Podcasts about erausfuerderungen

  • 16PODCASTS
  • 48EPISODES
  • 19mAVG DURATION
  • ?INFREQUENT EPISODES
  • May 15, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about erausfuerderungen

Latest podcast episodes about erausfuerderungen

Kultur
Een duebele Jubiläum!

Kultur

Play Episode Listen Later May 15, 2025 11:39


Eemol 175 Joer an eemol 60 Joer feieren de Stater Méchelschouer an d'madrigal du Luxembourg mat engem gemeinsame Concert an der Kierch um Houwald. Esou eng laang Chouertraditioun bitt dann och vill Input, déi lescht Joerzéngte Revue passéieren ze loossen. Ma och ze kucken, wéi et der Lëtzebuerger Chouer-Zeen aktuell geet a wéi eng Erausfuerderungen an Zukunft waarden. Doriwwer huet sech de Lex Kauffmann zesumme mat den Dirigente Jochen Schaaf a Gerry Welter vun den zwee Chéier ënnerhalen.

Kultur
Don't fear it, feel it!

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 22, 2025 9:30


Iwwer zwee Deeg kënne Passionéierter vun der Neier Musek esou wéi Leit, déi einfach virwëlzeg sinn, mat op eng musekalesch Entdeckungsrees goen. D'Marie Trussart huet Lucilin bei enger Prouf besicht a mat der Jil Hamm an der Anne-Catherine Feltgen iwwer d'Konzept vum Festival geschwat. Ënner anerem hunn si verroden, wat Lucilin aus der leschter Editioun geléiert hunn a wéi eng Erausfuerderungen op een duerkommen, wann een dem Public Nei Musek wëll méi no bréngen. An si verroden natierlech och wat de Numm 33,7 eigentlech bedeit.

fear passion festival leit deeg numm editioun erausfuerderungen
Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Die Illusion von Gesellschaft

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Dec 27, 2024 23:40


An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt d’Melanie Czarnik iwwert hir Recherche zu der sougenannter Kënschtlecher Intelligenz an der Roll, déi se am Kampf géint Einsamkeet spillt. Riets geet iwwert Plattformen wéi Replika an déi nei friend-App, wéi KI als Begleeder funktionéiert a wat fir Risiken an Erausfuerderungen domat verbonne sinn. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Die Illusion von Gesellschaft The post Die Illusion von Gesellschaft first appeared on Radio ARA.

Kultur
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 18, 2024 7:33


Wärend zu Paräis déi lescht Virbereedunge fir d'Olympesch Spiller amgaang sinn, erfuerscht eng lëtzebuergesch Produktioun am Off zu Avignon déi donkel Säit vum Leeschtungssport. No "Petit frère - la grande histoire Aznavour" gouf dëst Joer déi däitschsproocheg Produktioun "Körper am Ende der Welt" vun engem vu Kultur | lx opgestallte Jury op Avignon geschéckt. Fir d'Virstellungen um weltbekannte Festival, op deem dëst Joer am Off iwwer 1.600 Spektakelen ze gesi sinn, gouf d'Stéck op Franséisch iwwersat. "Corps au bout du monde" erzielt déi deels autofiktional Geschicht vu Gymnastinnen, déi wéi d'Schauspillerin Marion Rothhaar an hire jonke Joren hire Kierper an hiert Liewen dem Diktat vum Sport afferen. De Jeff Schinker huet déi zwou Schauspillerinnen no hirem Optrëtt am Château de Saint-Chamand zu Avignon an een Dag no de Walen a Frankräich ausgefrot iwwer déi verschidden Erausfuerderungen, déi d'Spillen an enger anerer Sprooch, d'Erausstiechen an enger Mass vun 1.600 Spektakelen an d'alldeeglecht Optrieden an der Hëtzt vun der Provence mat sech bréngen.

Kultur
"Corps au bout du monde": Am Gespréich mat der Marion Rothhaar an der Rahel Jankowski

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 16, 2024 11:33


Wärend zu Paräis déi lescht Virbereedunge fir d'Olympesch Spiller amgaang sinn, erfuerscht eng lëtzebuergesch Produktioun am Off zu Avignon déi donkel Säit vum Leeschtungssport. No "Petit frère - la grande histoire Aznavour" gouf dëst Joer déi däitschsproocheg Produktioun "Körper am Ende der Welt" vun engem vu Kultur | lx opgestallte Jury op Avignon geschéckt. Fir d'Virstellungen um weltbekannte Festival, op deem dëst Joer am Off iwwer 1.600 Spektakelen ze gesi sinn, gouf d'Stéck op Franséisch iwwersat. "Corps au bout du monde" erzielt déi deels autofiktional Geschicht vu Gymnastinnen, déi wéi d'Schauspillerin Marion Rothhaar an hire jonke Joren hire Kierper an hiert Liewen dem Diktat vum Sport afferen. De Jeff Schinker huet déi zwou Schauspillerinnen no hirem Optrëtt am Château de Saint-Chamand zu Avignon ausgefrot iwwer déi verschidden Erausfuerderungen, déi d'Spillen an enger anerer Sprooch, d'Erausstiechen an enger Mass vun 1.600 Spektakelen an d'alldeeglecht Optrieden an der Hëtzt vun der Provence mat sech bréngen.

Invité vum Dag
Marc Wagener

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jul 9, 2024 16:33


Wéi geet et de Lëtzebuerger Entreprisen, a wat erwaart d'Patronat sech vun der CSV-DP-Regierung: dat si Froen un den neien Direkter vun der UEL, de Marc Wagener. Mat him diskutéiere mir och, viru wéi engen Erausfuerderungen d'Entreprisë stinn.

Ceci, Do You Love Me?
#48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?

Ceci, Do You Love Me?

Play Episode Listen Later Mar 12, 2024 38:20


CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum Lëtzebuergeschen Educatiounssystem, wat d'Erausfuerderungen sinn, wisou sou vill Aspekter ongerecht sinn, wéi de ganze bürokrateschen Behind The Scenes funktionéiert a mir ginn de ganzen Proffe-Clichéen op de Grond. Déi grouss Fro déi perséinlech fir mech opkënnt: Wisou lauschtert keen op déi Leit déi um Terrain schaffen? De Grond wisou de Marvin oppen an éierlech iwwert seng Aarbecht schwätzt, ass och well hie bei der OGBL an SEW (Syndicat Erzéiung a Wëssenschaft) vertrueden ass. Et ass also säi Job iwwert d'Probleemer vun den Aarbechter:innen ze schwätzen an hinnen ze hëllefen. Méi dozou gitt dir an dëser Episode gewuer. Vill Spaass beim Lauschteren! --- Send in a voice message: https://podcasters.spotify.com/pod/show/cecilia-said-vieira/message

RTL - Commentaire
Carine Lemmer: Migratiounsproblem = Wunnengsproblem, 07/11/2023

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 7, 2023 2:46


D'Migratioun ass eng vun de gréissten Erausfuerderungen an Europa. D'EU fënnt zanter Joerzéngte keng Léisungen an hei zu Lëtzebuerg si mer och hanne bäi a vir widder.

europa lemmer erausfuerderungen
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Robert Weber: Reformstau, oder keng Iddien, 15/05/2023 17:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later May 15, 2023


Mir liewen an enger Zéit, wou versicht gëtt de Sozialdialog prioritär ze féieren. Den Hannergrond ass kloer! De russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain, de Klimawandel a seng Erausfuerderungen, Flüchtlingskris, ëmmer méi Onsécherheet op der ganzer Welt. D'Inflatioun an dat deiert Liewen. Awer och onzählech Streikbeweegungen an eisen Nopeschlänner fir dem Bierger an dem Aarbechter seng Rechter duerchzesetzen. A mir heiheem? Mir schwätzen iwwert Aarbechtszäitverkierzung! Eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.

Konferenzen
Robert Schuman et sa Déclaration pour l'Europe 9 mai 1950 ...

Konferenzen

Play Episode Listen Later May 9, 2023 55:24


Esou war eng Manifestatioun de 4. Mee am Kader vum Europadag 2023 an am Zesummenhang mat der Inauguratioun vun enger Ausstellung an der Gemeng Esch-Uelzecht iwwerschriwwen. Agelueden haten d'Uni Lëtzebuerg, de Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History, d'Stad Esch an d'Europaparlament. Mir héieren Extraiten vun dësen Intervenanten:​ Georges Mischo, Deputé-Maire vun Esch Prof. Dr Jens Kreisel, Rektor vun der Uni Lëtzebuerg Dr. Elena Danescou, Coordinatrice vum Europe Direct vun der Uni Lëtzebuerg Dr Ludovic Delepine, Chef de l'Unité des Archives du Parlement européen (Vir-enregistréierten Message) Dr. Étienne Deschamps, Historiker vum Service de recherche vum Europäesche Parlament Marc Angel, Lëtzebuerger Europadeputéierte a Vizepresident vum Europäesche Parlament, hien hat iwwer déi nei Erausfuerderungen an d'Zukunft vun Europa geschwat Christoph Schroeder, Chef du Bureau de Liaison du Parlement européen au Luxembourg Anne Calteux, Vertriederin vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg Enregistrement a Montage: Carlo Link - Technik: Gemeng Esch D'Ausstellung, déi bis de 7. Juli 2023 an der Escher Gemeng ze gesinn ass, wäert als Plaz fir Studiendeeg a Seminären déngen, fir déi Jonk op d'Geschicht vum europäesche Bau am Zäitalter vun der Digitaliséierung ze sensibiliséieren an d'Multimedia Archiwe kritesch ze ënnersichen.  Ausstellung iwwer de Robert Schuman @Gemeng Esch

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 6, 2023 4:59


Erausfuerderungen am Beräich vun der Energiepolitik, den Index, en neie Centre médical an d'Problemer am Garer Quartier, dat sinn d'Sujeten an der Presserevue mam Paule Rodesch.

index energiepolitik erausfuerderungen
Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 6, 2023 4:57


Erausfuerderungen am Beräich vun der Energiepolitik, d'Legitimitéit vum Staatsrot, e ronne Gebuertsdag an den Index, dat sinn e puer vun de Sujeten an der Presserevue mam Paule Rodesch.

index energiepolitik gebuertsdag sujeten erausfuerderungen
Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later Sep 14, 2022 3:51


Dës Schoulrentrée stellt net méi d'Pandemie d'Schoulen an d'Eltere viru grouss Erausfuerderungen, mee d'Inflatioun an déi héich Energiepräisser. Déi national Press presentéiert vum Françoise Medernach.

press erausfuerderungen energiepr
RTL - Carte Blanche / Commentaire
Marc Hostert: Lëtzebuerg nei denken ..., 10/06/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 10, 2022


Mir sti kuerz virun engem Walmarathon an engem Kontext vu globale méi och nationale groussen Erausfuerderungen. Den aktuellen ekonomesche Kontext verlaangt, dass mer Lëtzebuerg fir Zukunft robust opstellen an deelweis mat neien Strategien a Konzepter.

RTL - Commentaire
Maxime Gillen: Weltwirtschaftsforum an Zäite vu Krich an Europa, 24/05/2022 12:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later May 24, 2022


Zu Davos an der Schwäiz kommen dës Woch erëm Politiker a Vertrieder aus der Wirtschaft fir de Weltwirtschaftsforum zesummen an diskutéieren doriwwer, wéi d'Ekonomie vu muer soll ausgesinn. Mat den Nowéie vun der Corona-Pandemie, dem Ukrain-Krich, der Inflatioun an net ze vergiessen dem Klimawandel, feelt et kaum un Erausfuerderungen. Ma ob e Forum vun der weltwäiter Elitt an de Schwäizer Bierger dofir déi richteg Plaz ass, kann een op d'mannst emol bezweiwelen, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Marc Hostert: „An Europa, brauchen mer den Pompier, mais och den Architect“, 28/03/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 28, 2022


Zanter e bëssen méi wéi 4 Wochen hu mir an Europa nees e Krich an zwar en Ugrëffskrich vu Russland an der Ukrain. Der EU, der UNO, der NATO stinn duerch dës Situatioun grouss Erausfuerderungen an d'Haus. Besonnesch d'Europäesch Union gëtt gepréift a gefuerdert. De Marc Hoster mat e puer Iwwerleeungen zum Krich an der Ukrain an den internationale Konsequenzen.

Invité vum Dag
Claude Haagen

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 8, 2021 15:38


Den zukünftegen LSAP-Landwirtschafts- a Sozialminister schwätzt iwwer seng nei Erausfuerderungen, den Nach-Buergermeeschter vun Dikrech iwwer d'Nordstad-Fusioun. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.

haagen erausfuerderungen
RTL - Buch vun der Woch
Buch vun der Woch: "Glück hat einen langsamen Takt", 20/07/2021 11:10

RTL - Buch vun der Woch

Play Episode Listen Later Jul 20, 2021


Eist Buch vun der Woch ass dës Kéier en Erzielband vun der däitscher Schrëftstellerin Mechtild Borrmann. „Glück hat einen langsamen Takt“ erzielt an 20 Geschichte vum Alldag mat all sengen Erausfuerderungen a Schicksaler, déi d´Liewen, vun engem Dag op deen aneren, komplett op d´Kopp kënne geheien. Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies..

Invité vum Dag
Nora Back

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jan 4, 2021 15:44


Covid-Kris = wirtschaftlech Kris = sozial Kris? E Gespréich mat der OGBL-Presidentin um Ufank vun engem Joer voller Erausfuerderungen. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.

joe r ufank erausfuerderungen
Kultur
De Chantier vum "Casino Display" beim Engel

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 29, 2020 9:32


Vun 2021 u proposéiert d'Ekipp vum Casino d'Programmatioun fir d'Konschthaus beim Engel, also fir d'Galerie um Rez-de-chaussée an am Keller. Dat Ganzt ënner dem Titel "Casino Display", well de Schwéierpunkt op der jonker Kreatioun leie wäert. Gëschter hu mir op dëser Plaz, mat der Christine Walentiny vum Casino, en Tour duerch d'Geschicht vum Engel gemaach, duerch seng Architektur an hir eckeg Erausfuerderungen. Haut gitt Dir méi iwwer de Chantier selwer an déi éischt Projete gewuer vum Kerstin Thalau.

Invité vum Dag
Steve Thull

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Oct 6, 2020 14:50


Mir froen de neie Chef vum Etat Major vun der Arméi, wéi eng grouss Erausfuerderungen an de nächste Joren op d'Lëtzebuerger Arméi duerkommen.

chefs arm mir joren erausfuerderungen
RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité vun der Redaktioun: Steve Thull (Chef vun der Arméi), 02/10/2020 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Oct 2, 2020


De Moien ass den neie Chef vun der Arméi eisen Invité vun der Redaktioun. Mam Steve Thull schwätze mer iwwer d’Erausfuerderungen, déi d‘Arméi huet, wéi ee sech wëll a muss opstellen an iwwert de Rekrutement vun neien Zaldoten. Den Interview mam Chef d‘Etat-Major ass kuerz no den Neiegkeete vun 8 Auer.

chefs arm invit auer erausfuerderungen
Invité vum Dag
Xavier Bettel

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Apr 29, 2020 25:37


Sanitär Erausfuerderungen an ekonomesch Schwieregkeeten, massiven Testprogramm a progressiven Deconfinement: de Point a Saache Corona-Kris mam Staatsminister. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.

Invité vum Dag
Dr. Philippe Wilmes

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Apr 10, 2020 15:38


De Vize-President vun der Doktesch- a Zänndoktesch-Associatioun AMMD iwwer déi jee no Spezialiséierung ganz ënnerschiddlech Erausfuerderungen u säi Beruffsstand. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.

wilmes erausfuerderungen d'gespr
Invité vum Dag
Marc Fischbach

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Mar 30, 2020 16:08


Corona stellt de ganze Secteur vun der Fleeg a Betreiung vun eelere Leit, doheem oder an Institutiounen, viru gewalteg Erausfuerderungen. Dozou de President vun der COPAS am Gespréich mam Maurice Molitor.

president corona copas secteur leit fischbach erausfuerderungen dozou maurice molitor
RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Nicole Kuhn-Di Centa, 13/03/2020 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Mar 13, 2020


D’Nicole Kuhn-Di Centa war Invitee beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport. Mat der neier Presidentin vun der Lasep, hu mer tëscht 12h an 13h iwwert d’Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner geschwat. Wat sinn d’Erausfuerderungen vun der Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Primaire, an wat muss sech an Zukunft am Beräich vun der Beweegung bei de Kanner onbedéngt hei zu Lëtzebuerg veränneren respektiv verbesseren? Dat waren just e puer vun den Sujeten tëscht 12h an 13h op RTL Radio Lëtzebuerg!

sports zukunft mat ligue kuhn kanner presidentin centa sujeten erausfuerderungen freideg emissioun franky hippert
RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Nicole Kuhn-Di Centa , 13/03/2020 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Mar 13, 2020


D’Nicole Kuhn-Di Centa war Invitee beim Franky Hippert an der Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport. Mat der neier Presidentin vun der Lasep, hu mer tëscht 12h an 13h iwwert d’Wichtegkeet vun der Beweegung a vum Sport bei de Kanner geschwat. Wat sinn d’Erausfuerderungen vun der Ligue des Associations Sportives de l’Enseignement Primaire, an wat muss sech an Zukunft am Beräich vun der Beweegung bei de Kanner onbedéngt hei zu Lëtzebuerg veränneren respektiv verbesseren? Dat waren just e puer vun den Sujeten tëscht 12h an 13h op RTL Radio Lëtzebuerg!

sports zukunft mat ligue kuhn kanner presidentin centa sujeten erausfuerderungen freideg emissioun franky hippert
RTL - Kloertext fir ze lauschteren
Wéi kann een all eenzele Patient beschtméiglech behandelen?, 27/02/2020 20:00

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

Play Episode Listen Later Feb 27, 2020


De Coronavirus ass sécher déi aktuellsten Urgence fir d'Santé, mä et feelt net un aneren Erausfuerderungen!

patients kann urgence erausfuerderungen
RTL - Kloertext (Large)
Kloertext: Thema Gesondheet, 27/02/2020 21:30

RTL - Kloertext (Large)

Play Episode Listen Later Feb 27, 2020


De Coronavirus ass sécher déi aktuellsten Urgence fir d'Santé, mä et feelt net un aneren Erausfuerderungen!

thema urgence erausfuerderungen
RTL - Kloertext (Small)
Kloertext: Thema Gesondheet, 27/02/2020 21:30

RTL - Kloertext (Small)

Play Episode Listen Later Feb 27, 2020


De Coronavirus ass sécher déi aktuellsten Urgence fir d'Santé, mä et feelt net un aneren Erausfuerderungen!

thema urgence erausfuerderungen
RTL - Am Gespréich
Mat der FLVB-Presidentin Norma Zambon, 13/12/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Dec 13, 2019


An eiser Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport, hat de Franky Hippert dës Woch d’Norma Zambon tëscht 12h an 13h bei sech am Studio. Mat der Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun hu mer iwwert den internationalen Tournoi deen an der Chrëschtvakanz nees an der Coque ass geschwat, iwwert d’Erausfuerderungen vun der FLVB, an natierlech och iwwert de Lëtzebuerger Nationalspiller Kamil Rychlicki, deen mam europäeschen Champions League Gewënner Civitanova de leschte Sonndeg Klub-Weltmeeschter a Brasilien gouf.

RTL - Am Gespréich
Mat der FLVB-Presidentin Norma Zambon , 13/12/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Dec 13, 2019


An eiser Emissioun am Gespréich um Freideg iwwer Sport, hat de Franky Hippert dës Woch d’Norma Zambon tëscht 12h an 13h bei sech am Studio. Mat der Presidentin vun der Lëtzebuerger Volleyballfederatioun hu mer iwwert den internationalen Tournoi deen an der Chrëschtvakanz nees an der Coque ass geschwat, iwwert d’Erausfuerderungen vun der FLVB, an natierlech och iwwert de Lëtzebuerger Nationalspiller Kamil Rychlicki, deen mam europäeschen Champions League Gewënner Civitanova de leschte Sonndeg Klub-Weltmeeschter a Brasilien gouf.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Philippe Majerus , 09/10/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Oct 9, 2019


Mam neien Direkter vun der Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse hu mer gekuckt ewéi déi am Fong aus zwou Fondatiounen entstanen ass. Déi eng gouf virun 28 Joer an d'Liewe geruff, déi aner virun 19 Joer, an 2004 si se zu enger fusionéiert. Dir gouft gewuer wéi eng Aufgaben an Erausfuerderungen se all Joer bei der Fondatioun am sozialen an humanitäre Beräich ze meeschteren hunn a vu wiem se dobäi ënnerstëtzt ginn. Dem Här Majerus seng Karriär huet donieft beim Militär ugefaangen- bei eis huet en erzielt, wéi ee vun der Arméi bei eng Fondatioun kënnt. A mer goufe méi driwwer gewuer, wéi et ass fir d'Grande-Duchesse a mat hir ze schaffen.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Philippe Majerus, 09/10/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Oct 9, 2019


Mam neien Direkter vun der Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse hu mer gekuckt ewéi déi am Fong aus zwou Fondatiounen entstanen ass. Déi eng gouf virun 28 Joer an d'Liewe geruff, déi aner virun 19 Joer, an 2004 si se zu enger fusionéiert. Dir gouft gewuer wéi eng Aufgaben an Erausfuerderungen se all Joer bei der Fondatioun am sozialen an humanitäre Beräich ze meeschteren hunn a vu wiem se dobäi ënnerstëtzt ginn. Dem Här Majerus seng Karriär huet donieft beim Militär ugefaangen- bei eis huet en erzielt, wéi ee vun der Arméi bei eng Fondatioun kënnt. A mer goufe méi driwwer gewuer, wéi et ass fir d'Grande-Duchesse a mat hir ze schaffen.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité vun der Redaktioun: Mgr Leo Wagener, 30/09/2019 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Sep 30, 2019


Lëtzebuerg huet zanter gëschter e Weibëschof. De Leo Wagener.Wat si seng Aufgaben?Wou steet d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg?Wat sinn déi grouss Erausfuerderungen?Dat gitt der géint 10 op 8 gewuer.Dann ass de Leo Wagener onsen Invité vun der Redaktioun.  

RTL - Invité vun der Redaktioun
Invité vun der Redaktioun: Mgr Leo Wagener , 30/09/2019 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Sep 30, 2019


Lëtzebuerg huet zanter gëschter e Weibëschof. De Leo Wagener.Wat si seng Aufgaben?Wou steet d’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg?Wat sinn déi grouss Erausfuerderungen?Dat gitt der géint 10 op 8 gewuer.Dann ass de Leo Wagener onsen Invité vun der Redaktioun.  

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Benoît Holzem , 23/09/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Sep 23, 2019


''Happy Birthday'' Hëllef Doheem! Zanter 20 Joer gëtt et dës Fondatioun an ass haut dee gréisste Reseau fir Hëllef a Soin doheem mat méi wéi 1900 Mataarbechter. Am Mëttelpunkt stinn hir Servicer, hir Stäerkten an hir Erausfuerderungen an natierlech hire ronne Gebuertsdag. Alles dat schwätze mir mam Direkter vun Hëllef Doheem Benoît Holzem.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Benoît Holzem, 23/09/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Sep 23, 2019


''Happy Birthday'' Hëllef Doheem! Zanter 20 Joer gëtt et dës Fondatioun an ass haut dee gréisste Reseau fir Hëllef a Soin doheem mat méi wéi 1900 Mataarbechter. Am Mëttelpunkt stinn hir Servicer, hir Stäerkten an hir Erausfuerderungen an natierlech hire ronne Gebuertsdag. Alles dat schwätze mir mam Direkter vun Hëllef Doheem Benoît Holzem.

Konferenzen
Les Rendez-Vous de L'UNESCO

Konferenzen

Play Episode Listen Later Sep 22, 2019 55:28


- Gëtt et nach eng onverletzlech Privatsphär?   - Kann de Schutz vun eisen Daten nach garantéiert ginn?  - Wéi beaflossen automatiséiert Entscheedungen (gemengt sinn Algorithmen) eis Rechter? De Prof. Dr. Andreas Fickers, Direkter vum C2DH, Uni Lëtzebuerg an de Prof. Dr. emeritus Jean-Paul Lehners, UNESCO-Léierstull fir Mënscherechter, Uni Lëtzebuerg. Si béid belichten déi nei Erausfuerderungen, déi d'digital Zäitalter un Mënscherechter stëllt. D'Konferenz, vum 20. Mee, organiséiert vun der Commission luxembourgeoise pour la Coopération avec l'UNESCO, gouf op däitsch gehalen. Opgeholl a verschafft vum Carlo Link. Prof. Jean-Paul Lehners, Prof. Andreas Fickers   © Carlo Link Charta der Digitalen Grundrechte der Europäischen Union (Digitalcharta): https://www.zeit-stiftung.de/f/Digital_Charta_371x528_RZ%20%281%29.pdf Digitaler Humanismus (Julian Nida-Rümelin / Nathalie Weidenfeld) PIPER-Verlag © cL 

Konferenzen
Luxembourg Art Week 2018

Konferenzen

Play Episode Listen Later Aug 4, 2019 55:02


"Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", war d'Konferenz vum 10. November iwwerschriwwen.  1998 hat Lëtzebuerg d'Manifesta 2, déi nach ganz jonk europäesch Biennale fir Zäitgenëssesch Konscht, opgeholl. Mat der Manifesta koum Lëtzebuerg op d'Weltkaart vun der moderner Konscht, verschidde lokal Kënschtler konnte sech international bekannt maachen. Duerch eng Kombinatioun vu glécklechen Ëmstänn konnt 1996 de Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain kreéiert ginn an 1995 war de Succès vum Lëtzebuerger Artist Bert Theis op der Biennale zu Venedeg. Allgemeng d'Begeeschterung koum op, wéi Lëtzebuerg 1995 Capitale Européenne de la Culture gouf, an net ze vergiessen 1995, wéi d'Parlament gréng Luucht ginn hat fir d'Kreatioun vun engem Musée mat moderner Konscht, de spéidere Mudam Luxembourg. De Conferencier Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker, kuckt an dëser Konferenz zeréck op d'Phas vun der kënschtlerescher Entwécklung an hirer Ierfschaft zu Lëtzebuerg, mee och op hir Erausfuerderungen a Limitten. Moderatioun: Christian Mosar, Montage: Carlo Link. Enrico Lunghi, Curateur a Konschthistoriker (Archivfoto: radio 100,7) Extrait Katalog "Manifesta2" Luxembourg, 1998 © Casino Luxembourg - Forum d'art contemporain Gëlle Fra, Monument du souvenir a "Lady Rosa of Luxembourg" (Sanja Ivekovic) 2001, Foto: © Christian Mosar

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Patrick Michaely, 10/07/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jul 10, 2019


D'Verbreedung vu Fehlinformatiounen an der Ëffentlechkeet ass mëttlerweil zu enger vun de gréissten Erausfuerderungen vun der wëssenschaftlecher Communautéit ginn. Eng nei Etude weist, datt et sech lount, sech ze wieren.Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Carte Blanche: Patrick Michaely , 10/07/2019 07:45

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Jul 10, 2019


D'Verbreedung vu Fehlinformatiounen an der Ëffentlechkeet ass mëttlerweil zu enger vun de gréissten Erausfuerderungen vun der wëssenschaftlecher Communautéit ginn. Eng nei Etude weist, datt et sech lount, sech ze wieren.Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Gaby Damjanovic (Inter-Actions), 09/07/2019 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jul 9, 2019


Inter-Actions geréiert iwwer 30 Servicer am soziale Beräich.2018 war en gutt gefëllten d’Joer! Sou heescht et am Jores-Rapport.Iwwert dat wat zejoert geleescht gouf, an iwwert d’zukünfteg Erausfuerderungen.Doriwwer schwätze mer mat der Presidentin vun Inter-Actions.D’Gaby Damjanovic  ass ons Invitée vun der Redaktioun. Géint 10 op 8.

RTL - Invité vun der Redaktioun
Gaby Damjanovic (Inter-Actions) , 09/07/2019 08:10

RTL - Invité vun der Redaktioun

Play Episode Listen Later Jul 9, 2019


Inter-Actions geréiert iwwer 30 Servicer am soziale Beräich.2018 war en gutt gefëllten d’Joer! Sou heescht et am Jores-Rapport.Iwwert dat wat zejoert geleescht gouf, an iwwert d’zukünfteg Erausfuerderungen.Doriwwer schwätze mer mat der Presidentin vun Inter-Actions.D’Gaby Damjanovic  ass ons Invitée vun der Redaktioun. Géint 10 op 8.

Ee Mount, een Thema
Irland: Den Impakt vum Brexit op déi gréng Insel

Ee Mount, een Thema

Play Episode Listen Later May 22, 2019 25:20


Wa Groussbritannien aus der EU Austrëtt steet Irland viru groussen Erausfuerderungen. Well de Brexit kéint déifgräifend Konsequenzen hunn, fir d'Ekonomie an och de Fridden op där ëmmer nach gedeelter Insel. Wa nees eng haart Grenz tëscht dem Norden a Süde géif kommen, riskéiert d'Gewalt vun den "Troubles" nei opzeflamen. An eiser Serie "Queesch duerch Europa" ass de Pierre Reyland an déi zwee Deeler vun der Insel Irland gereest -  d'Republik am Süden an dat britescht Nordirland.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Myriam Welschbillig , 24/04/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Apr 24, 2019


Si schafft als Iwwersetzerin a gouf viru kuerzem Presidentin vum CPLL, Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mir froen do no den Erausfuerderungen, no der Lëtzebuerger Sprooch a léieren d'Myriam och e bëssi privat kennen.

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Myriam Welschbillig, 24/04/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Apr 24, 2019


Si schafft als Iwwersetzerin a gouf viru kuerzem Presidentin vum CPLL, Conseil permanent de la langue luxembourgeoise. Mir froen do no den Erausfuerderungen, no der Lëtzebuerger Sprooch a léieren d'Myriam och e bëssi privat kennen.

Dossier vum Dag
Brexit: E Gespréich mam Charel Goerens

Dossier vum Dag

Play Episode Listen Later Nov 27, 2018 7:31


De Charel Goerens hält et fir ganz onwahrscheinlech, datt dat britescht Parlament géint de Brexit-Accord stëmmt, deen e Sonndeg vun de 27 EU-Memberstaaten ugeholl gouf. Domat géif Groussbritannie sech ugräifbar maachen, als Land dat net zu sengen Engagementer steet. Dat wier keng gutt Ausgangsbasis fir zukünfteg Relatioune mat anere Staaten ze verhandelen. De liberalen EU-Deputéierte elaboréiert seng Aschätzung vun den nächsten Erausfuerderungen am Interview mam Fanny Kinsch.