Länner gedéngt, déi eigentlech net méi matenaner schwätzen. Wat fir eng Roll Fuerscherinnen a Fuerscher am aktuelle Krich an der Ukrain, an och duerno kenne spillen, erkläert de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, a senger Carte Blanche.
- DISCLAIMER - Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt. D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet missen duerch vill extrem Situatioune goen. hat beschreift eis wéi d'Realitéit hannert der Flucht ausgesinn huet a wéi dat ganzt hat bis haut nach gepräägt huet. Et ass interessant ze héiere wéi hat säi Wee fonnt huet mat der Situatioun eens ze ginn. Nierwend dem Thema "Gefiller beaarbechten ze kënnen" schwätze mir och iwwert seng Modelcarrière a wéi d'Welt vum Zeechnen hat ëmmer begleet huet. Vill Spaass beim Lauschteren!
Dem Gast Groeber säin neie Roman erzielt déi däischter Vergaangenheet vun engem Éisleker Duerf aus der Siicht vun engem bäigepraffte Stater Hobbyschrëftsteller. Eng Kritik vum Michel Delage
E Mëttwoch de Moien war den neien CSV-Deputéierten eisen Invité vun der Redaktioun.
A sengem Wierk "Die Schlange im Wolfspelz. Das Geheimnis großer Literatur" setzt sech den däitsche Literaturkritiker, Germanist a Schrëftsteller Michael Maar mam Geheimnis vum gudde Stil auseneen a geheit d'Fro op, wéi aus der Sprooch Literatur gëtt. Hien huet hei 50 däitschsproocheg AutorInnen ausgewielt an eng Rees vun der Vergaangenheet bis an d'Géigewaart ënnerholl fir mat ganz vill Humor des Froen ëmmer erëm ze stellen. De Michael Maar war kierzlech Invité am Institut Pierre Werner a bei dëser Gelegenheet huet d'Valerija Berdi mat him iwwer säi literarescht Schaffe geschwat.
An hirer neier Erzielung "Daisy Fiedler" (Capybarabooks) geet d'Margret Steckel erëm der Vergaangenheet op d'Spuer. Et geet ëm Erënnerungen, ëm Virstellungen an ëm Regreten. Awer och ëm d'Fro, wéi eng Wierkung en Trauma op eis kierperlech Gesondheet huet. D'Valerija Berdi huet d'Buch gelies.
Et ass gepackt, dat Schlëmmst läit hannert eis, d'Pandemie krut duerch d'Impfcampagne dee leschte Coup, sou datt d'Corona-Plo geschwënn der Vergaangenheet ugehéiert... Mä ass et wierklech sou einfach? De Roy Grotz ass virsiichteg optimistesch...
Wéi vermëttelt een "100 Joer Lëtzebuerger Konscht"? De Lëtzebuerger Artisten Center, kuerz LAC, huet decidéiert, ENG Geschicht zu deem Theema ze zielen: also an enger Expo mat 130 Tableauen, Skulpturen a Fotoe vu 66 Artisten kloerzemaachen, wéi facettëräich d'Kreatioun am Grand-Duché ass. De LAC huet Konschtwierker selektionéiert, déi an der Vergaangenheet rar gewise goufen. De Gros staamt vu private Sammler, de Rescht vun ëffentlechen Institutiounen. D'Kerstin Thalau war d'Expo am Centre Barblé zu Stroossen kucken.
En groussen Merci un den eightoninebeatz fir dem Tim an dëser Episod en Mikro ze sponseren. Archive.org ass d Website, fir an verschëllen Videoen aus der Vergaangenheet anzedauchen.
D´Fréijoer ass ugepaff! De Bob an de Mathis starten des Woch mat enger duebel Episod. Am éischten Deel kommen mir nach eng kéier kuerz op dem Bob seng Vakanz ze schwätzen, déi erfollegräich Lëtzebuerger Serie Capitani däerf och natierlech net feelen an eng kleng Rees an Vergaangenheet zum Ursprong vum Bob an Mathis senger Frëndschaft an enger SNJ Kolonie ass och derbäi. Am zweeten Deel hu mir dann mol nees eng kéier Invitée´n bei eis. Sidd gespaant op den éischten Deel vun den Epsioden -Zu spéider Stonn- a virun allem, vill Spaass beim ulauschteren.
Clean History? Episod 4 Wéi gesäit en gesonden Ëmgang mat der Vergaangenheet ëm? Wéi behandele mer dat, wat mer moralesch verwerflech fannen? Musse mer d’Geschicht botzen? Oder musse mer eise Bléck op d’Geschicht hannerfroen? An der Diskussiounsronn mam Thomas Koenig haut: den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann. Link zu Episod 1: https://soundcloud.com/speakeasylux/statuen-ofrappen Link zu Episod 2: https://soundcloud.com/speakeasylux/moralesch-standards Link zu Episod 3: https://soundcloud.com/speakeasylux/memoire Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeasylux/humor-wip
Clean History? Episod 3 Wéi geet ee mat der Vergaangenheet em? Ween decidéiert, wat gutt war, wat schlecht war, a wat mir fir eis an Usproch huelen? Kann eisen Rapport duerch d’Vergaangenheet duerch d’Geschichtsbicher gebilt ginn, oder wiisst en organesch? Den Jacques Delleré erkläert eis, wei d’Mémoire entsteet, a wéi e gesonden Ëmgang mat eiser Vergaangenheet ausgesinn kannt. Dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer. Am Gespréich mam Thomas Koenig: den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann. Link zu Episod 1: https://soundcloud.com/speakeasylux/statuen-ofrappen Link zu Episod 2: https://soundcloud.com/speakeasylux/moralesch-standards Link zu Episod 4: https://soundcloud.com/speakeasylux/eng-propper-geschicht Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeasylux/humor-wip Zu dem Thema kéint Iech och interesséieren: Meng Diskussioun mam Zentrum fir politesch Bildung zum Thema Redefräiheet an Négationismus https://soundcloud.com/speakeasylux/wei-verdroen-sech-redefraiheet-an-negationismus An am Kader vun “Wat der Däiwel?” – Dem Podcast vum Lycée classique Echternach hunn ech mat den Schüler eng Rei Interviews iwwert d’Optioun “Fluchtziel Iechternach” (gehalen vum Jacques Delleré) gefouert https://soundcloud.com/watderdaeiwel/fluchziel-iechternach-deel-1 https://soundcloud.com/watderdaeiwel/fluchtziel-iechternach-deel-2 https://soundcloud.com/watderdaeiwel/fluchziel-iechternach-deel-3 https://soundcloud.com/watderdaeiwel/fluchziel-iechternach-deel-4
Clean History? Episod 2 Däerfe mer d’Vergaangenheet mat eise Standards jugéieren? Firwat? Gëtt et iwwerhaapt “den” richtegen moraleschen Standard, un deem een alles bewäerten kéint? Den Thomas Koenig dissertéiert iwwert Sënn an Onsënn an iwwert d’Schwieregkeet, moralesch Uerteeler ze faassen. Dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer. Am Gespréich: Den Thomas Koenig, den Jacques Delleré, den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann. Link zu Episod 1: https://soundcloud.com/speakeasylux/statuen-ofrappen Link zu Episod 3: https://soundcloud.com/speakeasylux/memoire Link zu Episod 4: https://soundcloud.com/speakeasylux/eng-propper-geschicht Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeasylux/humor-wip
Clean History? Episod 1 Statuen ofrappen, well se di falsch Symbolik duerstellen? Dës Fro ass di läscht Zäit ëfters gestallt ginn. Déi eng gesinn doran en noutwennegen Schrëtt no fir, fir di aner ass et Zensur, moralesch Panik oder d’Wäisswäschen vun der Vergaangenheet. Mee wat stécht wierklech hannert dëser Fro? Den Chris Pesch huet am Summer 2020 op sengem Blog Pianocktail en Post https://www.pianocktail.lu/2020/06/27/iwwer-geschicht-a-geschichten/ zu dem Thema verfaasst. Hien erkläert eis haut d’Problematik, an dono diskutéieren mer an der Gespräichsronn doriwwer. Am Gespréich mam Thomas Koenig haut: De Chris Pesch (an d’Diskussiounronn vum Speakeasy: den Jo Devaquet, d’Elina Ecker, de Jacques Ernzer an d’Catherine Freimann) Link zu Episod 2: https://soundcloud.com/speakeasylux/moralesch-standards Link zu Episod 3: https://soundcloud.com/speakeasylux/memoire Link zu Episod 4: https://soundcloud.com/speakeasylux/eng-propper-geschicht Link zu “Wéi wäit däerf Humor goen?”: https://soundcloud.com/speakeasylux/humor-wip
Op e Flughafe goen, an e Fliger klammen, dat neit Joer op enger anerer Plaz souzesoe begréissen, dat ass momentan vill manner evident wéi nach an der rezenter Vergaangenheet. Gutt, datt am Mudam, am Kader vun der Ausstellung "25 Joer Mudam-Collectioun", dem Schwäizer Kënschtler Thomas Hirschhorn säi Meeschterwierk "World Airport" ze gesinn ass? Da kann ee sech wéinstens am Musée mam Sujet "Flughafen" kritesch ausenanersetzen? Awer och dat geet op d'mannst bis den 10. Januar net. Dowéinst proposéieren d'Kerstin Thalau an d'Marie-Noëlle Farcy vum Mudam Iech elo eng Audio-Féierung duerch d'Installatioun.
De Roger Seimetz, den 24. November an der Schungfabrik zu Téiteng Masse-Krankheeten an Epidemië sinn et an de leschte Joerhonnerten ëmmer scho ginn, zu Lëtzebuerg grad esou gutt wéi anzwousch anescht ... an d'Mënschen hunn iwwerlieft, net all, mee déi meescht. Eleng doduerch, well si a Quarantàn gesat oder konfinéiert gi sinn. An net eréischt bei SARS-CoV-2, mee schonn zanter et Epidemië gëtt. De Kampf géint Epidemië veronsécheren de Mënsch a maachen him Angscht, zemol wann ënner Ëmstänn Mesurë virgeschloe ginn, déi méi kontradiktoresch net kënnen an net konnte sinn. Mee, aus der Vergaangenheet kënne mer léieren, Krise wéi déi vum Corona ze léisen an Ausweeër ze fannen; mer kënnen erkennen, wou Feeler louchen an ... wou mer Chancë verdoen hunn. An der Geschicht vun Epidemie a Pandemie verzielt den Historiker Roger Seimetz vun dësen net nëmme wéi, wou a wéini se opkoumen a wéi se verlaf sinn, mee och wéini wien eventuell e Mëttel dogéint entwéckelt huet. Zu Lëtzebuerg hate mer och déi grouss Epidemien, déi lescht virun honnert Joer. Leider ass keng vun en definitiv aus der Welt!! - Och d'Pescht net, déi souvill Misär verbreet a Mënscheliewe kascht hat. Datt mer haut awer all viral a bakteriell Plo an de Grëff kéinte kréien (jo all!), steet fest. Och eis Corona-Pandemie. Mer musse just wëllen. Gewosst wéi. Montage: Carlo Link Video vum virtuelle Virtrag, den 24. November an der Schugfabrik, Téiteng
An dëser Episode kucke mir wäit zeréck an d'Geschicht. Mir schwätze mam Prof. Michel Pauly iwwert Epidemien an der Vergaangenheet. Wat war déi gréissten Epidemie? Wéi huet een sech Deemools geschützt, wéi war dat mat der spuenescher Gripp a wat hunn Impfungen un der epidemiologescher Situatioun geännert?
Masse-Krankheeten an Epidemië sinn et an de leschte Joerhonnerten ëmmer scho ginn, zu Lëtzebuerg grad esou gutt wéi anzwousch anescht ... an d'Mënschen hunn iwwerlieft, net all, mee déi meescht. Eleng doduerch, well si a Quarantàn gesat oder konfinéiert gi sinn. An net eréischt bei SARS-CoV-2, mee schonn zanter et Epidemië gëtt. De Kampf géint Epidemië veronsécheren de Mënsch a maachen him Angscht, zemol wann ënner Ëmstänn Mesurë virgeschloe ginn, déi méi kontradiktoresch net kënnen an net konnte sinn. Mee, aus der Vergaangenheet kënne mer léieren, Krise wéi déi vum Corona ze léisen an Ausweeër ze fannen; mer kënnen erkennen, wou Feeler louchen an ... wou mer Chancë verdoen hunn. An der Geschicht vun Epidemie a Pandemie verzielt den Historiker Roger Seimetz vun dësen net nëmme wéi, wou a wéini se opkoumen a wéi se verlaf sinn, mee och wéini wien eventuell e Mëttel dogéint entwéckelt huet. Zu Lëtzebuerg hate mer och déi grouss Epidemien, déi lescht virun honnert Joer. Leider ass keng vun en definitiv aus der Welt!! - Och d'Pescht net, déi souvill Misär verbreet a Mënscheliewe kascht hat. Datt mer haut awer all viral a bakteriell Plo an de Grëff kéinte kréien (jo all!), steet fest. Och eis Corona-Pandemie. Mer musse just wëllen. Gewosst wéi. Resumé a Montage: Carlo Link Audio vum ganze Virtrag: Eng Geschicht vu Pandemien [Online-Versioun]
Ass d'COVID-19 Pandemie mat anere Pandemien an der Vergaangenheet ze vergläichen? Wat hu mir zum Beispill aus der spuenescher Grippe geléiert? Wéi gi Mesuren determinéiert ? Wat bréngt de Large Scale Testing an der Bekämpfung vun der Pandemie ? A wat huet et mat der Mutatioun vum Virus an der Iwwerdroung vum Déier op de Mënsch op sech? An eiser 2. Podcastepisod schwätze mir mam Virolog Dr. Thomas Dentzer vun der Gesondheetsdirektioun ënnert anerem iwwert verschidde virologesch Aspekter vun der COVID-19 Pandemie an iwwert d'Lëtzebuerger Large ScaleTesting Strategie.
Mat hirem zweete Roman "Zorn und Stille" ass déi éisträichesch Schrëftstellerin op der Shortlëscht fir den Däitsche Buchpräis gelant. Zu Recht, fënnt d'Valerija Berdi, eng komplex Geschicht iwwer eng Famill, déi ganz ënnerschiddlech Vuen op d'Liewen, op Vergaangenheet an Erwaardungen huet.
De Schwäizer Auteur Roland Buti schreift original op franséisch a krut an der Vergaangenheet dofir schonn eng Rei Auszeechnungen a senger Heemecht. Seng Bicher ginn awer och ëmmer séier an déi aner offiziell Sproochen aus der Schwäiz iwwersat: op italienesch an op däitsch. D'Christiane Kremer huet säi leschte Roman "Grand National" an der däitscher Versioun gelies "Das Leben ist ein wilder Garten".
Erklär&Themen: Déi gréisst Whatsappgrupp vun der Welt, Rassismus zu Lëtzebuerg an dem Joe seng schwéier Vergaangenheet als Skater Boy... An natierlech nach vill méi. Fir Risiken an Niewewierkungen consultéiert w.e.g. Ären Druid an/oder Schaman.
Kierfechter sinn net nëmme Plaze fir Erënnerung, mee si materialiséieren och Materialien a Vergaangenheet. E Fuerschungsprojet vun der Universitéit Lëtzebuerg, "RIP", beschäftegt sech mat dësem Thema, zu deem och ee Buch mam Titel "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?" erauskoum. Eng vun den Autorinnen ass d'Archeologin Christiane Bis-Worch, si erkläert an hirem Virtrag bei Geleeënheet vu Les rendez-vous de l'UNESCO, wat déi Doudeg iwwer hiert d'Liewe verroden. Weider Intervenante waren nach: Thomas Kolnberger, Projet "RIP", Antoinette Reuter a Robert L. Pilippart,. Si hunn d'Buch zesumme mat der Sonja Kmec erausginn. D'Konferenz vum 7. Oktober an däitscher Sprooch, gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link. Les rendez-vous de l'UNESCO am Cercle Cité, de 7. Oktober 2019 © Carlo Link PDF-Datei zum Virtrag vun der Christiane Bis-Worch: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/03/vortrag-ewigeruhe-christianebis-fuer-100-7_21e597.pdf Iwwer de Fuerschungsprojet "RIP" op der Uni Lëtzbuerg: http://https://transmortality.uni.lu D'Buch "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?", iwwer Kulture vun der Griewer zu Lëtzebuerg an an den Nopeschregiounen, ass ze kréien am Buchhandel, oder direkt iwwer de Capybarabooks-Verlag. http://www.capybarabooks.com/buecher/sachbuch/ewige-ruhe-concession-a-perpetuite.html Musek: Reinhard Mey - Friedhof (Live vun der CD "Ich kann" - 2006)
Den Olivier Catani a Mister Science kréien en Abléck an d'Liewe virun 8.000 Joer. Et ass eng Zäit iwwert déi mer net vill wëssen. D'Liewe viru dausende vu Joren. An der Steenzäit. Dat meescht wat mer wëssen, hu mer duerch Saachen, déi Archeologe fonnt hunn. A vill dovun ass aus Steen. Duerfir och den Numm: Steenzäit. Den Olivier Catani a Mister Science loossen en Deel vun där Vergaangenheet zum Liewen erwächen. Si joen, kachen a kleede sech wéi virun 8.000 Joer. A maache sech op d'Spuere vum Loschbour-Mann. Dem eelste bal komplette Skelett vun engem Mënsch, dee jee zu Lëtzebuerg fonnt ginn ass.
Den Olivier Catani a Mister Science kréien en Abléck an d'Liewe virun 8.000 Joer. Et ass eng Zäit iwwert déi mer net vill wëssen. D'Liewe viru dausende vu Joren. An der Steenzäit. Dat meescht wat mer wëssen, hu mer duerch Saachen, déi Archeologe fonnt hunn. A vill dovun ass aus Steen. Duerfir och den Numm: Steenzäit. Den Olivier Catani a Mister Science loossen en Deel vun där Vergaangenheet zum Liewen erwächen. Si joen, kachen a kleede sech wéi virun 8.000 Joer. A maache sech op d'Spuere vum Loschbour-Mann. Dem eelste bal komplette Skelett vun engem Mënsch, dee jee zu Lëtzebuerg fonnt ginn ass.
Aus underground Subkultur gëtt Mainstream Wuer: Woodstock léisst eng Well vu weideren Open-Air-Eventer aus, déi bis haut Musek a Kommerz kombinéiert - op d'mannst bei de grousse Festivalnimm ass dat de Fall. D'Improvisation aus de siechzeger Jore gehéiert der Vergaangenheet un, d'Festivalzeen vun haut ass e reegelrechte Business ginn.
Etonnants voyageurs heescht de grousse Literaturfestival zu Saint-Malo. D'Stad vun de Korsaren grad wéi déi ganz bretonesch Küst hu schonn an der Vergaangenheet déi franséisch Schrëftsteller ugezunn an inspiréiert. Eng literaresch Rees mam Valerija Berdi an d'Bretagne vu gëschter an haut.
Et soll een am Liewen net ze vill no hanne kucken. Mat enger positiver Liewensastellung d'Zukunft ugoen, da gesäit d'Welt direkt anescht aus.Wann dir awer elo zu den eelere Semester zielt, da kënnt dir och zefridden zréck kucken, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.
Muer fänkt den nationale Basketchampionnat erëm un.Eng Woch éischter wéi soss, mee mat de selwechte Favoritte wéi an der Vergaangenheet.Diddeleng a Steesel bleiwen déi meescht genannte Kandidate bei der Fro nom Titel.An dach versprécht et eng spannend Saison ze ginn, menge jiddefalls eis zwee Expert’en Jang Mathes a Guy Seyler elo am Basket-Magazin Rebound
Muer fänkt den nationale Basketchampionnat erëm un.Eng Woch éischter wéi soss, mee mat de selwechte Favoritte wéi an der Vergaangenheet.Diddeleng a Steesel bleiwen déi meescht genannte Kandidate bei der Fro nom Titel.An dach versprécht et eng spannend Saison ze ginn, menge jiddefalls eis zwee Expert’en Jang Mathes a Guy Seyler elo am Basket-Magazin Rebound