POPULARITY
Ëmmer manner Leit kënne sech den Dram vun enger eegener Wunneng erfëllen. An déi, déi mengen, et gepackt ze hunn, kënnen op de leschte Meteren nach eng béis Iwwerraschung erliewen. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel.
Inklusioun op der Aarbechtsplaz, 100 Asyldemandeuren, déi op eng Wunneng waarden, an déi schwiereg Wunnengssich fir Jonker sinn haut Sujeten an der nationaler Press.
D'Garantie d'achèvement, déi Keefer vun Immobilie soll schützen, wann hir kaafte Wunneng net fäerdeg gëtt, gëtt nëmme ganz wéineg benotzt an et wier onbedéngt eng Reform néideg, dat ass en Theema an der Presserevue.
Wéi d'Schrëftstellerin Julia Deck hir 84-järeg Mamm bewosstlos an hirer Wunneng fënnt an en AVC diagnostizéiert gëtt, schéngen der Fra hir Deeg gezielt. Dorop spekuléiert op alle Fall de franséische Gesondheetssystem. D'Mamm refuséiert allerdéngs, ze stierwen, an d'Auteurin fäert, elo, wou hirer Mamm hiert Liewen a Gefor ass, ni méi een donkelt Familljegeheimnis kënnen ze elucidéieren. An hirem sechste Roman an hirer éischter Autofiktioun erzielt d'Julia Deck eng touchant Geschicht iwwert eng schéi Bezéiung tëschent enger Mamm an hirer Duechter, déi e Wee duerch den administrativen Albdram vum franséische Gesondheetssystem musse fannen. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies.
De Sujet schéngt an der Summervakanz, also virun der Rentrée, nach méi akut ze si wéi souwisou schonn: eng Wunneng fannen, éier d‘Schoul ugeet, e Sujet an der Presserevue.
E Mëttwoch de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
In this episode I will concentrate on the vocabulary around our homes. You will learn how to talk in more detail about your home, but especially how to speak confidently and fluently on this topic. By the way did you know that the topic mäin Doheem / meng Wunneng is a topic of the oral part of the Sproochentest? So, I’m here to help you be best prepared for this exam and get a higher score. Let’s get started. Now do you know the difference between Doheem, Haus & Wunneng? In some languages it is the same word but in Luxembourgish there is a difference. Ready to learn the difference? Webseite: https://luxembourgishwithanne.lu Sproochentest Prep Classes: https://luxembourgishwithanne.lu/master-the-sproochentest-oral-exam/#sp-class https://courses.luxembourgishwithanne.lu/p/a1foundation-luxembourgish Facebook: https://www.facebook.com/luxembourgishwithanne.lu/ Instagram: https://www.instagram.com/luxembourgishwithanne/?hl=en LinkedIn: https://www.linkedin.com/company/80364342/admin/feed/posts Youtube: https://www.youtube.com/channel/UCh7_kWqrLaZea-IJH46KJEA
Am Mee 2007 ass d'Famill McCann a Portugal an d'Vakanz. Een Owend sinn d'Elteren iessen an d'Kanner sinn eleng an der Wunneng. All 30 Minutte geet een no de Kanner kucken, bis op eemol d'Maddie verschwonnen ass. Dëst ass den Ufank vun engem vun de gréisste Vermësste-Fäll aus Europa. Wat genau geschitt ass a wéi et weider geet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
D'lescht Joer am Mee hunn d'Ekonomiste vum internationale Wärungsfong eng Analyse vum Lëtzebuerger Logementsmarché verëffentlecht. Do dra warne si ënnert anerem: soulaang d'Offer vu Wunnenge limitéiert ass, gi Subsiden a Steier-Ureizer bei d'Promoteuren. De Probleem, datt d'Leit sech keng Wunneng kënne leeschten, gëtt doduerch méi grouss. Vill vun de Logementsmesuren am Land géifen deene "Räichsten" am meeschten dengen. D'Spezialiste vum IWF roden dowéinst der aler Regierung, d'Demande no Investissementer an de Logement ewech ze steieren, andeems se de Rendement op Locatiounswunnenge reduzéiert.
Theemen: Nei Campagne Securité routière, Famill muss aus Wunneng, ouni eng nei ze hunn, flexibel Aarbechtszäiten, FLF-Kader fir EM-Qualifikatioun an d'Art Week.
Theemen: Nei Campagne Securité routière, Famill muss aus Wunneng, ouni eng nei ze hunn, flexibel Aarbechtszäiten, FLF-Kader fir EM-Qualifikatioun an d'Art Week.
D'Kafkraaft ass am Virfeld vun de Chamberwalen ee vun den Haaptsujeten. Statistiken no ass d'Kafkraaft vun de Leit am Duerchschnëtt déi lescht Joren awer eropgaangen, dank de Mesurë vun den Tripartitten. Anescht gesäit et natierlech aus, wann een op der Sich no der éischter Wunneng ass. Am Commentaire haut freet sech de Francois Aulner: "ëmmer méi Kafkraaft fir jiddereen, muss dat sinn?"
Si si mëttlerweil iwwerall – an Drogerien, Krimskramsbutteker an heinsdo souguer Tankstellen Automaten: Sex Toys. Mee wat ass iwwerhaapt a Sex Toy? Wéi a firwat notze Mënsche Sex Toys? A wéi lageren Leit hir Sex Toys – Ausstellung an der Wunneng oder ganz déif hannen am Tirang?De Joël an d*e Robin ginn an dëser Episod … Continue reading "#120: Dildo, Vibrator, Peitsch – Sextoys"
De Gesetzesprojet iwwer d'Bail à Loyer gesäit eng Rei Neierunge vir, déi fir d'Mieterschutz-Vereenegung net wäit genuch gi fir den Zougang zu enger Wunneng ze erméiglechen. Doriwwer diskutéiert d'Carole Schimmer mam Vertrieder vum Mieterschutz Lëtzebuerg
Och dëst Joer war de Caravan Salon zu Düsseldorf nees e vollen Erfolleg. Do begéint e nieft de Nouveautéiten och Leit déi sech mat hirer Wunneng op 2 Achse méi traue wéi just en Tierchen an d'Vogesen oder an de Schwarzwald. E Mann dee scho ganz vill vun der Welt mam Camper gesinn huet, ass de Kostya Abert. An deen, a seng spektakulär Rees Destinatiounen, stellt de Christian Schmit eis elo vir.
Där Meenung ass de President vun der Chambre Immobilière, deen en Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun war.
Zu Lëtzebuerg eng Wunneng bezuelen? Vir vill Leit schon zënter Joren eng Saach vun der Onméiglechkeet. Wat leeft schif mam Logement zu Lëtzebuerg? Ass et schon ze spéit, eppes un der Situatioun ze veränneren? A wa net, wien dréit d'Responsabilitéit? Mam Generalsekretär vun der Fondation Robert Krieps an Affekot Max Leners schwätze mer dës Woch iwwer de Logementsproblem zu Lëtzebuerg.
Eng Koppel vun afrikanesche Refugiéë muss sech an der Wunneng mat Geeschter erëmklappen. D'Schicksal vu Flüchtlingen a Form vun engem Horrorfilm erzielt - eng gelonge Mëschung, fënnt de Michel Delage.
Stellt Iech vir, Dir entdeckt an Ärer Wunneng all Dag ëmmer méi Suen... ET weess keen wou se hier kommen, mee et sinn der esou richteg vill... Dat geschitt enger Koppel a wat de Frick mat hinne mécht, dat kann een am Theaterstéck "Comme s'il en pleuvait" am Kapuzinertheater gesinn. Valerija Berdi war d'Stéck kucken.
2016 ass e gewësse Charles Kohl mat 87 Joer gestuerwen. Wéi du seng Familljememberen seng Wunneng a säin Atelier geraumt hunn, hu si e richtege Konschtschaz entdeckt! Kritiker haten de Charles Kohl laang als ee vun de beschte lëtzebuerger Skulpteuren a Moler wouer geholl. Eng grouss Retrospektive an der Villa Vauban soll de Kënschtler endlech och beim grand public en Valeur setzen. D'Expo steet zanter Mäerz, mee wéinst dem Confinement konnt de Public bis ewell just duerch eng nei Charles-Kohl-Publikatioun bliederen. Sou och d'Kerstin Thalau.
"L'atlantique" (Mati Diop) gehäit e kritesche Bléck op d'Liewenssituatioun vu jonke Männer a Frae a kombinéiert dës Analyse mam afrikanesche kulturelle Patrimoine. "The Occupant" (Alex an David Pastor) weist déi drastesch Verännerungen am Liewe vum Javier, dee seng Statussymboler verléiert; seng Aarbecht a seng Wunneng. "Extraction" (Sam Hargrave) verzielt eng Action-Kidnapper-Story am Bangladesh. De Reportage thematiséiert d'Situatioun vun der Filmkritik a Frankräich.
Wunnengsnout gëtt et net nëmmen zu Lëtzebuerg. A ganz Europa hunn ëmmer méi Leit Problemer fir sech eng anstänneg Wunneng ze leeschten. Fir dem entgéingt ze wierken huet sech elo eng europäesch Biergerinitiativ gegrënnt. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel, Direktor der Agence Immobilière Sociale.

This is lesson 9 of Easy Luxembourgish Level 2. In this lesson you will learn:➤ to describe your home➤ adjective endings➤ the verbs "wëssen" (to know) and "mengen" (to think)Make faster progress with the online course on https://luxembourgishwithanne.teachable.com/ which goes along with this podcast which includes a Video of each lesson, the lessons notes with the translation and some bonus vocabulary.

Prisonnéier erzielen iwwert hire kriminellen Akt, hiren Alldag hannert Maueren a pickegem Drot an hir Visioun vum Liewen nom Prisong. Am DNA “Spezial Prisong” erklären och dräi fréier Prisonnéier, ewéi schwiereg de Wee zeréck an d'Gesellschaft ass. D'Sich no enger Wunneng an d'Sich no enger Aarbecht bestëmmen hiren Alldag.

Den 1. November 2010 gëtt den 69 Joer ale Camille Kolber dout a senger Wunneng um Killebierg zu Haassel an der Gemeng Weiler opfonnt. De Mann war mat enger Aaxt erschloen. Den Täter huet zweemol zugeschloen. De Camille Kolber ass verblutt.

Den 12. November 1992 gëtt an enger Wunneng op engem Universitéitscampus zu Bréissel d'Läich vun enger Studentin fonnt. Et ass d'Christiane Heiser. Eng 21 Joer jonk Lëtzebuerger Fra vu Féiz. D'Christiane Heiser ass brutal ëmbruecht ginn. Hir Eltere waarden nach haut op Äntwerten, firwat hiert Meedchen huet misse stierwen. Hire Bréisseler Affekot ass iwwerdeems formell. Hien ass iwwerzeegt, den Numm vum Mäerder ze kennen. Vill Indizie schwätze fir e Mann, deen 1993 am Zesummenhang mat engem aneren ähnlechen Mord festgeholl ginn ass. Mä Beweiser feelen.