POPULARITY
Et ass du Jamais-vu, wat d'Lëtzebuerger Wort an de leschten zwee Deeg publizéiert huet. Rieds ass vun engem nach lafende Geriichtsprozess, wou ee Mann wéinst Pedo-Kriminalitéit ugeklot ass, deen an der Theaterwelt an am ëffentleche Liewen hei zu Lëtzebuerg keen Onbekannten ass. De Mann huet en plus seng eegen Duechter mëssbraucht a kritt elo am Wort e ganzen Artikel, wou hie sech als Affer duerstellen däerf. Een absolutten No-Go fënnt d'Annick Goerens am Tëscheruff.
Hie war e reegelméissege Lieserbréifschreiwer am Luxemburger Wort, eng éischter konservativ an traditionell Vue op d'Welt zu Lëtzebuerg huet hie vermëttelt, hie war Franséisch- a Geschichtsprofesser, President vun der APESS, der Association des Professeurs de l'Enseignement Secondaire et Supérieur an huet 21 Bicher publizéiert. Lyrik a Prosa, fir d'Lescht koum säi Gedichtband “braises hivernales” d'lescht Joer bei Editions Phi eraus. Rieds ass vum Raymond Schaack, deen eis am Alter vun 88 verlooss huet. Seng Bicher a seng Stëmm sinn eis erhale bliwwen an déi ass ze héieren an Extraiten aus engem Gespréich mam Nathalie Bender. Wat d'Schreiwen, awer och den Enseignement, dem Raymond Schaack bedeit hunn, kënnt Dir an dësem Bäitrag vum Valerija Berdi lauschteren.

Si si 4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesummefonnt hu fir ganz eklekteschen a psychedelesche Rock ze maachen. Rieds geet vu Los Bitchos, déi dëse Weekend um Out of The Crowd spillen. D'Claire Barthelemy huet mat der Lead-Gittaristin geschwat.
En Donneschdeg ass zu Bréissel e Spezial-Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen, fir iwwert déi aktuell Entwécklunge ronderëm d'Ukrain a virun allem fir iwwert déi europäesch Defense ze schwätzen. Rieds geet vun Honnerte Milliarden Euro, déi sollen zesumme mobiliséiert ginn. Dat bedeit natierlech och substanziell Contributioune vun de Memberlänner. Wat Lëtzebuerg an deem Kontext bereet ass op den Dësch ze leeën, ass aktuell awer nach vill ze vill onkloer, fënnt d'Maxime Gillen a sengem Commentaire.
Dëst Joer ass just ee Lëtzebuerger um Festival vertrueden: Ryvage. Mam Giovanni Trono vu kultur:lx schwätze mir doriwwer, firwat dat sou ass. Mam Tun Biever vun Two Steps Twice geet Rieds iwwer seng Erwaardungen an Erfahrunge beim groussen europäesche Showcase-Event. A mir soen Iech, wat um éischten Dag musikalesch iwwerzeegend war.
Den Auto, dee mer haut am Automag méi genee kenne léieren, dierf och mol méi knaschteg ginn. Rieds geet vum Subaru Forester. Den Akim Schmit huet d'Detailer.
E kéint dat neit Flaggschëff bei Renault ginn. Rieds ass vum Rafale. Ma ob den SUV-Coupé och am Alldag iwwerzeege kann, huet den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp probéiert erauszefannen.
Mat der Rentrée aktivéiere sech déi kleng a grouss Theateren a Kulturhaiser, mee och d'Kulturzentren an der Peripherie. An den nächste Woche versiche mir, tëschent grouss a kleng, Zentrum a Peripherie ze pendelen, dat fir déi Dichotomie vläicht e bëssen opzeléisen. Am Studio beim Jeff Schinker ass d'Teena Lange, kënschtleresch Leederin vu Spektrum zu Rëmeleng. Rieds geet allgemeng iwwer Kultur am Süden an iwwer ee ganz besonnesche Programm vun der Journée du patrimoine.
Am Automag vun haut hu mer en Auto, deen näischt wierklech gutt kann, an awer den Akim Schmit aus eiser Automag Ekipp iwwerzeege konnt. Rieds geet vum Microlino.
Laang Zäit goufe si vu méi lukrative Gottheeten an de Schiet gestallt - Gottheeten, déi mat vill Testosteron an décken Himmer op groussen Ecranen d'Keese vun den Hollywood-Boîtte gefëllt hunn. Dobäi sinn et si, déi Schicksaler wiewen - an ouni déi den Thor an de Loki net wéissten, wiem si den Hummer op d'Poute solle schloen. Rieds ass vun den Nornen, dräi Gëttinnen, déi ronderëm ee Buer Geschichte flechten. No enger Plongée an der Sarah Kane hiren donkelen Universum iwwerleet de Kollektiv ILL, wat et heescht, haut Geschichten ze erzielen - a verréckelt de Schwéierpunkt, deen nach ëmmer um Held, dem Gott au masculin läit, op dräi Fraen. Am Studio ass awer ee Mann - de (Ko-)Regisseur Jacques Schiltz.
De Premier Luc Frieden ass en ambivalente Charakter: dat schreift d'Lëtzebuerger Land. Zu Bréissel seet hie Saachen, déi hien zu Lëtzebuerg erëm relativéiert. “Ënnerschiddlech Siichtweisen” géif hien an enger Persoun vereenen, stellt d'Wochenzeitung fest. Iwwer den Ausbau vum Tram an der Stad geet Rieds an engem Interview mat der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes (DP) haut am Lëtzebuerger Land. Mat der Néierlag fir de fréiere Proactif-Direkter beschäftegt sech ë. a. d'Luxemburger Wort: d'Geriicht huet d'Klo vum François Georges géint seng Kënnegung fir net zoulässeg erkläert. Hie wéilt elo virun d'Aarbechtsgeriicht zéien.

Mam Valerija Berdi geet Rieds iwwer d'Erausfuerderunge vum neie Posten an Zukunftsperspektive vun der Theaterbranche.
Fir d'éischt waren déi zwee eng Koppel, dunn hu si de musikaleschen Duo Phébus gegrënnt. Rieds geet vun der Hélène Petit an dem Martin Descamps. Si spillt op der Gei, an hien um Marimba. Zwee Instrumenter, déi een net esou dacks zesummen héiert. A grad dat mécht dësen Duo esou besonnesch. Dëse Freideg (01.09.) spillen déi zwee hiren éischte Concert hei zu Lëtzebuerg, an der Protestantescher Kierch an der Stad am Kader vun de Concerts de Midi. Um Programm steet ënner anerem och Musek, déi och um Duo sengem neien Album drop ass.
Iwwer Solidaritéit war déi lescht Joren ëmmer nees Rieds. An iwwer Verantwortung vis-à-vis vun enger Gesellschaft. Mee wat ass no der Pandemie aus der Solidaritéit ginn? A wou bleift d'Verantwortung an der Logementskris? Dat freet sech d'Monica Camposeo am Commentaire vun haut.
An den Automag News vun haut, geet et ënnert Rieds iwwer Zukunftspläng vu Cupra a Polestar. Do dernieft gëtt awer och iwwer déi nei EU Direktiv geschwat. Ufänke well de Rich Simon awer mat engem neie Rekord...
Viru genee 610 Joer ass si gebuer, an op engem 30. Mee gestuerwen. Rieds geet vun der Jeanne d'Arc, la Pucelle d'Orléans, der historescher Heldin vu Frankräich. Wien ass dann dës jonk Fra, Duechter vun enger Bauerefamill? Mat der Perséinlechkeet vun der Jeanne d'Arc hu sech d'Regisseurin Maja Delinic an de Schauspiller Philipp Sommer am Kader vum Monodrama-Festival auserneegesat an hirem Stéck "Der Fall d'Arc". D'Valerija Berdi huet mat den zwee Kënschtler geschwat.
An enger Woch brennt de Bam! Hoffentlech net, soss hunn d'Pompjeeën op Helleg Owend vill ze dinn, well ronderëm d'Feierdeeg stinn ebe vill Beem an den Haiser. Rieds geet natierlech vum Chrëschtbeemchen, allerdéngs braucht dir elo net ze mengen datt den Alain Atten iech Iddie fir d'Dekoratioun gëtt.
An eisem Automag vun haut, kucke mer eis 2 Modeller aus dem Haus VW un, déi de Kierzel “R” hannert hirer eigentlecher Modellbezeechnung stoen hunn. Rieds ass vum VW Golf R an dem T-Roc R. Getest a verglach huet béid Gefierer den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.
Bei Seat sinn et déi Kleng, déi grousse Succès hunn an domat déi wichtegst Modeller an der Gamm sinn. Rieds geet vum Ibiza an dem klengen SUV-Brudder Arona. Si goufen am Kader vun engem Facelift allenzwee opgefrëscht – wat genee nei ass, huet de Paul Origer fir eis op der Presentatioun zu Bilbao erausfonnt.
Se ass nach net zou, mee et gëtt schonn driwwer geschwat, wéi se nees kéint opgoen. Rieds ass vun der Schoul. Den Educatiounsminister Claude Meisch huet als Invité vun der Redaktioun schonn duerchblécke gelooss, a wéi eng Richtung et goe kéint, ma et sollt een awer och e bësse méi op d'Kanner lauschteren, fënnt d'Monica Camposeo a sengem Commentaire.
Vu Noutstand oder Urgence ass Rieds, wann et ëm d'Wunnproblematik hei am Land geet. Ma dat awer net eréischt zanter gëschter. D'lescht Woch hate mir a verschiddene Sendungen, dorënner am Kloertext, d'Logementspolitik ugeschwat. Donieft goufen de Rapport vun der SNHBM an dee vum Spezialfong fir abordabele Wunnraum presentéiert. Vun enger “Urgence” mierkt een an der Politik awer wéineg, fënnt d'Monica Camposeo a sengem Commentaire.
Mam neie President vum Wirtschafts- a Sozialrot geet Rieds iwwer seng Prioritéite fir déi nächst zwee Joer, awer och iwwer seng Roll als IGSS-Direkter (Inspection Générale de la Sécurité Sociale) an der Gestioun vun der Covid-Kris.
Mat der Präsidentin vun der Demokratescher Partei schwätze mir iwwer den Ëmgank vu der DP mat der Monica Semedo, déi vum Europaparlament wéinst Mobbing sanktionéiert ginn ass. Mat der Ministerin geet och Rieds iwwer hire politesche Parcours an hir Regierungsressorten: d'Famill, d'Integratioun an d'Groussregioun. Moderatioun: Pia Oppel
Sie kam aus der Tiefe des Rieds nach Darmstadt, machte dort unvorhergesehen ihr Abi und fand in ihrem ersten Studentenjob ihre Berufung. Im legendären Druckwerkstatt Kollektiv wurde sie zur Mediendesignerin und Netzwerkerin.
Rieds mam Ausseminister hate mer iwwert d'Flüchtlingspolitik national an international, mee och iwwert d'Effekter vun der Corona-Pandemie hei am Land an d'Ausriichtungen vun der LSAP.
Et geet drëm, datt Lëtzebuerg, wéinst dem Klamme vu Corona-Fäll, gëschter vun der Belsch als "zone orange" klasséiert gouf. Dës Entscheedung géif awer keng Restriktiounen op de Grenze bedeiten, déi a béid Richtungen op bleiwen, esou de Quotidien. "Politik ouni Suen", esou huet de Jean-Lou Siweck säi Leitartikel am Tageblatt iwwerschriwwen. Rieds geet vun enger ongewinnter Erausfuerderung fir d'Regierung. Direkt zwee ausféierlech Interviewe mam grénge Vize-Premier a Minister François Bausch fënnt een haut an den Zeitungen: deen een am Tageblatt an deen aneren am Lëtzebuerger Wort.
Rieds geet iwwert de Coronavirus a seng Auswierkungen. Wéi vill Undrang hunn d’Generalisten an de Cabineten gemierkt? Wéi si si op d’Verbreede vum Virus preparéiert? Dat kucke mir mam Generaliste David Heck an e puer Minutten.

Capitani, Superjhemp, Péitruss - oder Ivanov, Dom Juan, The Pillowman, den Acteur Jules Werner fillt sech virun der Kamera an op der Bün gläich wuel. Net ëmmer sinn et déi sympatheschst Rollen, déi e verkierpert, mä sécher si grad dat déi Intressantst. Den Ament wiesselt e vrun allem vun enger Büneroll an déi aner, vun enger Sprooch an déi aner, vun engem Theater an deen aneren. Wou en iwwerall ze gesinn ass zu Lëtzebuerg an am Ausland, doriwwer geet Rieds de Mëtteg am Gespréich mam Jules Werner.

Mat 16 Joer huet se hiert éischt Buch publizéiert op englesch. Mat 25 krut se de Servais-Präis fir hire Roman Frigo a Lëtzebuerger Sprooch. D'Claudine Muno schreift fir Kanner, Jonker, Erwuessener a verschiddene Sproochen fir Bün a Buch. A si schreift Liddertexter, déi se och selwer séngt mat hire Banden Lunaboots a Monophona. Nächst Woch stellt d'Claudine Muno en neien Album vir. Iwwer alles dat geet Rieds am Gespréich mam Claudine Muno tëscht 12 an 1.

Säi biergerlechen Numm ass Thomas Faber a mat Musek ass e grouss ginn. Datt e sech awer ganz an de Rapp géing orientéieren, huet de Maz mat 15 Joer gemierkt, wéi en och ugefaangen huet eegen Texter ze schreiwen: op englesch. No der Première huet de jonke Museker decidéiert elo mol d'Musek an de Mëttelpunkt ze setzen. Mat richteg guddem Erfolleg heiheem an dobaussen. Elo ass d'Release vun enger neier EP Sleepwalker. Doriwwer gëtt Rieds mam jonken HippHopper, de Maz ass de Mëtteg den Invité am Gespréich.

Zënter engem Joer huet en d’Fiedem vum Kulturhaus Miersch am Grapp, fir de Claude Mangen, dee bis elo haaptsächlech als Regisseur, Acteur oder och Auteur bekannt war, heescht dat och méi Administratiounsaarbecht. Trotzdeem kann en et net ganz loossen an huet sech zwee Projete fir d’Bühn gehalen. Een dovunner heescht „Um Stamminee“ a setzt de Pir Kremer, deen dëst Joer 100 Joer kritt hätt, a seng berüümte Radio-Emissioun an de Mëttelpunkt. Doriwwer geet Rieds mam Claude Mangen am Gespréich.

Iwwert de Budgetprojet fir 2020 geet elo Rieds mam Yves Cruchten. Den LSAP Députéierten setzt am Studio beim François Aulner...

Zuelen op den Dësch mam Direkter vum STATEC. Rieds geet iwwer déi vill Statistiken, déi de STATEC fir d'Bierger, d'Politik an d'Entreprisë mécht. Ass de PIB haut nach een zouverlässegen Indicateur? Wéi schwiereg ass et, déi komplex Realitéit vu Lëtzebuerg an Zuelen ze erfaassen? Dat sinn e puer Froen un de Serge Allegrezza vum Pierre Reyland.
Den 1. Lëtzebuerger deen um Nordpol war.Den 1. Lëtzebuerger deen d'Traversée vum Osten an de Westen vu Grönland an d'Traversée vum Süden an den Norden mat engem Kite gemaach huet.An den Mann, den och den 1. Lëtzebuerger si wëll, den d'Traversée vun der Antarktis packt.Rieds ass vum Extremsportler Patrick Peters. Den Orthoped bereet sech den Ament vir op seng bis ewell gréissten Expeditioun 2022 an der Antarktis.Wat zitt den Explorateur an d'Polar-Regiounen?Wéi ass et fir 29 Deeg laang, 2300 Kilometer bei enger Duerchschnëttstemperatur vun -30 Grad ze verbréngen?An wéi bereet e sech dorop vir?All dat si Froen déi mir dem 53-Joer alen Dokter de Mëtteg an eiser Emissioun am Gespréich wäerte stellen.

D'Lëtzebuerger Orthographie gëtt kompletéiert, si kritt e puer adaptéiert Reegelen: eng dovunner ass datt Reegel lo ëmmer mat zwee "e" geschriwwe gëtt. Firwat muss eng Sprooch ëmmer nees opgefrëscht ginn: an hirer Schreifweis an an hirem Reegelwierk? Een dee sech ganz gutt mat dem Opbau vu Sproochen a Wierder auskennt ass den Alexandre Ecker. Säi Beruff: Lexikograf! Doriwwer awer och iwwer seng Aarbecht am Zenter fir Lëtzebuerger Sprooch an iwwer d'Lëtzebuerger Orthographie "Revisited" geet Rieds haut mam Alexandre Ecker.

Hien ass Fotograf, Graphiker, Buchdrécker, Auteur, Proff, Artist an en huet säin Dispositif fir d'Artweek direkt an der Entrée vun der Hal Victor-Hugo. Den Daniel Wagener weist hei op wéi eng verschiddene Manéieren a mat wéi enge Supporten ee Konscht kann ausstellen an e léist d'Visiteuren sech selwer hiert Bichelchen drécken. Iwwer dëse Projet "Dispositif" awer och iwwer seng Aarbecht an iwwer Bréissel, wou e wunnt, geet Rieds mam Daniel Wagener am Gespréich.

Zënter engem Joer schafft d'Marlène Kreins fir de Service culturel vun der Stad Diddeleng a këmmert sech ëm déi zwou Galerien Nei Liicht an Dominique Lang. A béiden Haiser sinn den Ament Wierker vum Diddelenger Moler Dominique Lang ze gesinn, dee viru genee 100 Joer mat nëmmen 42 Joer gestuerwen ass an deen en intressant Wierk hannerlooss huet. Doriwwer awer och iwwer hir nei Aufgaben an hir nei Heemecht Diddeleng geet Rieds am Gespréich mam Marlène Kreins.

Nach hu mer genuch Dokteren a Fleegepersonal!Mëttelfristeg ass onse Gesondheetssystem awer a Gefor.Sou den alarmante Constat vun enger rezenter Etüd. Déi Gesondheetsministère an Optrag ginn huet. Rieds geet vu Manktem u Medeziner, Rekrutéierungsproblemer an net genuch Formatiounsméiglechkeeten. Doriwwer schwätze mer mat der Associatioun vun den Dokteren.De President vun der AMMD, denDr. Alain Schmit, ass onsen Invité vun der Redaktioun.

Den iwwernächste Weekend ass de schonn traditionelle RV mam BD-Festival zu Contern. Datt d'Bande dessinée och zu Lëtzebuerg eng grouss Gemeinschaft vun Zeechner a Fans huet, weess een net eréischt zënter dem Succès vum Superjhemp. Een, dee scho laang derbäi ass, ass de Marc Angel. Hien huet sech an de leschte Jore vrun allem en Numm gemaach mat senge Graphic-Novels, wéi d'Geschicht vum "Jas". Iwwer seng Aarbecht an iwwer d'Bedeitung vum BD-Festival vu Contern geet Rieds haut am Gespréich mam Marc Angel.

Virun de Walen vun 2018 war an de politeschen Diskussiounsronne vill Rieds vun engem Bildungsdësch. D’Politik am Beräich Educatioun soll net méi weider dem Minister a sengen enkste Beroder virbehale sinn, mee déi ganz Gesellschaft mat abannen. Wéi steet et elo em des Iddi? De Gaston Ternes, fréieren Direkter vum Lycée Aline Mayrisch geet drop an.

Ass e gudden Acteur och e gudde Regisseur? Dat muss net sinn, mä e puer Schauspiller kënnen dat op eng besonnesch gutt Manéier. Een dovunner ass de Clint Eastwood. Iwwer hie geet Rieds beim Pit Biewer, awer och iwwer de Morgan Freeman an de Michael Douglas, déi schonn eleng mat hire Stëmmen beandrocke kënnen.

Et ass zwar ee Sujet, dee grad elo wou d’Aktualitéit et zouléisst kann ugeschwat ginn. Mee d’Manéier wéi en diskutéiert gëtt, gëtt dem Ganzen net gerecht, fënnt d’Nadine Gautier haut a sengem Commentaire. Rieds geet vun der gerénger Zuel vu Fraen, déi et direkt an d’Chamber gepackt hunn. Ouni déi déi noréckelen, sëtzen nämlech “just” 12 Politikerinnen um Krautmaart.
E Samschdeg gëtt et am Stade Josy Barthel den Highlight vum Joer fir déi Lëtzebuerger Footballnationalequipe mam Match géint de Vizeeuropameeschter Frankräich. De Chris Philipps, dee vun Harel-Ischpelt iwwer Ettelbréck op Metz koum, ass ee vun dräi FLF-Spiller, déi hiert Brout am Hexagone verdéngen. No engem staarke Mount Januar, sëtzt den 23 Joer ale Mëttefeldspiller awer elo nees op der Bänk, oder esouguer just op der Tribün. Iwwer Metz an iwwer de Match vum Samschdeg gëtt Rieds mam Chris Philipps am Radio Sport Club.
De Radio Sport Club kënnt dës Woch live vum Réiser Herchesfeld, do wou de Päerdport dëse Weekend am Mëttelpunkt steet. Eng 150 Reider wäerten nees deene sëlleche Spectateuren en héichklassescht Sprangreide bidden. Zënter 24 Joer, also vun Ufank un, ass de François Thiry den Tournoidirekter an zanter 19 Joer ass hien och President vun der Lëtzebuerger Reidsportfederatioun. Iwwer d'Event awer haaptsächlech iwwer de sportlechen Aspekt vun de Réiser Päerdsdeeg geet Rieds mam François Thiry am Radio Sport Club um hallwer 2.
Aus engem Trio schéngt just nach en Duo iwwreg ze bleiwen. Rieds geet vun der Lutte ëm d'Meeschterkroun, den FC Déifferdeng 03 huet d'Fola an Diddeleng missen zeie loossen. D'lescht Woch war eng ganz gutt, fir zwou vun de Lëtzebuerger Nationalequipen. D'U21 krut ee Punkt an der EM-Qualifikatioun a Georgien, an déi grouss Rout Léiwen hunn géint de Cap Vert gläichgespillt. Den FLF-Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert:

An elo as et nees un der Aalhärenéquipe, ... déi sech hei am Studio zesummegesat hunn vir déi éischt 14 Deeg vun dësem Joer ze kommentéieren. Rieds geet bestëmmt vu Lëtzebuerger déi sech menge kennen, ... an anerer déi sech schumme sollten. Beim Fernand Mathes sinn haut de Roger Leiner, Guy Seyler, ... Jemp Schuster a Gérard Valerius.