POPULARITY
Mam LSAP-Deputéierte schwätzt de Rick Mertens ënner anerem iwwer de Mercosur-Accord an iwwer déi verfuere politesch Situatioun a Frankräich an d'Roll vun de Sozialisten.
Mam Zentralsekretär vum OGBL Smail Suljic schwätzt de Rick Mertens iwwer de Sozialkonflikt bei der neier ASBL HUT.
Déi nei Regierung seet, si géif eng aner Klimapolitik maache wéi déi Blo-Rout-Gréng. Mee huet sech wierklech esou vill geännert? Dat freet de Rick Mertens den Ëmweltminister.
D'Regierung wëllt iwwer eng Pensiounsreform diskutéieren. Mee ass dat wierklech néideg? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Pensiounskeess.
Och mëttelgrouss Gemengen hu vun elo u Vollzäitbuergermeeschteren. Wat ännert dat fir déi concernéiert Gemengen? Dat freet de Rick Mertens de Lënster Buergermeeschter.
Wéi vill Suerge mécht d'Bedruchsaffär bei der Caritas aneren ONGen? Dat freet de Rick Mertens de President vum Cercle de Coopération.
Wat steet bei de Parlamentswalen a Frankräich fir d'EU um Spill? Dat freet de Rick Mertens den DP-Europadéputéierten.
Den LSAP-Deputéierten ënnerstëtzt am franséische Walkampf den Nouveau Front Populaire - zesumme mat Vertrieder vun déi gréng an déi Lénk. Ass eng Lénksallianz och hei am Land denkbar? Déi Fro stellt de Rick Mertens dem fréiere Wirtschaftsminister.
An Zukunft brauch een 1.000 Ënnerschrëften méi, fir datt an der Chamber iwwer eng Petitioun diskutéiert gëtt. Mee firwat? Dat freet de Rick Mertens d'Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun.
An Däitschland ass déi europäesch Spëtzekandidatin vun de Liberalen eng vun de bekannste Politikerinnen. Wat wëllt si elo am Europaparlament areechen? Déi Fro stellt de Rick Mertens der FDP-Politikerin.
Iwwer déi Fro diskutéiert de Rick Mertens en Vue vun den Europawalen mat Vertrieder vun DP, déi Lénk, Fokus a Mir d'Vollék.
Bei den Europawale gëtt mat engem Opschwong fir déi radikal riets Parteie gerechent. Firwat ass dat esou? Dat freet de Rick Mertens d'Politologin vun der Uni Tréier.
Lëtzebuerg ass e räicht Land, an awer ass bal all véiert Kand vum Aarmutsrisiko betraff. Firwat kréie mir dat net an de Grëff? Dat freet de Rick Mertens d'Invitée, déi de soziale Secteur am Land gutt kennt.
Sinn d'Lëtzebuerger Gemenge gutt genuch géint Cyberattacke geschützt? Dat freet de Rick Mertens de President vum Gemengeverband Syvicol.
Déi obligatoresch Bedenkzäit virun enger Ofdreiwung gëtt ofgeschaaft. Misst ee soss nach eppes um Ofdreiwungs-Gesetz änneren? Dat freet de Rick Mertens d'Presidentin vum Planning Familial.
D'Parkinsonkrankheet gëtt ëmmer méi heefeg. Wouru läit dat? A wéi kann ee se behandelen? Dat freet de Rick Mertens dee weltwäit unerkannte Parkinson-Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.
An zwee Méint gëtt en neit Europaparlament gewielt. Wat heescht dat fir d'EU-Kommissioun? Dat freet de Rick Mertens déi offiziell Vertriederin vun der Kommissioun zu Lëtzebuerg.
De President vun der Vëlosportfederatioun bleift véier weider Joer am Amt. Wat wëllt hien an der Zäit erreechen? Dat freet de Rick Mertens hien.
Ass déi nei Regierung sech net ganz esou eens, wéi et bis elo geschéngt huet? Déi Fro stellt de Rick Mertens dem DP-Fraktiounschef, nodeems an de leschten Deeg vill doriwwer diskutéiert gouf, wéi d'Regierung zur Atomenergie steet.
D'ADR huet vun e Freideg un zwee Vertrieder am Staatsrot. Gëtt de politeschen Afloss vun der Partei doduerch méi grouss? Dat freet de Rick Mertens der ADR hiren neie Member am Staatsrot.
D'Monica Semedo gouf wéinst Mobbing zweemol vum Europaparlament sanktionéiert. Firwat stellt Fokus si elo trotzdeem fir d'Europawalen op? Dat freet de Rick Mertens de Parteispriecher Frank Engel an d'Monica Semedo selwer.
D'Regierung wëllt de Wunnengsmarché erëm ukuerbelen. Mee hunn och d'Locatairen eppes dovun? Dat freet de Rick Mertens de President vum Mieterschutz.
D'Grippesaison ass voll am Gaang. Wéi staark sinn déi Jéngst dëst Joer vun den Infektioune betraff? Rick Mertens freet de President vun der Associatioun vun de Kannerdokteren.
Den Ausseminister schwätzt sech op der internationaler Bün gär fir de Rechtsstaat aus. Mee wéi konsequent ass d'Lëtzebuerger Regierung op dem Punkt? Dat freet de Rick Mertens de Chefdiplomat.
Och 2024 gëtt e Superwaljoer: Nach ni goufen et ronderëm d'Welt esou vill Wale wéi dëst Joer. Riskéieren och esou vill Populiste gewielt ze gi wéi nach ni virdrun? Dat freet de Rick Mertens eng Lëtzebuerger Populismus-Fuerscherin.
Dräi Woche virun de Chamberwahlen kucke mer op dee vläicht pertinentste Sujet vum Wahlkampf: de Logement. Wat hunn d'Parteie wëlles? Wien huet spannend Iddien? A wiem kann ee gleewen? Ausserdeem: E kuerze Bléck op en historesche Cargolux-Streik.
D'CSV versprécht praktesch all d'Stéit steierlech ze entlaaschten. Mee wéi realistesch ass dat an ekonomesch onsécheren Zäiten? Dat freet de Rick Mertens hire Spëtzekandidat.
Mat der DP-Generalsekretärin schwätzt de Rick Mertens iwwer de Liberalen hir Walkampf-Fuederungen a firwat si déi als Regierungspartei nach net ëmgesat hunn.
Péiteng ass mat iwwer 20.000 Awunner mëttlerweil eng kleng Stad. Wéi kann d'Liewensqualitéit do weider garantéiert ginn? Dat freet de Rick Mertens d'Kandidate vun der CSV an de Piraten.
D'Liewen ass am Moment deier fir jiddwereen. Wéi grouss ass do Bereetschaft fir Leit an Nout ze ënnerstëtzen? Dat freet de Rick Mertens de Generaldirekter vu Caritas Lëtzebuerg.
Wat erwaarden d'Betriber sech am Waljoer 2023 vun der Politik? Dat freet de Rick Mertens de President vum Patronatsverband UEL.
196 Länner hunn e Sonndeg en internationalen Accord ënnerschriwwe fir d'Natur besser ze schützen. Wéi gëtt den Accord zu Lëtzebuerg ëmgesat? Dat freet de Rick Mertens den zoustännege Beamten am Ëmweltministère.
D'Regierung huet en Aktiounsplang fir d'Lëtzebuerger Sprooch decidéiert. Wéi eng Mesurë ginn elo geholl? Dat freet de Rick Mertens de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
D'Literaturwëssenschaftlerin huet e Buch iwwer Verschwörungstheorien an Hallefwourechte geschriwwen. Si plädéiert dofir, Verschwörungstheorien net just mat Faktenchecks ze bekämpfen. Si ass Invitée beim Rick Mertens
Am Ettelbrécker Spidol demissionéieren sechs Kardiologen. Ass dat en Eenzelfall, oder gëtt et e nationale Problem? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Dokteschassociatioun.
Wat hunn d'Entreprisen vum neien Tripartite-Accord? Dat freet Rick Mertens den Direkter vum Patronatsverband UEL.
Als Oppositiounspolitiker konnt de Co-Fraktiounschef vun der CSV den Tripartite-Accord net mat verhandelen. Begréisst hien d'Mesuren, déi geholl goufen trotzdeem? Eng vun de Froe vum Rick Mertens
Viru sechs Méint huet de russeschen Ugrëff op d'Ukrain ugefaangen - d'Zeitungen kucken haut dorop zeréck. Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Rick Mertens.
Viru sechs Méint huet de russeschen Ugrëff op d'Ukrain ugefaangen - d'Zeitungen kucken haut dorop zeréck. Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Rick Mertens.
Nieft de Präisser op der Fouer, geet et an den Dageszeitungen de Moien och ëm d'Ierwe vun engem Sultan, déi op Sue vu Lëtzebuerg hoffen. Déi national Press presentéiert vum Rick Mertens.
Och fënnef Deeg no der Ouverture vun der Fouer, bleiwen déi héich Präisser op de Stänn d'Haapttheema an den Dageszeitungen. Déi national Press presentéiert vum Rick Mertens.
Lëtzebuerg investéiert verstäerkt an akut Krisenhëllef. Kënnt déi laangfristeg Entwécklungshëllef doduerch ze kuerz? Dat freet de Rick Mertens d'Direktesch vum Cercle de Coopération.
Kann een de Glacis méi gréng maachen, ouni datt d'Schueberfouer drënner leit? Déi Fro stellt de Rick Mertens dem zoustännege Stater Schäffe vun der CSV.
De Grupp Luxembourg Stratégie vum Wirtschaftsministère probéiert virauszesoen, wéi Lëtzebuerg sech bis 2050 entwéckelt. Bréngt dat eppes? Dat freet de Rick Mertens d'Direktesch vum Grupp.
Net just d'Energie, mee och d'Liewensmëttele sinn an de leschte Méint däitlech méi deier ginn. Ass dat gutt oder schlecht fir d'Supermarchéen? Dat freet de Rick Mertens de President vum Branchëverband FLAD.
D'Temperature solle muer nees iwwer 30 Grad klammen. Wéi ginn d'Baueren domat ëm? Dat freet de Rick Mertens d'Beroderin vun der Baueregenossenschaft Convis.
déi gréng hunn den Tankrabatt duerchgewénkt, obwuel si dogéint sinn. Si si als Klimapartei nach glafwierdeg? Dat freet de Rick Mertens de Spriecher vun déi jonk gréng.
De Freeport um Findel an den Teletravail sinn zwee vun den Theemen haut an den Zeitungen. Presentéiert vum Rick Mertens.
Gëtt et och um Findel personell Engpäss? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vu Luxairport.
Wéi vill Kompromësser beim Klimaschutz sinn néideg, fir datt mer och ouni russesche Gas iwwer de Wanter kommen? Dat freet de Rick Mertens de gréngen Energieminister.
Ass d'Recht op Ofdreiwung och hei am Land a Gefor? Dat freet de Rick Mertens d'Presidentin vum Planning Familial.
Sinn d'Sozialämter gutt genuch opgestallt fir deenen ze hellëfen, déi sech déi héich Wueren net méi leeschte kënnen? Dat freet de Rick Mertens d'Presidentin vum Verband vun den Office socialen.
Haut ginn déi éischt Mesuren aus dem Solidaritéitspak gestëmmt. Mee huet d'Regierung finanzielle Spillraum fir d'Stéit nach weider ze entlaaschten? Dat freet de Rick Mertens de President vum Conseil National des finances publiques.
D'Covid-Kris huet d'Lëtzebuerger Ekonomie vergläichsweis gutt iwwerstanen. Mee si mir genau esou resistent géintiwwer der aktueller Präisdeierecht? Dat freet de Rick Mertens d'Direktesch vum Recherchezenter LISER.
Et ginn ëmmer méi wëll Déieren an eise Bëscher, déi fir Schued suergen. Firwat geléngt et de Jeeër net d'Bestänn ze reduzéieren? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Jeeërfederatioun.
De Secteur vun de Space Resources gëtt weider mat ëffentleche Suen ënnerstëtzt. Mee wat hu mir dovun? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vun der Luxembourg Space Agency.
RTL Lëtzebuerg gëtt bis 2030 weider finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Mee gëtt de Privatsender op laang Siicht ganz verstaatlecht? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vun RTL.
No der Kontrovers ëm eng Ausstellung vun engem russeschen Artist a sengem Musée, freet de Rick Mertens den MNHA-Direkter, wéi eng Roll Kulturinstitutiounen a Krichszäite solle spillen.
D'Tripartite war gëschter laang beieneen. Wéi grouss sinn d'Chancen, datt et haut zu engem Accord kënnt? Dat freet de Rick Mertens d'Presidentin vum OGBL.
Wat kann ee maache fir déi opgeluede politesch Stëmmung nees ze berouegen? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung.
War et e Feeler ze probéieren e Referendum iwwer d'Verfassungsreform ze ëmgoen? Dat freet de Rick Mertens de fréiere President vun der Chamberkommissioun, déi sech ëm dës Reform këmmert.
Wäerten d'Gaspräisser iwwer de Wanter och fir d'Lëtzebuerger Consommateure klammen? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vum Energieliwwerant Enovos.
Hëllefen déi nei Cannabis-Reegelen de Schwaarzmaart ze bekämpfen? Déi Fro stelle de Rick Mertens dem nationalen Drogebeoptraagten.
Den Educatiounsminister am Gespréich mam Rick Mertens
De belaruseschen Diktator Alexander Lukaschenko dominéiert de Moien d'Schlagzeilen an der Lëtzebuerger Press. D'Presserevue mam Rick Mertens.
Wéi wäit däerfen d'Kanner- a Jugendrechter ageschränkt ginn, fir d'Pandemie ze stoppen? Dat freet de Rick Mertens den zoustännegen Ombudsman. Moderatioun: Rick Mertens.
Wéi geféierlech ass d'Covid-Kris fir eis Banken? Dat freet de Rick Mertens de President vun der Bankenassociatioun ABBL.
Wéi ka verhënnert ginn, datt Lëtzebuerger Fongen an Entreprisen investéieren, déi géint d'Mënscherechter verstoussen? Dat freet ë. a. de Rick Mertens de Matgrënner vun der ASBL Finance and Human Rights.
Mir froen de Generaldirekter vum Stater Centre Hospitalier, wéi d'Corona-Situatioun an eise Spideeler ass. de Rick Mertens féiert duerch d'Gespréich.
Muss d'Kulturwelt scho geschwënn nees mat neie Restriktioune rechnen? Dat ass eng vun de Froe vum Rick Mertens un d'Kultur- a Justizministerin.
Wéi schlëmm gëtt d'Wirtschaftskris, déi no der sanitärer Kris kënnt? Dat freet de Rick Mertens de Ferdy Adam vum Statec.
Mir froen de Mikrobiolog vu Research Luxembourg, firwat elo méiglechst vill Leit op de Coronavirus solle getest ginn. de Rick Mertens féiert duerch d'Gespréich.
Mir froen de President vun der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen, wéi gutt d'Reprise a sengem Secteur fonctionéiert huet. de Rick Mertens féiert duerch d'Gespréich.
Manner Aarbecht, kee Stau, méi Zäit fir eis selwer - an am Hannergrond päifen d'Villercher: Virun e puer Wochen hätt dat vläicht nach wéi eng Utopie geklongen, déi souwisou net ëmzesetze wier. Elo ass et eisen Alldag. Wat kënne mer aus dëser aussergewéinlecher Situatioun léieren? A kann een domat rechnen, datt eist Liewe sech op laang Siicht verännert? Dat freet de Rick Mertens den dätsche Soziolog Hartmut Rosa, dee sech a senger Fuerschung kritesch domat auserneesetzt, datt eist Liewen ëmmer méi séier gëtt.
D'Presidentin vum OGBL am Gespréich mam Rick Mertens.
Den neie Coronavirus huet Lëtzebuerg an de Rescht vun Europa am Moment fest an der Hand. Bis ewell ondenkbar Mesurë sollen de Virus am Grëff halen - dat kann een zum Nodenke bréngen. Riicht eraus wëllt fir Opklärung suergen. Wat ass sënnvoll an der aktueller Situatioun? Wéi soll ee sech géintiwwer vu senge Matmënsche verhalen? Wat si Falschinformatiounen, déi fir Panik suergen? A wat kann een am Moment nach guer net wëssen? Dat freet de Rick Mertens zwee Experten: Den Dr. Claude Muller fuerscht zanter Joren iwwer Viren a kennt sech domat aus, wéi se sech verbreeden. Den Dr. Claude Schummer ass Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schuman a muss dofir suergen, datt och an der aktueller Situatioun all Patienten a senge Spideeler kënne versuergt ginn.
Si ass eng klassesch Quereinsteigerin: Virun annerhallwem Joer haten déi mannst d'Paulette Lenert op der Rechnung fir eng politesch Féierungsroll ze iwwerhuelen. Si gouf 2018 Ministerin fir Entwécklungszesummenaarbecht a Verbraucherschutz. Elo steet si kuerz virdrun de Gesondheetsministère ze iwwerhuelen - an ass domat eng vun de wichtegste Politikerinnen an der LSAP. Wat huet d'Paulette Lenert motivéiert fir d'LSAP an d'Regierung ze wiesselen? A wéi eng politesch Ziler huet si sech fir déi nächst Jore gesat? Dat freet de Rick Mertens déi designéiert Gesondheetsministesch.
Et gëllt als eng vun de groussen Errongenschafte vun der EU, datt d'Bierger sech fräi an der Unioun kenne beweegen. Mee dës Fräiheet kann och bedrohlech Ausmoossen unhuelen: A Rumänien ass d'Populatioun zum Beispill staark zeréckgaangen, zanter d'Land der EU bäigetratt ass. Wéi geet dat osteuropäescht Land domat ëm? Fir dat erauszefanne war de Rick Mertens kuerz virun den Europawahlen a Rumänien.