Podcasts about wuert

  • 24PODCASTS
  • 119EPISODES
  • 15mAVG DURATION
  • 1MONTHLY NEW EPISODE
  • Apr 15, 2025LATEST

POPULARITY

20172018201920202021202220232024


Best podcasts about wuert

Latest podcast episodes about wuert

Kultur
LiteraTour

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 15, 2025 20:01


Wéi all Joer organiséiert d'Gemeng Beetebuerg säi Fest, bei deem dat geschriwwent Wuert am Mëttelpunkt steet. Dëst Joer ass et déi 13. Editioun vu LiteraTour an de Patrick Hurt schwätzt iwwer d'Programmatioun an d'Iddien, déi hanner LiteraTour stiechen.

fest joe r wuert editioun
Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Apr 4, 2025 18:55


All Woch bitt d'woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d'Hannergrënn vun engem Artikel. Asexualitéit – e Wuert, dat fir vill Leit nach onbekannt ass. Awer fir aner ass et eng wichteg Identitéit, déi se endlech beschreift. Am Podcast vun haut schwätze mir doriwwer, wat et heescht, keen sexuellt Verlaangen ze spieren, firwat dat näischt mat Krankheet ze dinn huet, a firwat et Zäit ass, dass och d'‘A‘ am LGBTQIA+ gesi gëtt. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Asexualität und Aromantik: Wer A sagt The post Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik first appeared on Radio ARA.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts
Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Play Episode Listen Later Feb 7, 2025 12:31


Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op. Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches SchweigenThe post Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen? first appeared on Radio ARA.

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Jan 22, 2025 4:06


D'Zeitungen zweiwelen drun, datt d'Regierung a Saache Kollektivverträg dat lescht Wuert geschwat huet an et sinn 30 Joer hir, datt de Jean-Claude Juncker de jéngste Regierungschef an Europa ginn ass.

Presserevue
Editioun 7h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Oct 22, 2024 4:01


Huet den Aarbechtsminister Georges Mischo e Käil tëscht Regierung an CSV-Fraktioun geschloen, déi Fro gëtt sech haut an der Press gestallt an déi entloossen Directrice vum Rëmelenger "Spektrum" mellt sech eng éischte Kéier zu Wuert.

Presserevue
Editioun 8h15

Presserevue

Play Episode Listen Later Oct 22, 2024 4:56


De Georges Mischo ass ëmmer méi ëmstridden a senger eegener Partei, déi entloossen Directrice vum Rëmelenger Kulturzenter "Spektrum" mellt sech zu Wuert an d'Klappjuegd-Saison huet ugefaangen

Kultur
"Solfège"

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 5, 2024 9:23


An deem Wuert verstoppt sech d'Nout "sol". Op dat mateneen ze dinn huet, verréit de Jean Portante. Hie hëlt eis nees mat op eng eetymologesch Rees.

Kultur
Lëtzebuergesche Math-Rock an de Rotonden

Kultur

Play Episode Listen Later Aug 16, 2024 5:46


Bei de Congés annulés geet et geschwënn an déi lescht Woch, awer nach fënnef Concerte sinn ze erliewe beim traditionelle Summer-Festival vun de Rotonden. No der duebeler Affiche Hannah Ida a Bartleby Delicate den 28. Juli ass et haut den Owend (16.8.) eng weider eenheemesch Duebel-Affiche zu Bouneweg. Ee Concert fir Rockfans, ganz kloer, Mutiny on the Bounty headlinen, The Cookie Jar Complot maachen op, a mat deenen huet de Marc Clement beim Soundcheck e puer Wuert gewiesselt, an dëser Reiefolleg: de Sven Schmäler an de Gilles Glesener.

Kultur
"Kéis"

Kultur

Play Episode Listen Later Jul 13, 2024 8:27


Wou kënnt dat Wuert hier? De Jean Portante hëlt eis nees mat op eng eetymologesch Rees.

rees wou wuert
Kultur
Wuert von der Woch: Dekadenz

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 20, 2024 9:02


Wéi gewinnt proposéiert eis de Jean Portante eis all Woch e Wuert, dat hien etymologesch zerpléckt. Haut ass et d‘Wuert Dekadenz. Dat hien am Gespréich mam Philippe Hansen erläutert.

Kultur
Wuert vun der Woch: Hotel

Kultur

Play Episode Listen Later Apr 6, 2024 10:00


Passend zur Ouschtervakanz kuckt de Jean Portante e Wuert ënner senger eetymologescher Lupp, an dem een esou Vakanze gäre mol verbréngt: Hotel.

Kultur
Kaffi oder Téi?

Kultur

Play Episode Listen Later Mar 16, 2024 10:17


Bei wat sëtzt Dir grad elo? Beim Kaffi oder beim Téi? Egal, wat Iech dobausse besser schmaacht, de Jean Portante huet net Kaffi an Téi gepléckt, mee d‘Wierder zerpléckt. Den Ursprong vum Kaffi ass beim Jean Portante Programm an domat och säi Wuert vun der Woch. Am Gespréich mam Philippe Hansen, deen iwweregens eng Virléift fir Kaffi huet.

RTL - Commentaire
Michèle Sinner: Firwat schwätze mer léiwer vu "Krisen" wéi vu "Blosen", 22/02/2024

RTL - Commentaire

Play Episode Listen Later Feb 22, 2024 3:40


"Immobilieblos" - dat Wuert gëtt net am Lëtzebuerger Dictionnaire. Obschonns d'Wunnengspräisser an deene leschten 20 Joer, ëmmer méi séier geklommen sinn. Huet een en Expert gefrot, krut een ëmmer gesot: Dat ass keng Blos, d'Demande ass jo do.

Kultur
Wuert vun der Woch: Humor

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 14, 2024 9:45


Well de Jean Portante ëmmer mat vill Humor d'Wierder ënnert seng etymologesch Lupp hëlt, huet de Schrëftsteller sech haut virgeholl, eis ze soen, wou dann d‘Wuert „Humor“ hierkënnt.

Kultur
Wuert vun der Woch: Februar

Kultur

Play Episode Listen Later Feb 7, 2024 14:57


Wéi all Mëttwoch hëlt de Schrëftsteller Jean Portante eis mat op eng etymologesch a poetesch Rees ronderëm säi Wuert vun der Woch

Kultur
D'Wuert vun der Woch

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 31, 2024 9:30


Wat den Divan mat der Douane verbënnt, a wat d'Moustique an de Goethe mam Wuert ze dinn hunn, verréit eis de Jean Portante a sengem Wuert vun der Woch.

Kultur
Margret Steckel

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 2, 2024 8:50


Margret Steckel, Joergang 1934, huet de Faschismus an Zweete Weltkrich erlieft, ass an der Diktatur vun der DDR grouss ginn, fir dann iwwer Berlin a München, en Deel vun hirem Liewen an Irland, an England a schlussendlech zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Si ass Dolmetscherin an Iwwersetzerin, zanter 1962 schreift si Erzielungen. 1992 gewënnt si den Nationale Literaturconcours, 1997 gëtt hir de Prix Servais iwwerreecht fir hir Erzielung "Der Letzte vom Bayrischen Platz". Den historesche Kontext ass a ville vun hire Schrëften ze fannen, net fir d'lescht am Roman “Servais”, eng Saga iwwer d'Mierscher Servais-Famill. 2023 gouf d‘Margret Steckel mam Nationale Batty-Weber-Präis fir hiert Gesamtwierk geéiert. Ier elo déi nei literaresch Auszeechnunge fir 2024 kommen, wollte mir d‘Margret Steckel nach emol zu Wuert komme loossen.

Kultur
Wuert vun der Woch: Schachspill

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 20, 2023 8:17


D'Chrëschtdeeg sinn d'Zäit vun de Kaddoen. Dofir huet sech de Jean Portante geduecht ze kucken, wou d'Wuert "Schachspill“ hierkënnt, wat ëmmer e schéine Kaddo ass.

Kultur
Eist Wuert vun der Woch sinn der déi Kéier zwee: Memoire a Gediechtnes.

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 9, 2023 9:18


Wéi heescht déi Rubrik, déi mir reegelméisseg ëm dës Zäit samschdes moies senden? Dir erënnert Iech net?? Mee, dat gëtt et héich Zäit, datt mir eppes fir Är Memoire maachen: eisen Auteur a Linguist Jean Portante mécht den Ufank an erkläert Iech elo am “Wuert vun der Woch”, wou d'Ausdréck Memoire a Gediechtnes iwwerhaapt hierkommen, a wéi se evoluéiert hunn.

Kultur
Killing-Joke Gitarrist Kevin Walker gestuerwen

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 28, 2023 3:27


De Weekend ass dee laangjärege Gittarist vun der Band Killing Joke, de Kevin Walker, un de Folge vun engem Hiereschlag gestuerwen. Säin düstert, kraaftvollt Gittarespill a säi staarke Sound hunn ëmmer scho beandrockt, ob bei Killing Joke oder bei Industrial-Bands wéi Murder Inc. oder The Damage Manual. Vill Gittaristen a Museker melle sech elo zu Wuert fir him nozeruffen. Éier mir de Marc Clement aus de Museksredaktioun froen, fir méi gewuer ze ginn, lauschtere mir e bëssen eran.

Kultur
"Krich": Wuert vun der Woch

Kultur

Play Episode Listen Later Nov 4, 2023 9:10


Dem Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier mat der tragescher Aktualitéit a Palästina verbonnen, mat Gaza, wou Dausende vu Bommen, no enger bluddeger Attack vun der Hamas géint Israel, Dausende vun Zivilisten d'Liewe kaschten. D'Wierder kënne jo d'Bommen an de Krich net stoppen. Mee analyséieren, vu wou d'Wuert "Krich“ zum Beispill hierkënnt, kann eis vläicht hëllefen, méi e klore Bléck op d'Situatioun ze geheien.

Kultur
Dem Auteur a Linguist Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier Bréifdréier

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 21, 2023 9:02


Et gëtt Beruffer, déi bal um ausstierwe sinn, well déi nei Technologien se verdrängen. Ee vun hinnen ass dee vum Bréifdréier, well haut jo d'Bréiwer bal nëmmen nach via E-mail geschéckt ginn. Den Auteur a Linguist Jean Portante versicht, en, am Gespréich mam Philippe Hansen, ze retten, an deem s hien eis d'Geschicht vum Wuert erzielt.

Kultur
D'Wuert vun der Woch "Theater"

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 30, 2023 8:21


All Woch pickt de Jean Portante sech e Wuert eraus an erkläert eis dann Etymologie dovun. Dës Kéier ass et d‘Wuert "Theater“, dat de Jean Portante am Gespréich mam Pit Walté auserneen hëlt.

Kultur
D'Wuert vun der Woch: Hierscht

Kultur

Play Episode Listen Later Sep 16, 2023 8:59


Wou dat Wuert hierkënnt, an och d'Wierder "September" a "Saison" erkläert de Jean Portante.

RTL - Hollywood Reporter
Hollywood Reporter, 10/08/2023

RTL - Hollywood Reporter

Play Episode Listen Later Aug 10, 2023 3:10


Ufank der Woch ass de Realisateur William Friedkin verstuerwen. De bekannte Realisateur hat eisem Hollywood Reporter eng Kéier verrode, wéi hien d'Rollen a senge Filmer am léifste besetzt. Och zu Wuert kommen des Woch de Francis Ford Coppola an den Andy Garcia.

Am Bistro mat der Woxx – ARA Podcasts

Chaos. Esou léisst sech dat, wat zu Esch vun Esch 2022 iwwreg bliwwen ass, an engem Wuert beschreiwen. Besonnesch am Bâtiment 4, dem alternativen, selbstverwaltete Kulturzentrum, rumouert et. Esou sollen do elo Mataarbechter*inne vun der

RTL - Carte Blanche / Commentaire
Georges Hellinghausen: Anwaltschaft vun der Kierch, 26/05/2023 17:50

RTL - Carte Blanche / Commentaire

Play Episode Listen Later May 26, 2023


Gläich zweemol gi mer an nächster Zäit wielen, lokal an national. Der Rei no mellen Acteuren aus der Gesellschaft sech zu Wuert mat hire Fuerderungen un d'Adress vu Kandidaten a Parteien. A wéi ass et mat der Kierch? Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

RTL - Background
Spëtzekandidaten, Duebelmandater an d'politesch Erausfuerderunge vun eiser Zäit, 21/01/2023 12:05

RTL - Background

Play Episode Listen Later Jan 21, 2023


An eiser Emissioun Background koumen e Samschdeg de Mëtteg d'Vertrieder vun de grousse Lëtzebuerger Jugendparteien zu Wuert.

wuert samschdeg
Kultur
Vill schéi Wierder am neie Joer wënscht de Jean Portante

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 7, 2023 7:06


Mir hu virun e puer Deeg en neit Joer ugefaangen, gutt hoffentlech, a bestëmmt huet jiddweree vun eis méi wéi eng Kéier d'Formel "Vill Gléck am neie Joer" am Mond gehat. A vläicht och "Bonne année"? Joer ...année ...dat kléngt komplett verschidden. Dem Jean Portante ass, op der Sich no der Originn, der Bedeitung an der Entwécklung vu sengem éischte Wuert vun der Woch am neie Joer, wierklech net langweileg ginn; hie war bal bei de Réimer, bal bei de Germanen, ass am Krees gedréit, fir d'Saisone bannent enger Stonn ze observéieren. Mee lauschtert selwer ...

Kultur
Dat éischt Wuert vun der Woch fir 2023 ass "Joer"

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 5, 2023 3:02


Mir hunn virun e puer Deeg en neit Joer ugefaangen, gutt hoffentlech, a bestëmmt huet jiddweree vun eis méi wéi eng Kéier d'Formel "Vill Gléck am neie Joer" am Mond gehat. A vläicht och "Bonne année"? De franséischen Term "année" oder "an" kënnt vum réimeschen "Annus", dee quasi all déi romanesch Sproochen adoptéiert hunn. Interessant gëtt et, wa mir kucke ginn, wat "Annus" am ale Roum geheescht huet. Begleet de Jean Portante op der Sich no sengem éischte Wuert vun der Woch ... am neie Joer.

Kultur
D'Wuert vun der Woch ... oder vum Joer?

Kultur

Play Episode Listen Later Jan 4, 2023 7:54


Mir hu virun e puer Deeg en neit Joer ugefaangen, gutt hoffentlech, a bestëmmt huet jiddweree vun eis méi wéi eng Kéier d'Formel "Vill Gléck am neie Joer" am Mond gehat. D'Wuert Gléck, hat de Jean Portante d'lescht Joer ëm dës Zäit a senger Emissioun Wierder op der Rees ënner d'Lupp geholl. Hei erzielt hien eis d'Geschicht vum Wuert Joer.

RTL - Automag
Neijoers-Interview mat engem Personnage aus der grousser Welt vum Automobil, 02/01/2023 11:40

RTL - Automag

Play Episode Listen Later Jan 2, 2023


Neijoerschdag war gëscht, Automag ass haut. An do ass et ewell eng schéin Traditioun dass do ugangs Joer e Personnage aus der grousser Welt vun a ronderëm den Automobil zu Wuert kënnt. Mol gespaant wien de Christian Schmit déi Kéier besiche war fir den Interview.

Kultur
Wuert vun der Woch: Avatar

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 24, 2022 7:13


"Avatar 2" ass deen neien James-Cameron-Film iwwerschriwwen. Déijéineg, déi e gesinn hunn, konnte sech e Bild vun engem Avatar maachen. Mee wat bedeit d'Wuert eigentlech genee? A wou kënnt et hier? Dat ass vläicht net esou gewosst. Dowéinst huet de Jean Portante decidéiert, aus "Avatar" säi Wuert vun der Woch ze maachen.

Kultur
D'Stëmm erhiewe fir méi Zivilcourage

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 16, 2022 6:31


Zanter e puer Joer mellt sech déi Lëtzebuerger Band The Tame And The Wild, ronderëm de Songschreiwer Duo Seja Rockel a Flëpp Wenger reegelméisseg mat neie Singlen zu Wuert. Zu Wuert mellen ass dann och e gutt Stéchwuert, well deen neisten Titel heescht "Schreien ist Gold". Ëm wat et do geet, erkläert eis de Flëpp Wenger am beschte selwer. 

Kultur
Poesie ass d'Wuert vun der Woch...

Kultur

Play Episode Listen Later Dec 3, 2022 6:45


All Woch proposéiert eis de Jean Portante d'Wuert vun der Woch. Säi Choix fält ëmmer op e Wuert aus der Welt vun der Kultur. Haut péckt de Jean Portante d'Wuert Poesie un der Wuerzel.

Kultur
D'Wuert "Wuert"

Kultur

Play Episode Listen Later Oct 8, 2022 6:49


Wësst Dir, wéi vill Wierder mir esou an engem Dag ausschwätzen? A stëmmt et wierklech, datt d'Frae méi ze soen hunn, wéi d'Männer? An ass et richteg, wann an der Bibel steet: Am Ufank war d'Wuert? A wou kënnt d'Wuert "Wuert" iwwerhaapt hier? Dëst a villes méi verréit de Jean Portante a senger neier Rubrik: "D'Wuert vun der Woch", déi hien elo all Mëttwoch an eiser Emissioun Kultur um 5 presentéiert.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: Een an der Gitt halen, 06/07/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Jul 6, 2022


Bei deem geléinte Wuert vun haut kann den Alain Atten net just erkläre wou dat hierkënnt, mä anengems och eng Lëtzebuerger Riedensaart op de Leescht huelen. Wat ass déi Gitt, an där een heiansdo gehale gëtt?

Invité vum Dag
Starsky Flor

Invité vum Dag

Play Episode Listen Later Jun 3, 2022 10:50


Hunn d'Pirate genuch kompetent Kandidate fir d'Chamberwalen? De Rick Mertens freet deen alen an neie Parteispriecher, deen an der Ëffentlechkeet manner dacks zu Wuert kënnt, wéi déi zwee Piraten-Deputéiert.

RTL - Sproochmates
Sproochmates - Eng Folie, 23/05/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later May 23, 2022


Am Lëtzebuergesche gëtt et net fir all Wuert e Wuert, dofir musse mer eis och heiansdo an eng aner Sprooch eppes léine goen. Dat mëscht eise Sproochmates och hat an huet sech mat der Folie.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: eng Entrée, 16/05/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later May 16, 2022


De Géigendeel vu Sortie ass Entrée, de Géigendeel vun Dessert ass och Entrée. Ob elo am Kader vun enger Moolzecht oder vum An- oder Ausgang, de Sproochmates verréit wéi dat geléinte Wuert de Wee an d'Lëtzebuergescht fonnt huet.

RTL - Flunkernews
gratis Betreiung, Rees bei Frënn, 9. Mee, Jo-Wuert an Oktav, 13/05/2022 20:18

RTL - Flunkernews

Play Episode Listen Later May 13, 2022


rees wuert oktav
RTL - Sproochmates
Sproochmates: Eng Tranche, 09/05/2022 18:45

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later May 9, 2022


Geléinte Wierder, sou kënne mir déi nächst Minutte beschreiwen. Abee haut hu mir e Wuert derbäi an do gëtt et schwéier anescht dofir ze soe wéi elo esou, Detailer wéi gewinnt vun eisem Sproochmates Alain Atten.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: e Virement, 25/04/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Apr 25, 2022


Déi meescht vun eis dierfte schonn ee gemaach hunn. E Virement. Ëm d'Sue selwer oder d'Technik hannert der Iwwerweisung geet et beim Alain Atten awer elo manner. De Sproochmates intresséiert sech éischter fir de Wee vun dësem geléinte Wuert an eise Sproochgebrauch.

wee wuert
RTL - Sproochmates
Sproochmates: Eng Ambiance, 18/04/2022 18:45

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Apr 18, 2022


Geléinte Wierder, sou kann een elo déi nächste Minutte mat eisem Sproochmates ëmschreiwen. Also Wierder, déi mir aus enger anerer Sprooch léinen an déi sech ganz gutt am Lëtzebuergeschen installéiert hunn. Den Alain Atten huet sech haut mam Wuert ''Ambiance''.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: eng Zopp, 11/04/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Apr 11, 2022


Wat kënnt dann haut op den Dësch? Zopp an z'iessen? Domat wäre mir beim Wuert fir dat sech den Alain Atten déi Kéier decidéiert huet. Et geet ëm d'Zopp.

domat wuert
RTL - Sproochmates
Sproochmates: de Gros, 21/03/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Mar 21, 2022


Dës Kéier fënnt ee relativ séier eraus wou mir dat geléinte Wuert fänke waren. De Gros, schéngt evident datt et aus dem Franséische kënnt, mä wéi, den Alain Atten.

RTL - Rebound
Rebound, 18/03/2022 17:50

RTL - Rebound

Play Episode Listen Later Mar 18, 2022


Bei den Dammen huet Walfer d'Coupe gewonnen a bei den Hären Esch. Am Rebound vun haut, deen iech vum Rich Simon presentéiert gëtt, kommen d'Kapitäne vun de zwou Ekippen nach eng Kéier zu Wuert. Nämlech Nadine Bourg an de Joé Biever....

bei rebound esch dammen wuert rich simon
RTL - Sproochmates
Sproochmates: eng Coupe, 07/03/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Mar 7, 2022


Et kann een dat am Sport gewannen, beim Coiffer kritt een dat och a wa ee mol op der Musel ass kann een dat och drénken. Eng Coupe. Dir mierkt et gëtt vill iwwer dat geléinte Wuert ze schwätzen, Zäit fir dem Alain Atten den Terrain z'iwwerloossen.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: eng Bull, 28/02/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Feb 28, 2022


Et ass ronn, d'Fransouse spille ganz gär domat, et kann een et och waarm maache fir sech op de Bauch ze leeën an et ass virun allem e geléinte Wuert. Firwat och soss géing den Alain Atten sech Zäit huele fir iwwer eng Bull ze schwätzen.

RTL - Sproochmates
Sproochmates: e Choix, 21/02/2022 19:30

RTL - Sproochmates

Play Episode Listen Later Feb 21, 2022


An der Serie vun de geléinte Wierder déi eis den Alain Atten ausernee pléckt, maache mir dës Kéier Statioun bei eis franséischen Noperen. Et geet ëm e Wuert dat déi lescht Zäit nawell vill am Kontext vu Covid19 an Impfung ze héieren an ze liese war, et geet ëm de Choix beim Sproochmates.