POPULARITY
Féck de System - e Saz, deen een*t oft vu Lénken héiert. Mee firwat eigentlech? De Joël, d*e Robin an eis nei Stagiaire Ella diskutéieren an dëser Episod, a weifern de Kapitalismus en Afloss op eis Sexliewen, Bezéiungen, Identitéiten an Sexualitéiten huet. Si erklären, a weifern de Kapitalismus eis Sexualitéit a Produiten verwandelt oder mat Produiten ergänzt, a firwat Fraen ënnert dem Sozialismus anscheinend bessere Sex haten. An der Rubrik erzielt den Elie davun, wéi een*t erkenne kann, ob Monogamie eppes wier een*t ass. An der Episod erwähnt d*e Robin e Buch: D Buch heescht "Amerikas Gotteskrieger: Wie die Religiöse Rechte die Demokratie gefährdet" a gouf 2021 (net 2018) vun der däitscher Amerika Wëssenschaftlerin Annika Brockschmidt publizéiert.
An Therapie goe mécht net just eppes mat enger*m selwer, mä och mat der eegener Bezéiung an dem Sexliewen. An dëser Episod schwätzen den Elie an d*e Robin doriwwer, wat fir Verännerungen si bemierkt hunn. Et geet ëm Dreem iwwert den Therapeut, doriwwer datt elleng de Fait an Therapie ze goen net alles direkt besser mécht, a wéi Therapie och een Afloss op d'Zuel vun de Partner*innen kann hunn. Dat alles kréie mir vun zwou Säiten aus erzielt: d*e Robin aus der Siicht vum*vun der Patient*in, den Elie aus der Siicht vum Therapeut. An der Rubrik erzielt d'Ella eis alles, wat mir Wichteges iwwer Blosenentzündunge wësse mussen.
Wéi een Afloss hunn analog an digital Techniken op eis Perceptioun an Erënnerung? Mat där Fro huet sech déi belsch Kënschtlerin Eva L'Hoest an der Expo “The Mindful Hand” beschäftegt. Mat Objeten aus dem 3D-Drocker liwwert si Wierker, déi sech tëschent Bild a Skulptur befannen a léisst d'Grenz tëschent analogen an digitale Medie verschmëlzen. De Joé Birchen huet een Tour duerch d'Ausstellung gemaach.
Wéi vill Muecht dierfen nëmmen e Grappvoll Mënschen hunn? A senger Abschidsried huet den Joe Biden virum "tech-industrielle Komplex" gewarnt, virun enger Oligarchie mat extrem vill Räichtum, Muecht an Afloss, déi d'US-Demokratie an hir Grondrechter menacéiert - ouni den Numm Elon Musk ze nennen - geet et virop ëm de räichste Mann vun der Welt, dee quasi am Duo mam Donald Trump an d'Wäisst Haus wäert plënneren.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop. Et ass eng liicht iwwerschaffte Versioun vum Pisa aus der Saison 16.
Wéi vill Afloss hu Viraussoen, Spekulatiounen a Simulatiounen tatsächlech op eis Zukunft? Firwat fléissen eng Onmass vu Suen a Risikomanagement, Probabilitéitsrecherche am Beräich Versécherungen, wéi vill wichteg Froe kann d'Katastrophefuerschung tatsächlech beäntwerten? Déi polnesch Kënschtlerin Agnieszka Kurant hannerfreet kënschtleresch de Fait, datt d'Zukunft haut e Spekulatiounsobjet ass. Wéi a mat wéi engem Output? Dat kënnt Dir bis ufanks 2025 am Mudam gesinn. D'Kerstin Thalau huet d'Agnieszka Kurant beim Vernissage vun hirer Installatioun “Risk Landscape” kuerz kennegeléiert.
Wéi vill Afloss hu Viraussoen, Spekulatiounen a Simulatiounen tatsächlech op eis Zukunft? Firwat fléissen eng Onmass vu Suen a Risikomanagement, Probabilitéitsrecherche am Beräich Versécherungen, wéi vill wichteg Froe kann d'Katastrophefuerschung tatsächlech beäntwerten? Déi polnesch Kënschtlerin Agnieszka Kurant hannerfreet kënschtleresch de Fait, datt d'Zukunft haut e Spekulatiounsobjet ass. Wéi a mat wéi engem Output? Dat kënnt Dir bis ufanks 2025 am Mudam gesinn. D'Kerstin Thalau huet d'Agnieszka Kurant beim Vernissage vun hirer Installatioun “Risk Landscape” kuerz kennegeléiert.
E Schauspiller, deem seng Karriär am enger Sakgaass gelant ass, entscheet sech, mat Hëllef vun engem Produzent an engem Maquilleur, eng nei Persona ze schafen - ee kauzegen Hiert, dee quasi iwwer Nuecht zur neier franséischer Schauspillsensatioun gëtt. Séier entsteet tëschent dem Schauspiller a sengem Alter Ego eng schro Rivalitéit, déi déidlech kéint endegen. “Un coeur outragé” ass net just eng bësseg Satir iwwer d'Filmindustrie, mee och eng melancholesch Iwwerleeung iwwer Identitéit, Schauspill, Fiktioun an hire geféierlechen Afloss op d'Realitéit: dem Philippe Torreton säi Roman ass eng absolut empfeelenswäert Lecture an eegent sech, well en deels och schrecklech witzeg ass, duerchaus als Summerlecture. Eng Rezensioun vum Jeff Schinker
Wëll Planzen si wichteg fir d'Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D'woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Am Podcast verréit d'María Elorza Saralegui, wat si bei hirem Besuch um Feld geléiert huet, wéi de Projet genee funktionéiert a wéi den Afloss vun der EU-Agrarpolitik dorobber ass.
Wëll Planzen si wichteg fir d'Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D'woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Dëse Projet, bei dem wëll Planzen ugebaut an da Geseems fir Wiseblummen fir landwirtschaftlech a privat Notzer*innen verkaaft gëtt, gouf zesumme vum Naturmusée an dem Gemengesyndikat Sicona op d'Bee gestallt. Am Podcast verréit d'María Elorza Saralegui, wat si bei hirem Besuch um Feld geléiert huet, wéi de Projet genee funktionéiert a wéi den Afloss vun der EU-Agrarpolitik dorobber ass. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Biodiversität: Wer Samen sät …The post Firwat planzt ee Bauer Blummen un? first appeared on Radio ARA.
E Schauspiller, deem seng Karriär am enger Sakgaass gelant ass, entscheet sech, mat Hëllef vun engem Produzent an engem Maquilleur, eng nei Persona ze schafen - ee kauzegen Hiert, dee quasi iwwer Nuecht zur neier franséischer Schauspillsensatioun gëtt. Séier entsteet tëschent dem Schauspiller a sengem Alter Ego eng schro Rivalitéit, déi déidlech kéint endegen. “Un coeur outragé” ass net just eng bësseg Satir iwwer d'Filmindustrie, mee och eng melancholesch Iwwerleeung iwwer Identitéit, Schauspill, Fiktioun an hire geféierlechen Afloss op d'Realitéit: dem Philippe Torreton säi Roman ass eng absolut empfeelenswäert Lecture an eegent sech, well en deels och schrecklech witzeg ass, duerchaus als Summerlecture. Eng Rezensioun vum Jeff Schinker
Wéi verännert d'kënschtlech Intelligenz d'Aarbechtswelt? Et gëtt am Moment vill orakelt, well den Afloss vu sougenannter Kënschtlecher Intelligenz op d'Aarbechtswelt ugeet. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wat hie bei senger Recherche zum Thema erausfonnt huet. Hien huet ënnert anerem mat Gewerkschafte geschwat, déi natierlech och hir Vue zu de Problemer a Chancë vu ChatGPT a Co. hunn. Mir schwätzen dann awer och iwwert Fro, wien am Fong d'Verantwortung huet, wann ee Computer eng Decisioun trëfft a wéi vill bei KI Hype a wéi vill Substanz ass.
Eng Band déi international grouss gefeiert gëtt, sinn d'Skorpions. D'Museker, déi dëser Deeg och hei zu Lëtzebuerg optrieden, hunn dem Pit Biwer verroden, dass eng Partie Lidder, déi an Europa gutt fonctionéieren an den USA net emol auspaakt ginn an awer hat Amerika ëmmer vill Afloss op d'Band vun Hannover.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.
Wéi ee Fake News kann opdecken a ganz uewen um Fernsehtuerm zu Diddeleng. D'Fact-Checkers vun AFP weise wéi si Fake News fannen a richteg stellen. Mat engem Experiment am Journal teste mer den Afloss vu KI op Noriichten. Weise wéi d'Leit viru bal 200 Joer fir Meenungs- a Pressefräiheet gekämpft hunn. Firwat zu Diddeleng europäesch Tëleesgeschicht geschriwwe gouf. A klammen op de bal 300 Meter héije Fernseetuerm erop.
Bei de moderate Parteie geet d‘Suerg ëm ee weidere Rietsruck bei den Europawalen ëm. Och d‘CSV-Co-Spëtzekandidatin Isabel Wiseler fäert, datt rietsextreem Parteien u Muecht an Afloss gewannen …
Bei de moderate Parteie geet d‘Suerg ëm ee weidere Rietsruck bei den Europawalen ëm. Och d‘CSV-Co-Spëtzekandidatin Isabel Wiseler fäert, datt rietsextreem Parteien u Muecht an Afloss gewannen …
D'ADR huet vun e Freideg un zwee Vertrieder am Staatsrot. Gëtt de politeschen Afloss vun der Partei doduerch méi grouss? Dat freet de Rick Mertens der ADR hiren neie Member am Staatsrot.
Eng nei Publikatioun vum Kulturministère beschäftegt sech mat der Fro, wéi d'Kultur zu Lëtzebuerg méi nohalteg gestalt gi kann. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d'Isabel Spigarelli iwwert déi verschidde Léisungsvirschléi. Sollt een einfach manner Kultur produzéieren, fir och manner Afloss op d'Ëmwelt ze hunn? Wéi ass de Materialverbauch vun engem Theater am Verglach mat der ganzer Gesellschaft – a kann ee gemeinsame Fundus hëllefen, dee Problem ze minimiséieren?
Wat schwätzt duerfir, wat dogéint? Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.
Wat schwätzt duerfir, wat dogéint? Zwee identesch Elektro-Autoen. Awer zwee verschidde Chauffeur. Wéi vill Afloss hu Fuerstil an Heizung dorop wéi wäit ee kënnt? A wann den Akku futti ass. Eng Lëtzebuerger Start Up schafft drun, datt een Akkue méi laang benotzen a recycléiere kann. Dräi grouss Vibratiouns-Camione sichen no Energie am Buedem. Firwat ee bei dësem Projet och kéint Lithium fannen. An op Elektroautoe wierklech méi ëmweltfrëndlech si wéi Verbrenner.
Virun de Chamberwahlen 2023 maache mir en Ausbléck. Wéi knapp gëtt et? Wéi ee Bezierk gëtt decisiv? An huet d'Affär Giorgetti en Afloss op d'Wahlresultat? Ausserdeem: Mir kucken op d'Nuit des Musées an eise Besuch am Festungsmusée.
Dag 500 vun der russescher Spezial-Militär-Operatioun: Wéi verleeft de Krich? Wat huet Wagner a Russland gezwafft? Wéi een Afloss huet dat op de Krich ? Wéi steet de Putin do? A wou bléift di ugekënnegt ukrainesch Grouss-Offensiv? Dat sinn di Froen, di ech mam Petz Bartz an dëser Episod diskutéieren.
De Melitta Mann an d'Klementine ware gëschter, d'Reklamm vun haut gesäit anescht aus an huet vill méi Afloss. Influencer:inne prägen d'Plattforme wéi Instagram, YouTube an TikTok, si guidéieren a manipuléiere Millioune vun Unhänger an hire Kafentscheedungen, si maache Publicitéit, net nëmme fir Produkter, mee och fir en neoliberale Liewensstil an zweiwelhaft Kierperbilder. D'Podcaster an d'Auteure vun "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" (2021), Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt, analyséieren e Phenomeen, dee vill iwwer d'Stagnatioun vun der Wirtschaft souwéi iwwer Postdemokratie verréit. Eng Live-Performance "Influencer-Late-Night-Show" vum 21. Oktober, organiséiert vum europäesche Kulturzentrum IPW, Institut Pierre Werner, am Kader vun der Serie Politik a Gesellschaft. Enregistrement: IPW - Montage: Carlo Link Biographien: De Wolfgang M. Schmitt bedreift zanter 2011 den YouTube-Kanal "Die Filmanalyse" ënner dem Motto "Kino anders gedacht!" An hirem gemeinsame Podcast "Wohlstand für alle" schwätzt hie mam Ole Nymoen iwwer Geld, wéi och d'Geschicht vu wirtschaftlechen Iddien a politescher Wirtschaft. Den Ole Nymoen studéiert Soziologie an Ekonomie zu Jena a schafft als Freelance Journalist. Zesumme mam Wolfgang M. Schmitt schwätzt hien an hirem gemeinsame Podcast. Am Joer 2021 hate si hiert Buch "Influencer - Die Ideologie der Werbekörper" am Suhrkamp Verlag publizéiert. Ole Nymoen a Wolfgang M. Schmitt © (Podcaster an Auteuren) Lauschtert d'Fortsetzung vun der Live Performance
Zu Hollywood sinn et de Moment ëm 25 Grad. Do ass et net esou einfach eng Zeen ze dréinen, déi am Fong am Wanter spille soll. Wéi dee Problem geléist gëtt a wat den Oscar fir en Afloss op d'Bestietnes fir d'Acteuren huet, dat weess de Pit Biwer.
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un: - Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform? - Wéi a wou mecht ee richteg Werbung fir sech als Kënschtler:in z'etabléieren? - Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eenz? - Wéi een Afloss huet d'Politik op d'Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen! Vill Spaass beim Lauschteren! A vergiesst net fir "Ceci, do You Love me" ze voten an de Podcast Awards :) Lidder déi an dëser Episode gefeatured gouffen: 10:09 Luk - Traureg Mee Et Geet 21:33 Sixo ft. Irem - Gold 31:58 Turnup Tun ft. Lilou - De Gudden
Kuerz virum George Lucas sengem 78 Gebuertsdag, kuckt de Pit Biwer, wéi en Afloss de Realisateur op Hollywood hat. Transformatiounen, déi fir de Lucas méi wéi normal waren.
An Däitschland gëtt de 26. September een neie Bundestag gewielt. Wéi een Afloss hunn dës Walen an hiert Resultat op Lëtzebuerg an op déi Europäesch Unioun? Dat analyséiert de Serge Kesseler mat senge Gäscht: den LSAP-Parteipresident Yves Cruchten, de WOXX-Journalist Raymond Klein an de Publizist Pierre Lorang.
Als Buch vun der Woch proposéiere mir Iech dës Woch en historesche Krimi. „Die Toten vom Gare d'Austerlitz“ vum Chris Lloyd spillt an den 1940 Joren zu Paräis a behandelt nieft dem Mord vu polneschen Zivilisten natierlech och den Zweete Weltkrich an eng Stad, déi sech ënnert däitschem Afloss komplett verännert. D'Tiffany Saska huet d‘Buch fir eis gelies.
Lëtzebuerg ass keng "kulturell" Insel, mee wat fir een Impakt haten d'Antibabypëll an d'Fraebeweegung op Virstellunge vu Weiblechkeet a Männlechkeet zu Lëtzebuerg? Wéi kann een dat iwwerhaapt moossen oder ënnersichen? An dësem Virtrag diskutéiere mir, wéi a firwat d'Verhältnesser tëschent de Geschlechter sech an de leschte Joerzéngte verännert hunn. Doru gekoppelt ass d'Fro nom Afloss vu biologesche Virstellungen op sozial Realitéiten. Geschlechterverhältnesser zu Lëtzebuerg zanter den 1960er Joren: e Virtrag de 25. Januar am Kader vum Konferenzzyklus am CAPE zu Ettelbréck: "Kulturgeschicht Lëtzebuerg - vun den 1950er Jore bis haut", mat der Historikerin Dr. Sonja Kmec, Associate professor Uni Lëtzebuerg. Organiséiert an Zesummenaarbecht mam Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft an der Fuerschungsunitéit IPSE vun der Uni Lëtzebuerg. Den Ofschlossvirtrag vun der Dr. Jeanne Glesener, mat engem Resumé vun den eenzele Beiträg, brénge mir muer op Ouschterméindeg tëschent 17:00 an 18:00 Auer. Enregistrement a Montage: Carlo Link Informatiounsmaterial zum Virtrag Sonja Kmec © Carlo Link
D'Presidentin vun der FEDIL, déi - laut Paperjam - ekonomesch Actrice mam gréissten Afloss hei am Land, ass um internationale Fraendag Invitée am Studio. De Maurice Molitor féiert duerch d'Gespréich.
D’Evolutiounsfuerschung an d’Evolutiounstheorie sinn e Paradebeispill duerfir, wéi Wëssenschaft funktionéiert, wat se leeschte kann a wou se Afloss drop huet. A senger Carte blanche gëtt de Patrick Michaely eng Rei Grënn un, firwat den 12. Februar e Feierdag fir d’Wëssenschaft kéint sinn.
D’Evolutiounsfuerschung an d’Evolutiounstheorie sinn e Paradebeispill duerfir, wéi Wëssenschaft funktionéiert, wat se leeschte kann a wou se Afloss drop huet. A senger Carte blanche de Mëtteg gëtt de forméierten Biochemiker Patrick Michaely eng Rei Grënn un, firwat den 12. Februar e Feierdag fir d’Wëssenschaft kéint sinn.
Et ass Hallefzäit tëschent de Gemengewale vun 2017 an 2023. Mir notzen d'Geleeënheet fir mat Gemengeresponsabelen een Tëschebilan ze maachen: Wéi eng Ziler hu si sech gesat? A wou sinn d'Projeten drun? A wéi een Afloss huet d'Corona-Pandemie op d'Situatioun vun de Gemengen? Et diskutéieren d'Buergermeeschterinnen d'Simone Massard-Stitz (CSV) vu Sandweiler, d'Pascale Hansen vu Bettenduerf an d'Simone Asselborn-Bintz (LSAP) vu Suessem. Moderatioun: Pia Oppel
A sengem neie Roman "Die Lombardi-Affäre" weist de Guy Helminger, wéi en Afloss de berüümte Sak Räis, deen a China ëmfält, déi Lëtzebuerger Konschtzeen beaflosst, an do feelt et net u méi oder nach méi bekannte Protagonisten. E kuerzweilege Genoss, fënnt d'Valerija Berdi.
De Luxembourg City Film Festival, Editioun 2020, hat d'Auswierkunge vum Coronavirus direkt ze spiere kritt, well déi lescht Deeg vun dëser Manifestatioun hu missten ofgesot ginn. Duerno waren och Tournagë verréckelt ginn. Virun e puer Wochen huet et ausgesinn, wéi wann d'Normalitéit zeréckkomm wier. E Gespréich mam Guy Daleiden, Direkter vum Film Fong.
Heiansdo ass Vergiessen eng gutt Saach. Déi Iddi verschafft d'Allegra Krieger op hirem Debut "The Joys of Forgetting". Eng Folk Americana Plack, déi dynamesch arrangéiert a produzéiert gouf. Den Jamie Reinert huet sech mat der jonker Musekerin iwwer den Afloss vum Judee Sill ënnerhalen, wéi Lidder wuessen a wéi hir streng chrëschtlech Erzéiung hir Musek affektéiert huet.
An all de villen Diskussiounen iwwer Covid-19 gëtt een Aspekt e wéineg vernoléissegt: den Effekt vum Virus op eis Psych. De Lëtzebuerger Psycholog a Psychotherapeut Charles Benoy, deen zu Basel an den Universitäre Psychiatresche Klinike schafft, huet e Buch erausginn, an deem déi psychesch Konsequenze vum neie Coronavirus aus verschiddene Perspektive beliicht ginn. Zu wéi enge Conclusiounen hien a seng Kolleege kommen, verréit de Charles Benoy dem Maurice Molitor an der Emissioun Riicht eraus.
Kennt Dir d'Ofkierzung PFH? Am Québec steet se fir "putain de facteur humain". Gemengt ass domat, datt dem Mënsch seng Capacitéit, bei Schwieregkeeten ewech ze kucken, en negativen Afloss op d'Entwécklung vun eiser Geschicht kann hunn. De kanadeschen Astrophysiker Hubert Reeves huet decidéiert, hinzekucken an esou de PFH an e "précieux facteur humain" ze verwandelen. De Kënschtlerduo Karolina Markiewicz a Pascal Piron huet doropshin am CNA eng Installatioun mam Titel "PFH" kreéiert, déi mat béide Bedeitunge spillt. Explikatioune Kerstin Thalau.
Den Thomas Koenig an de Gilles Retter setze sech hei allkéiers, zesumme mat engem Gaascht, mat wichtegen Aspekter vun der aktueller sanitärer Kris auseneen an analyséieren dës Aspekter an hiren Afloss op eist aktuellt Liewen, mee och op en eventuellen Afloss, deen d'Pandemie op eist zukünftegt Liewe kann hunn.
D'Gestioun vum Coronavirus huet en Afloss op d'Liewen vu jidder Eenzelem dee wäit iwwert déi akut Behandlung vun de Corona-Patienten erausgeet. Mir hunn an de leschten Deeg a Wochen vill iwwert den Drock op d'Santéspersonal, d'Existenzsuergen vun de Betriber an d'Erausfuerderungen vun der Schoul doheem geschwat. D'Claude Zeimetz dediéiert säi Commentaire de Moien deenen villen Eenzelschicksaler déi den Ament mat mënschleche Krisen an der Kris konfrontéiert sinn.
De rietsextremen Attentäter vun Halle huet sech a sengem Manifest op Videospiller bezunn. Ass dat elo den endgültege Beweis dofir, datt déi sougenannt „Killerspiele“ een schlechten Afloss sinn? D‘Saach ass net esou einfach, an doriwwer schwätzen mir dës Woch an eisem Podcast. Vill méi wichteg wéi d‘Spiller selwer sinn nämlech d‘Zeen do rondrëm an de […]
Mam fréieren CSV-Minister an zanter 2013 Riichter um Europäesche Geriichtshaff gëtt de Fonctionnement an d'Roll vun der europäescher Cour de Justice ënner d'Lupp geholl. Wéi en Afloss huet dat Europäescht Geriicht op den Alldag vun de Leit? Wéi eng Decisiounen hëlt d'Cour de Justice? A wat ass d'Relatioun tëschent europäeschem a nationalem Recht? Moderatioun: Pierre Reyland.
Den UN-Klimarot IPCC huet viru kuerzem ee Spezialrapport zum Thema Landnotzung a Klimawandel erausginn. Doranner gëtt beschriwwen, wéi déi Aart a Wéis, wéi mir mat eisem Buedem ëmginn, een Afloss op de Klimawandel huet. Besonnesch d‘Landwirtschaft ass ee groussen Dreiwer vum Klimawandel. Mä awer och d‘Fro, wat fir Ökosystemer mir erhalen a schützen, ass hei kruzial. Mir hunn eis doriwwer ënnerhalen an […]
Am südostasiatesche Konflikt geet et ëm den Afloss op eng ganz Partie Länner. Déi kommunistesch an déi kapitalistesch Gesellschaftsuerdnung sti sech géntiwwer. D'amerikanesch Populatioun steet praktesch vereent hanner hirem President Dwight D. Eisenhower, deen Enn de Fofzeger "déi Rout" wollt bremsen. Mee déi un Erfolleg gewinnten amerikanesch Arméi kritt - anescht wéi erwaart - de Géigner net an de Grëff. Doheem an de States wiisst de Widderstand géint den Engagement, och well ëmmer méi jonk Zaldoten hiert d'Liewen an de Kämpf loossen. D'Hippie-Ideologie an d'Géigekultur vum summer of love vun 1967 beaflossen besonnesch déi Jonk enorm. De Pazifismus an de Protest géint de Krich am Vietnam sinn och um Festival zu Woodstock en Uleies. Detailer mam Fred Medernach.
Et ginn där, déi gleewen drun, an et ginn där, fir déi ass et Hokuspokus: Den Afloss vum Mound op de Mënsch an op d'Natur. Beweiser fir dësen Afloss gëtt et anscheinend genuch. Bei Vollmound kënne vill Leit net gutt schlofen, een Indice kéint sinn, datt an där Period vill Kanner gemaach ginn, sief et dann. An der alternativer Landwirtschaft ass d'Neiliicht déi beschten Zäit fir ze planzen, heescht et. Wëssenschaftlech gëtt et awer keng Beweiser dofir, weder statistesch nach empiresch.
Wat vermëttelen eis d’Medien an eist Ëmfeld doriwwer, wat Schéinheet ass? A wéieen Afloss huet dat op eist Selbstwäertgefill? Doriwwer huet sech d’Tessie mat eisem Gaascht dem Lara ënnerhalen. An der uschléissender Rubrik geet et em de Coming-out.
Framing & den Framing effect - eng Diskussioun iwwert Bléckwénkelen an hiren Afloss op eist Denken Diskussiounspartner: de Max
Spéitstens zanter dem exzeptionellen Optrëtt vun der islännescher Futtballnationalequipe op der leschter Europameeschterschaft a Frankräich, dierft jidferengem kloer sinn, wat de Sport fir en Afloss huet, fir e Land an der grousser wäiter Welt bekannt ze maachen, respektiv fir zum positiven Image bäizedroen. Hei zu Lëtzebuerg haten déi Responsabel vum Nation Branding an deem Sënn, d'lescht Woch eng Reunioun mat der FLF, Franky Hippert:
Spéitstens zanter dem exzeptionellen Optrëtt vun der islännescher Futtballnationalequipe op der leschter Europameeschterschaft a Frankräich, dierft jidferengem kloer sinn, wat de Sport fir en Afloss huet, fir e Land an der grousser wäiter Welt bekannt ze maachen, respektiv fir zum positiven Image bäizedroen. Hei zu Lëtzebuerg haten déi Responsabel vum Nation Branding an deem Sënn, d'lescht Woch eng Reunioun mat der FLF, Franky Hippert:
mat vill Bonus Material! D'Zeenaristin schwätzt iwwert den Afloss vun hirer Formatioun als Historikerin an de Choix vum Zeechner.