POPULARITY
De Rebound vun haut steet am Zeeche vun der Däitscher Damme-Bundesliga. An där ginn nämlech d'Finalle vum Championnat gespillt. Aus Lëtzebuerger Siicht ass dat interessant, well d'Magaly Meynadier an deene Finalle mat Saarlouis géint Keltern spillt. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.
Déi lescht Wochen a Méint hunn et a sech gehat an der Weltpolitik. All Dag gesi mer eng nei Episode vun Ausernanersetzungen op der Weltbün. De Marc Hostert mat enger Carte Blanche, aus senger Siicht iwwer d‘Relatioun tëschent Europa an den USA.
An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou Säiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in, den Elie aus der Siicht vum Therapeut. An der Rubrik erzielt d'Ella eis alles, wat mir Wichteges iwwer Blosenentzündunge wësse mussen.
Am Januar goung de Bréisseler Auto Salon 2025, jo elo Brussels Motor Show gedeeft, mat engem remarkabele Succès op en Enn. Och deen huet gewisen dass den Interessi fir Automobil a Mobilitéit weiderhi Bestand huet. Dat huet een och bei de Nouveautéite vu Stellantis konnte feststellen. Do interesséiere mir eis haut fir d'Evolutioun bei Lancia, Fiat a Peugeot. De Christian Schmit.
40 Joer no den Evenementer rondrëm d'Waldbëlleger Band hëlt den Nico Reisdorff sech Zäit fir e Gespréich mat eis. Hien bléckt zréck an zielt eis seng Siicht op d'Evenementer vun deemools...
Di 101. Editioun vun der Brussels Motor Show am Januar war en Erfolleg. Welt- an Europapremièren haten et bis dohi gepakt, och därer aus dem Stellantis Grupp. Zu deem jo Marke wéi Citroën, Peugeot, Opel, DS, Fiat, Alfa Romeo an och Lancia gehéieren.Wéi positionéiert sech de Grupp fir Zukunft, wéi eng Ambitiounen huet een? De Christian Schmit huet sech mat de Responsabelen aus der Chef-Etage kënnen ënnerhalen.
Zu Cannes krut "L'histoire de Souleymane" - ee Film iwwer Immigratioun aus der Siicht vun engem jonken Demandeur d'asile - an der Selektioun Un certain regard de Präis vun der Jury an de Präis fir de beschten Acteur. Mir lauschteren nach eemol d'Rezensioun aus dem Grousse Kino vum Samschdeg.
Lëtzebuerg aus der Siicht vum Mëttleren Osten oder de Mëttleren Osten aus der Siicht vu Lëtzebuerg, de Westen aus der Siicht vun de Koloniséierten an d'fréier Kolonien aus der Siicht vum Weste vun haut. An "Téhéran-Luxembourg" kuckt eng Fra aus dem Lëtzebuerger Exil aus der Distanz op hiert Land, a "Stolen Ground" stellt d'Schrëftstellerin Anna Leader sech d'Fro, wéi ee mat enger vergëftener Ierfschaft kann ëmgoen. Den Nicolas Calmes, de Florian Ney an de Jeff Schinker ware sech déi zwee Stécker ukucken - an hu se ënnert d'Lupp geholl.
Am Noen Osten ass och ee Joer no der Attack vun der Hamas op Israel keng Konfliktléisung a Siicht - trotz ville Beméiungen op diplomateschem Niveau. Wéi kann dat sinn a wat ka Lëtzebuerg iwwerhaapt maachen, fir de Flächebrand wierklech ze verhënneren? Dat freet d'Christiane Kleer den Ausseminister.
Mat “Terrasses” retracéiert de Laurent Gaudé d'Attentater vum 13. November 2015 op Paräisser Terrassen an op de Bataclan aus der Siicht vun den Affer, de Famillen a Partner, de Rettungsdéngschter an Asazkommandoen - dat an engem polyphonen Text, dee sech um Chouer vun der griichescher Tragedie wëllt bedéngen. Wisou dat net ganz opgeet, verréit de Jeff Schinker a senger Rezensioun.
Mat “Terrasses” retracéiert de Laurent Gaudé d'Attentater vum 13. November 2015 op Paräisser Terrassen an op de Bataclan aus der Siicht vun den Affer, de Famillen a Partner, de Rettungsdéngschter an Asazkommandoen - dat an engem polyphonen Text, dee sech um Chouer vun der griichescher Tragedie wëllt bedéngen. Wisou dat net ganz opgeet, verréit de Jeff Schinker a senger Rezensioun.
Den Heescheverbuet aus philosophescher Siicht an en neie Chef un der Spëtzt vun der Lëtzebuerger EU-Representatioun sinn de Moien Theemen an der Presserevue
E Samschdeg goung et an eiser Emissioun Background am Gespréich ëm d'Gestaltung vum ëffentleche Raum.
An dëser Episode diskutéiere mir iwwert e puer moralech Froen sou wéi eis Siicht op verschidde Froen am Beräich vum Verbriechen.
Wéi grouss ass de Risk vun enger Eskalatioun? Ënnert anerem ëm déi Fro goung am Kloertext
Wéi grouss ass de Risk vun enger Eskalatioun? Wat sinn déi laangfristeg Konsequenze vum Krich a misst grad elo vill méi op Diplomatie gesat ginn?
Wéi grouss ass de Risk vun enger Eskalatioun? Wat sinn déi laangfristeg Konsequenze vum Krich a misst grad elo vill méi op Diplomatie gesat ginn?
D'Steierreform aus der Siicht vun der LSAP, Ministeren, déi sech net u Geriichtsurteeler halen an de Phenomen vun de Jugendgangen sinn Theemen
Hien ass de jéngste Laureat vum International Booker-Prize. Och den éischte Hollänner, deen dëse Präis gewonnen huet. Elo ass de Marieke Lucas Rijneveld säin zweete Roman, deen op däitsch ënner dem Titel "Mein kleines Prachttier" am Suhrkamp-Verlag erauskomm. An dësem Roman erzielt Rijneveld eng pedophil Relatioun, awer aus der Siicht vum Täter. D'Valerija Berdi huet mam Marieke Lucas Rijneveld geschwat, dee Gaascht am Institut Pierre Werner war.
D'Situatioun am Handwierk an d'Erwaardungen un d'Tripartite, grad wéi d'Rentrée aus der Siicht vun der Gesondheetsministerin sinn Theemen an der nationaler Press presentéiert vum Françoise Medernach.
RTL Lëtzebuerg gëtt bis 2030 weider finanziell vum Staat ënnerstëtzt. Mee gëtt de Privatsender op laang Siicht ganz verstaatlecht? Dat freet de Rick Mertens den Direkter vun RTL.
E Méindeg de Moie war d'Gesondheetsministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Dem Gast Groeber säin neie Roman erzielt déi däischter Vergaangenheet vun engem Éisleker Duerf aus der Siicht vun engem bäigepraffte Stater Hobbyschrëftsteller. Eng Kritik vum Michel Delage
Wann en Impftaux vun iwwer 90% bei de Risikogruppen erreecht ass, wier d'Pandemie, aus Siicht vun der Santé publique, eriwwer, sou de Claude Muller
Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, wat schif gelaf ass, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. A fir ze verroden, wat hien elo wëlles huet, politesch an och soss. Bleift de Fränk Engel eng ëffentlech Persoun oder zitt hie sech zeréck? Dës Fro - nieft villen aneren - stellt him de Maurice Molitor.
Eng spannend an intressant Rees an déi rezent polnesch Geschicht mä och an d'Intimitéit vun enger Koppel bitt « Les Héroïques » vum Paulina Dalmayer, dëst aus der Siicht vun enger Fra, déi duerch eng onbaarmhäerzeg Krankheet un e Spidoolsbett gefesselt ass an nëmmen nach dovun dreemt, selwer d'Enn vun hirem Liewen ze bestëmmen.
D'Rolle sinn des Kéier kloer verdeelt: De Ben fillt sech prett fir d'BGL, den Dylan fuddelt am Online Training an de Gilles kuckt sech dat Ganzt vu baussen un a geet an där Zäit villäicht mat deenen Dortmunder Eelefmeter trainéieren. International war nawell eppes lass um Transfertmaart, och wann aus Lëtzebuerger Siicht näischt aus engem ganz geckege Wiessel ginn ass. Eng Noriicht aus Spuenien ass awer ageschloe wéi eng Bomm: Dem Lionel Messi säi Konto gëtt mat Millioune gesprengt an et ass net ganz einfach, déi Zuelen ze verschaffen, dofir huet een sech an der Buvette mol e Moment geholl, fir eng Analys ze maachen.
Manner Aarbecht, kee Stau, méi Zäit fir eis selwer - an am Hannergrond päifen d'Villercher: Virun e puer Wochen hätt dat vläicht nach wéi eng Utopie geklongen, déi souwisou net ëmzesetze wier. Elo ass et eisen Alldag. Wat kënne mer aus dëser aussergewéinlecher Situatioun léieren? A kann een domat rechnen, datt eist Liewe sech op laang Siicht verännert? Dat freet de Rick Mertens den dätsche Soziolog Hartmut Rosa, dee sech a senger Fuerschung kritesch domat auserneesetzt, datt eist Liewen ëmmer méi séier gëtt.
D' Situatioun ass de Moment net einfach an huet e groussen Impakt op eis all. Ma och déi professionnel Sportler sinn vun den Aschränkungen betraff. De Rich Simon huet mam Bob Bertemes geschwat an verreit eis, wéi de Lëtzebuerger Sportler vum Joer sech de Moment fit hält an wat dat Ganzt fir heen aus sportlecher Siicht bedeit.
D' Situatioun ass de Moment net einfach an huet e groussen Impakt op eis all. Ma och déi professionnel Sportler sinn vun den Aschränkungen betraff. De Rich Simon huet mam Bob Bertemes geschwat an verreit eis, wéi de Lëtzebuerger Sportler vum Joer sech de Moment fit hält an wat dat Ganzt fir heen aus sportlecher Siicht bedeit.
D' Situatioun ass de Moment net einfach an huet e groussen Impakt op eis all. Ma och déi professionnel Sportler sinn vun den Aschränkungen betraff. De Rich Simon huet mam Bob Bertemes geschwat an verreit eis, wéi de Lëtzebuerger Sportler vum Joer sech de Moment fit hält an wat dat Ganzt fir heen aus sportlecher Siicht bedeit.
Do geet et de Moien ëm de Corona-Virus aus der Siicht vum Psychiater.
Do geet et de Moien ëm de Corona-Virus aus der Siicht vum Psychiater.
De Premier Xavier Bettel huet d'Situatioun vum Land dës Woch aus senger Siicht beschriwwen. Mir plécken déi Analys auserneen a maachen e Bilan vum éischte Joer vun der zweeter blo-rout-grénger Regierung. Invitéë sinn d'DP-Presidentin Corinne Cahen, den UEL-President Nicolas Buck, de Klima-Aktivist Paul Polfer an d'Land-Journalistin Josée Hansen. Moderatioun: Maurice Molitor.
D'Walen 2018 aus der Siicht vu KPL, Piraten an déi Konservativ.
D'Walen 2018 aus der Siicht vu KPL, Piraten an déi Konservativ.
Den 28. an 29. Januar ass d'Cyclocross Weltmeeschterschaft zu Bieles. Aus Lëtzebuerger Siicht ass d'Course vun den Dammen déi interessantsten. Mam Christine Majerus huet de Grand-Duché nämlech ee ganz waarmt Eisen am Feier.
E Samschdeg fänkt aus Lëtzebuerger Siicht d’Handballsaison un.Net datt d’Championnat lancéiert gëtt mä zwou Lëtzebuerger Equipen trieden am Europäeschen EHF-Cup géinteneen un.An zwar ass do e Samschdeg Owend um 8 Auer zu Käerjeng den Aller-Match tëscht dem Champion Handball Käerjeng an dem Coupegewënner Handball Esch.Fir d’Handballfrënn kinnt d’Saison net besser ufänke Serge Olmo…
Wann irgendwou en néien Café opgeht, dann ass daat aus gonzojournalistescher Siicht emmer eng Interessant Geschicht. Net nëmmen eng néi Plaatz, ob der een Angscht a Schrecken kann erliewen, mee och eng néi Plaatz, ob der een sech virun Angscht a Schrecken verstoppen kann. Ausserdem kann een an engem Café oft probéiren, meng zwee aal Bekannter mat Alkohol ze erdrenken.