Podcasts about hannergrond

  • 8PODCASTS
  • 16EPISODES
  • 16mAVG DURATION
  • ?INFREQUENT EPISODES
  • Jun 20, 2024LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about hannergrond

Latest podcast episodes about hannergrond

Kultur
Musek, Konscht, Gastronomie a Sport um Kärcher Schlass

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 20, 2024 18:57


De 5. bis 7. Juli ass d‘Gréiweschlass zu Käerch - eng effektvoll bespillbar Ruin - erëm de fantasteschen Hannergrond fir de Beautiful Decay Festival. Dräi Deeg gëtt Musek, Konscht, Gastronomie a Sport gebueden. Den Thierry Schmitz vun de Käercher Schlassfrënn erzielt eis elo direkt méi, am Gespréich mam Marc Clement aus der Museksredaktion.

RTL - Automag
Automag: Mercedes C-Klass Diesel-Hybrid, 22/01/2024

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jan 22, 2024 3:51


E bëssen an den Hannergrond geroden ass e schonn, den Hybrid. Et ginn awer och Marken déi un em festhalen. Wéi zum Beispill Mercedes-Benz. Si kombinéieren esouguer nach ëmmer den Diesel- mam Elektromotor, den neiste Worf ass déi aktuell C-Klass als C 300 de. De Paul Origer huet e fir eis am Alldag getest.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
RTL: Fir méi Chancëgerechtegkeet an der Schoul, d’Promotioun iwwerschaffen!, 06/10/2023

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 6, 2023 2:33


International Studie weisen drop hin, wéi grouss den Impakt vum sozioprofessionellen Hannergrond vum Jonken op seng Reussite an der Schoul ass. A wann ee vu Reussite schwätzt, kommen automatesch d'Promotiounskrittären an d'Spill. Deem Thema geet de Gaston Ternes, fréiere Schouldirekter an aktuellen Expert fir de Reseau vun den Europaschoulen a senger Carte blanche no.

Kultur
D'Sung Tieu um Civic Floor am Mudam

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 3, 2023 2:49


D'Sung Tieu koum 1987 am Vietnam op d'Welt, lieft a schafft awer zanter hire Konschtstudien zu Berlin, mëttlerweil och zu London. Dësen Hannergrond erkläert och hiren Interessi un der Geschichtsschreiwung, déi massiv transnational Beweegungen, d'Migratioun vu Mënschen an Objeten. Am Mudam huet si zu deene Sujeten eng abstrakt Rauminstallatioun opgeriicht. Dir gesitt stole Skulpturen, déi fir historesch Prisongsmodeller stinn; un de Maueren administrativ Formulairen ouni Text, bei deenen d'Kënschtlerin sech mat den Eegenaarte vun den Ausfëll-Grillë beschäftegt huet. D'Sung Tieu huet hir Aarbecht "Civic Floor" genannt. Hei eng Explikatioun zum Titel

Kultur
D'Sung Tieu um Civic Floor am Mudam

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 2, 2023 9:41


D'Sung Tieu koum 1987 am Vietnam op d'Welt, lieft a schafft awer zanter hire Konschtstudien zu Berlin, mëttlerweil och zu London. Dësen Hannergrond erkläert och hiren Interessi un der Geschichtsschreiwung, déi massiv transnational Beweegungen, d'Migratioun vu Mënschen an Objeten. Am Mudam huet d'Multi-Media-Kënschtlerin sech elo op den civic floor gewot. Hir Rauminstallatioun do am Lear-Pavilion, e besonnesch helle ronnen Espace am Pei-Musée, dréit effektiv den Titel "civic floor". D'Kerstin Thalau wollt gewuer ginn, wéi d'Kënschtlerin sech um ëffentleche Parquet fillt.

Kultur
"D'Sowjetunioun lieft an eis weider"

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 20, 2022


Eng tragesch Libesgeschicht tëschent engem Schoulmeeschter a senger Schülerin virum Hannergrond vun den dramateschen Entwécklungen an der Sowjetunioun vun den 1920er Joren. Dat erzielt déi russesch Schrëftstellerin Gousel Iakhina an hirem historesche Roman "Les Enfants de la Volga" (Les Editions Noir sur Blanc), an enger Sprooch, déi sech un däitsche Märercher inspiréiert. De Michel Delage huet um Festival Etonnants voyageurs ufanks Juni zu Saint-Malo mat der russescher Autorin geschwat.

Presserevue
Presserevue

Presserevue

Play Episode Listen Later May 24, 2022 5:03


D'EU Kommissioun kritiséiert Inegalitéiten am Lëtzebuerger Schoulsystem. De SchülerInnen hiren Accès zu schoulesche Filièrë géif méi vu hire sozio-ekonomeschen a linguisteschen Hannergrond ofhänken, wéi vun hire schoulesche Performancen.  "Bruxelles met en garde le Luxembourg", schreift dozou de Quotidien. Weider Themen: D'Cent Buttéker, an de "Mythos" vun den héiche Lounkäschten zu Lëtzebuerg.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Jean-Luc Thill: Wann d'Vernonft schléift..., 01/04/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Apr 1, 2022


"De Versuch, den Himmel op Äerden ze installéieren, huet ëmmer nëmmen d'Häll produzéiert", sou de Karl Popper an "Die offene Gesellschaft und ihre Feinde" aus dem Joer 1945. An sou e Versuch - ausgeléist um Hannergrond vun der Hybris vun enger Persoun - leeft zanter dem 24. Februar an der Ukrain – dozou Iwwerleeunge vun eisem Hausphilosoph, dem Jean-Luc Thill.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Paul Estgen: Flüchtlingsfro no der Pandemie, 20/10/2021 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Oct 20, 2021


D'Fro vun de Flüchtlingen ass an der leschter Zäit an den Hannergrond geréckelt. Dat huet och eppes domadder ze dinn, dass d'Zuele vun de Leit, déi eng Demande stellen, an den Zäite vum Lockdown staark zeréck gaange sinn. Fundamental huet sech wéineg geännert, den Drock bleift an d'Äntwerten, bei ons an an Europa, loossen op sech waarden. Eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog.

RTL - HitStory
HitStory - HAPPY BIRTHDAY, 02/03/2021 13:10

RTL - HitStory

Play Episode Listen Later Mar 2, 2021


Bestëmmt hunn der dat Lidd och schonn mol fir Iech gesongen. Mä dem Stevie Wonder säi Gebuertsdagsständchen huet an éischter Linn e politeschen Hannergrond.

Konferenzen
Histoire des Médias au Luxembourg

Konferenzen

Play Episode Listen Later Oct 25, 2020 6:10


Yves Steichen (am Hannergrond de Jean Octave 1982 an der Emissioun Hei Elei Kuck Elei op RTL, déi eemol d'Woch sonndes koum) © Carlo Link Zur Geschicht vu Radio an Televisioun zu Lëtzebuerg:  Als éischt muss een tëschent dem RTL Group (fréier CLR/CLT) a RTL Lëtzebuerg mat de Sendere RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Télé Lëtzebuerg, déi zum RTL Group gehéieren, ënnerscheeden. D'Privatentreprise CLR/CLT kritt 1930 déi staatlech Konzessioun (an den de facto Monopol), fir vu Lëtzebuerg aus eng Radio Gesellschaft ze bedreiwen, zu där vun 1959 (Radio) resp. 1969 (Tëlee) un och déi zwee eenzeg lëtzebuergesch Programmer gehéieren. Bis ufanks den 90er Jore gouf et also just zwee lëtzebuergesch Senderen hei am Land. 1991 ännert sech dat duerch d'Liberaliséierung vun de Frequenzen  - de Monopol gëtt opgebrach an nei Senderen entstinn. Richteg interessant gëtt et 1929 - also relativ spéit, wann ee bedenkt, datt de Radio als Kommunikatiounsmedie schonn zanter de fréien 20er Jore verbreet ass. Déi lëtzebuergesch Regierung huet de kommerziellen Interessi erkannt, zu Lëtzebuerg e Radiosender respektiv eng Radio Gesellschaft entstoen ze loossen a beschléisst e Gesetz, dat d'Situatioun reguléiere soll a virgesäit, datt d'Schafung vun engem neie Radiosender zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun vun der Regierung brauch. Engersäits wëllt een international net à l'Ecart stoen a sech dëse Maart mat enger neier Source de Revenu net entgoe loossen, anerersäits gesäit een awer och nach kee Besoin fir e lëtzebuergeschen Nationalsender. Dat, wat een also erlaabt, ass d'Schafung vun enger internationaler Gesellschaft (mat haaptsächlech franséischem Kapital) zu Lëtzebuerg, déi vu Lëtzebuerg aus an Europa senden däerf - mat virgeschriwwener Neutralitéit. Doduerch entsteet eng win-win-Situatioun: D'Lëtzebuerger Regierung muss keng Suen ausgi fir den Opbau vun enger Radiostatioun, kann awer Steiere kasséieren. ( ..... ) 1991 - Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenzen - Mam Gesetz zur Liberaliséierung vun de Radiosfrequenze verléiert RTL säi Monopol. Privat wéi ëffentlech-rechtlech Sender kënnen elo entstoen. Als Beispill sief den 100komma7 genannt, en ëffentlech-rechtleche Sender mat soziokulturellem Schwéierpunkt , entstanen op Initiativ vun der Regierung. De "Papp" vum 100komma7 (deemools: De soziokulturelle Radio) ass de Kulturminister Robert Krieps. D'Iddi vun engem Kultur-Radio, dee vum Staat bezuelt gëtt, ass e wichtegt Instrument fir d'Stimuléierung vun der kultureller Produktioun. Weider nei Sendere sinn den DNR (Den neie Radio) als Alternativ zu RTL, den Eldoradio als Sender fir déi Jonk, de scho genannte Radio Ara, deen nieft Lëtzebuergesch och op Englesch sent, a Radio Latina, dee fir déi portugisesch Matbierger Emissiounen op Portugisesch huet. Éischte Logo vum soziokulturelle Radio - honnert,7  D'Konferenz vum Yves Steichen, Historiker am Departement fir Film-TV vum Centre National de l'Audiovisuel (CNA), déi mat villen Extraiten aus audiovisuellen Dokumenter aus den CNA Fonge gepräägt war, hat en Iwwerbléck iwwer d'Evolutioun vun der Geschicht vu Radio an Tëlee zu Lëtzebuerg ginn. Presentatioun a Montage: Carlo Link Audio-Dokoment 1: Radio Luxembourg 1. Deel - Patch-Radio 2003 Vun der Association Radio-Luxembourg vum François Anen um Speicher an der Beaumontsgass, bis bei déi gréissten Radio- an Televisiouns-Statioun an Europa [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link]. Audio-Dokument 2: Télé Luxembourg Audio-Extraitë aus dem Film vum Andy Bausch vun 2005 Télé Luxembourg - 50 ans [RTL Group / CLT-UFA / CNA]. Audio-Dokument 3: Hei Elei, Kuck Elei 1. / 2. Deel - Patch-Radio 2009  Geschicht vun der éischter Televisiounsemissioun a Lëtzbuerger Sprooch, 1969 [Archiven: CLT-UFA / CNA, Produktioun: Radio 100,7 - Carlo Link]. Déi detailléiert Radio- an Tëleesgeschicht hei op Kulturgeschicht.Lu: https://www.kulturgeschicht.lu/taxonomy/term/29#6 Rotondes Explorations Culturelles: https://www.rotondes.lu/fr/agenda/histoire-des-medias-au-luxembourg-radio-et-television-aux-20e-et-21e-siecles Resumé vun der Konferenz:

Kultur
Seriekritik: Matrjoschka, Russian Doll

Kultur

Play Episode Listen Later May 25, 2020 4:08


D'Nadia steet am Buedzëmmer vun hirer Frëndin virum Spullsteen. Am Hannergrond leeft Musek, hir Frëndin huet eng Party fir hir 36 Joer organiséiert. D'Nadia huet e granzege Bléck, fëmmt an drénkt ze vill, ass éischter déi zynesch Zort vu Mënsch. Hir Kaz Oatmeal ass zanter zwee Deeg net méi heem komm. D'Serie spillt zu New York an déi deels däischter, deels roudelzeg beliichte Stroosse ginn natierlech mat Jazz ënnermoolt. Beim Zigarette kafen taucht en dann op emol op, den Oatmeal, hir Kaz op der aner Säit vun der Strooss. D'Nadia leeft voller Freed iwwer d'Strooss, gëtt vun engem Auto iwwerrannt an ass dout. D'Nadia steet erëm virum Lavabo am Buedzëmmer vun hirer Frëndin an déi selwecht Musek leeft am Hannergrond. D'Conversatioune fille sech wéi e komeschen Déjà vu un. Laang Story kuerz. De Plot vun dëser Serie, leeft nom bekannte Schema, stuck in a Loop. Woubäi dës éischter vun der däischterer Zort ass, awer net ouni Humor. D'Lara Bousch huet d'Serie "Matrjoschka, Russian Doll" gekuckt.

Riicht eraus
Hartmut Rosa

Riicht eraus

Play Episode Listen Later Apr 26, 2020 57:41


Manner Aarbecht, kee Stau, méi Zäit fir eis selwer - an am Hannergrond päifen d'Villercher: Virun e puer Wochen hätt dat vläicht nach wéi eng Utopie geklongen, déi souwisou net ëmzesetze wier. Elo ass et eisen Alldag. Wat kënne mer aus dëser aussergewéinlecher Situatioun léieren? A kann een domat rechnen, datt eist Liewe sech op laang Siicht verännert? Dat freet de Rick Mertens den dätsche Soziolog Hartmut Rosa, dee sech a senger Fuerschung kritesch domat auserneesetzt, datt eist Liewen ëmmer méi séier gëtt.

Konferenzen
Les Rendez-vous de l'UNESCO

Konferenzen

Play Episode Listen Later May 12, 2019 55:06


E Virtrag vun der Françoise Poos (Ph.D., Researcher in Visual Culture - Curator of Photographs), am Kader vun der Ausstellung "Hard Truths: An exhibition of prize-winning photography from The New York Times" am Cercle Cité.  Vun der Frances Benjamin Johnston iwwer d'Margaret Bourke-White, bis zur rezenter Magnum-Nominee, Sim Chi Yin, sinn d'Fraen am Beräich vum Fotojournalismus op alle Kontinenter an an alle Länner präsent. D'Françoise Poos ënnersträicht d'Roll vun de Fraen an dësem vu Männer dominéierte Feld a schwätzt vun hire bemierkenswäerte Contributiounen. D'Konferenz vum 21. Januar 2019 gouf opgeholl a verschafft vum Carlo Link. Biographie vun der Conferencière Françoise Poos: https://cerclecite.lu/wp-content/uploads/2011/03/biographie-de-francoise-poos.pdf  Foto-Kredit: Lens Armstrong (2019) Fotosmaterial a Linken zum Virtrag: Fotoen: Ëffentlechen Domaine - Montage: cL~2019 Frances Benjamin Johnston (Self-Portrait ass "New Woman" 1896) Foto: Ëffentlechen Domaine Fotoen: Ëffentlechen Domaine - Montage: cL~2019 Margaret Bourke-White "Tribute Film" © Connecticut Women's Hall of Fam: https://www.youtube.com/watch?v=FVzRbbCFeCA  Julia Pirotte (1908-2000) © Ëffentlechen Domaine 1942 Christine Spengler (1945) "Portrait de Guerre 1979 Iran" © Sylvain Julienne  "Christine Spengler, ou l'humanité captée en zone de guerre" op France 24 an der Emissioun "À l'affiche" 2016, am Hannergrond hir éischte Foto vun 1970 am Tschad. De ganzen Interview: https://www.youtube.com/watch?v=3T79tXBfBU0 He Quangui (1973-2015) a seng Fra Mi Shixiu (1977) aus dem Dokumentarfilm "Dying To Breathe" (2015) vun der Journalistin, Sim Chi Yin (1978): https://vimeo.com/152304894 Link zu der Ausstellung am Cercle Cité (22.11.2018 - 27.01.2019) Hard Truths: An exhibition of prize-winning photography from The New York Times: https://cerclecite.lu/agenda/hard-truths-an-exhibition-of-prize-winning-photography-from-the-new-york-times-2/ © The New York Times

RTL - FLF Goal
Ofschlossfest vun der Fola , 14/12/2015 18:20

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Dec 14, 2015


Et ass an der Tëschenzäit schonn eng Traditioun, datt de Fussballchampion Fola d’Joer mat enger Feier ofschléisst. Dat läscht Joer war um Belval eng lass, dëst Joer zu Käerjeng.Et ass dem Veräin an der Haaptsaach drëm gaang all deene Merci ze soen déi sech vill fir de Veräin asetzen an dat speziell am Hannergrond maachen.De Serge Olmo war bei  d’Doyenne vum Lëtzebuerger Fussball. Den eelste Fussballveräin aus dem Land huet ganz vill wëlles fir d’Zukunft.

RTL - FLF Goal
Ofschlossfest vun der Fola, 14/12/2015 18:20

RTL - FLF Goal

Play Episode Listen Later Dec 14, 2015


Et ass an der Tëschenzäit schonn eng Traditioun, datt de Fussballchampion Fola d’Joer mat enger Feier ofschléisst. Dat läscht Joer war um Belval eng lass, dëst Joer zu Käerjeng.Et ass dem Veräin an der Haaptsaach drëm gaang all deene Merci ze soen déi sech vill fir de Veräin asetzen an dat speziell am Hannergrond maachen.De Serge Olmo war bei  d’Doyenne vum Lëtzebuerger Fussball. Den eelste Fussballveräin aus dem Land huet ganz vill wëlles fir d’Zukunft.