Bande Dessinée, Comic, Manga, ... Een ausféierlechen Abléck an eng BD mam Auteur deen se realiséiert huet.
D'Geschicht ass déi vun engem Auteur, deen M. heescht, an deen enger Serveuse an engem Bistro erzielt, wéi eng Roll si a sengem nächste Roman erzielt. Dat wier d'Roll vun enger Kabarätsängerin, déi Heroinsüchteg ass. Eng Roll, déi där jonker Fra net gefält, an trotzdeem ass si vun der Geschicht gefaangen a probéiert d'Schicksal vun hirer Figur ze steieren.
Eng Bande Dessinée an zwee Deeler, déi eng immens Ästhetik huet, wéi een se haut net méi dacks fënnt. Et ass eng Kollaboratioun tëscht dem spueneschen Zeenarist Juan Diaz Canales, der italieenescher Zeenaristin Teresa Valero an dem italieneschen Zeechner Antonio Lapone.
Ufank November ass deen zweete Band mat Comics iwwert d'Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg erauskomm Et ass eng Geleeënheet, fir Doktoranden d'Méiglechkeet ze ginn, ze weisen, wouru si fuerschen, mä och, fir Wëssenschaftskommunikatioun ze bedreiwen. De Comic gëtt et als gratis Download oder als Gratis Heft, a verschiddene Sproochen.
Wann Dir Iech un de Goldorak erënnert, da soutzt Dir Enn de 70er als Kand virun der franséischer Tëlee a wart Zeie vun der Gebuert vun engem Phänomen.
Een neien Episod vun enger Serie, déi et schonn a ville verschiddene Formater gëtt, an déi ee gewësse Kultfacteur huet. Fir deen 13. Episod ass een neien Zeechner mat dobäi. De François Ravard huet deen Episod no engem Zenario vum Emmanuel Moynot realiséiert.
U sech wier et un deem 4. Band. Mä eng vun den Iwwerraschunge bei deem neien Tow & Tank ass, datt et NET dee 4. Episod ass, mä d‘Nummer 0.
D.O.W., dat ass ee Superheld à la française, ouni spezielle Superkräften, mä mam Wëllen, déi organiséiert Kriminalitéit ze stoppen.
No engem éischte Buch virun 2 Joer kënnt haut déi zweet Bande Dessinée eraus, déi weist, wat op der Uni Lëtzebuerg gefuerscht gëtt.
Den Auteur erzielt d‘Geschicht vu sengen zwee Haaptpersonnage vun Hannen no Vir. Dat heescht: D‘Bande Dessinée fänkt u sech do un, wou d‘Geschicht ophält.
Deen éischten Optrëtt iwwerhaapt hat hien den 2. Januar 1941, wéi hien op enger Säit aus der Geschicht “Le Crabe aux Pinces d'Or” ze gesi war.
Dës Bande Dessinée baut op ee Fait Réel op, deen nom Doud vum Albert Einstein eng Zäit an der Aktualitéit war. Si stécht wéinst hirer Originalitéit ervir.
Eng BD, déi sech an éischter Linn u Kanner riicht, an där awer tëscht den Zeilen och vill dra stécht, wat éischter méi al Lieser usprécht.
Viru 25 Joer ass d'Festung vun der Stad Lëtzebuerg als Unesco Site klasséiert ginn. Dës Bande Dessinée ass am kader vun deem Anniversaire erauskomm.
Eng Suite vun deem Album, mat deem de Wauter Mannaert virun zwee Joer op d'Risiken déi an den OGMë stiechen opmierksam gemaach huet.
Dës Bande Dessinée stécht voller Witz an Humor, an ass een Hommage un d'Famill, déi den Alldag vum Liewen als Famill op d'Schëpp hëlt.
Dës Woch geet et op d'Rees, mam Ibn Battûta, engem Personnage deen an Europa net esou immens bekannt ass, an der arabescher Welt dofir ëm sou méi.
No hirer gudder Zesummenaarbecht bei der Serie "Dents d'Ours" leet den Duo Yann an Alain Henriet nach een drop, a proposéiert eng nei Serie, déi och nees d'Avia No hirer gudder Zesummenaarbecht bei der Serie "Dents d'Ours" leet den Duo Yann an Alain Henriet nach een drop, a proposéiert eng nei Serie, déi och nees d'Aviatioun als roude Fuedem huet. An och dës Kéier geet et nees ëm eng Persoun, déi et wierklech gouf: Déi amerikanesch Aviatrice Bessie Coleman, déi als éischt Fra mat Afro-amerikaneschen Wuerzelen ee Piloteschäin gemaach huet.
Ee Schwaarzen dee boxt, an den Titel vum Weltmeeschter gewënnt, dat ass u sech näischt Aussergewéinleches. Datt deen awer nieft dem Boxen och nach Damenhitt ent Ee Schwaarzen dee boxt, an den Titel vum Weltmeeschter gewënnt, dat ass u sech näischt Aussergewéinleches. Datt deen awer nieft dem Boxen och nach Damenhitt entwërft a schwul ass, kléngt dann iwwerdriwwen. Mä esou ee Boxer gouf et wierklech, a seng Geschicht erzielt de Reinhard Kleist an der Bande Dessinée "Knock Out!"
Op Netflix leeft zanter e puer Wochen d'Serie "Snowpiercer". D'Geschicht an där d'Mënschheet probéiert, no enger Apokalypse an engem Zuch mat 1001 Waggonen, dee Op Netflix leeft zanter e puer Wochen d'Serie "Snowpiercer". D'Geschicht an där d'Mënschheet probéiert, no enger Apokalypse an engem Zuch mat 1001 Waggonen, deen an engem Stéck ronderëm d'Welt fiert, an enger komplett veräister Welt ze iwwerliewen. Déi Geschicht ass virun e puer Joer och scho verfilmt ginn, an ass u sech eng Adaptatioun vun enger Bande Dessinée.
Dee franséischen Auteur Frédéric Dard huet a senger Karriär 175 Romaner mam Kommissär San-Antonio geschriwwen. Romaner, déi eng Zäit immens populär waren, ënner Dee franséischen Auteur Frédéric Dard huet a senger Karriär 175 Romaner mam Kommissär San-Antonio geschriwwen. Romaner, déi eng Zäit immens populär waren, ënnert anerem och well si déi deemoleg Coden an der Krimi-Litteratur gesprengt hunn. A vun deene Romaner gëtt et elo och eng Bande Dessinées Versioun.
Den Zeenarist Hubert war virun allem bekannt, fir a senge Bande Dessinéeën Märercher ze erzielen, déi verzauberen, anengems awer och ganz däischter Säite weisen Den Zeenarist Hubert war virun allem bekannt, fir a senge Bande Dessinéeën Märercher ze erzielen, déi verzauberen, anengems awer och ganz däischter Säite weisen. Säi leschten Album, "Peau d'homme" gehéiert och an déi Kategorie.
Den Charlie Chaplin, d'Marilyn Monroe an d'Brigitte Bardot. Dräi Iconen déi de Kino an de Showbusiness am Allgemengen fir ëmmer markéiert hunn. Hiert Liewen, ma Den Charlie Chaplin, d'Marilyn Monroe an d'Brigitte Bardot. Dräi Iconen déi de Kino an de Showbusiness am Allgemengen fir ëmmer markéiert hunn. Hiert Liewen, mat all de Facetten dovun, gëtt elo an dräi Bande Dessinées Albummen erzielt.
Och wann d'Jeanne d'Arc dacks als "Pucelle" beschriwwe ginn ass, geet et an der Bande Dessinée mam selwechten Numm net ëm déi jonk Fra där hiert Liewen een trag Och wann d'Jeanne d'Arc dacks als "Pucelle" beschriwwe ginn ass, geet et an der Bande Dessinée mam selwechten Numm net ëm déi jonk Fra där hiert Liewen een tragescht Enn kannt huet. Et ass eng Autobiographie vun der Auteurin, der Florence Dupré La Tour.
Eng Geschicht mat Roboter, déi, mat Atomkraaft ugedriwwen, gehollef hunn, Frankräich nom zweete Weltkrich nees opzeriichten. Mä och mat engem mysteriéise Wiesen Eng Geschicht mat Roboter, déi, mat Atomkraaft ugedriwwen, gehollef hunn, Frankräich nom zweete Weltkrich nees opzeriichten. Mä och mat engem mysteriéise Wiesen, dat aus dem Näischt an Algerien opdaucht. An enger ganzer Panoplie Personnagen, déi probéieren d'Welt ze retten. Dorëms geet et an der Bande Dessinée "Le dernier Atlas".
Déi lescht Wochen si vill Videoe gestreamt ginn, a bestëmmt hutt Dir och déi eng oder aner Serie dobäi entdeckt. Villäicht war do op Netflix déi spuenesch Serie Déi lescht Wochen si vill Videoe gestreamt ginn, a bestëmmt hutt Dir och déi eng oder aner Serie dobäi entdeckt. Villäicht war do op Netflix déi spuenesch Serie "El Vecino" dobäi. Eng Serie där hier Basis eng Bande Dessinée ass, déi scho viru 15 Joer erauskomm ass.
Wann Dir am Confinement dovu profitéiert hutt, fir doheem ze botzen an ze raumen, hutt Dir bestëmmt vill Offall zesumme gedroen, deen Dir duerno hutt misse Wann Dir am Confinement dovu profitéiert hutt, fir doheem ze botzen an ze raumen, hutt Dir bestëmmt vill Offall zesumme gedroen, deen Dir duerno hutt missen ewech kréien. A villäicht hutt Dir Iech och d'Fro gestallt, ob een deen Offall net hätt kënnen evitéieren?D'Bénédicte Moret huet dat mat hirer Famill ausprobéiert, fir ee Joer laang keen Offall ze produzéieren. D'Resultat vun deem Experiment proposéiert si an enger Bande Dessinée.
Ufank Mäerz, just éier zu Lëtzebuerg an och an den Nopeschlänner alles an de Confinement gaangen ass, ass d'Bande Dessinée "De l'autre côté de la frontière" era Ufank Mäerz, just éier zu Lëtzebuerg an och an den Nopeschlänner alles an de Confinement gaangen ass, ass d'Bande Dessinée "De l'autre côté de la frontière" erauskomm. Ee pechschwaarze Krimi, dee sech um Liewe vum belschen Auteur Georges Simenon inspiréiert.
U sech leeft et den Ament mat neie Bande Dessinéeë méi lues, well déi ganz Distributiounsketten vum Auteur iwwert den Editeur, d'Distributioun bis an d'Butteker U sech leeft et den Ament mat neie Bande Dessinéeë méi lues, well déi ganz Distributiounsketten vum Auteur iwwert den Editeur, d'Distributioun bis an d'Butteker duerch de Confinement net funktionnéiert. Wann een dat awer alles selwer iwwerhëlt, da kann een och wärend dem Confinement een neit Buch erausbréngen. Esou och dat neit Buch vum Lëtzebuerger ND Genen: deen drëtte Band vu senger Serie Tow & Tank.
Wien hätt geduecht, datt et nach eng Kéier een neien Astérix Album kéint ginn, dee vum René Goscinny geschriwwen a vum Albert Uderzo gezeechent ginn ass, nodeem Wien hätt geduecht, datt et nach eng Kéier een neien Astérix Album kéint ginn, dee vum René Goscinny geschriwwen a vum Albert Uderzo gezeechent ginn ass, nodeems den Zeechner Enn Mäerz verscheet ass.
"Fantômas" oder "Rocambole", dat si Figuren aus Feuilletonen aus dem 19. Joerhonnert. Bei deenen huet sech och d'Bande Dessinée vun dëser Woch inspiréiert. Eng "Fantômas" oder "Rocambole", dat si Figuren aus Feuilletonen aus dem 19. Joerhonnert. Bei deenen huet sech och d'Bande Dessinée vun dëser Woch inspiréiert. Eng Aventure vum Mystère a vum Boule de Gomme. Schonn um Titel erkennt een, datt do och vill Witz mat dra stécht.
Et gëtt schonn eng laang Traditioun vu Bande Dessinéeën, déi an der Antiker Welt spillen. Den Astérix ass do ee Beispill, historesch méi präzis ass ënnert Et gëtt schonn eng laang Traditioun vu Bande Dessinéeën, déi an der Antiker Welt spillen. Den Astérix ass do ee Beispill, historesch méi präzis ass ënnert anerem d'Serie "Alix". An déi ass och ee Virbild fir d'Isabelle Dethan, déi mat "Le Roi de Paille" eng BD realiséiert huet, déi 563 viru Jesus Christus spillt.
De Moie kuerz no 10 ass d'Nouvelle komm, datt de franséische BDs Zeechner Albert Uderzo gestuerwen ass. Hien hat 92 Joer. Ee Portrait vum Gérard Floener. De Moie kuerz no 10 ass d'Nouvelle komm, datt de franséische BDs Zeechner Albert Uderzo gestuerwen ass. Hien hat 92 Joer. Ee Portrait vum Gérard Floener.
Enn Februar ass déi neist Bande Dessinée vum Didier Tronchet erauskomm. Eng Bande Dessinée voller Musek, well et geet do ëm ee Museker, deen an de 70er Joeren e Enn Februar ass déi neist Bande Dessinée vum Didier Tronchet erauskomm. Eng Bande Dessinée voller Musek, well et geet do ëm ee Museker, deen an de 70er Joeren eng gewëss Popularitéit hat.
No der Serie "Magasin Général", déi de Jean-Louis Tripp zesumme mam Régis Loisel realiséiert huet, iwwerrascht hie mat enger Autobiographie. "Extases" ass d'Ges No der Serie "Magasin Général", déi de Jean-Louis Tripp zesumme mam Régis Loisel realiséiert huet, iwwerrascht hie mat enger Autobiographie. "Extases" ass d'Geschicht, wéi den Auteur d'Sexualitéit entdeckt huet, a seng eege Sexualitéit fonnt huet.
Dat éiwegt Spill mat der Konfrontatioun tëscht Gutt a Béis steet och nees am Mëttepunkt vum Spuenier Miguelanxo Prado senger neier Bande Dessinée "Le Triskel vo Dat éiwegt Spill mat der Konfrontatioun tëscht Gutt a Béis steet och nees am Mëttepunkt vum Spuenier Miguelanxo Prado senger neier Bande Dessinée "Le Triskel volé". Mä net nëmmen. Et geet och ëm ee ganz aktuelle Sujet.
Mangaen an Animeën ass ee Phänomen, dee sech scho laang net méi nëmmen op Japan limitéiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Firma, déi sech drop spezialiséiert huet, Mangaen an Animeën ass ee Phänomen, dee sech scho laang net méi nëmmen op Japan limitéiert. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng Firma, déi sech drop spezialiséiert huet, Figuren aus deene Comics an Zeechentrickfilmer ze produzéieren. An domat ass si esouguer weltwäit de Leader.
Dee franséische Ministère vun der Kultur huet 2020 als Joer vun der Bande Dessinée ausgeruff. Domat kritt dee Media offiziell d'Unerkennung als Kultur, anerersä Dee franséische Ministère vun der Kultur huet 2020 als Joer vun der Bande Dessinée ausgeruff. Domat kritt dee Media offiziell d'Unerkennung als Kultur, anerersäits ënnersträicht déi Aktioun och, wéi gutt d'Bande Dessinée ka profitéiert ginn, fir Friemsproochen ze léieren.
Haut de Mëtteg ass d'Nouvelle vum Doud vun der Bande Dessinées Zeechnerin Claire Bretécher komm. Si war scho fréi eng vun deenen éischte Fraen, déi Bande Dessin Haut de Mëtteg ass d'Nouvelle vum Doud vun der Bande Dessinées Zeechnerin Claire Bretécher komm. Si war scho fréi eng vun deenen éischte Fraen, déi Bande Dessinéeë gezeechent hunn.
D'1970er Joren an engem klenge franséischen Duerf vu ronn 400 Awunner. Dat kléngt, wéi wann ee Kand sech do ferm langweile géif. Ma grad de Contraire war de Fal D'1970er Joren an engem klenge franséischen Duerf vu ronn 400 Awunner. Dat kléngt, wéi wann ee Kand sech do ferm langweile géif. Ma grad de Contraire war de Fall, wéi den Nicolas Dumontheuil a senger neister Bande Dessinée weist.
An der Bande Dessinée "China Li" geet et ëm eng jonk chinesesch Fra, déi am fréien 20. Joerhonnert op Paräis kënnt, fir do ze studéieren. Wärend si a Frankräich An der Bande Dessinée "China Li" geet et ëm eng jonk chinesesch Fra, déi am fréien 20. Joerhonnert op Paräis kënnt, fir do ze studéieren. Wärend si a Frankräich eng grouss Fräiheet lieft, gëtt hier Heemecht awer brutal iwwerfall. Et ass eng Bande Dessinée, an där fiktiv Personnagen hir Geschicht virun der Kuliss vun historesche Fakten erliewen.
Wärend a Frankräich schonn zanter Woche géint d'Pensiounspläng vum President Emmanuel Macron gestreikt gëtt, an d'Gillets Jaunes och nees de Weekend zu Paräis p Wärend a Frankräich schonn zanter Woche géint d'Pensiounspläng vum President Emmanuel Macron gestreikt gëtt, an d'Gillets Jaunes och nees de Weekend zu Paräis protestéiert hunn, ass eng Bande Dessinée erauskomm, déi op eng Affär ageet, an déi de President och verwéckelt ass.
Virun 10 Joer, den 2 Januar 2010 ass den Tibet, deen Zeechner vum Ric Hochet sengen Aventure gestuerwen. Mä säi Personnage lieft weider, a vun deenen neien Enqu Virun 10 Joer, den 2 Januar 2010 ass den Tibet, deen Zeechner vum Ric Hochet sengen Aventure gestuerwen. Mä säi Personnage lieft weider, a vun deenen neien Enquêten ass elo dee 4. Episod eraus komm.
Hilda ass eng Serie vum engleschen Auteur Luke Pearson, déi mat deem sechsten Album op en Enn geet. Op d'mannst mol am Comicformat, well op Netflix lieft d'Seri Hilda ass eng Serie vum engleschen Auteur Luke Pearson, déi mat deem sechsten Album op en Enn geet. Op d'mannst mol am Comicformat, well op Netflix lieft d'Serie als Zeechentrickfilm weider. Dëst Joer soll déi zweet Staffel erauskommen.
Am Hierscht ass eng Bande Dessinée erauskomm, déi eng epesch Aventure erzielt, mat vill Humor a wonnerschéine Biller. Et ass d'Suite vum Roman "El Buscón", deen Am Hierscht ass eng Bande Dessinée erauskomm, déi eng epesch Aventure erzielt, mat vill Humor a wonnerschéine Biller. Et ass d'Suite vum Roman "El Buscón", deen de spueneschen Auteur Francisco de Quevedo 1626 erausginn huet.
6 Joer no "Come Prima" huet den Alfred Enn Oktober säin neien Album erausbruecht. An d'Geschicht, déi hien iwwert knapp 200 Säiten erzielt, spillt och nees an I 6 Joer no "Come Prima" huet den Alfred Enn Oktober säin neien Album erausbruecht. An d'Geschicht, déi hien iwwert knapp 200 Säiten erzielt, spillt och nees an Italien.
Ee Gallier, deem säin Numm mat engem "A" ufänkt a mat "ix" ophält, deen an d'Schwäiz reest, dat gouf et an der Bande Dessinée schonn eng Kéier. Mä anescht ewéi Ee Gallier, deem säin Numm mat engem "A" ufänkt a mat "ix" ophält, deen an d'Schwäiz reest, dat gouf et an der Bande Dessinée schonn eng Kéier. Mä anescht ewéi beim "Astérix chez les Helvètes", deen eng Parodie op d'Schwäiz vun haut ass, ass deen 38. Album vum Alix sengen Aventuren eng Geschicht an engem präzisen, historeschen, Kontext.
D'Sprangprëssessioun zu Iechternach ass ee feste Rendez-vous an der Abteistad, an zanter 9 Joer gehéiert se zum Weltkulturierwen vun der Unesco. Mat dëser Tradi D'Sprangprëssessioun zu Iechternach ass ee feste Rendez-vous an der Abteistad, an zanter 9 Joer gehéiert se zum Weltkulturierwen vun der Unesco. Mat dëser Traditioun gëtt un den hellege Willibrord erënnert, an deem seng Geschicht, grad ewéi d'Sprangprëssessioun, gëtt elo nei an enger Bande Dessinée erzielt.
Dee 15. Album vun den Aventure vum Corto Maltese ass schonn deen drëtten, dee vun zwee spueneschen Auteuren als Reprise vun der Serie zanter dem Doud vun hirem Dee 15. Album vun den Aventure vum Corto Maltese ass schonn deen drëtten, dee vun zwee spueneschen Auteuren als Reprise vun der Serie zanter dem Doud vun hirem Createur Hugo Pratt, realiséiert ginn ass. An deen Episod geet zeréck bis ganz un den Ufank vun der Serie.
Virun 30 Joer ass d'Mauer gefall an d'Trennung vun Däitschland an een Ost- an ee Westdeel war Geschicht. An elo kënnt déi ganz Wourecht eraus: Et war net den Da Virun 30 Joer ass d'Mauer gefall an d'Trennung vun Däitschland an een Ost- an ee Westdeel war Geschicht. An elo kënnt déi ganz Wourecht eraus: Et war net den David Hasselhoff deen d'Mauer ewech gesongen huet, mä de Verdéngscht vum Spirou, wéi seng neist Aventure, Spirou à Berlin, elo ënnersträicht.
Agatha Christie, Gilbert Keith Chesterton, Dorothy Sayers an John Dickson Carr, dat sinn net nëmme bekannt Krimi Auteuren, mä och d'Memberen vum Detection Club. Agatha Christie, Gilbert Keith Chesterton, Dorothy Sayers an John Dickson Carr, dat sinn net nëmme bekannt Krimi Auteuren, mä och d'Memberen vum Detection Club. Ee Club an deem si sech reegelméisseg getraff hunn fir hir Uspréch un de Kriminalroman ze diskutéieren. Si sinn och d'Haaptpersonnagen an der Bande Dessinée "Detection Club"
Zanter haut de Moien gëtt et deen neien Astérix, "La fille de Vercingétorix" ze kafen. Et ass, wéi all Kéiers, een Evenement, bei deem een am Virfeld net vill i Zanter haut de Moien gëtt et deen neien Astérix, "La fille de Vercingétorix" ze kafen. Et ass, wéi all Kéiers, een Evenement, bei deem een am Virfeld net vill iwwert dat gewuer gëtt, wat an deem Album geschitt. Elo gitt Dir et awer gewuer: Et ass deen 38. Album aus der Serie, an dee 4. vum Jean-Yves Ferri a vum Didier Conrad.