POPULARITY
De 7. Mee owes um hallwer 8 kann een am Kammermusekssall vun der Philharmonie op eng musekalesch Zäitrees goen. An zwar an d'Paräis vum 17. Joerhonnert, fir méi genee ze sinn an de Palais du Louvre. Ënner dem Titel "Le Coup de Majesté” presentéiert den Ensembel Le Poème Harmonique ënner der Leedung vum Theorbist Vincent Dumestre a mat der Mezzosopranistin Eva Zaïcik eng Villfalt u Kläng aus dëser Epoch. De Programm ëmfaasst Balleten a Kammermusek bis zu Drénklidder, Vollekslidder an Extraiten aus italieeneschen Operen. D'Marie Trussart huet sech mam Vincent Dumestre, deen den Ensembel Le Poème Harmonique och matgegrënnt huet, iwwer seng Passioun fir d'Kultur vum 17. Joerhonnert ënnerhalen an doriwwer, wat fir eng Zäitrees de Public den Owend erwaart.
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, déi de Jonken d'Wuert gëtt. A well et ëm grouss an universell Theeme geet, kënne sech och déi manner Jonk domat auserneesetzen. D'Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, de Curateur, geschwat.
Wat heescht et haut jonk ze sinn? Dat probéiert eng Ausstellung am Mierscher Theater erauszefannen, déi de Jonken d'Wuert gëtt. A well et ëm grouss an universell Theeme geet, kënne sech och déi manner Jonk domat auserneesetzen. D'Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mam Luc Spada, de Curateur, geschwat.
De Samschdeg, de 26. Abrëll, erkléngen am Escher Conservatoire déi bekannte Melodien aus dem Bernstein senger "Westside Story" an aus dem "Candide". Vum Gershwin ënner anerem "An American in Paris". Et ass Musek, an déi een déif muss andauche fir se ze verstoen, well se dacks op Rhythme baséiert, déi net aus eisen europäesche Kulture kommen. Et ass och genee dës kulturell Diversitéit, déi déi amerikanesch Musek aus dem 20.Joerhonnert esou interessant mécht, fënnt d'Pianistin Lina Druart. De Melting Pot New York ass och dat éischt un dat si muss denken, wa si un amerikanesch Musek denkt, wéi d'Lina Druat am Gespréich mam Christophe Mirkes verréit.
"C'est vraiment une volonté aussi de montrer que la musique contemporaine n'est pas que avantgardiste" - dat seet de Pierre Fontenelle iwwer d'Musek, déi hien den 13. Abrëll um 16:00 a sengem Solo-Recital zu Bieckerech an der Kierch spillt. Et ass e variéierte Programm, bei deem dee jonken Cellist Pierre Fontenelle dem Publikum d'Méiglechkeete vu sengem Instrument an deene verschiddenste Stiler presentéiert. Virun allem gëtt et och zäitgenëssesch weiblech Komponistinnen ze entdecken, mat deenen hien net nëmmen a Kontakt steet, mee heiansdo och op der Bün. Am 100,7-Interview mam Christophe Mirkes verréit de Pierre Fontenelle ënner anerem wéi hien dës Komponistinnen entdeckt a kennegeléiert huet.
"Voyage à travers les siècles, les trésors des trios avec piano" ass ee Concert den 2. Abrëll 2025 am Ettelbrécker CAPE. Musikalesch geet et hei an d'Zäit tëschent Barock an dem 20. Joerhonnert. Vun Haydn a Mendelssohn, iwwer Schostakowitsch a Piazzolla. An alles vun Enseignanten aus dem Conservatoire gespillt. D'Schüler:inne sollen duerch esou Concerten dann och d'Méiglechkeet kréien hir Proffen op der Bün ze erliewen an esou déi Stécker an engem professionelle Kader ze héieren, déi si selwer vläicht grad och üben. Mee gëtt dës Méiglechkeet vun deene Jonke vill genotzt a firwat stinn dëst Joer grad d'Tasten am Vierdergrond?
Bis Enn August kënnt Dir am Mudam sengem gliesene Leir Pavillon d'Expo "Monsieur Steichen" gesinn. Déi amerikanesch Kënschtlerin Lisa Oppenheim, Joergang 1975, war domat beoptraagt ginn, op dem Edward Steichen säi facettëräicht Wierk ze reagéieren. Déi Erausfuerderung huet d'New Yorkerin gären ugeholl: d'Lisa Oppenheim ass fir hir experimentell Film- a Fotoaarbechte bekannt, fir déi si heefeg selwer net zu enger Kamera gräift, mee, no akribesche Recherchen, Bildmaterial aus Archiven an anere Sammlungen op hir Manéier verschafft. D'Kerstin Thalau ass vun der Lisa Oppenheim ënner anerem gewuer ginn, firwat den Edward Steichen fir si ee vun de mysteriéiste Personnagë vum 20. Joerhonnert war.
Ouni Doudesfäll geet et dann awer net: Nom Erfolleg vun den zwou Saisone vu "Capitani" ass et net méi um Luc "Capitani" Schiltz, mee um Albert Henrotin (Jules Werner) un um Léon Clemens (Timo Wagner), Fäll ze léisen. Anescht wéi bei "Capitani" interesséieren sech déi zwou fiktional Figuren awer fir Fäll, déi wierklech passéiert sinn - an eis an d'Lëtzebuerg vum fréien 20. Joerhonnert zeréckféieren. De Jeff Schinker huet de Realisateur a Showrunner Loïc Tanson esou wéi d'Schauspiller Marie Jung a Philippe Thelen bei sech an de Studio agelueden, fir sech iwwer d'Serie ze ënnerhalen.
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi an d'Pianistin Sheila Arnold widme sech an engem Projet der Musek vun der Melanie Bonis. Eng Kënschtlerin, déi trotz verstoppter Identitéit immens vill Musek hannerlooss huet. Hanner dem Pseudonym Mel Bonis verstoppt sech d'Melanie Bonis, eng franséisch Komponistin aus dem 19. Joerhonnert, vun där bis elo iwwer 300 Wierker publizéiert sinn. Gelieft huet si zu enger Zäit, zu där si sech géint eng Männer-dominéiert Musekswelt huet missen duerchkämpfen a sech dofir entscheet huet, déi eegen Identitéit ze verstoppen. Dëser Kënschtlerin hu sech déi lëtzebuergesch Geiistin Sandrine Cantoreggi an déi däitsch Pianistin Sheila Arnold ugeholl. Si fannen, et ass derwäert der Mélanie Bonis hir Musek ënner d'Leit ze bréngen a méi bekannt ze maachen. Dofir hu si Enn 2023 net nëmmen een Album erausbruecht, mee schaffen och un engem Concertsprogramm am Ettelbrécker CAPE, deen de Fokus op d'Kënschtlerin leet. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzen d'Musekerinnen iwwer hir déifgrënneg Recherche an hir Faszinatioun fir dëse Personnage.
No "La dérive des continents" huet de Realisateur Lionel Baier dem Christophe Boltanski säi Roman "La cache" relativ fräi adaptéiert an d'Familljesaga, déi ee Joerhonnert ëmfaasst, op eng Period - déi vu Mee 68 - kondenséiert. D'Paräisser Appartement vun de Boltanskien gouf zu Lëtzebuerg am Filmland nogebaut. De Jeff Schinker huet sech zu Berlin mam Lionel Baier iwwer dee vu Red Lion koproduzéierte Film ënnerhalen.
Mat der Ënnerstëtzung vum portugisesche Kulturzenter Camões an der portugisescher Ambassade zu Lëtzebuerg, schaffen Lisboa Cantat an den Dirigent Jorge Carvalho Alves schonn eng Rei Jore mat hire Chéier un Albume mat portugisescher klassescher Musek. De Coro Sinfonico an de Coro de Camara vu Lisboa Cantat hunn an enger Serie bis ewell véier Albume mat portugisescher Musek aus dem 20. an 21 Joerhonnert erausbruecht. Mam fënnefte Volume gi si elo siwe weidere Komponisten op d'Spueren. Am Gespréich mam Lex Kauffmann verzielen d'Adilia Martins de Carvalho vum portugisesche Kulturzenter Camões an de Leeder vum Projet Jorge Carvalho Alves, wéi dës Produktioun zustane koum.
D'Villa Vauban huet, als Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg, hir eege Sammlung: déi 300 Peinturë stamen haaptsächlech vun hollänneschen, belschen a franséische Moler aus dem 17. bis 19. Joerhonnert. Natierlech gëtt d'Collectioun reegelméisseg duerch Acquisitiounen an Donen erweidert: viru 5 Joer koumen iwwer 1.300 Gravuren aus dem 15. bis 20. Joerhonnert bäi. Déi gëllt et dem Public accessibel ze maachen. Momentan doduerch, datt eng Selektioun dovunner am Dialog mat Aarbechte vun der Julie Wagener ausgestallt ginn. Dowéinst huet d'Kerstin Thalau déi fräischaffend Kënschtlerin an Illustratrice an de Studio invitéiert.
Mat sengem éischte Solo-Album "Roots" geet den Cellist Pierre Fontenelle op d'Spuere vun der musikalescher Identitéit. Net nëmme vun der eegener, mee och där aus dem 21. Joerhonnert an den USA. Den Album ass souzesoen en Hommage un déi amerikanesch a musikalesch Gesellschaft an hir Villfältegkeet. De Release verbënnt souwuel klassesch Musek, wéi och en europäeschen Touch an Aflëss aus dem Blues, Jazz a Rock. Am Gespréich mam Lex Kauffmann gitt Dir iwwerdeems gewuer, wéi de Pierre Fontenelle als Autodidakt mam Cello ugefaangen huet, an a wéi enger Stilrichtung de Museker sech selwer am meeschte "verwuerzelt" fillt.
Bal iwwer dat ganzt lescht Joerhonnert gouf um Belval an der Gebléishal ënner anerem de Wand fir d'Héichiewe produzéiert. Elo, 27 Joer nodeems de Betrib agestallt gouf, läit d'Hal nach ëmmer brooch an hir Zukunft bleift ongewëss. De Centre National de la Culture Industrielle (CNCI) huet ee Plang ausgeschafft, wéi den Industrieris an Zukunft dem Quartier dénge kéint. De Joé Birchen wollt vum Robert Garcia, Sekretär vum CNCI, méi iwwer de Projet wëssen.
Digital History: Ween elo mengt, an dëser Episode geet et ëm Memes an Internettrends, dee läit falsch! Eisen Invitée, de Sean Takats, bréngt d'Geschichtsfuerschung an dat neit Joerhonnert, an dat mat eegene Start-Ups a coole Projete. Donieft schwätzt hie mam Max iwwert seng ambivalent Bezéiung zum Tom Brady, den Ënnerscheed tëscht Realitéit a verschéinerte Liewensleef an d'Fro mat wéi engem Emoji hien am beschten säin eegene Beruff beschreift? Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen? https://www.fnr.lu
D'Mezzo Sopranistin Naama Liany spillt dëse Freideg zesumme mat Sträichquartett ee "concert de midi" an der église protestante an der Stad. Um Programm sti Wierker aus dem 20. Joerhonnert. Eng Epoch, déi der Musekerin immens gutt läit a wou si sech och spezialiséiert huet. Am Gespréich schwätzt d'Musekerin iwwert hir Passioun fir dës Musek. Si erzielt och vun hirem Kandheetsdram, Musekerin ze ginn a verréit hire perséinlechen Tipp, wéi een sech dat traut ze maachen, wat engem um Häerz läit. De kompletten Interview mat der Sängerin fannt dir hei fir nozelauschteren.
A sengem neie Roman “La Contrée obscure” (Ed. Gallmeister) erzielt den Amerikaner David Vann déi bluddeg Eruewerung vu Florida am 16. Joerhonnert duerch d'Spuenier. Zwee Personnagë sti sech géigeniwwer: de Conquistador Hernando De Soto, dee fir seng illusoresch Sich no Gold iwwer Läiche geet; an dann de Juan Ortiz, e Spuenier, deen eng Sympathie fir déi indigen Populatiounen entwéckelt huet, obwuel hie jorelaang vun Indianer gefaange gehale gouf. Fir den David Vann war dee Roman d'Geleeënheet, sengen eegene Cherokee-Originnen op de Fong ze goen. De Michel Delage huet um Festival "Etonnants voyageurs" zu Saint-Malo mam David Vann geschwat.
Den Edward Steichen zielt zu de bedeitendste Fotografen aus dem leschte Joerhonnert. Hien war e Pionéier an der Fashion-Fotografie a mat sengem Wierk huet hie verursaacht, datt d'Fotografie als eng Konschtform ugesi gëtt. Op der ieweschter Etage vum Nationalmusée um Fëschmaart sinn den Ament e puer Dosen Aarbechte vun him ausgestallt. Verschiddener esouguer fir déi alleréischte Kéier. De Joé Birchen war bis op d'Plaz, an huet eis e puer Andréck matbruecht.
Dëse Weekend waren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker sech just ee Stéck ukucken - mee eent, dat mat gutt fënnef Stonnen an dräi Deeler bal méi intensiv war, wéi eng ganz Saison Lëtzebuerger Produktiounen. Mat "Extinction" bréngt de Julien Gosselin den Arthur Schnitzler, den Hugo von Hoffmansthal an den Thomas Bernhard, eng Rave Party, eng biergerlech Demeure an eng Konferenz op d'Bün vum Groussen Theater. Fir deen een ass et Miles Davis an David Foster Wallace an engem Owend, fir deen aneren eng perfekt Illustratioun an dräi Uleef vun engem Joerhonnert, an deem d'Mënschheet sech der Barbarei verkaf huet. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker mat hiren Andréck.
Mat enger héichkaräteger Besetzung erzielt déi nei Apple TV-Serie „The New Look“ vun der Rivalitéit tëscht Dior a Chanel an der Zäit vum Zweete Weltkrich. An zéng Episode vu 45 Minutte geet et dorëm, wéi déi grouss Nimm vun der franséischer Haute Couture probéieren hir Konscht – an hiert Geschäft – duerch d'Zäit vun der franséischer Occupatioun ze retten. Dobäi gouf souguer de Soundtrack quasi op d'Mooss gemaach: De Jack Antonoff, bekannt duerch säi Projet Bleachers, virun allem awer als Produzent vun der Taylor Swift, huet eng ganz Rei renomméiert Kënschtlerinnen a Kënschtler ausgesicht, déi Klassiker aus déi éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert nei interpretéieren.
An der Villa Vauban fënnt ee virun allem Biller aus dem 17. bis zum 19. Joerhonnert. Zum Beispill vu franséische Landschaftsmoler. Dat ass vläicht net déi éischt Adress, un déi een denkt, wann een u queer Konscht denkt. An dach gëtt et hei zanter Kuerzem Visitten, déi sech mam Thema Queerness ausernee setzen. Am Podcast erkläert d'Isabel Spigarelli dem Joël Adami, wéi dat funktionéiert, wéi verschidde Muséeën zu Lëtzebuerg sech méi opmaachen a probéieren, gesellschaftlech Entwécklungen net ofzewieren, mä ze begleeden.
Am Kader vu sengem Concertszyklus Lucilin in the City invitéiert den Ensembel United Instruments of Lucilin op een aussergewéinleche Concert, ganz intim an hirem Proufsall an der Rue de la fonderie an der Stad. Nächsten Donneschdeg, den 8. Februar, spille si ënner dem Motto “Sounds In Space”. Gespillt gi Wierker aus dem 20. Joerhonnert, ënner anerem mat Musek vu Christian Lauba, Stefan Prins a vun der lëtzebuergesch-bulgarescher Komponistin Albena Petrovic-Vratchanska. Den Olivier Sliepen, Saxofonist a Curateur vum Concert, huet mam Marie Trussart doriwwer geschwat, wat de Public deen Owend erwaart. Hien huet him ënner anerem och verroden, firwat den Tountechniker Cedric Fischer genee wéi de Perkussionist Guy Frisch beim Stéck "Inhibition Space" eng grouss Roll spillen. Tickete kann een iwweregens online reservéieren, de Concert ass gratis.
Ufank vum 20. Joerhonnert ginn an Norddäitschland oft Läiche vu Jonge fonnt. Se wierken all ëmmer wéi wann se géife schlofen, gekleet an der deemools beléifter Matrousen-Uniform. Mee firwat sinn d'Jongen dout? Dodrun ass den Onkel Tick-Tack schold. An deser Episod schwätzen mir iwwert den Fall Adolf Seefeld.
Wisou gëtt et nach keng Lëtzebuerger Literaturgeschicht? Wat sinn d‘Defie fir eng kleng a villsproocheg Literatur ze beschreiwen? Wéi kéint eng Literaturgeschicht am 21. Joerhonnert ausgesinn? Dës an aner Froen waren Theema am Nationale Literaturarchiv zu Miersch. D'Valerija Berdi mat Detailer
D'Villa Vauban ass voller Déieren, op d'mannst mol sécher ee Raum dovun. Hei hänken nämlech eng Rei Gravurë vun enger hallwer Dose Kënschtler aus dem 17. an 18. Joerhonnert. Et si ganz exakt Illustratioune vun Déieren déi aus enger Zäit stamen, an där et nach keng Fotografie gouf. De Joé Birchen mat engem Androck vun der Ausstellung
D'Pascale Engel de Abreu, Entwécklungspsychologin a Fuerscherin op der Universitéit Lëtzebuerg, hannerfreet d'Roll vun der Schoul am 21ten Joerhonnert.
Aus engem Rapport vun der "Organisation International du Travail" geet ervir, datt ablécklech eng 50 Millioune Mënsche weltwäit ënnert Sklaverei leiden. Do däerfe mir net ewechkucken a mir mussen alles drusetzen, fir datt d'Sklaverei ee vir allemol verschwënnt. Besonnesch d'Lëtzebuerger Finanzplaz, déi sech zu Recht als Finanzplaz vun der nohalteger Finanz duerstellt, kann hei ee grousse Beitrag leeschten.
Ënnert dem Titel "Wëllkomm an der Villa" ass de leschte Weekend an der Villa Vauban, am Stater Park, eng nei Expo opgaangen. An deem Kontext huet de Guy Thewes, den Direkter vun den zwee Muséeë vun der Stad Lëtzebuerg, e positive Bilan gezunn. An der Moyenne leien hir Visiteurszuele bei 25'000, d'Coronazäiten haten déi awer ferm no ënne gedréckt, mee 2022 sinn 31'000 Entréeë gezielt ginn! Dowéinst um Enn vum Joer e Merci un de Public? D'Expo "Wëllkomm an der Villa" presentéiert knapps 70 Wierker, gréisstendeels Molereien, ma och Skulpturen a Fotoen, vum 17. Joerhonnert bis haut, dorënner 36 nei Acquisitiounen an Donatiounen aus de leschte Joeren. D'Kerstin Thalau war d'Ausstellung mat der Konscht-Restauratrice Gisèle Reuter kucken.
E Buch iwwer Persounen, déi wierklech gelieft hunn, muss net onbedéngt eng reng Biographie sinn. De Schwäizer Auteur Alex Capus huet sech als Virlag fir säin neie Roman eng Fra gesicht, déi mam Kënschtlernumm Caroline Weldon an den USA als Molerin vum berüümten Häuptling « Sitting Bull » bekannt war. Als jonkt Meedchen war se mat hirer Mamm Mëtt vum 19te Joerhonnert aus der Schwäiz an d'USA op New York ausgewandert. D'Christiane Kremer huet d'Buch gelies.
Et sinn Auteuren, déi schwätze souguer vun der neier Sucht vum 21. Joerhonnert, sou d'Nathalie Keipes am RTL-Interview.
Stroossen- a Plazennimm hunn eng laang Traditioun. Hir Geschicht geet zeréck bis an d'11., 12. Joerhonnert. Ufanks huet heefeg eng dominant Funktioun, en Handwierk oder e Metier, respektiv e besonnescht Monument, eng Particularitéit en Numm determinéiert. Persounennimm sinn eréischt vum 18. Joerhonnert un a Moud komm. An dann och meeschtens déi vu Mënsche mat Merite, keng Rebellen a scho guer keng Rockstaren. De Bréisseler ARD-Korrespondent Jakob Mayr huet deemno net schlecht gestaunt, wéi en zu Namur eppes aneres matkritt huet.
Déi éisträichesch Autorin Eva Menasse gouf 1970 zu Wien gebuer. No hirem Germanistik- a Geschichtsstudium schafft si als Redakteurin bei diversen Noriichtemagaziner.Scho ganz fréi huet si sech politesch engagéiert. Bei hirem Roman DUNKELBLUM- deen op reelle Fakte baséiert- setzt si d'Lous vun de Judden am 20te Joerhonnert an de Fokus. D'Manon Becker huet "Dunkelblum" gelies.
Dës Kéier geet et ëm den Hellegen Blasius. Säin Dag ass, an der kathoulescher Kierch, den 3. Februar, bei den Orthodoxen eréischt den 11. Februar. Wat huet et mam Märtyrer aus dem 3. Joerhonnert op sech a firwat zielt hien zu de 14 Hëllefen an Nout? D'Explikatioune huet den Alain Atten.
Des Woch gouf den 1. Deel vun eiser neier Konstitutioun an der Chamber gestëmmt. Sie soll domadder un d'Realitéit vum 21. Joerhonnert ugepasst ginn. Op dat gelongen ass, dierf allerdéngs bezweifelt ginn...
E Mëttwoch de Moie war den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt eisen Invité vun der Redaktioun.
Ee vun de bekanntste Lëtzebuerger bis haut, de Jean-Pierre Pescatore, hat a villerlee Hisiicht en aussergewéinlecht Liewen. Als Geschäftsmann, Banquier, Sammler a Mäzen ass hien zwar en typesche Vertrieder vun der héijer Bourgeoisie, wéinst sengem nonkonformistesche Privatliewe geréit hien awer a Konflikt mat de sozialen a moraleschen Norme vu senger Zäit. Ob a wéi dem Jean-Pierre Pescatore säi Beruffs-, Privat- a Familljeliewen de Krittäre vun de gesellschaftlechen Elitten am 19. Joerhonnert entsprécht oder dogéint verstéisst, soll an dëser Konferenz thematiséiert ginn. De Jean-Pierre Pescatore (1793-1855) - en (on)typesche Representant vun der Bourgeoisie. Eng Konferenz vun der Historikerin a Germanistin, Josiane Weber de 15. November am Cercle Cité, am Kader vun enger neier Offer ronderëm déi permanent Ausstellung an der Villa Vauban. Enregistrement a Montage: Carlo Link Josiane Weber © CL Fotoen, déi am Virtrag gewise goufen. Lauschtert dat leschte Kapitel: Jean-Pierre Pescatore - Josiane Weber
D'20.Joerhonnert war definitiv keng einfach Zäit fir de Vietnam. 1945 huet eng Hongersnout d'Land regéiert an ee Joer méi spéit ass de Krich tëschent Frankräich an de Viet Minh lassgaangen. Wéi wann dat net schonn duergeet huet d'Land sech 1954 och nach an zwee gespléckt – do war dunn e kommunisteschen Staat am Norden an eng kapitalistesch Republik am Süden. E knappt Joer duerno ass dunn och nach de bekannte Vietnamkrich ausgebrach. Eng Geschicht gefëllt mat Gewalt an Aarmut déi net nëmme Milliounen Doudeger gefuerdert huet, mä och onmoosseg vill Familljen zerbrach huet. Am Roman „Der Gesang der Berge“ léiere mir eng esou eng Famill kennen. D'Valeria Wiwinius huet d'Buch gelies.
"Mäi Spillen ass Léieren, mäi Léieren ass Spillen", esou den hollänneschen Dichter Hieronymus van Alphen schonn am 18. Joerhonnert. Schéi fir hien, mee muss dofir direkt déi ganz Welt "spilleresch" ginn? Jo, onbedéngt, mengen d'Kënschtlerin Aurélie D'Incau an d'Performerin a Bünebildnerin Clio Van Aerde. D'Spill géif eis net just e Gefill vu Fräiheet ginn, well et wäit ewech vun de stressege Kategorië richteg a falsch agéiert, mee et wier och fundamental fir d'Originalitéit an der Konscht. D'Kerstin Thalau wollt wëssen, wéi originell déi zwéin tatsächlech sinn a war an de Walfer Kulturespace CAW.
Den Historiker, Prof. Dr. Gerhard Paul beliicht Beispiller, d'Originn, d'Verbreedung an d'Liewe vun Ikonen an der Pressefotografie aus dem 20. an Ufank 21. Joerhonnert. De Conferencier geet der Fro no, wéi Fotoen Ikone ginn, wat hir speziell Eegenschafte sinn, wéi se am individuellen a kollektive Bildgediechtnes gespäichert sinn a wéi eng Funktiounen se fir hir Empfänger hunn. "Ikonen der Pressefotografie", eng Konferenz am Kader vun der World Press Photo, enregistréiert de 25. Oktober an der Abtei Neimënster. Mastering a Montage: Carlo Link Organisatioun: neimënster, Conseil de Presse Luxembourg, Fondatioun Zentrum fir politesch Bildung, Commission nationale du Luxembourg pour la coopération avec l'UNESCO, Musée National de la Résistance
De Michel Delage huet e Bléck an déi nei Nummer vun der "Hémecht" gehäit. Behandelt gëtt ë. a. déi al Funktioun vum Ierfmarschall, déi "vergiesse Pandemie" vum Wanter 1813-14 an d'Redynamiséiere vum Clausener Schlassareal ufanks vum 19. Joerhonnert.
Spéitstens ëm den 31. Oktober gesäit een erëm vill Kalbassen, ausgehielegt, virun den Hausdiere stoen. Sou eng Traditioun gouf et och bis Ufank vum 20. Joerhonnert zu Lëtzebuerg, allerdéngs mat Rommelen. Den Alain Atten iwwer d'Trauliichter
Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erzielt net nëmmen iwwer dem Komponist säin ustrengend Liewen, Doud an Aarbecht, awer och mat beandrockende Biller vu Krich a Liichtegkeet zu Wien géint der Enn vum 19. Joerhonnert. De Roman gouf mam éischte Präis am Lëtzebuerger Literaturconcours ausgezeechent, de Concours littéraire national 2004/05. Eegenen Aussoen no huet de Guy Wagner vun 1996 bis 2003 recherchéiert, éier hien de Roman "Winterreise" tëschent August 2003 a Juni 2004 geschriwwen huet, deen an den Éditions PHI publizéiert gouf. Fir de fënneften Doudesdag vum Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner, an als Hommage un hien, haten d'Weebegleederinne Fabienne Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner de 7. Mee eng inzenéiert Liesung am Trifolion zu Iechternach opgeféiert, aus sengem präisgekréinte Roman "Winterreise", wou d'Liewe vum Komponist Franz Schubert (1797-1828), skizzéiert gëtt. Konzeptioun: Charles Muller, Textkompositioun: Alain Steffen Begleet gouf d'Liesung mat Wierker vum éisträichesche Komponist aus dem Zyklus "Winterreise" vun der Sabine Weyer um Piano an den Dimitri Maslennikov um Cello. Musikalesche Programm: Franz Schubert - Aus "Die schöne Müllerin D 795": Das Wandern ist des Müller's Lust Franz Schubert - Freude der Kinderjahre D 455 Franz Schubert - Aus "Winterreise" D 911: Der Lindenbaum Im Dorfe Erstarrung Letzte hoffnung Einsamkeit Der Leiermann Enregistrement: Technik Trifolion | Montage: Carlo Link Ganz Liesung lauschteren V.l.n.r.: Leila Lallali, Charles Muller, Fabienne Hollwege, Germain Wagner, Christiane Rausch, Andreas Wagner. © Pierre Weber Sabine Weyer, Piano / Dimitri Maslennikov, Cello. © Pierre Weber Präisgekréinte Roman "Winterreise" vum Guy Wagner (Concours littéraire national 2004/05) © Montage Carlo Link
Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erzielt net nëmmen iwwer dem Komponist säin ustrengend Liewen, Doud an Aarbecht, awer och mat beandrockende Biller vu Krich a Liichtegkeet zu Wien géint der Enn vum 19. Joerhonnert. De Roman gouf mam éischte Präis am Lëtzebuerger Literaturconcours ausgezeechent, de Concours littéraire national 2004/05. Eegenen Aussoen no huet de Guy Wagner vun 1996 bis 2003 recherchéiert, éier hien de Roman "Winterreise" tëschent August 2003 a Juni 2004 geschriwwen huet, deen an den Éditions PHI publizéiert gouf. Fir de fënneften Doudesdag vum Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner, an als Hommage un hien, haten d'Weebegleederinne Fabienne Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner de 7. Mee eng inzenéiert Liesung am Trifolion zu Iechternach opgeféiert, aus sengem präisgekréinte Roman "Winterreise", wou d'Liewe vum Komponist Franz Schubert skizzéiert gëtt. Konzeptioun: Charles Muller, Textkompositioun: Alain Steffen Begleet gouf d'Liesung mat Wierker vum éisträichesche Komponist aus dem Zyklus "Winterreise" vun der Sabine Weyer um Piano an den Dimitri Maslennikov um Cello. Enregistrement: Technik Trifolion Ee Resumé vum Carlo Link. Déi ganz Liesung bréngt de radio 100,7 op Päischtméindeg den 23. Mee, tëschent 17:00 an 18:00 Auer. V.l.n.r.: Leila Lallali, Charles Muller, Fabienne Hollwege, Germain Wagner, Christiane Rausch, Andreas Wagner. © Pierre Weber Sabine Weyer, Piano / Dimitri Maslennikov, Cello. © Pierre Weber
Kënschtlech Intelligenz, kuerz K.I., bréngt Leeschtungen, déi fir eis Mënsche schwéier nozevollzéie sinn. Dausende vun Date kënnen a ganz kuerzer Zäit generéiert a verschafft ginn. D'Gesellschaft profitéiert vun de bedeitende Fortschrëtter an der Wëssenschaft an der Technologie. Mee kann de Mënsch nach ëmmer als Auteur vun der iwwermëttelten Informatiounen ugesi ginn? Si mir nëmme Konsumente gi vu Produkter vun der Dateveraarbechtung? Wéi eng Léisungen huet dat technologescht 21. Joerhonnert fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën? Potentiell Risikofacteuren, déi mat den neien Technologien associéiert sinn, wéi autonom Autoen oder Smart Haiser, stinn och zur Diskussioun. E Gespréich vum 25. Februar an der Nationalbibliothéik, mam Prof. Dr. Christoph Schommer, Fuerscher an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz, Uni Lëtzebuerg, Machine Learning, Erkenntnesgewënn an Data Science. Moderatioun: Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement. Am Kader vum Konferenzzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information. Enregistrement: Technik-BNL / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link d'Suite vun dem Gespréich lauschteren, Froen/Äntweren Prof. Christoph Schommer, Uni Lëtzebuerg - Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement © BNL
Déi nei Nummer vun der Zäitschrëft Hémecht (2021/1) setzt hire Schwéierpunkt mat Bäiträg iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht am 18. Joerhonnert. E Bäitrag vum Michel Delage
Wie waren déi Lëtzebuerger, déi sech am Laf vum 19. Joerhonnert a bis d'Zäit tëschent den zwee Weltkricher an der Friemelegioun engagéiert haten? Am Virfeld vun enger grousser Ausstellung, Enn Juni am Musée Dräi Eechelen, gouf elo e Sammelband zu deem Sujet bei Silvana Editoriale verëffentlecht: "Légionnaires. Parcours de guerre et migrations entre le Luxembourg et la France" (dir. Sandra Camarda, François Reinert, Arnaud Sauer an Denis Scuto). E Bäitrag vum Michel Delage.
Op der Internetsäit colonia.lu gëtt déi lëtzebuergesch Auswanderung a Brasilien an Zesummenhang mat der Aarbecht vun der Arbed um Ufank vum 20. Joerhonnert dokumentéiert. En Interview vum Martine Reuter mat der Dominique Santana, fir déi A Colonia Luxemburguesa esou wuel eng Dokteraarbecht, wéi och en Documentaire ass.
En Zaldote-Lidd aus dem 19. Joerhonnert an deen éischte Film mam Elvis Presley.
100 Joer ass et hier, datt den Insulin entdeckt gouf. Eng Revolutioun deemools, déi et erlaabt huet Dausende vu Liewen ze retten. Bis haut sinn Typ1-Diabetiker ofhängeg vun dësem Hormon an et bleift och no engem Joerhonnert den eenzege Moyen, d'Krankheet am Grëff ze halen. D'Claudia Kollwelter, wat selwer betraff ass, huet sech seng Gedanken dozou gemaach.
Poet, Editeur, Libraire ... Dës zentral Figur vun der Beat-Generatioun an ee vun de groussen amerikaneschen Dichter aus dem 20. Joerhonnert ass am Alter vun 101 Joer gestuerwen.
Bis Enn Abrëll 2021 stinn eng 14 Schüler vun der Première E vum Lycée Aline Mayrisch am Märeler Park ... oder besser gesot hir Portraiten: maansgrouss schwaarzwäiss Fotoen, opgeholl mat enger aler Fototechnik aus dem 19. Joerhonnert, dem Kollodium-Naasplacke-Procédé. Iwwer d'Technik, iwwer d'Renconter tëschent deene Jonken an der Fotografin Séverine Peiffer hu mir an eiser Fuesserie "Jonker an Transitioun" scho geschwat. D'Kerstin Thalau wollt vun de Schüler awer och gewuer ginn, wat Konscht am ëffentleche Raum fir si kann.
De Kollodium-Naassplacke-Procédé, eng Fototechnik aus dem 19. Joerhonnert, eegent sech perfekt fir Portraiten, well duerch déi erfuerderlech laang Beliichtungszäit de Mënsch besonnesch gutt erfaasst gëtt. Zum Beispill 14 Première-Schüler vum Lycée Aline Mayrisch, déi d'Fotografin Séverine Peiffer portraitéiert huet. Déi schwaarzwäiss Büsten, déi am Märeler Park gewise ginn, sinn zimmlech opfälleg, déi eng onheemlech, anerer emouvant. D'Kerstin Thalau presentéiert Iech d'Expo "Transitiounen" aus verschiddene Perspektiven. Hei geet et ëm d'Notioun vum ëffentleche Raum.
Drëtten Deel vun eiser Fuesserie: et geet ëm de Foto-Projet "Transitiounen", dee bis Enn Abrëll am Märeler Park presentéiert gëtt. D'Fotokënschtlerin Séverine Peiffer huet dofir 14 Jonker vun enger première E vum Lycée Aline Mayrisch a schwaarzwäiss portraitéiert. Mat enger aler Technik aus dem 19. Joerhonnert: dem Kollodium-Naassplacke-Procédé. D'Kerstin Thalau wollt vun zwee vun de Schüler wëssen, wat si motivéiert huet, matzemaachen.
D’ass nees Kiermes am Duerf! Mir si net zu Dubai, mee back in the Paus. Et ass Zäit fir „Dee mam Comeback“ oder och nach „Die große Promi-Folge“ mat eise Kolleegen Caro, Tommi, Amira, Britney, Judy, Dino, Chaild, Tun, Yannick, Natascha, Meli, Thomas, Janin, Micky, Steffen, Jürgen, Ben an David. Eng Stonn Gejäiz PLUS e gratis Soziologie-Grundkurs, penibel Trendsportaarten, den Ofstuerz vum Joerhonnert an den obligatoreschen TikTok. #inspo #themindtravelswheretheskybegins #freebritney
Déi ausgebilte Grafikerin, haut fräischaffend Fotografin, Séverine Peiffer, Joergang 1981, schafft mat Virléift mat enger aler Fototechnik aus dem 19. Joerhonnert: dem Kollodium-Naassplacke-Procédé. Deen erfuerdert extreem laang Beliichtungszäiten, wat der Kënschtlerin erméiglecht, de Mënsch domat reell ze erfaassen. Bis Abrëll 2021 presentéiert d'Séverine Peiffer am Märeler Park, also am Espace public, zéng impressionant Foto-Portraiten, déi si vu Schüler aus dem Lycée Aline Mayrisch gemaach huet. D'Kerstin Thalau faasst de Wee vum Projet, vun der Iddi bis zur Expo, an enger Fuesserie fir Iech zesummen.
2006 huet déi englesch Schrëftstellerin Diane Setterfield hiren éischte Roman "The thirteenth tale" publizéiert an domadder en internationale Bestseller realiséiert, deen och fir d'Tëlee mam Vanessa Redgrave verfilmt gouf. Eng Geschicht, déi am 19te Joerhonnert spillt, eng Zäit, déi der Autorin läit. Dat beweist se och an hirem drëtte Roman "Once upon a river", deen elo an der däitscher Iwwersetzung eraus ass, Christiane Kremer.
© Claude Welter, Fotoen (BNL) / Carlo Link, Montage (100,7) Am 21. Joerhonnert ass d'Tourismusbranche mat groussen Erausfuerderunge konfrontéiert. Net nëmmen déi aktuell Covid-19-Kris, mee och d'Diskussiounen iwwer de Klimawandel geheien d'Vakanzen, wéi ee se zanter Jore kennt, op d'Kopp: Fortbeweegungsmëttel wéi de Fliger an d'Schëff gi staark kritiséiert a sinn ëmmer méi ëmstridden. Och vum Massentourismus probéiert sech deen, deen hautdesdaags reest, ze distanzéieren. Individuell, oder op d'Mooss gemaachte Reese sinn am Trend, dat ass eppes, wat een net ignoréiere kann. D'Leit hunn den Drang, eng Aventure ze erliewen, wëllen nei Saachen ausprobéieren an hu Loscht, Plazen ze entdecken, déi virdrun nëmme wéineg Opmierksamkeet kruten. Sief et fëschen an Alaska oder mat enger tibetanescher Famill an hirem traditionellen Doheem wunnen. Mee wat bedeit all dëst fir den Tourismus vun der Zukunft? Wéi kann en nohaltegen Tourismus ausgesinn a wat bréngen dës Entwécklunge mat sech fir Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun? Eng Table Ronde, opgeholl de 4. Februar an der Nationalbibliothéik (BNL), mat dem Minister fir Tourismus Lex Delles, de Jorge Valente, Co-Editeur vum Reesmagasinn Diaries of, d'Françoise Bonert, Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Projet LEADER an den Alain Krier vu Luxembourg for Tourism. D'Moderatioun: Nathalie Bender. Enregistrement a Montage: Carlo Link | Technik: BNL Integral Table Ronde: Nohaltegen Tourismus: Méi wéi eng Alternativ? © Claude Welter, Nationalbibliothéik (BNL) Luci (Inspiring Travel Stories from Luxembourg) BNL, Nationalbibliothéik - Reesinspiratiounen Reesmagasinn Diaries of (Inspiratiounen)
Benediktiner Abtei vu Clierf "Saint-Maurice-et-Saint-Maur" © Carlo Link "Les Dimanches du Chant Grégorien" si wéi all Joer am Oktober e feste kulturelle Bestanddeel am Norde vum Land. Organiséiert gi se vun der Benediktiner Abtei vu Clierf an dem CUBE 521 vu Maarnech. Wéinst der sanitärer Situatioun gouf dëst Joer den Akzent op d'Wuert geluecht mat zwou Konferenzen. Explicatiounen: Odile Simon, artistesch Direktesch am CUBE 521 "Les Dimanches du Chant Grégorien (en paroles) 2020" "Le chant grégorien - Des origines à nos jours", esou war deen éischte Virtrag vum 11. Oktober vun der Olga Roudakova, chef de chœur vum ensemble vocal "LUX CANTUS", iwwerschriwwen. Un Hand vun Tounbeispiller, déi si selwer virgedroen hat, huet de Publikum awer net ganz op de Gregorianesche Gesank verzichte missen. Enregistrement a Montage: Carlo Link (an Zesummenaarbecht mam CUBE 521). Muer den 26. Dezember, op Stiefesdag um 17:03 Auer, brénge mir déi zweet Konferenz vum 18. Oktober, "Le sens musical de la joie religieuse" vum Dom Michel Jorrot, Abt von der Benediktiner Abtei vu Clierf. Hien huet den Akzent op datreliéis Freed am Gregorianesche Gesank gesat. Olga Roudakova, chef de chœur vum ensemble vocal "LUX CANTUS" https://www.luxcantus.org, fréier Dirigentin vu "Le Chœur grégorien de Paris - Voix de femmes" © Carlo Link D'Suite vum Virtrag mat ënnert anerem d'21. Joerhonnert: d'Suite lauschteren
Bis Februar 2021 presentéiert eisen Nationalmusée d'Expo "Beyond the Medici". Ze gesi si Barock-Tableaue vu Moler vu Florenz aus dem 17. a fréien 18. Joerhonnert, vu Pier Dandini bis Ottavio Vannini. Bedeit bildlech: Allegorien, reliéis Zeenen, Portraite vu wichtegen Denker an Decideuren. Interessant ass, datt de Gros vun de Peinturë vum texaneschen Investor Mark Haukohl zur Verfügung gestallt goufen. Den MNHA-Direkter Michel Polfer huet dem Kerstin Thalau d'Geschicht hanner de Biller vun enger Ausstellung verzielt.
An Nord-Italie fänkt en un, zu Lëtzebuerg hält en op - dem Jean Back säin epesche Roman ''L'Arc di Marianna'' (Editions Guy Binsfeld) iwwer eng tragesch Libesgeschicht geet iwwer en halleft Joerhonnert. Den Auteur huet sech ganz vill virgeholl, gëtt sengen Ambitiounen awer bei Wäitem net gerecht, fënnt de Michel Delage.
Bis Februar dat anert Joer presentéiert eisen Nationalmusée d'Ausstellung "Beyond the Medici". Ze gesi si Barock-Tableaue vu Moler vu Florenz aus dem 17. a fréien 18. Joerhonnert, vu Pier Dandini bis Ottavio Vannini. Bedeit bildlech: Allegorien, reliéis Zeenen, Portraite vu wichtegen Denker an Decideuren. Interessant ass, datt de Gros vun de Peinturë vum Texaner Mark Haukohl zur Verfügung gestallt goufen. De Sammler war bei der Pressevisitt iwwer Zoom zougeschalt. D'Kerstin Thalau mat den Detailer.
Ronderëm Halloween, respektiv Allerhellege gesäit een ausgehielegt Kalbassen dorëmmer stoen. Ma bis an d'20. Joerhonnert gouf et, virun allem am Norde vum Land, eng änlech Traditioun awer mat enger Rommel. Den Alain Atten hëlt eis mat op d'Feld.
Nee, et ass keng Fortsetzung vum däitsche Fieschter Peter Wohlleben sengem Bestseller „Das geheime Leben der Bäume.“ Mir ginn haut a Kanada, do wou d‘ Beem anscheinend pësperen. Et geet ëm eng Famillje-Saga, iwwer verschiddenen Generatiounen, deenen hiert Schicksal iwwert ee Joerhonnert onzertrennbar mam Bësch zesummenhänkt. An dësen Erzielungen vun de verschidden Charakteren an de verschiddenen Zäiten steet eppes ëmmer am Virdergrond, d'Léift zu der Natur an der Ëmwelt. D‘Julie Mathes iwwer dem Michael Christie säi Roman „Das Flüstern der Bäume“.
Katow, Tedeschwilli, Solovieff... Alles Nimm, déi sech hei am Land an Tëschenzäit agebiergert hunn. Et sinn d'Spuere vun der russescher Immigratioun am 20. Joerhonnert. D'Geschicht vun der Awanderung vu Russen, respektiv vu Bierger aus dem fréieren Zareräich oder der Sowjetunioun, war éischter manner bekannt... Bis eng Fuerscherin sech mam Thema ausernee gesat huet. De Michel Delage huet sech mat der Inna Ganschow ënnerhalen.
Zanter bal engem hallwe Joerhonnert läit an enger vun den Haaptentréeë vun der Haaptstad e groussen Terrain brooch. Elo soll op där Plaz e Projet realiséiert ginn.
Véier Neivirstellunge bidde vill Ofwiesslung: Ugefaange beim amerikanesche Sezessiounskrich, England an der Mëtt vum 19. Joerhonnert, eng Visitt bei enger US-Schrëftstellerin, déi Horrorgeschichte schreift, an um Enn gëtt zu Paräis iwwer e Buch vill diskutéiert. Detailer ginn et vum Martine Reuter.
Eng Bomm, zwee Kanner, een Tyrann an nëmmen eng Chance, fir dat Richtegt ze maachen! Däerf een onschëlleger opferen, fir en Tyrann aus dem Wee ze raumen? Dës Fro huet den Albert Camus sech an „les Justes“ gestallt, an si berout op enger reeller Gegebenheet aus dem fréien XX. Joerhonnert. A mir hunn eis haut dorunner inspiréiert, fir eis Sträitgespréich. Dës Kéier hu mer awer d’Rolle getosch, an dem Josy Jacoby den Optrag ginn, fir den Tyranne-Mord z’argumentéieren, an d’Élina Ecker soll dogéint argumentéieren.
Genee op den Dag vun haut feiert de Range Rover sai 50. Gebuertsdag. Den 17. Juni 1970 gëtt deen éischten Range Rover offiziell devoiléiert. En halleft Joerhonnert schonn si si elo schonn ronderëm de Globus ënnerwee, a maachen ëmmer eng gutt Figur. De Christian Schmit huet deen aktuelle Range Rover, an ee vun der éischter Generatioun zesummebruecht.
De Marcel Duchamp huet mat senge "Readymades", also sengen "objets trouvés", de gängege Konschtbegrëff ufanks vum 20. Joerhonnert radikal a Fro gestallt. Hie gëllt als ee vun de Pappe vun der Konzeptkonscht, huet den Terrain fir Dadaismus a Surrealismus preparéiert. Mat dozou inspiréiert hätt hien en Openthalt zu München. An deen Episod huet de Roman Muradov gutt 100 Joer drop zu der Graphic Novel "Les aventures de Munich dans Marcel Duchamp" inspiréiert. Explikatioune vum Kerstin Thalau.
"Fantômas" oder "Rocambole", dat si Figuren aus Feuilletonen aus dem 19. Joerhonnert. Bei deenen huet sech och d'Bande Dessinée vun dëser Woch inspiréiert. Eng "Fantômas" oder "Rocambole", dat si Figuren aus Feuilletonen aus dem 19. Joerhonnert. Bei deenen huet sech och d'Bande Dessinée vun dëser Woch inspiréiert. Eng Aventure vum Mystère a vum Boule de Gomme. Schonn um Titel erkennt een, datt do och vill Witz mat dra stécht.
D'Geschicht vun der ARBED an hir Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft ass wuel jiddwerengem ee Begrëff, mee d'Kreatioun vun enger zweeter Firma duerch d'ARBED am brasilianesche Minas Gerais am Ufank vum 20. Joerhonnert ass net vill am ëffentleche Bewosstsinn. Dr. Irma Hadzalic fuerscht an hirer Thees iwwer Prozesser vu sozialen Initiativen, déi d'ARBED eent zu eent wollt a Brasilien implementéieren. Si fënnt eraus, datt d'Motivatioune vun der ARBED net eleng engem renge Sozialgeescht gedéngt waren.
Den audiovisuelle Service Public gehéiert an Europa zanter dem 20. Joerhonnert zur Grondausstattung vun enger intakter Demokratie. Mee wéi mussen déi ëffentlech-rechtlech Medien opgestallt sinn, fir relevante Contenu am allgemengen Interessi ze liwweren? Doriwwer soll d'Chamber an den nächste Wochen eng Orientéierungsdebatt féieren, an där et och ëm d'Missiounen an de legale Kader vum radio 100,7 wäert goen. Am Virfeld woe mir e Bléck iwwer den Tellerrand: Iwwer d'Plaz vum an d'Defie fir de Service Public an hire Länner diskutéieren d'Bettina Schmieding vum Deutschlandfunk, de Klaus Unterberger vum éisträichesche Rundfunk ORF an de Bakel Walden vun der Schwäizer Radios- an Tëleesgesellschaft SRG. Moderatioun Pia Oppel.
An der Bande Dessinée "China Li" geet et ëm eng jonk chinesesch Fra, déi am fréien 20. Joerhonnert op Paräis kënnt, fir do ze studéieren. Wärend si a Frankräich An der Bande Dessinée "China Li" geet et ëm eng jonk chinesesch Fra, déi am fréien 20. Joerhonnert op Paräis kënnt, fir do ze studéieren. Wärend si a Frankräich eng grouss Fräiheet lieft, gëtt hier Heemecht awer brutal iwwerfall. Et ass eng Bande Dessinée, an där fiktiv Personnagen hir Geschicht virun der Kuliss vun historesche Fakten erliewen.
Firwat mir sou vill wäert op eis Hoer leeën a wat se iwwert eise Liewensstil kënne verroden. Mir weisen wéi d'Frisuren sech am Laf vum leschte Joerhonnert verännert hunn. Firwat just Männer eng Glatz kënne kréien. A wat een dogéint maache kann? Hoer mat Deeg wäschen! Dat geet wierklech. Mir erkläre firwat. Wéi fënnt ee Spueren vun Alkohol, Drogen a Gëfter am Hoer. A sinn Hoer wierklech esou staark, dass ee sech wéi beim Rabonzel kann dorun en Tuerm erop zéien.
Firwat mir sou vill wäert op eis Hoer leeën a wat se iwwert eise Liewensstil kënne verroden. Mir weisen wéi d'Frisuren sech am Laf vum leschte Joerhonnert verännert hunn. Firwat just Männer eng Glatz kënne kréien. A wat een dogéint maache kann? Hoer mat Deeg wäschen! Dat geet wierklech. Mir erkläre firwat. Wéi fënnt ee Spueren vun Alkohol, Drogen a Gëfter am Hoer. A sinn Hoer wierklech esou staark, dass ee sech wéi beim Rabonzel kann dorun en Tuerm erop zéien.
Eis Kritiker diskutéieren iwwer: "1917" vum Sam Mendes, "Tenki no ko" (Weathering with you) vum Makoto Shinkai a "For Frosten" vum Michael Noer.
Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum nation building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg) De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère geféiert hunn. Et soll ë. a. gewise ginn, datt mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum nation building, wéi et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt. Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d'Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an dem Discours gefeelt. War d'Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt. Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwou Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D'Kulturpolitik gouf an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesinn, d'Land am Ausland ze promouvéieren - a Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen. Opgeholl de 16. Dezember am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/20191216-cape-virtrag-kulturpolitik-copie_a09b1b.pdf Videoen déi am Virtrag gewise goufen, mat den Explikatioune vum Conferencier an Audio-Extraitën: De Jang de Blanne kënnt nees heem ... Stad Lëtzebueg feiert 1000 Joer Lëtzebuerger Nationalbibliothéik Expo 150 Joer Onofhängegkeet Fabio Spirinelli, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link
Weider mam Jabel: Lëtzebuergesch nom 2. Weltkrich - Fernand Fehlen Am Zweete Weltkrich war Lëtzebuergesch d'Symbol vun der nationaler Onofhängegkeet. Bei der sougenannter "Personenstandsaufnahme" vum 10. Oktober 1941 huet eng grouss Majoritéit "Lëtzebuergesch" als "Muttersprache" uginn, obschonn déi deemoleg Wëssenschaft an de Besatzer gesot hunn, si wär e muselfränkeschen Dialekt. Mee wéi de Krich bis eriwwer war, huet kaum eppes um eigentleche Sproochgebrauch changéiert. Och d'Astellunge vis- a-vis vun den dräi Landessproochen hu sech eréischt lues a lues geännert. D'Sproochegesetz vun 1984, dat dem Lëtzebuergeschen den offizielle Statut vun enger Nationalsprooch ginn huet, ass nëmmen eng Etapp op dësem laange Wee. Wien huet sech fir dëst Gesetz agesat, a wien huet et gebremst? Net déi Haaptprotagonisten - Lex Roth, Fernand Hoffmann a Guy Rewenig - mee déi gesellschaftlech Kräften, déi sech hanner dëse profiléieren, sollen am Mëttelpunkt stoen. Den eigentlechen, fulminanten Opschwong vun der Lëtzebuerger Sprooch kënnt eréischt am Ufank vum 21. Joerhonnert. Och do gëllt et, déi sozio-ekonomesch Ressorte vun där Dynamik ze beschreiwen. Wéi geet et weider? Wat sinn d'Erausfuerderunge vu muer? Kee vun eis kann an d'Zukunft kucken, trotzdeem zeechne sech verschidde Zenarioen elo schonn of. Opgeholl de 18. November am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag vum Fernand Fehlen:https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/fehlen-cape-2019_52876c.pdf Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link
E sozialhistoresche Bléck op Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren - Denis Scuto Zanter den 1960er Joren erlieft Lëtzebuerg wéi déi aner europäesch Länner en déifgräifende Wandel. Dobäi kënnt fir Lëtzebuerg e vergläichsweis héijen a bal konstante Wirtschaftswuesstum zanter dem Enn vun den 1980er Joren. D'Bevëlkerung ass vun 315.000 am Joer 1960 op 614.000 am Joer 2018 gewuess. Si huet sech also bal verduebelt an engem hallwe Joerhonnert. Den Denis Scuto werft e Bléck op e puer vun den Transformatioune vun der Lëtzebuerger Gesellschaft an de leschte 50 Joer: den Iwwergank vum Auswanderungs- an Awanderungsland zur Immigratiounsgesellschaft; vun der traditioneller Famill zur Vilfalt vun de Familljemodeller haut; d'Verännerungen an der Struktur vun der Aarbecht, dem Verhältnis tëschent Aarbecht a Fräizäit, mee och tëschent Fra a Beruff; d'Verännerungen och tëschent an innerhalb de soziale Milieuen, déi sech an de Joerhonnerte virdrun erausgebilt haten: Bourgeoisie, Klengbiergertum, Baueren, Aarbechter; d'Entwécklung vum Sozialstaat a senge verschiddenen Aspekter (Sozialversécherungen, Sozialdialog, Bildung, Wunnengsbau, Stad-Planung asw.); de Wandel vun der Astellung zu Wäerter, Relioun a Kierch am Kader vum spezifesch europäesche Sekulariséierungsprozess. Opgeholl de 14. Oktober am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. Denis Scuto, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link Den drëtten Deel, am Kader vu "Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun de 50er bis haut", gëtt den 1. Januar 20201 no 09:00 Auer diffuséiert. "Weider mam Jabel nom zweete Weltkrich", sou ass dëse Virtrag vum Fernand Fehlen, UNI Lëtzebuerg iwwerschriwwen.
D'Nationalbibliothéik ass elo endlech an hiert neit Gebai op de Kierchbierg geplënnert. Mission accomplie, heescht dat fir d'Monique Kieffer, déi no iwwer 20 Joer als Direktesch vun der BNL d'nächst Joer a Pensioun geet. A Riicht eraus kucke mir mat eiser Invitée op hir Carrière zeréck a schwätzen iwwer d'Roll vu Bibliothéiken am digitalen 21. Joerhonnert. Moderatioun: Pia Oppel
Verlueren Erënnerunge vum Éischte Weltkrich. Fir d'Joerhonnertfeier vum Armistice vum Grousse Krich huet de Forum Z den 11. November am Centre National de l'Audiovisuel (CNA) zu Diddeleng ënner anerem de Mechanismus vun der Erënnerung an dem Vergiessen thematiséiert. Wat sinn eis Erënnerungen haut - ee Joerhonnert no den Evenementer? U wat erënnere mir eis? Wéi goufe Konflikter a Traumaen iwwermëttelt? Wat fir Erënnerunge ginn duerch Objeten, Plazen a Gedenk-Praktike rapportéiert? Wat fir Geschichte si verdrängt ginn a verluer gaangen? D'Riedner waren: - Antoinette Reuter (Centre de Documentation sur les Migrations Humaines - CDMH): "La Première Guerre mondiale a-t-elle mis les femmes au travail?" - Denis Scuto (C²DH): "Joseph Fox, Joseph Klomann, Gustave Verdun: Mémoires d'hommes oubliées" - Inna Ganschow (C²DH): "Lost & Found: Die Geschichte der russischen Kriegsgefangenen in Luxemburg in 1918" - Thomas Kolnberger (Uni Lëtzebuerg): "Die Waffen ruhen, die Toten nicht: Begräbnisstätten als Erinnerungsorte für die Gefallenen der Grand Guerre". - Stefan Krebs (C²DH) - "Verklungene Geschichte? Zur auditiven Erinnerung des Ersten Weltkrieges" - Ludwig Vogl-Bienek (Universität Trier) - "Kriegsschauplätze an der Heimatfront: German lantern slides used in the Great War". Moderatioun: Sandra Camarda, wëssenschaftlech Mataarbechterin am (C²DH). Opgeholl a verschafft fir de radio 100,7 vum Carlo Link. Verschidde Linken zum Thema: - Déi digital Ausstellung, "Éischte Weltkrich", d'Erënnerung un de Grousse Krich zu Lëtzebuerg, entwéckelt vum C²DH vun der Uni Lëtzebuerg: https://ww1.lu/?lang=de | https://ww1.lu/?lang=fr | https://ww1.lu/?lang=en - Informatiounen iwwer de Forum Z vum C²DH: https://www.c2dh.uni.lu/de/forum-z - D'Ausstellung am Centre de Documentation sur les Migrations Humaines (CDMH), "Être d'ailleurs en temps de guerre (14-18). Étrangers à Dudelange / Dudelangeois à l'étranger" https://www.c2dh.uni.lu/news/exposition-etre-dailleurs-en-temps-de-guerre-14-18-etrangers-dudelange-dudelangeois-letranger Fotoen: © Université du Luxembourg | Collage: © Carlo Link Austausch Publikum-Riedner © Université du Luxembourg
Viru 6 Joer huet se mat "Cello Tales" en éischte Film gedréint an deem e Musekinstrument am Mëttelpunkt stoung. Well d'Musek eng Passioun fir se ass, paakt d'Anne Schiltz nach ëmmer gär an hiren Dokumentarfilmer dat Thema un. Den Ament ass et souzesoen e Making of vun enger CD-Produktioun bei där Wierker vun der Escher Komponistin Helen Buchholtz opgeholl goufen, déi Ufank vum 20te Joerhonnert geschriwwen huet an där hir Wierker laang verschwonne waren. Iwwer "Im Dialog mit Helen Buchholtz" awer och iwwer hir aner aktuell Aarbechten schwätzt d'Anne Schiltz haut tëscht 12 an 1.
Viru 6 Joer huet se mat "Cello Tales" en éischte Film gedréint an deem e Musekinstrument am Mëttelpunkt stoung. Well d'Musek eng Passioun fir se ass, paakt d'Anne Schiltz nach ëmmer gär an hiren Dokumentarfilmer dat Thema un. Den Ament ass et souzesoen e Making of vun enger CD-Produktioun bei där Wierker vun der Escher Komponistin Helen Buchholtz opgeholl goufen, déi Ufank vum 20te Joerhonnert geschriwwen huet an där hir Wierker laang verschwonne waren. Iwwer "Im Dialog mit Helen Buchholtz" awer och iwwer hir aner aktuell Aarbechten schwätzt d'Anne Schiltz haut tëscht 12 an 1.
Am 14. Joerhonnert war d'Haus vu Lëtzebuerg mat Béimen verbonnen, duerch de Fait, datt de Jang de Blannen do Kinnek gouf. D'"Chronik vum Dalimil", déi an alem Tschechesch verfaasst ass, weist, iwwer de Wee vun enger historescher, mythologescher a literarescher Duerstellung vum Land, wéi de béimeschen Adel seng Positioun géintiwwer dem Kinnek verdeedegt huet. Dobäi huet en och op en nationalisteschen Discours zeréckgegraff. D'Éloïse Adde-Vomáčka, déi elo fir d'éischt eng Iwwersetzung op Franséisch virleet, analyséiert dëst Muechtspill. D'Renée Wagener ënnerhält sech mat der Historikerin.
Dem briteschen Auteur Ian McGuire säi Buch "The North Water", aus dem Joer 2016, huet verschidde Kritiker un dem Melville säi "Moby Dick" erënnert - wéinst der Thematik vun der Walfängerei. De McGuire huet ee realistesche Roman geschriwwen, deen am 19. Joerhonnert virun der Küst vu Grönland spillt. Dës Mëschung aus Thriller a Survival-Roman kéint ganz gären enges Daags zu de Klassiker vun der Abenteuer- a Mieresliteratur zielen. Ee Bäitrag vum Michel Delage.
Den Eugène Mousset war en Escher Moler, deen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert aktiv war. Hien huet sech besonnesch op Lëtzebuerger Landschafte spezialiséiert. Bei Geleeënheet vum Buch, dat d'Laure Caregari an de Luciano Pagliarini zu him erausginn hunn, ënnerhält d'Renée Wagener sech mat hinnen.