POPULARITY
D'Regierung seet, et wär nach ze fréi fir Party ze maachen - a vill Zeitungen schléisse sech dem Message de Moien un.
D'Kris wier fir d'Regierung den Test, ob se wierklech regéiere kann, esou eng Meenung de Moien. Theema ass och den Drogenhandel an der Pandemie.
Se ware mat déi Eischt déi de Confinement ze spiere kruten a mat déi Lescht fir déi d'Restriktiounen neess opgehuewe ginn. Gëscht Owend huet d'Regierung ënnert anerem annoncéiert, datt d'Kanner neess op d'Spillplazen dierfen. Deels souguer ouni Restriktiounen. Héich Zäit, fënnt och d'Claude Zeimetz de Moien a sengem Commentaire.Dobäi hätt ee sech dat politescht Geplänkel spuere kënnen.
Mat zousätzleche fënnef Milliounen Euro wëllt d'Regierung de Kultursecteur an der Period vum Deconfinement ënnerstëtzen. Grad wéi am Horeca-Secteur däerfen och kulturell Institutiounen hir Dieren nees vun dësem Freideg un opmaachen - ënner verschiddene Konditiounen, bis op Weideres. E Bäitrag vum Michel Delage.
D'Covid-Pandemie hat Keen esou kommen gesinn - op mannst net politesch an och net mat de politeschen Konsequenzen, déi sech doraus ergin. Op mannst haten déi restriktiv Zäiten an Mesuren ee Mérite - se weisen, wéi d'Regierung fonctionéiert an zesummesteet - oder och net- Roy Grotz....
Mir froen d'Ombudsfra an den Ethik-Expert, wéi si d'Regierung um Wee aus dem Confinement wëlle beroden. De Rick Mertens féiert duerch d'Gespréich.
D'Corona-Epidemie an déi drastesch Mesuren, déi d'Regierung och hei am Land geholl huet, hunn och de Presseclub um Sonndeg.Mir hunn iwwert d'Decisiounen geschwat, déi geholl goufen, fir d'Verbreeden vum Virus ze verhënneren, iwwert d'Kommunikatioun ëm de Virus an natierlech d'Repercussiounen op d'ëffentlecht Liewen am Land.Invitéen waren: d'Dani Schumacher vum WORT, de Raymond Klein aus der Woxx, d'Ines Kurschat vum Land an den Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblatt.

Si ass eng klassesch Quereinsteigerin: Virun annerhallwem Joer haten déi mannst d'Paulette Lenert op der Rechnung fir eng politesch Féierungsroll ze iwwerhuelen. Si gouf 2018 Ministerin fir Entwécklungszesummenaarbecht a Verbraucherschutz. Elo steet si kuerz virdrun de Gesondheetsministère ze iwwerhuelen - an ass domat eng vun de wichtegste Politikerinnen an der LSAP. Wat huet d'Paulette Lenert motivéiert fir d'LSAP an d'Regierung ze wiesselen? A wéi eng politesch Ziler huet si sech fir déi nächst Jore gesat? Dat freet de Rick Mertens déi designéiert Gesondheetsministesch.
D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert. Dëst sinn alles Saachen, déi viru Joren nach ondenkbar gewiescht wären. Ass dat Dynamit fir d'Dynastie? Oder just e Stuerm, dee vergeet? Doriwwer diskutéiert de Maurice Molitor mat der Historikerin Josiane Weber, dem fréiere Chambellan Paul Dostert, dem Verfassungsexpert Luc Heuschling an dem Ex-Feierkrop-Chronist Jacques Drescher. D'Emissioun Riicht eraus héiert Dir dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7. Moderatioun: Maurice Molitor
Dat neit Joer ass un. Dëse Sonndeg hu mer eng éischte Kéier de Point mat de Journalistekollegen, sou wéi och en Ausbléck op 2020 gemaach. Wat bedeit den Depart vum Etienne Schneider fir d'Regierung a fir d'LSAP? Kann eng Steierreform zur Zerräissprouf dir d'Dräierkoalitioun ginn? Wat fir Ausmoosse kënnen d'Tensiounen tëschent den USA an dem Iran unhuelen?Ënner anerem doriwwer hunn am Presseclub diskutéiert: De Marc Schlammes vum WortD'Josée Hansen vum LandDe Christoph Bumb vu Reporteran de Joël Adami vun der Woxx

D'Klima-moossname sinn a grousse Linne virgestallt. Wéi analyséieren d'Baueren d'Klimazieler, déi d'Regierung fir d'Landwirtschaft definéiert huet?Ënner anerem déi Fro stelle mer de Moien dem President vun der Baueren-Allianz.De Camille Schroeder ass herno géint 10 op 8 den Invité vun der Redaktioun

Mat engem Klimaschutzgesetz wëllt d'Regierung garantéieren, datt Lëtzebuerg seng kuerz- a laangfristeg Klimaziler erreecht. Vun der Landwirtschaft bis zum Stroossentransport sollen all wichteg Secteure obligéiert ginn, déi néideg Efforten ze maachen. Wat genee ass geplangt? A geet dat duer? Doriwwer diskutéieren de gréngen Energie- a Landesplanungsminister Claude Turmes, d'CSV-Frakiounscheffin Martine Hansen, de Fedil-Direkter René Winkin an d'Blanche Weber, Presidentin vum Mouvement Ecologique. Moderatioun: Pia Oppel
Ware genuch Ëmweltfroen an der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel dran? An der Haaptsaach gouf do de Klimachangement ervirgehuewen. Mee geet et duer déi international Envergure ze kucken? Ginn et hei heem net och prioritär Problemer, déi d'Regierung misst ugoen? Zum Beispill Buedemversiegelung a Waasserverbrauch. Dat froe mir de Moien d'Presidentin vum Mouvement écologique. D'Blanche Weber ass eis Invité vun der Redaktioun.

D'Geschécker vun der Gemeng Déifferdeng ze leeden ass keng einfach Tâche an Zäite wou d'Lëtzebuerger Polit-Zeen nawell uerg duerchernee gerëselt gëtt. Den Déifferdenger Problem an d'Gaardenhaischen hunn all Potential, fir d'Regierung un hir Limitten ze bréngen.
"D'Regierung stellt den Haff net ënner Tutelle, mee mat der Missioun vum Jeannot Waringo soll an Zukunft verhënnert ginn, dasssech falsch Rumeuren iwwert ea d'Personalpolitik bei der Cour Grand-Ducale verbreeden".Dat sot de Staatsminister Bettel an der Emissioun Background de Mëtteg iwwert de Rapport, deen de Jeannot Waringo amgaangen ass iwwert d'Finanz- a Personalpolitik beim Haff ze maachen.Aner Sujeten waren d'Erausfuederungen fir d'Land, de Brexit an den Etat de la Nation.

Nodeems déi Alliéiert Truppen de 6. Juni 1944 an der Normandie gelant waren, huet et nach bis den 9. September gedauert bis déi amerikanesch Zaldoten zu Lëtzebuerg waren. Haut organiséiert d'Regierung zesumme mat der Stad Lëtzebuerg eng Gedenkzeremonie fir de 75. Joresdag vun der Befreiung vu Lëtzebuerg. A schonns gëschter um 9. September war déi grouss Gedenkfeier zu Péiteng. Do war viru 75 Joer den éischten amerikaneschen GI op Lëtzebuerger Terrain gefall.Den 10. September gëllt als als den Dag vun der Liberatioun vu Lëtzebuerg. Wéinst dësem historeschen Dag ass den Historiker Jean-Marie Majerus bei eis am Studio.

Wéi eng Conclusiounen zitt d'Regierung aus dem Spezialrapport vun der Cour des comptes iwwert de Finanzement vum Museksunterrecht?Ëm déi Fro goung et gëschter an der Budgetskontrollkommissioun an där och den Educatiounsminister Claude Meisch dobäi war. D'Cour des comptes hat ënnert anerem festgestallt, datt d'Gesetz vun 1998 ganz allgemeng gehal ass, an dofir och huet mussen vun 11 groussherzogleche Reglementer ergänzt ginn.Opgrond dovunner sinn dann Interpretatiounsschwieregkeeten a Kontradiktiounen opgetrueden; Dany Rasqué

D'Regierung steet, d'CSV ass am Gaange sech ze erneieren an d'Chamber ass nees komplett: Dës Woch ass vill geschitt an der Politik. Wéi si verschidden Entwécklungen ze deiten? Eng Analys mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Wien alles an d'Regierung kënnt ass fixéiert, nach gëtt um Programm geschriwwen, deen d'Dreier-Koalitioun déi nächst 5 Joren wäert wëllen ëmsetzen - an och DO steet scho vill fest - eent ass sécher, d'Handschrëft vun der LSAP an deene Gréngen wäerte mer mussen mat der Lupp sichen - dat mengt de Moien eise Chefredakter Roy Grotz..
Nom Rekordjoer 2017 am Tourismus kuckt een am Tourismusministère weider an d'Zukunft a setzt mat der Strategie vum Secteur de Kader. D'Strategie baséiert op aacht Pilieren a setzt sech ambitiéis Ziler fir déi nächst fënnef Joer. Den zéngte Fënnefjoresplang léisst d'Regierung sech 60 Milliounen Euro kaschten a setzt domat op e Qualitéitstourismus.
D'Burkaverbued an de Platzverweis - 2 Sujeten, déi d'national Politik dominéiert hunn an direkt ëppes mam Zesummeliewen an der Gesellschaft ze dinn hunn a wou sech d'Regierung de Spagat versicht.Am Ausland dominéiert d'Indignatioun virun der Politik vum Donald Trump an dem Demontage vum Kandidat vun der franséischer Gauche, dem François Fillon.Ea op dës Sujeten kommen mer am Presseclub e Sonndeg ze schwätzen.Invitëeen beim Roy Grotz sinn:d'Josée Hansen aus dem LANDde Marc Schlammes vum WORTden Dhiraj Sabharwal aus dem Tageblattan de Luc Caregari vun der WOXX.RDV wéi gewinnt dëse Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12 bei eis op der Antenne an natierlech live op eiser App.

Trotz gudden ekonomeschen Chiffren deposéiert d'Regierung e Budget, deen am Zentralstaat en Defizit vu ronn enger Milliard opweises huet. Och gëtt en Emprunt geholl.Ass dëst dee richtege Wee?Gëtt d'Land mat deem Budget genuch op d'Defien vun der Zukunft preparéiert?Ass d'CSV hirersaits mam designéierten Spëtzekandidat Claude Wiseler op de Wee zréck an d'Regierung preparéiert?Nation branding an Anti-Fraihandels-Accord-Manifestatiounen ...alles Sujeten op déi mer am Presseclub dës Woch ze schwätze kommen.Inviteeën sinn de Marc Schlammes aus dem Wort,de Richard Graf vun der Woxxd'Michèle Sinner aus dem Landan de Robert Schneider vum Tageblatt.RDV fir den RTL-Presseclub dëse Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12 Auer an natierlech och via d'APP.

Den Etat de la Nation huet gewissen, wou d'Regierung politesch mam Land hi wëll, mam neien PAN-Gesetz weist d'Regierung wou se a Saachen Aarbechsorganisatioun histeiert an am Luxleaks Prozess steet d'Meenungsfräiheet mat virun de Riichter.Genuch Sujeten, déi d'Press direkt interesséieren an interpelléieren, wëll Journalisten direkt viséiert sinn.Mir kommen e Sonndeg am Presseclub drop ze schwätzen.Invitéen sinn:d'Josée Hansen aus dem Landde Claude Karger aus dem Journalde Christof Bump vum Wortan de Luc Caregari vun der Woxx.RDV fir den RTL-Presseclub um Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12.

D'Steierreform ass an de groussen Zich bekannt - gëscht koum d'Regierung op en neits mat de Sozialpartner beieneen, fir nach emol iwwert d'Mesuren ze diskutéieren.Ass der Regierung mat där Reform elo de grousse Worf gelongen?Heiriwwer komme mer ënnert anerem am Presseclub ze schwätzen, do wou och d'Nationalitéitegesetz natierlech e Sujet ass.Invitéen sinnd'Michèle Sinner aus dem Landde Lucien Montebrusco aus dem Tageblattde Christoph Bumb aus dem Wortan de Raymond Klein vun der WOXX.Rendez-Vous fir de Presseclub um Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12 Auer.