POPULARITY
Dëser Deeg ass d'Klimakris däitlech ze spieren, iwwerall op der Welt ginn Hëtztrekorder gebrach. Kënne Verhandlungen tëscht China an den USA hëllefen, datt op der nächster Weltklimakonferenz endlech Fortschrëtter gemaach ginn? Am Podcast vun dëser
Ass dat neit Cannabis-Gesetz wierklech e Fortschrëtt? Dat froe mir de Responsabelen vum Projet Pipapo, dee Jonker iwwer Drogen opkläert. Moderatioun: Rick Mertens.
De Vertrieder vu Lëtzebuerg am Weltklimarot war en Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun.
Et ass Autosfestival, mä wat kafen? D'Veronsécherung bei de Leit ass grouss. Den Dramwon a bis ee Joer drop waarden? Eng Occasioun? Wéi ass et ewell mam Wäertverloscht? Op al oder nei Technologie setzen? Weiderhin ee Verbrenner, mam Risk vun ëmmer méi Verbueter? Oder Elektro mat staatleche Primmen, awer Doutten zu Luedméiglechkeeten a Kapazitéit? A wéi soll dat iwwerhaapt goen, de Gesamt-Fuerpark zur Hallschent z'elektrifizéiere bis 2030? Wéi séier geet d'Innovatioun um Marché a wouhin? Ass d'Transitioun op Elektrogefierer alternativlos? Sinn d'Ziler vun der Regierung realistesch a wat bréngt den technologesche Fortschrëtt? Vill Froe, déi mir probéieren an dëser Emissioun ze beäntweren.
Méi grouss, méi séier, nach besser. D'Superlative kommen net no, fir déi extrem Entwécklungen, déi mir duerchliewen, ze beschreiwen. Mee net all Fortschrëtt ass an allen Hisiichten eng reell Verbesserung … Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomistin a Kommunikatiounsexpertin.
Kënschtlech Intelligenz, kuerz K.I., bréngt Leeschtungen, déi fir eis Mënsche schwéier nozevollzéie sinn. Dausende vun Date kënnen a ganz kuerzer Zäit generéiert a verschafft ginn. D'Gesellschaft profitéiert vun de bedeitende Fortschrëtter an der Wëssenschaft an der Technologie. Mee kann de Mënsch nach ëmmer als Auteur vun der iwwermëttelten Informatiounen ugesi ginn? Si mir nëmme Konsumente gi vu Produkter vun der Dateveraarbechtung? Wéi eng Léisungen huet dat technologescht 21. Joerhonnert fir de Schutz vu perséinlechen Donnéeën? Potentiell Risikofacteuren, déi mat den neien Technologien associéiert sinn, wéi autonom Autoen oder Smart Haiser, stinn och zur Diskussioun. E Gespréich vum 25. Februar an der Nationalbibliothéik, mam Prof. Dr. Christoph Schommer, Fuerscher an de Beräicher Kënschtlech Intelligenz, Uni Lëtzebuerg, Machine Learning, Erkenntnesgewënn an Data Science. Moderatioun: Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement. Am Kader vum Konferenzzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO: Mankind and Media. Rethinking the Roles in the Age of Information. Enregistrement: Technik-BNL / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link d'Suite vun dem Gespréich lauschteren, Froen/Äntweren Prof. Christoph Schommer, Uni Lëtzebuerg - Dr. Nora Schleich, Konzeptgestalltung a Projektmanagement © BNL
Eng duerchgoend Vëlospist tëscht der Stad an der Gare. Doriwwer kann ee sech freeën an dann awer och nees net. Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.
De Fortschrëtt soll do sinn, fir eis all d'Liewe méi einfach ze maachen an dat misst och de Fall sinn, wa mir deen digitale Wee gebrauchen, fir finanziell an administrativ Operatiounen ze maachen. Leider hunn nach ëmmer vill ze vill Leit Schwieregkeeten heimat a fille sech do ausgeschloss. An dëser Carte Blanche gëtt gefuerdert, datt méi muss ënnerholl ginn, fir deene Leit ze hëllefen, de Kontakt ze behalen. Den technesche Fortschrëtt ass schlussendlech do fir jiddereen.
D'UNESCO-Konventioun géint den illegalen Handel mat Kulturgidder gouf 1970 ënnerschriwwen. Och wann zënter 50 Joer vill Fortschrëtter gemaach goufe fir deen illegalen Export an Import z'ënnerbannen, geet de Klau vum Patrimoine op ville Plazen op der Welt monter weider. E Bäitrag vum Michel Delage.
"No 70 Joer ouni Fortschrëtter, kéint dat heiten déi lescht Geleeënheet sinn, déi d'Palestinenser jee wäerte kréien", esou d'Warnung oder éischter d'Menace vum amerikanesche President en Dënschdeg, wéi hien zesumme mam israelesche Premier, hire sougenannte Friddensplang presentéiert huet. Net grad d'Approche, déi een sech virstellt, wann ee vun engem erwaart massiv Kompromësser anzegoen. Am Géigendeel: dës Initiativ géisst weider Ueleg an d'Feier. Dat alles wërft, dem Maxime Gillen no, eng wichteg Fro op.
Lëtzebuerg op d'Weltkaart setzen - Kulturpolitik vum nation building zum Nation Branding (Fabio Spirinelli, Uni Lëtzebuerg) De Virtrag proposéiert en Iwwerbléck iwwer déi national Kulturpolitik zu Lëtzebuerg zanter der Nokrichszäit. Dobäi gëtt versicht, déi grouss Entwécklung vun den Discoursen an de politeschen Initiativen nozevollzéien an d'Etappen ze beschreiwen, déi zum haitege Kulturministère geféiert hunn. Et soll ë. a. gewise ginn, datt mat der Kulturpolitik och bestëmmten Iddie verbonne waren an Ziler verfollegt goufen. Et gouf eng laang Entwécklung vun der Kulturpolitik am Déngscht vum nation building, wéi et an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert zum Ausdrock koum, bis zur Kulturpolitik als Wirtschafts- a Standuertpolitik zanter den 1990er Joren. Dës Entwécklung war net nëmmen duerch Fortschrëtter gepräägt. Am Kader vun der Immigratioun a vun der europäescher Integratioun huet och d'Angscht virum Verloscht vun der nationaler Identitéit net an dem Discours gefeelt. War d'Kultur an der Nokrichszäit kaum eng Prioritéit vun der Regierung an als Stéifkand vun der Politik bezeechent ginn, hunn déi éischt grouss Ännerungen an den 1970er Jore stattfonnt. Zanter den 1980er Joren hu verstäerkt wirtschaftlech Iwwerleeunge matgespillt, gläichzäiteg koum et zu engem Ausbau vu kulturellen Infrastrukturen, zur Organisatioun vun zwou Kulturhaaptstied an zu enger Dynamiséierung vum kulturelle Secteur. Mat der Promotioun vun de Kreativindustrien ass méi rezent just eng weider Etapp erreecht ginn, déi international Tendenzen erëmspigelt. D'Kulturpolitik gouf an de leschte Joerzéngte verstäerkt als e Mëttel ugesinn, d'Land am Ausland ze promouvéieren - a Lëtzebuerg op d'Weltkaart ze setzen. Opgeholl de 16. Dezember am CAPE - Centre des Arts Pluriels Ettelbruck a verschafft vum Carlo Link. PDF zum Virtrag: https://img.100komma7.lu/uploads/media/default/0002/06/20191216-cape-virtrag-kulturpolitik-copie_a09b1b.pdf Videoen déi am Virtrag gewise goufen, mat den Explikatioune vum Conferencier an Audio-Extraitën: De Jang de Blanne kënnt nees heem ... Stad Lëtzebueg feiert 1000 Joer Lëtzebuerger Nationalbibliothéik Expo 150 Joer Onofhängegkeet Fabio Spirinelli, UNI Lëtzebuerg © Carlo Link
This week Corry talks about the benefits of eating poo (no really), and the tiny creatures controlling your brain! Tune in and you’ll also find out how to cure your depression with a yoghurt! References https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/25624713 https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/26824647 https://www.biorxiv.org/content/10.1101/036103v1 https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/29171095 https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/19043404 https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/27818083 Escherich T (1885). "Die Darmbakterien des Neugeborenen und Säuglinge" (https://books.google.com/?id=o1MXAAAAYAAJ&lpg=PA135&dq=%22Die%20darmbakterien%20des%20neugeborenen%20und%20s%C3%A4uglings%22&pg=PA135#v=onepage&q=%22Die%20darmbakterien%20des%20neugeborenen%20und%20s%C3%A4uglings%22&f=false) . Fortschr. Med. 3: 515–522. https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/29795328 https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pubmed/26718401 Kenner, Richardson; et al. (2010). "Shotgun sequencing: Review of progress in sequence assembly developments". Methods in Biomolecular Research. 38 (4): 1022–1035. You can find the rest of the references here: https://docs.google.com/document/d/1CHjN1hR_KdSgWLLB80tCx0Q46xm8O8IUAOXFdJNOEew Support us on Patreon: http://patreon.com/SciGuys Watch us on YouTube: http://youtube.com/SciGuys Follow the Sci Guys @notcorry / @jampkin / @lukecutforth
D’Sonn als zousätzlech Energiequell bei Elektroautoen gëtt Realitéit, Tesla freet sech iwwert seng Fortschrëtt beim autonome Fueren, an Brennstoffzell kéint an noer Zukunft eng gréisser Roll spillen. Den Detail an den Automag News vum Akim Schmit.
D’Sonn als zousätzlech Energiequell bei Elektroautoen gëtt Realitéit, Tesla freet sech iwwert seng Fortschrëtt beim autonome Fueren, an Brennstoffzell kéint an noer Zukunft eng gréisser Roll spillen. Den Detail an den Automag News vum Akim Schmit.
De Radio 100,7 hat dëse Mount d'Geleeënheet, ee Gespréich mat eisem Schrëftsteller vum Mount ze féieren. Am Ufank een distinguéierten Evolutiounsbiolog, huet sech dem Richard Dawkins seng Carrière schnell an d'Richtung vun der Wëssenschaftspopulariséierung beweegt. Virun allem säi Buch "The Selfish Gene" war destinéiert, di philosophesch Implicatioune vun der Evolutiounsbiologie an der Genetik anzefänken an duerzestellen. Spéider huet hien sech als Verfechter vum Atheismus verstanen, a sëch dogéint gewiert, dass reliéis Virstellungen oft zu Ongonschte vun der Rationalitéit ee Monopol op d'Moral beusprochen. Am Gespréich setzt de Richard Dawkins eiser momentan kulturpessimistescher Stëmmung ee radikaalt Bild vu moraleschem Fortschrëtt entgéint, deen an der Geschicht festgeschriwwen ass, mee heiansdo op Ierweer geréit: hie verweist hei op di besser Aspekter vun eiser Natur. Deene ville Virwërf vu Sozialdarwinismus, déi un hien adresséiert goufen mee déi hien ni op sech sëtze gelooss huet, begéint hie mat Mënschlechkeet; a mat der Warnung, dass natierlech Selektioun kee Virbild fir eis sozial Organisatioun soll duerstellen. De Kampf géint reliéis an ideologesch Iwwerzeegungen, Elementer déi senger Meenung no d'Gesellschaft splécken éischter wéi zesummebréngen, féiert hie mat engem Kannerbuch weider, dat sekular Educatioun erëm zeréck an de Mëttelpunkt setze soll.
D'Aarbechtsprozesser am Handwierk an an der Restauratioun ginn ëmmer méi automatiséiert. Dës Automatiséierung erfuerdert, nei Weeër an der Formatioun vun de Mataarbechter ze goen. De Mënsch iwwerléisst de Maschinnen en Deel vu senger Aarbecht, muss awer léieren, si ze programméieren. Maschinell Produktioun däerf a soll awer net d'Enn vun der Handwierkskonscht bedeiten. Eng Gratwanderung.