POPULARITY
Virun 33 Joer huet "Basic Instinct" d'Sharon Stone zum Weltstar gemaach. Eng Zeen am Film huet deemools fir vill Diskussiounen gesuergt. De Pit Biwer kuckt haut op dëse markante Moment am Kino zeréck a schwätzt ënnert anerem mat der Schauspillerin an dem Produzent iwwert Changementer am Filmbusiness an dass et vill Ellementer ginn, déi e Film beaflosse kënnen.
Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.
Et gi vill Virdeeler iwwert Roma, an zu Lëtzebuerg sinn dës besonnesch staark, wéi déi rezent Diskussiounen iwwert Heescheverbuet gewisen hunn. De Fabien Grasser huet fir d’woxx mat zwou Associatiounen, déi sech d’Roma zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun asetzen, geschwat. Hien erkläert am Podcast, wat Problemer a Virurteeler sinn a wat fir Widderstänn et an der Lëtzebuerger Politik gëtt, zum Beispill géint eng aire de transit. Mir schwätzen awer och doriwwer, wat eng Roma-Associatioun um Festival des Migrations mécht a wat d’Besicher*innen vun hirem Stand erwaart. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Roms du Luxembourg : l'État aux abonnés absents. Besicht och d’woxx op eisem Stand um Festival des Migrations (Stand Nummer 128).The post D'Situatioun vun de Roma zu Lëtzebuerg first appeared on Radio ARA.
Och Deputéiert musse Steiere bezuelen, Diskussiounen ëm den TICE an d'UNISEC: d'Theemen haut an der Presserevue
Och Deputéiert musse Steiere bezuelen, Diskussiounen ëm den TICE an d'UNISEC: d'Theemen haut an der Presserevue
D'Musek vun Haut begleet de Perkussionist Guy Frisch all Dag an dominéiert net nëmme säi Liewen als Museker mee och als Direkter vum Ensembel fir Nei Musek United Instruments of Lucilin. Wéi et dozou koum, a wat hien dodru faszinéiert, erzielt hien dem Pit Brosius am neien Episod vum Podcast "Hanner den Téin". Episod 4 lauschteren Alles ronderëm déi nei Musek Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen verwéckelt. Am Podcast “Hanner den Téin” stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt.
Wéi ënnerriicht een engem Komponéieren? Ënner anerem dëser Fro geet de Pit Brosius am drëtten Episod vum opus 100,7-Podcast “Hanner den Téin“ op d‘Spuer. Als Dirigent huet hie vill Kontakt mat Neier Musek a gëtt ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:inne verwéckelt. A sengem Podcast stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Am drëtten Episod trëfft hie sech mam Marcel Reuter, Komponist an Enseignant fir Kompositioun am Conservatoire du Nord.
Leschten Dënschde gouf an der Chamber iwwert zwou Petitiounen diskutéiert. Déi eng wollt all LGBTIQA-Themen aus der Schoul verbannen, déi aner huet sech fir méi vun dësen Themen am Unterrecht agesat. D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren am Podcast, wéi si dës Diskussiounen erlieft hunn an analyséieren, wéi d’Politik mat de Petitiounen ëmgaangen ass – an iwwerleeën, wat een hätt kéinte besser maachen. D’Artikelen dozou: LGBTIQA-Politik: Sonntagsreden reichen nicht & Debatte: Nicht-Wissen-Wollen The post Zwou Petitiounen zum Thema LGBTIQA an der Chamber first appeared on Radio ARA.
Top a Flop 2024, e Kommunikatiounsfiasko an Diskussiounen iwwer méi laang Ouvertureszäiten, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Top a Flop 2024, e Kommunikatiounsfiasko an Diskussiounen iwwer méi laang Ouvertureszäiten, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Als Dirigent huet de Pit Brosius vill Kontakt mat Neier Musek an huet ëmmer erëm a spannend Gespréicher mat Museker:innen. Am Podcast Hanner den Téin stellt hien dës perséinlech Diskussiounen an Anekdoten - déi normalerweis soss keen héiert - eemol de Mount an de Mëttelpunkt. Hie wëllt vu sengen Invitéë wëssen, wéi si d'Musek aus eiser Zäit gesinn, wat si doru faszinéiert, wat si inspiréiert, a wat si domat ausdrécke wëllen. De Pit Brosius gëtt en Abléck an d'Hannergrënn vun dësem neie Podcast.
Déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz steet staark an der Kritik. Dat net nëmme wéinst dem Inhalt, mä och wéinst der Aart a Wéis, wéi d’Gesetz entstanen ass. An dëser Episod vum Podcast erkläre mir, wat et mat der Ee fir Allemol-Kompenséierung, dem Bam-Präbbeli an der Natur auf Zeit op sech huet, wat un dëse Konzepter kritiséiert gëtt a wisou an dësen Diskussiounen de roude Schéierschwanz (Rotmilan) esou dacks optaucht. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Reform des Naturschutzgesetzes: Rotmilan, Goldammer und PetersilieThe post Wat bréngt d'Reform vum Naturschutzgesetz? first appeared on Radio ARA.
Ee klengen Telefon aus Stuttgart, e bësse Geläschters riets a lénks. D'Buvette huet erëm den Tour duerch d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun gemaach an ausserdeem nach e puer Diskussiounen zum Ballon d'Or begruewen.
E Schläichwee fir Frontalieren, Diskussiounen iwwer déi richteg Logementspolitik an eisen Ëmgang mat auslänneschen Talenter, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue.
Mat engem neien Numm an enger Saison, déi vum Theater iwwer Danz, Musek, Kanner- a Jugendmanifestatiounen, Ausstellunge bis bei Konferenzen an Diskussiounen e ganz villfältege Programm ubitt, wëll sech de Mierscher Theater geografesch a kulturell am Zentrum vum Land behaapten. Fir iwwer déi nei Saison an déi nei Strategie ze schwätzen, ass de Claude Mangen, Direkter vum Mierscher Theater eisen Invité.
Dat dschihadistesch Attentat zu Solingen huet vill Diskussiounen opgewullt. Nieft Messere gëtt och iwwert den Dublin–Prozess an Ofschiebungen geschwat, esouguer een Asylstopp ass am Gespréich. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, datt dës Debatten eigentlech sënnlos sinn, well se déi wierklech Problemer net uginn, nämlech d‘Fro, wisou sech Leit radikaliséieren an zu Terrorist*innen ginn. Thema ass awer och, wéi lëtzebuergesch Politiker vum rietse Bord déi Diskussiounen aus Däitschland opgräifen a probéieren, selwer politescht Kapital dorausser ze schloen. Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Integration: Die falsche Debatte Islamistischer Terror : Das Management der Barbarei The post Déi sënnlos Diskussiounen no dem Attentat vu Solingen first appeared on Radio ARA.
D’Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och e puer historesch Beispiller, wou et esou Verbueter an änlech Initiative scho gouf. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: LGBTIQA: So net „queer“!The post Wouhier kënnt d'Angscht viru queere Kanner? first appeared on Radio ARA.
D'Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och e puer historesch Beispiller, wou et esou Verbueter an änlech Initiative scho gouf.
Är zukünfteg Maacher Wäikinniginne sliden haut mat 100 à l'heure an de Schwimmteich an engem Politiker an d'dms. Et geet ënner anerem ëm emotional Männer, historesche Gossip a naass Ënnerwäsch zu Düsseldorf. Et gi wichteg Froen opgeworf, wéi zum Beispill: Ween ass de neien Joy Hoffmann? Wéi geet onironeschen Horror 2024? Gëtt ee vun eis Portier vun der Ambassade? A wat ësst ee beim Dinner mam Ötzi? Et ginn Dommheeten an Highlights vun der Pride, ongewéinlech vill Shoutouts an Diskussiounen iwwer d'EM (net dm). D'Pläng fir den Abschid a verbal Konschtënnerstëtzung fannen eben esou hier Plaz ewéi oscarräif Hausfraen, Coming-Outs, d'Hogwarts-Hypnoseschoul a Rechtsrockbros. Inch Alain!
Am Mamer Lycée fillt d'Personal sech ënner Drock, beim Science Center gëtt et gréisser Diskussiounen iwwer eng Rei Rechnungen an eng landeswäit Ëmfro huet erginn, datt bal een Drëttel vum Schoulpersonal no um Burn-Out ass. Wéi geet de Minister domat ëm? Dat freet d'Christiane Kleer de Claude Meisch, um leschte Schouldag virun der grousser Vakanz.
Et gesäit esou aus, wéi wann sech d'Mobilitéitspolitik vun der aktueller Regierung an eng Richtung entwéckele géif, déi sech dach awer vun där vireger ënnerscheet. Dat léisst sech um Beispill vum Tram an den Diskussiounen ëm eng Ofkierzung duerch d'Avenue de la Porte-Neuve besonnesch gutt illustréieren. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi et dozou komm ass a wéi grouss déi Ënnerscheeder dann tatsächlech sinn.
D'Europaparlament huet e Mëttwoch gréng Luucht gi fir déi ëmstridden Asylreform. No jorelaangen Diskussiounen huet d'Majoritéit vun den Europadeputéierte sech fir méi streng Reegele fir d'Migratioun ausgeschwat. E Vott, deen déif blécke léist, ma wéineg um Problem ännere wäert, mengt d'Claudia Kollwelter a sengem Commentaire.
Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!! Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir awer hëtzeg Diskussiounen, flaach Witzer an absolut grenzwäerteg Aussoen.New year, old habits. An domadder hu mir eisen Neijoersvirsaz schonn direkt futti gemaach.
Déi nei Regierung steet. Mat gréisstendeels bekanntem Personal, mee awer e puer Iwwerraschungen. Ausserdeem: Wat war mam Koalitiounsaccord lass? An: Musek vu Lëtzebuerg - Cosmokramer!
Dës Kéier ass et kee Fall, dee mir iech presentéiere, mee mir wäerten dës Kéier iwwert eis Faszinatioun fir True Crime schwätzen an doriwwer wat eis an dës Spart gefouert huet. Dat natierlech mat ëmmer rëm klengen Diskussiounen iwwert verschidde Fäll.
Zu Réimech ass d‘Geschäftswelt an Opreegung wéinst engem Chantier vum Fonds du Logement, an zu Déifferdeng suergt de PAG weider fir Diskussiounen, dat sinn Theemen an der nationaler Press.
Et ass vill lass am Lëtzebuerger Fussball a villäicht kennt d'Lännermatchpaus genau richteg. Beim Ben wëssen se net méi op e nach Spiller oder Co-Trainer ass, d'Opsteiger glänzen an der Éierepromotioun an et ginn Diskussiounen iwwer eng speziell Nummer 1 zu Beggen. International huet dem Seba Thill säi Goal et an d'Nominatioun vum Tor des Monats gepackt an de Bonucci ass laut Buvette de Summertransfer schlecht hin.
Diskussiounen bei der Presentatioun vun der LSAP-Zentrums-Lëscht an den Trend vum Buergermeeschter-Splitting sinn Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
An dëser Episod schwätze mir iwwer déi rezent Diskussiounen iwwer d'Erofsetze vun de Vitesslimitatiounen, déi no déidleche Verkéiersaccidenter opkomm sinn. No Jore vun Apathie baut sech ee gewëssen Drock op, fir Tempo 30 an den
Sollte Mënsche – meeschtens sinn et Frae –, déi doheem bléiwen an Care- an Hausaarbecht maachen, dofir bezuelt ginn? Dës Fro suergt zanter den 1970er-Jore fir vill Diskussiounen an och Sträit an der feministescher Beweegung.
No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
No joerzéngtelaangen heftegen Diskussiounen, läit eng grouss Reform vir, déi de Jugendschutz an d'Jugendstrofrecht vuneneen trenne soll.
Am Chile gëtt ee Sonnden iwwert eng nei Verfassung ofgestëmmt an a Serbien suergt d'Europride fir hefteg Diskussiounen. Gëtt et eng Chance fir déi dach zimmlech lénk Verfassung am neoliberale Labo Chile, oder wäert de
D'Theme vun haut: Diskussiounen a Reaktiounen ëm den Index, Chantier Micheville, de Gilles Baum als Invité an den neien Nationaltrainer Jempy Drucker.
D'Theme vun haut: Diskussiounen a Reaktiounen ëm den Index, Chantier Micheville, de Gilles Baum als Invité an den neien Nationaltrainer Jempy Drucker.
Et ass Zäit fir mouvementéiert Diskussiounen um Sonndeg. Hei gëtt och Kloertext geschwat, genee wéi um Krautmaart, just si sinn net zu 60 mä nëmmen zu hirer 5. Eng Aktualitéitsdebatt wou souguer nach knaschteg Wäsch aus dem leschte Joer gewäsch gëtt, awer och d'Zukunft net aus den Aen verluer gëtt. Am Studio 11 hu sech de Jacques Kapp, Al Ginter, Lucien Czuga, de Gérard Valerius an d'Marie Gales Rendez-vous ginn.
An den Zeitunge geet et ëm eng Idee fir 2.900 Hektar eidelt Bauland ze mobiliséieren an ëm déi schwiereg Diskussiounen iwwer d'Verfassungsreform an de parlamentareschen Transparenzregëster.
Jo d'Situatioun ass komplex. A Komplexitéit ass ustrengend. Mir versichen et "handle"-bar ze maachen, andeems mir verallgemengeren. Et sinn déi Gutt géint déi Béiss. Eng Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff, enger Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin, déi eng grouss Befürwörtnerin ass vun differenzéierten Diskussiounen, well d'Welt net sou schwaarz-wäiss ass, wéi se schéngt.
Et ass erëm esou wäit, den nächste Sonndeg geet déi nei Episod vun der "wonnerbarer Valibrairie" iwwer Antenn. News, Diskussiounen, Ablécker an Ausblécker an d'Welt vun der Literatur. D'Valerija Berdi huet e klengen Appetizer zesummegestallt.
An deene leschte Wochen ass vill iwwert Muechtmëssbrauch an Lëtzebuerger Schoule geschwat ginn. Do stoung virun allem ee Fall aus dem Diekrecher Lycée Classique am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen. Mir sinn der Fro nogaangen, wéi
Eis Kritiker Martine Reuter, Misch Bervard a Michel Delage diskutéieren iwwer: Malmkrog vum Cristi Puiu, There is no Evil vum Mohammad Rasoulof Endings Beginnings vum Drake Doremus Reportage: Nei Produktioune vum a_bahn
Den Asaz vu private Sécherheetsagenten an der Stad suergt an der Press fir Diskussiounen a Polemik gëtt et och iwwert de PAP "Rout Lëns" zu Esch
E chice Coupé, dee scho viru senger offizieller Presentatioun fir vill Diskussioune gesuergt hat, dee parkt haut am Automag. De BMW 4er Coupé. De Christian Schmit war domat ënnerwee a verréit eis och wat dann di Diskussiounen iwwer de Nofollger Modell ausgeléist haten.
E chice Coupé, dee scho viru senger offizieller Presentatioun fir vill Diskussioune gesuergt hat, dee parkt haut am Automag. De BMW 4er Coupé. De Christian Schmit war domat ënnerwee a verréit eis och wat dann di Diskussiounen iwwer de Nofollger Modell ausgeléist haten.
Den Asaz vu private Sécherheetsbeamten am stater garer Quartier suergt fir kontrovers Diskussiounen. Mir féieren deen Débat elo weider mat der stater Gemengeconseillère Heloise Bock vun der DP. Si ass Invitée beim François Aulner
Fir déi blo-rout-gréng Koalitioun gëllt de Regierungsprogramm vun 2018, esou een zentrale Message am Premier Xavier Bettel senger Ried zur Lag vun der Natioun dës Woch an der Chamber. Diskussiounen iwwer déi deemools decidéiert Grondsätz sinn net erwënscht. Ass dat déi richteg Approche fir d'Corona-Kris an aner Defien ze meeschteren? Doriwwer diskutéiere mir mat der Josée Lorsché (déi gréng) an der Martine Hansen (CSV). Theema sinn dann och d'Gestaltungsméiglechkeete vu Majoritéit an Oppositioun am Parlament - a Krisenzäiten an doriwwer eraus. Moderatioun: Pia Oppel.
Déi rezent Diskussiounen ëm d'Ierfschaftssteier an d'Verméigens-, respektiv Räichesteier, déi duerch den CSV-Parteipresident Frank Engel lancéiert goufen, hunn alt nees gewisen, dass et un enger Sträitkultur an eiser Politik a generell an eiser Gesellschaft feelt. An och de Courage léisst bei ville Politiker, besonnesch deene Jonken, nawell ze wënschen iwwereg, fënnt d'Annick Goerens a sengem Commentaire.
An all de villen Diskussiounen iwwer Covid-19 gëtt een Aspekt e wéineg vernoléissegt: den Effekt vum Virus op eis Psych. De Lëtzebuerger Psycholog a Psychotherapeut Charles Benoy, deen zu Basel an den Universitäre Psychiatresche Klinike schafft, huet e Buch erausginn, an deem déi psychesch Konsequenze vum neie Coronavirus aus verschiddene Perspektive beliicht ginn. Zu wéi enge Conclusiounen hien a seng Kolleege kommen, verréit de Charles Benoy dem Maurice Molitor an der Emissioun Riicht eraus.
Er kam (zu spät), sah (den Zorn) und reagierte: Den David huet dës Episod vun A bis Q geplangt well e sech soss ëmmer bei der Preparatioun vun eisem Weltklasse-Podcast foutéiert huet. Vum coole Gaascht, der Tätowéierin Sandra Biewers bis hin zu der Decisioun dass hie sech "LIVE" wärend der Opnahm tätowéiere gelooss huet, huet den David alles gecheckt. De Ben iwwerhëlt keng Verantwortung. Mä wat solle mer soen? Mir hate Spaass a kurios bis interessant Diskussiounen. Et goung vu vereitelte Mordfäll um Jakobswee, iwwer ausgestoppten Déieren an den Nicolas Cage, bis hin zu engem Workshop wou een eng Woch laang net dierf schwätzen, kee Mucks! Hätte mir dee Workshop nëmmen och besicht...
Eng Spléckung vun der Partei oder just verschidde Meenungen? Bei der ADR gëtt et zanter gutt zwee Méint no engem ëmstriddene Facebook-Post ëffentlech Diskussiounen - iwwer d’Richtung an der Asylpolitik zum Beispill - an och Diskussiounen iwwer d’Parteispëtzt. Den ADR-Parteipresident Jean Schoss ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Wat ass dann elo lass a senger Partei?
Eng Spléckung vun der Partei oder just verschidde Meenungen? Bei der ADR gëtt et zanter gutt zwee Méint no engem ëmstriddene Facebook-Post ëffentlech Diskussiounen - iwwer d’Richtung an der Asylpolitik zum Beispill - an och Diskussiounen iwwer d’Parteispëtzt. Den ADR-Parteipresident Jean Schoss ass de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Wat ass dann elo lass a senger Partei?
Leschte Mëttwoch huet d‘Asti déi gefillten 100. Diskussiounsronn zum Thema Erneierung vum Wahlrecht zu Lëtzebuerg organiséiert. Mir schwätzen haut am Podcast doriwwer, wisou sech sou Diskussiounen dacks e bëssen ufillen, wéi wann een*t am Film „Groundhog Day“ gelant wier. An awer schéngt et, wéi wann sech d‘Meenunge lues a lues kéinten änneren, och bei der CSV. Mir […]
Hien ersetzt de Marc Angel al President vun der Chamberkommissioun fir d’Affaires étrangères: Den Yves Cruchten. Mat him hu mir op d’Prioritéite vun dëser Kommissioun fir dëst Joer gekuckt. Weivill de Brexit d’Diskussiounen an d’Debatten dominéiert? A wou den Yves Cruchten als President vun der Aussekommissioun den Accent wëll leeën. Wéivill beschäftegt d’Kommissioun déi aktuell Entwécklungen tëscht den USA an dem Iran? A mam LSAP Politiker hu mir och op d’Situatioun bannent der LSAP gekuckt.
Hien ersetzt de Marc Angel al President vun der Chamberkommissioun fir d’Affaires étrangères: Den Yves Cruchten. Mat him hu mir op d’Prioritéite vun dëser Kommissioun fir dëst Joer gekuckt. Weivill de Brexit d’Diskussiounen an d’Debatten dominéiert? A wou den Yves Cruchten als President vun der Aussekommissioun den Accent wëll leeën. Wéivill beschäftegt d’Kommissioun déi aktuell Entwécklungen tëscht den USA an dem Iran? A mam LSAP Politiker hu mir och op d’Situatioun bannent der LSAP gekuckt.
Dës Woch dréint sech alles ëm de Klima. Mir schwätzen iwwert Preparativen zur UN-Klimakonferenz zu Madrid a beliichten d’Hannergrënn vun den Diskussiounen, déi do wäerte gefouert ginn. Wat mussen déi eenzel Länner elo op den Dësch leeën, fir de Prozess weiderzebréngen a wat huet et mat deenen ominéisen 100 Milliarden Dollar op sech, déi am Fong sollten deblockéiert […]
„De Jughurt gëtt zum Politikum“...eng „lachhaft Duebelmoral“ a „grénge Bauchwéi“...de Spagat vun der grénger Beetebuerger Schäffen, déi awer och gréng Deputéiert ass an déi souwuel – kommunal - géint eng Jughurtsfabrick ass wéi och – national - fir déi Fabrick muss sinn, suergt den Ament fir Diskussiounen.Et ass e ganz aktuelle Beweis, datt Duebelmandater e Problem sinn an endlech missten op de Leescht geholl ginn, mengt d'Carine Lemmer de Moien a sengem Commentaire.
Dës Woch ass eis d‘Thema vun eisem Podcast Am Bistro mat der woxx d‘Loftqualitéit. Doriwwer gouf et an deene leschte Wochen a Méint vill Diskussiounen. Mir werfen e Bléck zeréck a kucken eis un, wéi grouss de Problem iwwerhaapt ass a wat dat fir Lëtzebuerg heescht. Eng rezent Etüd vun der europäescher Ëmweltagence EEA huet zéng Stied begleet, fir ze […]
Am Commentaire vun haut, op Vältesdag, geet et just am wäitste Sënn ëm Léift!Den Eric Ewald befaasst sech doran nämlech mat sozialen Diskussiounen an eisen zwee groussen Nopeschlänner.
D'Juli Zeh ass eng ëffentlech Intellektuell, déi bekannt ass fir hir intensiv Ausernanersetzung mat aktuelle politeschen a juristeschen Diskussiounen. Hir Iwwerzeegung, datt den Auteur sech an der Ëffentlechkeet soll engagéieren ass net just an hirer journalistescher a juristescher Aarbecht ze erkennen, mee och an hirem fiktionale Schreiwen. Detailer mam Sophie Thoma.
De Weltmeeschter nach ouni Punkt, de Ronaldo scho mat 4 Goler, de Messi ouni Eelefmeter-Gléck, e puer Favoriten, déi sech nach net musse bretzen an eng iwwerraschend gutt Ambiance, d'Weltmeeschterschaft a Russland huet schonn intressant Biller geliwwert an Diskussiounen ausgeléist. Mir diskutéieren och doriwwer am Radio Sport Club, mat derbäi sinn Emilia Oliveira, Guy Hellers a Marc Oberweis. De Mëtteg um hallwer 2.
Wéi verschidden déi zwee Geschlechter wierklech sinn! Männer si grouss. Fraen méi kleng. Männer si staark. Fraen manner. Mir maache kee Geschlechterkampf. Mir vergläiche just. Kënne Männer wierklech besser a parken? A Fraen méi Peng aushalen? De Mister Science wëll erausfannen ween deen aneren bei Diskussiounen am heefegsten ënnerbrécht. A mir froen no firwat ee seng Kanner net soll nom Motto typesch Jong oder typesch Meedchen erzéien.
Wéi verschidden déi zwee Geschlechter wierklech sinn! Männer si grouss. Fraen méi kleng. Männer si staark. Fraen manner. Mir maache kee Geschlechterkampf. Mir vergläiche just. Kënne Männer wierklech besser a parken? A Fraen méi Peng aushalen? De Mister Science wëll erausfannen ween deen aneren bei Diskussiounen am heefegsten ënnerbrécht. A mir froen no firwat ee seng Kanner net soll nom Motto typesch Jong oder typesch Meedchen erzéien.
Reformen an der Justiz, d'Policegesetz an der Diskussiounen, d'Radaren an d'nei Anti-Terror-Bestëmmungen: alles Sujeten de Mëtteg am "Background".
Reformen an der Justiz, d'Policegesetz an der Diskussiounen, d'Radaren an d'nei Anti-Terror-Bestëmmungen: alles Sujeten de Mëtteg am "Background".
E Freideg, Griichenland, an en Dënschdeg-8-Deeg Portugal, esou heeschen déi zwee Géigner an den zwee Frëndschaftslännermatcher, déi di Lëtzebuerger Footballnationalequipe nach an dësem Joer spillen. D'U-19 ass vun en Mëttwoch un, bei engem Mini-Tournoi op Zypern engagéiert. An der BGL Ligue war gëscht de 14. Spilldag. Uewen goufen et vill Diskussiounen ronderëm den Arbitrage an der Spëtzepartie Déifferdeng géint Diddeleng. Ënnen huet den leschten Gréiwemaacher, nach ëmmer kee Match gewonn. Den FLF Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert
E Freideg, Griichenland, an en Dënschdeg-8-Deeg Portugal, esou heeschen déi zwee Géigner an den zwee Frëndschaftslännermatcher, déi di Lëtzebuerger Footballnationalequipe nach an dësem Joer spillen. D'U-19 ass vun en Mëttwoch un, bei engem Mini-Tournoi op Zypern engagéiert. An der BGL Ligue war gëscht de 14. Spilldag. Uewen goufen et vill Diskussiounen ronderëm den Arbitrage an der Spëtzepartie Déifferdeng géint Diddeleng. Ënnen huet den leschten Gréiwemaacher, nach ëmmer kee Match gewonn. Den FLF Magazin vun haut mat Jhang Mathes an Franky Hippert