POPULARITY
Eng jonk Studentin verzicht fir en Experiment dräi Deeg op hire Smartphone. Wat léist dat an engem aus? Firwat gräife vill Leit dacks reflexaarteg nom Handy? A wouru mierkt een dass ee vläicht handysüchteg ass? Am Lycée Ermesinde zu Miersch hunn se den Handy ganz verbueden? Firwat déi Decisioun a wéi kënnt se bei de Schüler un? A Fuerscher um LIST schaffen um Smartphone vun der Zukunft, mat engem Touchscreen, deen een net upake muss.

Wou KI eis schueden, awer och nëtze kann Den Tom Cruise an der RTL Reunioun. En Deep Fake. Méiglech duerch kënschtlech Intelligenz. Eng Identitéit fälschen kann awer och geféierlech sinn. Fuerscher op uni.lu entwéckelen e Programm mat deem een esou Fälschungen enttarne kann. Am Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet wëllen se mat KI Krankheeten besser diagnostizéieren. A mir kucken wéi ee mat ChatGPT op der Aarbecht Zäit spuert. D'Intelligenz vum Chatbot engem awer och Angscht maache kann. Wou Kënschtlech Intelligenz eis eventuell schueden awer och nëtze kann.

Mam Bléck op d'Welt vu fréier probéieren, déi vun haut besser ze verstoen. Dat ass den Job vum Paläontolog Ben Thuy am Naturmusée. An dësem Episod zielt hien eis vun senger Begeeschterung fir ausgestuerwen Déieren a verréit, wéi ee sech fillt, wann een Iwwerreschter vun engem Dinosaurier fënnt. Hien erkläert och, firwat hien als Fuerscher vum Mier faszinéiert ass a wat et mat der ausgläichender Wierkung vun haarder Musek op sech huet. De Ben ass nämlech och e leidenschaftlechen Drummer. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu Entdeck dem Ben Thuy seng Band Sleepers' Guilt: https://www.sleepersguilt.com Méi iwwert 'Melusinaster alissawhitegluzae', benannt nom Sänger vun der Band Arch Enemy: https://www.fnr.lu/research-with-impact-fnr-highlight/science-meets-rocknroll-palaeontologist
Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d'Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen a Fueskostümer op geféierlech Substanzen. An erkläre wou de Mikroplastik hir kënnt an op en da lo geféierlech fir de Mënsch ass oder net.

An dësem Episod dréint sech alles ronderëm de 5G. Mee firwat steet eigentlech de „G“? Déi Fro kann eis de Sébastien Faye beäntwerten. De franséische Fuerscher schafft aktuell um Belval am LIST u Verkéierskonzepter, digitale Klonen an och schonn um 6G. Ugefaangen huet beim Sébastien alles mam Windows95 bis et du weider gaangen ass mat eegene Websitten, déi di franséisch Videospill-Branche eruewert hunn.
An der Covid-Kris huet sech gewisen, dass vill Fuerscher, déi an der Ëffentlechkeet stoungen, harceléiert goufen. Wa mer wëllen, dass Fuerscher hiren Knowhow mat der Gesellschaft deelen, musse mer e Wee fannen, se ze schützen, sou de Chef vum FNR, de Marc Schiltz.
Solarstroum-Fuerschung zu Lëtzebuerg a wéi een Energie spuere kann Mir maachen eis op d'Sich no den Apparater déi am meeschte Stroum verbrauchen. De Schäffchen, d'Chrëschtbeliichtung oder awer d'Tëlee? Wéi kann ee bei sech Doheem Stroum spueren. Kann een eng Solaranlag och einfach an d'Steckdous stiechen an de Stroum direkt benotzen? Mir hunn um Daach vun engem Haus Solarzelle gesinn, déi een op den éischte Bléck guer net gesäit. A Fuerscher op der uni.lu entwéckele d'Solarzelle vun der Zukunft. Kleng, faarweg an héich effizient.

Naturschutzgebidder als Hotspot fir méi Biodiversitéit a wat ee selwer fir Insekte maache kann De Giele Botter zu Déifferdeng. An d'Schlammwiss zu Iwwersiren. Zwou Plazen. Een Zil. Liewensraum schaffe fir rar Déieren a Planzen. Mir begleede och Fuerscher déi Insekten zielen. Si wëllen erausfannen op et der méi oder manner ginn. An op mer et wierklech mat engem groussen Insektestierwen ze dinn hunn.

An dësem Episod vun „Mäin Element“ léiert de Max de geléierten Epidemiolog a Statistiker Guy Fagherazzi kennen. Hie wëll déi nei digital Technologien am sougenannten „Deep Digital Phenotyping“ notzen, fir de Patienten d'Liewen ze vereinfachen. Hien erkläert ë.a. wéi et ass, als relativ jonke Fuerscher eng ganz Equipe am Luxembourg Institute of Health ze leeden a wéi d'Pandemie seng Pläng op d'Kopp geheit huet. Mir ginn ausserdeem gewuer, wat een aus der Stëmm vun engem Mënsch alles erausliese kann, wéi eng Gemeinsamkeeten et tëscht der Recherche an dem Sport gëtt, a wéi en NBA-Star hien a senger Jugend faszinéiert huet. Du wëlls méi iwwert de Guy Fagherazzi a seng Fuerschung wëssen? https://www.lih.lu/en/research-scope/research-department/department-of-precision-health/deep-digital-phenotyping-research-unit/ Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu Du wëlls nach méi spannend Geschichte vum Lëtzebuerger Journal lauschteren, liesen oder kucken? https://journal.lu/de Audioquellen 100komma7 Panorama, 01.03.2020: https://100komma7.lu/program/episode/290090/202003011200-202003011208 Pressebriefing nom Regierungsrot, 18.03.2020: https://www.youtube.com/watch?v=ARPuyRyDCbw „Space Jam - The tune squad introduction“ vum Alon Bezinian: https://www.youtube.com/watch?v=oJbOLMvKk1E
D'Wëssenschaft huet an der Vergaangenheet schonn oft als Bréck tëscht Länner gedéngt, déi eigentlech net méi matenaner schwätzen. Wat fir eng Roll Fuerscherinnen a Fuerscher am aktuelle Krich an der Ukrain, an och duerno kenne spillen, erkläert de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds National de la Recherche, a senger Carte Blanche.
Wat geschitt mat de Saache déi mir ewech geheien Wou gëtt den Offall deponéiert. Wat gëtt verbrannt. A wéi vill bleift nom Feier iwwereg. Mir gesinn wat beim Recylcling vu Verpakungen, Pabeier, Glas oder Holz geschitt. A begleede Fuerscher déi eng wäertvoll Substanz aus dem Biooffall Kaffisaz wëllen eraushuelen. Rescht-Offall, Bio-Offall a Recycling. De Wee vun eisem Offall.

E Freideg de Moie war de Fuerscher a Mikrobiolog a Member vun der Covid-19-Taskforce eisen Invité vun der Redaktioun.
Ass et méiglech, dass Lëtzebuerg 100% klimaneutral gëtt? Déi Fro huet de Phillip Dale scho ville Leit gestallt. De Phillip ass nämlech net nëmme Fuerscher am Beräich Photovoltaik, Lithographie an Elektrochimie, mee och Speaker an Host bei Tedx Luxembourg. Aktuell fuerscht hien u Photovoltaik-Anlagen, déi d'Gebaier an de Stied méi flott an zousätzlech méi nohalteg sollte maachen. Wéi en dat ëmsetzt a wat Konscht domat ze dinn huet, erkläert de Phillip an dësem Episod. Donieft erzielt de gebiertegen Englänner, wéi hien de Brexit als Expat zu Lëtzebuerg erlieft huet, wéi eng lëtzebuergesch Gewunnechten hie wëll evitéieren a firwat hien ee YouTube-Channel bedreift.
An der Bildzeitung sinn elo kierzlech dräi Fuerscher als “Lockdown-Macher” bezeechent ginn, déi als „Experten-Trio Frust zum Fest" schenken. Domadder gi Leit medial gelyncht, well se wëssenschaftlech Fakte vu sech ginn hunn, déi net an dat verschwurbelt Weltbild vun enger Rei Lieser passen. Mussen also och Fuerscher geschwë fäerten, datt e Mob mat Gejäiz a Fakele bei hinnen doheem virun der Dier opdaucht? Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
En Donneschdeg de Moie war de Fuerscher vum Liser eisen Invité vun der Redaktioun.
E Mëttwoch de Moie war de Fuerscher a Mikrobiolog a Member vun der Covid-19-Taskforce eisen Invité vun der Redaktioun.
Zënter der Corona-Pandemie ass de Paul Wilmes ee vun de bekannteste Wëssenschaftler zu Lëtzebuerg. An dësem Episod hëlt hien eis mat op eng Rees, déi vun der Kläranlag bis an d'McMurdo Station (Antarktis) geet. De Paul erzielt eis, wéi ee mat Hëllef vu Mikroben am Daarm eppes iwwert Laangzäit-Erkrankungen erausfanne kann, firwat et der Politik hëllefe kéint, wa méi Fuerscher*innen an der Chamber wieren a wéi seng éischt Quarantän-Erfarung an der Antarktis ofgelaf ass.
Kënschtlech Intelligenz, kuerz K.I., bréngt Leeschtungen, déi fir eis Mënsche schwéier nozevollzéie sinn. Dausende vun Date kënnen a ganz kuerzer Zäit generéiert a verschafft ginn. D'Gesellschaft profitéiert vun de bedeitende Fortschrëtter an der Wëssenschaft an der Technologie. Mee kann de Mënsch nach ëmmer als Auteur vun der iwwermëttelten Informatiounen ugesi ginn? Si mir nëmme Konsumente gi vu Produkter vun der Dateveraarbechtung? Wéi eng Léisungen huet dat technologescht 21. Joerhonnert fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën? Potentiell Risikofacteuren, déi mat den neien Technologien associéiert sinn, wéi autonom Autoen oder Smart Haiser, stinn och zur Diskussioun. E Gespréich vum 25. Februar an der Nationalbibliothéik, mam Prof. Dr. Christoph Schommer, Fuerscher an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz, Uni Lëtzebuerg, Machine Learning, Erkenntnesgewënn an Data Science. Moderatioun: Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement. Am Kader vum Konferenzzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information. Enregistrement: Technik-BNL / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link d'Suite vun dem Gespréich lauschteren, Froen/Äntweren Prof. Christoph Schommer, Uni Lëtzebuerg - Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement © BNL
Et gi Fuerscher, fir déi d’Biodiversitéitskris, dat heescht dat weltwäit Aartestierwen, däitlech méi geféierlech fir de Mënsch ass, wéi de vill diskutéierte Klimawandel. Domadder ass awer laang net jiddwereen averstanen. Och zu Lëtzebuerg net. Doriwwer eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.
Ass d'Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef, am dicht besidelen Europa, méiglech? Den Dr. Laurent Schley schwätzt a sengem Virtrag, am Trifolion, iwwer déi phänomenal Verbreedung vum Wollef an Europa an de leschten 30 Joer a beliicht déi ganz interessant Biologie an Ökologie vun dëser bekannter Déierenaart. De Retour vum Wollef an den Ardennen an domat och zu Lëtzebuerg gëtt am Detail diskutéiert. Souwuel d'Konflikter mat eis Mënsche ginn diskutéiert, wéi och positiv Aspekter vun dëser Spezies fir eis Natur. D'Gesamtanalyse soll d'Fro beäntweren, ob Zesummeliewen tëscht Mënschen a Wëllef am dicht besidelen Europa méiglech ass, wa jo, ënner wéi enge Konditiounen. Aner Intervenanten sinn: Günther Czerkus, Spriecher a President vun dem "Bundesverbandes Berufsschäfer e.V., Vereinsregister Wittlich" a Winfried von Loë, Lëtzebuerger Privatbësch. Den Dr. Laurent Schley ass Biolog an Sous-Direkter vun der Lëtzebuerger Naturverwaltung. Hien ass och Fuerscher am Nationalmusée fir Naturgeschicht a Sekretär vun der European Mammal Foundation. 2017 huet hien zesumme mat 17 aneren Auteuren den Handlungs- a Managementsplang fir mam Wollef zu Lëtzebuerg publizéiert. Am selwechte Joer gouf hien als Member vun der "Large Carnivore Initiative for Europe" ernannt, eng Expertegrupp am Kader vun der "Species Survival Commission (SSC) vun der International Union for Conservation of Nature (IUCN)", der Aarteschutzkommissioun vun der Weltnaturschutzunioun. Enregistrement vum 25. Januar 2021: Technik-Trifolion. Resumé-Montage: Carlo Link. Moderatioun: Nathalie Reuter, Journalistin. Integral Konferenz: Koexistenz Mënsch-Wollef 1. DEEL Integral Diskussioun: Koexistenz Mënsch-Wollef 2. DEEL Dr. Laurent Schley, Nathalie Reuter (Moderatioun), Günther Czerkus, Winfried von Loë, © Trifolion Resumé:
E Bau-Biolog, e Fuerscher an den Direkter vun der Santé waren eis Invitéeën e Samschdeg an der Emissioun Background am Gespréich.
Den 8. Juli 1826 gëtt de Friedrich Chrysander gebuer, e passionéierten Händel-Fuerscher. 1856 grënnt hien d'Deutsche Händel-Gesellschaft, hie publizéiert dem Komponist seng Wierker an hie schreift grouss Händel-Biographie. Um 194. Gebuertsdag vum Musekswëssenschaftler proposéiert de Luc Boentges en Extrait aus dem Italie-Kapitel vun dëser Biographie.
Wann an enger Stad an d'Déift gebaut gëtt, iwwerpréiwen Archeologe fir d'éischt emol, op Bagger a Co näischt vun historeschem Wäert zerstéieren. Just op där Plaz, wou an der griichescher Stad Thessaloniki de Metro geplangt war, hu Fuerscher eng sensationell Decouverte gemaach: eng Stad ënner der Stad, an zwar aus der byzantinescher Zäit, do wou Thessaloniki déi wichtegst Stad am Räich no Konstantinopel war. Et ass no Léisunge gesicht ginn, wéi Metro a Kulturmonument kombinéiert kéinte ginn. Eis Griichenland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis iwwer d'Evolutioun vum Dossier.
D'Evolutioun vun eisem Rapport zur Natur, eis Representatioun vun der Natur haut: dat si Froen, déi net just Fuerscher oder Ëmweltaktiviste beschäftegen, mee och Kënschtler. Zum Beispill d'Fotografin a Sculptrice Justine Blau, Joergang 1977. An der Diddelenger Galerie Nei Liicht presentéiert si Iwwerleeungen zum ThEema, éischt plastesch Conclusiounen, no véier Joer Recherche. D'Kerstin Thalau huet mat der Kënschtlerin iwwer genetesch Reproduktioun an Zauberei geschwat.
D’Fuerschung zu Lëtzebuerg huet sech zesumme gedoen a beréit an ënnerstëtzt an der Coronakris de Gesondheetssekteur an d’Regierung.Den Dr. Ulf Nehrbass, den Direkter vum „Luxembourg Institute of Health“ ass de Moien an deem Kontext eisen Invité.Wéi hëllefen d’Fuerscher konkret? Wéi gesi Simulatiounen iwwert e méigleche Verlaf aus? A wéi kéint eng Exit-Strategie ausgesinn?

A senger Carte blanche schwätzt den Ex-Deputéierten Jean Huss haut net iwwer de Coronavirus, mee iwwer eng aner global Gefor fir eis Gesondheet an eis Ëmwelt, virun där franséisch Fuerscher ganz rezent gewarnt hunn.

Dat war déi leedend Fro vum éischte Forum Z vum Joer 2019, organiséiert vum C²DH, der digitaler-historescher Unitéit vun der Uni Lëtzebuerg - a Partnerschaft mam radio 100,7 an dem House of Startups. An enger ongezwongener Atmosphär haten am House of Startups een Nomëtteg laang ë. a. Curateuren, Enseignanten a Fuerscher hir Projete wéi op enger Foire dem Publikum virgestallt. D'Visiteure konnte sech u sechs verschiddenen Aarbechtsdëscher iwwer d'virtuell Realitéiten informéieren, wou déi neiste methodesch Trenten an Themeberäicher wéi Bildung, Fuerschung a Kultur presentéiert goufen. An der Emissioun konzentréiere mir eis haaptsächlech op déi veschidden interaktiv Workshoppen, loossen dobäi hir Acteuren zu Wuert kommen a bedéngen eis dotëschent och emol digitalen Hëllefen, wéi engem Sproocheprogramm, deen eis eenzel Wierder oder Texter verliest. Opgeholl a verschafft fir de radio 100,7 vum Carlo Link. Linken zu de verschiddenen Themeberäicher vun dësem Forum Z: - ADEM - Skill's Bridge: https://www.skillsbridge.lu/fr/ - Musée National d'Histoire et d'Art (Mnha), Visite 3D: https://www.mnha.lu/fr/Visites-en-3D - Musée Dräi Eechelen mat senge Kasematten, Visite 3D: http://www.m3e.public.lu/fr/visites-activites/Visites-3D/index.html - Lëtzebuerg City Museum "Pierre-Ernest de Mansfeld comes alive": https://citymuseum.lu/news/pierre-ernest-de-mansfeld-comes-alive/ - Apple IIe - "Maps and Globes": https://www.c2dh.uni.lu/fr/thinkering/experimental-media-archaeology-featuring-apple-iie - Digital Luxembourg: https://gouvernement.lu/fr/dossiers/2014/digital-letzebuerg.html - Forum Z "Who's afraid of the digital?" https://www.c2dh.uni.lu/forum-z/hands-exploration-through-luxembourgs-virtual-and-real-landscapes-digital-developments Forum Z vum 31.1.2019 am House of Startups - © Université du Luxembourg / Carlo Link
Et ass e reegelrechte Schatz op deem mir liewen Op der Musel baggere se ee vun de leschte Buedemschätz vum Land of. Mir weise firwat dee sou wichteg fir eis ass a wéi se de Muselsand vum Kisel trennen. Fuerscher wëllen de Buedem fruchtbar maachen. Ouni kënschtlechen Dünger. Si verwandelen duerfir d'Reschter vun Drauwen a Kompost. An de Mister Science wullt sech an eent vun de leschte Mouere vu Lëtzebuerg. Op der Sich nom wäertvollen Torfbuedem.

Invité war den Hydrolog a Fuerscher um LIST Laurent Pfister fir iwwer Klimawiessel a seng Aarbecht ze schwätzen
Invité war den Hydrolog a Fuerscher um LIST Laurent Pfister fir iwwer Klimawiessel a seng Aarbecht ze schwätzen
Roboter um Feld, Soja-Comeback an zu Lëtzebuerg an e Rise-Gras aus Asien. De Bauer fiert mat sengem Trakter iwwer d'Feld. Peekt d'Steierrad awer net un. Den Trakter fiert vum selwen. Bal op den Zantimeter genee seng Reien of. Am Pisa iwwer Zukunft vun der Landwirtschaft. Fuerscher wëllen de Soja op Lëtzebuerg bréngen, ouni Dünger. Si mussen d'Wuerzelen duerfir mat enger Bakterie impfen. De Mister Science zielt Reewierm a Kéi. E wëll erausfannen op am Buedem méi Fleeschmass lieft wéi op der Wiss. A mir gesi firwat Rise-Gras aus Asien der lëtzebuerger Landwirtschaft kéint gutt doen.

Jidderee huet eng, mee kee schwätzt immens gär driwwer: d'Verdauung. Am Pisa weise mir wat an eisem Kierper geschitt, tëscht Entrée a Sortie. Erklären firwat ee vu Bounen méi pupe muss a wéi een am beschten vun enger Sténk-Wollek fortlafe kann. Mir kucken och wou an enger Schoul déi meeschte Bakterien laueren an op een den Toilettendeckel wierklech ofdecke muss, wann ee sech näischt afänke wëll. Fuerscher experimentéieren mat engem kënschtlechen Daarm fir erauszefannen wéi Krankheeten an eisem Daarm kënnen entstoen. An de Mister Science wëll d'Exkrementer zu Gold maachen.

Wéi visionär Fuerscher zanter Jorhonnerten eis Welt veränneren. Ni méi an d'Bluttanalyse! Eng US amerikanesch Fuerscherin huet eng Method entwéckelt duerch déi een fir iwwer 70 Blutt-Tester nach just puer Drëpse Blutt brauch. Am Pisa erkläert si eis wéi se domat wëll de Gesondheetssystem op der Welt revolutionéieren. Ni méi Rëss am Beton! En hollännesche Fuerscher huet e Bio-Beton entwéckelt an deem Rëss vum selwen zou ginn. Mat der Hëllef vun Bakterien aus der Natur. Ni méi eppes op der Hand skulptéieren? De Mister Science erkläert wéi en 3D Printer funktionéiert a léist sech och direkt eng Manga-Figur vu sech selwer maachen.