Podcasts about ekipp

  • 17PODCASTS
  • 44EPISODES
  • 19mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • May 7, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about ekipp

Latest podcast episodes about ekipp

Kultur
Batty Fischer: méi wéi e Stater bourgeoise Flâneur mat Fotoapparat

Kultur

Play Episode Listen Later May 7, 2025 6:08


Am Kontext vum European Month of Photography, kuerz EMOP, ginn zu Lëtzebuerg grad eng Hellewull Fotoexpoen op. "Rethinking Photography" ass de Mount iwwerschriwwen. Vill jonk Fotokënschtler:innen hunn dësen Defi ugeholl, andeems si vereelzt Technike mat innovative Methode fir experimentell Fotoinstallatioune mixen. D'Stater Fotothéik ass esou eng Plaz, wou fréier Fototechniken an hir Pionéier preservéiert ginn. Den Owend invitéiert d'Ekipp op eng Konferenz zum Theema "D'Autochrome vum Batty Fischer". An d'Kerstin Thalau gouf gewuer, firwat esouwuel dee Fotograf wéi och seng Aarbechtsmethod bis haut begeeschteren.

RTL - Rebound
Rebound, 25/04/2025

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Apr 25, 2025 2:21


Bei den Hären ass Decisioun em de Championstitel nach net gefall. Bei den Dammen ass dat awer anescht. De Gréngewald war och dëst Joer nees déi beschten Ekipp. Am Rebound vun haut, kuckt de Rich Simon op d'Saison an awer och op déi leschten 3 Matcher vun der Final, zeréck..

RTL - Rebound
Rebound, 24/01/2025

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Jan 24, 2025 2:21


Am Rebound vun haut steet virun allem Dammenekipp vu Bartreng am Mëttelpunkt. Vu Match zu Match gëtt kloer, datt d' Sparta déi Ekipp ass, déi an dëser Saison dem Gréngewald als éischt ka geféierlech ginn. Béid Ekippen stinn elo och an der Final vun der Coupe. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert....

RTL - Rebound
Rebound: Etzella Ettelbréck & Romain Hoffmann, 13/12/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Dec 13, 2024 2:17


Am Rebound vun haut steet d'Etzella vun Ettelbréck am Mëttelpunkt. Bei der Hären Ekipp leeft et perfekt an och Damme sinn nees um Wee Richtung Nationale 1. Do dernieft gi mir gefuer, firwat de Romain Hoffmann als President zu Bartreng ophält. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert...

RTL - Rebound
Rebound, 06/12/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Dec 6, 2024 2:31


Am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt, dréit sech alles em d'Dammen Nationalekipp. An dat aus guddem Grond. Si gouf nämlech e Mëttwoch als beschten Ekipp 2024 gewielt. An de Mariusz Dziurdzia ass op déi zweete Platz an der Kategorie vun den Trainere gewielt ginn...

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Nov 13, 2024 4:11


D'Kultur-ASBL frEsch kënnt net aus de Schlagzeilen, am Tageblatt ginn et haut zimmlech schwéier Virwërf géint den Direkter vu frEsch a seng Ekipp, donieft huet en Ekonomiesprofesser e Bongesystem fir Heescherten entwéckelt.

schlagzeilen direkter editioun tageblatt ekipp
RTL - Commentaire
Pit Everling: Donald Trump am Wäissen Haus: D'Demokrate si mat responsabel, 06/11/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Nov 6, 2024


Again! Déi eng feieren, déi aner schloen d'Hänn iwwer dem Kapp zesummen. Trotz all deem wat war, heescht den neie Locataire am Wäissen Haus wuel tatsächlech nach eng Kéier Donald Trump. Wat dat bedeit, ass net ofzegesinn. Wéi konnt et sou wäit kommen? Mam Fanger op Populisten, wéi den Trump a seng Ekipp, ze weisen, geet net duer. D‘Demokrate musse sech och bei der eegener Nues huelen.

Kultur
Myriam Muller a Sara Goerres am Gespréich

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 27, 2024 18:44


Konscht, Kultur an Theater si wéi Zännrieder, déi anenee gräifen. Dat ass d'Devis vun der Ekipp vum Kasemattentheater. Wat dat konkret fir hir Programmatioun fir déi nei Saison bedeit, a wéi den Théâtre du Centaure seng nei Saison opgebaut huet, erzielen d'Myriam Muller, artistesch Directrice vum Théâtre du Centaure an d'Sara Goerres vum Team vum Kasemattentheater am Gespréich mam Valerija Berdi.

Invité vum Dag
Claudia Monti

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jun 18, 2024 13:50


Ëmmer méi Leit bekloe sech beim Ombudsman, well si vun enger staatlecher Verwaltung, enger Gemeng oder och engem Etablissement public net adäquat behandelt goufen. D'Claudia Monti an hir Ekipp waren d'lescht Joer mat enger Rekordzuel u Reklamatioune befaasst. Gëtt den Déngscht um Bierger ëmmer méi schlecht oder ass d'Ombudsman souzesoen Affer vun hirem Succès? Dat freet d'Christiane Kleer d'Claudia Monti.

Kultur
Opriichten ugesot: Koll an Aktioun 2024

Kultur

Play Episode Listen Later May 17, 2024 6:31


Muer ass et souwäit: Iwwer de ganze Weekend verwandelt de Koll an Aktioun de Site vum Schifermusée zu Maarteleng an ee Museksfestival. D'Preparatioune lafen dës Woch op Héichtouren, an de Joé Birchen war mam Mikro bis op d'Plaz. Hien huet Andréck vum Opbau matbruecht a mat der Ekipp, déi haaptsächlech aus Volontairë besteet, iwwer hir Aarbecht geschwat.

RTL - Rebound
Rebound, 19/04/2024

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Apr 19, 2024 2:39


Steesel géint Ettelbréck bei den Hären a Diddeleng géint de Gréngewald bei den Dammen. Dat sinn d'Finalle vum Championnat am nationale Basket. Souwuel bei den Häre wéi och bei den Dammen, huet allkéiers eng Ekipp ee drëtte Match an den Halleffinall musse spillen fir et bis an d'Final ze packen. Dat ass Thema haut am Rebound, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt...

Buvette - De Fussballpodcast
Episod 142 - Euphorie

Buvette - De Fussballpodcast

Play Episode Listen Later Mar 27, 2024 27:58


Kuerz a knackeg. D'Lëtzebuerger Ekipp huet et leider net gepackt fir géint Georgien ze gewannen an trotzdeem hunnse et gepackt fir vill Begeeschterung an Euphorie am Land ze suergen. De Ben an den Dylan hunn sech de Match, d'Stëmmung an d'Fans am Land ugekuckt.

HAM, FRITTEN & ZALDOT
#181 Nächste Kéier!

HAM, FRITTEN & ZALDOT

Play Episode Listen Later Mar 27, 2024 38:56


Fir d'Futtballnationalekipp vun de Männer geet den EM-Dram a Georgien op en Enn. Mir schwätzen doriwwer a firwat d'Zukunft vun der Ekipp trotzdeem éischter positiv ausgesäit. Ausserdeem: Hacker leeë Site vum Staat a vu lëtzebuergeschen Entreprisë lahm an de Premier huet Atom-Iddien.

RTL - 5vir12
5 vir 12: Den Hacker Brian, 24/03/2024

RTL - 5vir12

Play Episode Listen Later Mar 24, 2024 36:18


2 Woche leien tëscht der Analyse vun der Aktualitéit vun eiser Ekipp vum 5 vir 12, ma bannent deenen Deeg huet sech nees vill Fudder ugesammelt fir driwwer ze debattéieren an dat mol an en anescht Liicht ze setzen, och wann een do mol ka verblennt ginn. No Ellesonndeg, haut op Pällemsonndeg um Wee fir bei Ouschtersonndeg hunn sech ëm d'Marie Gales den Al Ginter, Jacques Kapp, Lucien Czuga an de Gérard Valerius versammelt.

RTL - Presseclub
Annette Welsch, Christoph Bumb, Armand Back: Europalëschten a Bilan vun der CSV-DP-Ekipp waren d'Sujeten, 03/03/2024

RTL - Presseclub

Play Episode Listen Later Mar 3, 2024 50:21


Am Presseclub vun dëser Woch hu mer gekuckt, wéi sech d'CSV-DP-Ekipp bis ewell gemaach huet a wat d'Oppositioun deem entgéintzesetzen huet.

RTL - Commentaire
Carine Lemmer: Kohärenz amplaz Konkurrenz, 06/02/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 6, 2024 3:08


Eng Regierung ass eng Ekipp, déi e Land regéiert. An e Koalitiounsprogramm soll ëmsetzen. Eng Regierung, dat sinn awer och meeschtens verschidde Parteien an ëmmer verschidde Ministeren a Ministeschen. Wéi gutt klappt d‘Zesummenaarbecht bei der neier Regierungsekipp? Dat freet d'Carine Lemmer a sengem Commentaire. Gutt Usätz wieren do, mä Limitten och.

RTL - De Journal (Small)
De Weekend stinn an der Coque d'Schwëmmer am Mëttelpunkt, 25/01/2024

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Jan 25, 2024 2:12


De Serge Hollerich a seng Ekipp si mat de Preparative fir den CMCM Euro Meet 2024 esou gutt wéi fäerdeg.

coque stinn de weekend ekipp
RTL - De Journal (Large)
De Weekend stinn an der Coque d'Schwëmmer am Mëttelpunkt, 25/01/2024

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later Jan 25, 2024 2:12


De Serge Hollerich a seng Ekipp si mat de Preparative fir den CMCM Euro Meet 2024 esou gutt wéi fäerdeg.

coque stinn de weekend ekipp
RTL - Kloertext fir ze lauschteren
Iwwerzeegen d'Regierungserklärung an déi nei Ekipp?, 23/11/2023

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

Play Episode Listen Later Nov 23, 2023 80:56


Et goung ëm d'Regierungserklärung vum Premier Luc Frieden an ëm déi nei schwaarz-blo Ekipp. Eng Ekipp, mat där d'Oppositioun net immens zefridden ass.

rung ekipp
RTL - Kloertext (Small)
Kloertext- Iwwerzeegen d'Regierungserklärung an déi nei Ekipp?, 23/11/2023

RTL - Kloertext (Small)

Play Episode Listen Later Nov 22, 2023 81:14


Schwaarz -Blo huet séier geschafft. Et ka lassgoen - déi al hunn d'Büroe geraumt, vun den Neien ass jidderee vereedegt, Ministere wéi och Deputéiert.

RTL - Kloertext (Large)
Kloertext- Iwwerzeegen d'Regierungserklärung an déi nei Ekipp?, 23/11/2023

RTL - Kloertext (Large)

Play Episode Listen Later Nov 22, 2023 81:14


Schwaarz -Blo huet séier geschafft. Et ka lassgoen - déi al hunn d'Büroe geraumt, vun den Neien ass jidderee vereedegt, Ministere wéi och Deputéiert.

Invité vum Dag
Taina Bofferding

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Nov 15, 2023 14:05


Trotz hirem gudde Walresultat war d'nach-Ministesch net onbedéngt predestinéiert fir Presidentin vun hirer Fraktioun, der LSAP ze ginn. Wéi wëllt si virgoe fir déi nei Ekipp zesummenzeféieren an hir Plaz op der Oppositiounsbänk ze definéieren?

RTL - Commentaire
Marc Hoscheid: Ekippe gehéieren an de Sport an net an d'Gemeng!, 17/06/2023 10:01

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Jun 17, 2023


E Sonndeg gouf a 46 Gemengen nom Majorzsystem gewielt. Am Géigesaz zum Proporzsystem trieden hei keng Parteien oder Biergerlëschten, mee eenzel Kandidate géinteneen un. Ma mëttlerweil kënnt et awer och vir, datt sech Ekippe forméieren. Deels trieden dës och ganz oppen als Ekipp op, beispillsweis op Facebook a si vun enger Biergerlëscht quasi net ze ënnerscheeden. Keng gutt Entwécklung, fënnt de Marc Hoscheid an engem Tëscheruff.

Kultur
Besonnesch Bijouen aus dem Nationale Literaturarchiv

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 31, 2022 8:11


"Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis am Gespréich mam Valerija Berdi a Michel Delage.

nationale fundst joe r cnl dofir besonnesch ekipp michel delage
RTL - De Journal (Small)
De Journal vum 12. Dezember 2022, 12/12/2022 00:00

RTL - De Journal (Small)

Play Episode Listen Later Dec 11, 2022


Sujeten haut: CGFP a Fonction Publique, EU-Korruptiounsskandal, Logementsprojet Schieren, Bobësch a Wëldbréck, nei Ekipp fir den Tom Wirtgen a Concerten Atelier

RTL - De Journal (Large)
De Journal vum 12. Dezember 2022, 12/12/2022 00:00

RTL - De Journal (Large)

Play Episode Listen Later Dec 11, 2022


Sujeten haut: CGFP a Fonction Publique, EU-Korruptiounsskandal, Logementsprojet Schieren, Bobësch a Wëldbréck, nei Ekipp fir den Tom Wirtgen a Concerten Atelier

RTL - Commentaire
François Aulner: Eng "Troika" fir Lëtzebuerg, 08/12/2022 17:50

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Dec 8, 2022


De Lëtzebuerger sozio-ekonomesche Modell stéisst ëmmer méi u seng Grenzen. En ass net nohalteg an et profitéieren ëmmer manner Leit dovunner. A sengem Commentaire schwätzt sech de Fränz Aulner dofir aus, eng Troika, oder eng wëssenschaftlech Ekipp ze beoptragen, bannent 5 Joer déi Reformen z'ënnerhuelen, déi d'Lëtzebuerger Politik an d'Gesellschaft offensichtlech selwer net hikréien.

Kultur
Eng Trouvaille vun der Ludivine!

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 16, 2022 3:00


"Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis an der Emissioun Kultur um 5. Si hunn déi nei Editioun vu "Fundstücke-Trouvailles" erausginn.  

Kultur
Eng Trouvaille vun der Daniela!

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 16, 2022 2:27


"Fundstücke-Trouvailles" heescht d'Wierk, dat den Nationale Literaturarchiv all zwee Joer publizéiert. Am Buch kann een de Bléck an d'Archive vum CNL geheien, wéi eng Fongen hei archivéiert a konservéiert ginn a wourauser d'Aarbecht vun der Ekipp vum CNL besteet. Dofir waren d'wëssenschaftlech Mataarbechterin Daniela Lieb an d'Conservatrice Ludivine Jehin bei eis an der Emissioun Kultur um 5. Si hunn déi nei Editioun vu "Fundstücke-Trouvailles erausginn.

Kultur
Francis of Delirium

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 5, 2022 3:15


No enger Tour an de Staaten, dem Vereenegte Kinnekräich an an aneren Deeler vun Europa kréien d'Jana Bahrich a seng Ekipp hiren éischte Concert an de Rotonden, dee ganz fir si ass an dat ouni Covid-Restriktiounen.

Kultur
Esch 2022: Remix place

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 20, 2022 3:02


Op der uni.lu sinn och Projete fir Esch2022 amgaang realiséiert ze ginn. Een dovun ass an Zesummenaarbecht mat Wëssenschaftler:innen a Kënschtler:innen entstanen. "So mir: à quels lieux tu appartiens?" heescht d'Theaterstéck, dat ënner der Regie vun der kosmopolitescher Regisseurin Monika Dobrowlanska entstanen ass. D'Valerija Berdi war an d'Prouwen an huet mat der Ekipp vum Projet geschwat.

Kultur
Esch 2022: Remix place

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 19, 2022 6:29


Op der uni.lu sinn och Projete fir Esch2022 amgaang realiséiert ze ginn. Een dovun ass an Zesummenaarbecht mat Wëssenschaftler:innen a Kënschtler:innen entstanen. "So mir: à quels lieux tu appartiens?" heescht d'Theaterstéck, dat ënner der Regie vun der kosmopolitescher Regisseurin Monika Dobrowlanska entstanen ass. D'Valerija Berdi war an d'Prouwen an huet mat der Ekipp vum Projet geschwat.    

RTL - Automag
Electrifying Europe Tour mam MAN Elektro Bus an enger Escale zu Lëtzebuerg, 13/06/2022 11:45

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jun 13, 2022


„ELECTRIFYING EUROPE TOUR“, dat de Sujet an de nächste Minutten. Méi wéi 2500 Kilometer duerch 8 Länner an 10 Deeg. Dat war d'Challenge bei der MAN Lion's City E-Bus Tour duerch Europa mat Statioun och zu Lëtzebuerg. De Christian Schmit hat d'Chance di Ekipp kennenzeléieren.

Kultur
Déi Jonk vum FerroForum

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 4, 2022 8:48


Zanter zwee Joer baut eng Ekipp vu Benevollen - dorënner Konschtschafender, Schmelzaarbechter, Wëssenschaftler - op de Frichen tëschent Esch-Uelzecht a Schëffleng, an enger fréierer Industriehal, en Zentrum fir Eisen an Eisekonscht op. Aalt Eisen zu alem Eisen? Nees eng ASBL vu Fräiwëllegen, an där sech just Mënschen engagéieren, déi e gewëssen Alter hunn, einfach och, well déi Jonk mam Industriepassé vu Lëtzebuerg guer näischt ufänke kënnen? D'Kerstin Thalau huet bei der offizieller Aweiung vum FerroForum no jonke Wëllegen (oder jonke Wëlle?) gesicht .... a fonnt.

RTL - Rebound
Rebound, 25/02/2022 17:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Feb 25, 2022


Am Rebound vun haut, steet d´Härennationalekipp am Mëttelpunkt. Dem Ken Diederich seng Ekipp spillt e Sonndeg an der Pre-EM Qualifiaktioun an der Coque. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert...

rebound coque sonndeg ekipp rich simon
Konferenzen
La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives

Konferenzen

Play Episode Listen Later Dec 25, 2021 55:08


Am Joer 2013 koum déi franséisch Bibel vun der Liturgie eraus, vun där de Père Henri Delhougne, Benediktiner Pater an der Abtei Klierf, de Koordinator war. Et war déi éischt komplett Iwwersetzung op Franséisch vu bibleschen Texter, déi fir liturgesch Notzung geduecht sinn, dat heescht en Text, deen an der Ëffentlechkeet verkënnegt ka ginn, an dee vun der Versammlung, déi den Text net viru sech huet, verstane ka ginn, dat ass d'Specificitéit vun dëser liturgescher Bibel. D'Notzung vun der Iwwersetzung, déi vu sougenannten Exgégètes (Erklärer) vun der Bibel ausgeféiert gouf, beschränkt sech sécher net op d'Liturgie eleng. Si ass grad esou fir d'Katechete geduecht, wéi fir perséinlecht Liesen a Meditatioun. Fir e richtegt Verständnis vun der Schrëft ze erméiglechen, hat de Père Delhougne eng Ekipp vun zwanzeg Spezialiste rassembléiert, vun deenen der vill schonn un der Iwwersetzung bäigedroen haten. Si goufen opgeruff, Explikatiounen ze schreiwen. Am Ganze sinn dat eng 25.600, déi Äntwerten op Froe vun de Lieser vun haut ubidden. Zousätzlech, um Ufank vun all biblesche Buch, fënnt de Lieser een Inhaltsverzeechnes, dat him hëllefe soll, e Passage am Kontext vum Buch ze situéieren. Bei Geleeënheet vum 1.600. Doudesdag vum Hellege Jérome, Iwwersetzer vun der Bibel op Latäin, gouf am September 2020 dës nei Editioun vun de Schrëften, mat explikativen Notizzen, publizéiert. Am Ganze koumen dobäi eng ronn 25.000 Notten zesummen. De Carlo Link huet sech mam Père Henri Delhougne doriwwer ënnerhalen, wéi et zu dëser Publikatioun koum. Weider héiere mir, ënner anerem, en Extrait vun der Soirée de Lancement an der Belsch zu Léck, (Audio: Jean-Philippe Detiffe). Père Henri Delhougne, Presentatioun den 9. Oktober 2020 zu Léck, Église Saint-Jacques De Père Delhougne um Mikro vum Carlo Link den 13. Dezember   "La Bible - Traduction liturgique avec notes explicatives" 2.880 Säiten - 16,5 x 25 x 7 cm - ISBN: 978-2-7067-2010-9 éditions SALVATOR, Paris  

RTL - Rebound
Rebound, 17/12/2021 17:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Dec 17, 2021


Am Rebound vun haut spillt eng Ekipp d´Haaptroll déi zefridde mat der Saison ass an eng aner bei där een sech méi wéi schwéier deet. Do dernieft werfe mir och ee Bléck op d´NBA. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert....

nba saison rebound ekipp rich simon
Kultur
Advent, Advent ...

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 10, 2021 4:43


Advent, Advent, ein Lichtlein brennt ... Fir Iech an eis d'Zäit bis Chrëschtdag ze verkierzen, ass eis Ekipp vum B-Radio amgaang eppes Besonnesches ze bastelen ... Ëm wat et geet? Dat héiere mir dëse Sonndeg ... oder elo am klengen Appetizer, deen d'Valerija Berdi virbereet huet.

RTL - Rebound
Rebound, 22/10/2021 17:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Oct 22, 2021


Am Basket steet dëse Weekend een duebele Spilldag um Programm. de leschte Weekend hunn zwou Ekipp fir déi éischte Kéier dëse Saison verluer. Eng aner Ekipp schéngt elo definitiv erwächt ze sinn. Nämlech Ettelbréck. Dat alles sinn Themen am Rebound, den iech haut vum Rich Simon presentéiert gëtt....

Invité vum Dag
Dr. René Metz

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Sep 6, 2021 16:54


Den Direkter vum Escher CHEM ass zanter sechs Méint am Amt. Hien ass net nëmmen zoustänneg fir d'Aktivitéite vum Spidol mat senge verschiddene Sitten, mee och fir de Projet Südspidol. Déi nei héichmodern Klinik, déi zu Esch soll gebaut ginn, ass nach net richteg an d'Gäng komm an huet d'lescht Woch e weidere grousse Réckschlag erlieft: de CHEM huet d'Kontrakter mam Architekt Albert Wimmer an deem sengem Konsortium gestoppt. Dem Betraffenen a senger Ekipp ginn Onzouverlässegkeet an Augenwischerei virgeheit. Wat geschitt elo, fir datt esou mann wéi méiglech Steiersue verluer ginn, a fir datt de bevëlkerungsräiche Süde séier een neit Spidol kritt? Dat freet d'Christiane Kleer de René Metz.

Kultur
Ante Esch 2022

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 18, 2021 5:05


Op enger Pressekonferenz huet en Deel vun der Ekipp vun Esch 2022 op verschidde Manifestatiounen an Aktiounen higewisen, déi elo an och am Hierscht op d'Kulturjoer virbereeden. D'Valerija Berdi mat Detailer

RTL - Rebound
Rebound, 14/05/2021 17:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later May 14, 2021


Am Rebound ass haut een Dammentour ugesot. Et dréit sech nämlech alles ëm d´Halleffinalle vum Championnat. Do decidéiert sech haut, wat fir eng Ekipp deen éischten Ticket kritt fir an d´Finall. De Rebound gëtt iech haut vum Rich Simon presentéiert.

ticket rebound championnat finall ekipp rich simon
RTL - Kloertext fir ze lauschteren
"CSV-Team Wiseler" amplaz Engel an alles paletti?, 22/04/2021 21:15

RTL - Kloertext fir ze lauschteren

Play Episode Listen Later Apr 22, 2021


"Se wollte menger lass ginn” sot de Frank Engel a geet och, trëtt aus der Partei aus. Um CSV-Kongress trëtt elo de Claude Wiseler mat enger neier Ekipp un. csv, frank_engel, claude_wiseler, christophe_hansen, elisabeth_margue, pierre_lorang

alles engel partei frank engel ekipp
Riicht eraus
Paul Galles a Christophe Hansen

Riicht eraus

Play Episode Listen Later Apr 10, 2021 56:35


D'CSV huet d'Lëtzebuerger Politik jorelaang dominéiert. Mee iwwer siwe Joer nom Depart vum Jean-Claude Juncker sinn déi Chrëschtsozial just nach eng zerstridden Oppositiounspartei, ouni klore Message. Ausgerechent de gescheiterte Spëtzekandidat vun de leschte Wale soll elo nees Rou an d'CSV bréngen. Wéi wëllen de Claude Wiseler a seng nei Ekipp dat maachen? Dat froe mer zwee Politiker, déi dem Claude Wiseler an Zukunft bei der Leedung vun der Partei wëllen zur Säit stoen: de Paul Galles an de Christophe Hansen. Si kandidéieren fir Vizepresident, respektiv Generalsekretär vun der CSV ze ginn.  Moderatioun: Rick Mertens