POPULARITY
Der VfL Nagold gilt wieder einmal als Favorit in der Landesliga, hängt den Erwartungen aber etwas hinterher. Nico Graf erzählt uns, was sich das Team vorgenommen hat. Viel Spaß mit der Folge! Unsere Links: Instagram Neckaralb: https://www.instagram.com/match.report.neckaralb/ Instagram Nördlicher Schwarzwald: https://www.instagram.com/match.report.nsw Instagram Zollernalb: https://www.instagram.com/match.report.zollernalb/ Facebook (Sport): https://www.facebook.com/MatchReport-583138828788902 Facebook (Fußball): https://www.facebook.com/match.report.fussball Facebook Zollernalb: https://www.facebook.com/match.report.zollernalb.bytequila Twitch: https://www.twitch.tv/matchreport LinkedIn: https://www.linkedin.com/company/76271113/admin/ Podcast: https://open.spotify.com/show/3T8uyQK4PqkM9ea25FZWvW Blog: https://matchreport.de/ Sportlerfrühstück ist ein Podcast von @Match.Report. sportlerfruehstueck@matchreport.de
Seit einigen Wochen darf das "Fit & Fröhlich", die Akademie für besseres Essen, ganzheitliche Gesundheit und interdisziplinäres Coaching wieder vor Ort mit Sportler*innen und Teams aus unserer Region arbeiten. Das habe ich gemeinsam mit unserem Physiotherapeuten Jürgen Beierlein zum Anlass genommen, um mit Nico Graf, ambitionierter Fußballer und Kraftsportler, über seine Erfahrungen im Umgang und Training mit uns zu berichten. Im Podcast lernt ihr, wie wir das Training strukturieren und aufbauen, wie wir Sport und Gesundheit ganzheitlich denken und wie wir auf die individuelen Bedürfnisse von Sporter*innen, Teams und Trainer*innen eingehen. Vielen Dank an Nico an dieser Stelle für dieses ausführliche Gespräch und viel Spaß mit der neuesten Folge von #werunhbg, dem Fitness- und Gesundheits-Podcast aus Herrenberg - für Herrenberg!
Ech ginn et zou: Ech hunn d'Doudesannoncen an den Zeitunge gekuckt - net normal fir mech.
Mäi Gouvernement huet mer geschriwwen ...
Hien ass e Pendler wéi ech, de Federico. Just datt hien nëmmen a sengem Land pendelt...
Et gëtt elo dacks gewarnt: Corona ass nëmmen den Ufank, hannendru kënnt eng nach méi grouss Katastrof. Et ass schwéier sech dat virzestellen. De Commentair vum Nico Graf.
Den Ament steet alles. Mä keng Angscht, dat leeft schonn erëm, mengt den Nico Graf, deen awer net optimistesch ass, datt eppes geléiert gëtt.
Haut geet en a säi 5. Dag, de Frisbee-Prozess. Wou jo dräi fréier Geheimdéngschtmänner ugeklot sinn, an der Haaptsaach wéinst illegalen Ecouten, déi op CD'en konservéiert waren, Code-Numm Frisbee. De Nico Graf fillt sech un DEEN anere grousse Prozess erënnert.
Et gëtt héich Zäit sech ze wieren. Mengt den Nico Graf a sengem Commentaire, deen op déi rassistesch Morde vun Hanau kuckt a sech Gedanke mécht, wéi et weidergoe soll.
War dat e Skandal, déisäit der Musel: d' Boma war vernannt ginn, an zwar ferm, vun hiren Enkelkanner, an e Radiosintendant huet sech entschëllegt - fir dat satirescht Lidd.E Commentair vum Nico Graf.
Erënnerunge si jo nawell dacks eppes Schéines. An et gëtt anerer, déi ee léiwer net hätt an déi een dann an den Eck schéckt, si solle roueg sinn. E Commentaire vum Nico Graf.
Si schreiwen herno hir Mémoiren, fueren duerch déi ganz Welt a spille Conferencier. Eis Politiker, déi Merci an Äddi gesot hunn. Oder gesot kruten. Wat bleift - de Commentair vum Nico Graf.
Ugangs September a Rentrée – dat ass iergendwéi bal datselwecht wéi Neijoerschdag matzen am Joer, eng Zäsur, eppes geet op en Enn, eppes Neies fänkt un. De Commentaire vum Nico Graf.
D' Mass ass also gelies – mä wat geschitt elo an deem Europa, wou mer all aus der Wahlkabinn eraus komm sinn? Wien gëtt wat an op wat gëtt opgebaut? De Commentaire vum Nico Graf.
D' Land trauert also. Well e Mënsch dout ass. Well e Staats-Chef verstuerwen ass. Well eng néideg Symbolfigur fort ass – mengt de Nico Graf sengem Commentaire.
Commentaire mat Fläsch. D' Lëtzebuerger Gold läit net AM Buedem, et ass DE Buedem,den Terrain op der richteger Platz. E Commentaire vum Nico Graf.
Kampf-Kandidatur bei der CSV: si siche sech e neie President an hunn de Choix tëschent zwee Kandidaten. En Ausbléck an e Réckbléck am Commentaire vum Nico Graf.
Wat war dat dann elo zu Kattowitz? Se hu sech - an wuel eis mat - Reegele ginn, heescht et, verbindlech Reegelen, fir an Zukunft, 2024 - öh - genee Bescheed soen ze kënnen, wéi déi Paräisser Ëmwelt-Zieler vu virun 3 Joer agehale gi sinn. Kléngt komplizéiert. An effizient ass anescht, mengt de Nico Graf a sengem Commentaire.
Brexit, snif! Se maachen also elo eescht, d' Brite mam Brexit. A jiddwereen, dee gefrot gëtt, seet dat wier guer näischt Guddes. Eng Scheedung, eng lose-lose-Situatioun fir d' EU a fir de Kingdom.E Commentaire vum Nico Graf.
Erbarmen, zu spät, die Hesse komme, sou hunn d' Rodgau Monotones gesongen, 1984. D' Hessen si gëscht komm an hu gewielt an de Nico Graf mengt a sengem Commentaire, déi Hessen wieren awer net esou singulär wéi een denke kéint.
Da wësse mer also elo wat eng Vollekspartei ass. De Michel Wolter aus der Vollekspartei CSV huet eis et Gëschter Moien explizéiert: eng Vollekspartei ass eng, déi bei de Walen iwwer 20% vun de Stëmme kritt. Seng Conclusioun war, d' CSV wier déi eenzeg Vollekspartei déi rescht bliwwe wier. E Commentaire vum Nico Graf.
A manner wéi dräi Wochen sinn also déi Wahlen. An d' Nervositéit gëtt ëmmer méi grouss. Zäit, de Ball flaach ze halen. Kee Commentaire vum Nico Graf.
D' Bouwen an Thailand sinn also aus der Hiel gerett ginn. Grouss Freed doropshin iwwerall.E Commentaire vum Nico Graf
Si si vill ënnerwee, si si vill rosen, si fluchen, si preparéiere sech op grouss Echeancen – d' Leit am Land. A muer den Owend ass Freedefeier. E Commentaire vum Nico Graf, deen nogelauschtert huet.
1968 – sexuell Revolutioun. Dat war op eng Manéier eréischt gëscht an ass awer schonn vläit hefteg vereelzt. E Commentaire vum Nico Graf.
Heimat, Heemecht, Patrie - et héiert sech esou un, wéi wann do Wierder erëm a Moud kéimen, déi e bëssi vereelzt waren.E Commentaire vum Nico Graf.
Am Saarland gëtt et zwee Doudeger ze bekloen, zwee Medie-Personnagen. Deen ee war e Geheimtipp, dunn e Star; deen aneren war ganz bekannt an um Enn e Geheimtipp. E Commentaire vum Nico Graf.
An Däitschland kréien se eng nei Regierung, an Italien nach esou bal net. A medial ännert sech an der Schwäiz net ze vill. E Commentaire vum Nico Graf.
Am Basket geet et zu Lëtzebuerg dëse Weekend bei den Dammen a bei den Hären weider am Championnat. Jeff Kettenmeyer a Jhang Mathes kucken donieft awer och zesumme mam Nico Graf emol, wat sech bei eisen Noperen zu Tréier den Ament deet.
Am Basket geet et zu Lëtzebuerg dëse Weekend bei den Dammen a bei den Hären weider am Championnat. Jeff Kettenmeyer a Jhang Mathes kucken donieft awer och zesumme mam Nico Graf emol, wat sech bei eisen Noperen zu Tréier den Ament deet.
Dreckslöcher hunn se dat an Däitschland iwwersat, wat den Trump do iwwer verschidde Länner gesot huet. Hien huet awer shitholes gesot, wat e bëssen eng aner Nuance ass, ne. Mä egal, dem Trump säi Behuelen huet säi Sënn.E Commentaire vum Nico Graf.
Eenzeg an eleng ëm de Bommeleeër-Prozess geet haut am Presseclub. Invitéeë beim Eric Ewald sinn den Nico Graf an den Eric Hamus vun RTL Radio Lëtzebuerg, de Claude Karger vum Journal, de Finn Overdick vum Tageblatt, de Steve Remesch vum Lëtzebuerger Wort an de Marc Thoma vun RTL Telé Lëtzebuerg.
Eenzeg an eleng ëm de Bommeleeër-Prozess geet haut am Presseclub. Invitéeë beim Eric Ewald sinn den Nico Graf an den Eric Hamus vun RTL Radio Lëtzebuerg, de Claude Karger vum Journal, de Finn Overdick vum Tageblatt, de Steve Remesch vum Lëtzebuerger Wort an de Marc Thoma vun RTL Telé Lëtzebuerg.