POPULARITY
Fréijoer ass Festivalzäit zu Lëtzebuerg. Vun elo bis zur Fête de la musique gëtt et dank dem schéine Wieder endlech erëm Musek dobaussen ze erliewen, wa mir mol dem Altelier seng LuxeExpo Extravaganza wärend der Schoulvakanz virewech loossen. Besonnesch fir d'Frënn vun onofhängeger Rockmusek ass den Out of the Crowd Festival, zanter 20 Joer an der Escher Kulturfabrik vum Schalltot Kollektiv organiséiert, deen éischte grousse Rendez-vous vum Joer, an ee vun deenen treffséchersten, wann et ëm Programmatioun geet. Egal op een experimentell Sounds a musikalesch Decouverte sicht, immersiv Konscht genéissen, oder der lëtzebuergescher Musekszeen méi no komme wëllt, den Out of the Crowd bitt alles dat op engem Dag, an dat ass dëst Joer de Samschdeg, 19. Abrëll. Mir schwätze mam Nicolas Przeor vu Schalltot iwwer 20 Joer Out of the Crowd an d'Editioun vun dësem Joer.
Déi romantesch Epoch läit dem Museker Jean Muller ganz gutt, obwuel, wéi hie selwer seet, seng Passioun sech net exklusiv op d'Romantik beschränkt. Dem Franz Schubert seng Musek huet hien iwwer eng laang Zäit beschäftegt. No 3 Joer geet dann elo ee Concert-Zyklus op en Enn, deen dem Schubert seng Geiesonate beliicht. Am Gespréich huet de Jean Muller méi iwwer d'Gedanken hanner de Concerte verroden.
Eng fënneft Plaz fir den CSV-Spëtzekandidat Luc Frieden am neiste Politmonitor wier "exzellent".
Chaos. Esou léisst sech dat, wat zu Esch vun Esch 2022 iwwreg bliwwen ass, an engem Wuert beschreiwen. Besonnesch am Bâtiment 4, dem alternativen, selbstverwaltete Kulturzentrum, rumouert et. Esou sollen do elo Mataarbechter*inne vun der
Wéi ass et, op een Date ze goen, wann een schon een oder méi Partner*innen huet? An polyamoréisen Bezéiungen ass net esou seelen. Mä dat heescht net, datt et einfach ass. Besonnesch bei där Persoun, déi net op dem Date ass, kann et zu negativen Gefiller wéi Jalousie kommen. Mä och de Géigendeel, Compersion – … Continue reading "#115 Tëscht Matfreeën a Jalousie – Dating a poly Bezéiungen"
Aus engem Rapport vun der "Organisation International du Travail" geet ervir, datt ablécklech eng 50 Millioune Mënsche weltwäit ënnert Sklaverei leiden. Do däerfe mir net ewechkucken a mir mussen alles drusetzen, fir datt d'Sklaverei ee vir allemol verschwënnt. Besonnesch d'Lëtzebuerger Finanzplaz, déi sech zu Recht als Finanzplaz vun der nohalteger Finanz duerstellt, kann hei ee grousse Beitrag leeschten.
Wien ufänkt Musek ze maachen, versicht fir d'éischt emol Lidder vun de Virbiller nozespillen. Et ginn awer och gestane Museker:innen, déi sech gär u Coverversioune versichen. Besonnesch 2022 schéngt de Wonsch grouss gewiescht ze sinn, d'Musek vu fréier nach eemol nei ze interpretéieren, well am leschte Joer koumen ongewéinlech vill Coveralbumen op de Maart. D'Claudine Muno huet an dem Bruce Springsteen säin "Only The Strong Survive" eragelauschtert.
"Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis am Gespréich mam Valerija Berdi a Michel Delage.
Besonnesch d'Generatioun Nummer 4 ass duerch Filmer wéi Fast&Furious an déi ganz JDM-Communautéit zu enger Ikon ginn. Duerno hu sech d'Fans awer bal 20 Joer misse gedëllege bis Toyota endlech déi gutt Nouvelle verkënnegt: et kënnt een neie Supra! An Toyota huet senge Fans weider nogelauschtert wëll elo gëtt et de Supra och mat manueller Boîte. De Paul Origer ass de japanesche Sportler fir eis gefuer.
Zanter e bëssen méi wéi 4 Wochen hu mir an Europa nees e Krich an zwar en Ugrëffskrich vu Russland an der Ukrain. Der EU, der UNO, der NATO stinn duerch dës Situatioun grouss Erausfuerderungen an d'Haus. Besonnesch d'Europäesch Union gëtt gepréift a gefuerdert. De Marc Hoster mat e puer Iwwerleeungen zum Krich an der Ukrain an den internationale Konsequenzen.
De leschte Weekend gouf an der Stad d'Paräisser Plaz nei ageweit, nodeems dës déi lescht 2 Joer am Kader vum Tram-Ausbau e Chantier war. Besonnesch d'Geschäftsleit an d'Restaurateure si frou, datt et eriwwer mam Kaméidi a Stëbs ass an, datt se elo eng nei Fläch hunn, fir ze zerwéieren. Den Tim Morizet weist sech a sengem Commentaire haut awer net all ze begeeschtert iwwert déi nei Plaz am Häerz vum Garer Quartier.
Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d'Julie an de Chris sech d'Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net gutt! Ausserdeem steigt d'Virfreed op dee Moment an deem de Podcast erëm ouni Mask kann opgeholl ginn, et gëtt sech genee iwwert Dës ganz ferm opgereegt a beim Pol lafen d'Tréinen.
Hei sinn d'Meeschter am Kapprësselen. Lokal, regional, national an international kenne si sech aus, a wëssen, wat déi lescht 14 Deeg gelaf oder net gelaf ass. Besonnesch déi Saachen déi net ronn gedréit hunn interesséieren de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga, Gérard Valerius a Christiane Kremer bis Mëtteg. Si weisen nees mam Fanger op all dat, wat carrement aus dem Rudder gelaf ass, an dat maache si aus allméiglechen Himmelsrichtungen, well jiddereen sëtzt nees fir sech ganz eleng a sengem Motzeck.
Wéi krass Caféen a Restauranten zu eisem soziale Liewen dozou gehéieren, ass eis spéitstens zanter deem éischte Lockdown bewosst ginn. Besonnesch hei zu Lëtzebuerg, wou traditionell eng zimmlech ausgepräägte Caféskultur gelieft gëtt. Elo mol nach bis Mëtt Mäerz bleift dee ganzen Horesca-Secteur awer zou. An hirer neier Episod schwätzen d'Julie an de Chris mam Fabio, deen zanter 6 Joer selwer e Café huet. Wéi geet hie mat der Ongewëssheet ëm? Wéi gesäit et bei him Enn dës Mounts aus? A wéi erlieft hien d'Solidaritéit vun de Leit? Ausserdeem klären déi zwee Minetter de Chris iwwert d'Rëmelenger Geschicht op an d'Julie keeft elo schonn Ticketen fir deen éischte Bal no Corona!
Besonnesch virun de Luxus-Geschäfter hätten et e Samschdeg laang Schlaange ginn, schreift d'Lëtzebuerger Wort. D'Groussgaass wier reegelrecht iwwerlaf gewiescht. Vill Leit géife sech wéi et schéngt Suerge maachen, datt si wéinst engem méigleche Lockdown keng Chrëschtdags-Akeef méi kéinte maachen, a si hätten dowéinst virgesuergt. Vill Passante wieren aus dem belschen a franséische Grenzgebitt komm, notéiert d'Wort. Vun engem "Stadtbummel mit Maske" schreift d'Tageblatt a weist Fotoe vu Schlaange viru Geschäfter. D'Presserevue vum Serge Kesseler.
Besonnesch déi afrikanesch Entwécklungslänner hu sech relativ gutt duerch d'COVID-19-Pandemie geschloen, ënner anerem, well se ganz fréi a ganz schnell déi richteg Decisioune geholl hunn. An dëser Carte blanche erkläert den Auteur, firwat dat de Fall ass mä awer och wisou déi Länner net wirtschaftlech dervu profitéiere kënnen an elo esouguer riskéieren, an eng Finanzkris ze rutschen, déi och hier Auswierkungen op eis Länner kéint hunn
D'Societéit vun de Psychiatere schléit Alarm. Et géing am genannten Domän u Spezialiste feelen. Besonnesch an de Spideeler wier d'Pénurie e grousse Problem. Wouru läit et? Wat ka gemaach ginn? Wat fir en Impakt huet d'Corona-kris op déi mental Gesondheet vun de Leit?Mir froen de Moien no beim President vun der Societéit fir Psychiatrie, Pédopsychiatrie a Psychothérapie.Den Dokter Paul Hédo ass herno géint 10 op 8 den Invité vun der Redaktioun.
Wunnen zu Lëtzebuerg ass deels e Privileg. Besonnesch eppes lounen wann de Budget limitéiert ass, ass schwiereg. D’AIS, d’Agence Immobilière Sociale, vermëttelt a geréiert zanter iwwer 10 Joer Locatiounswunnengen...Wunnraum feelt an dofir baut d’Fondation pour l’accès au logement, wou d’AIS derzou gehéiert, lo och. Ass also e soziale Promoteur.Wou si mer do drun? Gräift déi politesch Mesuren fir d’Situatioun ze verbesseren? Verstäerkt d’Coronakris weider de Problem? Den Direkter Gilles Hempel war de Moien den Invité vun der Redaktioun.
D' Halesaison ass am Gaang an hei zu Lëtzebuerg hat se mat dem internationalen Meeting an der Coque hiren Héichpunkt. Besonnesch zwou Leeschtungen sinn z' ernimmen - d'Jana Peters an d' Fabienne Zwally verroden Iech wien bei dësem Evenement ervirgestach huet.
D' Halesaison ass am Gaang an hei zu Lëtzebuerg hat se mat dem internationalen Meeting an der Coque hiren Héichpunkt. Besonnesch zwou Leeschtungen sinn z' ernimmen - d'Jana Peters an d' Fabienne Zwally verroden Iech wien bei dësem Evenement ervirgestach huet.
Den UN-Klimarot IPCC huet viru kuerzem ee Spezialrapport zum Thema Landnotzung a Klimawandel erausginn. Doranner gëtt beschriwwen, wéi déi Aart a Wéis, wéi mir mat eisem Buedem ëmginn, een Afloss op de Klimawandel huet. Besonnesch d‘Landwirtschaft ass ee groussen Dreiwer vum Klimawandel. Mä awer och d‘Fro, wat fir Ökosystemer mir erhalen a schützen, ass hei kruzial. Mir hunn eis doriwwer ënnerhalen an […]
De Mount Mee 2019 war e spezielle Mount. An dat a villerlee Hisiicht. Besonnesch den 9. Mee war en Dag wéi keen aneren. Dozou de Roland Pinnel a senger carte blanche vun haut.
De Mount Mee 2019 war e spezielle Mount. An dat a villerlee Hisiicht. Besonnesch den 9. Mee war en Dag wéi keen aneren. Dozou de Roland Pinnel a senger carte blanche vun haut.
Sportler hunn eng Virbildfonktioun. Besonnesch déi Jugendlech orientéiere sech un hiren Idoler. Duerfir limitéiert dat sech net nëmmen op déi sportlech Leeschtung. Och nieft dem Terrain soll e Sportler e Virbild sinn. Dat ass leider net méi dacks de Fall, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos vun haut.
De Jan Lotz fuerscht iwwer den Handel a Gallien an der réimescher Zäit. Dobäi versicht hien och, d'Bezéiungen an d'Netzwierker tëscht den Handelsfamillen ze rekonstruéieren. Besonnesch geet et dobäi ëm den Textilhandel.
Den 20. November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn. Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen. Besonnesch tragesch ass d'Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi Joer, deen am Stot gelieft huet, Zeie vun der Gewaltwell gouf, déi sengem “Bopa” zum Verhängnis ginn ass.
Den 20. November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn. Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen. Besonnesch tragesch ass d'Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi Joer, deen am Stot gelieft huet, Zeie vun der Gewaltwell gouf, déi sengem “Bopa” zum Verhängnis ginn ass.
Am Fong war déi läscht Woch eng gutt Woch. De Radio ARA krut eng nei Frequenz zou- a versprach, nämlech déi vum DNR. Dat war de Versuch, d'Frëmmegkeet vu Radio Vatikan mat schlechtem Musekgoût ze verbannen. Dat ass net opgaangen an elo kritt den eenzege fräie Radio am Land d'Frequenz 102,9. Dat ass gutt, well mat dem Move vun 103,3 op 103,4 stounge mir mat engem hallwe Fouss an der Piraterie. Besonnesch schéi war, dat dës Noriicht an der Woch vum 6. Dezember koum. De Kleeschen an den ARA hunn eng besonnesch Bezéiung, den ARA ass nämlech virun 22 Joer vum Kleesche bruecht ginn.
Virun e puer Méint huet de Magazin „forum“ een Dossier iwwert Steierlandschaft zu Lëtzebuerg eraus bruecht. Wat klengt wéi eng Sammlung vun onheemlech langweilegen Aufsätz an enger Massendengerzäitschrëft, war a Wierklechkeet awer richteg interessant: Et ass nämlech ëm déi berühmt-berüchtegt tax-rulling gaangen. Dat war wuelgemierkt scho laang virun #luxleaks an huet vun allen Säiten erklärt, wéi dat funktionéiert an ween dovunner profitéiert. Besonnesch schéin war och d'Titelbild, dat d'Stad voller Palmen gewisen huet.
E Samschdeg war zu Biwer den uerdentlechen Kongress vun der Lëtzebuerger Footballfederatioun. Besonnesch zwou Prioritéiten fir d'Zukunft goufen do genannt, an zwar d'Formatioun vun de Jugendtrainer, an d'Recrutement vun Arbiter. Déi lescht Deeg hat déi Lëtzebuerger Nationalequipe hiren Duebelen Rendezvous an der EM-Qualifikatioun. Och wann et géint Mazedonien an Spuenien zwou Defaite goufen, léist sech op d'Leeschtung vun de Roude Léiwen weider opbauen. Den FLF-Magazin vun haut mat Franky Hippert an Jang Mathes:
E Samschdeg war zu Biwer den uerdentlechen Kongress vun der Lëtzebuerger Footballfederatioun. Besonnesch zwou Prioritéiten fir d'Zukunft goufen do genannt, an zwar d'Formatioun vun de Jugendtrainer, an d'Recrutement vun Arbiter. Déi lescht Deeg hat déi Lëtzebuerger Nationalequipe hiren Duebelen Rendezvous an der EM-Qualifikatioun. Och wann et géint Mazedonien an Spuenien zwou Defaite goufen, léist sech op d'Leeschtung vun de Roude Léiwen weider opbauen. Den FLF-Magazin vun haut mat Franky Hippert an Jang Mathes:
Am nationalen Handball Championnat ass jo de Moment bei den Hären eng kleng Paus. D’Beneluxliga steet nämlech des Deeg am Mëttelpunkt. Besonnesch di Käerjenger ënner hirem neien Trainer Riccardo Trillini iwwerzeegen dës Saison bis elo. Bei den Damen goufen et am Championnat déi erwaarten Resultater an den HBD preparéiert säin Rendez-vous am europäeschen EHF-Cup. Detailer am 7 Meter mat Serge Olmo a Gilles Tricca
D'Sonn: Liewenswichteg a geféierlech! Si ass ee vu Milliarde Stären am Universum. Schéckt Luucht op d'Äerd. Léisst Planze wuessen. An eis dreemen. Mee d'Sonn ass och geféierlech. Wéi schützt ee sech am beschten virun den UV Strahlen? Besonnesch um Waasser. Mir woren duerfir och op de Stau a weisen wéi et do ausgesinn huet wéi dee fir d'lescht ganz eidel war. Firwat ee seng Terrasse nëtze soll wann ee sech wëll ofkillen. An den Mister Science produzéiert Stroum. Mat enger selwer gebauter Solarzell an der Kraaft vun der Sonn.
D'Sonn: Liewenswichteg a geféierlech! Si ass ee vu Milliarde Stären am Universum. Schéckt Luucht op d'Äerd. Léisst Planze wuessen. An eis dreemen. Mee d'Sonn ass och geféierlech. Wéi schützt ee sech am beschten virun den UV Strahlen? Besonnesch um Waasser. Mir woren duerfir och op de Stau a weisen wéi et do ausgesinn huet wéi dee fir d'lescht ganz eidel war. Firwat ee seng Terrasse nëtze soll wann ee sech wëll ofkillen. An den Mister Science produzéiert Stroum. Mat enger selwer gebauter Solarzell an der Kraaft vun der Sonn.