POPULARITY
Radikaliséierung am Netz, Sécherheet um Vëlo an d'Gefor vu Spillsucht, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
Radikaliséierung am Netz, Sécherheet um Vëlo an d'Gefor vu Spillsucht, dat sinn eis Theemen haut an der Presserevue.
Radikaliséierung ass e Prozess a Prozesser kann een ënnerbriechen. Carole Reckinger, Mataarbechterin bei respect.lu
An e Puer Méint wäerten d'Amendementer zu engem Projet de loi am Parlament deposéiert ginn, bei deem et ëm en neit Jugendschutzgesetz geet. Wa Mannerjäreger a grousser Gefor sinn, Jugendlecher a Konflikt gerode mam Gesetz, ass et um Jugendriichter anzegräifen, fir Moossnamen ze huelen, déi sollen hëllefen.
Mir mussen zesummestoen, fir muer net nëmme propper Loft anootmen ze kënnen, mee och fir d'Loft vun der Fräiheet weider ze genéissen, mengt d'Anne Brasseur an hirer Carte Blanche.
E Méindeg de Moie war d'Demokratie an hir Grenzen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn? A senger Abschidsried huet den Joe Biden virum "tech-industrielle Komplex" gewarnt, virun enger Oligarchie mat extrem vill Räichtum, Muecht an Afloss, déi d'US-Demokratie an hir Grondrechter menacéiert - ouni den Numm Elon Musk ze nennen - geet et virop ëm de räichste Mann vun der Welt, dee quasi am Duo mam Donald Trump an d'Wäisst Haus wäert plënneren.
Am Kloertext op der Tëlee um Donneschdeg den Owend gëtt debattéiert, wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn.
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.

D'Demokratie ass a Gefor, warnen ëmmer méi traditionell Parteien a Journalisten. Si hu Recht, fënnt de Fränz Aulner a sengem Commentaire. Allerdéngs, sinn se a sengen Ae mat dru Schold, datt Elon Musk, Trump an anerer esouvill ze soen hunn.
E Méindeg de Moie waren d'EU a speziell d'Liewensmëttelproduktioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Hollywood ass a Gefor. Déi geféierlech Bëschfeier, déi sech ëmmer méi séier ausbreeden. Feier ass elo just nach e puer Kilometer vun der weltbekannter Filmmetropol ewech. D'Situatioun ass sou kritesch, datt eng ganz Partie Veranstaltungen hu missen ofgesot ginn - eppes wat et an dësem Ausmooss nach ni zu Los Angeles gouf. De Pit Biwer mam Temoignage.
D'Majoritéit vun US-Bierger wëll den Donald Trump zeréck, an deen huet dës Walen haushéich an all Hisiicht gewonnen, huet fräi Hand duerch ze regéieren.

Geplangte Milliounen-Investitiounen déi d'Regierung net ëmsetzt, Skepsis vun OGBL-Presidentin no Diskussioune mam Aarbechtsminister, a Gefor vun engem Retour vun der Austeritéitspolitik an Europa, dat sinn d'Theemen haut an der Presserevue.
Wéi d'Schrëftstellerin Julia Deck hir 84-järeg Mamm bewosstlos an hirer Wunneng fënnt an en AVC diagnostizéiert gëtt, schéngen der Fra hir Deeg gezielt. Dorop spekuléiert op alle Fall de franséische Gesondheetssystem. D'Mamm refuséiert allerdéngs, ze stierwen, an d'Auteurin fäert, elo, wou hirer Mamm hiert Liewen a Gefor ass, ni méi een donkelt Familljegeheimnis kënnen ze elucidéieren. An hirem sechste Roman an hirer éischter Autofiktioun erzielt d'Julia Deck eng touchant Geschicht iwwert eng schéi Bezéiung tëschent enger Mamm an hirer Duechter, déi e Wee duerch den administrativen Albdram vum franséische Gesondheetssystem musse fannen. De Jeff Schinker huet d'Buch gelies.
Weltraum: Ënnert engem Himmel voller Dreck Millioune vu Weltraumtrëmmer kreesen ëm eis Äerd, wat d’Resultat vun de ville Rakéitestarten aus de leschte Joerzéngten ass. D’Gefor vu Kollisiounen, déi nei Trëmmer schafen, klëmmt, an domat och d’Bedreeung fir Satellitten, bemannt Flich a fir eis Gesellschafte, déi staark op Satellittendéngschter ugewise sinn. Lëtzebuerg an aner Weltraumakteure denken elo méi u nohalteg Léisungen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Espace : sous un ciel de déchetsThe post L'espace a besoin d'air first appeared on Radio ARA.
No den iraneschen Attacken op Israel, stellt sech d'Fro, ob a wéi Israel a seng Alliéiert reagéieren.
Wann eng aktuell Uklo géint seng Firma op d'Geriicht geet, misst de Kënschtler Banksy perséinlech Informatioune vu sech präisginn. Den Nicolas Calmes faasst d'Problematik kuerz zesummen.
Wësst Dir, wat "Altlasten" sinn? Dem Duden seng Definitioun ass déi hei: Altlasten sinn Tippen, déi zwar net méi genotzt ginn, op deenen awer Saache leien, déi eng Gefor si fir Ëmwelt a Grondwaasser. Dass et där hei am Land bal esouvill gëtt, wéi Sprenzen am Fësch, bréngt d'Monique Kater op de Kommentar vun dësem Dënschdeg.
D'Welt brennt. Déi global Sécherheetslag ass schlecht. Och Europa steiert duerch onroueg Gewässer a mécht sech net genuch draus, fënnt de Pit Everling, fir deen déi gréisst Gefor déi aner Säit vum grousse Pull lauert.
Wei fragil eis Demokratien sinn, gëtt eis zënter iwwert engem Joer sou kloer gemaach wéi schonn laang net méi - sief dat an der Ukrain, Israel oder wou soll et deemnächst brennen? Heiheem wären Chamberswalen evident - de Souverän konnt schonns den Dag no de Walen e Formateur fir d'Regierung nennen - d'Welt schéngt also an der Rei, och wann et nach e weidere Gewënner gëtt - déi mënschlech Dommheet. Doriwwer ass et besser ze schwätzen, iert et ze spéit ass: Kuerz déi brong Gefor. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.
Wéi Plastik eist Liewe vereinfacht huet a gläichzäiteg eng Gefor ka sinn E Liewen ouni Plastik, onvirstellbar. Mir hunn eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt wou een erliewe kann wéi den Alldag fréier war, ganz ouni Plastik. Erzielen d'Geschicht vun dësem Wonnerstoff. Léiere Fuerscher kennen déi Plastik méi ëmweltfrëndlech maachen. Analyséieren Spillsaachen a Fueskostümer op geféierlech Substanzen. An erkläre wou de Mikroplastik hir kënnt an op en da lo geféierlech fir de Mënsch ass oder net.

Firwat sinn d'Diskussiounen iwwert Sprooch sou emotional an och politesch zu Lëtzebuerg?
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
Elo Donneschdes um 20 Auer. D‘Emissioun vum Caroline Mart ronderëm déi Themen, déi jiddereen am Alldag betreffen.
An den Zeitunge liest een haut iwwer nei Virwërf géingt d'Monica Semedo a Bäckeren déi a Gefor sinn. D'Presserevue vum Sophie Morang.
Am Hierscht 1984 fillt den Liewensmëtteltechniker Günther Stoll sech verfollegt an a Gefor. An der Nuechtt vum 25. op den 26. Oktober stierft den Günther Stoll op rätselhaft Aart a Weis. War et en Mord oder einfach en Accident mat seelenen Ëmstänn? Dat gitt dir an dëser Episode gewuer.
Ass d'Recht op Ofdreiwung och hei am Land a Gefor? Dat freet de Rick Mertens d'Presidentin vum Planning Familial.
D'Muecht vun de grousse Produzente vu Geseems ass enorm: Just e puer Konzerner hunn den Gros vum Marché an hirer Hand. Dat ass eng Gefor fir d'Vilfalt an awer och fir d'Iwwerliewe vun der klenger Landwirtschaft. Am
Et ass Europadag an dat heescht: de Pierre huet fräi, wärend de Matthias muss schaffen. Trotzdeem werfe mer e klenge Bléck op dëse Feierdag. Ausserdeem: den Tripartite-Mesure-Pak kéint scho nees a Gefor sinn an den Gender Pay Gap zu Lëtzebuerg entwéckelt sech an déi richteg Richtung. A nei Musek gëtt et och.
De Krich an der Ukrain – Hätt een en misse komme gesinn? Wat passéiert eigentlech? A firwat? Si mer hei zu Lëtzebuerg a Gefor ? Wéi geet et weider? Et ass zwar onméiglech, am Moment Äntwerten op di Froen ze ginn, mee ech probéieren mam Petz Bartz emol mer en Iwwerbléck iwwert d'Situatioun ze verschafen.
De Meteorolog a Klimatolog versteet net, firwat net méi fréi a méi staark virun der Héichwaasser-Gefor gewarnt ginn ass. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
Mir kruten eng mysteriéis Noriicht op eisem Instagram... a mir brauchen Hiweiser, wat do geschitt ass. Ausserdeem beschwätze mir alles aus der leschter Woch, vu verschwonnenen Zaldoten an der Belsch bis zum Test-Concert an der Rockhal. Wéi ëmmer delikat gewierzt mat mëttelméissegem Humor an Experts-Wësse vun dräi Idioten (dat si mir).
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen? D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach, a Kooperatioun mat der Zäitschrëft "forum". Participanten: Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och Europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung Enregistrement: Trifolion. Montage an Audio-Mastering: Carlo Link V.l.n.r.: Anne Schaaf, François Moyse, Judith Reicherzer, Karin Weyer, Romain Schroeder © Trifolion d'Suite vum Debat lauschteren, wéi och d'Froen an d'Äntwerten Eng zweet Debatt, am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach vum 7. Mee, ënnert dem Titel: "Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter", bréngt de Radio 100,7 den 13. Mee op Christ Himmelfaart, tëschent 17:00 an 18:00 Auer.
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen? D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion Iechternach a Kooperatioun mat der lëtzebuergescher Zäitschrëft forum. Participanten an der Reiefolleg, wéi si am Ufank zu Wuert kommen : - François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter - Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation - Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin - Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung Resumé vun der Debatt vum 22. Abrëll. Enregistrement: Trifolion / Montage an Audio-Mastering: Carlo Link Déi komplett Debatt bréngt de Radio 100,7 - den 9. Mee tëschent 17:00 an 18:00 Auer ! https://trifolion.lu/de/programm/event-categories/fake-news.html
Wéi den Zocker eis notzen awer och schuede kann.
Wéi den Zocker eis notzen awer och schuede kann.
Wéi den Zocker eis notzen awer och schuede kann.
Wéi den Zocker eis notzen awer och schuede kann.
Essaie vum Peter Suhrkamp, déi beschreiwen, wéi hie sech der Gefor vun der Vernichtung vun der physescher an der geeschteger Existenz zäitliewens entgéint gestemmt huet. Trotzdeem huet hien et fäerdeg bruet, d'Fundamenter vun engem vun de bedeitendsten däitsche Verläg ze schafen. Wéi dat him gelongen ass, seet de Léon Rinaldetti.
Am Mëttelpunkt vun der Emissioun "Kloertext" stinn en Donneschdeg d'USA, d'sozial Medien an d'Meenungsfräiheet.
Wat bréngen Antikierper-Tester an CO2-Miessapparater an de Schoulen a wéi soll ee reagéiere, wann een de Verdacht huet, datt e Kand a Gefor ass?
Am Lëtzebuerger Wort gëtt e Fall opgedeckt, wou den Educatiounsministère verhënnert hätt, datt e Kand, dat a Gefor war, dem Parquet gemellt gouf.
Seele war e ganzt Vollek, ganz Europa, jo - bal d'ganz Welt-Communautéit dem Pouvoir esou ausgeliwwert wéi an dësen Zäiten. Mir agéieren nëmmen nach no Uerderen - vun Uewen - fir déi eege Gesondheet an déi vun eise Matmënschen net a Gefor ze bréngen... Mä d'Fro stellt sech, wat all Appeller bréngen? Op d'mannst de Roy Grotz stellt sech déi Fro.
Wann an enger Stad an d'Déift gebaut gëtt, iwwerpréiwen Archeologe fir d'éischt emol, op Bagger a Co näischt vun historeschem Wäert zerstéieren. Just op där Plaz, wou an der griichescher Stad Thessaloniki de Metro geplangt war, hu Fuerscher eng sensationell Decouverte gemaach: eng Stad ënner der Stad, an zwar aus der byzantinescher Zäit, do wou Thessaloniki déi wichtegst Stad am Räich no Konstantinopel war. Et ass no Léisunge gesicht ginn, wéi Metro a Kulturmonument kombinéiert kéinte ginn. Eis Griichenland-Korrespondentin Alkyone Karamanolis iwwer d'Evolutioun vum Dossier.
A senger Carte blanche schwätzt den Ex-Deputéierten Jean Huss haut net iwwer de Coronavirus, mee iwwer eng aner global Gefor fir eis Gesondheet an eis Ëmwelt, virun där franséisch Fuerscher ganz rezent gewarnt hunn.

Déi national Ëmsetzung vun enger EU-Steier-Direktiv bereet de Lëtzebuerger Affekote Suergen.De Barreau gesäit säi Beruffs-geheimnis a Gefor, well eng Obligatioun soll kommen, fir potentiell agressiv Steierpraktiken ze denoncéieren.Wat huet et domat op sech ? Firwat empfannen d’Affekoten de Projet vum Finanzminister als ze strikt? Wat fir Konsequenze gi fir de Secteur gefaart?Mir froen de Moien no bei der Vice-Bâtonnière Valérie Dupong. Si ass herno d’Invitée vun der Redaktioun.

Haut ass den internationalen Dag vun de Kannerrechter. D’Affekotin an Expertin fir Famillierecht a Jugendschutz Deidre Du Bois ass de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Si ass och Vizepresidentin vun der konsultativer Mënscherechtskommissioun. Mat hir schwätze mer de Moien iwwert de Jugendschutz an d’Gefor vun der Kanneraarmutt. Dat wéi gewinnt am Interview géint 10 op 8.

Nach hu mer genuch Dokteren a Fleegepersonal!Mëttelfristeg ass onse Gesondheetssystem awer a Gefor.Sou den alarmante Constat vun enger rezenter Etüd. Déi Gesondheetsministère an Optrag ginn huet. Rieds geet vu Manktem u Medeziner, Rekrutéierungsproblemer an net genuch Formatiounsméiglechkeeten. Doriwwer schwätze mer mat der Associatioun vun den Dokteren.De President vun der AMMD, denDr. Alain Schmit, ass onsen Invité vun der Redaktioun.

De System vun de Spëtzekandidaten ass eréischt 5 Joer al, ma e leeft d’Gefor net iwwer dës Europawahlen eraus ze iwwerliewen. Ënnert anerem déi Europäesch Liberal kritiséieren de System. Staats- a Regierungscheffe wéi den Emmanuel Macron an de Xavier Bettel hu schonn annoncéiert, sech net onbedéngt drun halen ze wëllen. Zu Lëtzebuerg hunn d’adr an d’Majoritéitsparteie gëschter an der Chamber géint eng Motioun vun der CSV gestëmmt, déi vun der Regierung gefuerdert huet, sech am Conseil fir de Spëtzekandidatesystem anzesetzen. Eng Analyse vum Fanny Kinsch.
An dëser 36. Episode interesséiere mer eis am Cadre vun der Journée de la Mémoire fir Negationismius, méi spezifesch fir Holocaust-Leugner. Wat ass Negationismius? Wou kennt et hir? Ass et eng Gefor fir d'Demokratie? An selbstverständlech: huet een d'Recht, am Numm vun der Riede-Fräiheet, fir den Holocaust ze leegnen oder net? Diskussiounspartner: Den Marc SCHOENTGEN an den Romain SCHROEDER vum Zentrum fir politesch Bildung
D'Patrone knouteren net grad wéineg den Ament: fir si steet de Sozialdialog a Gefor.