POPULARITY
Zënter 1993 ass d'Kannerrechtskonventioun zu Lëtzebuerg a Kraaft.
D'Wanteraktioun kënnt un hir Limitten an dat neit Diskriminéierungsgesetz, dat 2023 a Kraaft getrueden ass, ass nach ni ugewant ginn, dat sinn Theemen an der Presserevue.
Déi lescht Plack vun Trentemøller heescht “Dreamweaver“ an ass grad emol 8 Wochen dobaussen. Fir den Dän, deen um Ufank vu senger Karriär éischter fir laang instrumental Tracks bekannt war, ass d'Plack den Eckpunkt vun enger Evolutioun zu méi vokaler Musek. Déi atmosphäresch an originell Tracke sinn nach ëmmer meeschterhaft mat déiwe syntheeteschen Texture begléckt, an deenen och organesch an instrumental Sounds hir Kraaft entwéckelen - eng schéi Balance. Op all Track séngt iwwregens seng Kollaboratrice DiSA, déi och schonn eng Zäitche Member vu senger Live-Band ass. Iwwerhaapt ass de Kontrast tëschent feiner Studio-Aarbecht um Album, an enger richteger Band-Experienz op der Bün, scho laang ee Markenzeeche vun Trentemøller - zanter et deemools Zäit war, op d'Bün ze goen. Den Anders Trentemøller a seng Band sinn de Sonndeg den Owend (17.11.) zu Gaascht an der Escher Kulturfabrik. Am Virprogramm spillt d'Sakura, alias Sakura Katsuura Chow, eng verspillten a minimalistesch Produzentin vun Hongkong, déi zu Wien schafft. Eng interessant Affiche!
Dräi verschidde Mesüre goufen eleng dëst Joer a Kraaft gesat oder virgestallt, déi als Zil Repressioun géint aarm Leit, meeschtens Mënschen ouni feste Wunnsëtz, déi heeschen, hunn. Déi Projeten hunn allerdéngs och vill Kritik mat sech bruecht, a sinn deelweis an hiren Detailer zimmlech absurd. D’María Elorza Saralegui huet an der woxx vun dëser Woch eng Zesummefaassung gemaach, wat an deene leschte Méint geschitt ass, a wat déi wichtegst Kritikpunkten dorunner sinn. Si erkläert eis am Podcast, wat fir repressiv Moossname geplangt sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Obdachlos in Luxemburg: Kein Platz für ArmeThe post Ëmmer méi Repressioun géint Aarmer first appeared on Radio ARA.
pOpera, dat ass den Numm vun engem Projet, deen d'Fondation EME vum 5. August bis den 12. September organiséiert. D'Finalitéit: d'Opféierung vun enger Pop Oper den 11. an den 12. September an der Philharmonie. De Projet geet awer vill méi wäit, wéi just d'Prouwen an d'Opféiere vun enger Oper. Et ass en inklusive Projet, deen duerch déi transformativ Kraaft vun der Musek Guddes bewierke wëllt. Wat genee, dat verréit de Paulo Lameiro, Directeur artistique am Gespréich mam Marie Trussart. An och firwat hie senger Meenung no scho längst seng Ziler erreecht huet, bevir d'Oper iwwerhaapt opgeféiert gouf.
Grousst Opootmen net nëmmen a Frankräich, och déi lëtzebuergesch Zeitunge sinn erliichtert, datt de rietsextreemen RN nëmmen drëttstäerkste Kraaft gouf, si warnen awer och virun ze vill Euphorie.
D'Prognose fir Europawalen am Juni déiten op ee Rietsruck hin. Et gesäit esou aus, wéi wann eng vun deenen zwou riets-aussen Gruppen déi drëttstäerkst Kraaft no der Sozialdemokratie an der EVP wäert ginn. Am Podcast erkläert den Thorsten Fuchshuber dem Joël Adami, wisou dat esou ass a wat déi gefillten Alternativlosegkeet vun der aktueller Politik domadder ze dinn huet. Si schwätzen och doriwwer, wisou vill konservativ Parteie mat hirer Politik d'Dir fir déi Rietsextrem wäit op maachen.
Zanter gëschter ass déi repressiv Phas vum Heescheverbuet a Kraaft an dat ass de Moie grousst Theema op den éischte Säiten an den Zeitungen, et sinn Temoignagë vu Betraffenen a vu Leit vu baussen.
Vun un, datt dat neit Reglement iwwer d‘Flüchtlingen a Kraaft ass, a Männer, déi eleng reesen, net méi opgeholl ginn, regruppéiere si sech elo ënner dem Pont Adolphe …
Déi spannend Geschicht vun eiser Constitutioun 1848 erkämpfen d'Lëtzebuerger sech hir éischt liberal Verfassung. Ween a wat huet virun 175 Joer dozou gefouert, dass Lëtzebuerg säin éischt Grondgesetz krut. Wat ännert sech mat der neier Verfassung, déi elo a Kraaft trëtt. A firwat huet esou laang missen doru geschafft ginn.

E Samschdeg trëtt déi nei Verfassung a Kraaft, an der Press ass et haut en Interview dozou mam President vun der Institutioune-Kommissioun, dem Mars Di Bartolomeo: een Theema an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Mobbing an de Schoulen, Suergen ëm e méigleche Gewaltproblem zu Réimech, an déi nei Verfassung, déi e Samschdeg a Kraaft trëtt sinn Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
Den 1. Juli gëtt déi nei Verfassung feierlech a Kraaft gesat, kaum zwee Méint nodeems déi éischt Verfassung vun 1848 mat groussem Pomp gefeiert ginn ass.
Dat schlëmmt Evenement am Neiduerf weist: Schro Accidenter bereede Leed a bleiwen e Problem. Dofir muss d'Thema Verkéierssécherheet onbedéngt weider op der politescher Lee stoen, fënnt de Pit Everling. E Mëttwoch trëtt par Konter eng Mesure a Kraaft, iwwer déi de Kommentator vun en Dënschdeg éischter de Kapp muss rëselen. Op der A7 gëtt an 3 Tunnellen iwwer de ganzen Trajet d‘Vitess gemooss.
De Michel Delage an d'Valerija Berdi schwätzen iwwer: "Une Histoire provisoire" (Romed Wyder), "Arthur Rambo" (Laurent Cantet) an "Downton Abbey. A New Era" (Simon Curtis). D'Martine Reuter huet sech mam Schwäizer Realisateur Romed Wyder ënnerhalen.
Haut ass Freideg, an net iergend e Freideg: Et ass "Black Friday", omnipresent an den Annoncen an den Zeitungen de Moien. Mee och déi wäiss Faarf kënnt vir, een Dag no engem Protest vun de "weißen Kittel". Kee Wonner, genee ee Joer nodeems ee weidere Lockdown a Kraaft getruede war, sinn och dësen Hierscht nees nei Mesuren an der Diskussioun well d'Infektiounszuelen nees klammen. D'Presserevue mam Jean-Claude Franck.

Mysteriéis Gasblosen an der Sauer. En Naturspektakel an der Äifel. An e Weltrekordversuch am Minett. Mir maachen eng Rees an de Bauch vun eiser Äerd. Hei entsteet e Gas dat d'Sauer bei Rouspert un d'Spruddele bréngt. Dee selwechte Gas léist an der Äifel dee gréisste Kalwaasser-Geysir ausbriechen. De Mister Science wëll dee gréisste kënschtleche Geysir bauen. Mir kucken wat e Vulkanausbroch an der Äifel géif fir Lëtzebuerg bedeiten. Op och bei eis e Vulkan kéint ausbriechen. A wéi se zu Diddeleng e ganze Quartier mat der Wäermt aus dem Buedem hëtze wëllen.

Mysteriéis Gasblosen an der Sauer. En Naturspektakel an der Äifel. An e Weltrekordversuch am Minett.
Mysteriéis Gasblosen an der Sauer. En Naturspektakel an der Äifel. An e Weltrekordversuch am Minett.
Hien ass net nëmmen en danzende Sänger a e sangenden Dänzer. Den Edsun ass e kreative Mënsch, deen seng Gedanken op eng spannend Aart a Weis a senger ganz eegener Konscht ëmsetzt a sengem Public doduerch vill Kraaft weidervermëttelt. Mir hu mat him iwwer Kultur am Zesummenhang mat sexuellen Identitéiten, Empowerment a Kritikfäegkeet geschwat. An … „#80 Outtaspace Loverboy – Den Edsun am Gespréich“ weiterlesen
Mat leschter Kraaft distilléiere mir déi wéineg Glécksgefiller, déi eis nach bleiwen, an en illegal gebranntene Podcast mat 69% Blödsinnsgehalt. Vum Meisch-Meisch bis zum Marcel Ewen: Och des Woch betruechte mir aus eisem virtuellen Elfebeentuerm d'Promiszeen zu Lëtzebuerg an an der Welt. De Joe ass ausserdem erëm opgetaucht a bréngt e puer Geschichte mat. Bonus: Witzer zum Thema Supermarché.
Haut fuere mir an engem Hybrid Modell. Jo déi di schonn en A op d’Elektromobilitéit geheien, mee net ganz op en Elektro Auto wëllen ëmklammen. Déi decidéiere sech gäre fir de Moteur mat der Kraaft vun den 2 Häerzer. Esou wéi de fuschneie Peugeot 508 SW Hybrid mat deem de Christian Schmit ënnerwee war.

Deuil, Laascht vun der Schold, Kraaft fir ze verzeien... De polnesche Film "Corpus Christi" vum Jan Komasa behandelt dës schwiereg Themen op eng originell an iwwerzeegend Aart a Weis, mengt de Michel Delage.
Mat sengem Hëftschwong, senger kräfteger Stëmm, sengem Charisma a senge Lidder ass de Waliser Tom Jones op der ganzer Welt bekannt ginn. A ganz ville Länner stoungen seng Alben a seng Singles op den iwwëschte Plazen an den Hitparaden, an dat elo schonn zanter 1965. Et war och ouni Zweiwel säin Sexappeal, deen him de Spëtztnumm "Sexiest Man in the world" ginn huet, hien gouf als männlechsten Mann vun alle Männer gefeiert. Muer kritt de Tom Jones 80 Joer an huet nach ëmmer Kraaft a Loscht op der Bün ze stoen, den Horst Senker portraitéiert de Sänger
„An der Rou läit d’Kraaft“, heescht et. De Roland Kalté huet sech a Rou e puer Gedanken dozou gemaach:
De 14. September ginn et 10 Joer, dass de Patrick Swazye gestuerwen ass. Hien war déi dreiwend Kraaft um Set vum Film Dirty Dancing. De Pit Biver erënnert sech un de Acteur zeréck, un déi Momenter wou se sech bei engem Interview kennegeléiert hunn.

Alles Schrott…an awer Konscht, oder? Mir schwätzen vu Giganten aus Stahl. Auto Konschtwierker am Moossstaf 1:1. Absolut ëmweltfrëndlech well beweegt sech aus eegener Kraaft keen Zentimeter a besteet aus alem Metall.

Commentaire 220518:Uso:E Freiden trëtt eng EU-Direktiv iwwert den Dateschutz a Kraaft, déi Auswierkunge wäert hunn, ë.a. och berufflecher.Héiert dozou e Commentaire vum Eric Ewald:
Banken, Assurancë-Gesellschaften, Neel-Studioen, Bäcker oder Medien: Wat kënnt op d'Entreprisë vum Mee d'nächst Joer un duer, déi Informatiounen iwwert hir Cliente sammelen, wann den europäesche Règlement général sur la protection des données a Kraaft trëtt? Vertrieder vun der nationaler Dateschutzkommissioun hunn Äntwerten op d'Froe vun den Entrepreneure ginn. A siwe Schrëtt zu engem konforme Betrib a Saachen Dateschutz.
D'Sonn: Liewenswichteg a geféierlech! Si ass ee vu Milliarde Stären am Universum. Schéckt Luucht op d'Äerd. Léisst Planze wuessen. An eis dreemen. Mee d'Sonn ass och geféierlech. Wéi schützt ee sech am beschten virun den UV Strahlen? Besonnesch um Waasser. Mir woren duerfir och op de Stau a weisen wéi et do ausgesinn huet wéi dee fir d'lescht ganz eidel war. Firwat ee seng Terrasse nëtze soll wann ee sech wëll ofkillen. An den Mister Science produzéiert Stroum. Mat enger selwer gebauter Solarzell an der Kraaft vun der Sonn.