POPULARITY
Music as a passion has accompanied the Dortmund all-rounder with Polish roots since his earliest youth. Through his involvement in the scene and the constantly growing community in the Ruhr area, his path led him from hip hop to his electronic destiny more than 6 years ago.Robert Fernys, presenter at Open Sesame on Eldoradio* (the third oldest radio program in Germany) and good-mood power machine on the decks, is a guarantee for summer vibes and beaming faces with his funky disco sound! ► Connect with KX: www.facebook.com/kx.podcast www.instagram.com/kx.podcast ► Support: www.facebook.com/robertfernys www.instagram.com/robertfernys
Hello, sweet and deep vibes this month. Enjoy ! Playlist :01 Kellerkind, Somebody, Get Physical Music;02 Darius Syrossian, Beetham Tower, Leena;03 The Deepshakerz/Aaron Pfeiffer/Cameron Jack, Fire, Crosstown Rebels;04 Zoo Brazil, The Feeling, Bedrock; 05 Carlo Lio, O My, Incorrect Music; 06 Phil Unique, And Go Back, Snatch!; 07 Carlo Lio, As We Proceed, Incorrect Music; 08 Vintage Culture/Bhaskar/Meca feat The Vic, Higher Ground; 09 Raxon, Slip Mode, Kompakt Extra Germany10 Ekoboy, Twisted, Rawthentic. minimal show on iTunes minimal show rss feed
Oh méi do war wuel den Wuerm am Internet oder wei nennt een dat, leider ass am Ufank Soundqualiteiet méi gelungen, mee no der paus koum nees alles an aler Pracht zeréck. Chaos an Egypten , Avocado an Katzen klappt nett, och iwert den James Bond hun mer eis gedanken gemach an Eldoradio... naja lauschtert selwer. Eng wonnerbar Episod wou mer rem vill gelaacht hunn. Ameséiert iech gutt an op dësem Wee soen mir iech villmols Merci fir Ären Support an är Gedold mat eis.
Et ass Ouschteren a ganz nom Motto "Eeër, mir brauchen Eeër" diskutéieren de Ben, Dylan a Gilles iwwert déi geckeg Woch an der Champions League, d'Frankfurter Invasioun zu Barcelona an dem Ben seng selwer ernannte schlechtste Prestatioun op engem Fussballterrain.
D'Buvette ass endlech rëm komplett! De Gilles zielt vu senge Champions League Erliefnisser, dem Ben waart op den nächsten Zuch an den Dylan huet sech rëm erkritt, nodeems en flaach louch. Zu Berlin hat dem Felix Magath säin Interview méi Highlights wei seng Equipe wärend dem Match an an der Premier League gouf den absolutten Toppmatch gespillt.
Zanter laangem erëm ee Stadionbesuch fir den Dylan, eng nei zukünfteg Nummer 1 beim Progres an e Gilles deen an der Aarbechtswelt ukomm ass. Dat alles a wei et bei de Bayern zum 12.Mann um Terrain koum, hu fir eng leschte Kéier nëmmen zwee vun deenen dräi aus der Buvette beschwat.
Mam Fussball hunn dei zwee sech de Weekend omfong net sou befaasst an trotzdem gouff et genuch ze beschwetzen. Wei kann een 8:0 verleieren, wat schreift de Werner sech fir Notizen op a mat wem huet de Gilles an de States eventuell e Patt gedronk?
Beim Ben gëtt et Zäit, nei Schlappen auszepaken an den Dylan huet mat der TuS en Derby ënnert Flutlicht virun sech! An der Bundesliga dierf de legendäre Quälix seng Qualitéiten da lo beim Big City Club ënner Beweis stellen a Leverkusen muss eng batter Pell schlécken. A wärend de Messi a PSG doheem ausgepaff gëtt, hat de Ronaldo en Weekend, wei een sech en besser net hätt kéinte virstellen.
An de Joren 1994 bis 2002 gouf et zu Bochum an zu Sprockhövel eng Rei vu sexuellen Iwwergrëff. Den Täter gouf vun der Press als Uni-Phantom bezeechent. Wat do geschitt ass, erziele mir Iech an dëser Episod.
De Progrès ass rëm do wou mer en gär hätten an d'Preparatioun vun TuS Königsdorf geet mam Rosenmontag op en Enn. Karneval war de Weekend och am Kölner Keller, wou de VAR méi wei ee Mol als Jeck ënnerwee war, sou dass dem Max Kruse wéi och der beléifter Hertha vu Berlin net no Konfetti war. An da freet een sech an der Buvette, wéi et sech als Kepa ufillt, extra fir d'Eelefmeterschéissen agewiesselt ze ginn an den entscheedenden Eelefmeter an d'Wolleken ze donneren.
Am Joer 2014 goufe vill privat Fotoen a Videoe vu Promie geleaked. Dat Ganzt ass ënnert dem Numm "The Fappening" em d'Welt gaangen. An dëser Episod erziele mir iech dëse Fall an diskutéieren iwwer d'Sécherheet am Internet a wei een seng Daten zum Deel besser schütze kann.
Den zukünftege Snowboardlehrer ass nees do a soumat ass d'Buvette och rëm komplett. Fussballmatcher kennen heiansdo laang ginn, mee dat ass fir de Progrès grad sou gutt. Laang gëtt och deen oder anere Ball, wann een d'Rechnung ouni déi lëfteg Konditioune mécht, wei een dat de Weekend um Käerjenger Dribbel feststelle konnt. An wann Sonndes an der Bundesliga méi Goler fale wei Samschdes mëttes, da weess een, dass d'Konferenz rëm fir d'Kaz war.
Our guests on the Breakfast Show today were Edwin and Jussi from luxembourgish band Lumi who came on the show to share the new music that they've been working on. Lumi formed in 2008 after the band members met in school and started making music together. Their 2009 album Cycles was well received in Luxembourg and saw them charting in the Eldoradio top 40 and playing shows around the country inlcuding at the Rockhal, Exit 07 and Dqliq and at Fete De la Musique. After a lengthy break from making music together whilst the band members attended university and lived in other parts of the world, Lumi recently reformed and have started working on new material. Today on the show listeners got an exclusive first listen of their new tracks 'Mountains and Moons' and 'Everything Could Have Been'. The new tracks were recorded at Bonus Noise Studios, a recording studio and record label that is run by Edwin. The studio, which is located in Cents run with a collective spirit, is open to local acts that want to record and release their music. For more information head to https://bonusnoise.com In the last half hour of the show Jussi and Ed ran us through music by some of their favourite Luxembourgish artists including Miaow Miaow, Charlotte Bridge, Bartleby Delicate, Cristobal And The Sea, Jackie Moontan and Faux Real Follow Lumi on Facebook: https://www.facebook.com/lumisound
Et ass roueg! Dat läit éischtens dorun, dass deen Drëtten aus der Buvette nach ëmmer feelt an zweetens, dass am internationale Fussball net vill lass war, wouriwwer een sech déifgrënneg ënnerhale misst. Dofir war et dës Woch eng éischter labber Affär, mat ënner anerem engem Thema aus dem Amateurfussball, wat virun allem an Däitschland mëttlerweil e grousse Problem ass.
Dës Woch läit et rëm um Duo Ben a Gilles, well den Dylan d'Schipisten onsécher mécht an de Wee an d'Buvette net packt. Wärenddeem huet d'BGL-Ligue nees ugefaangen, och wann se op verschidde Plazen direkt rëm ënnergeet. An Däitschland war et en turbulente Weekend mat zwee Toppmatcher, engem Trainer, deen an der Stuff hin an hier sprengt an engem Lëtzebuerger Duell an der 2. Liga. An schliisslech geet den Afrika-Cup och op en Enn.
2001 verschwënnt dat klengt Peggy Knobloch um Wee fir Heem no der Schoul. Vun him feelt all Spuer. Wou ass d'Peggy? Wat ass geschitt? Wien huet domadder ze dinn?
Kee Fussball, kee Probleem. An der Buvette vergeet d'Zäit och ouni dass den Weekend Lännermatcher waren oder an de Championnater gespillt gouf. Sou war eng jett um Transfertmarché lass, eng Doku op Netflix stoung um Programm an et huet ee souguer Zäit fonnt, iwwert aner Sportaarten ze schwätzen.
D'Fussballwoch huet mat enger verréckter däitscher Coupe ugefaangen an hält mat chineesesche Paräis Tricoten op. Dotëscht ploen sech de Ben an den Dylan duerch d'Virbereedung, an der 2. Liga gëtt et neien Dramduo an em den Afrika-Cup ass et bësse méi roueg ginn. Mee vill Leit wäerten sech elo och froen, firwat nächste Weekend net gespillt gëtt.
Den Niels Högel schafft tëscht dem Joer 1999 an 2005 a verschidde Spideeler. Hien gëtt als gudde Fleeger ugesinn, bis opfält datt ëmmer wann hien am Déngscht ass et besonnesch vill Reanimatiounen a Stierffäll ginn. Wat den Niels Högel domadder ze dinn huet, gitt dir an dëser Episod gewuer.
Eng ganz geckeg Episod mam Ben op der Äispist, dem Dylan, deen de Gabor Kirali imitéiert an de Gilles, deen eng oder déi aner ganz intressant Story vum Afrika-Cup matbréngt. Dann hunn déi zwee Knupperten aus der Bundesliga rëm geliwwert, an England ass den Zuch fir dem Tuchel seng Equipe fort an a Spuenien spillen déi eng e Match iwwert zwee Deeg, wärend déi aner souguer op engem anere Kontinent spillen. Do kann een sech froen, firwat?
D'Buvette späert seng Diere fir 2022 op an och den Dylan ass rëm mat u Bord! Wärend d'Preparatiounen zu Nidderkuer a Königsdorf rëm uginn, geet et an der Bundesliga weider, wou Bayern souwuel mat Gladbach wei och mam Covid ze kämpfen huet. Dee Problem gesäit een och an England, wou d'Matcher entweder ganz ofgesot ginn, oder mat vollen Tribüne gespillt ginn. An dann dierfe mir op dem Gilles seng Aarbecht als Afrika-Cup Korrespondent gespaant sinn.
Am Summer 2021 ass d'Gabby a säi Verloobte Brian op enger USA-Rees mat engem Camper-Van, bis Mëtt-Enn August schéngt alles normal ze sinn. Mee dunn ass eppes Virgefall, wat do geschitt ass, gi dir an dëser Episod gewuer.
Den Dylan hänkt an de Bierger fest an iwwerléisst dofir deenen aneren zwee d'Buvette, déi sech an der leschter Episod fir des Joer gutt Zäit gelooss hunn, dem Ben seng nei Roll als Goalgetter ze klären an op d'BGL Ligue ze kucken. De Gilles huet et richteg genoss, rëm lëtzebuerger Fussball ze kucken an dem Ben säi scho bal historeschen Dag zu Wolz mat ze erliewen. An da gouf et bei der UEFA eng net onintressant Pann, wat puer Spekulatioune mat sech bréngt.
De Ben trëfft monter weider an den Dylan feiert säi Comeback, wärend de Gilles nom däitsche Klassiker net sou richteg wees, wouhi mat sech. E Match, bei deem rëm alles dra war an um Enn awer op en Neits Bayern als Gewënner vum Terrain geet. Mee dat soll net den eenzege geckege Match an der Bundesliga gewiescht sinn! Iwwert Ëmweeër soll den Dylan matkritt hun, firwat et zu Gladbach net esou leeft... an op der Insel kann de Rolf Rangnick säin Debut feieren.
De Ballon d'Or ass gewielt, och wann de Ben de Weekend nach eng Kéier alles gemaach huet fir do e Wuert mat ze schwätzen. Wärenddeem setzt den Dylan weiderhin a Quarantän, de Gilles ass op Studierees an endlech gouf et mol rëm eng Bundesliga Samschdes Mëttes Konferenz, déi Spaass gemaach huet. A Portugal wees een net op et net awer Kreisliga war a wann ee mengt et hätt een alles gesinn, da muss een a Rumänien kucke goen... oder eben nëmmen hallef.
Den Numm Marc DuTroux misst zu Lëtzebuerg bal jidderengem eppes soen. An dëser Episode gi mir op dee Fall an a kucke wat do alles schif gelaf ass an a weie Chaos dat d'Belsch geheit huet. Vue dass de Fall sou grouss ass, hunn mir deen an 2 gedeelt, am 1. Deel geet et em alles wat bis zur Verhandlung geschitt ass.
Eng turbulent Woch, an där et definitiv net langweileg ginn ass... Quarantän, Beaujolais mat Kéis a wichteg Punkte stinn déi Kéier ganz uewen op der Lëscht. Mee domat laang net genuch: an England raumt den Ole Gunnar mat frëndlecher Hëllef vun eisem beléiften Harry da lo awer säi Büro, a Frankräich sinn alt rëm Fläsche geflunn an an der Ukrain ass den Oli Thill guer net méi ze halen.
Jidderee kennt aus de Filmer de Saz "Based on a true Story". Haut hunn mir eis 3 Horrorfilmer geholl déi op richtegen Verbriechen baséieren a kucken och wat dovu wierklech wouer ass.
Zu Rodange gouf Bëton gemëscht an den Dylan huet e weidere Kreisligamatch am CV stoen. Am internationale Fussball huet de Gilles eng logesch Erklärung fir déi Dortmunder Resultater dem Ament an et schéngt, wéi wann den däitsche Meeschter scho rëm feststeet. Op der Insel ass Manchester scho rëm blo, an awer setzt den Ole Gunnar Solskjaer nach um Stull, och wann dat wuel just un engem gewëssene Ronaldo läit. An dann gouf et nach een oder deen anere Lëtzebuerger Gol de Weekend.
Den Dylan huet säi Gebuertsdagsweekend richteg genoss, de Gilles huet sech och näischt entgoe gelooss an de Ben konnt mat sengem Eelefmeter dozou bäidroen, dass de Progrès de Swift vun Hesper aus der Coupe geheit. Deemno war et eng gelonge Woch mat intressante Resultater a Matcher an engem Iwwerraschungscadeau fir de Brausepirat Dylan.
Et war eng vun deene ganz rouege Wochen, well ausser eise Roude Léiwen, déi bëssen onglécklech géint d'Serbe verluer hunn, stoung just nach d'Nations League um Programm, déi deen een oder anere souwisou scho vergiess hat. Fir de Recht war an der Fussballwelt net vill lass, wat et de Jongen an der Buvette erméiglecht huet, bësse méi ronderëm de Bräi ze schwätzen. An dat kennen se gutt.
De 6. Juli 2012 verschwënnt dat 16 järegt Skylar Neese. Wat ass geschitt, wien huet mam Verschwannen ze dinn? Dat alles erziele mir iech an dëser Episode vu Loscht op Mord.
Mir erliewen eng spannend BGL-Ligue Saison, wou gefillt jiddereen e Wuert em déi éischt Platze matzeschwätzen huet. An der Bundesliga sinn et rëm déi Dortmunder, déi dem Gilles Suerge maachen, och wann eng Arbitterdécisioun groussen Undeel dorun huet. A wann de Ronaldo den nächsten Eelefmeter schéisst, dierft dem Bruno Fernandes säi Ball dann och mëttlerweil ukomm sinn. Zu gudder Lescht steet rëm Champions League un, wou eis zwee Nationalspiller sensationell gestart sinn.
Et harmonéiert an der Buvette, wat och doru läit, dass ee vun dem aneren, Woch fir Woch, léiert! Deck Loft gëtt et awer dogéint zu Käerjeng, och wann et alles anescht wéi schlecht leeft. A wärend zu Bremen de Mitchell Weiser um Terrain fir Gespréich suergt, mécht den Tim Wiese et uewen an der Buvette.
D'Lännermatcher sinn eriwwer an d'Spiller dierfen zréck bei hier Veräiner, och wann deen een oder aneren en Ëmwee maache muss. Wärend d'Bundesliga mat sengen net all ze spannende Samschdes-Mëttes Konferenze kämpft, huet d'Premier League rëm hier Attraktivitéit bewisen: de CR7 mellt sech, wéi och anescht, mat Goler zeréck a fir de Big Rom mussen se deemnächst vläicht nei Gréissten definéieren. Mee och dem Messi säin Hobby-Championnat huet en neie Star, well eise Gerson seng nei Faarwen direkt zur Victoire schéisst.
Wärend den Dylan den Zenit vu senger Karriär erreecht huet, hat de Gilles d'Méiglechkeet, de neie Stadion beim Match géint Aserbaidschan ënnert d'Lupp ze huelen. Net nëmme konnt Lëtzebuerg komplett verdéngt 3 Punkten huelen, mee et ass och héich Zäit ginn, de legendäre Josy Barthel hannert sech ze loossen, well den "Léiwen-Park" huet alles, fir zum Hexekessel ze ginn, wann en mol bis voll ass. A wann der bis emol an de Genoss kommt, denkt un är Jackett!
Et ass déi éischte Kéier, dass déi 3 aus der Buvette beienee sinn an ophuelen an zesumme schaffen si en Weekend op, bei deem et vun enger an déi aner Buvette gaangen ass. Sou stoung den nationale Fussball des Kéier am Virdergrond, och wann et international virun allem den Transfert vum Ronaldo war, dee bëssen aus dem näischt koum an iwwerrascht huet. An dann ass d'Virfreed op d'Lännermatcher des Woch grouss, well d'Buvette live mat derbäi wäert sinn. Huel se!
Ahoi ass d'Motto vun dëser Episod. De Kapitän Gilles mëllt sech live aus Sardinie vum Boot fir dem Ben a Dylan hir Victoiren ze kommentéieren. Ausser engem Platzstuerm zu Nice, engem Eelefmeter mat zwee Bäll a Schalker Konstanz, hunn d Jongen hir üblech Liblingstheme behandelt.
Den 20. Abrëll 1999 laafen zwee Jugendlecher an der Columbine Highschool Amok, dat zu dem Zäitpunkt de schlëmmsten Amoklaf ass, de jeemools an enger US-Amerikanescher Schoul war.
Den Dylan lieft säin Dram a feiert säin Debut an der Kreisliga, de Ben verlaangt sech um Terrain alles of an de Gilles genéisst dat Ganzt vu baussen. Sou hat jiddereen op seng Aart a Weis en intressante Weekend mat vill Fussball, well nieft der Bundesliga, déi scho rëm mat engem VAR-Skandal an d'Saison start, huet och d'Premier League an d'spuenesch Liga ouni Messi ugefaangen. Ausserdeem sinn och rëm eis Lëtzebuerger Nationalspiller aktiv, woubäi een eng extra Aufgab aus der Buvette kritt.
D'Buvette geet an déi zweet Saison an endlech leeft et rëm wéi een et gewinnt ass: Leit op den Tribünen, Béier an der Buvette a Wurschten um Grill. Zu Nidderkuer gouf méi Waasser- wéi Fussball gespillt a soumat hat de Ben leider e kuerzen Optrëtt um éischte Spilldag an der BGL-Ligue. An Däitschland start d'Saison dann sou richteg mam DFB-Pokal a genau sou wéi verschidde Bundesligiste Problemer haten, den éischten Tour ze packen, hunn d'Jongen aus der Buvette Problemer Prognose fir d'Bundesliga ofzeginn. Zu gudder Lescht gëtt d'Messi-Drama ugeschwat a kuerz iwwert d'Transferten duerch Europa diskutéiert, woubäi een Transfert ganz kloer rausstécht.
Den 12. November 2016 geet de Joseph mat Kolleegen an en Club feieren, Nodeems de Club zou gemaach huet, verschwënnt de Joseph virum Club an Taucht net méi op. Wat ass am Joseph geschitt, wou ass en hin? Äntwerten op des Fro kritt dir an dëser Episode vu Loscht op Mord.
Am Joer 2000 geet den Jerry Michael Williams (Mike) fëschen. Owes kënnt en awer net Heem a seng Fra mécht sech Suergen. Wat ass dem Mike geschitt? Alles dat fannt der an dëser Episode vu Loscht op Mord raus. Des Weidere gëtt et um Enn nach ee klengt Gedanken-Experiment fir iech all.
D'Europameeschterschaft ass dann och elo eriwwer an d'Jongen aus der Buvette gratuléieren dem wuel verdéngte Gewënner aus Italien, zéien e Bilan vum Tournoi a kucke mat engem Aen an déi nächst Saison.
Am Juli 2015 verschwënnt d'Famill Schulze ouni Spuer. Et goufe keng Unzeeche fir en Verbriechen oder Änleches. Ass d'ennergedaucht oder stécht do en Famillen-Drama derhannert?
An där leschter Episod virun der Summerpaus loossen d'Julie an de Chris dat lescht Joer bei Gin/Tonic a Long Island Iced Tea Revue passéieren. Dobäi entwéckelen si eng ganz eegen Definitioun vun hirem Podcast, wëllen iessen ouni bäizehuelen an ernimmen esouguer déi rout Konkurrenz… Ausserdeem: D'Julie zielt iech wéi hatt seng enorm Connections an d'politesch Spëtzt hei zu Lëtzebuerg opbaue konnt an de Chris huet et net vermësst Chauffer ze spillen!
Den EM-Special aus der Buvette! D'Stëmmung ass mëttlerweil do, an dat läit och virun allem un den Zuschauer, déi rëm erlaabt sinn. Gefierften Hoer, en absolutte Schock-Moment, ongewéinlech Pressekonferenzen, Iwwerraschungen an Enttäuschungen, langweileg ass déi EM definitiv net. Déi 3 Hobby-Experte Ben, Dylan a Gilles si rëm do an huelen déi eenzel Gruppen ënnert d'Lupp a kucke wat bis elo sou geschitt ass.
Spadséiere goen war wärend deem leschte Joer eisen Hobby Nummer 1! Besonnesch de Bësch war dobäi natierlech immens populär. An hirer neier Episod stellen d'Julie an de Chris sech d'Fro: Wéi geet et eise Bëscher iwwerhaapt? Eng Äntwert huet de Fierschter Pol Zimmermann, dee ganz kloer seet: Net gutt! Ausserdeem steigt d'Virfreed op dee Moment an deem de Podcast erëm ouni Mask kann opgeholl ginn, et gëtt sech genee iwwert Dës ganz ferm opgereegt a beim Pol lafen d'Tréinen.
An dëser Episode beschäftege mir eis mam Fall Jeffrey Dahmer, ee vun de bekanntsten a schlëmmste Seriemäerder aus den USA.