POPULARITY
D'ASBL Open Screen gouf viru méi wéi 10 Joer gegrënnt fir d'Promotioun vun der Inklusioun an der Diversitéit duerch kulturell Aarbecht. Ee vun de Projeten, deen d'Claudine Muno realiséiert huet, ass d'Buch "Roff". Eng Rees duerch d'Geschicht vu Péiteng, duerch déi eis de Boy a seng Mémé begleeden an eis erziele vun de Zwangsaarbechter:innen wärend dem Zweete Weltkrich, Mënschen, déi zu Péiteng probéieren en neit Doheem ze fannen, Leit, déi hiert Liewen, hiert Been, hir Liewensfreed verluer hunn. Dotëschent awer ëmmer och eng Liewensloscht, Iwwerleeungen iwwer d'Liewen, Anekdoten, déi op Fakten an op Fiktioun stoussen. Eng déifgrënneg Recherche verbonne mat literareschem Kënnen, e Buch voller Liichtegkeet an Humor, voller Trauer an Drama. Dotëschent Skizzen, Fotoen, Kollagen, déi d'Claudine Muno realiséiert huet. De polnesche Komponist an Cellist Michal Pepol huet sech vu Péiteng inspiréiere gelooss an am Buch ass e QR-Code, mat deem een Zougang zu de Kompositioune vum Museker huet, déi zu "Roff" passen.
Mam Generaldirekter vun der CFL schwätzt d'Christiane Kleer iwwer déi grouss Projeten, déi d'Eisebunnsgesellschaft sech virgeholl huet, an iwwer d'Ambitioun, den Erwaardunge vum Client gerecht ze ginn.
Hello, helloSi tu n'as pas le temps de m'écouter ou de lire la version longue, voici la version courte. Dans cet épisode, tu apprendras :* les étapes essentielles pour soumettre un manuscrit à une maison d'édition* comment le concept de Misogi Challenge peut être appliqué à la création, tout en gérant la pression qu'il peut engendrer* pourquoi et comment les K-dramas peuvent nourrir l'imaginaire et l'écriture grâce ) leurs ambiances et leurs drames psychologiquesIl fait froiiiiiiiid
"Glass Two" heescht deen neien Album vum Pascal Schumacher. Als zweeten Deel u säi "Glass One" huet de Pascal Schumacher elo zesumme mat der däitsch-griichescher Pianistin Danae Dörken Wierker vum Philip Glass an eege Kompositiounen opgeholl. Déi zwee hu sech viru ronn engem Joer kennegeléiert an et huet direkt "gefonkt". Viru Kuerzem war de Release-Concert fir den Album an der Elbphilharmonie zu Hamburg, an an nächster Zäit sti weider Projeten um Plang. Wat nach alles komme wäert, wéi et zu dëser Kollaboratioun koum, a firwat de Philip Glass am Vierdergrond steet, dat hunn d'Pianistin an de Vibraphonist dem Marie Schockmel an engem Gespréich verroden.
Dräi verschidde Mesüre goufen eleng dëst Joer a Kraaft gesat oder virgestallt, déi als Zil Repressioun géint aarm Leit, meeschtens Mënschen ouni feste Wunnsëtz, déi heeschen, hunn. Déi Projeten hunn allerdéngs och vill Kritik mat sech bruecht, a sinn deelweis an hiren Detailer zimmlech absurd. D’María Elorza Saralegui huet an der woxx vun dëser Woch eng Zesummefaassung gemaach, wat an deene leschte Méint geschitt ass, a wat déi wichtegst Kritikpunkten dorunner sinn. Si erkläert eis am Podcast, wat fir repressiv Moossname geplangt sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Obdachlos in Luxemburg: Kein Platz für ArmeThe post Ëmmer méi Repressioun géint Aarmer first appeared on Radio ARA.
Den OPUS KLASSIK gëtt als déi bedeitendst däitsch Auszeechnung an der Klassik-Industrie ugesinn. D'Désirée Nosbusch moderéiert den Nofollger-Präis vum fréieren 'Echo Klassik' zënter véier Joer an huet domat den Thomas Gottschalk ofgeléist. An och wann d'Lëtzebuergerin däitlech mécht, datt si kee Klassik-Expert wier, ass et trotzdeem ee vun hire léifste Projeten am Joer. De Christophe Mirkes huet sech no der éischter Prouf fir d'Gala vum OPUS KLASSIK mat der Désirée Nosbusch ënnerhalen.
Am Gespréich mam Maurice Molitor reagéiert den Aarbechtsminister op d'Kriticke vun de Gewerkschaften u senger Persoun, senger Aart a Weis a senge Projeten.
De Maurice Molitor schwätzt mam Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas Lëtzebuerg iwwer d'Enn vu sengem Service an d'(Net-)Zukunft vun de verschiddene Projeten.
D'Noemi Deitz ass Musekswëssenschaftlerin, Museksautorin a Museksredakteurin. 2021 huet si iwwer d'Komponistin Helen Buchholz promovéiert. Hire Fokus bei all deene Projeten ass Musek, Gender a Lëtzebuerg. Am Abrëll dëst Joer koum hiert Buch “Helen Buchholtz. Komponieren zwischen zwei Welten” eraus. Si erzielt dem Marie Trussart ënner anerem, wat d'Helen Buchholz als Komponistin esou spannend mécht, a wéi si eréischt Joerzéngten no hirem Doud iwwerhaapt entdeckt gouf.
Den TalentLab, ee Residenzfestival vun den Theateren hei an der Stad ass grad voll amgaang. Sechs international Kënschtler a Kulturschafender aus der Groussregioun goufen ausgewielt fir mat Mentoren nei Projeten ze entwéckelen, wärend och de Public e puer méi extra Saache gebuede kritt, wéi den Akram Khan gëschter a “Vagabundus” haut, ee Stéck vum Idio Chichava aus dem Mozambique. De Marc Clement huet mam Bernard Baumgarten, Direkter vum Danzzentrum 3-CL zu Bouneweg, an dem Tom Leick-Burns, Direkter vum Groussen Theater geschwat.
E Mobilitéitsplang ouni konkret Projeten, d'Regierung am Ruddermodus an e schwaache Bilan vum Heescheverbuet, eis Theemen an der Presserevue
Renconteren, Spektakelen an Dialoger ronderëm den Danz, den Theater an d‘Oper sinn zanter 2016 d‘Piliere vum TalentLab. De Groussen Theater organiséiert zesumme mam Théâtre du Centaure an dem Trois C-L zéng Deeg, bei deenen de Public nei Tendenzen, Projeten a Produktiounen an de genannten Domäner entdecke kann. Wat ass genee den TalentLab a wat wëllen d‘Organisateure mat dësem Festival, deen dëst Joer vum 31. Mee bis den 9. Juni dauert, erreechen? D‘Valerija Berdi huet beim Tom Leick, dem Direkter vum Groussen Theater nogefrot. All weider Informatiounen iwwer d‘Programmatioun fannt Dir op theatre.lu.

Och wa Gebaier an aner architektonesch Projeten net reese kënnen, ass et méiglech se mat enger Ausstellung beieneen ze bréngen. Genee dat mécht nämlech de Cities Connection Project, deen domat och nach eng Rei Europäesch Stied matenee verbënnt. Den Ament ass esou eng Ausstellung am Luxembourg Center for Architecture (LUCA), a mir hu fir Iech ee Bléck op de Projet geworf.
Den Andy Garcia, bekannt aus dem Film "The Godfather" huet eng Partie nei Projeten. Ënnert anerem eng Zesummenaarbecht mam Gloria Estefan steet an de Startlächer. De Pit Biwer wollt ë.a vum Acteur wëssen, wéi hie sech op Rolle virbereet.
Ee Kënschtler, deen déi däischter Säite vum Liewe besonnesch interesséiert hunn, war den amerikanesche Schrëftsteller Edgar Allen Poe. Bei de “Saturday Visiter Awards”, déi am Oktober zu Baltimore stattfonnt hunn, gi kreativ Projeten ausgezeechent, déi sech och haut nach mat sengem literaresche Vermiechtnes beschäftegen. An do gouf dëst Joer och eng Lëtzebuerger Contributioun mat engem Präis belount, an zwar d'Mediabook “Edgar - Poe” vun der Shadow's Night ASBL an Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Symphonic Metal Band ShadoWhisperS. D'Claudine Muno hat d'Geleeënheet sech mat den Initiateure vun dësem Projet, der Diane Frisch an dem Laurent Schleck vu ShadoWhisperS ze ënnerhalen.
E Méindeg war d'Wäiswampech mam neie Buergermeeschter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Regierung huet wëlles, privat Projeten opzekafen. D'Demarche ass richteg, mee et ass delikaten Exercice. An et geet net duer, sou de Fränz Aulner.
En Donneschdeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Am neie Joer ginn et méi héich Subventioune fir Wäermepompelen a Photovoltaik. Mee kënnen d'Stéit sech eng Ëmstellung am Moment iwwerhaapt leeschten? De Rick Mertens freet en Architekt, deen esou Projeten begleet.
D'Sarah Bergdoll schafft als General Director bei der Fondation EME. Hat erkläert eis an dëser Episode déi wichteg Aarbecht déi d'Fondatioun leescht an wéi d'Projete bei hinnen ausgesinn. Zum Beispill erzielt hat eis iwwert Museksprojete mat Flüchtlingen, Projeten a Psychiatrien an a Prisongen. Eng Initiativ déi zemools elo an der Chrëschtzäit erausstiecht, ass de “Musek Schenken” Projet, wou d'EME Privatconcerte fir defavoriséiert Leit organiséiert. Een Thema wouriwwer mir och schwätzen ass de Fait, fir eng Fondatioun ze schaffen een ganz vill Satisfactioun am Liewe gëtt. Méi dozou gitt der an dëser Episode gewuer. Ech wënschen iech all vill Spaass beim Lauschteren a schéi Feierdeeg! Mir héieren eis am Januar!
Dëse Freiden ënnerhale mir eis iwwert eis Woch an der woxx-Redaktioun. Dobäi schwätze mir iwwer zwee Projeten, déi an der Politik grad diskutéiert ginn. Engersäits eng Reform vun enger Rëtsch vu Kultur-Gesetzer, déi virun allem
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un: - Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform? - Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren? - Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz? - Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen! Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :) Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen: 10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet 21:33 Sixo ft. Irem - Gold 31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir vill an dëser Episode schwätzen. Nierwend dem "Offline" sinn hu mir och doriwwer geschwat, wéi een als Museker Sue verdéngt, wéi ee mat sengen Traumata ëmgeet, wisou Männer méi kräische sollen a schlussendlech verréit iech den Tun d'Geheimnis fir ad'Motivatioun ze fannen Projeten duerchzezéien. Den Tipp huelen ech mir och scho säit laangem zu Häerzen! Nierwend all dem kënnt dir exklusiv an dëser Episode an zwou unreleased nei Singlen vum Tun ranhéieren! Vill Spaass beim Lauschteren a schreift mir gäre Feedback zu dëser Episode :) Lauschtert a seng Musék erann: https://open.spotify.com/artist/6jaPkL4pNfa4aEDCIEYNP0?si=lwq8-5_rQzCGhRVOAppcFw Dem Tun säin Tinder Account: https://tinder.com/@turnuptun :D
Als ëffentleche Bauträger huet d'SNHBM net nëmmen den Optrag ze bauen, mee och ze kafen - an zwar Bauland. Mee wéi kënnt ee laangfristeg un Terraine fir grouss Projeten am soziale Wunnengsbau, wann déi Terrainen an der Hand vu wéinege Proprietäre leien? Doriwwer schwätze mir mam Direkter vun der SNHBM, Guy Entringer. Moderatioun: Christiane Kleer.
De Jimmi huet a senger Lafbunn zimmlech vill erlieft a vill gemaach. Hien huet déi ongewéinlechst Projeten a ville Beräicher gehat a mat ville Leit zesumme geschafft fir seng musikalesch a kënschtleresch Carrière virun ze bréngen. Mais leider huet en oft probéiert eng Persoun ze sinn, déi en net gewiescht ass. Dorënner huet en extrem vill gelidden - Angschtzoustänn a Panikattacken hunn fir hie bei de Musikstournéen zum Alldag gehéiert. Hien erzielt iech an dëser Episode wéi et hannert de Kulisse vun Austinn ausgesinn huet a wéi hien et dozou bruecht huet schlussendlech dat ze fanne woufir hie wierklech brennt. Hien ass, trotz allem, frou dass en déi ganz Erfarung gemaach huet an draus geléiert huet. Lauschtert a seng nei Musik eran: https://open.spotify.com/artist/22yhPUVvQAGOJfhhmTZ8fe?si=1x698so6Q9u2eTrhaDYssg Folgt dem Jimmi op Instagram fir Näischt ze verpassen: https://www.instagram.com/jimmiharvey/ @cecidoyoulove.me
Mir froen d'Direktesch vun ESCH2022 firwat ee Joer virum Kulturjoer eréischt 20 Projeten fest zougesot hunn. Moderatioun: Rick Mertens.
Zanter fënnef Méint ass de Claude Conter elo Direkter vun der Nationalbibliothéik. Hie war Invité an der Emissioun Riicht eraus fir iwwer déi aktuell Situatioun vun der Nationalbibliothéik ze schwätzen, awer och d'Fuerschung, Projeten an d'Visibilitéit vun der BnL waren Theeman am Gespréich. E Resumé vum Valerija Berdi.
Deborah Storn heescht déi nei Presidentin vum Conseil supérieur des bibliothèques publiques, kuerz CSBP. Wat ass dee Conseil? Wéi eng Projeten huet d'Deborah Storn elo mat hirer neier Tâche? A wéi geet et den ëffentleche Bibliothéiken a Corona-Zäiten? D'Valerija Berdi huet nogefrot.
Op enger Pressekonferenz huet d'Equippe vun Esch 2022 informéiert datt 140 vun de ronn 600 agereechte Projeten zréckbehale gi sinn. Weider sinn Projeten virgestallt ginn, déi mat internationale Partner um Site Belval ëmgesat ginn. Detailer huet d'Valerija Berdi.
D'Fondatioun Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte huet tëschent 2015 an 2017 eng 100 kulturell Projeten, di sech mat der Integratioun vu Flüchtlinge befaassen, finanziell ënnerstëtzt. Parallel dozou hat d'Oeuvre dräi Fotografe fir eng bildlech Dokumentatioun selektionéiert. Ee war de Patrick Galbats, Joergang 1978, dee fir verschidden ONGen am Ausland op Fotoreportage war, sechs Joer Biller fir d'Lëtzebuerger Land geschoss huet a sech mëttlerweil als fräien Dokumentarfotograf en Numm gemaach huet. Seng Serie fir d'Oeuvre ass am Cercle Cité ze gesinn. Explikatioune Kerstin Thalau.
Tëschent 2015 an 2017 huet d'Fondatioun Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte eng 100 kulturell Projeten ënnerstëtzt, déi sech mat der Integratioun vu Flüchtlinge befaassen. Zousätzlech sinn dräi Fotografe domat beoptraagt ginn, d'Initiativen an och den Alldag vun de Refugiéen op hir Manéier festzehalen. D'Fotoe sollten de Mäerz am Cercle Cité presentéiert ginn. Wéinst dem Confinement ass d'Expo am Hierscht eréischt opgaangen. Well sech d'Situatioun fir Refugiéen nach verschlëmmert huet, mécht dat fir ee vun de Fotografen, de Sébastien Cuvelier, awer Sënn. Explikatioune Kerstin Thalau.
D'Fondatioun Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte war 1944 vun der Groussherzogin Charlotte gegrënnt gi fir Krichsaffer ze hëllefen. Et war deemno fir hir Membere viru gutt fënnef Joer selbstverständlech am Kader vun der Flüchtlingskris aktiv ze ginn. Ënner dem Titel "Mateneen" huet d'Oeuvre zwee Joer laang eng 100 kulturell Projeten, zum Theema "Integratioun vun de Refugiéen", finanziell ënnerstëtzt. Dräi Fotografen hunn d'Aktioune begleet. Hir Fotoe kënnt Dir elo am Cercle Cité gesinn. D'Kerstin Thalau stellt Iech déi dräi Aarbechte vir. Haut déi vun der Ann Sophie Lindström.
Den Ausbroch vun der Covid 19-Pandemie huet och en Impakt op déi Europäesch Kulturhaaptstied. Dëst Joer sinn et déi iresch Stad Galway a Rijeka a Kroatien, déi als Europäesch Kulturhaaptstied vill Projeten net konnte realiséieren. Fir den Europäesche Kulturhaaptstied 2021 entgéint ze kommen, sinn d'Datumen elo vun der Europäescher Kommissioun geréckelt ginn. Dës Decisioun huet och Konsequenze fir Esch 2022. D'Valerija Berdi mat Detailer.
An engem neie Kleed wëllt sech déi Escher Kulturfabrik an Zukunft presentéieren. Nieft enger neier Direktioun sinn och vill nei Projeten ënnerwee. D'Valerija Berdi mat Detailer.
Weltwäit entstinn ëmmer méi Projeten an Organisatiounen, déi sech fir den Ëmweltschutz asetzen...
Mëtt Mee huet d'Walfer Gemeng d'Annulatioun vun de Walfer Bicherdeeg matgedeelt. En Evenement, dat all Joer am November de ganze Literatursecteur an iwwer 10.000 Visiteuren zesummebréngt. Wéinst dem Covid-19 wéilten d'Organisateuren d'Visiteuren an Aussteller kengem Risiko aussetzen. War dës Decisioun net ze fréi geholl ginn? Wat seet den Verband vun de Lëtzebuerger Editeuren dozou? Si keng alternativ Projeten geplangt? Wat geschitt mam Lëtzebuerger Buchpräis? D'Valerija Berdi huet nogefrot.
Weltwäit entstinn ëmmer méi Projeten an Organisatiounen, déi sech fir den Ëmweltschutz asetzen...
Léierin war se an engem éischte Beruffsliewen, mä dobäi huet se och de Gesank entdeckt, haut ass d’Mariette Lentz a béide Funktiounen aktiv: als Sopranistin op de Musekbünen an als Gesanksproff am Conservatoire zu Ettelbréck. Ëmmer erëm begeeschtert se sech awer och fir besonnesch Projeten. Een esou e Projet heescht „Radio Days“ a beschäftegt sech mat dem Radio a senger Musek an de Joren tëscht 1930 an 1955. Ausserdeem trëtt se mam Ensembel Kammerata Luxembourg op.

Mam Sekretär vun der ASBL "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hu mer iwwert de Misär vun de Mënschenafen duerch d'Palmueleg-Industrie geschwat. Am Fong si mir alleguerte mat dru Schold well deen Ueleg a ville vun eise Liewensmëttelen ze fannen ass, och wa mer eis dees net bewosst sinn. A Malaysia an Indonesien ginn all Joer Hektare Reebësch ofgeholzt oder verbrannt fir Palmueleg-Plantagen unzeleeën. Net nëmmen d'Orang-Utanen si vum Verloscht vun deem Liewensraum betraff, mä nach e ganze Koup aner Déieren ewéi de Java-Leopard an de Sumatra-Tiger. An der Mëttesstonn gouft Dir gewuer wéi "Orang Utan Help Lëtzebuerg" hëlleft a wéi eng Projeten genee se ënnerstëtzen.

D'Catherine Elsen ass eng Kënschtlerin déi sech a ville Beräicher doheem fillt. Vun der Musek iwwert den Danz, Theater a Gesang. An sou villfälteg sinn och hir Projeten dëst Joer, iwwert déi mir tëscht 12 an 1 Auer mat der multidisziplinärer Kënschtlerin schwätzen.

© Berthe Lutgen: "La Marche des Femmes", Extrait aus engem Konschtwierk vun zéng Panneauen Dëse ForumZ, organiséiert vum C²DH vun der Uni Lëtzebuerg, huet d'Theema vun der Emanzipatioun an d'Vertriedung vu Fraen zu Lëtzebuerg vun 1919 bis 2019 behandelt. Niewent interaktiven Ateliere gouf a kuerze Beiträg, de kritesche Bléck vun enger Rei Intervenante ronderëm d'Emanzipatioun an d'Vertriedung vu Fraen zu Lëtzebuerg vun 1919 bis 2019 thematiséiert. "De Bléck vun der Jugend" - d'Studente Ben a Jil iwwer ee Film, realiséiert zesumme mam Enseignant Gianni Mersch vun der Optioun Uelzechtkanal am Lycée de Garçons Esch, kuerz LGL "Hindernisse für Mädchen auf dem Weg zur Hochschulbildung" - Germaine Goetzinger, Historikerin "Die letzten Etappen bis zur Einführung des allgemeinen Wahlrechts 1919" - Renée Wagener, Historikerin a Kommissärin vun der Ausstellung, 100 Joer allgemengt Wahlrecht "Les femmes aux urnes! Et après? Un droit sans réelles conséquences sociétales? (1919-1965)" - Régis Moes, Historiker, Conservateuram MNHA a Kommissär vun der Ausstellung, 100 Joer allgemengt Wahlrecht "L'accès des femmes au monde judiciaire luxembourgeois" - Simone Flammang, Premier avocat général um Parquet général "Du MLF au CID-Femmes ... Tout est-il acquis aujourd'hui?" - Isabelle Schmoetten, Responsabel vun de soziopolitesche Projeten am CID-Fraen an Gender. Moderatioun: Martine Richard, Fuerschungs Assistentin am C²DH, Uni Lëtzebuerg. Opgeholl den 10. Oktober 2019 am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) a verschafft vum Carlo Link. Ausstellung am MNHA: "Wiele wat mir sinn" - 100 Joer allgemengt Wahlrecht zu Lëtzebuerg: https://wielewatmirsinn.lu Link zum ForumZ vum 10.10.2019: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z/la-marche-des-femmes-de-1919-2019-au-luxembourg
D'Anouk Boever-Thill ass zënter kuerzem Presidentin vu Pro-Sud, dem regionale Syndikat fir d'Entwécklung vum Süden.Wéi koum et zu hirer Kandidatur? Wou wëll d'CSV-Conseillère vu Monnerecher Akzenter setzen? Wat sinn déi grouss Projeten déi nächst Zäit?Mir froen herno géint 10 op 8 no.D'Anouk Boever-Thill ass haut d'Invitée vun der Redaktioun

En Interview mam President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte. D'Oeuvre feiert hiren 75en Gebuertsdag, viru Jorzéngte gouf se gegrënnt fir den Affer vum Zweete Weltkrich ze hëllefen. Den Établissement public ënnert der Tutelle vum Staatsministère, geréiert d'Loterie Nationale an organiséiert a finanzéiert hautdesdaags Projeten an alle méigleche Beräicher zu Lëtzebuerg, ënnert anerem der Kultur, dem Environnement esou ewéi den Domainer Sport a Gesondheet. 1997 gouf eisen Invité Generalsekretär bei der Oeuvre, ass also scho laang mat dobäi. Mat him hu mer an der Mëttesstonn iwwer d'Geschicht, d'Missioun an d'Organisatioun vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte geschwat.

Hien ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Schauspiller, pendelt tëscht Berlin a Lëtzebuerg an tëscht Theater a Film. Elo huet de Luc Feit sech fir d'éischte Kéier hannert d'Kamera gestallt an de Fim "De Buttek" realiséiert. D'Geschicht vun enger ganz besonnescher Chrëschtfeier an där eng Rei vu bekannten Acteuren derbäi sinn. Am Gespréich erzielt de Luc Feit iwwer dës Produktioun an iwwer seng aner Projeten.

De Fonds National de la Recherche kritt 20 Joer. Wat alles an deenen zwee Joerzéngten am Fuerschungsberäich zu Lëtzebuerg geschitt ass. De Fonctionnement vum FNR.An déi grouss Projeten an Zukunft.Doriwwer schwätze mer mam Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche. Den Dr. Marc Schiltz ass onsen Invité vun der Redaktioun.Géint 10 op 8.

Zanter 30 Joer gëtt et d'Solistes Européens, en Orchester, dee sech aus Museker aus alle méiglechen europäesche Länner zesummesetzt an deen am Ausland an natierlech och hei zu Lëtzebuerg mat vill Succès Optrëtter huet a bekannt Soliste begleet. 9 Joer ass den Däitsche Christoph König de Chefdirigent. E Mann, deem säi Stil als energetesch an inspiréierend beschriwwe gëtt. Den 30. September gëtt de ronne Gebuertsdag mat engem Concert gefeiert. Haut ass de Christoph König den Invité am Gespréich fir doriwwer, awer och iwwer seng perséinlech Projeten an den SEL ze schwätzen.

E Sonndeg ass Leidelenger Kiermes, mä déi traditionell Feier kritt e komplett neien a faarwegen Outfit. 30 Kënschtler hunn an de leschten Deeg a Wochen den Duerfkär bemoolt an an engem vun de faarwegen Haiser ass och eng Ausstellung mat Wierker vu lokalen, nationalen an internationale Kënschtler. Initiateur ass de Raphaël Gindt, selwer Street-Art-Kënschtler, deem seng Aarbechten een uechtert d'Land ka gesinn. Am Gespréich erzielt hien iwwer d'Aktioun zu Leideleng, iwwer seng aner Projeten an iwwer de Kamellebuttek zu Esch.

De Premièresdiplom an der Täsch, … an elo? Eng 2.800 Jonker hunn dëser Deeg de Premièresdiplom kritt a si “studéierfäheg” oder och “prett fir an d’Beruffswelt”. Sinn déi Inhalter déi haut geléiert a getest ginn nach ugepasst? De Gaston Ternes (*) geet a senger Carte blanche op déi eminent wichteg Roll vun de Schoulprogrammer an deem Kontext an.De Gaston Ternes war Mathematiksprofesser, duerno Direkter vum Lycée Aline Mayrisch. Seng Recherchen cibléiere generell Erzéiungswëssenschaften. Am Moment begleet hie Projeten an der Educatioun an am Benevolat.

Mam Member vun der Lëtzebuerger Associatioun vun den Hemophilen hu mer iwwer seng Kränkt geschwat, déi och nach als 'Bluter'-Krankheet bekannt ass. Et si bal nëmme Männer dovunner betraff a mëttlerweil ass d'Hemophilie duerch modern Präparater gutt an de Grëff ze kréien. Fréier huet déi Saach nach anescht ausgesinn, dunn haten déi Betraffen keng héich Liewenserwaardung an hu gesondheetlech Problemer duerch d'Medikamenter kritt. Donieft gitt Der alles iwwer d'Associatioun vun den Hemophilen hei am Land gewuer an iwwert hir Projeten am Ausland, am Myanmar an am Laos, eng global Initiativ déi vun der Weltgesondheetsorganisatioun ënnerstëtzt gëtt.

Den Nicolas Magnette ass President vun der ONGD-FNEL. D'Entwécklungshëlleforganisatioun vun de Scouten konzentréiert sech zanter 30 Joer op divers Projeten am Nepal.
Den Nicolas Magnette ass President vun der ONGD-FNEL. D'Entwécklungshëlleforganisatioun vun de Scouten konzentréiert sech zanter 30 Joer op divers Projeten am Nepal.
De Staat léisst sech d'Innovatioun eppes kaschten. En neit Gesetz versprécht staatlech Bäihëllefe fir Handwierksbetriber, egal wéi grouss oder kleng de Betrib ass. Konditioun ass, dass de Betrib a Projeten am Beräich vun der Recherche an dem Développement investéiert. Dat neit Gesetz baséiert op enger europäescher Direktive.
Europäesch Projeten, déi vu Gemengen, Associatiounen oder aneren Non-Profit-Organisatioune realiséiert ginn, erfuerderen deelweis och e spezielle Support. Hei kommen dann d'Start-uppen an d'Spill, déi ënnert anerem Gemenge bei engem bestëmmte Projet hëllefen, zum Beispill fir e Jugendgemengerot méi attraktiv ze maachen. Hei kënne dann d'Start-uppe vun engem Finanzement vu Säite vun der Europäescher Kommissioun profitéieren. De Lien tëscht Europa a Lëtzebuerg mécht den Zentrum fir politesch Bildung.
En intressant a erfollegräicht Joer geet fir de Lëtzebuerger Sport op en Enn. Wéi gesäit dat de Chef? An der leschter Emissioun vum Joer kucke mer mam Sportminister op déi lescht 12 Méint zeréck, virun allem awer och op d‘Joer 2018 no vir, fir ze héieren wat vun considérabele Projeten fir de Sport zu Lëtzebuerg no vir ze bréngen, virgesi sinn. De Romain Schneider ass haut den Invité am Radio Sport Club um hallwer 2.
De Sportminister ass den éischten Invité vum Joer am Radio Sport Club. An de leschte Méint huet de Romain Schneider jo vun verschidde Säiten e gewëssenen Drock gespuert! Setzt sech de Sportminister genuch fir de Sport am Land an, an wou sinn déi verschidde Projeten aus dem Sportministère drun? Dës sinn just e puer Froen un de Sportminister Romain Schneider am Radio Sport Club um hallwer 2.