POPULARITY
Den 1. Dezember gouf déi éischte Käerz um Adventskranz ugefaangen. Domadder ass eng Zäit ugaangen, déi op dat grousst Fest vun de Chrëschten zousteiert: Chrëschtdag, eng Zäit mat ville Bräich. De Brauch vum Adventskranz bréngt eis de Sproochmates Alain Atten e bëssi méi no.
Zanter e Mëttwoch ass kloer: De Wollef soll deemnächst an der EU manner streng geschützt sinn. Argumentéiert ginn ass dee Schratt mat Problemer, déi d’Déier soll verursaachen, zum Beispill duerch Schof, déi gerass ginn. Och Lëtzebuerg huet sech fir ee manner strenge Schutz ausgeschwat. Domadder huet d’Regierung eng 180-Grad-Dréiung higeluecht, ouni déi awer genee ze erklären. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert de Wollef, seng Situatioun zu Lëtzebuerg an an der EU, an iwwert Fro, wéi ee Management vum Wollef kann ausgesinn. Dozou gehéieren eventuell och Ieselen – wat et mat deenen op sech huet, gitt dir natierlech och am Podcast gewuer. All d’woxx-Artikelen zum Thema Wollef fannt dir ënnert dësem LinkThe post D'EU an de béise Wollef first appeared on Radio ARA.
Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren onkriddelegen Themen, zum Beispill Flüchtlingen a Relioun. Mir haten och nach e ganzen Deel mat Joe-Biden-Presidentschaftswitzer dran, mee de Joseph huet eis nawell e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Domadder ass et elo offiziell: Eise Podcast ass nach méi lues wéi en ale wäisse Mann.
E Sonndeg Steesel bei den Hären a gëschter de Gréngewald bei den Dammen. Dat sinn déi zwou Ekippen déi dës Saison Champion am Basket gi sinn. Domadder ass dann och d´Saison 2023 - 2024 eriwwer. A beim T71 ass fir dräi Leit gëschter eng Ära op een Enn gaangen. Dat sinn Themen am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt.
Dem Bob an dem Mathis ass einfach op gefall datt Sie an hirem Alldaag ëmmer missen drun denken, hei dat do dat wier dach eppes fir de Podcast . An wie soll et och anescht sinn, hu Sie et sech net huele gelooss, endlech Zeit ze fanne fir datt et nees konnt weider goen, an iech mat enger neier Episod ze beglécken . Domadder bleift nëmmen nach eppes ze soen, an zwar vill Spaass beim lauschteren!
Domadder verbonne war och eng Diskussioun iwwert d'Kathoulesch Kierch an d'Bedeitung, déi si fir d'Leit zu Lëtzebuerg huet.
De Mëttwoch huet d'EU-Parlament dem Virschlag vun der Kommissioun zougestëmmt. Domadder ass kloer: Verschidden Investitiounen a Gas- an Nuklear kënnen als nohalteg bezeechent ginn. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wat d'Taxonomie genee ass, wéi et
An der Bildzeitung sinn elo kierzlech dräi Fuerscher als “Lockdown-Macher” bezeechent ginn, déi als „Experten-Trio Frust zum Fest" schenken. Domadder gi Leit medial gelyncht, well se wëssenschaftlech Fakte vu sech ginn hunn, déi net an dat verschwurbelt Weltbild vun enger Rei Lieser passen. Mussen also och Fuerscher geschwë fäerten, datt e Mob mat Gejäiz a Fakele bei hinnen doheem virun der Dier opdaucht? Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
Wann eng Persoun, déi sech wëllt selbststänneg maachen oder hir bestoend Aktivitéit wëllt ausbauen a keng Garantië ka bidden, da kritt se kee Kredit vun enger traditioneller Bank. Dat ass schwéier verständlech. Den Auteur vun dëser Carte Blanche erkläert, wéi et trotzdeem méiglech ass ee Wee ze fannen, fir et esou enger Persoun ze erméiglechen zu Kredit ze kommen. Domadder soll virun allem de klengen Entreprenariat erméiglecht a gefërdert ginn.
D'NSO Affär, och Pegasus Project genannt, huet an deene leschten Deeg vir vill Opreegung gesuergt. A wéi bei all internationalem Skandal ass och dës Kéier Lëtzebuerg mat involvéiert. Allerdéngs huet NSO net nëmmen eng geschéckt
Et gi Fuerscher, fir déi d’Biodiversitéitskris, dat heescht dat weltwäit Aartestierwen, däitlech méi geféierlech fir de Mënsch ass, wéi de vill diskutéierte Klimawandel. Domadder ass awer laang net jiddwereen averstanen. Och zu Lëtzebuerg net. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
De schotteschen Auteur Ian Rankin ass virun allem bekannt duerch seng Kriminalromaner, déi dem Genre Tartan Noire ugehéieren. Domadder sinn déi Bicher gemengt, déi sech a Schottland ofspillen a vun enger Aart Anti-Held als Protagonist liewen. Fir säin neie Roman, huet hien dofir och säi bekanntsten Haaptcharakter aus der Pensioun gekroomt, de John Rebus. Des Kéier fir ee ganz private Fall, deen e viru ganz nei Erausfuerderunge stellt.
Normalerweis dauert d’Entwécklung vun engem Vaccin 5-15 Joer. Firwat konnt et beim Covid-19 Vaccin sou séier goen? An ass dat op Käschte vun der Sécherheet gaang? Domadder beschäftegt sech de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, de Mëtteg a sénger Carte Blanche.....
Normalerweis dauert d’Entwécklung vun engem Vaccin 5-15 Joer. Firwat konnt et beim Covid-19 Vaccin sou séier goen? An ass dat op Käschte vun der Sécherheet gaangen? Domadder beschäftegt sech de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, a senger Carte Blanche.
Mir schwätzen iwwer een Auto dee ronn 350.000 Euro kascht. Domadder ass et ee vun den deiersten Ween, déi een ze kafe kritt.
Mir schwätzen iwwer een Auto dee ronn 350.000 Euro kascht. Domadder ass et ee vun den deiersten Ween, déi een ze kafe kritt.
Zënter leschtem Joer ass den 9. Mee Feierdag zu Lëtzebuerg! Domadder hu mer dem Europa-Dag jo e besonnesche Stellewäert ginn! Dat passt sech jo och fir e Land, dat zu den eelsten EU-Membere gehéiert an an deem eng Uertschaft de symbolträchtegen Numm "Schengen" dréit. Mä scho fir déi zweet Editioun vum Europa-Feierdag ass alles anescht, mengt d'Christiane Kremer am Apropos vun haut.
Am Schlass zu Kolpech sollen Corona-Patienten ënnerkommen, déi keng akut Fäll méi sinn. Domadder sollen d’Spideeler entlaascht ginn. D’Personal an deene Spideeler soll och entlaascht ginn duerch eng Réserve sanitaire. Wéi ass d’Situatioun de Moment an den Haiser zu Lëtzebuerg. Wéi gesäit et mam Personalbestand aus? A wéi mam Equipement? Wéi ass d’Relatioun tëscht der Crise-Cellule an der FHL. Dat hu mir de Paul Junck, President vun der Spidolsfederatioun gefrot. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Am Schlass zu Kolpech sollen Corona-Patienten ënnerkommen, déi keng akut Fäll méi sinn. Domadder sollen d’Spideeler entlaascht ginn. D’Personal an deene Spideeler soll och entlaascht ginn duerch eng Réserve sanitaire. Wéi ass d’Situatioun de Moment an den Haiser zu Lëtzebuerg. Wéi gesäit et mam Personalbestand aus? A wéi mam Equipement? Wéi ass d’Relatioun tëscht der Crise-Cellule an der FHL. Dat hu mir de Paul Junck, President vun der Spidolsfederatioun gefrot. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
69 parlamentaresche Froen an der leschter Chamber-Sessioun. Domadder läit den LSAP- Politiker Mars di Bartolomeo op drëtter Platz vun den 60 Deputéierten. Dacks geet et beim Mars di Bartolomeo ëm de Sujet Gesondheet.Mam fréiere Santésminister diskutéiere mer iwwert d'Kritik um Lëtzebuerger Gesondheetswiesen an d'Légaliséieren vum Kannabis.De Mars di Bartolomeo ass onsen Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.
69 parlamentaresche Froen an der leschter Chamber-Sessioun. Domadder läit den LSAP- Politiker Mars di Bartolomeo op drëtter Platz vun den 60 Deputéierten. Dacks geet et beim Mars di Bartolomeo ëm de Sujet Gesondheet.Mam fréiere Santésminister diskutéiere mer iwwert d'Kritik um Lëtzebuerger Gesondheetswiesen an d'Légaliséieren vum Kannabis.De Mars di Bartolomeo ass onsen Invité vun der Redaktioun géint 10 op 8.
Domadder hat net jidderee gerechent: d'Finale vun der Weltmeeschterschaft 2018 steet. Op der enger Säit de Weltmeeschter vu virun 20 Joer an op der aner Säit eng Equipe, déi nach ni an enger Finale stoung. Wat bréngt de Match Frankräich-Kroatien? A wéi war hire Parcours. Doriwwer schwätze mer am Radio Sport Club Spezial mam Guy Hellers, Robi Langers an Hubert Meunier.
Wéinst de Wiederkonditiounen konnt dëse Weekend am nationale Futtball Championnat nees net gespillt ginn. Domadder sinn elo schonns zwee Spilldeeg hannerteneen ausgefall. Dat ass haut een Thema am FLF Magazin deen iech vum Jhang Mathes a Rich Simon presentéiert gëtt....
Wéinst de Wiederkonditiounen konnt dëse Weekend am nationale Futtball Championnat nees net gespillt ginn. Domadder sinn elo schonns zwee Spilldeeg hannerteneen ausgefall. Dat ass haut een Thema am FLF Magazin deen iech vum Jhang Mathes a Rich Simon presentéiert gëtt....
Eemol 6, eemol 8 an eemol 9 - dräimol huet de Raphaël Stacchiotti sech lescht Woch bei der Schwamm-Europameeschterschaft zu Netanya an Israel an den Top-Ten placéiert. Domadder stoung hien an zwou Finalen an huet 6 nei Lëtzebuerger Rekorder opgestallt. Dëse Weekend ass hien bei de Lëtzebuerger Schwammmeeschterschaften am 25 Meter Baseng zu Diddeleng am Asaz an haut ass hien den Invité a Radio Sport Club.
De Lyndon Sosa ass op der Weltmeeschterschaft am Trapschéissen zu Granada a Spuenien ganz staarken 6. ginn. Domadder war deen 21 Joer alen Tireur ganz no drun, sech schon fir d’Olympesch Spiller zu Rio an zwee Joer ze qualifizéieren. Den Trappschéisser huet mat 123 Dauwen och op der WM en neie Lëtzebuerger Rekord realiséiert. Op de Spiller vun de klenge Länner zejoert hei zu Lëtzebuerg, hat de Sosa no enger spannender Kompetitioun nach d’Bronzemedail gewonn.