Den ënnerhalsame Wocheréck- an Ausbléck mam Rik a mam Pit.
Där Meenung ass opmannst de Pit. Freet iech op e klenge recapitulatif vun de leschten 2 wochen, bëssen Geschwätz iwwert e Fussball-Manager Spill an den drohende Krich an der Ukrain. Dës Woch fannt der och eraus, firwat Nintendo de Pit esou glécklech mecht. Bis nächst Woch!
No enger kuerzer ongeplangter Paus sinn mer nees zréck. Haut um Menu: Dem Rik seng éischt Kreisligaexpérience, d' Enn vun de GOATS, leider de Mason Greenwood an nach bëssen blöd Gespruddels. Vill Spaass a bis nächst Woch!
De Rik ass rem zréck op der grousser Fussballbühn an de Pit muss pissen. Doniewt ginn et wonnerschéin nei Petitiounen, déi eng méi, déi aner manner sënnvoll, an den Waaserwerfer den op der Demonstratioun benotzt gi war huet just Waasser gesprëtzt. Freet iech op 1 Stonn top Ënnerhalung mat ären 2 Lieblingspodcaster.
Genéisst en klenge perséinlechen Ausbléck op 2022 an eng länger Diskussioun iwwert d'Fussball-WM am Katar. Dann geet et nach ëm en Ënnerwaasservulkan, d' Häerz vun engem Schwäin, an de Pit léiert d' Island Boys kennen. Vill Spaass an eng schéin Woch!
Kommt mat eis an Thailand! Mir ginn eis Booster-Impfung sichen an reegen eis schon fir déi drëtt Woch hannerteneen iwwert volliditoen zu Lëtzebuerg op. Är zaart Ouren kënnen sech ausserdem och op e Kommentar zum onnéidegste Boxkampf vum Joer freeën. Genéisst äer Chrëschtdeeg! Bis nächst Woch!
Mir sinn endlech rëm pünktlech an beglécken är zart Ouren mat enger bësse méi laanger Analys vun der leschter Formel 1 Course vun der Saison. An der zweeter Halschent maache mir nach e bëssen de Geck mat de Protest Clownen vu Lëtzbuerg. Laacht mat eis mat an genéisst är Woch!
Mir si Vollidioten. Si si Vollidioten. Jidereen ass e Vollidiot. "Vollidiot" ass an dëser Episode wahrscheinlech sou oft gesot ginn wéi nach nie an daat ass gréisstendeels verständlech. Lauschtert eran an iwwerzeegt iech einfach selwer!
Zürich, Proffen, an Golden Shower. Dat ass haut um Programm. Natierlech och e wéineg Sport a vill Blödsinn. Enjoy!
Hannerzeg No Vir gëtt fofzeg. Vill Spaass bei eiser Jubiläumsepisode,mat e bëssen Kéis, vill gebraddels an wéineg sënnvoller Informatioun.
Hei gëtt et leider keng Beschreiwung well de Pit se vergiess huet an en lo net méi weess wat alles gespruddelt ginn ass. Trotzdem Vill Spaass! (D'Episode ass secher gudd)
De Rik an de Pit haten endlech rem Präsenzcoursen op der Uni an berichten iech vun hieren Erfahrungen. Doniewt hu mer och endlech rem bëssen Sport mat dobäi, an schwätzen iwwert d'Cannabis Legaliséierung zu Lëtzebuerg. Aaner interessant Themen sinn nach den Virfall um Filmset vum Alec Baldwin an eng gespléckte Gesellschaft zu Lëtzebuerg.
Mir waren amfong nie fort, mais lo si mir rem do! Mir probéieren ze erklären, wisou mir sou laang fort waren an schwätzen bëssen doriwwer, wat mir an der Zäit gemaach hunn. Doniewt schwätze mer iwwer mental Gesondheet, Impfgéigner an d' Luisa Neubauer. Mir sinn frou rem zréck ze sinn, an hoffen dir freet iech op déi nächst Episoden!
Nei Woch, Nei Episode Hannerzeg No Vir! Dës Kéier geet et ënnert aanerem ëmt déi schlëmm Héichwaasser déi deelweis ganz Dierfer iwwerflut hunn. Doniewt hu mer och bësse Politik an Clankriminalitéit am Gepäck. Freet iech op en ofwiesslungsräiche Podcast. Bis nächst Woch!
Den éischte Gaascht vun der drëtter Season ass do! Haut geet et ëmt Craft-Béier. Zesummen mam Davide vun "Satori" schwätze mir doriwwer wéi dräi Kollegen ob d'Iddi komm sinn Béier hierzestellen an waat Craft-Beer sou besonneg mecht. Doniewt erkläert den Davide och wisou jonk Leit mat enger Visioun einfach eng Entreprise sollte starten. Mir wënschen Vill Spaass beim Nolauschteren a bis nächst Woch!
Um längsten Daag vum Joer présentéieren mir iech eng nei Episode vun Hannerzeg No Vir. Leider haate mer dës Kéier e puer technesch Problemer, mais trotzdem hu mir natierlech eng Episode mat villen Themen. De Pit bericht vu senger éischter Post-Corona Club expérience a reegt sech iwwer Grasmilben op. Doniewt schwätze mer bëssen iwwert kleng Skandaler déi des EM schon geschitt sinn. Mir wënschen iech Vill Spaass an eng gudd Woch!
D'EM ass amgaangen an d'Sonn ass dobaussen. E bessere Start an d'Woch kann ee sech kaum virstellen. Sëtzt iech eraus an lauschtert eis no, wéi mir iwwer Sonnebrand an Hinger schwätzen. Doniewt geet et och ëm de "Vakanze-Feeling" an e grousse Schock-Moment bei der Europameeschterschaft.
Nei Woch, nei Epsiode vun ärem Lieblingspodcast! Dës Woch mat enger bësse méi grousser Preview op d'Europameeschterschaft déi e Freideg lass geet. Doniewt bericht de Rik nach e bëssen vu sengem aktuellen Jetset liewen a mir schwätzen bëssen iwwert de Boxkampf tëscht dem Mayweather an dem Logan Paul. Vill Spaass an eng gudd Woch!
Ween wou wisou de Knëppel an den Aarsch kritt frot dir iech? De Rik erkläert iech dat. Dann bericht de Rik och nach vu sengem klengen Ausfluch a Spuenien a mir schwätzen iwwert e kuriosen Virfall deen dës Woch zu Lëtzebuerg war. Natierlech dierf och d'Champions League Final net feelen. Mir wënschen iech vill Spaass mat der Episode vun dëser Woch!
Wat huet de Jesus mat Doping ze dinn, a wéi ass iwwerhaapt dem Rik an dem Pit seng Bezéiung zu Relioun? Dat gidd der dës Woch am Podcast gewuer. Doniewt geet et ëmt de klenge Crash um Kryptomarché an natierlech déi decisiv Wochen am Fussball. Zum Schluss hu mer och nach eng Bonne Action am Gepäck. Vill Spaass a bis nächst Woch!
Mir sinn rëm zréck fir eng drëtt Season! Onugëkënnegt, quasi aus dem Näicht, kommen mir aus eiser Paus zréck an beglécken iech mat eisen engelsgläiche Stëmmen. Um Menu vun dëser Woch steet selbstverständlech en Reckbléck op déi lescht 10 Wochen an en klengen Ausbléck op déi drëtt Staffel. Doniewt schwätze mer iwwert dat wat aktuell am Noen Osten geschitt. Mir hoffen mir konnten iech mat dëser Episode e gudde Start an d'Woch erméiglechen. Bis nächst Woch!
De Lockdown zitt sech ëmmer méi laang a fir de Rik an de Pit fillt daat ganzt sech bëssen un wéi eng Achterbunn. Vläicht ass Dubai jo den Auswee. Keen Auswee gëtt et am Moment fir den Alexej Nawalny deen sech an engem russesche Prison befënnt. Ausserdem schwätze mer haut rem eng Kéier iwwert eis Studien an kucken nach eng Kéier zréck op eis wonnerschéi Lycéeszäit. Zum Schluss gi mir dann natierlech o nach eng Prognose fir de legendäre Superbowl oof, an der Hoffnung eis dës Kéier net ze blaméieren.
De Rik an de Pit présentéieren iech de Menü vun der Woch bei Hannerzeg No Vir: Dës Woch gëtt et eng déidlech Messerpickerei, e bëssen Uni-Talk an natierlech de Suivi vun der "Affaire-Semedo". Doniewt maache mer eis och lëschteg iwwert verschidde Petitiounen déi lo dierfen ënnerschriwwe ginn, a mir kucke bëssen op den Highlight vun der Woch, wou ganz vill Leit sech zesumme gedoen hunn fir d'Bourse op de Kapp ze stellen. Freet Iech op eng ënnerhalsam Episode a bis nächst Woch!
De Rik an de Pit maachen haut e klengen Ausfluch an d'Philosophie. Dobäi spillt d'Fro "Wéi oder wéini?" eng zentral Roll. Doniewt steet haut och e bësse Gaming um Programm, an och e wéineg Politik. Eis Kollegen vun der anerer Säit vum Atlantik kommen natierlech och dës Woch net ze kuerz. Vill Spaass bei der neier Episode a bis nächst Woch!
Hannerzeg No Vir ass och am neie Joer ukomm an start direkt eng Grondatzdiskussioun: Wéivill Kéis gehéiert op eng Pizza a wéini ass et zevill? Doniewt schwätzen de Rik an de Pit iwwert hier Feierdeeg an diskutéieren ënnert anerem iwwert den Netflix Documentaire zum Dominique Strauss-Kahn. Zum Schluss geet et och nach ëm Lëtzebuergeschen Hip-Hop an wisou hir Lidder net op Eldoradio laafen. Mir wënschen Iech e schéint neit Joer an Vill Spaass mat eiser neier Episode. Bis nächst Woch!
Dës Woch hunn de Rik an de Pit e gudde Kolleg an ausseruerdentlech talentéierte Sportler zu Gaascht. Den Tony Drennan spillt Rugby, an dat fir lëtzebuergesch Verhältniser ganz gudd. Hien konnt schon Erfahrungen beim Stade Français a Frankräich sammelen a kombinéiert lo Uni a Rugby zu Belfast. Déi 3 schwätzen awer net nëmmen iwwert Sport, mais erzielen och puer Anekdoten vu gemeinsamen Zäiten beim rausgoen. Zesumme mat engem vun eisen treiste Fans, wéi den Tony vu sech selwer behapt, hu mir gudd gelaacht. Mir hoffen dir hudd genau sou Vill Spaass! Bis nächst Woch, bei der leschter Episode fir dëst Joer.
Wann d'Agatha dem Pit séng Tounspuer gezaubert hätt giff déi vläicht och uerdentlech kléngen. Sorry dofir dass de Pit kléngt wéi aus enger blechener Béchs. Dofir ass den Inhalt haut ëmsou besser. Den Eric Rolgen liwwert fir eis schon déi drëtte Woch hannerteneen eng super Virlaag fir en Thema, wat mir och dës Woch net ongenotzt loossen. Ausserdem ënnerhalen de Rik an de Pit sech iwwert hier wuel léifsten Zäit vum Joer (net), anzwar déi Zäit ronderëm Chrëschtdaag. Weider ginn och nach dem MontanaBlack säin neit Haus an de Shakespeare thematiséiert. Mir wënsche Vill Spaass an eng agréabel Woch!
Mecht de Kleeschen och 'Ho Ho Ho' oder ass dat nëmmen de "Weihnachtsmann"? Dëst ass eng vun den zentrale Froen dene mir eis haut widmen. Doniewt huet de Pit op Facebook en neien Déifpunkt erliewt, fir den e sech um Podcast well rechtfertegen. Ausserdem ass den Adi rem zréck a mir diskutéieren eis Propositioun fir de Lëtzebuerger vum Joer. Et war nawell ofwiesllungsräich. Mir hate Spaass an hoffen dir hudd deen och! Bis nächst Woch.
De Rik an de Pit sinn dës Woch ouni Gaascht ënnerwee a kënne sech dowéinst rëm bëssen ëm dat këmmeren waat an leschter Zäit sou an der Welt geschitt ass. Dobäi schwätzen se iwwert de neie lëtzebuergesche Podcast "Gëlle Fro" an den Doud vun engem vun de beschte Fussballspiller déi et jemols gouf. Dono gëtt de Pit rosen a reegt sech iwwert säin Veräin op, wéinst dem him mëttlerweil all Weekend säi blo wäisst Häerz bludd. Doniewt kënnt nach bëssen kulturellen Inhalt mat engem Album Review an e puer Wieder zum Black Friday hu mer och ze soen. Vill Spaass a bis nächst Woch!
Nei Woch, Nei Episod vun Hannerzeg No Vir. Haut sinn de Rik an de Pit nees net alleng. Zu Gaascht ass den Antoine Lesch aka Soin, deen eng eegen Kleedermark huet. Bei engem gemittleche Béier ënnerhalen déi dräi sech driwwer wéi et zur Mark komm ass, ween den Antoine inspiréiert huet a wou et fir hien nach soll hin goen. Doniewt erzielen mir och e puer Anekdoten vu gemeinsamen Owender a schwätzen och e wéineg driwwer wisou ee Lëtzebuergesch Kënschtler méi sollt ënnerstëtzen. Mir wënschen Iech Vill Spaass!
De Pit ass net fit, mais fir Iech sëtzt hien sech trotzdem dohin a braddelt mam Rik. Dës Kéier philosophéieren mir zwee doriwwer wen den Formel 1 GOAT ass a wisou de Pit géint ee vu senge Grondprinzipien verstéisst. Natierlech schwätze mer och iwwert d'US Walen déi eis gottseidank net enttäuscht hunn. Dann schwätze mer nach bëssen iwwert de Podcast vun leschter Woch, den vun der nächster Woch, d'PS5 an en Hologramm. 1 Stonn volle Programm! Mir hoffen dir hudd Spaass.
Huelt iech e Piña Colada, maacht iech et gemittlech a begleet den Dr. Pierre Gallego an eis op d'Mier. De Pierre ass Veterinär a Mieresfuerscher a beschäftegt sech schon quasi säi ganzt Liewen mat Mieressäugetiere. Bei eis erzielt hien, wéi e ganz normale Lëtzebuerger op esou en onübleche Beruff kënnt, wisou dat fir hien schon ëmmer en Dram war an wéi des Aarebcht iwwerhaapt funktionéiert. De Pierre erzielt och vu senge villen Erfarungen mat Walen an Delfinen vun denen hien einfach net genuch kann kréien. Doniewt erklärt hien eis awer och wen d'asbl 'Odyssea', déi hien presidéiert, ass an fir wat sie sech asetzen. Mir hoffen dir hudd Vill Spaass bei dëser, wéi mir fannen, héich interessanter Episode. Bis nächst Woch!
Waat huet et mam ominéise Gewürz op sech? Drénken de Rik an de Pit lo reegelméisseg Ingwertéi, oder huet ee vun denen zwee eng speziell Ofneigung géint déi Planz? Mat bësse Chance gidd der dat haut gewuer. Mat Secherheet kritt der awer an dëser Episod eis Meenung zum Borat 2, eis Viraussoen fir d'amerikanesch Wahlen an eng ganz speziell Ukënnegung matgedeelt. Doniewt gëtt et selbstverständlech rëm bëssen onnëtzt wëssen an den üblechen Duercherneen. Vill Spaass!
Nodeems Anglizismen bei Hannerzeg No Vir mëttlerweil zum gudden Toun gehéieren hunn sech de Rik an de Pit décidéiert bei dëser Episode och den Titel op Englesch ze verfaassen. Waat ët mat dene spezielle Leit an de spezielle Plazen op sech huet, a wisou Australien op dem Pit senger "Bucket-List" (scho nees en englesche Begrëff, sorry ;) ) ëmmer méi wäit no ënne rutscht gidd dir dës Woch gewuer. Ausserdem setzen sech är Lieblingspodcaster fir en Internetführerschäin an. Vill Spaass!
Mir sinn zréck mat engem "Boom". An der éischter Episode no der Summerpaus présentéieren de Rik an de Pit iech wéi een a ronn enger Stonn méiglechst vill Meenung a wéineg Ahnung kann hunn. Niewend politesche Sujeten, schwätze mer awer och iwwert eis Pläng fir déi zweet Staffel an eis méi oder manner Corona frëndlech Vakanz. Mir hoffen dir hudd sou vill Spaass beim Nolauschteren wéi mir beim Ophuelen!
An der leschter Episode vun der éischter Season loossen de Rik an de Pit hier Zäit als Podcast-Hosts eng Kéier revue passéieren. Mir analyséieren eis Episoden an schwätzen bëssen iwwert Themen déi mir virun e puer Woche schonns behandelt hunn. Mir hoffen déi 15 Wochen Podcast hunn Iech gefall, an hoffen dass der och rëm dobäi sidd wann mer aus der Summervakanz zréck sinn. Bis dohin, verbréngt e schéine Summer an passt op iech op.
Ass no just 14 Episoden schon Schluss mat Hannerzeg No Vir? Ass d'Welt der Erléisung méi no? Oder kéint dat ugekënnegt Enn vun TikTok awer den Ënnergang sinn? Wéi gesäit #VakanzDoheem ouni Stauséi aus? Dës an nach e puer aner Froen kritt dir dës Woch vum Pit a vum Rik beäntwert. Mir hoffen dir kënnt de Podcast zesumme mat der Sonn genéissen a wënschen iech e gudde Start an d'Woch.
An der neister Episode vun eisem Podcast, erzielen mir ebëssen vum Uni-Liewen, analyséieren dem Kanye West säin Walkampf an ginn ierch eng kleng Musik-Preview fir déi nächst Woch. Mir hoffen et gefällt Iech an wënschen iech all eng schéi Woch.
Während dëse waarme Juli Deeg hun de Rik an de Pit sech rëm dohi gesaat an hu fir ierch eng nei Episode Hannerzeg No Vir opgeholl. Dës Woch ënnerhale mir eis ënnert anerem iwwert déi zweet Well zu Lëtzebuerg, en legendäre Livestream an en héichverdéngten Idiot vun der Woch.
Déi eleft Episode Hannerzeg No Vir ass online! Mir starten ënnert anerem mat Chicken Nuggets, Lëtzebuerger Supersportler an e puer witzegen Anekdoten an déi nei Woch. Mir hoffen dir hudd esou vill Spaass wéi mir a wënschen ierch e gudde Start an déi nei Woch!
JUHU, de Rik an de Pit feieren déi zéngt Episode vun hierem Podcast mat ierch. Knapp 1 Stonn gesabbels vun ären zwee Lieblingspodcaster. Dës Woch am Gepäck hu mer ënnert anerem een Dauergaascht, dräi Presidenten an e Weltrekord. Mir soen Merci fir 10 Wochen Ënnerstëtzung an hoffen dass der opmannst nach 10 dobäi kommen.
Endlech rëm Méinden, endlech rëm Zäit fir eng nei Episode Hannerzeg No Vir. Dës Woch dsikutéieren mir ënnert anerem iwwert den neien Idiot vun der Woch an Liverpool hieren éischte Championstitel zanter 30 Joer. Mir wënschen ierch vill Spaass an eng schéi Woch!
An der neier Episode Hannerzeg No Vir feieren mer dem Pit säin 21. Gebuertsdag an blécken souwuel op den Podcast vun leschter Woch, wéi och op d' PS5 Reveal Event zréck. Fir de Rescht schwätzen de Rik an de Pit iwwert dat wat se am beschten kennen: Sport. Mir wënschen ierch vill Spaass an eng schéin Woch!