Podcasts about dofir

  • 33PODCASTS
  • 121EPISODES
  • 31mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • May 1, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about dofir

Latest podcast episodes about dofir

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 01/05/2025

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later May 1, 2025 2:41


Kultfilmer musse bleiwen wéi se sinn. Et geet net fir u grousse Wierker eppes ze veränneren och wa KI dat méiglech mécht. Dofir schwätzen sech grouss Hollywood Regisseuren wéi Martin Scorsese oder George Lucas beim Pit Biwer am Interview aus. Donieft gitt Der méi gewuer iwwer den EGOT, de Ritterschlag wann een esou wëll an der Filmbranche.

Kultur
"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 30, 2025 9:02


"Dat bedeit puer Freed, well mir ganz vill Musek zesummen erlieft hunn", äentwert d'Maria Miteva op d'Fro wat déi 10 Joer Ars Nova Lux fir si bedeiten. Bei deem Ensembel ass si net nëmmen d'Flüttistin a Leederin, mee si huet en och virun 10 Joer zesumme mat der Komponistin Albena Petrovic an d'Liewe geruff. Am Fokus vun hire Concerte steet zanter dem Ufank Musek vu Lëtzebuerger Komponist:innen. De Samschden 3. Mee spillen si e Concert an der Philharmonie, mam Motto "Ways". Do geet et drëms, Kulturen zesummen ze bréngen. Dofir sti Wierker aus Japan, Bulgarien, Kroatien a Lëtzebuerg op der Affiche. D'Maria Miteva erzielt am Gespréich mam Marie Schockmel méi.

Kultur
"Mir kommen aus verschiddene Länner a sinn zesummen zu Lëtzebuerg"

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 30, 2025 9:02


"Dat bedeit puer Freed, well mir ganz vill Musek zesummen erlieft hunn", äentwert d'Maria Miteva op d'Fro wat déi 10 Joer Ars Nova Lux fir si bedeiten. Bei deem Ensembel ass si net nëmmen d'Flüttistin a Leederin, mee si huet en och virun 10 Joer zesumme mat der Komponistin Albena Petrovic an d'Liewe geruff. Am Fokus vun hire Concerte steet zanter dem Ufank Musek vu Lëtzebuerger Komponist:innen. De Samschden 3. Mee spillen si e Concert an der Philharmonie, mam Motto "Ways". Do geet et drëms, Kulturen zesummen ze bréngen. Dofir sti Wierker aus Japan, Bulgarien, Kroatien a Lëtzebuerg op der Affiche. D'Maria Miteva erzielt am Gespréich mam Marie Schockmel méi.

Kultur
Net nëmme Bayreuth an New York, och Lëtzebuerg ass an hirem Agenda

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 14, 2025 7:02


D'Edith Haller ass eng bekannt Wagner-Interpretin, déi international vill gefrot ass. Si stoung schonn zu Bayreuth am Festspielhaus op der Bün an 2019 huet si hiren Debut an der Metropolitan Opera zu New York gefeiert. Den 19. Abrëll kann een d'Südtirolerin elo fir eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg erliewen, am Mierscher Theater. Do interpretéiert d'Edith Haller dräi Wagner-Arien zesumme mam Orchestre National des Jeunes du Luxembourg. De Christophe Mirkes huet am Virfeld e Gespréich mat der Edith Haller geféiert, an deem si eis mathëlt an d'Déifgrënnegkeet vun de Wagner-Operen. Si verréit och, datt et hiren éischte Concert zu Lëtzebuerg a mat engem Jugendorchester ass. Dofir freet si sech op hiren Optrëtt zu Miersch ganz besonnesch.

Kultur
Mel Bonis: Eng verstoppten Identitéit mat ville Facetten

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 25, 2025 7:57


D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet. Hanner dem Pseudonym Mel Bonis verstoppt sech d'Melanie Bonis, eng franséisch Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, vun där bis elo iwwer 300 Wierker publizéiert sinn. Gelieft huet si zu enger Zäit, zu där si sech géint eng Männer-dominéiert Musekswelt huet missen duerchkämpfen a sech dofir entscheet huet, déi eegen Identitéit ze verstoppen. Dëser Kënschtlerin hu sech déi lëtzebuergesch Geiistin Sandrine Cantoreggi an déi däitsch Pianistin Sheila Arnold ugeholl. Si fannen, et ass derwäert der Mélanie Bonis hir Musek ënner d'Leit ze bréngen a méi bekannt ze maachen. Dofir hu si Enn 2023 net nëmmen een Album erausbruecht, mee schaffen och un engem Concertsprogramm am Ettelbrécker CAPE, deen de Fokus op d'Kënschtlerin leet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzen d'Musekerinnen iwwer hir déifgrënneg Recherche an hir Faszinatioun fir dëse Personnage.

Erklär&Laach
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III)

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later Jan 27, 2025 20:01


D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...

Luxembourgish with Anne PODCAST
Conversation Workout B1 - Bass du zefridden mat denger Aarbecht?

Luxembourgish with Anne PODCAST

Play Episode Listen Later Dec 12, 2024 18:26


Ready to boost your Luxembourgish with a new B1 Conversation Workout? Mastering real conversation takes practice—especially when you want to discuss everyday topics more naturally and confidently.In this episode, we'll tackle conversations about job satisfaction and your work life. Perfect for a coffee chat with a friend or a new acquaintance! You'll strengthen both listening and speaking skills, learning how to express opinions about your job, ask questions, and answer in a way that sounds natural and authentic. First You'll hear the whole conversation between Jeannine and Anne -2 works colleagues - so an informal conversationThen I will go through important vocabulary and phrases used in the conversation so to practice together and make sure your Luxembourgish sounds more fluent and that you also gain in confidenceReady to practice? A: So mol Jeannine, bass du zefridden mat danger Aarbecht? Tell my J are you happy with your job?J: Jo, eigentlech schonn. Meng Aarbechtskollegen si sympathesch an meng Aarbecht ass interessant. Yes, pretty much. My colleagues are nice and my job is interesting. Awer ech géif gär méi Verantwortung iwwerhuelen. But I would like to take on more responsibility.A: Wat mengs du mat méi Verantwortung? What do you mean with …J: Ech wëll gär an den nächste 5 Joer eng dichteg Positioun iwwerhuelen. I would like to take on a leadership position in the next 5 years. A wéi gesäit et bei dir aus Anne? And how about you?A: Ech sinn och zefridden mat menger Aarbecht, awer ech wënsche mer méi Geleeënheeten fir meng Fäegkeeten weider ze entwéckelen. I'm happy with my job too, but I wish to have more opportunities to develop my skills.J: Seriö? Ech wousst net, datt s du esou éiergäizeg bass. Really, I did not know that you were so ambitious.A: Dach, - YesJ: Wéi laang schaffs du da schonn hei? How long have you been working here?A: Dat ass mäi 5. Joer an der Firma. This is my 5th year with this company.J: Hues du schonn iwwerluecht, wat s du maache kéints, fir däin Zil ze erreechen? Have you already thought about what steps you could take to achieve your goal?A: Jo, ech hu mam Chef driwwer geschwat, an hien huet proposéiert datt ech un enger interner Ausbildung deelhuelen soll. Yes, I've discussed this with the manager, and he suggested that I take part in an internal training.J: dat ass eng gutt Iddi. That's a good idea.A: Jo, ech freeë mech iwwer dës Formatioun = Ausbildung. Ech wäert sécherlech vill Neies an och nei Fäegkeeten léiere. Yes, I'm looking forward to this training. I will for sure learn a lot of new stuff and also new skills.J: ech mengen, datt et och wichteg ass eng gutt balance tëscht Aarbecht a Fräizäit ze fannen. I think that finding a good balance between work and free time (it) is also important.Vergiess net och heiansdo Spaass am Liewen ze hunn. Aarbecht eleng mécht net glécklech. Don't forget to have some fun sometimes in life. Work alone won't make you happy.A: Jo dat stëmmt. Dofir versichen ech mech ze entspanen an de Weekend treffen ech meng Frënn. An du? Wat méchs du fir de Kapp fräi ze kréien? Yes, that's right. Therefore I try to relax and at the weekend I meet my friends. And what about you? What do you do to clear your head?J: Also, ech ginn heiansdo lafen an ech maachen reegelméisseg Yoga. An ech verbrénge vill Zäit mat menger Famill a mat menge Frënn. Also, I sometimes go running and I regulary do Yoga. And I spend a lot of time with my family and my friends.A: Do hues du recht. There you're right. J: Absolut. Sou, genuch geschwat. ech mengen et ass nees Zäit fir schaffen ze goen. Absolutely. So, enough talked. I think it's time to go back to work.Well done! Nice work for sticking with me all the way through that training.It's training your mouth and your memory through repetition that will help you sound more like a native speaker.Do you want to practice actively conversation then reach out to LWA and get all details about our 1:1 conversation coaching program with me as your coach.Website: https://luxembourgishwithanne.luSproochentest Oral Exam Prep Class:https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/oralexamFacebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=enLinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/postsYoutube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA

Speakeasy Podcast
Schüler-Froen zur Kris am Noen Osten

Speakeasy Podcast

Play Episode Listen Later Oct 12, 2024 55:37


D'Krise am Noen Osten werft vill Froen op. Och bei Schüler. Dofir hunn ech d'Froen vun mengen Primaner vun der Optioun "sujets d'actualité" aus dem Lycée Classique d'Echternach mat bei en Expert geholl. En Interview mam Journalist Petz Bartz.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Oct 4, 2024 17:26


Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou keen iwwert eng grouss Reform mat engem verlängerten Tronc Commun schwätzt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ungleichheiten im Bildungswesen: Die BlackboxThe post Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique? first appeared on Radio ARA.

Kultur
De Rencontres-d'Arles-Direkter Christoph Wiesner iwwer de Michel Medinger

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 8, 2024 5:01


Fir d'Presentatioun vum Lëtzebuerger Projet 2024 fir déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles war den Arles-Direkter Christoph Wiesner extra op Lëtzebuerg komm. Hie souz schliisslech och mat am internationale Jury, deen d'Expo “L'ordre des choses” vum Michel Medinger, selektionéiert huet. Dofir gouf eng Aart Fotoe-Kuriositéitekabinett an der historescher Chapelle de la charité am Zentrum vun Arles montéiert. D'Kerstin Thalau wollt vum Christophe Wiesner wëssen, wéi sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Klischeeën an d'Gesamt-Programmatioun fir dëse Summer aglidderen.

Kultur
55. Rencontres de la photo d'Arles: Méi klassesch a manner experimentell

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 4, 2024 5:02


Fir d'Presentatioun vum Lëtzebuerger Projet 2024 fir déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles war den Arles-Direkter Christoph Wiesner extra op Lëtzebuerg komm. Dat mécht Sënn: schliisslech souz hien och mat am internationale Jury, dee sech fir d'Expo “L'ordre des choses” vum Michel Medinger decidéiert huet. Dofir gëtt eng Aart Fotoe-Kuriositéitekabinett an der historescher Chapelle de la charité am Zentrum vun Arles montéiert. D'Kerstin Thalau wollt vum Christophe Wiesner wëssen, wéi sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Klischeeën an d'Gesamt-Programmatioun fir dëse Summer aglidderen.

Kultur
E Blot Wonner während der "heure bleue" zu München

Kultur

Play Episode Listen Later May 31, 2024 10:03


“In München steht ein Hofbräuhaus”: dat ass bekannt, an zwar net just duerch den Titel vun der Spider Murphy Gang. Münchener Awunner an Touriste solle sech awer net just fir déi historesch Architektur - plus Inhalt - interesséieren, mee och fir zukünfteg Bauten. Um fréiere Pfanni-Industrieareal, zum Beispill, ginn zanter knapps 30 Joer d'Broochen als Nightlife- a Kulturareal genotzt. Bis 2003 ënnert dem Numm Kunstpark Ost; aktuell entsteet do d'Werksviertel, mat och neie Gebailechkeeten, wéi d'Konzerthaus München. Dofir gëtt elo scho mobil gemaach: mat engem Riserad, awer och mat engem méi nodenklechen a meditative Projet, der dagdeeglecher Performance “Piano vertical” vum Genfer Alain Roche. D'Kerstin Thalau huet se gesinn a gëschter mam Alain Roche ee virleefege Bilan gezunn.

Kultur
55. Rencontres de la photo d'Arles: méi klassesch a manner experimentell

Kultur

Play Episode Listen Later May 28, 2024 15:10


Am Kader vun der Presentatioun vum Lëtzebuerger Projet 2024 fir déi renomméiert Rencontres de la photo zu Arles, war den Arles-Direkter Christoph Wiesner extra op Lëtzebuerg komm. Dat mécht Sënn: schliisslech souz hien och mat am internationale Jury, deem seng Membere sech fir d'Expo “L'ordre des choses” vum Michel Medinger decidéiert hunn. Dofir gëtt eng Aart Fotoe-Kuriositéitekabinett an der historescher Chapelle de la charité am Zentrum vun Arles montéiert. D'Kerstin Thalau wollt vum Christophe Wiesner wëssen, wéi sech dem Michel Medinger seng intrigant nature-morte-Klischeeën an d'Gesamt-Programmatioun fir dëse Summer aglidderen.

Kultur
Lëtzebuerger Literatur am Ausland

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 25, 2024 16:14


Lëtzebuerger Editiounshaiser, Autorinnen an Auteure sinn ëmmer méi present op auslännesche Bicherfoiren. Dofir ass  KulturLX, de Lëtzebuerger Arts Coucil zoustänneg, deen sech fir d‘Promotioun vun der Lëtzebuerg Kultur am Ausland engagéiert. D'Presenz op auslännesche Bicherfoiren, Iwwersetzungen, Residenze vun Autorinnen an Auteuren am Ausland an d'Ausschaffe vu Strategië fir d'Buchwiesen si Deel vum Departement Literatur an Edition. De Brian Bailey ass bei KulturLX fir dësen Departement responsabel an d'Valerija Berdi huet mat him iwwer seng Aarbecht am Déngscht vum Buch geschwat.

Kultur
Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 23, 2024 15:37


“In München steht ein Hofbräuhaus”: dat ass bekannt, an zwar net just duerch den Titel vun der Spider Murphy Gang. Münchner Awunner an Touriste solle sech awer net just fir déi historesch Architektur -plus Inhalt- interesséieren, ma och fir zukünfteg Bauten. Um fréiere Pfanni-Industrieareal, zum Beispill, ginn zanter knapps 30 Joer, d'Broochen als Nightlife- a Kulturareal genotzt. Bis 2003 ënnert dem Numm “Kunstpark Ost”; aktuell entsteet do d'“Werksviertel”, mat och neie Gebailechkeeten, wéi d'”Konzerthaus München”. Dofir gëtt elo scho mobil gemaach: mat engem Riserad, awer och mat engem méi nodenklechen a meditative Projet, der dagdeeglecher Performance “Piano vertical” vum Genfer Alain Roche. D'Kerstin Thalau huet se gesinn a sech duerno mam Alain Roche ënnerhalen.

Kultur

Muer ass déi offiziell Erëffnung vun "A Comparative Dialogue Act", dem Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg, déi de politesch chargéierten Titel "Stranieri Ovunque", also "Strangers Everywhere" dréit. E Message vun Toleranz an donkelen Zäiten, deen och am multidisziplinären an internationale Lëtzebuerger Pavillon resonnéiert. Do kräizen sech nämlech d'Nationalitéiten a Konschtforme: Den Andrea Mancini, och nach als Cleveland bekannt, huet zesumme mam Kënschtlerkollektiv Every Island a mat der Mudam-Curatrice Joel Valabrega ee Pavillon konzipéiert, deen no an no vu véier Kënschtler:inne bespillt gëtt. Dofir ass "A Collective Dialogue Act" scho vum Konschtmagasinn "Frieze" schonn als ee vun de kuckenswäerte Pavillone gewielt ginn. De Jeff Schinker ass den Ablack zu Venedeg, huet de Pavillon an déi éischt Performance vun der Kënschtlerin Selin Davasse gesinn a sech mam Andrea Mancini an dem Kollektiv Every Island ënnerhalen.

Erklär&Laach
Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later Jan 7, 2024 52:55


Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!! Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach. 

Kultur
Wuert vun der Woch: Schachspill

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 20, 2023 8:17


D'Chrëschtdeeg sinn d'Zäit vun de Kaddoen. Dofir huet sech de Jean Portante geduecht ze kucken, wou d'Wuert "Schachspill“ hierkënnt, wat ëmmer e schéine Kaddo ass.

RTL - Commentaire
Maxime Gillen: Méi Politik mat Wäitsiicht, 05/10/2023

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 5, 2023 2:28


Et gëtt wuel kaum een hei am Land, deen et net matkritt huet: E Sonndeg geet en Deel vun der Populatioun wielen. Dofir hunn d'Parteien alleguer hir Visiounen a Pläng grouss iwwert Plakater, Broschüren, Table-Ronden a Medie verbreet. Grouss Iddien, déi sech nom Waldag zum Deel schéngen a Loft opzeléisen. D'Maxime Gillen mat engem Commentaire.

Paus.
#111 Dee mam velho Ronaldo MacDonaldu

Paus.

Play Episode Listen Later Sep 24, 2023 77:27


RIP Summer (a Bialetti)! Mir sinn am Deuil a beriichten iwwer "Pleiten, Pech und Pannen" aus de leschte Wochen. Nieft engem "Begriefnis-Knigge", portugiseschen Déieren an "Atelier"-Announcements ginn et News vum Claudia Obert an dem Walentina, Selbstfindungstrips am Mëllerdall an eis Serien-Alter Egos. Haut gëtt getriwwelt (mee mat "f")​, well d'"Power Gays" si nees do. Mir pilgeren zesumme mat iech op Lourdes (oder an d'Cinemathéik) a mutéieren zum "Automag". Ass dëse Podcast den "Eck plus ultra"? Warscheinlech net. Mee ee vun eis ass den Al Bundy an deen aaneren ass "wäiss mat e bësse Spice". Who's that girl? It's "Paus.". Dofir kläre mir och Froen, déi änlech philosophesch si wéi d'"Hung oder Ee"-Debatt: Wéi ass et, am Téi ze trëppelen? Wou war de Noutausgang am "Wham"? A wien applaudéiert, wann een an der Dusch friemgeet? ech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)

Speakeasy Podcast
(Inter?)national-Walen

Speakeasy Podcast

Play Episode Listen Later Aug 21, 2023 37:17


An der Theorie ass all Staat souverän. An der Praxis ass Muecht awer duerch vill Faktoren beschränkt. Am Oktober sinn Chamber-Walen. Dofir wollt ech den Petz Bartz froen, wéi eng 3 international Saachen een senger Meenung no am Hannerkapp hale sollt, fir informéiert wielen ze goen. A wéi esou oft ass Praxis méi komplizéiert wéi d'Theorie...

Paus.
#106 Dee mam Anne-Marie Zemmer

Paus.

Play Episode Listen Later Jul 23, 2023 54:29


Haut ass Bommestëmmung an der Paus.-Gruppentherapie! Dës Summerepisod ass relativ kuerz – ënner anerem och, wëll mir de "Gossip Schäiss" einfach vergiess hunn. Dofir ginn d'ESC-Pläng awer méi konkret, et gëtt e Prêt fir d'Heidi Klum opgeholl an de komplette Glawen un d'Mënschheet ass verluer (well Drag Queens eis Kanner schwul maachen). Nieft dem Gugenhauer Wassertower, dem oscarverdächtege Barbie-Marketing-Team an dem Kaweechelchen Roger ginn et och nach stëbseg Macarons, e verhënnert Date mam Marteria an eng Aladin-Glitzer-Aura zu Wien.

Mäin Element
Mäin Element - Emma Schymanski

Mäin Element

Play Episode Listen Later Jun 5, 2023 31:09


An dësem Episod as de Max op engem Tatort. Wéi kann et och anescht sinn, ëmmerhin heescht d' Invitée vun dëser Episode änlech wéi e berüümten Tatort-Kommissär: Schymanski, Emma Schymanski fir genee ze sinn. D'Emma ass gebierteg Australierin a schafft zu Esch am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB). Hei ënnersicht d'Fuerscherin Prouwen aus der Natur op (on)bekannt Chemikalien a fënnt zum Beispill eraus, ob dës schiedlech sinn oder net. Dofir huet si souguer eng eege Methode erfonnt: Mëttlerweil ass d'Schymanski-Methode an hirem Domaine weltwäit unerkannt. Mam Emma schwätze mir iwwert Chemikalien an der Natur, Publikatiounen an der Schivakanz an iwwert de Jean-Claude Juncker als Dirigent. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu⁣

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Tom Wirion: Onse Wuelstand ass keng Selbstverständlechkeet, 27/03/2023 17:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 27, 2023


Dofir ass et héich Zäit, de Standuert Lëtzebuerg fit ze maachen fir d'Zukunft, eng grouss Erausfuerderung fir d'Politik an d'Betriber.

HAM, FRITTEN & ZALDOT
#142 Ass d'Ländchen prett dofir?

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Play Episode Listen Later Mar 22, 2023 39:03


D'Partei Fokus huet hire Wahlprogramm lancéiert - mat e puer duerchaus interessante Gedanken. Mir schwätzen iwwert hir Proposen an d'Anuerdnung vun der Partei an de letzebuergescher Parteielandschaft. Ausserdeem: D'Bankegewerkschaft Aleba huet Ambitiounen an d'Mediewelt setzt sech mam wichtegen Thema Aarmut zu Letzebuerg auseneen.

gedanken mir partei wahlprogramm dofir frank engel letzebuerg pierre jans
RTL - Commentaire
Pit Everling: Ass de Streckeradar op der A7 demesuréiert?, 14/03/2023 17:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 14, 2023


Dat schlëmmt Evenement am Neiduerf weist: Schro Accidenter bereede Leed a bleiwen e Problem. Dofir muss d'Thema Verkéierssécherheet onbedéngt weider op der politescher Lee stoen, fënnt de Pit Everling. E Mëttwoch trëtt par Konter eng Mesure a Kraaft, iwwer déi de Kommentator vun en Dënschdeg éischter de Kapp muss rëselen. Op der A7 gëtt an 3 Tunnellen iwwer de ganzen Trajet d‘Vitess gemooss.

HAM, FRITTEN & ZALDOT
#140 E Mëttelfanger fir d'Inflatioun?

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Play Episode Listen Later Mar 8, 2023 35:36


Eng Episod, leider opgeholl virum neie berühmteste Mëttelfanger vum Land. Dofir mat dem Best-Of -Lëtzebuergesch Top-Begrëffer: Tripartite, Mëttelstandsbockel a Steierbarème. A Musek gëtt et och nach.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Inna Ganschow: Krich huet kee kloert Zil a wäert dofir sou laang virugoen, wéi de Putin lieft, 22/02/2023 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Feb 22, 2023


E Mëttwoch de Moie waren den Ukrain-Krich an déi geflücht russesch an ukrainesch Bierger zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Kultur
Besonnesch Bijouen aus dem Nationale Literaturarchiv

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 31, 2022 8:11


"Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis am Gespréich mam Valerija Berdi a Michel Delage.

nationale fundst joe r cnl dofir besonnesch ekipp michel delage
Kultur
Eng Trouvaille vun der Ludivine!

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 16, 2022 3:00


"Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis an der Emissioun Kultur um 5. Si hunn déi nei Editioun vu "Fundstücke-Trouvailles" erausginn.  

Kultur
Eng Trouvaille vun der Daniela!

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 16, 2022 2:27


"Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis an der Emissioun Kultur um 5. Si hunn déi nei Editioun vu "Fundstücke-Trouvailles erausginn.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Dan Medinger: Oldtimer méi nohalteg maache mat E-Fuels, 04/11/2022 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Nov 4, 2022


Dofir setzt sech de President vun der Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun an. Hie war e Freideg eisen Invité vun der Redaktioun.

RTL - Buch vun der Woch
Buch vun der Woch: Zwei Herzen unter acht Millionen, 02/08/2022 11:15

RTL - Buch vun der Woch

Play Episode Listen Later Aug 2, 2022


D'Kate Spencer ass eng vun de Presentatrice vum Podcast «Forever 35» an den USA. Si schreift ënner anerem fir InStyle, Washington Post, Rolling Stone a Cosmopolitan. Nodeems si d'Erzielung mat autobiographeschen Elementer “The Dead Moms Club” geschriwwen hat, huet si sech lo un hiren éischte Roman erugewot,"Zwei Herzen unter acht Millionen". Dofir huet si sech duerch hir Faszinatioun vun der Stad New York an de klasseschen, romantesche Komedien aus den 80er Joren inspiréiere gelooss. Wat dobäi erauskomm ass, weess d'Sandra Mélan

Méi wéi Sex
#102 Community – mam Publikum um sexpositiven Event

Méi wéi Sex

Play Episode Listen Later Jul 18, 2022 50:04


Fir d’Staffelfinale vun der 4. Staffel hate mer déi besonnesch Freed mat Publikum dierfen opzehuelen – an zwar um sexpositiven Dag! Een Dag voller Workshops, Gespréicher, Snacks, Beréierungen a Begéinungen. Dofir hunn mer natierlech an dëser Opnam iwwer

Ceci, Do You Love Me?
CECI ASKS: Klichéen vun enger veganer Ernährung

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Jun 19, 2022 36:14


Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill Leit - zumools Jonker - entscheeden sech ëmmer méi op eng vegetaresch a suguer vegan Ernährung emzesteigen - wat natierlech gue net mol sou einfach ass. Dofir hunn ech mat 3 Veganer:inne geschwaat déi mir vun hiere liiblingsklichéen erzielt hunn a wisou sie sech vegan ernähren. Vil Spaass beim Lauschteren! Grousse Merci un de Raphael Betti, d'Silvie Almeida an d'Nadia vu Vegains Luxembourg!  

Erklär&Laach
Ep.79: Stammdëschgespréicher an der Zanzibar

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later May 20, 2022 63:13


Vum Kliemann iwwert d'Geriichtsaffär Heard vs Depp bis bei de Eurovision Song Contest: an der leschter Woch huet eis sou munches opgereegt. Dofir huele mir eis lo Zäit fir erofzekommen, an zesumme mat iech d'Séil baumelen ze loossen. (Bei Roserei oder Irritatioune wärend dem Lauschtere vun dësem Podcast, schreiwt w.e.g. e Mail un echhukeenhumor@feckdech.lu)

Erklär&Laach
Ep.77: Drockverloscht an der Niveau-Kabinn

Erklär&Laach

Play Episode Listen Later Apr 20, 2022 86:40


Am Delikatessebutték vun de Lëtzebuerger Podcasten hues du dech also fir dat Stéck Zoossiss mat engem groe Filz entscheet. D'Wurscht aus der Erklär&Laach Fabrick ass och des Kéier nees ze staark gewierzt, a fänkt direkt mat engem wierklech eeschten (an ausnamsweis och wichtegen) Thema un. Mee keng Angscht, d'Synapsen gi just kuerz ugestrengt, well de Joe huet d'Regie iwwer dësen Episode. Dofir begi mir eis nom Thema Ausschwitz direkt op intellektuellen Tauchgang, a versuergen dech wéi gewinnt mat 'geistiger Umnachtung', wéi se am großdeutschen Reich soen. (Jo, dat war e Witz iwwer d'drëtt Räich, obwuel et an dëser Folge em den Holocaust geet.) Hei dann och nach d'Resultat aus der representativer Statec-Emfro, déi mir an Optrag ginn hunn: Vun eis dräi Eenzeller ass de Baschti dee beléiftsten Podcastmember (97,69% vun de Befroten hunn dat uginn, 2,3% ware fir de Pippo, nom Joe gouf net gefrot). Verhältnisser wéi an Nordkorea, just dass et hei wouer ass.

Buvette - De Fussballpodcast
#64 Schwarzgeld

Buvette - De Fussballpodcast

Play Episode Listen Later Feb 15, 2022 30:15


Et ass roueg! Dat läit éischtens dorun, dass deen Drëtten aus der Buvette nach ëmmer feelt an zweetens, dass am internationale Fussball net vill lass war, wouriwwer een sech déifgrënneg ënnerhale misst. Dofir war et dës Woch eng éischter labber Affär, mat ënner anerem engem Thema aus dem Amateurfussball, wat virun allem an Däitschland mëttlerweil e grousse Problem ass.

RTL - Rebound
Rebound, 04/02/2022 17:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Feb 4, 2022


Muer sinn am Basket Championnat nach 4 Matcher vum 20. Spilldag. Dat heescht theoretesch sinn et nach 3 Matcher virum Play-Off. Déi meescht Ekippen hunn awer nach Nodrosmatcher virun deem Play-Off ze spillen. Dofir ass et relativ schwéier den Iwwerbléck an der Tabell ze behalen. Dat ass een Thema am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt....

RTL - Sproochmates
Sproochmates: d'Daumen dréien, 08/12/2021 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Dec 8, 2021


Den Domm, respektiv den Daum, kann een drécken, no uewen an no ënne weisen oder einfach dréien. Dofir brauch een awer déi 2 Daumen. Firwat een d'Daumen dréint, erkläert den Alain Atten.

RTL - Automag
Hyundai Bayon, 04/11/2021 16:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Nov 4, 2021


De koreanesche Konstrukteur Hyundai lancéiert ee Modell nom aneren. An der Klass vun de Mini SUV, déi jo weiderhi boomt, schéngt ëmmer nach eng Plaz ze sinn. Dofir elo dann de Bayon am Showroom. An de Christian Schmit war mat engem Exemplaire e puer Deeg am Land domat ënnerwee.

Kultur
Mam Gregor Schneider duerch den Ego-Tunnel

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 16, 2021 7:43


Sech mat sech selwer, sengen Ängscht, ausenaner setzen, soll jo Wonner wierken. Dofir brauch ee Raum an Zäit? D'Zäit misst dir iech huelen, mee mir hunn den idealen Espace fonnt: di nei Escher Konschthal. Do stellt ee vun de wichtegen däitschen zäitgenëssesche Kënschtler aus: de Gregor Schneider, Joergang 1969, dee viru ronn 20 Joer, fir seng accessibel Skulpturen, op der Biennale vu Venedeg mam gëllene Léif ausgezeechent gi war. D'Kerstin Thalau an de Gregor Schneider huelen iech elo mat op en Tour duerch d'Expo "Ego-Tunnel", en Gros e Parcours duerch eis Angschtraim.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Paul Hammelmann: Covid-Skeptiker blockéieren d'Enn vum Tunnel, 20/09/2021 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Sep 20, 2021


E Land wéi Portugal ass europäesche Spëtzereider an der Impfcampagne mat 91% vun der Bevëlkerung, déi eng 1. Impfung kritt hunn. D'europäesch Moyenne läit bei em 70%, wärend zu Lëtzebuerg nëmmen 365.000 Leit, also 63,2% vun der Bevëlkerung eng 1. Impfdosis kritt hunn, obwuel genuch Vaccin disponibel ass (*1). Dofir huet dann och de Vizepremier François Bausch hei op der Antenne sech enttäuscht gewisen iwwert déi niddreg Impfbereetschaft zu Lëtzebuerg an d'Familljeministesch Corinne Cahen sot – och bei eis op der Antenne – si géif déi Leit net verstoen, déi de Vaccin refuséieren. De Paul Hammelmann versicht a senger Carte blanche eng Explikatioun zu dësem Refus ze ginn.

Speakeasy Podcast
Den DemokratieLabo - Fair a gerecht?

Speakeasy Podcast

Play Episode Listen Later Aug 4, 2021 21:21


Den DemoLabo - Episod 3/4 Mir hunn zwar all di selwecht Rechter, mee mir sinn awer net all gläich. Dofir hu mer och net all di selwecht Chancen. Wat wär dann elo fair? Dass mer all zum Schluss dat selwecht Resultat kréien, oder all di selwecht Chancen hunn, zu dem Resultat ze kommen? Oder geet Gläichberechtegung duer? Wéi wäit – falls iwwerhaapt – ass d'Allgemengheet verantwortlech fir d'Situatioun vun den Individuen? Dat ass eng weider Fro, di mer aus der Expo "Den DemokratieLabo" vum Zentrum fir politesch Bildung erausgepléckt hunn. Eng Diskussioun mam Véronique Bastian, Jacques Delleré an Gilles Lanners.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Anne Brasseur: Lobbying, 21/06/2021 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 21, 2021


Heiheem hu mir d'Chance, dass der vill vun ons vill perséinlech Kontakter hunn. Sief et well een zesummen an d'Schoul gaangen ass, et kennt ee sech vun der Aarbecht , als Noper oder vun engem Club. Dofir ass de Kontakt ënnerenaner direkt an onkomplizéiert an dat gëllt och fir d'Politiker.

HAM, FRITTEN & ZALDOT
An domat zréck op de Kierchbierg feat. Caroline Mart

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Play Episode Listen Later Jun 16, 2021 66:56


An dëser Episod vun HAM, FRITTEN & ZALDOT geet et ëm Journalismus: Wat ass gutt, wat ass schlecht? Wat huet eis iwwerhaapt an déi Branche gespullt? Dat kënne mer natierlech net eleng maachen: Dofir erzielt eis och d'RTL-Journalistin Caroline Mart vun hirem Wee an de Journalismus, vu Fraequoten an den 80er an deem, wat bei enger Talkshow alles ka schifgoen.

RTL - Automag
Automag: Honda Civic Type R, 17/05/2021 11:15

RTL - Automag

Play Episode Listen Later May 17, 2021


Dass d'Japaner wëssen, wéi een e Kompaktsportler baut, ass jo näischt Neies. Ee Vertrieder vun där Gattung ass den Honda Civic Type R, an dee presentéiere mer iech haut am Automag. Dofir ass den Andy Brücker fir eis am Studio...

HAM, FRITTEN & ZALDOT
Do ass eppes ondicht

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Play Episode Listen Later Apr 28, 2021 36:32


Näischt ginn, dëst Joer mat lëtzebuergeschen Oscar. Dofir huet eist Hollywood-Vicky sech awer mat enger Kabes-Aktioun gutt blaméiert. Ausserdeem: de Claude Wiseler ass neien CSV-Präsident a mécht elo - wierklech wouer! - alles ganz anescht!

RTL - Sprint Magazin
Sprint, 15/04/2021 17:50

RTL - Sprint Magazin

Play Episode Listen Later Apr 15, 2021


Am Sprint vun haut dréit sech alles em d'Jugend. D'Jana Peters stellt eis mam Lena Kieffer eng Athletin vir, déi sech no der Première well komplett op de Sport konzentréieren. Dofir geet d´Mëttelstreckeleeferin an den nächsten Méint an d´Arméi....

Buvette - De Fussballpodcast
#32 Dylan mat der Schuffl

Buvette - De Fussballpodcast

Play Episode Listen Later Apr 8, 2021 33:06


Eis Rout Léiwe gi no engem excellente Match géint d'Portugise leider net belount. Dofir awer de Gerson Rodrigues, dee fir déi éischte Kéier am ‘Team of the Week' lant. De Bundesliga Spilldag war absolut fir d'Kaz a fir de Recht war et eng Episod, déi vu méi oder manner gescheite Kommentaren a Gesabbels gelieft huet, dat mat engem Dylan, deen an Topform war.