POPULARITY
D'Députée-maire vun Iechternach wëllt Presidentin vun der DP ginn. Wat huet si mat der Partei wëlles?
D'Députée-maire vun Iechternach wëllt Presidentin vun der DP ginn. Wat huet si mat der Partei wëlles?
Den “Hallelujah” vum Georg Friedrich Händel kenne vill Leit, mee méi ass meeschtens net gewosst iwwer dee berüümten däitsch-brittesche Komponist. Säi “Messias” ass ee grousst Wierk mat méi wéi 2 Stonne Musek, wat hien deemools an nëmme 24 Deeg finaliséiert huet. De Lëtzebuerger Chouer Ambitus sengt deen “Oratorium “op engem Concert de 29. Mäerz 2025 am Trifolion zu Iechternach. “Wa mir schonn ee gudde ‘Messias' hikréien, dat wier scho ganz schéin.” seet de Roby Schiltz. Hien huet de Chouer viru 55 Joer gegrënnt an ass och nach den Dirigent. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit de Roby Schiltz méi.
D'Police soll Taseren a Bodycams kréien, de Google-Datacenter zu Biissen kéint an der leschter Planungsphas sinn, an zu Iechternach réckelt de geplangte City-Outlet ëmmer méi wäit ewech.
D'Theemen haut: D'Situatioun vum Stater Commerce, Parc historique Iechternach an en neie Geo-Pad.
D'Theemen haut: D'Situatioun vum Stater Commerce, Parc historique Iechternach an en neie Geo-Pad.
Den Open Air Cinema um Knuedler; nei Ausstellungen am Prabbeli zu Wolz an am Nationalmusée um Fëschmaart; d'Congés annulés an de Rotonden an den Echterlive Festival zu Iechternach: dat a villes méi gëtt et am Kulturagenda vun der Woch.
De Konflikt am Noen Osten, de schnellen Tram, Iechternach an d'Héichwaasserschied, dat sinn e puer vun de Sujeten an der Presserevue.
Theemen haut: Kris am Bausecteur, Cannabis (Punkt fir Punkt), Plan Santé iwwer Obesitéit an de Parc Protégé zu Iechternach.
Theemen haut: Kris am Bausecteur, Cannabis (Punkt fir Punkt), Plan Santé iwwer Obesitéit an de Parc Protégé zu Iechternach.
Theemen haut: Flich bei der Luxair ausgefall, Sprangpressessioun zu Iechternach a Sommet zu Moldawien.
Theemen haut: Flich bei der Luxair ausgefall, Sprangpressessioun zu Iechternach a Sommet zu Moldawien.
Sujeten haut: Ouverture vun der A4, nom Héichwaasser zu Iechternach, d'Walen an der Tierkei a Volleyball.
Sujeten haut: Ouverture vun der A4, nom Héichwaasser zu Iechternach, d'Walen an der Tierkei a Volleyball.
Iechternach steet den Dënschden am Mëttelpunkt, well do ass den nächsten Dënschden d'Sprangpressessioun. Zanter 2010 steet dës op der UNESCO-Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet. Wat et mat dësem Dag an dëser Traditioun op sech huet, kee weess dat besser wéi eise Sproochmates Alain Atten.
Theme vun haut: Staatsvisitt Cap Vert, Impfgéigner viru Geriicht, Brand zu Iechternach, de Look vun der Place de la Gare an op Besuch bei Buergermeeschteren.
Theme vun haut: Staatsvisitt Cap Vert, Impfgéigner viru Geriicht, Brand zu Iechternach, de Look vun der Place de la Gare an op Besuch bei Buergermeeschteren.
E Betraffenen verzielt wi en de Brand vun engem Appartementshaus zu Keel erlieft huet, zu Iechternach wëll een d'Foussgängerzon nees beliewen an d'SES iwwerdréit weider russesch Propaganda, d'Themen an eiser Presserevue.
Den Tram am der Stad an en Outlet zu Iechternach. D'Presserevue mam Sophie Morang
De Carillon: et ass en Instrument, vun deem warscheinlech déi mannst wëssen, datt et et gëtt. An der Basilika zu Iechternach steet ee Carillon - dat uewen an engem vun den Tierm, op enger Héicht vun ongeféier 80 Meter a just iwwer méi wéi 100 Träppleker erreechbar. Wéi all Joer huet de Fabrice Renard, de Carillonneur vun der Basilika, och dëst Joer véier Mol mëttwochs hei e Concert gespillt. D'Marie Schockmel war an ee Concert lauschteren an huet sech mam Fabrice Renard iwwer säi ganz besonnescht Instrument ënnerhalen.
Theme vun haut: Teletravail, Iechternach, Welleschter Kiermes, international Noriichten a Liichtathletik.
Theme vun haut: Teletravail, Iechternach, Welleschter Kiermes, international Noriichten a Liichtathletik.
Theemen haut waren: Baustopp zu Iechternach, Affer zu Bouneweg solle keng Hëllef kréien, Joresrapport vum Haus Omega 90 an den ITF-Tennis-Tournoi zu Esch.
Theemen haut waren: Baustopp zu Iechternach, Affer zu Bouneweg solle keng Hëllef kréien, Joresrapport vum Haus Omega 90 an den ITF-Tennis-Tournoi zu Esch.
Eis Sujete vun haut: Sprangprëssessioun zu Iechternach, Sozial Almanach, zu Steesel gëtt den Duerfkär reamenagéiert, Lëtzebuerger U21 verléiert géint Italien.
Eis Sujete vun haut: Sprangprëssessioun zu Iechternach, Sozial Almanach, zu Steesel gëtt den Duerfkär reamenagéiert, Lëtzebuerger U21 verléiert géint Italien.
Theemen haut: d'Waasserversuergung zu Lëtzebuerg, de Guide Michelin, d'Wollefsschlucht zu Iechternach, de Filmfestival zu Cannes a Flèche du sud.
Theemen haut: d'Waasserversuergung zu Lëtzebuerg, de Guide Michelin, d'Wollefsschlucht zu Iechternach, de Filmfestival zu Cannes a Flèche du sud.
Mat eise Sujeten: Krich an der Ukrain, Fëschstierwen zu Iechternach, Relais pour la Vie a Kavalkad zu Péiteng.
Mat eise Sujeten: Krich an der Ukrain, Fëschstierwen zu Iechternach, Relais pour la Vie a Kavalkad zu Péiteng.
Iwwer seng memorabel Zäit als Proff zu Iechternach, a wéi hien als Direkter vum Groussen Theater mam Isabelle Huppert a Michel Piccoli Zopp giess huet
Eis Sujete waren Iechternach 5 Méint nom Héichwaasser, Covid-Impfunge bei Kanner a politesche Réckbléck op d'Joer 2021 fir d'DP.
Eis Sujete waren Iechternach 5 Méint nom Héichwaasser, Covid-Impfunge bei Kanner a politesche Réckbléck op d'Joer 2021 fir d'DP.
E Mëttwoch de Moie war d'DP-Deputéiert a Gemengeconseillère zu Iechternach eis Invitée vun der Redaktioun.
Eis Sujete vun haut: Benevollen zu Iechternach, keng Iwwerschwemmungsgefor op der Musel an Dino-Expo an der Rockhal
Mir froen d'Buergermeeschtere vun Iechternach a vu Miersch, wéi vill Schued d'Iwwerschwemmungen an hire Gemenge gemaach hunn. Moderatioun: Rick Mertens
Eis Sujete vun haut: Benevollen zu Iechternach, keng Iwwerschwemmungsgefor op der Musel an Dino-Expo an der Rockhal
Eis Sujete vun haut: Bilan LSAP, Situatioun no Iwwerschwemmungen zu Miersch, Hesper, Iechternach a Veianen an ACA geet vu Schued vu 50 Milliounen Euro aus.
Eis Sujete vun haut: Bilan LSAP, Situatioun no Iwwerschwemmungen zu Miersch, Hesper, Iechternach a Veianen an ACA geet vu Schued vu 50 Milliounen Euro aus.
Op Péngschtdënschdeg gëtt aus dem Sproochmates e folkloristesche Beroder. Den Alain Atten weess vill iwwer d'Traditioun zu Iechternach ze zielen, ëm wat et geet a wéi wichteg d'Sprangprëssessioun fir d'Abteistad an d'Land ass.
Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erzielt net nëmmen iwwer dem Komponist säin ustrengend Liewen, Doud an Aarbecht, awer och mat beandrockende Biller vu Krich a Liichtegkeet zu Wien géint der Enn vum 19. Joerhonnert. De Roman gouf mam éischte Präis am Lëtzebuerger Literaturconcours ausgezeechent, de Concours littéraire national 2004/05. Eegenen Aussoen no huet de Guy Wagner vun 1996 bis 2003 recherchéiert, éier hien de Roman "Winterreise" tëschent August 2003 a Juni 2004 geschriwwen huet, deen an den Éditions PHI publizéiert gouf. Fir de fënneften Doudesdag vum Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner, an als Hommage un hien, haten d'Weebegleederinne Fabienne Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner de 7. Mee eng inzenéiert Liesung am Trifolion zu Iechternach opgeféiert, aus sengem präisgekréinte Roman "Winterreise", wou d'Liewe vum Komponist Franz Schubert (1797-1828), skizzéiert gëtt. Konzeptioun: Charles Muller, Textkompositioun: Alain Steffen Begleet gouf d'Liesung mat Wierker vum éisträichesche Komponist aus dem Zyklus "Winterreise" vun der Sabine Weyer um Piano an den Dimitri Maslennikov um Cello. Musikalesche Programm: Franz Schubert - Aus "Die schöne Müllerin D 795": Das Wandern ist des Müller's Lust Franz Schubert - Freude der Kinderjahre D 455 Franz Schubert - Aus "Winterreise" D 911: Der Lindenbaum Im Dorfe Erstarrung Letzte hoffnung Einsamkeit Der Leiermann Enregistrement: Technik Trifolion | Montage: Carlo Link Ganz Liesung lauschteren V.l.n.r.: Leila Lallali, Charles Muller, Fabienne Hollwege, Germain Wagner, Christiane Rausch, Andreas Wagner. © Pierre Weber Sabine Weyer, Piano / Dimitri Maslennikov, Cello. © Pierre Weber Präisgekréinte Roman "Winterreise" vum Guy Wagner (Concours littéraire national 2004/05) © Montage Carlo Link
Am Roman "Winterreise", deen 2005 erauskoum, skizzéiert de Guy Wagner d'Liewen an d'Aarbecht vum berüümten éisträichesche Komponist a 24 Kapitelen a verbënnt se mat de 24 Lidder am "Winterreise"-Zyklus, déi de Franz Schubert ee Joer viru sengem Doud komponéiert huet. Op d'Manéier vun engem laange Bréif daucht dem Guy Wagner säi moderne sachleche Roman an dem Schubert säi bannescht Liewen an an erzielt net nëmmen iwwer dem Komponist säin ustrengend Liewen, Doud an Aarbecht, awer och mat beandrockende Biller vu Krich a Liichtegkeet zu Wien géint der Enn vum 19. Joerhonnert. De Roman gouf mam éischte Präis am Lëtzebuerger Literaturconcours ausgezeechent, de Concours littéraire national 2004/05. Eegenen Aussoen no huet de Guy Wagner vun 1996 bis 2003 recherchéiert, éier hien de Roman "Winterreise" tëschent August 2003 a Juni 2004 geschriwwen huet, deen an den Éditions PHI publizéiert gouf. Fir de fënneften Doudesdag vum Schrëftsteller, Autor a Musekskritiker Guy Wagner, an als Hommage un hien, haten d'Weebegleederinne Fabienne Hollwege, Leila Lallali, Charles Muller, Christiane Rausch, Andreas Wagner a Germain Wagner de 7. Mee eng inzenéiert Liesung am Trifolion zu Iechternach opgeféiert, aus sengem präisgekréinte Roman "Winterreise", wou d'Liewe vum Komponist Franz Schubert skizzéiert gëtt. Konzeptioun: Charles Muller, Textkompositioun: Alain Steffen Begleet gouf d'Liesung mat Wierker vum éisträichesche Komponist aus dem Zyklus "Winterreise" vun der Sabine Weyer um Piano an den Dimitri Maslennikov um Cello. Enregistrement: Technik Trifolion Ee Resumé vum Carlo Link. Déi ganz Liesung bréngt de radio 100,7 op Päischtméindeg den 23. Mee, tëschent 17:00 an 18:00 Auer. V.l.n.r.: Leila Lallali, Charles Muller, Fabienne Hollwege, Germain Wagner, Christiane Rausch, Andreas Wagner. © Pierre Weber Sabine Weyer, Piano / Dimitri Maslennikov, Cello. © Pierre Weber
Net nëmmen an Zäite vu Covid-19 zirkuléieren ëmmer erëm bewosst Falschmeldungen oder Verschwörungstheorië virun allem a sozialen Netzwierker oder Chat-Programmen. Si wëlle Mënschen täuschen, bidden einfach Erklärungen an enger komplexer Welt a sinn zum Deel nëmme schwéier vun zouverlässegen Informatiounen ze ënnerscheeden. Firwat lafe mir alleguer Gefor, op Fake News oder Verschwörungstheorien eranzefalen? Wéi eng Auswierkungen hu se op d'Meenungsbildung an op d'Fundament vun enger Demokratie? Wéi kann een erfollegräich géint se virgoen? D'Debatt vum 22. Abrëll war am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach, a Kooperatioun mat der Zäitschrëft "forum". Participanten: Karin Weyer, Psychologin a Psychotherapeutin am Centre contre la radicalisation Judith Reicherzer, verantwortlech fir Kommunikatioun a Medienausbildung am Lycée Aline Mayrisch François Moyse, Affekot an der Stad Lëtzebuerg. Hien ass spezialiséiert op Mënscherechter, praktizéiert awer och Europäescht Recht an allgemeng Sträitfäll op alle Geriichter Anne Schaaf, fräi Kulturjournalistin heiheem an am Ausland an zukünfteg Historikerin Moderatioun: Romain Schroeder, Zentrum fir politesch Bildung Enregistrement: Trifolion. Montage an Audio-Mastering: Carlo Link V.l.n.r.: Anne Schaaf, François Moyse, Judith Reicherzer, Karin Weyer, Romain Schroeder © Trifolion d'Suite vum Debat lauschteren, wéi och d'Froen an d'Äntwerten Eng zweet Debatt, am Kader vun der Serie Fake News am Trifolion zu Iechternach vum 7. Mee, ënnert dem Titel: "Fake und Fakten - Medien im digitalen Zeitalter", bréngt de Radio 100,7 den 13. Mee op Christ Himmelfaart, tëschent 17:00 an 18:00 Auer.
De Moment mussen déi konventionell Kinoen aus Sécherheetsgrënn hir Dieren zouloossen, dat gëllt awer net fir d'Auto-Kinoen. An dofir ginn de Moment och e puer esou Initiativen hei am Land ugebueden. De Pit Walté huet sech der zwou ugekuckt.
Den Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher, wéi Beem hëllefen CO2 ze späicheren an d’Problemer mat de Muffelen zu Iechternach…doriwwer schwätze mer de Moien mam Direkter vun der Naturverwaltung. Wéi grouss ass allgemeng de Wëldschued an de Bëscher? De Frank Wolter ass den Invité vun der Redaktioun.

D'Sprangprëssessioun zu Iechternach ass ee feste Rendez-vous an der Abteistad, an zanter 9 Joer gehéiert se zum Weltkulturierwen vun der Unesco. Mat dëser Tradi D'Sprangprëssessioun zu Iechternach ass ee feste Rendez-vous an der Abteistad, an zanter 9 Joer gehéiert se zum Weltkulturierwen vun der Unesco. Mat dëser Traditioun gëtt un den hellege Willibrord erënnert, an deem seng Geschicht, grad ewéi d'Sprangprëssessioun, gëtt elo nei an enger Bande Dessinée erzielt.
En zäitweis verlount Appartement zu Bouneweg, e Gaardenhaische am Gréngs, en nei amenagéierten Ieselställchen bei Iechternach an eng Mail mat der falscher En-Tête...all DAT geet duer, dass d'Land op der Kopp steet. Zu Recht seet de Moien de Roy Grotz, mee mat Nuancen....
An der Abteistad hu Carole Dieschbourg (Gréng), Nicolas Schmit (LSAP), Françoise Hetto (CSV), Lex Delles (DP), Robert Mehlen (adr) an Adela Fuentes (Lénk) iwwert den Osten, Mobilitéit, Tourismus, Logement a Soziales am Virfeld vun de Chamberwalen diskutéiert

D'Antifa war zu Iechternach, fir d'Meenungsfräiheet futti ze maachen. Protest ass jo okay, mä net sou "chaotesch" w.e.g. Mir huelen e puer vun deene topegsten Argumenter auserneen.