Podcasts about am gespr

  • 14PODCASTS
  • 134EPISODES
  • 15mAVG DURATION
  • 5WEEKLY NEW EPISODES
  • May 19, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about am gespr

Latest podcast episodes about am gespr

Kultur
Op Demokratie a Fräiheete sensibiliséieren

Kultur

Play Episode Listen Later May 19, 2025 6:57


Zil ass et, op Demokratie a Fräiheeten ze sensibiliséieren. Ech spieren, datt et verschiddene Schüler um Häerz läit. De Georges Urwald arrangéiert a komponéiert selwer Wierker, ma ass gläichzäiteg Enseignant zu Iechternach am Lycée. Zesumme mat senge Schülerinnen a Schüler hunn si ee gemeinsame Projet mam Ensemble Vocal du Luxembourg: Iwwer Demokratie, Fraerechter a Fräiheete sangen an domat de Publik sensibiliséieren. Ënnert dem Motto: Do you hear the People? Entstanen si bei dësem Projet eng sëllege Lidder, dorënner och véier Stécker déi bei engem Concert Méindes, den 19. Mee 2025 am Trifolion zu Iechternach gesonge ginn. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwert d'Konzept, ma och d'Erfarungen déi am Grupp bei dësem Projet gemaach goufen.

Kultur
Een Duo deen einfach "matcht"

Kultur

Play Episode Listen Later May 16, 2025 10:13


De Carlos Ferreira an de Pedro Emanuel Pereira kommen allen zwee aus Portugal. Kenne geléiert hunn si sech awer virun e puer Joer zu Amsterdam. Iert si dann ee Klarinette-Piano-Duo gi sinn, hunn si Futtballmatcher zesumme gespillt. "De Futtball war fir d'éischt, an et huet zanter dem Ufank einfach gematcht tëscht eis zwee", seet de Carlos Ferreira. Aktuell ass den Duo op Concertstournée an Europa dank der Serie "Rising Star" vun der ECHO (European Concert Hall Organization), a nom leschte Concert zu Porto ass de nächste Stopp den Dënschden 20. Mee an der Philharmonie um Kierchbierg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Carlos Ferreira méi, iwwert hiert Kenneléieren an och iwwer de Programm, deen e Mix aus Schumann, Debussy, an och méi neie Wierker ass. Mat dobäi ass och eng eege Kompositioun vum Pianist, déi hien extra fir de Klarinettist geschriwwen huet. 

Kultur
Klassik Live: der fliegende Holländer

Kultur

Play Episode Listen Later May 13, 2025 9:35


Haut den Owend um 19:30 Auer spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer. Hannert dem Dirigentepult: de 25 järege finneschen Dirigent Tarmo Peltokoski. Den international unerkannte Wagnerianer hat schonn am Alter vun 22 Joer d´Integral vum Ring dirigéiert. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert hien ënner anerem, firwat hien denkt datt een d´Konscht vum Kënschtler muss trennen an och wéi seng Faszinatioun fir de Wagner iwwerhaapt ugefaangen huet.

Kultur
E ganz familiäre Concert

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 22, 2025 10:42


“On a des liens plus que professionels” - dat seet d'Michèle Kerschenmeyer iwwer de Quatuor Louvigny, an deem si d'Pianistin ass. Hiren nächste Concert an der Philharmonie ass den 28. Abrëll owes um hallwer 8. En ass organiséiert vun de Solistes Européens, Luxembourg. Déi fënnef Museker kenne sech alleguer schonn zanter Laangem: déi eng ware Professer vun deenen aneren, an déi aner si wierklech Famill mateneen. D'Pianistin an de Geiist Philippe Koch spille schonn zesummen zanter méi wéi 20 Joer. Um Programm vun dësem Concert sti Kammermusekswierker vu Shostakovich a Brahms. Am Gespréich mam Marie Schockmel erzielen déi zwee méi iwwer de Concertsprogramm an iwwer déi familiär Atmosphär an hirem Ensembel.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 18, 2025 19:33


All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Déi meescht Software, déi zu Lëtzebuerg an der Verwaltung benotzt gëtt, kënnt vu grousse US-Techkonzernen – Microsoft, Google, Amazon a Co. A mat engem Trump, dee rem an der Regierung ass, stellt sech d'Fro: Wat passéiert, wann dës Konzerner op eemol net méi wëllen oder däerfen? D'Regierung gesäit kee grousse Risiko, mä aner Länner wéi Däitschland oder Holland huelen d'Saach méi eescht. Wat heescht technologesch Souveränitéit iwwerhaapt? Firwat kéint Open Source eng Léisung sinn? A wéi eng Alternativen ginn et fir jiddereen*t am Alldag? Am Gespréich mat Joël Adami geet d'woxx dëse Froen op de Grond. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: IT-Infrastruktur: Digitale Abhängigkeiten The post Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit first appeared on Radio ARA.

Kultur
Een Abléck an d'Iddie vum Internationale Klarinette-Concours

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 9, 2025 8:49


Esou ee Concours ze leeden ass een Challenge. Dat seet de Max Mausen, dee sech dëst Joer dem internationale Klarinette Concours zesumme mam klenge Maarnicher Festival ugeholl huet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt deen talentéierte Lëtzebuerger Klarinettist iwwer den Interêt vun dësem Concours an hien deelt seng éischt perséinlech Erfarunge bei Concoursen. Och d'Jurypresidentin Laura Ruiz Ferreres gëtt eis en Abléck, no wéi enge Krittären de Jury dëst Joer besonnesch sortéiert. An et bleift d'Fro ze klären: Ass ee "Géinteneen-Spillen" bei engem Concours iwwerhaapt déi richteg Approche?

Kultur
Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan Tournée

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 7, 2025 13:30


Viru genee 20 Joer waren d'Pueri Cantores fir d'éischte Kéier op Tournée a Japan an elo geet et nach eemol dohin. Um Programm sti véier Statiounen: Hiroshima fir den 80. Gedenkdag un d'Atomkatastroph, Osaka an de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung, an da geet et nach op Kyoto an Tokio. An der Haaptstad sange si souguer fënnef Concerten op engem eenzegen Dag. D'Jonge vum Lëtzebuerger Bouwechouer aus dem Stater Conservatoire wäerten deelweis an Hotellen an deelweis bei Gaaschtfamille bleiwen, sou datt et eng richteg Entdeckungsrees fir déi tëschent 6 an 22 Joer al Jonge gëtt. Ee vun den Highlighte vun der Tournée ass, datt si ganz dacks de Bullet Train Shinkansen huelen. Dee fiert am 6-Minutten-Takt vun Hiroshima op Tokio, an do si schonn zwee Waggone fir si reservéiert. Op hire Concerte sange si net nëmmen traditionell Lëtzebuerger Lidder wéi d'Fräschelidd oder “Wéi meng Mamm nach huet gesponnen”, mee een Drëttel vum Programm ass op Japanesch. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit den Dirigent Pit Nimax ënner anerem, wéi d'Jongen déi japanesch Lidder geléiert hunn.

Invité vum Dag
Patrick Goldschmidt

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 11:03


Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.

Invité vum Dag
Patrick Goldschmidt

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 11:03


Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.

Kultur
Tortoise: For Mango and Teal

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 6:30


Eng Musek fir an iwwer Schildkröte komponéieren? Dat huet d'Catherine Kontz elo gemaach. Net einfach esou, mee fir den Internationale Klarinetteconcours, deen den 11. Abrëll am Kader vum Klenge Maarnecher Festival am Cube 521 zu Maarnech ass. Wéi den Titel "Tortoise: For Mango and Teal" et scho verréit, huet d'Lëtzebuerger Komponistin dëst Wierk fir hir eegen zwou Schildkröte geschriwwen. D'Mango an d'Teal sinn dräi Joer al an hu verschidde Charakteren, déi d'Catherine Kontz och an der Musek verkierpert. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si méi verroden.

Invité vum Dag
Patrick Goldschmidt

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 11:03


Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.

Kultur
D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 2, 2025 8:18


D'Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Mat hiren 23 Joer huet si schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour Jeunes Solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d'Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert d'Trompettistin ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.

Kultur
Léon Rinaldetti - Rede zur Literatur

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 1, 2025 21:57


"Rede zur Literatur" ass eng Serie, déi vum Centre National de Littérature publizéiert gëtt, e schmuelt Bichelchen, an deem Autorinnen an Auteuren aus Lëtzebuerg hir Iwwerleeungen iwwer d'Literatur dem Grand Public matdeelen: An der Tëschenzäit si mir hei bei Band 14 ukomm an dat dréit d'Ënnerschrëft vum Léon Rinaldetti. Am Gespréich mam Valerija Berdi schwätzt de Léon Rinaldetti iwwer d'Literatur a wat déi mat engem mécht ...

Kultur
D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 31, 2025 9:26


D'Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hire 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d'Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert si ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.

Kultur
Festival "Passion"

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 28, 2025 7:55


"De Bach a Purcell si ganz al Kolleegen" - Dat seet d'Sopranistin Véronique Nosbaum. D'Musekerin ass professionell Operesängerin a begeeschtert sech zanter Klengem u fir déi barock Musek. 2010 huet si an deem Kader och de Vokalensemble CantoLX gegrënnt. Grad esou laang wéi et CantoLX da gëtt, organiséiert si och dëst Joer nees de Festival "Passion" am Neimënster, bei deem am Abrëll zwee Concerten op d'Visiteure waarden. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt d'Sopranistin, déi och nach Gesangscoursen am Stater Conservatoire gëtt, wéini hir Léift zu de barocke Kläng ugefaangen huet a wéi d'Lëtzebuerger Kulturzeen sech an de leschte 15 Joer entwéckelt huet.

Kultur
Neien Album mat ungarescher Musek fir Flütt

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 25, 2025 13:07


An der Welt vun der klassescher Musekswelt ginn dacks Albumen opgeholl mat Musek vu Komponisten, déi net méi liewen. Bescht Beispiller sinn de Mozart oder de Bach. Op dem Markus Brönnimann sengem neien Album ass Musek ze héiere vun engem Komponist, deen aktuell 99 Joer huet an ëmmer nach weider Musek schreift. Et ass de György Kurtág aus Ungarn. De Markus Brönnimann, deen ënner anerem zanter 26 Joer Soloflüttist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker ass, spillt net eleng op dëser Produktioun, mee mat dobäi si weider 8 Museker:inne vu Lëtzebuerg an aus der Géigend. De Sonndeg 30. Mäerz ass de Release-Concert vum Album am CAPE zu Ettelbréck. Do trëtt de Markus Brönnimann mat der Kammerata Luxembourg op an um Programm steet nieft der Albummusek ënner anerem och nach eng eege Kompositioun vum Flüttist. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Markus Brönnimann ënner anerem, datt hien och scho mam ungaresche Komponist a Kontakt war.

Kultur
“Dem Händel säi Messias ass ee ganz groussen Challenge”

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 24, 2025 21:07


Den “Hallelujah” vum Georg Friedrich Händel kenne vill Leit, mee méi ass meeschtens net gewosst iwwer dee berüümten däitsch-brittesche Komponist. Säi “Messias” ass ee grousst Wierk mat méi wéi 2 Stonne Musek, wat hien deemools an nëmme 24 Deeg finaliséiert huet. De Lëtzebuerger Chouer Ambitus sengt deen “Oratorium “op engem Concert de 29. Mäerz 2025 am Trifolion zu Iechternach. “Wa mir schonn ee gudde ‘Messias' hikréien, dat wier scho ganz schéin.” seet de Roby Schiltz. Hien huet de Chouer viru 55 Joer gegrënnt an ass och nach den Dirigent. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Roby Schiltz méi.

Kultur
"inVISIBLE Women"

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 21, 2025 10:24


“inVISIBLE Women” ass de Motto vun engem Concert, deen d'Commission d'égalité du genre vun der Uni Lëtzebuerg den 22. Mäerz am MUDAM organiséiert. Net nëmmen de Grupp deen optrëtt, ass 100 Prozent weiblech, mee et stinn och nëmme Komponistinnen um Programm. Ze héieren ass ënner anerem Musek vun der Lili Boulanger an dem franséischen Impressionismus, bei déi grouss Lëtzebuerger Musekerin Lou Koster, bis bei déi zäitgenëssesch belsch Komponistin Line Adam. D'Skerdi Zanaj huet dëse Concert op d'Bee gestallt. Si ass net nëmme Professorin fir Ekonomie op der Uni Lëtzebuerg, mee och nach Deleguée vun der Commission d'égalité du genre. Am Gespréich mam Marie Schockmel huet si ënnert anerem verroden, wéi wichteg et ass esou Concerten net nëmmen den 8. Mäerz ze organiséieren, a wéi d'Onvisibilitéit vun de Fraen net nëmmen an der Wëssenschaft siichtbar ass, mee och an der Welt vun der klassescher Musek.

Kultur
"Our Last Dance"

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 20, 2025 9:40


“Musek am Syrdall ass esou eng Frëndschaft mam Publikum a mat de Kënschtler”, seet de President vum Festival Jeannot Waringo. Zanter 1988 gëtt et de Festival, an dëst Joer ass et mat der 36. Editioun déi lescht Saison. Iwwert all déi Jore gouf et ëmmer ee roude Fuedem: nei Kompositiounen, haaptsächlech vu jonke Kënschtler, an de Vierdergrond stellen an e “Lieu de rencontre” si fir iwwer Kultur an och aner Saachen ze schwätzen. Dëst Joer sti véier Concerten am Mäerz an Abrëll um Programm, mat der Mënster Musek, dem Perkussiounsensembel vum Stater Conservatoire, dem Lëtzebuerger Lidderchouer an der Kammerata Luxembourg. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Jeannot Waringo méi.

Kultur
Ee Concert mam Kreisler Quartett

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 14, 2025 7:36


2009 zesummegedoen, spillt de Kreisler Quartett gréisstendeels Concerten zu Lëtzebuerg. Den Ensembel, deen aus Musekerinnen a Museker vun de Lëtzebuerger Philharmoniker besteet, huet dobäi ee breet gefächerte Repertoire. Dëse Sonndeg (16.3.) spillt d'Formatioun ee Concert zu Lasauvage an der Eglise Sainte-Barbe. Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt den Cellist Niall Brown iwwer d'Creatioun vum Kreisler Quartett , de Concertsprogramm an d'Liewen tëschent berufflechem a private Museksliewen.

Kultur
Literaresch Kläng

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 12, 2025 5:13


Ënner dem Motto Sons littéraires initiéiert d'Harfenistin Dina Nimax ee Concert dëse Freideg (14.3.) am Mierscher Theater. Literaresch Kläng an eng musikalesch Rees duerch d'Säiten. Sons littéraires ass ee Concertsprojet, bei deem literaresch Wierker musikalesch verschafft ginn. Mee virdru kritt de Publique déi jeeweileg Wierker och op der Plaz virgelies. D'Iddi fir dëse Concertsowend kënnt vun der jonker Lëtzebuerger Harfenistin Dina Nimax, déi och d'Wierker erausgesicht huet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann gëtt d'Musekerin en Abléck an d'Ëmsetzung an d'Konzept.

Kultur
Neie Marsch fir den zukünftege Grand-Duc gesicht

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 11, 2025 9:02


D'Frënn vun der Militärmusek siche mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère an der SACEM no engem neie Marsch zu Éiere vum neie Groussherzog Guillaume. Dëst am Kader vum Trounwiessel am Oktober 2025. Gesicht gëtt virun allem eng nei Eegekompositioun fir militäresch Zeremonien ze encadréieren an déi un ee Foussmarsch ugepasst ass. Am Gespréich war beim Lex Kauffmann den aktuelle Chefdirigent vun der Militärmusek, de Lieutenant Colonel Jean-Claude Braun. Si hu sech iwwer d'Krittäre vum Concours ënnerhalen an och déi historesch Valeur vun esou Märsch an der Lëtzebuerger groussherzoglecher Geschicht. De komplette Reglement an d'Informatiounen zum Kompositiounsconcours fannt Dir um Site vum opus.radio.

Kultur
"Auch der ganze Tag ist mein Life"

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 5, 2025 10:49


D'Ana Maria Tzekov, huet zanter Abrëll 2024 d'kënschtleresch Leedung vum CAPE iwwerholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erzielt si, wéi een et trotz der héijer Verantwortung packt, eng gutt Work-Life Balance ze halen, wéi hir Erfarungen an der Wiener Volksoper an an der Philharmonie zu Lëtzebuerg hir Visioun fir de CAPE präägt. Si erkläert wourauser d'Aarbecht vun enger Directrice artistique besteet an iwwerhaapt: wéi et hir geet.

Kultur
Mel Bonis: Eng verstoppten Identitéit mat ville Facetten

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 25, 2025 7:57


D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet. Hanner dem Pseudonym Mel Bonis verstoppt sech d'Melanie Bonis, eng franséisch Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, vun där bis elo iwwer 300 Wierker publizéiert sinn. Gelieft huet si zu enger Zäit, zu där si sech géint eng Männer-dominéiert Musekswelt huet missen duerchkämpfen a sech dofir entscheet huet, déi eegen Identitéit ze verstoppen. Dëser Kënschtlerin hu sech déi lëtzebuergesch Geiistin Sandrine Cantoreggi an déi däitsch Pianistin Sheila Arnold ugeholl. Si fannen, et ass derwäert der Mélanie Bonis hir Musek ënner d'Leit ze bréngen a méi bekannt ze maachen. Dofir hu si Enn 2023 net nëmmen een Album erausbruecht, mee schaffen och un engem Concertsprogramm am Ettelbrécker CAPE, deen de Fokus op d'Kënschtlerin leet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzen d'Musekerinnen iwwer hir déifgrënneg Recherche an hir Faszinatioun fir dëse Personnage.

Kultur
Abléck an déi portugisesch Museksgeschicht

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 21, 2025 7:28


Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek. De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.

Kultur
E Melting Pot Album

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 3, 2025 7:24


Mat sengem éischte Solo-Album "Roots" geet den Cellist Pierre Fontenelle op d'Spuere vun der musikalescher Identitéit. Net nëmme vun der eegener, mee och där aus dem 21. Joerhonnert an den USA. Den Album ass souzesoen en Hommage un déi amerikanesch a musikalesch Gesellschaft an hir Villfältegkeet. De Release verbënnt souwuel klassesch Musek, wéi och en europäeschen Touch an Aflëss aus dem Blues, Jazz a Rock. Am Gespréich mam Lex Kauffmann gitt Dir iwwerdeems gewuer, wéi de Pierre Fontenelle als Autodidakt mam Cello ugefaangen huet, an a wéi enger Stilrichtung de Museker sech selwer am meeschte "verwuerzelt" fillt.

Kultur
Fauré op CD

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 30, 2025 5:53


Et ass eng Zesummenaarbecht tëschent dem Kammerchouer vun Namur, der Sopranistin Caroline Weynants, dem Bariton Samuel Namotte, dem Organist Baptiste-Florian Marle-Ouvrard an dem Arrangeur an Dirigent Alessandro Urbano: E Release mam Gabriel Fauré sengem Requiem op.48 - ee Projet, deen am Kader vum Centenaire vum Komponist an och den Aarbechte vun de Fresken an der Diddelenger Kierch entstanen ass. Am Gespréich schwätzt de Museker doriwwer, wéi wichteg et ass dem Fauré seng Musek fir d'Éiwegkeet festzehalen.

Kultur
Arthur Stockel a säin éischten Album

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 28, 2025 6:32


Zwee bis dräi Joer huet d'Planung, d'Ophuelen an d'Finalisatioun vum Arthur Stockel sengem éischten Album gedauert. D'Wierker vum Carl Maria von Weber begleeden de jonke Museker awer schonn zanter sengem 13. Liewensjoer. Ugefaangen huet et als Repertoire fir ee Concours, bäi deem den Arthur Stockel gewanne konnt. Ma elo huet dës Musek et op säin éischten Album gepackt, deen zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker an dem Dirigent Leo McFall entstanen ass. Am Gespréich mam Lex Kauffmann, schwätzt de Klarinettist iwwert dës intensiv Zäit an de Prozess vun der Produktioun.

Invité vum Dag
Marianne Donven

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jan 23, 2025 12:32


Aus Protest géint d'Flüchtlingspolitik vun der Regierung huet d'Marianne Donven, déi sech zënter ville Jore mat Initiative wéi der ASBL "En oppent Haus" oder de Chiche-Restaurante fir Flüchtlingen asetzt, beim Staat gekënnegt. Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert si hir Roserei.

Kultur
"Den Interpret ass maximal gefuerdert."

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 20, 2025 7:19


Nodeems de Jean Muller bäi de leschte Produktiounen de Fokus op Komponiste wéi de Beethoven, Bach, Chopin a Liszt geluecht huet, goufen elo dem Mozart seng Pianossonaten op CD erausbruecht. Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet de Jean Muller iwwert d'Gedanken an d'Schwieregkeete vun dëser fënnef-Deeleger CD-Produktioun geschwat.

Kultur
Ryvage um Eurosonic Festival

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 17, 2025 9:33


De Lëtzebuerger Produzent spillt haut den Owend um gréissten europäesche Showcase Festival. Am Gespréich mat Ryvage gi mir op seng Erwaardungen a Perspektiven an.

perspektiven produzent owend am gespr eurosonic festival
Kultur
Nei Musek, ongewinnt Situatiounen

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 6, 2025 6:50


Am zweeten Episod vum Podcast “Hanner den Téin” huet de Pit Brosius d'Lëtzebuerger Pianistin Cathy Krier invitéiert. Si erzielt vun hiren Erfarungen an der Wichtegkeet vun neier Musek. Am Gespréich léisst d'Pianistin eis materliewen, wéi eng amüsant oder skurril Situatiounen zäitgenëssesch Musek mat sech ka bréngen.

episod musek am gespr situatiounen
Kultur
Vu Montfort op Saint Germain

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 17, 2024 6:58


An der Concert-Serie ActArt presentéieren Enseignanten aus dem Stater Conservatoire ee Museksprogramm, dee ganz kloer den Impressionismus erëmspigelt. Mat Wierker vu Claude Debussy a Maurice Ravel féieren de Pianist Grégoire Baumberger, de Geiist Emilio Mecenero an den Cellist Stéphane Giampellegrini duerch déi verschiddenst Klangfaarwen. De Concert ass den 19. Dezember um 19h00 am Stater Conservatoire. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Pianist vum Owend iwwer déi bildlech Musek an de roude Fuedem vun dëser musikalescher a geografescher Rees.

Kultur
Tëschent Piano an Dirigentepult

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 16, 2024 7:20


Ënner dem Motto "Une crèche musicale de Noël" presentéiere Musikerinnen a Museker vun de Solistes Européens, Luxembourg ee Concert mat kammermusikalesche Wierker. Dat méindes owes, de 16. Dezember 2024 am Kammermusekssall vun der Philharmonie. De Stil geet dobäi ganz kloer an d'Museksepoche vum Barock a Wiener Klassik. Fir de Pianist vum Concert, de Christoph König, ass et nieft senger Aarbecht als Dirigent bei groussen Orchesteren, eng wëllkommen Ofwiesslung. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt de Museker iwwer seng Roll als Pianist an och iwwer seng nei Tâche als éischten Haaptgaaschtdirigent an der Geschicht vun der Warschauer Philharmonie.

Kultur
"Das inspiriert mich immer wieder."

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 3, 2024 7:34


Et ass eng Tâche, déi dem Profi Museker Benjamin Schäfer aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker vill Freed mécht. Bei där hie vun de Musekerinnen a Museker awer och d'selwecht vill verlaangt wéi am Profi-Orchester. Elo steet dann e weidere Concert um Programm, bei deem den Orchester vum Klarinettist Arthur Stockel, och Member bei de Lëtzebuerger Philharmoniker, solistesch begleet gëtt. Am Gespréich mam Marie Trussart hëlt de Benjamin Schäfer eis a seng Iwwerleeunge mat, wéi eng Faktoren ee gudde Concert ausmaachen. Hei verréit de Museker och, wéi hie selwer mat Nervositéit ëmgeet.

Kultur
Eng "stëll Chrëschtnuecht" mat Akkordeon

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 26, 2024 8:12


"Et ass eng Häerzmassage" - esou beschreift d'Josée Bourg d'Wierk, dat si zesumme mam Akkordeonist Frin Wolter Sonndes, den 01.12.2024 am Mierscher Theater presentéiert. An dobäi ass all Concert anescht, mengt och de Museker Frin Wolter. Béid hunn éischter zoufälleg zesummefonnt a kuerzerhand ee Programm mat eegenen Arrangementer op d'Bee gestallt. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätze si doriwwer, wéi Ravel a Bach op Chrëschtdag passen. A wéi ee gesellschaftskritesch Theemen un ee jonke Public an u Kanner bréngt.

Kultur
Filmmusek tëschent Bach an Techno

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 13, 2024 12:24


Dëse Samschdeg Owend (16.11.) verwandelt sech de grousse Sall vun der Philharmonie an e Kino aus der Stommfilmära. Um 19:30 begleeden zwee international unerkannt Pianisten - de Francesco Tristano an den Hayato Sumino - de Stommfilm “Asphalt” (1928) vum däitsche Realisateur Joe May mat Pianoen a Synthesizer. Am Gespréich mam Marie Trussart huet de Francesco Tristano ënner anerem verroden, wéi een d'Zäit am A behält, wann ee live Musek zu engem Stommfilm spillt, wéi Musek d'Géigewaart a Fro stellt an iwwerhaapt: ëm wat et beim Film eigentlech geet.

Kultur
Zweet Editioun vum Salon de Helen Buchholtz

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 28, 2024 6:30


De Claude Weber ass Directeur artistique vum Salon de Helen Buchholtz. Eng Concertserie, déi am Kader vun Esch2022 an d'Liewe geruff gouf an déi un d'Escher Komponistin a Musekerin Helen Buchholtz erënnert. Dëst Joer geet d'Concertserie vum 6. November bis den 1. Dezember am Bridderhaus zu Esch. Am Gespréich mam Lex Kauffmann, huet de Claude Weber iwwert de Succès vun der éischter Editioun an och iwwert de Programm vun dësem Joer geschwat. Hie verréit och, wat de Salon zu anere Concertshaiser ënnerscheet.

Kultur
Mezzo-Sopranistin Naama Liany

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 24, 2024 7:49


D'Mezzo Sopranistin Naama Liany spillt dëse Freideg zesumme mat Sträichquartett ee "concert de midi" an der église protestante an der Stad. Um Programm sti Wierker aus dem 20. Joerhonnert. Eng Epoch, déi der Musekerin immens gutt läit a wou si sech och spezialiséiert huet. Am Gespréich schwätzt d'Musekerin iwwert hir Passioun fir dës Musek. Si erzielt och vun hirem Kandheetsdram, Musekerin ze ginn a verréit hire perséinlechen Tipp, wéi een sech dat traut ze maachen, wat engem um Häerz läit. De kompletten Interview mat der Sängerin fannt dir hei fir nozelauschteren.

Kultur
Lëtzebuerger Dirigentin um Pult vun der Militärmusek

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 17, 2024 10:24


E Freideg den 18. September spillt d'Militärmusek ee Concert am Kultursall zu Steesel. Um Programm steet ee "Lëtzebuergesch-Éisträicheschen Owend", bäi deem déi jonk Lëtzebuerger Klarinettistin an Dirigentin Véronique Bernar an de Lieutenant Jean Thill dirigéieren. Am Gespréich huet eis d'Dirigentin Véronique Bernar Detailer zum Programm verroden an erzielt, wat et hir perséinlech bedeit, als eng vun den eenzege weiblechen Dirigentinnen d'Militärmusek ze leeden. Zudeem schwätzt si am Gespréich mam Lex Kauffmann iwwert hir perséinlech Beweeggrënn, Direktioun ze studéieren a wéi Fraen an der Fonctioun vun enger Dirigentin generell akzeptéiert sinn.

concerts programm milit pult dirigentin fraen owend dirigentinnen am gespr e freideg steesel
Invité vum Dag
Georges Mischo

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 16, 2024 13:17


Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert den Aarbechtsminister op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.

georges weis gewerkschaften aart persoun projeten am gespr maurice molitor
Invité vum Dag
Michel Polfer

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 3, 2024 11:27


Am Gespréich mam Maurice Molitor kuckt den Direkter vum Nationalmusée, deen Enn des Joers a Pensioun geet, zeréck op seng 19 Joer un der Spëtzt vum MNAHA, dem Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art.

mus enn joe r direkter am gespr maurice molitor
Invité vum Dag
Tom Delles

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 2, 2024 10:59


Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert den Direkter vun der Akerbauschoul seng ADR-kritesch Haltung a wiert sech géint d'Reprochen, déi him dowéinst gemaach ginn.

haltung adr direkter am gespr maurice molitor
Kultur
"Seng Musek [...], ass mer ganz besonnesch no um Häerzen"

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 19, 2024 5:52


Déi romantesch Epoch läit dem Museker Jean Muller ganz gutt, obwuel, wéi hie selwer seet, seng Passioun sech net exklusiv op d'Romantik beschränkt. Dem Franz Schubert seng Musek huet hien iwwer eng laang Zäit beschäftegt. No 3 Joer geet dann elo ee Concert-Zyklus op en Enn, deen dem Schubert seng Geiesonate beliicht. Am Gespréich huet de Jean Muller méi iwwer d'Gedanken hanner de Concerte verroden.

Kultur
Concerts apéritif

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 18, 2024 5:50


Ënner dem Motto "Clarinet and company" spillen e Sonndeg, den 22. September, fënnef Museker aus de Reie vun de Lëtzebuerger Philharmoniker, deen éischte Concert fir dës Saison aus der Serie Concerts apéritifs. Um Programm sti Wierker fir ee Quintett vun zwee Komponisten: dem Franz Krommer an dem Robert Fuchs. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verréit de Klarinettist Arthur Stockel méi iwwer de Choix vun de Wierker an d'Roll vun der Klarinett wärend de leschte Joerzéngten.

Invité vum Dag
Serge Allegrezza

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Sep 17, 2024 13:47


Am Gespréich mam Maurice Molitor kuckt den Direkter vum STATEC zeréck op seng méi wéi 21 Joer un der Spëtzt vum Institut national de la statistique et des études économiques.

institut serge joe r direkter am gespr statec maurice molitor
Invité vum Dag
Stefan Maas

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Sep 13, 2024 13:44


Am Gespréich mam Maurice Molitor erkläert de Professer vun der uni.lu, firwat grénge Waasserstoff déi ideal Energie ass fir eis Versuergung ofzesécheren ouni dem Klima ze schueden.

energie klima maas professer am gespr maurice molitor
Invité vum Dag
Gilles Braquet

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Sep 11, 2024 14:26


Am Gespréich mam Maurice Molitor schwätzt de CEO vu Luxport iwwer d'Situatioun vum Mäerterter Hafen an d'Opportunitéite vun der Banneschëfffaart.

ceo gilles hafen am gespr maurice molitor
Kultur
"Feminine Isolation" - Fotosaustellung vun der Anna Krieps

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 23, 2024 6:07


D'Fra an d'Weiblechkeet stinn am Mëttelpunkt vun der Anna Krieps hirer ablacklecher Fotosaustellung "Feminine Isolation", déi nach bis den 1. Oktober am Stater Restaurant Mesa Verde ze gesinn ass. Am Gespréich mam Simon Larosche erkläert déi 37-järeg Kënschtlerin, datt och hir bekannte Schwëster Vicky ëmmer nees op hire Biller ze gesinn ass. Och wa si sech dëser Deeg allebéid net méi esou dacks géife gesinn. Dëse Sonnden (25.08.) mécht d'Kënschtlerin, déi hir Zäit tëschent Lëtzebuerg an der Schwäiz opdeelt, tëschent 16:00 an 19:00 eng perséinlech Féierung duerch d'Expo.

Invité vum Dag
Tom Hecker

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Aug 19, 2024 12:59


Am Gespréich mam Maurice Molitor schwätzt den Tavestiekënschtler iwwer seng Figur Tatta Tom, hire Message an déi gedeelte Reaktiounen dorop.

hecker am gespr maurice molitor