POPULARITY
D'Villa Vauban huet, als Konschtmusée vun der Stad Lëtzebuerg, hir eege Sammlung: déi 300 Peinturë stamen haaptsächlech vun hollänneschen, belschen a franséische Moler aus dem 17. bis 19. Joerhonnert. Natierlech gëtt d'Collectioun reegelméisseg duerch Acquisitiounen an Donen erweidert: viru 5 Joer koumen iwwer 1.300 Gravuren aus dem 15. bis 20. Joerhonnert bäi. Déi gëllt et dem Public accessibel ze maachen. Momentan doduerch, datt eng Selektioun dovunner am Dialog mat Aarbechte vun der Julie Wagener ausgestallt ginn. Dowéinst huet d'Kerstin Thalau déi fräischaffend Kënschtlerin an Illustratrice an de Studio invitéiert.
Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem Häerz, an dat gesäit een direkt an dëser Episod. Nieft hirem professionelle Werdegang schwätze mir iwwer d'Roll vun de Fraen, net nëmmen virun, mee och hannert der Kamera. Gëtt eng Regisseurin hautdesdaags genee sou respektéiert wéi hir männlech Kolleegen? Wat huet si an deem Kontext schon alles erlieft? Natierlech schwätze mir och iwwert de Film Marianengraben, e ganz emotionale Film, deen ech jidderengem nëmme ka recommandéieren, am Kino kucken ze goen. Mee passt op, et kéinten e puer Tréine fléissen. Lauschtert erann :)Villmools Merci geet raus un d'Eileen a natierlech Samsa Film, fir den Austausch an d'erméigleche vun dëser Episode.
Mir si bei Kultur um 5 permanent op der Sich no originelle Kläng a Geräischer, déi mir da fir Iech op- an ausenaner huelen, bal verfriemen, an an e Kontext setzen, fir op eventuell Lienen zur Konscht, Alldagskultur, a souguer der Wëssenschaft hinzeweisen. Fir fir d'Rentrée e Knuppert op Lager ze hunn, waren d'Kerstin Thalau an de Joé Birchen extra op de virleschte Schueberfouerdag. Do hu si effektiv genuch Material fir e puer Soundatlas-Episoden agefaangen. Wéi sinn déi Zwee vum Radio bis op de Glacis gereest? Natierlech mam Tram, dee jo och schonn eppes vun engem faarwege Karussell fir Kanner huet. An doriwwer eraus hat d'Bunn op der Héicht vun der Fouer e spezielle Sound ze bidden.
E Mëttwoch de Moie waren ënner anerem d'Walresultater an Ostdäitschland an d'Pensiounsdiskussioun Thema bei eis op der Antenn.
An der Fussballwelt kënnt et esou lues zu Entscheedungen. Kaiserslautern huet d'Klass gehal, Kiel a Pauli sinn opgestigen, Déifferdeng ass Champion, Nidderkuer ass Coupegewënner an an an… Natierlech gëtt dann och an den Ekippen deementspriechend gefeiert a wansinneg Interviewe gehalen. Alles am Detail an dëser Episod Buvette.
D'Buvette ass nees fir dech do an huet déi komplett BGL Ligue ënnert d'Lupp geholl. Wat war zu Rouspert lass? Firwat ass op der Fola Extase gewiescht? Wéi kënnen 9 Goler zu Wolz falen? An, an,an... Natierlech hu mir och gekuckt, wat an den ënneschte Ligue lass ass, wou de Ben d'nächst Saison gären en Auswäertsmatch huet a wéi verschidde Spiller de Wee an d'BGL Ligue packen.
Zanter ugangs dës Joers sinn d'Reklammsbliedercher a Folderen, déi an eise Bréifkëschte verdeelt goufen, Vergaangenheet. Natierlech war dësen Trend virauszegesinn.
An der leschter Episod Buvette fir dëst Joer ass net nëmmen de Fussball Gespréichsthema, mee och d'Gedrénks vu verschidde Veräiner. Natierlech gëtt de Rousperter Match ënnert d'Lupp geholl a sech gefrot: Firwat ass de Match iwwerhaapt ugepaff gi. Da kucke mir nach op d'Auslousung vum DFB-Pokal, froen eis firwat de Niki Süle jubelt wéi de Luca Toni a wënschen iech natierlech all schéi Feierdeeg!
Weider geet et an der Buvette mat der Episod 117 an dës Kéier hunn déi dräi aus der Buvette sech vill mam Lëtzebuerger Fussball ausenee gesat. D'BGL Ligue gëtt ënner d'Lupp geholl, de Kader vun der Nationalequipe, d'Éierepromotioun an och d'Eenzelspiller wéi eise Laurent Jans. Natierlech gouf awer och rëm iwwer d'Bundesliga geschwat an zum Beispill eng Doppelpass-Zeen vu leschtem Weekend opgegraff.
De Lord Voldemort, den Dieter from East Berlin an e Yorkshire Terrier setzen an der Stuff... Pünktlëch zum Pride Month geet äre Pick-Me-Girls hieren Dram an Erfëllung: si ginn opgedragt. Keen aneren ewéi d'Medusa Venom herself suergt fir d'Renaissance vu Paus.! Et gëtt net nëmmen gepäscht, gemoolt a gepuddert, mee o nach iwwer Furunkel, Spotify Verwirrungen a Pride-Preparatiounen geschwat. Natierlech geet et och ëm Drag Queen Favoriten, d'Amerika-Problematik a Geschlechtsidentitéiten. Superstars an der Entzugsklinik, dm-Empfehlungen an eng nei Ausrüstung sinn och mat um Start. Ganz nom Motto "Auge zu und durch" gehéieren yours truly no dëser Konfrontatiounstherapie offiziell zur glamouréiser Venom-Dynastie! Happy Pride! Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar. Dir wëllt eng Playlist mat de greatest Paus.-Hits? There you go... spoti.fi/3vyjrpt (Warnung: ka Spueren vun Däitschrap an de Flippers enthalen.)
Et ass erëm vill geschitt. De Gilles kuckt mëttlerweil 2. Bundesliga a bréngt do deen een oder anere Sproch mat an d'Buvette. Ënnert anerem sinn zwee Stiermer bei eis am Gespréich an et gëtt driwwer geschwat firwat de Selke erëm op de Buedem komme muss. Natierlech gouf och de Lëtzebuerger Fussball rëm geschwat a gekuckt wat iwwerall geschitt ass.
VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars. Mir schwätzen an dëser Episode vill verschidden Themen un: Mir fänken un mat engem Insight aus hirer Frëndschaft, hier gemeinsam Band Epicure, wat no der Band geschitt ass, an wei eng Richtung si sech herno beweegt hunn. Nei bei dësem Podcast: Zwou Wourechten an eng Liggen aka 2 Truths & eng Fuutz! Nom Spill ginn mir méi déif an den Damien seng Aarbecht an - hien ass nämlech mat engem Solo Projet (Boy from Home), eng Band (Creatures on Mars) an als Linol- an Drockkënschtler zimmlech busy. Schlussendlech ginn et nach Froen un den Maale Gars, wéi alles enstaanen ass an wéi seng Schüler:innen hien gesinn. Natierlech weisen si dann nach den Objet den sie matbruecht hunn! Kuckt iech de Video op Spotify (mam neisten Update) oder op Instagram un. Lidder déi gefeatured sinn: 00:05 Maale Gars - Ëmmer fir Dech Do 00:09 Boy From Home - I Don't Wanna Go Home 00:14 Epicure - At Least You Tried 00:35 Maale Gars - Alles Nei 00:40 Creatures on Mars - Rope 00:54 Luke Sital-Singh - Nothing Stays the Same Vill Spaass beim Lauschteren!
Eng Folg sou gefëllt mat Inhalt, dass se bal platzt: Vun engem onnéideg laangen Ausfluch an d'Sportwelt begi mir eis natierlech kuerz op d'Insel fir iwwert déi eenzeg Premierministesch ze schwätzen, déi jeemools engem Kinnek AN enger Kinnigin gedéngt huet. Mir hunn en extrem praktesche Lifehack fir iech, de Merci vun der Woch an NATIERLECH: de grousse Quiz mat Euphemisme fir Masturbatioun.
Op Initiativ vum Pianist Claude Weber leeft bis den 22. Dezember am Escher Bridderhaus de Projet "De Salon vun der Helen Buchholtz". D'Escherin Helen Buchholtz, gebuer 1877, gestuerwen 1953, war eng talentéiert Musekerin a Komponistin; als Fra gouf si zu Liefzäiten awer dofir ni unerkannt. De Claude Weber beschäftegt sech zanter Joerzéngte mat hirem Ierwen an huet elo ganz ënnerschiddlech Kënschtler a säi fiktive Salon invitéiert, fir eng Epoche, eng Inspiratiounsquell nei opliewen ze loossen. Natierlech och fir e Public. De Claude Weber am Gespréich mam Kerstin Thalau
D'Meenunge gi warscheinlech auserneen, mä an der Belsch ginn et wierklech gudder; Fritten. Natierlech ass déi Versioun vun der Gromper och bei eis am Land bekannt. A firwat mir d'Fritte Fritten nennen, weess den Alain Atten.
Haut gëtt eng ganz speziell Episod – frësch zerwéiert vun der éischter Ausgab vum Messtival! Sidd (quasi) live dobäi, wéi är léifsten Woo Girls op der Bün braddelen an d'Gäscht irritéieren, déi einfach a Rou en Thüringer iesse wollten. Ass Reckeng op der Mess d'Mailand vu Lëtzebuerg? Gëtt et an Zukunft e neit nervegt Instrument an eisem Podcast? A komme mir eisem Rap-Dram vläicht e Stéck méi no? Natierlech gëtt et besonnesch musikalesch mam Carlo um Coachella, dem Alain um Rock am Ring an dem Schlagerfest der Volksmusik. Sëtzt iech bei eis op d'Couche a genéisst hot tea vun der Bün an vun hannendrun: Yoga-Elteren, Kardashian-Geständnisser, plakeg Leit am Backstage an e groussen Announcement vum Festival-Boss Maz himself.
Es weihnachtet sehr – och wann emol nach net Dezember ass. Dëst Joer gëtt et zwar kee legendäre Merch, mee awer trotzdeem Kaddoen (iwwregens komplett vegan)... Huelt de Spekulatius eraus a feiert mat eis de Kick-Off vun der Chrëschtzäit! Traditionell am Christmas spirit geet et NATIERLECH em dem de Konjunktiv, Kino-Drama an eis däitsch Alter Egos. Déi éischt Käerz um Paus.-Adventskranz fänken Special Guests un, déi net nëmmen kleng Mutzen an engelsgläich Stëmmen hunn, mee och eng Virléift fir e ganz bestëmmtent Chrëschtlidd.
Zürich, Proffen, an Golden Shower. Dat ass haut um Programm. Natierlech och e wéineg Sport a vill Blödsinn. Enjoy!
Ween wou wisou de Knëppel an den Aarsch kritt frot dir iech? De Rik erkläert iech dat. Dann bericht de Rik och nach vu sengem klengen Ausfluch a Spuenien a mir schwätzen iwwert e kuriosen Virfall deen dës Woch zu Lëtzebuerg war. Natierlech dierf och d'Champions League Final net feelen. Mir wënschen iech vill Spaass mat der Episode vun dëser Woch!
Hei kënnt dee klenge Kinnek, loosst en net ze laang hei stoe well e muss nach weidergoen. Gitt eis Speck an Ierbessen. En Dënschden ass Liichtmëssdag a wie kann dëse Brauch wuel am beschten erklären? Natierlech den Alain Atten.
Live aus dem Schapp hat de Bob déi wonnerbar Iddi fir a Chrëschtdags Stëmmung ze kommen. A wéi geet dat am beschten? Natierlech mat engem Dëppe voll Glühwäin. Vill Spaass bei dëser lëschteger Episod, wou dem Bob säin Ziedel zimmlech kleng war an de Mathis dowéinst wéi gewinnt a richteger Braddel a Sabbel Laun war.
E Méindeg de Moie war d'DP-Conseillère aus der Stad eis Invitée vun der Redaktioun.
De Pit ass net fit, mais fir Iech sëtzt hien sech trotzdem dohin a braddelt mam Rik. Dës Kéier philosophéieren mir zwee doriwwer wen den Formel 1 GOAT ass a wisou de Pit géint ee vu senge Grondprinzipien verstéisst. Natierlech schwätze mer och iwwert d'US Walen déi eis gottseidank net enttäuscht hunn. Dann schwätze mer nach bëssen iwwert de Podcast vun leschter Woch, den vun der nächster Woch, d'PS5 an en Hologramm. 1 Stonn volle Programm! Mir hoffen dir hudd Spaass.
Zu Hollywood gëtt haut gefeiert. Déi däitsch-amerikanesch Actrice Sandra Bullock kënnt nämlech de 26. Juli 1964 zu Arlington am Virginia op d'Welt a feiert deemno de 56. Gebuertsdag. A wie gratuléiert? Natierlech den Hollywood Reporter Pit Biwer.
Zu Hollywood gëtt haut gefeiert. Déi däitsch-amerikanesch Actrice Sandra Bullock kënnt nämlech de 26. Juli 1964 zu Arlington am Virginia op d'Welt a feiert deemno de 56. Gebuertsdag. A wie gratuléiert? Natierlech den Hollywood Reporter Pit Biwer.
Daag 2 an Isolatioun: Des Kéier eng Solo Folg mam Tun. Natierlech leider ouni Virbereedung. Tun a Max - De Podcast! D'OGs aus dem lëtzebuergesche Podcastgame sinn wéi ëmmer hirer Zäit viraus a raumen hirem Ruff hannendrun. Ennerhalung mol méi, mol nach méi witzeg. Ab elo bal all Woch eng nei Episode.
Während de Matthias um Büro sech de Réck futtischafft, läit de Pierre 10000 Kilometer fort op der Plage. E Grond fir HAM, FRITTEN & ZALDOT eng Woch Paus ze maachen? Natierlech net! Dofir: Alles eran an den Zuch Richtung Manila, en Ticket brauch een net - mir fueren elo fir näischt!
Noo engem gudden Mount Paus sinn mir rem do. Natierlech schwetzen mir iwer Corona, also wäscht är Hänn! An nach villes méi. Vill Spaß! Tun a Max - De Podcast! D'OGs aus dem lëtzebuergesche Podcastgame sinn wéi ëmmer hirer Zäit viraus a raumen hirem Ruff hannendrun. Ennerhalung mol méi, mol nach méi witzeg. Ab elo bal all Woch eng nei Episode.
Zanter 10 Joer ass de Joseph Rodesch aka ''Mister Science'' feste Bestanddeel an der RTL-Sendung PISA, nieft dem Olivier Catani. Natierlech héiere mir hien och reegelméisseg um Radio an iwwerrascht och do mat flotten an interessanten Erkenntnisser. Der Saach op de Fong goen, dass ass dem Mataarbechter vum Fonds national de la Recherche senges. Hie versteet sech och als Lien tëscht der Wëssenschaft an all deenen, déi net doranner schaffen. Haut léiere mir de Joseph nach besser kennen an och de FNR steet am Mëttelpunkt.
Zanter 10 Joer ass de Joseph Rodesch aka ''Mister Science'' feste Bestanddeel an der RTL-Sendung PISA, nieft dem Olivier Catani. Natierlech héiere mir hien och reegelméisseg um Radio an iwwerrascht och do mat flotten an interessanten Erkenntnisser. Der Saach op de Fong goen, dass ass dem Mataarbechter vum Fonds national de la Recherche senges. Hie versteet sech och als Lien tëscht der Wëssenschaft an all deenen, déi net doranner schaffen. Haut léiere mir de Joseph nach besser kennen an och de FNR steet am Mëttelpunkt.
E puer Deeg virun Allerhellgen entaméiere mir haut dee Sujet, deen dëser Deeg dann am Raum steet. D'Gedenken un déi Mënschen, déi gestuerwe sinn an den Doud an Allgemengen. Et ass Traditioun fir op de Kierfecht ze goen, do wou déi lescht Trace vun deene Verstuerwene sinn. Natierlech ass de Kierfecht haut net méi déi eenzeg Plaz, mä et kann een och an de Bësch goen oder soss dohinner, wou een un déi Mënschen denke kann. D'Wichtegkeet an d'Bedeitung vun dësem Dag an och iwwert d'Trauer an den Doud wäerte mir schwätzen, dëst mam Paschtouer Edmond Ries.
E puer Deeg virun Allerhellgen entaméiere mir haut dee Sujet, deen dëser Deeg dann am Raum steet. D'Gedenken un déi Mënschen, déi gestuerwe sinn an den Doud an Allgemengen. Et ass Traditioun fir op de Kierfecht ze goen, do wou déi lescht Trace vun deene Verstuerwene sinn. Natierlech ass de Kierfecht haut net méi déi eenzeg Plaz, mä et kann een och an de Bësch goen oder soss dohinner, wou een un déi Mënschen denke kann. D'Wichtegkeet an d'Bedeitung vun dësem Dag an och iwwert d'Trauer an den Doud wäerte mir schwätzen, dëst mam Paschtouer Edmond Ries.
Dës Woch huet d'Mandy Minella annoncéiert, dass no der Saison 2020 hir Carrière eriwwer wier. Ënnert anerem schwätze mir doriwwer mat der aktueller Nummer 1 zu Lëtzebuerg. Natierlech awer och wéi Zukunft no der Tennis ausgesäit.D'Mandy Minella ass d'Invitée tëscht 12.00 an 13.00 Auer.
Dës Woch huet d'Mandy Minella annoncéiert, dass no der Saison 2020 hir Carrière eriwwer wier. Ënnert anerem schwätze mir doriwwer mat der aktueller Nummer 1 zu Lëtzebuerg. Natierlech awer och wéi Zukunft no der Tennis ausgesäit.D'Mandy Minella ass d'Invitée tëscht 12.00 an 13.00 Auer.
Mer haten erëm eng ganz opreegend Woch... zielen awer näischt dovunner, de Joe zielt amplaz vun enger Kanddaf, de Sebastien sicht e Spill, well en seng Masteraarbecht ofginn huet an de Philippe war Geméis kucken. Desweideren hunn mer eis gefrot wat mer maachen géingen wann mer onsiichtbar wieren an wei eis Begriefnes géing ausgesinn. Natierlech ernimmen mer des Woch awer och d'Flintenuschi, d'Kickerweltmeeschterschaft an ginn eis net-fundéiert Meenung zum Carola Rackete of. P.S. den DJ Bass-T huet des Woch opgeluecht. dk E&L
Haut léiere mir de Chef vu Post Philately besser kennen an zwar den Emile Espen. Zanter 40 Joer schafft hie bei der Post an dass Timbere vill méi sinn, wéi kleng Biller, déi een op e Bréif oder Kaart pecht, dat wäert eis den Emile erzielen. Natierlech steet och dat Privat am Mëttelpunkt, eisen Invité ass zanter laangem beim Mouvement écologique engagéiert.
Haut léiere mir de Chef vu Post Philately besser kennen an zwar den Emile Espen. Zanter 40 Joer schafft hie bei der Post an dass Timbere vill méi sinn, wéi kleng Biller, déi een op e Bréif oder Kaart pecht, dat wäert eis den Emile erzielen. Natierlech steet och dat Privat am Mëttelpunkt, eisen Invité ass zanter laangem beim Mouvement écologique engagéiert.
D’Luxembourg Space Agency ass eist d’Thema vun der Woch bei der woxx. Mir ware bei der Virstellung an erzielen, wéi dat esou war a wéi d’Stëmmung am lëtzebuergesche Weltraumsecteur esou ass. Natierlech gi mir och op d’Hannergrënn an d’Kritik vum Etienne Schneider sengem Spacemining-Projet an. Aner Theme si Mikroplastik, den Auditoire vun der Villa Louvigny […]
NCIS-L.A,-- eng vun de ville Krimi-Serien aus den USA, huet sech an de leschte Jore zu engem Publikumsmagnéit entwéckelt. An Europa war grad déi 9te Staffel op der Tele ze gesinn. Am Hierscht leeft an Amerika déi 10t un an do sinn den Ament nach d'Dréiaarbechten amgaangen. A wéi den Zoufall et wëll, sinn Zeene just vrum Pit Biwer senger Dier gedréint ginn. Natierlech war den Hollywood-Reporter mam Micro derbäi.
NCIS-L.A,-- eng vun de ville Krimi-Serien aus den USA, huet sech an de leschte Jore zu engem Publikumsmagnéit entwéckelt. An Europa war grad déi 9te Staffel op der Tele ze gesinn. Am Hierscht leeft an Amerika déi 10t un an do sinn den Ament nach d'Dréiaarbechten amgaangen. A wéi den Zoufall et wëll, sinn Zeene just vrum Pit Biwer senger Dier gedréint ginn. Natierlech war den Hollywood-Reporter mam Micro derbäi.
An ech hat gemengt, ech kéint lo all Woch iwwert een anert Thema hierzéien. Natierlech ass d'Bomm dunn leschten Dënschden-Owend geplatzt. Déi zweet Well vun den #luxleaks-Dokumenter ass verëffentlecht ginn. An endlech ass dat, wat ech mir all déi Joeren ëmmer scho geduecht hunn, offiziell ginn: Mir wunnen am Disneyland.
D’Handballsaison ass definitiv eriwwer a Käerjeng ass jo bekanntlech fir d’éischt an der Veräinsgeschicht Champion. Natierlech ass dat den Haaptsujet am 7 Meter.D’Jugend gëtt awer och net vergiess mat engem Schnupperdag beim HB Diddeleng.De Gilles Tricca an de Serge Olmo…