POPULARITY
Haut den Owend um 19:30 Auer spillen d´Lëtzebuerger Philharmoniker eng konzertant Versioun vum Richard Wagner sengem Fliegenden Holländer. Hannert dem Dirigentepult: de 25 järege finneschen Dirigent Tarmo Peltokoski. Den international unerkannte Wagnerianer hat schonn am Alter vun 22 Joer d´Integral vum Ring dirigéiert. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert hien ënner anerem, firwat hien denkt datt een d´Konscht vum Kënschtler muss trennen an och wéi seng Faszinatioun fir de Wagner iwwerhaapt ugefaangen huet.
De Sophokles an den Euripides ginn ni al, dofir sinn hir Geschichten ze universell - dat, well se dacks vu Gewalt a Vendetta, Léift, Jalousie a Familljentragedien a Kricher erzielen. Grond genuch fir de multidisziplinäre Kënschtler Filip Markiewicz eng ganz eege Versioun vun der Geschicht vun der Elektra, iergendwou tëschent Theater, Oper a Konschtinstallatioun, an de Studio vum Groussen Theater ze bréngen.
Wat, wann d'Helena ni zu Troja gewiescht wier? Wat, wann et eng Wollek, ee Mirage gewiescht wier, deen de Paris entféiert hätt? Dëse Zenario ass keng mythologesch Uchronie, mee entsprécht dem Euripides senger Versioun vum Homer senger “Ilias”. An "Norma Jeane Baker de Troie" geet d'Ann Carson nach ee Schratt méi wäit a vermëscht de mythologesche Personnage mat der Marilyn Monroe fir eng duebel Dekonstruktioun vun der Misogynie an der Mythologie an zu Hollywood. D'Lori Dauphin, den Tom Haas an de Jeff Schinker ware sech d'Bombyx-Produktioun an de Centaure ukucken.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.

Wéi wiert ee sech dergéint, wann engem seng eegen Identitéit bedreet gëtt - a wéi eng Roll spillt dobäi de Bléck vu baussen? Dës Froe fannen Usätz vun Äntwerten an eisen dräi Filmer vun der Woch, ganz egal, ob et ëm eng Expropriatioun wéinst enger Geschlechtsëmwandlung geet, ëm béisaarteg Kreaturen, déi relativ effikass dora sinn, hir Afferen nozemaachen oder ëm e Realisateur an e Schauspiller, déi eng jonk Actrice innerhalb vun enger eenzeger Zeen zerstéieren. Mir beschwätzen déi restauréiert Versioun vun der Sally Potter hirem gender-fluiden Historien-Drama "Orlando", deen éischte Film vum M. Night Shyamalan senger Duechter "The Watchers" an der Jessica Palud hire Biopic iwwer dat tragescht Schicksal vun der Maria Schneider am simpel betitelte "Maria".

Tëscht enger gefillvoller Versioun vum "Bratmaxe"-Song, Pushnoriichten an der "Marche des femmes" huet de Podcast äres Vertrauens nees vill ze beschwätzen: 2010er Core, e neie Lëtzebuerger Superheld, Creep-Updates a villes méi! Mam Feierstëppler kämpfe mir eis duerch de nationale Skandal vum Mount, al Leit an Talkshows (BRAVO, Uschi!! Tolle Frau!) an d'"Oscars". De Viggo an d'Vicky, d'Bëtschel Caroline an de Lieblingsbob stinn och um Ordre du jour. Wéi penibel behuelen sech RTL-Leit am Theater? Wéieng Frae leien der ADR um Häerz? A wéi wäit kann d'Laun nach an de Keller goen? Diana has left the chat!
Am Fong ass den Testauto vun dësem Automag schonn en Alen! Den aktuelle Supra gouf nämlech schonn 2019 virgestallt. Lescht Joer koum awer de Lancement vun der Versioun mat manueller Boîte a genee déi duerft de Paul Origer elo am Alldag testen.
Eng Folge direkt vun der Brëtsch: Mir mellen eis vun der entspaantster Plaz op der Welt – Zolwer. Hei gëtt net gekëddelt, mee an de Nirvana gedréckt, well "De Masseur" a seng Clique fonnt hunn, dass mir ze gestresst sinn. Tëscht fettegen Hoer an Thonsbréidercher ginn et genial Geschäftsiddien, Changementer vum Numm (Stéchwuert "Maanos" – oder awer "Manooze") an alles ausser Coiffeursgespréicher. Ob waarmen Ueleg, bitzend Bomen oder Clubvibes ouni Hoer… hei gëtt et nees alles, wat wichteg ass – haut an der extra onkonzentréierter Versioun. Sidd dobäi bei "Die Leiden des jungen Yannick" an "Die Geissens – Das Musical", Konschtproffen mat der Gittar am Ouer an enger gudder Portioun Hënnermassagen. Et gëtt Tango um Réck gedanzt an d'Meghan an den Harry sinn zu Diddeleng ënnerwee. D'Generatioun Sitcom presentéiert iech Zocker am Ouerläppchen a Neies aus "Sabines Tantrastübchen". Ommmmm! Als Nolauschter*innen vu Paus. kritt dir bis den 31.07.2023 10% op ärem nächste Besuch beim Masseur. Méi Informatiounen fannt dir op eiser Instagram-Säit an an dësem Episod. Iech gefällt dëse Podcast? Dann hannerloosst eis gären e puer Spotify-Stären :) Nach méi Paus. fannt dir op: - Instagram: bit.ly/3RVs4np - Facebook: bit.ly/3RVshab Fir Ufroen oder Feedback si mir och ënner paus.podcast@gmail.com erreechbar.
Dat bescht oder näischt – Parademodell fir dëse Slogan ass an der Mercedes-Gamm natierlech d'S-Klass. No engem detailléierten Test vun der kuerzer Versioun mat Dieselmotor viru bal 2 Joer ass et elo um laange Radstand mat Hybrid. Wéi eng Erfarungen de Paul Origer mam S 580e Laangversioun gemaach huet, seet en eis elo.
6 Joer ass et elo schonn hir dat Jaguar mam F-Pace hiren éischten SUV lancéiert huet – net feelen duerft schonn deemools d'Topversioun SVR a genee déi hat de Paul Origer elo an der aktuellster Versioun am Test:
D'Meenunge gi warscheinlech auserneen, mä an der Belsch ginn et wierklech gudder; Fritten. Natierlech ass déi Versioun vun der Gromper och bei eis am Land bekannt. A firwat mir d'Fritte Fritten nennen, weess den Alain Atten.
Mat nëmmen nach zwee Modeller ass d'Palett vun Alfa Romeo zimmlech iwwersiichtlech an d'Hoffnung op nei Lancementer éischter kleng. Emsou méi freet een sech iwwert ee Liewenszeeche vun der Traditiounsmark, wéi elo viru kuerzem, mat enger neier Versioun vum Alfa Stelvio, déi de Paul Origer fir eis getest huet.
Eis Verfassung: Et sollt eng néi ginn, lo gëtt et eng Erneierung vun der aktueller. Mee firwat iwwerhaapt? A wat ass iwwerhaapt eng Verfassung? Wat steet dran? An wat ass mat Referenden? Déi Froen, an nach vill anerer, hunn ech dem Simone Beissel, co-rapportrice vun der Verfassungsreform, gestallt. D'Säit vun der Chambre zur Verfassungsreform: https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Constitution
Et ass ee vun de Klassiker aus de fréie 1990er Joren - lo kënnt geschwënn eng nei Versioun vu "Basic Instinct" an d'Kinoen. De Pit Biwer huet doriwwer mam Sharon Stone, mam Michael Douglas a mam Realisateur Paul Verhoeven geschwat.
A leschter Zäit stoungen nieft dem Covid och e puer wichteg Europa-politesch Themen op der Agenda. Sou gouf d’lescht Woch d’lëtzebuergesch Versioun vum „Plan pour la reprise et la résilience” ugeholl an op Bréissel geschéckt. An d’EU-Parlament huet een Accord ratifizéiert, woumat een haarde Brexit konnt verhënnert ginn.
Paus. ass operstanen a kënnt mat enger Episod a "Wetten Dass"-Längt ëm den Eck. Haut ginn et net just extra vill zäitlech Verzögerungen (#Internetverbindung #ondiraitlesud) mee dir gitt esouguer gewuer, firwat d’Jill eng Mëschung vum Lana del Rey an dem Henry VIII. ass a wei eng vläicht 10 Meter grouss Iwwerraschung de Yannick huet. Mat dobäi sinn och asiatesch Philosophien, eis fantastesch Nolauschterer a fashion icons aus der franséischer Literatur. D'literarescht Duett eures Vertrauens liwwert iech d' Must-reads vun 2021, mat Leidenschaft gehaasste Klassiker a Bicher, di mir ni fäerdeggelies hunn. Disclaimer: Mir wëssen natierlech, dass „Hurt“ vun de Nine Inch Nails ass, mee déi eenzeg richteg Versioun ass vum Johnny Cash (let’s be honest here).
De Schwäizer Auteur Roland Buti schreift original op franséisch a krut an der Vergaangenheet dofir schonn eng Rei Auszeechnungen a senger Heemecht. Seng Bicher ginn awer och ëmmer séier an déi aner offiziell Sproochen aus der Schwäiz iwwersat: op italienesch an op däitsch. D'Christiane Kremer huet säi leschte Roman "Grand National" an der däitscher Versioun gelies "Das Leben ist ein wilder Garten".
Dee franséischen Auteur Frédéric Dard huet a senger Karriär 175 Romaner mam Kommissär San-Antonio geschriwwen. Romaner, déi eng Zäit immens populär waren, ënner Dee franséischen Auteur Frédéric Dard huet a senger Karriär 175 Romaner mam Kommissär San-Antonio geschriwwen. Romaner, déi eng Zäit immens populär waren, ënnert anerem och well si déi deemoleg Coden an der Krimi-Litteratur gesprengt hunn. A vun deene Romaner gëtt et elo och eng Bande Dessinées Versioun.
En neit Gesiicht an der Ford Famill ass de Ford Puma. Dee gouf et schonn emol, mä e gesäit an der neier Versioun awer ganz anescht aus. Den Andy Brücker huet e fir RTL getest.

En neit Gesiicht an der Ford Famill ass de Ford Puma, dee gouf et schonn emol, mä e gesäit an der neier Versioun awer ganz anescht aus. Den Andy Brücker huet e getest.

Ass et ee Stuerm am Waasserglas? Oder gi Gewerkschaftler an der Arméi wierklech un hirer Aarbecht gehënnert? De Syndikat SPFP huet en Dënschde seng Versioun vun der "Causa Schleck" erzielt. Haut ass den Chef d'Etat Major Alain Duschène Invité vun der Redaktioun. Wéi een Dokument huet de Christian Schleck ënnerschriwwen? Kriit hien duerch seng zukünfteg Plaz wierklech e Maulkuerf ugedo? A wéi grouss ass den Imageverloscht duerch esou eng Geschicht fir d'Arméi? Den Interview mam Invité vun der Redaktioun ass um kuerz no 8 Auer de Moien.

De Kia ProCeed woar emol ëmmer déi dräidiereg Versioun vum kompakte Koreaner Ceed. Eng Kategorie, déi sech haut awer net méi gutt verkeeft, dofir huet Kia alles emgekromt. De Paul Origer hat deen neie ProCeed am Alldag getest.

Virun 10 Joer huet den Emile Bravo seng Versioun vum Spirou proposéiert. Eng Bande Dessinée, an där hien erzielt huet, wéi de Spirou als Bouf zu Bréissel opgewu Virun 10 Joer huet den Emile Bravo seng Versioun vum Spirou proposéiert. Eng Bande Dessinée, an där hien erzielt huet, wéi de Spirou als Bouf zu Bréissel opgewuess ass, just éier den zweete Weltkrich ausgebrach ass. Mat "L'espoir malgré tout" huet hien eng Suite vu senger Geschicht erausbruecht, déi wärend dem Krich spillt.
Kee faden Hybrid, kee nëtzlose SUV, mee endlech erëm eng richteg Spaassmaschinn. Den Toyota Supra ass d'Coupé Versioun vum BMW Z4, a versprécht kompromësslos Fuerschleeschtungen. De Pascal Becker huet de Japaneschen Z4 Cousin getest.

"Bonnie and Clyde" ass ee vun de groussen Hollywood-Klassiker. De Pit Biwer stellt eis haut eng nei Versioun, éischter eng Adaptatioun wéi e Remake vun der Geschicht iwwert di berüchtegt Gangsterkoppel vir.

Verschidden Autosmodeller schéngen éiweg ze liewen – de Mercedes G ass een dovunner. D’Mammenhaus denkt nach laang net drun fir en an d’Pensioun ze schécken – au contraire. De Paul Origer hat elo déi neiste Versioun am Test!

2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview. Hei as déi kuerz Versioun vum Interview, wou et just em de Film geet. Et gëtt och d'Directors-Cut-Versioun vum Interview, wou nach ganz vill aaner Sachen ugeschwat gin Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: http://www.podcasts.com/living-the-dream-at-ein-genrenale-podcast-35
2018 kennt e Film iwwert de Superjhemp, an mir hun den Realisateur am Interview. Hei as déi laang Versioun vum Interview, wou mer iwwert d'Plagen vun der Normandie, südamerikaneschen Kaffi, mais awer och Kachkéis an de Superjhemp schwätzen. Et gëtt och déi kuerz Versioun vum Interview - just mam Thema Superjhemp-Film. Gespréichspartner: Félix Koch Fier weider Infos iwert den Félix oder den Superjhemp-Film: www.feko.net Dem Félix säin Podcast: http://www.podcasts.com/living-the-dream-at-ein-genrenale-podcast-35