POPULARITY
Déi meeschte Leit hu vill Bezéiungen vun ënnerschiddlecher Natur, déi meeschtens all eenzegaarteg a wäertvoll sinn. Leider hu mäer alleguer nëmme 24 Stonnen am Dag, an déi si meeschtens dann zu engem groussen Deel mat Aarbecht, Schoul a Selferhalung gefëllt. Oft muss dann tëscht Bezéiungen prioriséiert ginn, an an enger amatonormativer Welt gëtt dann oft d*e Partner*in zur wichtegster Persoun am Liewen. De Joël an d*e Robin schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi si d Mënschen an hirem Liewen prioriséieren, a wourun si déi Décisiounen festmaachen. An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer Sex an Trauma.
How well do you know your Luxembourgish Prepositions? Not sure?Don't worry—this episode is for you! I've prepared a quick and fun multiple-choice quiz where you can test your Luxembourgish knowledge about the prepositions.Here's how it works: I'll say a sentence without the preposition then 3 possible answers, you'll have 5 seconds to think about the correct response, and then I'll reveal the correct answer. With this quiz you'll be able to assess your knowledge in real-time and discover which prepositions you might need to focus more study. Whether you're preparing for the *Sproochentest* or just curious about your Luxembourgish level, this quiz will give you a clear idea about your knowledge of prepositionsBass du prett fir de QuizEch fueren um 7 Auer moies ______ d'Aarbecht. – I drive to work at 7am.a) an b) op c) zub) Ech fueren um 7 Auer moies op d'Aarbecht.Find the correct preposition:1. Mir fueren ________ Zuch op Paräis. – We go (drive) by train to Paris. a) mat b) mam c) beiLearn all about the tricky preposition mat in my lesson on my BLOG called Learn to use correctly the preposition Mat 2. De Fliger kënnt ______ Dublin. – The plane is coming from Dublin. a) aus b) zu c) vun3. Meng Noperen waren 1 Mount ____ Indien. – My neighbours were for 1 month in India. a) an b) op c) zu4. Ech si(nn) _______ 3 Deeg zeréckkomm. – I came back 3 days ago. a) no b) an c) virun5. De Vol ______ 8 Stonnen war ustrengend. – The 8-hour flight was exhausting. a) vun b) an c) um6. Stell d'Fläsch Wäin ____ de Frigo! – Put the bottle of wine into to fridge. a) am b) um c) an7. D'Apdikt ass _______ der Gare. – The pharmacy is next to the station. a) tëschent b) iwwert c) niewent8. D'Fläsch Waasser steet _____ Dësch. – The bottle of water is on the table. a) am b) um c) an9. Ech klammen ______ dem Bus. – I get out of the bus. a) aus b) op c) an10. Ech ginn haut _______ Maria an de Kino. – I go to the cinema with Maria today. a) mat b) mam c) mat der11. Komm mir ginn ________ de Park. Et ass schéint Wieder. – Let's go through the park. It's nice weather. a) iwwer b) duerch c) laanscht12. ______ Cours ginn ech direkt heem. – After the course I'll go straight home. a) no der b) no c) nom13. Mir mussen _____ eis Vakanz schwätzen. – We have to talk about our holidays. a) vun b) iwwert c) während14. ______ gëschter hunn ech Congé. – I've been on leave since yesterday. a) fir b) virun c) zanter (zënter)15. Ech léiere _____ 6 Méint Däitsch. – I've been learning German for 6 months. a) zanter/ säit b) virun c) fir16. Ech huelen de Bus ____ ______ d'Stad. – The train goes to (as far as) Lux city. a) bis / an b) — / an c) — / op17. Mir fueren ___ de Weekend ___ d'Vakanz. – We'll drive on vacation at the weekend. a) an / an b) an / zu c) — / an18. _____ Fréijoer schaffen ech gär _____ Gaart. – I like to do some gardening in Spring. a) Um / am b) Am / am c) Am / um19. ____ Mëttwoch ____ Owend ginn ech ____ de Yogacours. – I'll go this Wednesday evening to the yogaclass. a) — / am / an b) De / en / op c) E / den / an20. ___ moies drénken ech ____ 7h00 ____ 7h20 Kaffi. – I'm having breakfast from 7am until 7h20 every morning (in the mornings) a) — / vun / bis b) De / vun / bis c) Am / géint / bis
De Weekend huet de grousse Gebuertsdag vun der Kufa ugefaangen, 40 plus 1 Joer feiert d'Institutioun wärend engem ganze Mount. No engem ganz besonnesche Mutiny on the Bounty Concert um Freideg goung et den Dag duerno direkt weider mat de kanadesche Postrock-Legende Godspeed You Black Emperor fir ee musekalescht Erliefnis vun zwou Stonnen. De Kufa-Direkter René Penning hat also kaum Zäit, sech ze erblosen, éiert e bei eis an de Studio koum fir e Gespréich iwwert een e bëssen anere Gebuertsdag.
Hie war just 8 Stonnen zu Lëtzebuerg, d‘lescht Woch, mee an den Zeitunge gëtt nach ëmmer iwwer de Poopst François geschriwwen, an et gëtt och net u Kritik gespuert.
De Pit Biwer hëlt eis haut mat op eng Insel, déi duerch Hollywood zu engem Naturpark gouf. Vill Hollywood-Staren notzen d'Geleeënheet mat hire Yachten hei e puer schéi Stonnen ze verbréngen.
Dëse Weekend waren den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker sech just ee Stéck ukucken - mee eent, dat mat gutt fënnef Stonnen an dräi Deeler bal méi intensiv war, wéi eng ganz Saison Lëtzebuerger Produktiounen. Mat "Extinction" bréngt de Julien Gosselin den Arthur Schnitzler, den Hugo von Hoffmansthal an den Thomas Bernhard, eng Rave Party, eng biergerlech Demeure an eng Konferenz op d'Bün vum Groussen Theater. Fir deen een ass et Miles Davis an David Foster Wallace an engem Owend, fir deen aneren eng perfekt Illustratioun an dräi Uleef vun engem Joerhonnert, an deem d'Mënschheet sech der Barbarei verkaf huet. Den Nicolas Calmes an de Jeff Schinker mat hiren Andréck.
Bei enger normaler Doséierung vu Cannabis huet een e puer Stonnen laang eng akut Wierkung, wärend deenen een net soll Auto fueren.
Et wier net méi zäitgeméiss, dass hei zu Lëtzebuerg d'Begriefnis 72 Stonnen nom Doud vun der Persoun muss sinn.
Eng spannend Course mat Bus an Zuch duerch ganz Lëtzebuerg Am neie Pisa Summerchallenge fueren den Olivier Catani a Mister Science mam ëffentlechen Transport queesch duerch d'Land. Allen 100 Gemengen. A 24 Stonnen. Non Stop. Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi eng Verbindunge muss een huelen. A wéi dacks ëmklammen? Si maachen um Wee duerch d'Land de Gemenge-Quiz. Weisen op ale Kadaster-Pläng wéi d'Gemengegrenze virun iwwer 200 Joer festgeluecht goufen. A wéi de «Blob» kéint hëllefen den ëffentlechen Transport ze optimiséieren.

Um leschten Dag vum Internationale Filmfestival vu Cannes mellt sech de Jeff Schinker live vun der Plaz mat Analysen e puer Stonnen virun der Attributioun vun de Präisser. D'Claudine Muno hëlt 2 Filmer ënner d'Lupp déi an de Lëtzebuerger Kinoe lafen, an zwar Plan 75 an The Little Mairmaid
Wat kann een sech vun dëser Regierung erwaarden? Dat froe mir e puer Stonnen virum Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun d'Chefredakteren vum Lëtzebuerger Land a vu Reporter.lu. Moderatioun: Rick Mertens.
Wie gäre liest an awer och mol fir Stonnen an e Computerspill andauche wëll – fir deen hu mir eventuell dat passend Buch. „Rabbits“ vum Terry Miles erzielt nämlech d'Geschicht vun engem Real Time Adventure Game an deem den Asaz net manner ass wéi dat eegent Liewen. Den amerikaneschen Auteur ass och Filmproduzent an huet eng Rei Podcast-Serië kreéiert, dorënner Rabbits, aus där elo dëst Buch enstanen ass. D'Tiffany Saska huet d'Buch fir eis gelies.
De 14. Abrëll 1912, um 23 Auer a 40 Minutten, ass d'RMS TITANIC, dat deemools gréisste Passagéierschëff, mat enge ronn 2.200 Mënschen u Bord, ob senger éischter Rees tëschent Southhampton an New York, mat engem Äisbierg kollidéiert (RMS steet fir Royal Mail Ship). 2 Stonnen a 40 Minutten duerno goung de Luxusliner am äiskalen Nordatlantik ënner. Eng 700 Leit konnte gerett ginn, ronn 1.500 Fraen, Kanner a Männer haten net iwwerlieft. De Carlo Link proposéiert an enger Radio-Dokumentatioun chronologesch d'Geschicht, d'Rees an déi lescht Stonnen op der Titanic, mat de Stëmme vun Iwwerliewenden, a Form vun Aussoe vun hinnen, déi vun 1915 bis 1999 gemaach an enregistréiert goufen. Dëst ass eng aktualiséiert Versioun vun enger éischter Diffusioun op eiser Antenn vum 14. Abrëll 2002. Audio-Extrait: Lauschtert, d'Lëscht vun der Titanic-Prominenz aus der éischter Klass Geschichts-Quellen: Titanic [Geoff Tibballs] 1997 Toundokumenter: "Témoignages des Survivants" [Institut des Archives Sonores - International Radio/TV-Archiven - Éditions Frémaux & Associés] 2000 O-Téin: Titanic-Film [James Cameron] 1997 Rettungsboot-D vun der Titanic, fotographéiert vun engem Passagéier vum Rettungsschëff, der RMS Carpathia (Ëffentlechen Domaine) Vue op de Bug vun der RMS Titanic am Nordatlantik, Juni 2004 vun der "ROV (Remotely Operated Vehicle) Hercules" wärend enger Expeditioun, déi zréck bei de Schëffswrack koum (Ëffentlechen Domaine)
An 3 Deeg hunn déi Verléiften erëm hiren Dag. Da gesäit een erëm vill Häerzer a Koppelen déi fir e puer Stonnen extra frou matenee sinn. De 14. Februar ass Vältesdag; et dierf ee gespaant sinn ob de Sproochmates och Pimpampelen am Bauch huet.
D'Cecil's Box ass vun hiren Dimensiounen hier net enorm, mee d'Ausstellungsvitrinn vum Cercle Cité bitt engem Kënschtler awer eng enorm Plattform: d'Cecil's Box, an also och hiren Inhalt, si vun der Paschtoueschgaass aus siwen Deeg an der Woch, 24 Stonnen op 24, ze gesinn. Bis de 5. Dezember der Lynn Cosyn hir Aarbecht "Ukiyo - Living the Moment". Déi fréier Architektin Lynn Cosyn, déi sech zanter fënnef Joer erfollegräich eng Existenz als Illustratrice opgebaut huet, huet dem Kerstin Thalau d'Iddi hanner den Holzplacken-Illustratiounen erkläert.
De Kader vun der Lëtzebuerger Futtballnationalequipe fir déi zwee Frëndschaftslännermatcher am Juni géint Norwegen an Schottland ass bekannt. D'850 Ticketen fir d'Partie géint Schottland am Stade Josy Barthel Live ze suivéieren, waren an Zäit vun 24 Stonnen vergraff. An der BGL-Ligue bleift et souwuel fir de Championstitel, wéi och fir déi lescht europäesch Plaz, bis déi lescht Sekonn spannend. Dann gouf an der Woch jo och e Fall vu Mobbing am Lycee zu Diddeleng bekannt. Den F91 hat fir de Concernéierten och eng Solidaritéitsaktioun an d'Liewe geruff. Den FLF-Magazin vun haut mam Franky Hippert:
Deen net esou eeschte Réckbléck op d‘Wochenaktualitéit
Och d'Lëtzebuerger Zeitunge si schockéiert iwwer d'Amokfaart gëschter an der Akafsstrooss vun Tréier, si hunn och Andréck aus de Stonnen duerno.
Mam Fliger brauch ee vu Berlin op Peking ronn 10 Stonnen. Iwwer Land dauert déi Rees ganzer 48 Deeg. Dräi Lëtzebuerger sinn den Ament mat hirem Oldtimer Mercedes ënnerwee an Directioun China. Virun der Rees huet den Akim Schmit aus der Automag Equipe sech mam Frank Piaia iwwert dës ongewéinlech Rees ënnerhaalen.

Chrëschtdag - gemittlech Stonnen an der Famill oder mat Frënn, do freeë mir eis dach alleguer drop. Sinn se wierklech sou idyllesch wéi dat an sou munchem Lidd wochelaang gesonge gëtt…? Eng Carte Blanche vun der Kummunikatiouns-Experte Christiane Bram.

Eng Schéisserei matzen an Bouneweg, a keng 36 Stonnen dono e fataalt Accident no enger Course-poursuite op der N7... Zwou gréisser Affären aus de leschten Deeg déi nawell vill mediatiséiert gi sinn, ma wou awer nach eng sëlleche Froen am Raum stinn, mengt de Joël Detaille an engem Commentaire....
Dier hudd en Dinosaurier am Reckspigel? Dier schloft nemme kuerz op ärem Canapé an, an schon sin e puer Stonnen vergaangen? Vläit hudd dier jo eng Zäitrées gemach! Oder as dat onmeiglech? Diskussiounspartner haut: den Mario
Wiere mer méi oder manner gestresst wa mer net permanent giffen op d'Auer kucken? Egal op am Stress um Wee op d'Schaff oder schonn ze spéit virum nächste Rendez-Vous. Eist Liewen ass e permanente Kampf géint d'Zäit! Duerfir soen ech menger Auer fir 24 Stonnen äddi. Däerf awer och kee froen wéi spéit et ass. Ass een doduerch méi oder manner gestresst? Mir erklären och wéi ee seng Zäit besser andeele soll datt een alles gemaach kritt. Léieren en Här kennen deen iwwer dausend Auere bei sech Doheem huet an de Mister Science bremst d'Zäit. Mat puer impressionante Ralentie-Biller. Ënner anerem wéi eng kleng Waasserdrëps duerch eng Seefeblos fält ouni datt déi platzt.

Dräi Deeg an zwou Nuechten waakreg bleiwen, den Challenge vum Joer! 60 Stonnen um Stéck net schlofen. Dat war den Challenge. Am Pisa haut de grousse Schlof-Resistenz-Test. Dräi Deeg an zwou Nuechte ouni Schlof! Mat wéi engen Tricken packt een dat? A wat mécht et mat eisem Kierper? Wéivill Schlof brauch de Mënsch? Sinn d'Stonnen viru Mëtternuecht wierklech déi wichtegst? A kann een duerch ze mann Schlof stierwen? No zwou waakregen Nuechten kënnt een op alle Fall ferm no u seng Limiten.