POPULARITY
An der Nuecht ginn déi mat Ofstand bekanntste Filmpräisser op der Welt iwwerreecht. D'Academy Awards, dee gudden Oscar. Zu där Iwwerreechung gehéiert traditionell eng glamouréis Show. Detailer vun eisem Mann zu L.A., dem Pit Biwer.
An der Nuecht vun e Sonnden op e Méinde sinn d'Oscars am Dolby Theatre zu Los Angeles. Bei deene 97. Academy Awards gehéiert d'Demi Moore mat senger Roll an "The Substance" zu deene grousse Favorittinne fir déi "bescht Schauspillerin". Net nëmme bei de Kritiker, mee och bei Film-Fans ass d'Demi Moore extrem beléift.
Mir reagéieren am Prinzip relativ sensibel op Temperaturënnerscheeder oder op de Wiessel vun Dag an Nuecht. Mee bedeit dat, datt mir déi verschidde Saisonen tatsächlech klanglech, also mat Hëllef vun eisen Oueren, auserneen hale kënnen? A ginn et Ënnerscheeder tëschent den auditive Kapazitéite vu Land- a Stadmënschen? An eisem Soundatlas, an deem mir reegelméisseg ee Klang analyséieren an d'Lienen zu Konscht, Alldagskultur a Wëssenschaft sichen, wollt de Joé Birchen et wëssen an huet d'Kerstin Thalau getest.
E Schauspiller, deem seng Karriär am enger Sakgaass gelant ass, entscheet sech, mat Hëllef vun engem Produzent an engem Maquilleur, eng nei Persona ze schafen - ee kauzegen Hiert, dee quasi iwwer Nuecht zur neier franséischer Schauspillsensatioun gëtt. Séier entsteet tëschent dem Schauspiller a sengem Alter Ego eng schro Rivalitéit, déi déidlech kéint endegen. “Un coeur outragé” ass net just eng bësseg Satir iwwer d'Filmindustrie, mee och eng melancholesch Iwwerleeung iwwer Identitéit, Schauspill, Fiktioun an hire geféierlechen Afloss op d'Realitéit: dem Philippe Torreton säi Roman ass eng absolut empfeelenswäert Lecture an eegent sech, well en deels och schrecklech witzeg ass, duerchaus als Summerlecture. Eng Rezensioun vum Jeff Schinker
Et ass Summervakanz an domat och un der Zäit fir eng kleng Rees. Bevir aus der Nuecht de Moie gëtt, befanne mir eis matten an der Bloer Stonn. Genee zu deem Zäitpunkt war de Joé Birchen mam Paleontolog a Schrëftsteller Robert Weis op een Tour, an dat an den Hiwwele vun der Stad. Si hunn ee méi genee Bléck dorop geworf, wéi aus der Nuecht Dag gëtt, a wéi Natur a Stad matenee verschmëlzen. Hei geet et iwwer d'Grenzen eraus - eng Rees, an där eis och e puer Iwwerraschungen erwaarden.
E Schauspiller, deem seng Karriär am enger Sakgaass gelant ass, entscheet sech, mat Hëllef vun engem Produzent an engem Maquilleur, eng nei Persona ze schafen - ee kauzegen Hiert, dee quasi iwwer Nuecht zur neier franséischer Schauspillsensatioun gëtt. Séier entsteet tëschent dem Schauspiller a sengem Alter Ego eng schro Rivalitéit, déi déidlech kéint endegen. “Un coeur outragé” ass net just eng bësseg Satir iwwer d'Filmindustrie, mee och eng melancholesch Iwwerleeung iwwer Identitéit, Schauspill, Fiktioun an hire geféierlechen Afloss op d'Realitéit: dem Philippe Torreton säi Roman ass eng absolut empfeelenswäert Lecture an eegent sech, well en deels och schrecklech witzeg ass, duerchaus als Summerlecture. Eng Rezensioun vum Jeff Schinker
Am Januar 2008 verschwënnt d'Brianna an der Nuecht aus der Studentewunneng vun zwou Frëndinnen. Schnell ass kloer dass d'Meedchen net fräiwëlleg verschwonnen ass. Kuerz Zäit drop fënnt een dem Brianna seng Läich. Wien huet hat entfouert an ermort a firwat?
De Samschden ass Nuit des Musées! Don't miss out on this. Eng Saach déi d'Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d'Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen.Dëst Joer sinn d'Podcaster drun! Passend dozou hunn ech och eng Episode opgeholl fir méi iwwert de Background vun der Nuit des Musées ze wëssen. Out now! Grousse Merci un de Germain & d'Ioana :)
Mir all kenne jo déi grouss helleg Nuecht. Mä wat huet oder hat et mat der Ouschternuecht op sech? A wéi eng Roll huet d'Feier an deem Kontext gespillt? Wann een et weess, dann den Alain Atten.
De Weltënnergang steet virun der Dier an och am Théatre National du Luxembourg op der Lonkecher Strooss an der Stad. Ënner dem Motto "Nacht und Träume" steet déi nei Saison, an datt net alles esou däischter ass, wéi et op den éischten Androck kléngt, huet den Direkter vum TNL, de Frank Hoffmann erkläert. E Bäitrag vum Valerija Berdi aus eiser Kulturemissioun Kultur um 5 am Gespréich mam Pit Walté
"Am Verbond mat der Nuecht fléien"... dat kléngt schéin, bal geheimnisvoll, fannt Dir net? Grad esou wéi Lynette Yiadom-Boakye, esou den Numm vun der Autorin, där hir Elteren aus Ghana stamen, mee si selwer koum awer 1977 zu London op d'Welt. D'Lynette Yiadom-Boakye seet vu sech, datt si zeechent, wat si net mat Wierder beschreiwe kann a mat Wierder beschreift, wat si net zeechne kann. Virun zéng Joer ass der Kënschtlerin als Molerin de groussen Duerchbroch gegléckt. Elo stellt si bis de 5. September knapps 70 Peinturen am Mudam aus. Explikatioune Kerstin Thalau

D'Mandy vun Ollem hat et 2007 iwwer Nuecht aus 16.000 Kandidatinnen an d'Top 15 vun "Germany's next Topmodel" beim Heidi Klum gepackt
Zu Las Vegas ass all Dag Party. Eppes, wat sech och d'Promien net wëllen entgoen loossen. Ma do wou si sinn brauch een och komfortabel Hoteller. Dass déi net fir jiddereen sinn, mierkt een, wann een de Präis pro Nuecht kuckt. Mat 40.000 Euro pro Nuecht erwaart een um Zëmmer puere Luxus.
Grousse Rendezvous an der Dramfabrick Hollywood; an der nächster Nuecht ginn erëm déi gëlle Figure verdeelt. De Pit Biwer mécht e klengen Iwwerbléck vum wichtegste Filmpräis, den Academy Awards oder d'Oscaren.
Dag an Nuecht, Summer wéi Wanter sinn si um Dill an halen Aen an Oueren op fir nëmmen näischt ze verpassen. Déi lescht 14 Deeg hu se nees genuch Themen gesammelt déi si opgereegt oder ameséiert hunn an elo weisen se eng Stonn laang dass si kal a waarm gewinnt sinn. Beim Christiane Kremer den Al Ginter, Jacques Kapp, Pascal Becker a Gérard Valerius.
Jo, et wäert dëse Summer eng Editioun vun de Congés Annulés ginn. Vläicht déi spannendst Editioun zanter datt d'Rotonden hire Summerfestival organiséieren. An iwwerhaapt presentéiert sech déi ganz nächst Saison optimistesch. Den Yves Stephany war bis spéit an der Nuecht op der Presentatioun vum Programm zu Bouneweg.
Zwee Frënn an eng Nuecht mat vill Alkohol an haarder Musek. A moies fréi kann ee sech dann un net méi vill erënneren. De Ray Davis hat awer gutt opgepasst.
De Méindes Rhythmus ass endlech dran, juhu se hunn et gepackt! De Pascal setzt am Publikum an däerf nëmmen laachen an drénken, d´Rubrik -U wat denks de bei- an dem Mathis seng Good News of the Week ass mat da bei, de Bob zielt vum Superbowl an dobäi mécht de Mathis en richteg geckeg well deen d´ganz Nuecht geschlof huet, ah jo an ee Gewënnspill hu mer des kéier fir iech, also gutt oppassen an Vill Spaass beim lauschteren
An der aler Millen zu Roudemer hunn den Ernest Hemingway an d'Martha Gellhorn hir lescht Nuecht zesumme verbruecht. Am Ausgang vu Roudemer a Richtung Ouljen erënnert en amerikanescht Krichsdenkmal dorunner, datt den Ernest Hemingway am Dezember 1944 hei an der aler Mille gewunnt huet. De Frédéric Braun mat Detailer.
Wéi aus engem Blues- en Disco-Klassiker gouf oder: Wéi e Studiomuseker a Saxophonist quasi iwwer Nuecht all Mënsch un d'Danze krut.
Den nächste Weekend wäerten erëm ganz vill Kanner opgereegt sinn. An der Nuecht vum 5. op de 6. Dezember kënnt de Kleeschen erëm bei d'Kanner, virun allem déi brav. Déi manner brav kënne mat enger Rutt rechnen, déi awer net vum Hellege Mann selwer iwwerreecht gëtt. Fir dat ass den Houseker zoustänneg. Den Alain Atten stellt iech dem Kleesche säi Gesell fir.
Virun e puer Wochen huet d'Kerstin Thalau an eiser Moies-Reunioun proposéiert, emol nees en Audio-Buch ze beschwätzen. Mir waren dofir. Duerno ass näischt méi nokomm ... bis haut. Firwat dat esou laang gedauert huet, erkläert hatt Iech am beschte selwer.
An der Nuecht vum leschte Sonnden op e Méinden huet Europa sech mam Sabine auserneegesat. D'Amerikaner hunn, wann och net sou vill wéi soss, op Los Angeles gekuckt, fir gewuer ze gi wien dann alles en Oscar kritt. Eng Fro déi ee sech no der Zeremonie ëmmer nees stelle kann; wou stellen déi Leit hir Statu hin? De Pit Biwer ass op d'Sich gaangen.

Des Woch steet en neien Special um Programm! Thema vun deser Episode: Vakanzenjobs an onnéideg Hobbies. Donierwt stelle mer eis awer och soss lauder onnéideg Froen an braddelen eis all Leed vun der Séil. Wei een an der Nuecht an den Auchan kennt, wei Versecherungen verkaaf gin an wat d'Dachsenfamill vun der N24 domat ze din huet, gidd der alles an deser Folge gewuer. GL HF
Eis Invitée war d'Vizepresidentin an d'Trésorière vun 'Hoffnung fir d'Kanner vun Tschernobyl'. An der Nuecht vum 25. op de 26. Abrëll 1986 koum et no engem Test zu engem Super-Gau am Atomkraaftwierk, an d'Liewen vun Dausende vu Leit huet vun engem Ament op deen anere changéiert. D' a.s.b.l 'Hoffnung fir d'Kanner vun Tschernobyl' hëlleft op der Plaz, zu Slavgorod an Ëmgéigend, 260 Kilometer Loftlinn vun Tschernobyl ewech. Et kommen awer och Kanner vun dohannen reegelméisseg op Lëtzebuerg an d'Vakanz an déi schwätzen esouguer Lëtzebuergesch.

An der Nuecht op e Sonndeg ass et nees esou wäit. D'Auer gëtt eng Stonn no vir op d'Summerzäit geréckelt. En Apropos dozou vum Yann Logelin:
Wéi d'Christiane Kremer seng Iddi fir den Apropos vun haut hat, wousst et nach net datt d'Thema, dat et sech gesicht huet, nach iwwer Nuecht eng traureg Aktualitéit krit. Mä den Titel passt eemol wéi d'anert Mol: e Schoss no hannen.
Wéi déi digital Revolutioun och d'Aart a Weis wéi mir bauen verännere wäert. Et ass am Juli. Matten an der Nuecht. Op der Rouder Bréck. Zwee Mataarbechter vun engem Ingenieur s-Büro kontrolléieren op d'Attachen wou d'Tam-Schinnen drop kommen, riicht fest geschrauft goufen. Si maachen dat op de Milimeter genee. Mat engem Laser Scanner. Am Pisa “Chantier 3.0.” weise mer déi dat funktionéiert a wéi ee mat sou engem Scanner an Null Komma Nix ganz Gebaier vu bannen a baussen opmoosse kann. Mat enger Drone kann een och ganz Lotissementer einfach vermoossen. Mir erklären wat un dëser Technik speziell ass. Gesinn wéi Bauaarbechter op engem virtuelle Chantier op potentiell Geforen opmierksam gemaach ginn a froen no wéi realistesch et ass, datt eis Haiser an Zukunft aus engem 3D Printer kommen.

Reiden! Kämpfen! Iwwerliewen! Den Olivier Catani a Mister Science op enger spannender Aventure duerch d'Mëttelalter. Mir weise mat nogestallten Szenen wéi d'Leit deemools gelieft hunn. Erzielen d'Geschicht vum mysteriéise Yolanda vu Veinen, déi eis verréit wéi eng Sprooch déi Zäit bei eis geschwat gouf. An de Mister Science an den Olivier Catani musse puer Ritter-Prüfunge packen: vum Duell um Reit-Turnéier iwwer eng spirituell Nuecht an der Kapell bis bei de brutale Schwäertkampf am Ritter-Trainingslager.

Reiden! Kämpfen! Iwwerliewen! Den Olivier Catani a Mister Science op enger spannender Aventure duerch d'Mëttelalter. Mir weisen mat nogestallten Szenen wéi d'Leit deemools gelieft hunn. Erzielen d'Geschicht vum mysteriéise Yolanda vu Veinen, déi eis verréit wéi eng Sprooch déi Zäit bei eis geschwat gouf. An de Mister Science an ech musse puer Ritter-Prüfunge packen: vum Duell um Reit-Turnéier iwwer eng spirituell Nuecht an der Kapell bis bei de brutale Schwäertkampf am Ritter-Trainingslager.

Anti-Stroum-Challenge: wéi wäit kënnt een ouni elektresch Geräter? Et mierkt een et scho Moies fréi am Bett, wann et nach däischter ass! Oder duerno am Buedzëmmer, well de Raséierapparat net geet. A spéitstens beim Frigo, wann d'Mëllech iwwer Nuecht schlecht ginn ass. Liewen ouni Stroum, am nächste Pisa teste mir, wou een do iwwerall u seng Limite stéisst? Mir weisen wéi puer duerchtrainéiert Cyclisten un d'Schweesse kommen well se eng kleng Taass Waasser wëllen duerch pedalléieren un d'Kache bréngen. An de Mister Science kritt eng gewéitscht. Eng vun enger Millioun Volt.

Ed ged Deeg, do bleiwt en einfach gären méi laang leien. Zum Beispill, wann en graad dobai ass, sain souwiesou schon komplizéirten Biorhytmus op Nuetsliewen emzestellen. Ech perseinlech sin jo der Meenung, daat ech an der Nuecht vill méi produktiv wier, wann ech net emmer schon esou midd wier, well ech den gaanzen Daag schon op waar. An et gin Deeg, do geif en gären leien bleiwen, mee kann et net, well den Handy schellt. Oder eben esou haard vibréiert, daat en dovunner erwäscht.