Podcasts about deeler

  • 14PODCASTS
  • 25EPISODES
  • 10mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Mar 22, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024

Best podcasts about deeler

Latest podcast episodes about deeler

Presserevue
Editioun vum Weekend

Presserevue

Play Episode Listen Later Mar 22, 2025 3:04

Mat ganz ënnerschiddleche Sujeten: vun Drogen an der Schoul bis Deeler vun enger Fassad, déi gefall kommen.

mat drogen schoul sujeten editioun deeler
Kultur
Thellus

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 6, 2025 4:49

Eng BD vun der Italieenerin Simone Mogavino, déi eis mat en eng Science-Fiction-Welt hëlt. Hei kréie mir d'Geschichte vun zwee verschiddene Personnagen erzielt, déi aus aneren Deeler vum Universum kommen. Den Nicolas Calmes huet sech d'Wierk ugekuckt.

geschichte universum hei science fiction welt deeler
Invité vum Dag
Marco Boly

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Feb 18, 2025 11:03

Den Direkter vun der Gewerbeinspektioun (ITM) reagéiert op Kriticke vun Deeler vum Patronat un der Aarbecht vu senger Verwaltung.

Kultur
Invasioun a Besatzung

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 28, 2024 12:53

Zanter Mäerz ass am Musée vun der Resistenz a vun de Mënscherechter eng nei permanent Ausstellung ze gesinn. D‘Expo behandelt d‘Sujete ronderëm den Zweete Weltkrich. De Jim Goerres féiert mat exhaustiven Erklärungen duerch déi ganz Ausstellung, déi mir Iech a méi Deeler presentéieren. Hei, am zweeten Deel geet et ëm Exponaten, déi d'Invasioun, d'Besatzung an d'Reaktioun vum Vollek beschreiwen. D‘Valerija Berdi huet dëse Bäitrag zesummegestallt. (1. Deel: 21.11.) All Infoen iwwer Visitte sinn op mnr.lu ze fannen.

Kultur
Am Gespréich mam Andrea Mancini

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 19, 2024 11:48

Ewech vum kënschtlereschen Ego, hin zu enger kollektiver Aarbecht - dat war de Motto vum Lëtzebuerger Pavillon, deen den Andrea Mancini dëst Joer zesumme mat dem belgo-italieenesche Kollektiv Every Island, der Curatrice Joel Valabrega a véier Kënschtler:innen, déi de Pavillon iwwer déi lescht Méint ëmmer nees mat Performancë bespillt hunn. Ënner deem nämmlechten Titel wéi de Pavillonsprojet - "A Comparative Dialogue Act" - erschéngt elo eng Vinyl, déi Deeler vun de Performancë vun der Selinn Davasse, der Celin Jiang, der Stina Fors an der Bella Báguena afänkt. Fir hir Performancen hunn déi véier sech op eng gemeinsam Klangbibliothéik konnte baséieren. De Jeff Schinker ënnerhält sech hei mam Andrea Mancini, de Kënschtler, dee fir dëse Projet säin Ego esou wäit wéi méiglech zeréckgeschrauft huet.

Kultur
Years and Years

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 8, 2024 4:07

E Science Fiction Drama, a sechs Deeler, an deem mir d'Famill Lyon an engem dystopesche Setting begleeden. D'Serie weist eng brittesch Gesellschaft, déi ëmmer méi zu enger Diktatur gëtt.

Kultur
Screaming Fields 2024 -1/2

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 2, 2024 17:28

De Screaming Fields ass den Newcomer-Festival an der Rockhal, bei deem jonk lëtzebuergesch Bands sech kënne mellen, bei deenen de Projet eben nach net fignoléiert, an och d‘Musek nach net ëmmer fäerdeg ass. Esou gëtt de Festival all Joers zu engem vun den Haaptinstrumenter, mat deenen de Rocklab déi jonk Talenter fuerdert. Fir d‘éischt: ee komplette Concert op der Bün vun der Rockhal hikréien, mat Hëllef vun de Profien. Duerno, jee no Placement, Live-Engagementer a weider Karriärs-Accompagnementer mat op de Wee huelen. Aacht Bands a Kënschtler ginn all Joer no laanger Deliberatioun aus den Umeldungen erausgesicht. An enger klenger Serie an 2 Deeler stelle mir Iech dës Bands vir. De Culture the Kid, dee jo d‘lescht Joer gewonnen hat, erzielt eis e Freideg, wat et him bruecht huet. D‘Gespéicher mat Sohli, Eva Marija, Maya Libbey an der Rockband Break The Aviary huet de Marc Clement geféiert.

Kultur
De Weekend am Theater

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 27, 2024 9:07

Dëse Weekend waren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker sech just ee Stéck ukucken - mee eent, dat mat gutt fënnef Stonnen an dräi Deeler bal méi intensiv war, wéi eng ganz Saison Lëtzebuerger Produktiounen. Mat "Extinction" bréngt de Julien Gosselin den Arthur Schnitzler, den Hugo von Hoffmansthal an den Thomas Bernhard, eng Rave Party, eng biergerlech Demeure an eng Konferenz op d'Bün vum Groussen Theater. Fir deen een ass et Miles Davis an David Foster Wallace an engem Owend, fir deen aneren eng perfekt Illustratioun an dräi Uleef vun engem Joerhonnert, an deem d'Mënschheet sech der Barbarei verkaf huet. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker mat hiren Andréck.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)
Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

Play Episode Listen Later Oct 29, 2023 27:02

D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)

Klangkonscht op der Nuit des musées

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 28, 2023 4:05

De 14. Oktober ass nees d'Nuit des musées. Kléngt gutt? Jo, Klang wäert deen Owend och eng wichteg Roll spillen. De Kënschtler- an Humanwëssenschaftler-Kollektiv “Mnemozine” schafft un enger Klanginstallatioun, déi d'Visiteuren duerch de ganze Sous-Sol, also d'Katakomben, vum Casino féieren. Bei den Terme “Soundart” a “Kënschtlerkollektiv” kréie Verschiddener vun Iech gro Hoer? Dat wëlle mir verhënneren! D'Kerstin Thalau huet mam Max Gindt, ee vun de Soundtüftler vu Mnemozine, geschwat, a versicht Iech d'Klangkonscht ouni grouss Definitiounen a Philosophien, a véier Deeler méi nozebréngen.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Mat der Genschéier géint d'Auswierkunge vun der Klimakris?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Jun 30, 2023

Nei Methoden an der Gentechnik stellen d'Politik virun eng Erausfuerderung: Wéi soll dës nei Technike reglementéiert ginn, wann et esou vill polariséierend Meenungen dozou ginn? Engersäits probéiert d'Industrie an och Deeler vun der Landwirtschaft, déi

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)
Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 12/03/2023 19:25

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Small)

Play Episode Listen Later Mar 12, 2023

D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)
Vu Lëtzebuerg aus a bal ganz Europa, 12/03/2023 19:25

RTL - Pisa, de Wëssensmagazin (Large)

Play Episode Listen Later Mar 12, 2023

D'Geschicht an d'Technik vu Radio Luxembourg Vu wäit gesi se guer net esou héich aus. Wann een awer drënner steet, si se imposant. D'RTL Antenne vu Jonglënster. Den Olivier Catani a Mister Science klammen op déi 215 Meter héich Masten erop. Virun 90 Joer gouf vu Jonglënster aus déi éischt Sendung vu Radio Luxembourg ausgestraalt. Am Pisa weise mir wéi de Radio vu Lëtzebuerg grouss Deeler vun Europa eruewert huet. Firwat een de Sender fréier och am Telefon héiere konnt. A mir geheien Eeër vum Mast erof, an se dierfen dobäi net futti goen.

Kultur
Francis of Delirium

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 5, 2022 3:15

No enger Tour an de Staaten, dem Vereenegte Kinnekräich an an aneren Deeler vun Europa kréien d'Jana Bahrich a seng Ekipp hiren éischte Concert an de Rotonden, dee ganz fir si ass an dat ouni Covid-Restriktiounen.

RTL - Buch vun der Woch
Buch vun der Woch: Team Helsinki: Die Tote im Container, 28/06/2022 11:15

RTL - Buch vun der Woch

Play Episode Listen Later Jun 28, 2022

A.M. Ollikainen steet fir den Aki an d'Milla Ollikainen. Si si bestuet, hunn 2 Kanner a wunnen am Süden vu Finnland. Si hunn allebéid schonn dräi Romaner geschriwwen an hunn och scho Präisser gewonnen. D'Koppel huet lo zesummen den éischte Roman vun enger Serie vu 5 Deeler erausbruecht. De Kriminalroman kënnt a 15 Länner op de Marché: Team Helsinki: die Tote im Container. D'Sandra Mélan huet versicht erauszefannen, ob d'Buch hält wat den Titel versprécht.

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Paul Estgen: Flüchtlingskris, 25/03/2022 12:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later Mar 25, 2022

Wéi sou dacks an der Geschicht, féiert de Krich dozou, dass grouss Deeler vun der Bevëlkerung verdriwwen ginn. Onmoosse vu Leit ginn zu Flüchtlingen. Gëschter aus Syrien, Afghanistan oder aus villen aneren Länner. Haut aus der Ukrain. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Cefis.

RTL - BD vun der Woch
Gentlemind, 22/03/2022 12:35

RTL - BD vun der Woch

Play Episode Listen Later Mar 22, 2022

Eng Bande Dessinée an zwee Deeler, déi eng immens Ästhetik huet, wéi een se haut net méi dacks fënnt. Et ass eng Kollaboratioun tëscht dem spueneschen Zeenarist Juan Diaz Canales, der italieenescher Zeenaristin Teresa Valero an dem italieneschen Zeechner Antonio Lapone.

deeler
Kultur
Collateral Drama - How to Get Rich in Luxembourg (Fast)

Kultur

Play Episode Listen Later Jun 26, 2021 3:18

"How to Get Rich in Luxembourg (Fast)" heescht dat neit Stéck, dat u sech aus dräi Deeler vun dräi verschiddenen Auteure zesummegesat ass an elo gewise gëtt. Dohannert steet deen neien engleschsproochegen Theaterkollektiv Collateral Drama. D'Valerija Berdi war an de centre culturel Am Duerf zu Weimeschkierch d'Stéck kucken, dat haut nach um 14 an um 20 Auer gewise gëtt.

The Ticket Top 10
Musers 840 Bit-Wheeler Deeler

The Ticket Top 10

Play Episode Listen Later Mar 11, 2021 4:49

See omnystudio.com/listener for privacy information.

wheeler musers deeler
RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Olivier Conrardy, 01/07/2019 12:10

RTL - Am Gespréich

Play Episode Listen Later Jul 1, 2019

Viru ronn 6 Joer huet ee vun deene stäerksten tropesche Wierbelstierm mam Numm 'Haiyun' grouss Deeler op de Philippinen zerstéiert. D'Resultat waren Schied an enger Héicht vu bal 3 Milliounen Dollar a genee esou vill Mënschen déi hir Existenz verluer hunn. Nodeems den Olivier Conrardy Biller vun der Verwüstung gesinn huet, huet hien eng spontan Hëllefsaktioun an d'Liewe geruff an ass fir e puer Wochen op d'Philippine geflunn fir op der Plaz ze hëllefen. Dorausser ass d'ASBL 'Aide Philippines' entstan a nach haut gi Famillen a Kanner op de Philippinen medezinesch a schoulesch ënnerstëtzt. 

RTL - Am Gespréich
Am Gespréich: Olivier Conrardy , 01/07/2019 12:10

Ee Mount, een Thema
Irland: Den Impakt vum Brexit op déi gréng Insel

Ee Mount, een Thema

Play Episode Listen Later May 22, 2019 25:20

Wa Groussbritannien aus der EU Austrëtt steet Irland viru groussen Erausfuerderungen. Well de Brexit kéint déifgräifend Konsequenzen hunn, fir d'Ekonomie an och de Fridden op där ëmmer nach gedeelter Insel. Wa nees eng haart Grenz tëscht dem Norden a Süde géif kommen, riskéiert d'Gewalt vun den "Troubles" nei opzeflamen. An eiser Serie "Queesch duerch Europa" ass de Pierre Reyland an déi zwee Deeler vun der Insel Irland gereest -  d'Republik am Süden an dat britescht Nordirland.

Dossier vum Dag
Wiederkapriolen 2018 - Ee Réckbléck

Dossier vum Dag

Play Episode Listen Later Dec 27, 2018 4:17

An dësem Jores-Réckbléck kucke mir op d'Wiederkonditiounen zeréck, déi zu Lëtzebuerg virun allem tëschent dem Juni an dem August fir vill Chaos a Schued gesuergt hunn. Nieft den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall a weideren Deeler vum Land, hunn och déi héich Temperaturen am Summer fir aussergewéinlech Wiederkonditioune gesuergt. De Maurice Antony huet zeréckgekuckt.

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
Angscht a Schrecken an de Bierger

Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg

Play Episode Listen Later Mar 3, 2011 6:49

Et huet jo missen esou wäit kommen. Fir mech waren d'Bierger ëmmer déi aner. Also, ech mengen domadder net de Bierger an d'Biergerin als wahlberechtegt Awunnerinnen an Awunner vun engem Land, mä déi geologesch Formatiounen aus Fiels an Steen, déi a verschiddene Länner grouss Deeler vun der Landschaft forméieren. Lo ass et esou, dat et zu Lëtzebuerg net wierklech esou eppes wéi Bierger gëtt. „Ma dach“, ruffen opmierksam Nolauschterer an Nolauschterinnen, „d' Eisleck ass dach een sougenannt „Mittelgebirge“, hunn mir an der Geografie geléiert!“. Zielt dat emol an Éisterräich. Mittelgebirge. Da laachen d'Leit iech aus an dir musst hinnen e Patt bezuelen, dat se ophale mat laachen. An da gitt dir aarm an traureg heem an frot iech, wéi héich da richteg Bierger si mussen, wann d'Eislécker Koppen net dozou zielen.