Loscht op Mord

Follow Loscht op Mord
Share on
Copy link to clipboard

"Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen. All zweete Mëttwoch erwaart iech hei dann een néie spannenden Fall.

Charel Krier, Julie Gerard


    • Jun 1, 2025 LATEST EPISODE
    • every other week NEW EPISODES
    • 46m AVG DURATION
    • 104 EPISODES


    Search for episodes from Loscht op Mord with a specific topic:

    Latest episodes from Loscht op Mord

    Episod 104 - D'Amokfaart vun Tréier

    Play Episode Listen Later Jun 1, 2025 37:14


    Am Dezember 2020 ass zu Tréier een 51 Joer ale Mann mat sengen SUV duerch d'Foussgängerzone gefuer. Hei huet et sech also ëm eng sougenannten Amokfaart gehandelt. Mat dëser Faart huet de Mann siwe Mënschen ëmbruecht a weider Persounen deelweis schwéier bis liewensgeféierlech blesséiert. Mir schwätzen iwwert dës Dot an och iwwert ee potenzielle Grond, deen zu dëser Dot gefouert huet. Des Weidere kucke mir dodrop wéi eng Auswierkungen dës Dot op d'Chrëschtmäert hat.

    Den Happy-Face-Killer

    Play Episode Listen Later May 18, 2025 43:34


    An dëser Episod vu Loscht op Mord geet et ëm de Keith Hunter Jesperson, ee Camionschauffeur, deen duerch seng Ënnerschrëft op Bréiwer den Numm Happy-Face-Killer krut. Tëschent 1990 an 1995 huet hien an de ganzen USA verdeelt eng Serie vu brutale Morden u Frae begaangen. Trotz senge bizarre Bréiwer un d'Medien - ënnerschriwwe mat engem Smiley - war et de Mord u senger Ex-Frëndin, dee schliisslech zu der Iwwerféierung gefouert huet. Mir kucken eis seng Kandheet un an analyséieren d'Mordserie, sou wéi déi psychologesch Dynamik hannert sengem Handele.

    Episod 102 - De Fall Pelicot

    Play Episode Listen Later May 4, 2025 58:55


    Am Joer 2020 ass de systematesche Mëssbrauch um Gisèle Pelicot duerch hire Mann opgeflunn. Hei war allerdéngs net nëmmen dem Gisèle säi Mann als Täter verantwortlech, mee iwwer 50 weider Täter waren dodru bedeelegt a géint si goufen och Plainte gemaach. D'Gisèle wollt, dass de Prozess ëffentlech gemaach gëtt, well esou wollt si allen Affer weisen, dass een sech als Affer vun engem Mëssbrauchsfall net ze schumme brauch. De Feeler läit beim Täter a net beim Affer. Dëse Prozess gëtt zu engem risege Prozess mat iwwer 50 Persounen, déi mat Plainte musse rechnen. Dorënner och den Dominique Pelicot, deen seng Fra reegelméisseg ënner Droge gesat huet an si den Täter ugebueden huet. Alles zum Fall an der neier Episod Loscht op Mord.

    Episod 101 - Geplatzten Dram an Norwegen

    Play Episode Listen Later Apr 6, 2025 35:41


    Am Joer 2008 wanderen den Thomas an d'Agnes mat hire béide Kanner an Norwegen aus. Hei wëllen si sech en neit Liewen opbauen. Dëst klappt och relativ gutt, den Thomas an d'Agnes fannen nei Jobs, si kafen een Haus an de Kanner geet et gutt. Mee d'Agnes huet seng Schwieregkeete mam Führerschäin, mat der Sprooch an ass net méi sou glécklech do. Dëst alles féiert dozou, dass hatt erëm an Däitschland wëll auswanderen, den Thomas wëll dat awer net. Sou kennt et, dass ëm Ouschteren d'Agnes verschwënnt a kuerz drop gëtt seng Läich an engem Fjord fonnt. Wéi ass et zu dësem Doud komm? Dat gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.

    Episod 100 - Mord am Schlof?

    Play Episode Listen Later Mar 23, 2025 47:54


    De 16. Januar 1997 gëtt den Noper vun der Famill Falater duerch Kaméidi a Jäize wakereg. Wéi Dësen dann iwwert d'Clôture bei d'Nopere kuckt, gesäit hie Schréckleches. Den 41 Joer ale Scott Falater bréngt seng Fra am Gaart ëm. Mee wéi d'Police kennt kann de Scott sech un näischt erënneren? Alles déit op Schlofwandelen hin. Mee ass dat et wierklech de Fall? Oder ass dat nëmmen eng ausgefalen Ausried? Alles an dëser Episod vu Loscht op Mord.

    Episod 99 - De Fall Sarah H.

    Play Episode Listen Later Mar 9, 2025 56:48


    Am Summer 2016 gëtt d Police geruff well ee Mann moies um 6 Auer plakesch Trompet am Gaart spillt. Dëse Mann ass keen Onbekannten, d'Nopere ruffen ëmmer rëm mol d Police wéinst dem Axel G. Mee wéi d'Beamten dës Kéier bei d'Haus kommen, ass et anescht wéi soss, et sténkt, all Fënster an d'Dier stinn op an et sténkt extrem. Am Buedzëmmer fannen se dann eng Läich, d'Iwwerreschter vum Sarah H. Wien ass d'Sarah H.? Firwat ass hatt dem Axel G. zum Affer gefall? A wien ass den Axel G.? Wat huet hien zu dëser Dot gedriwwen? Alles dat an dëser Episod vu Loscht op Mord.

    Episod 98 - D'Ragdoll an de Syko Sam

    Play Episode Listen Later Feb 23, 2025 52:06


    Am September 2009 trëfft d'Ragdoll endlech op de Syko Sam. Si hunn sech online op MySpace kenne geléiert a schonn zënter engem Joer chatten an telefonéieren déi Zwee mateneen. D'Emma, dat sech online Ragdoll nennt, ass dann awer séier vum Syko Sam, dee gebierteg Richard heescht, enttäuscht. An vun der online Léift ass net méi vill do. Dat mierkt de Richard och an et gesäit een him d'Roserei an d'Enttäuschung séier un.

    Episod 97 - De Mord um Brian Thompson

    Play Episode Listen Later Feb 9, 2025 41:53


    De 4. Dezember 2024 gëtt de Brian Thompson, den CEO vun der amerikanescher Gesondheetsversécherung United Healthcare, zu New York op oppener Strooss erschoss. Den Täter, de Luigi Manghone, gëtt zënter der Dot vu ville Bierger als Rächer gefeiert. Firwat dat esou ass a wat bis lo iwwert de Fall gewosst ass, fënns du alles an dëser Episod eraus.

    Episod 96 - De Fall Shannon Graves

    Play Episode Listen Later Jan 19, 2025 36:21


    epsiode #96

    Episod 95 - Déi éischt a lescht grouss Léift: De Fall Ellie Gould

    Play Episode Listen Later Dec 15, 2024 34:56


    2019 huet dat 17 Joer aalt Ellie Gould säin éischte Frënd, den Thomas an dobäi handelt et sech dann och ëm dem Ellie seng éischt grouss Léift. Hatt wäert sech awer am Mee vun him trennen a leider hëlt den Thomas dës Trennung net gutt op. Sou kennt et, dass de 17 Joer alen Thomas no der Trennung bei d'Ellie fiert a wéi den Thomas d'Haus erëm verléisst, ass dem Ellie säi Liewen eriwwer. Wat genee geschitt ass, gëss du an dëser Episod vu Loscht op Mord gewuer.

    Episod 94 - Déidlech Party: De Fall Angie Barlow

    Play Episode Listen Later Dec 1, 2024 39:55


    De 26. Oktober 2016 ass d'Angie Barlow engagéiert gi fir op enger privater Party als Dänzerin ze schaffen, dëst ass u sech näischt Besonnesches fir d'Angie, mee vun dësem Job soll d'Angie awer net méi Heem kommen. Et vergi Méint bis een dem Angie seng Läich fënnt an e puer Verdächteger huet een och. U sech ass alles offensichtlech, mee de Fall kann trotzdeem net geléist ginn. Firwat dat sou ass a wat alles mam Angie geschitt ass, gëss du an dëser Episod vum Podcast Loscht op Mord gewuer.

    Episod 93 - The Silent Twins

    Play Episode Listen Later Nov 17, 2024 42:09


    Episod 92 - Crime Fails 2.0

    Play Episode Listen Later Sep 22, 2024 43:17


    Mir hu fir dech erëm d'Crème de la crème vun de net sou intelligente Verbriecher erausgesicht. Et sinn erëm Crime Fails bei deenen d'Verbriecher sech ganz blöd ustellen. Wat déi gemaach hunn a wat alles geschitt ass erziele mir dir an dëser bëssi méi witzeger Episod.

    Episod 91 - D'Geiselnam vu Cheshire

    Play Episode Listen Later Sep 8, 2024 34:26


    Den 22. Juli 2007 ass fir d'Famill Petit ee Sonndeg wéi all aneren och, si ginn hirer Traditioun no, dass eent vun de Kanner fir d'Famill kacht. Dobäi wëssen se net, dass d'Gefor direkt virun hirer Dier lauert.  Zwee Abriecher waarden nëmmen drop, dass d'Famill schlofe geet, fir dass si an d'Haus kënnen. Wéi et dann sou wäit ass, eskaléiert alles an aus dem Abroch gëtt en Iwwerfall an aus dem Iwwerfall gëtt eng Geiselnam mat grausame Qualen.  Wat do alles geschitt an och schif gelaf ass, gëtt een an dëser Episod gewuer.

    Episod 90 - Besiess vum Christina Grimmie

    Play Episode Listen Later Aug 11, 2024 46:54


    D'Christina Grimmie ass fir deen een oder aneren e Begrëff, hatt war eng jonk talentéiert Sängerin aus deen USA, dat 2014 duerch The Voice an den USA bekannt ginn ass.  De 27 järege Kevin James Loibl, e scheien Typ, deen sech éischter zeréckgezunn huet, huet 2015 ugefaangen absolut besiess vum Grimmie ze sinn. Dat geet esou wäit, dass hien 2016 no engem Concert d'Christina fir d'éischt erschéisst an dono sech selwer d'Liewen hëlt. Alles iwwert dee Fall gëtt et an dëser Episod.

    Episod 89 - De Fall Brianna Denison

    Play Episode Listen Later Jul 28, 2024 35:56


    Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?

    Episod 88 - Geféierlechste Seeriemäerder?

    Play Episode Listen Later Jun 30, 2024 30:11


    An den 1980er Jore fänkt de Charles Cullen säi Job als Infirmier un, wat opfält iwwerall, wou hie schafft, stierwe Patienten, dëst geet Jore laang esou a verschiddenen Spideeler, an deenen hie schafft. Iwwer 40 Morde soll de Cullen begoen, éier hie gefaasst gëtt. Wéi et souwäit konnt kommen a wat alles virgefall ass gitt dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 87 - Krankhaft Obsessioun um Danielle Jones

    Play Episode Listen Later Jun 16, 2024 30:17


    Den 1. Juni 2001 verschwent d'Danielle Sarah Jones moies um Wee fir an d'Schoul. Zeie gesinn nach wéi hat mat engem Mann an engem bloe Van streit, mee vun deem Punkt u ass d'Danielle ni méi gesi ginn. Ee bestëmmte Mann mat enger krankhafter Obsessioun fir d'Danielle sollt fir alles verantwortlech sinn. Wien dat ass, wat geschitt ass an all weider Informatioune gitt dir an dëser Episod gewuer.

    folge #86 - De Fall Hannah Graham

    Play Episode Listen Later Jun 2, 2024 26:58


    2014 gëtt dat 18-järegt Hannah Graham no enger Party vermësst. Seng lescht Noricht un seng Kolleege war, dass et sech verlaf hätt. Kuerz Zäit drop ginn Hiweiser zum Hannah sengem Verbleiwe fonnt an och schnell dann dem Hannah seng stierflech Iwwerreschter. Mee och en Täter ka schnell fonnt ginn. Hei kënnt dann dat schlëmmst un d'Luucht: et handelt sech ëm e Serientäter. Vill ongekläerte Fäll kenne lo ofgeschloss ginn. Wien et war a wat geschitt ass gitt dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 85 - D'Entféierungvum Maria Börgerl

    Play Episode Listen Later May 19, 2024 36:35


    Am Mee 2010 gëtt d'Maria Börgerl, d'Fra vum Virstands-Virsëtzende vun enger Spuerkeess, aus hirem eegenen Haus entfouert. Et kennt och en Uruff mat enger Léisegeld- Fuerderung. Mee hei soll et schif lafen, wat dem Maria säin Doud zur Follge huet. Wat genau geschitt ass an ob d'Täter gefaasst goufen, gitt dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 84 - De Fall Aileen Wuornos

    Play Episode Listen Later May 5, 2024 71:42


    D'Aileen Wuornos huet eng immens traumatesch Kandheet a Jugend duerchlieft a wat esou eppes mat engem Mënsch ka maache wéisst dëse Fall ganz gutt. Well d'Aileen gëtt zu enger Seeriemäerderin. Mee wat ass alles geschitt, fir dass et esou wäit konnt kommen a wéi ass alles ofgelaf? Dat alles gitt dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 83 - De Bréif aus dem Graf

    Play Episode Listen Later Apr 21, 2024 49:35


    Wéi de Kent Leppink eng Bezéiung mam Mechele Linehan ageet, denkt hie bei weitem net drun, dass dës Bezéiung den Ufank vu sengem Doud ass. Kuerz viru sengem Doud schreift hien awer e Bréif un seng Eltere mat 3 méiglechen Täter falls him eppes sollt zoustoussen.

    Episod 82 - De Mord um Yangjie Li

    Play Episode Listen Later Mar 24, 2024 44:25


    Den 11. Mee geet d'Yangjie Li zu Dessau joggen, wéi et dat esou oft mécht. Mee dës Kéier sollt et net méi a senger WG ukommen. De Sebastian Flech an d'Xenia Lang hunn e perfide Plang, deen se ëmsetze wëllen. Dësem Plang fält d'Yangjie zum Opfer a sollt dat Ganzt net iwwerlierwen. Wat genau geschitt ass, erziele mir an dëser Episod.

    Episode 81 - Verschwonnen op Aruba

    Play Episode Listen Later Mar 10, 2024 29:18


    2005 ass dat 18 Joer alt  Natalee Holloway mat Frënn op Aruba fir hire Schoulofschloss ze feieren. Mee um Dag vun der Ofrees ass d'Natalee net um Flughafen opgedaucht. Fir d'lescht gouf et mat 3 lokale Männer gesinn, mee déi wëssen och net wou d'Natalee ass... oder villäicht dach? Gitt et an eiser neier Episod gewuer.

    Episod 80 - D'Verschwanne vum Branson Perry

    Play Episode Listen Later Feb 25, 2024 48:14


    Den 11. Abrëll 2001 ass den 20-järege Branson Perry amgaangen d'Haus ze raumen an ze botze fir wa säi Papp aus dem Spidol heem kënnt. Dobäi fënnt hie Kabelen, déi hien an de Schapp brénge wëll. Mee de Jong kënnt aus dem Schapp ni zeréck. Vun him feelt all Spuer. Wat ass mam Branson geschitt? Firwat wierkt et sou wéi wann déi Stad Skidmore Verbrieche reegelrecht unzezéien?

    Episod 79 - D'Verschwannevum Madeleine Maddie McCann

    Play Episode Listen Later Feb 11, 2024 63:04


    Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass.  Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 78 - D'Verschwanne vum Caleb Diehl

    Play Episode Listen Later Jan 28, 2024 35:30


    Den 29. Mäerz 2015 wëll den 18-järege Caleb Diehl sech mat engem Kolleeg treffen. Nom angeblechen Treffen daucht de Jong awer net méi op. Wou ass en? Wat ass geschitt? Seng lescht Spuere feieren op den Haff vun engem Famillje-Kolleeg. Huet dësen eppes mam Verschwanne vum Caleb ze dinn? Lauschter d'Episod a fannt et eraus.

    Episod 77 - Karl Koch - Vum Hacker zum Spion

    Play Episode Listen Later Jan 14, 2024 33:13


    An den 1980er Jore war de Karl Koch grouss an der Hacker-Zeen dran an huet sech do en Numm gemaach, schliisslech gouf e vum KGB agestallt fir ze hacken. Wéi et dozou komm ass a firwat säin Doud sou komesch war, gitt dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 76 - De Fall Bobbi-Anne McLeod

    Play Episode Listen Later Dec 17, 2023 36:21


    Den 20. November 2021 verschwënnt dat 18 Joer aalt Bobbi-Anne McLeod zu Plymouth. Kuerz drop gëtt seng Läich fonnt, well den Täter sech selwer stellt. Schockant un deem Ganzen ass, dass et net wierklech ee Motiv gëtt. Firwat misst d'Bobbi-Anne stierwen?

    Episod 75 - Onkel Tick-Tack

    Play Episode Listen Later Dec 3, 2023 34:22


    Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold. An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.

    Episod 74 - Diskussioun pt.2

    Play Episode Listen Later Nov 19, 2023 68:25


    Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.

    Episod 73 - Weimar-Morde

    Play Episode Listen Later Nov 5, 2023 48:24


    Am Joer 1986 verschwannen d'Kanner vun der Famill Weimar, Ufanks gëllen se als Vermësst, bis d'Läiche vun de Meedercher fonnt gi. Mais wien huet d'Kanner ëmbruecht a firwat? Dat diskutéieren d'Juie an de Charel an dëser Episode.

    Episod 72 : 3 Morden op Halloween

    Play Episode Listen Later Oct 22, 2023 32:29


    Et ass rëm déi wonnerbar Zäit vun Halloween, Horrorfilmer, erschrecken, grujeleg verkleeden, Kürbisse schnëtzen asw., mee net alles ass ëmmer esou flott. Dobausse ginn et och richteg Monstere, Mäerder. An dëser Episod kritt dir 3 kuerz Mordfäll presentéiert déi op Halloween begaange goufen.

    Episod 71 - Verschwonnen am Dschungel

    Play Episode Listen Later Oct 8, 2023 44:40


    Am Mäerz/Abrëll 2014 sinn d'Kris Kremers an d'Lisanne Froon op enger Work-and-Travel-Rees a Panama. Den 1. Abrëll wëllen déi 2 Meedercher eng kleng Wanderung iwwert den El Pianista Trail maachen, e relativ einfachen Dages Ausfluch. Mee vun dësem sollen déi 2 net méi rëmkommen. Woche méi spéit fënnt een Iwwerreschter vun de Meedercher. Wat ass mat hinne geschitt?

    Episod 70 - D' Verschwanne vum Sigrid Paulus

    Play Episode Listen Later Aug 27, 2023 31:52


    De 14. Februar 2008 verschwënnt d'Sigrid Paulus no engem heftege Sträit mat sengem Mann, de Gerd. Den Dag selwer an déi kommend Deeg hofft een nach dass d'Sigrid rëm kënnt, mee fir déi nächst 5 Joer ass näischt vum Sigrid ze fannen. Bis d'Duechter d'Christina mat enger Iwwerleeung bei d'Police geet.

    Episod 69 - Doud am Zëmmer 348

    Play Episode Listen Later Aug 13, 2023 33:20


    Am Zëmmer 348 vun enger Pension am Texas gëtt den Greg Flineke dout opfonnt. Äusserlech feelt dem Mann näischt, mee seng Innereien sinn zerfetzt. Wat ass geschitt, dass den Greg sou säin Enn fonnt huet?

    Episod 68 : De Mordfall Hannah Wiedeck

    Play Episode Listen Later Jul 30, 2023 28:25


    Den 29. August 2007 ass d'Hannah Wiedeck um Wee fir Heem, nodeems et bei sengem Frënd war. D'Eltere waarde mam Owesiessen op hat, mee et kënnt do ni un. Puer Deeg drop fënnt een d'Läich vun engem Meedchen. Wat ass mam Hannah geschitt?

    Episod 67 : Tristan Brübach

    Play Episode Listen Later Jul 16, 2023 52:10


    De 26. Mäerz 1998 gëtt den 13 Järegen Tristan Brübach zu Frankfurt am Liederbachtunnel vun engem Onbekannten op grausam Aart a Weis ermort. Wien dësen Onbekannten ass a firwat den Tristan stierwe misst, ass bis haut net gekläert. Wat iwwert de Fall gewosst ass a wat do sou geschitt ass, erziele mir iech an dëser Episod.

    Episod 66: De Mord um Tupac

    Play Episode Listen Later Jul 2, 2023 31:13


    De 7. September 1996 no engem Boxkampf zu Las Vegas, kënnt et zu engem Drive-by-shooting. Hei schéisst een Onbekannten op den BMW an deem den Tupac dran souz. Dëse gett déidlech blesséiert. Wie geschoss huet, ass bis haut net gekläert.

    Episod 65 - De Mord um Sylvia Likens

    Play Episode Listen Later Jun 18, 2023 34:34


    1965 kommen d'Sylvia Likens a seng Schwëster bei d'Gertrude Baniszewski, déi di zwee Kanner bei sech ophëlt. Ufanks ass alles an der Rei, ma et dauert net laang bis fir d'Sylvia d'Hell ausbrécht an hatt méi spéit ëmbruecht gëtt. Wat alles geschitt ass, duerch wien a wéi genau, gidd dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 64 : Eenheet 731

    Play Episode Listen Later May 28, 2023 41:00


    Wärend dem 2. Weltkrich, gouf vum Japaner Shiro Ishii d'Eenheet 731 gegrënnt. Hei goufen extrem mënscheveruechtend Experimenter gemaach a biologesch sou wéi chemesch Waffen entwéckelt. Alles wat an der Eenheet 731 geschitt féiert dozou, dass de Shiro Ishii als japanesche Josef Mengele bezeechent gëtt. Wat d'Eenheet 731 war a wat se gemaach hunn erziele mir iech an dëser Episoden.

    D'Monster vun Amstetten

    Play Episode Listen Later May 14, 2023 43:21


    2008 gëtt d'Welt an Schock versat nodeems am éisträicheschen Amstetten ee vun den grausamste Verbriechen aus den leschten 20 Joer opflitt. De Josef Fritzl huet wärend 24 Joer seng eegen Duechter am Keller gefaange gehalen a mëssbraucht. Wéi dat Ganzt geschitt ass, a wéi et opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.

    Episod 62 - Hitman for hire

    Play Episode Listen Later Apr 30, 2023 50:50


    Ufank 2016 deckt de Chris Monteiro eng Hitman-for-hire Websäit am Darkweb op an erstellt eng Lëscht mat den Zilpersounen. Ganz uewen op der Lëscht steet den Numm vum Amy Allwine. Wien ass den Auftraggeber mam Numm DogDayGod? Firwat wëll desen d'Amy ermorden loossen? Dat gidd dir an dëser Episod gewuer.

    Episod 61: Selbstjustiz vum Marianne B.

    Play Episode Listen Later Apr 16, 2023 46:09


    Nodeems dem Mariane B. säi Meedchen am Alter vu 7 Joer grausam ermort gëtt an de Täter viru Gericht steet, hëlt d'Fra d'Justiz an déi eegen Hand. virbestrooften Wéi et dozou koum, wien den Täter war a firwat en dat 7 Joer aalt Meedchen ëmbruecht huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.

    fra gericht episod joe r selbstjustiz marianne b nodeems meedchen
    De Fall Rebecca Reusch

    Play Episode Listen Later Apr 2, 2023 41:59


    De Fall Rebecca Reusch Beschreiwung: Den 18. Februar 2019 verschwënnt dat 15 järegt Rebecca Reusch aus dem Haus vu senger Schwëster. Bis Haut weess een net wat geschitt ass a wou d'Rebecca ass. Wat gewosst ass, wien verdächteg ass a wat fir Theorien et gëtt, beschwätze mir an dëser Episod.

    Episod 59 - Wat ass mam Fluch MH370 geschitt?

    Play Episode Listen Later Mar 20, 2023 64:46


    Den 8. März 2014 ass den Fluch MH370 vun Malaysia-Airlines op mysteriéis Aart a Weis verschwonnen. De Fliger mat 239 Menschen u Bord ass zënterdeem ni méi fonnt ginn. War et eng Entféierung oder e Selbstmord vun engem Crewmember oder war et dach eppes ganz aneres?

    Episod 58 - Gëtt de Mënsch béis gebuer?

    Play Episode Listen Later Mar 5, 2023 47:56


    An dëser Episode diskutéiere mir iwwert e puer moralech Froen sou wéi eis Siicht op verschidde Froen am Beräich vum Verbriechen.

    Podcast - Mord oder Suizid?

    Play Episode Listen Later Feb 19, 2023 35:02


    2006 verschwënnt de Ray Rivera nodeems hien en Uruff krut. Et dauert e puer Deeg an da fënnt een seng Läich. Hien ass anscheinend duerch een Daach gefall, mee alles weist drop hin, dass dëst net méiglech wier. Wat ass wierklech geschitt?

    Episod 56 - The Candyman

    Play Episode Listen Later Feb 5, 2023 24:00


    Ufanks de 70er Joren huet den Dean Corll mat 2 Komplizen eng Rei vun Entféierungen, Vergewaltegungen a Morde gestart. Wat do geschitt ass, a wéi alles opgeflunn ass, erziele mir iech an dëser Episod.

    Episod 55 - Déidleche Fanatismus vum Lori Vallow

    Play Episode Listen Later Jan 22, 2023 30:48


    Bis 2017 féiert d'Lori Vallow ee schéint Familienliewe mat sengem Mann an hire Kanner. Bis hatt op religiéis Bicher vum Chad stéisst, an dann an ee Fanatismus fält dee fir seng Famill déidlech op en Enn geet.

    Episod 54 - Dr. Tod

    Play Episode Listen Later Jan 8, 2023 30:00


    Vun de 70er Joren un bis Enn vun den 1990er Joren huet den Dr. Harold Shipman ganz vill Mënschen ermord bis en am Joer 1998 opgeflunn ass. Op wéi eng Aart a Weis den Dr. Tod seng Doten begaangen huet, gidd dir an dëser Episod gewuer.

    Claim Loscht op Mord

    In order to claim this podcast we'll send an email to with a verification link. Simply click the link and you will be able to edit tags, request a refresh, and other features to take control of your podcast page!

    Claim Cancel