POPULARITY
Et hätt alles ganz anescht kënne kommen. Wéi eng Filmer wiere komplett anescht, wann net Lucy Liu, Tom Cruise oder Al Pacino op der Leinwand ze gesi gewiescht wieren, mee aner Staren? Vill bekannte Rollen waren ursprénglech fir aner Acteuren geduecht – bis se sech spontan ëmentscheet hunn. Hei eng spannend Rees duerch déi „wat wier wann…?“-Momenter zu Hollywood.
D'Serie hëlt eis mat bei déi nuklear Katastroph zu Tschernobyl am Joer 1986. Wéi konnt et dozou kommen, a wéi hunn déi verschidden Acteuren dorobber reagéiert? Eng Serie, déi déi mënschlech a politesch Feeler weist an een duerno mat der Fro zeréckléisst, wier dat haut esou nach eemol méiglech? De Pit Walté stellt d'Serie vir.
"Picture a day like this" ass eng Oper, déi de brittesche Komponist George Benjamin 2023 um Festival d'Aix-en-Provence kreéiert huet. Et ass eng Koproduktioun tëschent verschiddenen Opere- an Theaterhaiser, ënner anerem dem Groussen Theater an der Stad an dem Royal Opera House zu London. Den 28. Februar steet déi Oper op der Affiche am Groussen Theater an der Stad. Mat dobäi sinn den Orchestre de Chambre du Luxembourg (OCL), 5 Sängerinnen a Sänger, 3 Acteuren an natierlech d'Dirigentin vum OCL, d'Corinna Niemeyer. Et ass eng zäitgenëssesch Oper, déi awer och ganz universell an zäitlos ze verstoen ass. D'Co-Regisseurin Marie-Christine Soma beschreift se als "opéra intime et proche des gens et délicat". De Lex Kauffmann huet sech mat hir a mat der Corinna Niemeyer iwwer hir Zesummenaarbecht an dëse Projet ënnerhalen.
een vun eise bekanntsten Acteuren, deen och de Superjhemp am Film war verréit op ee mat der Konscht räich gëtt a firwat säin Enkelkand Knuppi heesche soll
Den Hollywood Reporter Pit Biwer hat den Arnold Schwarzenegger virum Mikro a kuckt op eng Rëtsch Acteuren, och Actricen, zeréck déi scho mol d'Roll vum amerikanesch President, heiansdo och Presidentin, gespillt hunn.
D'Fedas wëllt sech an Zukunft méi politesch äusseren. Probéiert d'Federatioun vun de sozialen Acteuren d'Caritas esou ze ersetzen? Mir froen hire Generalsekretär.
De spéiden Duerchbroch vum Michael Douglas zu Hollywood hat net nëmmen eppes mam berüümte Papp ze dinn. De Michael Douglas huet, wéi vill aner Acteuren och, kleng ugefaangen. Fir säin 80. Gebuertsdag kuckt de Pit Biwer op d'Karriär vum Acteur zeréck.
Déi wéinegst Hollywood-Acteuren sinn an deen Job era gebuer. Vill vun hinnen hate virun hirer Karriär als Schauspiller eng normal Aarbecht. Den Tom Hanks huet zum Beispill Nëss am Baseball-Stadion verkaf. Op hien dat gutt gemaach huet, huet hien dem Pit Biwer verroden. Ma och aner Acteuren hate vill Méi, sech iwwer Waasser ze halen.
De Pit Biwer huet sech dem Matthew McConaughey säin Afterschool-Programm fir Schüler- an d'"Inner-City Games-Foundation" vum Arnold Schwarzenegger méi am Detail ugekuckt. Wat de But vun dësen Associatiounen ass, dat hunn déi respektiv Acteuren dem RTL-Hollywood Reporter héchstperséinlech verroden.
Nach keen Oscar oder soss e Präis an der Filmwelt gewonnen? An awer immens vill Succès? De Pit Biwer mat der Lëscht vun den Acteuren an Actricen, déi bis elo eidel ausgaange sinn.
Et gëtt net vill Acteuren déi a verschiddene Genre ënnerwee sinn an esouwuel Komedie wéi och Action oder Drama spille kënnen. De Pit Biwer huet ee konkret Beispill: De Keanu Reeves
De Pit Biwer mat deem Neisten aus der kalifornescher Dramfabrick. Dës Kéier ëm bekannt Acteuren an Actricen déi eigentlech fir eng Haaptroll geplangt waren, herno awer vu ganz aneren gespillt gi sinn.
Wien gëtt den nächsten US-President? Et gëtt schonn äifreg Walkampf bedriwwen. De Pit Biwer notzt d'Geleeënheet aus, fir emol iwwer déi Acteuren ze kucken, déi an der Vergaangenheet d'Roll vum amerikanesche President gespillt hunn. Nimm wéi Morgan Freeman oder Gina Davis wat am Film Commander and Chief eng Presidentin gespillt huet.
Vill Schauspiller stinn net nëmmen virun der Kamera ma och hannert dem Mikro op méi oder wéineger grousse Bünen. Bescht Beispill ass den Johnny Depp, dee viru kuerzem nach e Concert zu Lëtzebuerg gespillt huet. De Pit Biwer kennt awer och nach aner Acteuren déi alt gären emol musizéieren.
Gläich zweemol gi mer an nächster Zäit wielen, lokal an national. Der Rei no mellen Acteuren aus der Gesellschaft sech zu Wuert mat hire Fuerderungen un d'Adress vu Kandidaten a Parteien. A wéi ass et mat der Kierch? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.
Wéinst den héijen Zënsen gëtt um Immobiliemarché manner verkaaft. D'Promoteure bleiwen op hiren deiere Projete sëtzen. Fir dat ze änneren, fuerdere verschidden Acteuren, dass d'TVA rëm op 3% erofgesat gëtt an den Amortissement accéléré rëm eropgesat gëtt. De Gilles Hempel gesäit dat méi kritesch. Dozou eng Carte blanche.
E Samschdeg war d'Gesondheetsversuergung a -politik zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Am Januar gëtt en neien Ulaf fir d'Golden Globes geholl. D'Event war jo wéinst der Pandamie ausgesat ginn. De Virleefer vun den Oscaren dierft fir vill Acteuren wéi eng grouss Party sinn. De Sean Penn verréit ënnert anerem am RTL Interview firwat de Montage fir hien eng wichteg Roll spillt.
Dat mussen dach intressant Familljeniesse si wann 3 Acteuren zesummen um Dësch sëtzen. Oder och net? De Martin Sheen ass an deem Fall, well och seng Bouwe sinn zu Hollywood aktiv. Ronderëm den 82. Gebuertsdag vum Schauspiller hat de Pit Biwer d'Geleeënheet fir e bësse mam Martin Sheen ze poteren.
Molen entspaant - dat wëssen och Hollywoodstare wéi Gene Hackman, Jane Seymour a Pierce Brosnan. De Pit Biwer huet sech mat den 3 Acteuren iwwert hir privat Passioun fir Konscht ënnerhalen.
Et geet em dat knaschtegt Geschäft mam Klärschlamm, wou ëffentlech Acteuren eng privat Firma wéilte vum Maart drécken
E Freideg de Moie war déi gréng Ëmweltministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Viru 27 Joer koum de Film "The Mask" an Kinoen. No Ace Ventura, war dat eng weider grouss Roll fir den Jim Carrey. Ma och d'Cameron Diaz huet hei hire Film-Debut gefeiert. De Pit Biwer hat déi grouss Éier, béid Acteuren wéi och de Produzent Chuck Russell am Interview gehat ze hunn.
Den Ernährungsrot sollt een Instrument sinn, datt et erlaabt, datt déi vill verschidden Acteuren aus dem Ernährungs- an Agrarsecteur sech un een Dësch setzen an zesumme Léisunge sichen. Dobäi sollten och Bierger*innen mat agebonne sinn.
D'Fuerderung vun der European Arenas Association ass de séieren Erëmopbau vum internationalen Touringcircuit, d'Erëm-Opmaache vu Sportsevenementer mat Public, an d'Ënnerstëtzung op EU-Niveau vun enger koordinéierter Approche zu de Restriktiounen. Dëst soll verhënneren, datt de ganzen Ekosystem vun Acteuren, déi mam Live-Business zesummenhänken, zu irreparabelem Schued kënnt.
Als Intro fir eisen neie Podcast poteren d'Jil, de Jim an d'Samira iwwert d'Zukunft vun dësem Podcast, d'Politiséierung vun der Jugend an hier eegen Motivatioun. Politescht Gepoters iwwert dëst an dat mat verschiddenen Acteuren zu verschiddenen Themen.
Präsident vun den U.S.A. ass eng Roll, déi schonn dacks zu Hollywood gespillt gouf. De Pit Biwer mat enger Rei Beispiller, a mat Acteuren am Interview, déi schonn an dëser Roll ze gesi waren.
Eng bekannt Figur aus der italienescher Kannerliteratur, jonk amerikanesch Acteuren, déi genau esou bekannt wëlle gi wéi hir Pappen, zwou lëtzebuergesch Koproduktiounen an eng schwaarz Komedie.
Acteuren, déi net just viru, mä och hannert der Kamera erfollegräich sinn. De Pit Biwer schwätzt haut mam Morgan Freeman, dee béid Säite kennt.
Acteuren, déi net just viru, mä och hannert der Kamera erfollegräich sinn. De Pit Biwer schwätzt haut mam Morgan Freeman, dee béid Säite kennt.
Acteuren, déi net just viru, mä och hannert der Kamera erfollegräich sinn. De Pit Biwer schwätzt haut mam Morgan Freeman, dee béid Säite kennt.
Hien ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Schauspiller, pendelt tëscht Berlin a Lëtzebuerg an tëscht Theater a Film. Elo huet de Luc Feit sech fir d'éischte Kéier hannert d'Kamera gestallt an de Fim "De Buttek" realiséiert. D'Geschicht vun enger ganz besonnescher Chrëschtfeier an där eng Rei vu bekannten Acteuren derbäi sinn. Am Gespréich erzielt de Luc Feit iwwer dës Produktioun an iwwer seng aner Projeten.
Hien ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Schauspiller, pendelt tëscht Berlin a Lëtzebuerg an tëscht Theater a Film. Elo huet de Luc Feit sech fir d'éischte Kéier hannert d'Kamera gestallt an de Fim "De Buttek" realiséiert. D'Geschicht vun enger ganz besonnescher Chrëschtfeier an där eng Rei vu bekannten Acteuren derbäi sinn. Am Gespréich erzielt de Luc Feit iwwer dës Produktioun an iwwer seng aner Projeten.
Robert De Niro, Al Pacino, Joe Peschi - lauter grouss Acteuren am neie Martin Scorcese Film "The Irishman". Ee vun hinne mécht donieft och nach Musek, an de Pit Biwer hat en fir eis am Interview.
Robert De Niro, Al Pacino, Joe Peschi - lauter grouss Acteuren am neie Martin Scorcese Film "The Irishman". Ee vun hinne mécht donieft och nach Musek, an de Pit Biwer hat en fir eis am Interview.
Den Design méi no un de Grand-Public bréngen - dat ass ee vun den Ziler vum Projet "Am Gronn". Eng Plaz wou verschidde kulturell Acteuren sech kënnen austauschen an ënnerschiddlech Generatiounen sollen openee treffen. Mat de Grënnerinnen Irina Moons an Maida Halilović schwätze mer iwwert d'Iddi hannert dem Projet an méi generell och iwwert de kreative Secteur hei zu Lëtzebuerg.
Den Design méi no un de Grand-Public bréngen - dat ass ee vun den Ziler vum Projet "Am Gronn". Eng Plaz wou verschidde kulturell Acteuren sech kënnen austauschen an ënnerschiddlech Generatiounen sollen openee treffen. Mat de Grënnerinnen Irina Moons an Maida Halilović schwätze mer iwwert d'Iddi hannert dem Projet an méi generell och iwwert de kreative Secteur hei zu Lëtzebuerg.
Dat war déi leedend Fro vum éischte Forum Z vum Joer 2019, organiséiert vum C²DH, der digitaler-historescher Unitéit vun der Uni Lëtzebuerg - a Partnerschaft mam radio 100,7 an dem House of Startups. An enger ongezwongener Atmosphär haten am House of Startups een Nomëtteg laang ë. a. Curateuren, Enseignanten a Fuerscher hir Projete wéi op enger Foire dem Publikum virgestallt. D'Visiteure konnte sech u sechs verschiddenen Aarbechtsdëscher iwwer d'virtuell Realitéiten informéieren, wou déi neiste methodesch Trenten an Themeberäicher wéi Bildung, Fuerschung a Kultur presentéiert goufen. An der Emissioun konzentréiere mir eis haaptsächlech op déi veschidden interaktiv Workshoppen, loossen dobäi hir Acteuren zu Wuert kommen a bedéngen eis dotëschent och emol digitalen Hëllefen, wéi engem Sproocheprogramm, deen eis eenzel Wierder oder Texter verliest. Opgeholl a verschafft fir de radio 100,7 vum Carlo Link. Linken zu de verschiddenen Themeberäicher vun dësem Forum Z: - ADEM - Skill's Bridge: https://www.skillsbridge.lu/fr/ - Musée National d'Histoire et d'Art (Mnha), Visite 3D: https://www.mnha.lu/fr/Visites-en-3D - Musée Dräi Eechelen mat senge Kasematten, Visite 3D: http://www.m3e.public.lu/fr/visites-activites/Visites-3D/index.html - Lëtzebuerg City Museum "Pierre-Ernest de Mansfeld comes alive": https://citymuseum.lu/news/pierre-ernest-de-mansfeld-comes-alive/ - Apple IIe - "Maps and Globes": https://www.c2dh.uni.lu/fr/thinkering/experimental-media-archaeology-featuring-apple-iie - Digital Luxembourg: https://gouvernement.lu/fr/dossiers/2014/digital-letzebuerg.html - Forum Z "Who's afraid of the digital?" https://www.c2dh.uni.lu/forum-z/hands-exploration-through-luxembourgs-virtual-and-real-landscapes-digital-developments Forum Z vum 31.1.2019 am House of Startups - © Université du Luxembourg / Carlo Link
Nei Pläng, nei Projete bei engem vun de villsäitegsten Acteuren zu Hollywood. De Pit Biwer mam Keanu Reeves am Interview, deen e richtegt Multitalent ass.
Nei Pläng, nei Projete bei engem vun de villsäitegsten Acteuren zu Hollywood. De Pit Biwer mam Keanu Reeves am Interview, deen e richtegt Multitalent ass.
De Pit Biwer huet déi Kéier Acteuren a Museker am Interview, déi sech aktiv fir Natur, Déieren an Ëmwelt asetzen.
De Pit Biwer huet déi Kéier Acteuren a Museker am Interview, déi sech aktiv fir Natur, Déieren an Ëmwelt asetzen.
Den Ament kënnt et zu punktuelle Problemer bei der Ausstellung vu Bréiwer. D'Post-Direktioun erkläert dëst mat de kuerzfristegen Ausfäll beim Personal, déi duerch Congéen oder Krankschreiwungen zustane kommen. D'Bréifdréieschgewerkschaft hëlt méi wäit aus a weist op strukturell Dysfonctionnementer hin, déi duerch eng besser Personalpolitik an Aarbechtskonditioune kéinte gereegelt ginn. De Maurice Antony huet mat de verschiddenen Acteuren geschwat.
Mat de Gesetzer vun der Propriété Intellectuelle kënnen Erfindungen, Marken a Kreatioune geschützt ginn. Am digitalen Zäitalter gëtt dat fir kreativ Leit a Betriber ëmmer méi wichteg. D'lescht Woch war an der Chambre de Commerce déi 11. Editioun vun der Journée luxembourgeoise de la propriété intellectuelle. De Pierre Reyland huet bei där Geleeënheet mat Acteuren aus dësem Secteur geschwat, dee sech och zu Lëtzebuerg séier weiderentwéckelt.