POPULARITY
Mam nach neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg schwätze mir iwwer d'Klimabeweegung an dat rezent Urteel an den USA, dat fir Diskussioune suergt.
Mam nach neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg schwätze mir iwwer d'Klimabeweegung an dat rezent Urteel an den USA, dat fir Diskussioune suergt.
E Samschdeg waren d'Sam Tanson, den Yves Cruchten an de Fred Keup eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
D'OGBL-Presidentin äussert sech zu Diskussioune mam Aarbechtsminister, de Retour vun der Austeritéitspolitik an Europa an d'Konsequenzen dovunner an Enttäuschung no der Weltsynod am Vatikan, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Geplangte Milliounen-Investitiounen déi d'Regierung net ëmsetzt, Skepsis vun OGBL-Presidentin no Diskussioune mam Aarbechtsminister, a Gefor vun engem Retour vun der Austeritéitspolitik an Europa, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
E Schläichwee fir Frontalieren, Diskussioune iwwer déi richteg Logementspolitik an Panik bei de Baueren, eis Themen an der Presserevue.
D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde mat der Aart a Wéis, wéi d’Regierung deen Discours organiséiere wëll. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wisou de Start vun där grousser Debatt mësslongen ass. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pensions : la tension monte entre syndicats et gouvernementThe post D'Diskussiounen ëm d'Pensiounsreform hate kee gudde Start first appeared on Radio ARA.
Wunngemeinschaften zu Esch, eng Petitioun, déi fir Diskussioune suergt, an eng Entloossung beim Staat, eis Theemen haut
Wunngemeinschaften zu Esch, eng Petitioun, déi fir Diskussioune suergt an eng Entloossung beim Staat, eis Theemen haut an der Presserevue.
Wunngemeinschaften zu Esch, eng Petitioun, déi fir Diskussioune suergt an eng Entloossung beim Staat, eis Theemen haut an der Presserevue.
D'Resultater vun de franséische Parlamentswale wäerten déi nächst Deeg nach fir vill Diskussioune suergen: Et ass nämlech net kloer, wéi eng Regierungsmajoritéit sech fanne wäert. Déi lénks-gréng Allianz Nouveau Front Populaire ass op éischter Plaz, mee se ass nach wäit ewech vun enger confortabeler Majoritéit fir ze regéieren. An d'Sich no Alliéierten ass och net evident. Vu Paräis zougeschalt ass den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
Dem Leonard Bernstein seng Villsäitegkeet war legendär. Hie war Komponist, Dirigent, Museker an huet fréi d'Méiglechkeete vun der Tëlee entdeckt, fir dem Public klassesch Musek méi nozebréngen. De 25. August hätt hie säin 105. Gebuertsdag gefeiert. Aus deem Ulass kënnt dëst Joer och e Film iwwer de Kënschtler eraus, deen am Virfeld fir Diskussioune gesuergt huet. D'Claudine Muno faasst zesummen.
Schwangerschaftsofbréch sinn erëm an der politescher Aktualitéit ukomm. Dat läit sécher dorunner, datt se an anere Länner ageschränkt ginn, mä och dorunner, datt et zu Lëtzebuerg Fuerderunge ginn, déi nach net erfëllt goufen. Am Podcast schwätze
Zu gewëssen Auerzäiten an op gewësse Plazen an der Stad Lëtzebuerg soll d'Heesche jo an Zukunft verbueden a bestrooft ginn. Dat huet d'DP an d'CSV rezent am Gemengerot decidéiert an eng helle Wull u Reaktiounen an Diskussioune lassgetrëppelt. D'Claudia Kollwelter gëtt bei all deem d'Gefill net lass, datt op en neits per Force versicht gëtt, e Bild vun der Stad Lëtzebuerg ze schafen, dat absolut näischt mat der Realitéit ze dinn huet...
De Logementsminister huet an de leschte Woche mam Loyersgesetz, dat hie proposéiert, fir vill Diskussioune gesuergt? Mee wat hunn d'Locatairen iwwerhaapt vun dem Gesetz. Moderatioun: Rick Mertens.
En ëmstriddent Ofdreiwungsgesetz am Texas huet d'lescht Woch fir vill Diskussioune gesuergt an erëm eng Kéier en Thema an de Fokus gesat, bei deem d'Meenunge wäit ausernee ginn. An dobäi kann am Fong just ee beurteelen, wat richteg oder falsch ass, fënnt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
Den Transparenzregëster huet dës Woch fir Diskussioune gesuergt, ënnert anerem och, well d’CSV an d’DP nach net mam aktuelle Virschlag averstane sinn. Mir schwätzen dës Woch iwwert Problemer, déi den Text huet an erklären, wat
An der BGL-Ligue gëtt et en neie Leader a beim Progrès hätt ee gär ob en Déjà-vu verzicht. De Start an de Bundesliga Weekend war zimmlech null, an dat louch net nëmmen um Resultat, mee dofir war et nieft dem däitsche Klassiker virun allem eng rout Kaart, déi fir ganz vill Diskussioune gesuergt huet. Dann hofft een an der Buvette ob e weidere Lëtzebuerger Spiller an der Bundesliga a bei Liverpool bastelt een direkt um nächste Rekord. An well een net duergeet, ginn et der dëse Weekend direkt zwee: de Sheriff Sébastien schéisst e Gol iwwert den hallwen Terrain an de Gerson Rodrigues iwwerhëlt d'Verantwortung beim Eelefmeter.
E chice Coupé, dee scho viru senger offizieller Presentatioun fir vill Diskussioune gesuergt hat, dee parkt haut am Automag. De BMW 4er Coupé. De Christian Schmit war domat ënnerwee a verréit eis och wat dann di Diskussiounen iwwer de Nofollger Modell ausgeléist haten.
E chice Coupé, dee scho viru senger offizieller Presentatioun fir vill Diskussioune gesuergt hat, dee parkt haut am Automag. De BMW 4er Coupé. De Christian Schmit war domat ënnerwee a verréit eis och wat dann di Diskussiounen iwwer de Nofollger Modell ausgeléist haten.
Wéinst senge Proposen d'grouss Verméigen méi ze besteieren huet den CSV Parteipresident fir vill Diskussioune gesuergt. An den eegene Reien gouf et villl Kritik an dowéinst en CSV Nationalcomité gëschter Owend. De Frank Engel zielt eis wéi et gaang ass, hien ass beim François Aulner am Studio
Virun enger Woch ass een éischten Tëschebilan vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch 2022 gezu ginn. No engem Wiessel vum Team a villen Diskussioune wollt ee weisen, datt elo alles riicht géif lafen. Allerdéngs war déi Präsentatioun éischter mat enger Disneyland-Attraktioun ze vergläiche wéi mat enger Pressekonferenz. Mir schwätzen haut doriwwer, wisou dat esou war a wat fir Problemer nach ëmmer bestinn. Dat […]
Den Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. En neien CGDIS-Interventiounszenter fir seng Gemeng an Diskussioune mat Beetebuerg, de Quartier «Neischmelz » an d’Film-Pläng vun Diddeleng sinn d’Sujeten...wéi gewinnt am Live-Interview géint 10 op 8.
Den Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. En neien CGDIS-Interventiounszenter fir seng Gemeng an Diskussioune mat Beetebuerg, de Quartier «Neischmelz » an d’Film-Pläng vun Diddeleng sinn d’Sujeten...wéi gewinnt am Live-Interview géint 10 op 8.
Dës Woch ass um Cover vun der woxx ee Schëld vun der grousser “Youth for Climate“-Demo vum 15. Mäerz ze gesinn. Dat awer net, well mir eis nach eng Kéier mat dem Engagement vu Jonke géint de Klimawandel beschäftegen, mä well et grouss Opreegung an Diskussioune ronderëm de Sproch gouf, deen op dem Schëld stoung: […]
Brexit - mat bis elo engem Accord op europäescher Säit, een Diesel-Sommet, deen um Enn kee war, eng nach e bësse vag Strategie fir de Klimaschutz a vill Diskussioune ronderëm eng digital Steier, déi nach net fir muer ass. D'100,7-EU-Korrespondentin an der belscher Haapstad, d'Danièle Weber, seet, wat dës Woch op der europäescher Tribün lass war a kuckt zeréck op déi politesch Woch an Europa.